Montag, 13. Mai 2013

Youtube wert kaschten, gudd oder schlecht?!

Keng Panik! Youtube selwer wert net kaschten; heibei geet et mei em d'Abonnéieren fier Kanäl, mee loosst eis neicht iwwerstierzen - fenke mer ganz vier un:

Fierun e Puer Deeg huet YouTube annoncéiert dass se eventuell den Benotzer d'Meijlechkeet werte gin Suuen dofier ze frooen dass een hiere Kanal abonnéiert. Déi éischt Reaktioun, vu ganz ville Leit, dorop ass natierlech dass daat komplette Blödsinn ass, dass de Site ausstierwe wert an dass "YouTube souwisou schon emmer Schäiss war" oder dass "se et net laang duerch werten zéien well se faillite gin". Un dësem Punkt muss ech antrieden an ganz haart ruffen: STOP!

Youtube ass kee Grompereveräin deen einfach mol aus heiterem Himmel décisiounen trëfft, ouni sech Gedanken iwwert d'Konsequenzen ze maachen (och wann een bei de ständegen Designwiessel deen Androck heiansdo kritt). Nëmme well YouTube daat annoncéiert heescht daat net dass, sou wei all Mensch sech daat lo direkt vierstellt, ALL Kanal kaschte wert an een nemmen nach crappy Saachen vu Leit wei du an ech kucke wert kënnen. Déi grouss YouTuber dei sech lo schon, ouni Suuen fier hier Videos ze frooen, eng gëlle Nues verdingen an/oder gudd iwwert d'Ronnen ze kommen ouni e "richtege" Beruff ze hun, sin warscheinlech och gescheit genuch hieren Kanal weiderhin gratis ze loossen. Ech géiff also net direkt ufänken mat kräischen, dei gudd Videos déi der bis lo gekuckt hudd, werten och an Zukunft gratis bleiwen. Villmei interessant kéint de nächste Punkt sin:

Wärend vill Leit sech lo schon doriwwer beschwéieren, obwuel et bis elo nëmmen eng Idee ass, gesin ech daat Ganzt éischter positiv. Wei ech schon fierun e Puer Wochen erwähnt haat, ass den Internet fier vill Leit en Fernsehersatz gin, an op mannst grad sou wichteg wann et drëms geet Informatiounen ze erhaalen/entertained ze gin. (Hei de Post: LINK ). Mee eppes ongerechtes huet den TV ëmmer nach un sech: net jiddereen op der Welt kann alles kucken. Mer Europäer sin quasi gezwongen eng TV Serie wei "Game of Thrones" oder "Dexter" um internet piratéiert ze kucken, oder 1-1,5 Jooer ze waarden bis d'Serie dann endlech hei op DvD/Blu-Ray rauskennt, wärend d'Kollegen aus dem USA locker lässeg eng Folg no der Aanerer genéisse kënnen.
Lo wou YouTube dei Idee annoncéiert huet, hun ech eng Visioun dass Gruppen wei HBO an ShowTime an abc sech dozou décideieren e YouTube-Channel opzemaachen, dee pro Mount e klenge Betrag kascht, sooe mer zB 5-10 Euro. Op hierem Channel kéinten se dann ganz Episoden uploaden, e bësse Suuen domat verdingen, an sëcherlech d'piratéier-Unzuel roofsetzen (ech géiff gäeren bezuelen wann ech dofier eng Serie an HD bequem um Internet kucke kann, ouni mer Suergen iwwert e stabile Stream mussen ze maachen). De Fierdeel un dësem Konzept ass ganz klooer dass een e Kanal rem désabonnéiere kann, zB wann een an d'Vakanz geet oder eng Staffel vun enger Serie grad riwwer ass.

Och fier Studenten wier daat eng relativ cool Saach: et muss een sech keen Fernseh-Uschloss leeschten, e Fernseh muss dann och mol net onbedingt an d'Wunning, a wann d'Suue grad knapp sin, dann bestellt een daat Ganzt rem oof, méi einfach geet et net! Mee vielleicht ass déi Visioun ze fiktiv, ech weess et net; wann ECH e Fernsehsender wier, an vermeide wëll dass Millioune vu Leit meng Serien priateieren, an domat der Branche schueden, da géiff ech e YouTubeChannel fier eng richteg gudd Idee haalen! Ech géiff warscheinlech souwäit gooen dass all Serie sein eejenen Channel kritt, sou kann een d'Abokäschten nach weider roofsetzen.

Natierlech misst een sech dann bei all deenen HD Videos eppes afaale loossen fier dass een se net kann mat engem Download-Tool ka rooflueden, mee daat ass héchstwarscheinlech de geréngste Problem.

Waat haalt der dovun? Wier daat eng gudd Idee? An wei stidd der allgemeng zu der Idee vu YouTube? Schreiwt e Kommentar hei ennen drënner, oder op Facebook!

bis dohin,
stay tuned.



Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen