Dienstag, 28. Mai 2013

Reen, Reen, Reen

Waat en originellt Thema fier sou e reenerechen Daag! Amfong wollt ech lo hei eng laang Haasspriedegt iwwert daat dommt Wieder haalen an jiddereen domat fuerchtbar ugranzen a meckeren; mee kuerz fierum Ufänken mat Schreiwen haat ech dann awer eng besser Idee.

Jiddereen kennt bestemmt déi "Regel" ob een besser huet ze laafen oder ze trëppelen wann et reent, je nodeem op een méi oder manner naass wëll gin. Mee wee vun äerch weess dann definitiv weieng Versioun besser ass? Ech fier mein Deel hun haut rausfonnt dass een definitv am naasten gëtt wann een zu 3 Jongen probeiert sech e winzege Prabelli ze deelen, an engem dobäi daat ganzt Waasser vum Prabelli hannen zum Geneck raleeft, wärend een an ee meterdéiffe Pull noom aaneren Trëppelt ;) Ierjendwei gëtt et keng richteg wëssenschaftlech These doriwwer, a wann, dann ass se just schrecklech onbekannt...

Dem Internet sei Dank gin et awer 2 Approchen un daat Thema. Als éischt hu mer dei gudd aal Mythbusters déi daat ganzt einfach mol testen, mat Waasser an kierperlechem Asaatz:


(ab 0:20 geet de Video un)

Op der aanerer Säit gëtt et dann dei theoretsch an drëschen Approche vum Henry vu Minutephysics. Waat heen zielt schéngt alles mega loogesch, mee stëmmt net su ganz mat de Mythbusters iwwert en een:



Lo ass d'Froo: solle mer éischter der Theorie gleewen, oder éischter dem Experiment? Waat ass äer Meenung, bzw hudd der et scho probeiert? Ech mengen dass een egalwei onwarscheinlech vill Naass gëtt... de Leefer gëtt mei naass well an d'Waasser draleeft, an den Trëppler verbrengt mei Zeit am Reen, an erheisht domat säi Risk dass en Auto laanschtfiert deen an e fette Pull fiert!

bois dohin,
stay tuned.



1 Kommentar: