Mittwoch, 31. Juli 2013

Eischt Gedanken zu Pikmin 3

De 26ten Juli ass Pikmin 3 fier d'Wii U rauskomm. Deemols wou ech d'Konsolen e Bëssen méi ënnert d'Lupp geholl hun, haat ech dëst Spill ugekënnegt an hu mech säitdeem drop gefreet wéi e Kichelchen! Wou deen éischten Deel rauskomm ass war ech nach e klengen naiven Jong an hun et net fuerchtbar wäit an deem Spill bruet. Ech erënneren mech just nach dass ech am Spill nach 2 Deeg (ca. 40 Minuten) Zäit haat fier 10 Stécker vum futtisen Raumschëff ze fannen, an dass ech emzingelt war vun béise Monsteren, ouni groussarteg eppes dogeint kënnen ze maachen. Aus Frust hun ech den 2ten Deel dunn iwwersprongen an trauen mech lo, 11 Jooër méi spéit un den drëtten Deel - hei meng éischt Gedanken:
Als alleréischt emol: et deet fucking gudd endlech e Spill vun Nintendo am HD kënnen ze genéissen, an Pikmin 3 ass dofier scho baal ideal fier unzefänken. E "Pikmin" ass neemlech eng klengt Knospenwesen daat quiekt an tappseg rondremleeft an haaptsächlech an der Natur haust. Doduerch kritt een déi voll Detaill-Ladung vun enger HD-Konsol riit an d'Gesiit! All kleng Waasserdrëpps, all Blaat an all Grashalm sin gestachen schaarf an loossen engem en Fonkeln an den Aaen opkommen.

Lo awer zum Inhalt: et geet lass dass e Raumschëff (mam Numm "Drake") bei der Landung op engem friemen Planéit e klenge Problem huet, an sou déi 3-Mann-Besetzung getrennt gëtt an verstreet um Planéit land. D'Zeil vun hierer Reess war awer eigentlech dee Planéit ze erkunden... Also muss een mühevoll mat all Charakter eenzel e puer kléng "Tutorial"-Rätselen léisen, bis een dann endlech zu 2 ënnerween ass. Dëst ass nei fier d'Pikmin-Frachise; bis elo konnt een ëmmer nëmmen een Character (den Cpt. Olimar, deen ee vläit och aus Super Smash Bros: Brawl kennt) steieren. Duerch déi relativ intuitiv Steierung mam WiiU-Gamepad kann een also zu deem engem sooen "laaf do hin", a wärend deen daat mëcht, kann ee mat deem aaneren scho mol eng aaner Aufgab maachen. Subaal een daat drëtt a lescht Crewmember fonnt huet, kann een daat ganzt dann mat hinnen 3 maachen - richtegen Multitasking also!

D'Detailler vun de Friichten sin Sensationell. Beim éischten Aapel hun ech baal 5 Minuten domat verbuet deen aus alle Wénkelen ze bewonneren!
Ech hun d'Spill nach net duerch, ech si grad mal vierdrun daat Drëtt Crewmember ze fannen, mee trotzdem kann ech mol sooen dass net alles mega offensichtlech ass! Obwuel een am Ufank Pikmin noogeheit kritt souvill een der wëll, muss een duerno oppassen dass der net zevill Stierwen, well d'Ressourcen si limitéiert an vill Rästelen brauchen méi wéi eng Sorte vu Pikmin (déi kënnen neemlech je no Faarw eppes aaneschtes). Vierausgesaat et fënnt een dann wou een muss weiderfueren; wann een net am Detaill kuckt kann et sin dass een, wéi ech, mol eng gudd hallew Stonn NET weiderkënnt, an daat lo schon... ech gesi kommen dass meng 3 Männecher werten stierwen ;) Mee ech fannen daat ganz gudd sou - léiwer et ass am Detaill verstoppt wéi dass mat der Scheierpoart gewonk gëtt wou et weidergeet!
heiansdo kann et mat bis zu 100 Pikmin am Bild zimmlech komplizéiert an hektesch gin!
Wéi ech scho soot ass d'Steierung ganz intuitiv, an wann een sech bis dru gewinnt huet ze zielen dann leeft de Combat och schon e gudd Stéck mi liicht. Wéi een zielt gëtt engem iwwregens net gesoot am Spill, dorop muss ee selwer kommen! Nach e grousse Plus, wéi ech fannen, ass dass d'Gamepad als Map an Inventar déngt! Ech hu mer sou eppes gewënscht, an drop gehofft dass ech net wärend dem Kampf beemol nach eppes um Touchscreen vum Pad knëschele muss, waat och Gott sei dank net de Fall ass! Iwwregens kann een zu all Zeitpunkt mam Minus-Button d'Geschehnisser op de Gamepad switchen, sou dass en aaneren Fernseh kucke kann wärend een monter weiderspillt!

Bis lo sin ech zimmlech begeeschtert vum Spill an hoffen dass et mer nach e Puer cool Stonnen Content liwwere wäert! Et gëtt iwwregens och nach en Spezial-Missioun Modus, deen ech awer na net probéiert hun... ech hun awer héieren dass deen net sou einfach ass! Wann der méi iwwer Videospiller liese wëllt, dann kann ech Ierch gäeren op dem "Nicentra" säi Blog weiderleeden, well deen beschäftegt sëch ausschliesslech mat Videospiller! http://www.nicentra.blogspot.com

bis dohin,
stay tuned.



Montag, 29. Juli 2013

Scream and shout!

Vu dass ech 3 Wochen fort war an doduerch net dozou komm sin meng Traditioun vum "Video"-Freiden beizehaalen huelen ech daat haut mol mat engem Video noo. Dëse Video ass vläit net fier jiddereen, well en sëch mat genialen Spill "The Elder Scrolls: Skyrim" beschäftegt an daat ganzt mat realer Physik vergläicht! Waat genee geschitt an deem Video? Als éischt gëtt ausgerechent waat géiff geschéien wann e Mensch wierklech su haart bläere kéint, an duerno gëtt nach bëssen mat groussen Zuelen beandrockt!


bis dohin,
stay tuned.



Sonntag, 28. Juli 2013

Merci :)

Et ass Sonnden, all Mënsch ass faul an ierjendwei huet keen su richteg Motivatioun fier eppes ze maachen; dofier gëtt et haut och net vill ze liesen! A wéi den Zoufall et wëll hun ech och genee dofier eng Klengegkeet fonnt fier haut.

yeeeeeeey.
Vlait hudd der et matkritt, vlait och net: ech haat gëschter Gebuertsdaag, yay! An wéi kann ech mer et méi einfach maachen e Blogpost fier haut ze kréien AN jidderengem Merci ze sooen wéi mat dësem Post? ;) Dofier lo knapp an bündeg:

MERCI !! *



*merci u jiddereen dee mer fier mäi Gebuertsdaag gewënscht huet, sierf et via Facebook, Sms, Uruff, eMail oder suguer soziale Kontakt! En superduper Merci awer un déi déi vun sëch aus dru geduet hun an net vun Facebook hu missen drun erënnert gin :p (oder vu Skype) (oder vum Handy) (oder...). Dann sooen ech och nach kuerz Merci fier den awesome Support deen der dem Blog säit dem Re-Launch fierun 3 Méint gin hudd, sou mëcht daat mer richteg Spass! Als klenge Kado fier mäi Gebuertsdaag kënnt der io roueg meng Facebook-Page ( www.facebook.com/svenspov ) sharen fier dass ech vläit nach e Puer Likes kréien ;).

bis dohin,
stay tuned.



Samstag, 27. Juli 2013

Movies: Kon-Tiki

Kon-Tiki

Am "Kon-Tiki" geht et em d'Geschicht vum Thor Heyerdal, en Fuercher an Entdecker deen et richteg gin ass, an seng Reess iwwert den pazifeschen Ozean mat der heen beweise wëll dass et fier Süd-Amerikaner méijlech war sech an Polynesien nidder ze loossen. Wou heen seng These proposéiert gëtt heen ausgelaach vun de Wëssenschaftler an hee geet eng Wett an; wann heen et packt mat de selweschten Moyens wei fréier den Ozean ze iwwerqueren, dann kritt en recht. Also baut en sech mat der Hëllef vun e Puer Kollegen e Flooss an versicht seng These ze beweisen!


Bon, ween sech mat Geschicht auskennt, dee weess ganz genee wei dëse Film wert ausgooen, mee fier all déi Aaner gëtt eng spannend Geschicht gebueden. Am Ufank kritt een bëssen vum Thor senger Vergaangenheet gezielt, an erkläert wéi en op séng Idee kënnt, waat alles zimmlech loogesch kléngt. Leider dauert et doropshin et gudd Stéck bis d'Reess endlech lass geet. Meeschtens hun ech den Deel vum Film zimmlech gäer wou mat Musik d'Geschicht séier weidergedriwwen gëtt, mee an dësem Film huet e mëch e Bësse gestéiert, well en ëmmer rem ennerbrach gëtt an et net sou wiiierklech fierun geet.

Ab deem Moment wou se awer um Flooss sin, geet d'Geschicht réicht su richteg lass, schliesslech ass daat d'Ziel vun der ganzer Saach. Ouni lo wëllen ze spoileren, behaapten ech dass een sech denke kann dass zu engem bestëmmte Moment d'Saach zimmlech schlecht ausgeseit, an zu genee deem Moment vum Film hun ech mer geduet "hmm, hun ech sou eppes net schon gesin?" an d'Änfert dorop ass "jo, de Film heescht Life of Pi." Doduerch dass an dësem Film vill wonnerschéin Naturbiller gewissen gin, genee wéi am Life of Pi, an doduerch dass se op engem Stéck Holz mat wéineg Proviant zimmlech hoffnungslos um Waasser ennerwee sin, genee wéi am Life of Pi, ass et mer e bësse langweileg vierkomm alles "fier d'Zweet" ze gesin.


Trotzdem hun ech de Film spannend fonnt, an d'Emsetzung vun dëser richteger Geschicht ass menger Meenung no gudd gelongen. De Film war iwwregens nominéiert fier "best foreign movie" bei den Oscars, huet awer leider net gewonnen, warscheinlech well Life of Pi schon suvill Saache gewonnen huet ;) . Ech gin dem Film 6.6/10 op der berühmter Ulmerich-Skala an muss dobäi fügen dass engem am Nachhinein vill Saachen opfaalen déi op eemol zimmlech blöd oder onwarscheinlech wierken, mee am Film selwer mierkt een daat net!

bis dohin,
stay tuned.



Donnerstag, 25. Juli 2013

Movies: Monsters University

Monsters University - by Dan Scanlon

Infosite mat Traileren a Biller

Fierun 12 Jooër ass mat Monster Inc. en grousse Succès rauskomm, deen net nëmmen richteg witzeg war an ëmmer nach ass, mee och nach dobäi de Kanner d'Angscht fierun de berühmten "Monsteren ënnert dem Bett" geholl huet. An dësem Film, deen fierum éischte Film spillt, geet et em d'Ausbildung an Schoul vun den 2 Haapt-Protagonisten dem Mike an dem Sullivan. Eng Froo déi sech de Mike (dee gringen) stellt an oft un de Kapp geheit kritt, ass op heen wierklech angsteinflössend ass. (Souvill "Angscht fierun de Monsteren wesch huelen"...)


Wéi schon den Titel verréit spillt sech de Film an der Unizeit vun de Monsteren oof, an domat an enger Zeit wou een als Schüler zimmlech vill Dommheeten mëcht. An daat ass och gudd sou well de Film léisst wierklech kee Cliché aus, wouduerch een schon am Ufank, wann een déi eenzel Personnagen kennen léiert, schon gudd laache kann; den Humor ass riit raus an éierlech ouni vill Schnickschnack.

Natierlech huet de Film och eng Story déi sech duerch de Film zidd - dës ass awer relativ liicht duerchschaubar, mee daat stéiert een net wierklech, schliesslech ass daat bei sou zimmlech all Pixar Film sou! Trotzdem fannen ech se gudd an d'Art a Weis wéi se d'Haaptgeschicht op en typescht amerikanescht Uni-Event gebaut huet mer ganz gudd gefall. (Wann der de Film gesidd mëcht dee Saatz vill méi Sënn!)


Natierlech gouffen, wéi konnt et aanescht sin, rëm genuch insider Witzer an kleng Hannergrondjokes agebaut; fier déi all ze gesin oder iwwerhaapt ze bemierken muss een de Film sëcher méi wei 1 mol kucke gooen. Wann een awer gudd genuch oppasst kritt een e gudden Deel dovunner mat, an soumat nach e Puer Extra-Schmunzler. Ech hu mech duerch de ganze Film gudd amüséiert gefillt an hun méi wi eng Kéier haart opgelaach. No 12 Jooer huet de Film a seng Personnagen iwwerhaapt näicht u Witz verluer, an erweckt d'Kand an engem fier déi knapp 2 Stonnen. Wann der d'Wiel tëscht den momentanen Animatiounsfilmer hudd, dann sollt dësen op jiddefall an der enker Auswahl stooen! Ech gin dem Film 7.4/10 op der berühmter Ulmerich-Skala.

bis dohin,
stay tuned.



Mittwoch, 24. Juli 2013

Top 10 onerwähnt Fakten aus Amerika

Wärend den 22 Deeg an Amerika hun ech all Daag e klenge Résumé hei um Blog veröffentlech, fier d'Reess kënnen an kleng, mondgerecht Stécker anzedeelen. Am Nachhinein si mer awer Saachen gefall déi ech hätt kënnen erzielen, et awer net gemaach hun. Dofier lo hei meng 10 bescht Fakten déi ech net erwähnt hun:

1. Ech haat e Gameboy matgeholl an hun insgesamt 33 Stonnen an 14 Minuten Pokémon gespillt.
2. Ech hun am Death Valley en Rückenkratzer (onfreiwëlleg) geklaut.
3. Ech hun aus all Hotel eng Zëmmerkoat matgeholl.
4. Ech hun, obwuel ech keng 21 Jooër hun, Alkohol gedronk.
5. Ech war zu Vegas net op d'Achterbunn vun eisem Hotel.
6. An deenen X Hoteler wou mer waren, haate mer net 2 mol dee nemleschten Prinzip an der Dusch.
7. Ech haat nëmmen op 6 Deeg en Hierm un.
8. Ech hu mech erkaalt an sin nach ëmmer krank.
9. Am Monument Valley hu mer de Filmset vun "A Million Ways to Die in the West" gesin.
10. Ech hu keen Hot-Dog giess.

Sou, lo missten och déi lescht Detailler gekläert sin, domat ass daat dann oofgeschloss! Moa geet et hei dann wuel rëm normal fierun mat 1-2 Movie Reviews vu Filmer déi ech fierun der Reess gesin, déi hei awer mengen ech nach emmer net gelaaf sin!

bis dohin,
stay tuned.



Dienstag, 23. Juli 2013

I'm back!

Yess, ech sin rem zu Land; eis Amerika-Reess ass riwwer an ech freen mech den Nowend an d'Bett ze faalen an 50 Stonnen ze schloofen! Ahjo, funny story:

Nodeems dei ganz Vakanz iwwer alles, an awer och wierklech alles, bis an de leschten Detail zeitlech perfekt opgaangen ass, huet um leschten Daag natierlech eppes schiefgooen. Mer sëtzen am Fliijer an relativ zügeg ass jiddereen an der Maschinn deen et soll sin. Kuerz drop kënnt en Opruff op net zoufälleg en Dokter am Fliijer ass - déi éischt erschreckte Gesiiter tauchen op. Eng ganz Stonn duerno gëtt dann duerchgesoot dass een en epilepteschen Ufall haat an raustransportéiert misst gin an dass säi Gepäck sou séier wi méijlech rausgeholl gëtt. Wou daat bis geschitt war, huet eise Fliijer awer um Flughafen gehënnert, sou dass mer net starten konnten bis Plaatz fier eis war! Mat bësse méi wi 2 Stonne Retard si mer dunn fortgeflunn, wouduerch mer eisen Uschloss-Fluch verpasst hun, an doropshin 4 Stonnen zu Frankfurt um Flughafen missten op den nächsten Fluch op Lëtzebuerg woaden.

Oh, wou mer dunn do am Fliijer suutzen gouff dësen och nach e Puer Minuten verschiebt weinst engem Donnerwieder-Risiko, mee déi 10 Minuten waren eis do egal ;) Lo gëtt nach séier ausgepaak, an dann endlech an d'Heia, huiui!

bis dohin,
stay tuned.



Montag, 22. Juli 2013

Amerika Part 22 - The End

Mer schreiwen de leschten Daag vun eiser Reess an d'Vereenegt Staaten vun Amerika, et sin gemiddlech 25 Grad hei Mueres um halwer 10, an lues awer sëcher fëllen sech eis Valissen rëm fier de laange Wee zréck op Lëtzebuerg. Hannert eis läit eng eepesch Vakanz voller Natur, Groussstied an onvierstellbaren, surrealen Aussiichten. 


Waat ech Ierch an de leschten 21 Posts gewissen an beschriwwen hun, ass awer nëmmen e Brochdeel vun all deem waat mer erliewt hun. Am ganzen hun ech iwwer 1600 Fotoen gemaach, an déi meescht déi näicht gi sin, sin do schon weschgerechent! Am Blog hun ech ëmmer nëmmen d'Haapt-Attraktiounen gewissen, eleng well ech net all Daag wollt 30 Fotoen posten, well daat wier definitiv méijlech gewiercht!

Fazit ass, dass Amerika, d'Land vun den onbegrenzten Méijlechkeeten, vill méi ass wéi nëmmen eng Usammlung vun Fastfood-Chainen an grousse Stied. Ween 3 Wochen heihin an d'Vakanz kënnt erliewt ganz vill aaner, schéin, Facetten vun dëser "aanerer" Welt! Lo geet et awer Richtung Flughafen, fier dann den 23ten Juli géint 3 Auer Mëttes rëm am Land ze sin! Knapps doheem wert der dann och rëm mat Movie Reviews an deem üblechen Blödsinn bombardéiert gin :D

bis dohin,
stay tuned.



Sonntag, 21. Juli 2013

Amerika Part 21 - The Way to Pismo Beach

De Wee op Pismo Beach ass waat den Daag gefëllt huet: am Prinzip gin et 2 Méijlechkeeten firr vu San Francisco heihin ze fueren... Entweder et fiert een "ruckzuck" iwwert d'Autobunnen an Schnellstroossen, oder et mecht eet daat waat mer gemaach hun, neemlech den legendären Highway Number 1 huelen! Vu dass Pismo Beach fier eis just eng Tëschenstatioun ass hu mer eis gudd Zeit geholl fier den Number 1 ze fueren - an domat vill vun den "scenic views" ze gesin!
Daat ganzt huet awer mat engem Privatpark ugefaang deen "17 mile drive" heescht. Am Prinzip ass daat just eng Strooss oder Cité wou räisch Leit an aller Rou wunnen an emgi vun, sou gudd wei et geet, onberéierter (Mieres)Natur emgi gesin. D'Wieder war net optimal sou dass d'Waasser net a sengem schéinen Bloo erschéngt.


(A wéi konnt et aanescht sin dass ierjendee räische Nicki sech geduet huet en misst sëch sou e Stéck Fiels un der Küst kaafen fier dorop déi gringste Wiss ever unzepflanzen...) Soit, Op dësem 17 Mile Drive fënnt ee vill cool Aussiichtspunkten mat klengen Geschichten hannendrun, allerdings ass daat Ganzt e bëssen manner beandrockend wann een e Puer Deeg fierdrun de Grand Canyon etc. gesin huet ;)


Ab der Halschten vum Wee huet sech d'Siicht an d'Wieder wesentlech verbessert an sou haate mer déi rechtlech 130 Meilen eng genial Vue, well den Highway Number 1 fiert quasi déi ganzen Zäit laanscht d'Mier an d'Schëlder mat "Scenic View" stinn net zu onrecht do!


Lo fuere mer rem dohin wou alles ugefaangen huet, op Los Angeles. Op eisem leschten Daag werten mer nach eng Kéier probéieren souvill cool Saachen wéi méijlech ze erliewen, fier dann den Daag drop am Fliijer all déi Schloofstonnen noozehuelen déi mer an deenen 3 Wochen hei verpasst hun. Ajo, wann ech daat richteg verstaanen hun ass de Wifi am Hotel net gratis, et kann also sin dass de leschten Deel vun der Reess réicht gepost gëtt wann ech rem zu Lëtzebuerg sin :(

bis dohin,
stay tuned.



Samstag, 20. Juli 2013

Amerika Part 20 - The San Francisco Giants

Um drëtten an leschten Daag zu San Francisco ass et Directioun China Town gaang! Dësen komplett vun Chinesen besiedelten Quartier ass net nëmmen extrem hektesch, mee e bidd och eng ganz "intressant" Gerochskuliss! An der Haaptstrooss sin neemlech eng Millioun oppe Stänn mat Fësch (lieweg an dout), Uebst a Gemeis an gebrooden Déieren (mat an ouni Kapp). Donierft hängt déi ganz Strooss voll mat Schëlder op deenen een sougudd wéi näicht versteet, ausser vläit eng Zuel... Duerno hu mer d'Chance genotzt dass déi berühmt Weenecher mol eng Kéier net sou dermoosse voll waren, an sin domat op de "Union Square", enger genialer Shopping-Géijend, gefuer!


No dësem luftegem Trip (ech stoung baussen :D ) si mer op kuerz op d'Hotelszëmmer gaang an da war och schon Zeit fier sëch op de laang ersehnten Baseballmatch vierzebereeden. Den "AT&T Park" war gudd gefëllt an sou e Baseballsmatch bréngt eng ganz intressant Ambiance mat sech. Waat ech allerdings net wosst ass dass zu 70% (wann net suguer méi) amfong näicht um Terrain geschitt, an d'Ecrans an verschidde "Games" den Zuschauer bei Laun haalen. Daat huet mer awer och gudd gefall, zumools well ech nierft mer een sëtzen haat dee mer d'Spillercher erkläert huet an dobäi méi wi ee Witz gerappt huet (vun deenen ech, wann et gudd geet, 2 Stéck verstaanen hun xD ). De Match ass iwwregens Zwee zu Null fier d'Giants ausgaang, "mer" hun also gewonnen ;)



Lo verloosse mer dës Staat, déi zwar e bësse mei hektesch a Chaotesch ass, an awer trotzdem net iwwerfuerdernd. Mer perséinlech huet San Francisco immens gudd gefall, ech géiff suguer behaapten dass ech mech wuel géiff fille wann ech hei wunne géiff! Eist nächst Ziel ass dann lo Pismo Beach, waat dei lescht Statioun ass ier mer rem op LA gin, wou alles ugefaang huet.

bis dohin,
stay tuned.



Freitag, 19. Juli 2013

Amerika Part 19 - The Streets of San Francisco

Gëschter soot ech ganz flüchteg dass hei e bësse méi Loft ass wéi mer es bis lo gewinnt waren; haut kann ech sooen: hei ass VILL méi Loft! Haut war d'Wieder net sou immens, mee mer hun daat bescht draus gemaach! Fier den Daag ze starten si mer nach eng Kéier op de Pier gaangen op deem mer gëschter waren, fier eng Foto vun Alcatraz ze maachen, dem berühmten Ex-Prison. Bis dohin gefuer si mer awer net, daat hätt zevill Zeit geholl!


Als Nächst huet eis eisen Trip bei de "Coit Tower" bruet, en aalen ronnen Tuerm, deen engem eng genial Vue op d'Skyline vun San Francisco erméijlecht! En plus war d'Wieder do grad e bësse besser, grad wéi wann et gewosst hätt dass ech eng Foto maache well ;)


Wéi der wësst, ass dëst schon den 19ten Daag vun der Reess, an domat och den 19ten Daag op deem mer alles ze fouss bzw mam Bus gemaach hun - haut ass eis daat duergaangen an mer hun eis e bëssen un d'Zivilisatioun ugepasst andeems mer eis e Velo geléint hun an domat d'Golden Gate Bridge besicht hun! No ufänglechen Orientéirungs-Schwieregkeeten si mer der Bréck dann endlech zimmlech noo komm, mee d'Wieder haat décidéiert eng Wollek op d'Bréck ze setzen, sou dass quasi e Stéck "fehlt"...


No baal 2 Stonnen Bierg rop fueren si mer dann endlech op dësem Stohlries ukomm a konnten eng zimmlech niwweleg Vue genéissen, an net ze vergiessen: wierklech vill Loft! Fier zréck hu mer iwwregens wesentlech manner laang gebraucht, schliesslech ass et baal nëmmen Bierg oof gaangen! Eppes steht awer fest: mäin Hënner wert mer nach soubaal net verzeien dass ech no 6 Jooer ouni Velo direkt 3 Stonnen op engem net-gefierdeten Suedel gefuer sin ;)


Op eisem drëtten Daag hei a San Francisco werte mer daat Ganzt e Bësse méi roueg ugooen, an keng rieseg grouss Trip méi maachen; mee mer hun eis viergeholl Owes en Baseball-Match kucken ze gooen, daat eleng soll io schon en Erliewnis fier sëch sin!

bis dohin,
stay tuned.



Donnerstag, 18. Juli 2013

Amerika Part 18 - Welcome to San Francisco

Yess, hei hu mer se, déi éischt Groussstaat säit laangem op eiser Reess - San Francisco! No enger 4 stönneger Autosétape duerch vill onschéin an onziviliséiert Plaatzen si mer kuerz fierun San Francisco mat flotten Gebeier an Wunnquartieren begréisst gin, fier uschléissend iwwert eng verdammt laang Bréck mat genialer Vue op déi ganz Staat ranzefueren (nee, et war net d'Golden Gate Bridge).

Duerch dei ideal Laag vun eisem Hotel konnte mer och direkt e Bléck an de liewegsten Deel vu San Francisco geheien; nët nëmmen ass hei alles voller (deelweis suguer talentéiert) Musiker an Artisten, mee allgemeng wierkt déi ganz Staat e bësse méi relax an vill manner hektech wéi zum Beispill LA. D'Leit fueren mam Velo oder chillen op enger Plaatz, et gëtt weineg getuut, d'Restaurants sin aluedend an vill kleng Detailler bréngen Charme mat sëch.

Vu dass mer nach 2 ganzer Deeg fierun eis hun fier alles genee ennert d'Lupp ze huelen, hu mer eis op eisem éischten Nomëtten hei mol e bëssen emgekuckt, an déi wahnsinneg vill Geschäfter erkund. Dobäi fällt engem séier op dass San Francisco e bëssen méi "bodenständeg" bliwwen ass, wubäi dëst Statement mat Viersiicht ze genéissen ass... Zwar fënnt een hei am Shoppingdeel keng Millioune vu Wolkenkratzeren déi vun uewen bis ënnen voll mat Buttiker sin, mee dofier huet su gudd wéi all Mark hieren eejenen grousse Butték, an, ganz dovun oofgesin, hu mer eng Mall mat 7 Stäck fonnt ;)

Mee trotzdem: op den éischte Bléck fannen ech dass San Francisco eng gemiddlech Staat ass, déi vum Feeling hier e bëssen méi un doheem erënnert, eben well net alles sou iwwerdriwwen ass. (an well d'Temperaturen mat 17-21°C wesentlech méi deenen vu Lëtzebuerg ähnelen) Um zweeten Daag wert ech ierch awer mot Fotoen versuergen kënnen, hoffen ech zumindest ;). Ahjo, Loft! hei ass verdammt vill Loft!!

bis dohin,
stay tuned.



Mittwoch, 17. Juli 2013

Amerika Part 17 - The Nevada Waterfall

Mer schreiwen Daag 2 am Yosemite National Park. Nodeems mer gëschter e bëssen manner ustrengend Aktivitéiten gemaach hun, hu mer haut genee sou rem ugefaang. E klengen Rondgang ënnen am Yosemite Canyon huet eis bei flott Aussiichtspunkten bruet, an d'Natur méi am Detail siichtbar gemaach. Waat dëse Canyon awer och bidd sin zahlräich Waasserfäll.


Kuerz drop hu mer eist Daagesziel dann awer fonnt: mer wëllen Uewen hin bei de "Start" vum Nevada Waterfall hiken; stellt sech raus dass dësen Tour am Park-Guide als "ganz ustrengend" opgelëscht ass! Mee egal, daat hu mer réicht duerno rausfonnt an sou si mer monter do rop stolzéiert! Um Wee fier rop huet sech séier bemierkbar gemaach dass dës Wanderung absolut derwert wert sin!


Nach ier mer uewen ukomm sin hun ech duerch e glécklechen Zoufall daat nächst Bild geschoss! Wéi een onschwéier erkennt ass do e Reebou ( :D ) drop; duerch de Sonnebrëll haat ech deen awer net bemierkt, bis op dee Moment wou ech op engem Steen dee ganz rutschesch war weinst dem Waasser daat do rondremsprutzt wann een sou noo beim Waasserfall ass, ausgerutscht sin, an mer sou de Brëll vun der Nues gefall ass!


Uewen ukomm haat een eng genial Vue iwwert dee ganze Canyon, an natierlech vum Waasserfall bis eroof. Leider war et duerch d'Sëcherheetsoofspärungen zimmlech schwéier dovun eng anstänneg Foto hinzekréien; ech hu mäi Bescht gemaach!


Domat schléissen mer dann den Natur-Deel vun eiser Reess oof - et stellt sëch raus dass Amerika vill méi ass wéi nëmmen Groussstied an Fastfood (an diskutabel Waffengesetzer). Déi nächst Etape ass dann lo San Francisco, wou mer 3 Deeg werte verbréngen an (hoffentlech) suguer e Baseball-Match werte kucke gooen, ierjendwéi fënnt een emmer méi Gefaalen un deem Sport, waat een méi laang hei ass ;)

bis dohin,
stay tuned.



Dienstag, 16. Juli 2013

Amerika Part 16 - Eischt Schrëtt am Yosemite

Sou, hei si mer, am leschten Nationalpark vun der Reess. Noom Grand Canyon, dem Monument Valley, dem Bryce Canyon, dem Lake Powell an dem Death Valley si mer lo schlussendlech am "Yosemite National Park" ukomm! Daat schwetzt een iwwregens sou aus wei een et liest, ouni een Vokal ierjendwei Amerikanesch ze betounen ;). Wéi ech scho gëschter soot ass de Yosemite dofier bekannt dass et hei vill aktiv Bieren gin, mal sehn ob mer een ze gesi kréien!
Op eisem éischten Daag hei hu mer eis mol e bësse rugetaascht an eis d'Saach vun Uewen ugekuckt; mam Handy hun ech dann och dës Panorama-Foto gemaach:


Dee Bierg deen der an der Mëtt vum Panorama gesidd dréit de Numm "The Half Dome" an et war guernet sou einfach eng Foto ouni Mënschen dovun ze maachen, well ierjendwei well wierklech all Mensch eng Foto vun sech mam Bierg maachen. Wéi sech awer rausstellt hun ech et trotzdem net fäerdeg bruet de Bierg eleng ze fotograféieren! Hei drënner fannt der eng Noo-Opnahm vum Bierg, an e Zoom... um Zoom, ja daat gesidd der richteg, erkennt een dass 3 Leit umgaangen sin do lässeg oofzehänken, god damnit!


Mer werten awer lo nach ee ganzen Daag hei am Yosemite National Park verbréngen, well hei huet een d'Méijlechkeet daat ganzt Naturspektakel och mol eng Kéier vun ënnen ze gesin, daat gëtt bestemmt och impressionnant!

bis dohin,
stay tuned.



Montag, 15. Juli 2013

Amerika Part 15 - E fette Baam

Sou, wéi sech rausstellt hun sech déi 8 Stonnen Auto fueren richteg gelount! Wéi schon erwähnt ware mer am Sequoia National Park, d'Heemescht vun den gréissten Beem vun der Welt; an dovunner gin et der net nëmmen e Puer! Waat een hei gesäit ass e Bësch voller Beem déi alleguer tëscht 80 an 100 Meter héisch sin - et kënnt een sech also sou richteg kleng vier. Op der Foto hei ënnendrënner gesidd der den "General Sherman Tree", deen den Titel "World's biggest tree" dréit. Dobäi ass ze bemierken dass biggest net daat selwescht wéi gréissten ass! Säi Stamm huet en Emkreess vun 33 Meter, an vu dass seng Spëtzt dout ass, wiisst en net méi an d'Luut, mee gett all Jooer nëmmen nach méi déck, sou dass en all Jooer souvill Holz dobäi gewënnt wéi en normalem Baam aus dem Park huet!


Nodeems mer eis dann awer e bësse winzeg vierkomm sin, hu mer eis geduet dass et un der Zeit ass dass mer op d'Beem eroofkucke kënnen, an sou hu mer en Hiking-Tour gemaach, bei deem mer op eng vun den héchsten Plaatzen vum Park komm sin an dës genial Aussiicht geneisse konnten!


Um Wee fier rëm roof vun dësem Tour, deen dofier bekannt ass dass een op Bieren, Réiher an soss welch Bësch-Déieren treffe kann, hu mer dann tatsächlech e Réih begéint! Sensationellerweis ass d'Réih net fortgelaaf waat ech méi noo komm sin fier eng cool Foto wëllen ze maachen, sou dass ech lo voller stolz dësen Snapshot présentéieren kann :D


Lo geet et wéider an den Yosemite National Park, engem Park mat, sou gëtt gesoot, ganz villen aktiven Bieren, an Waasserfäll, souwéi natierlech immens schéinen Panoramas (Panoramen? Panoramata? waat ass d'Mehrzahl??!).

bis dohin,
stay tuned.



Sonntag, 14. Juli 2013

Amerika Part 14 - Mam Auto duerch d'Wüst

Ohjeeminee, waat war daat eng Himmelfahrt! Mer si vum Death Valley aus mam Auto an de Sequoia National Park gefuer - daat sin 350 Meilen. Duerch dei ganz Biergetappen an geschlängelt stroossen war awer oft nemmen 35-44 Mph erlaabt, sou dass mer ganzer 8 Stonnen am Auto suutzen, waat bei 45 Grad Aussentemperatur net fuerchtbar genial ass...

Mee bon, lo si mer hei am Sequoia Park an eis erwaard noo der Nuet en Daag voller riesegrousser Beem an soss welchen Naturspektakelen! Leider ass den Internet hei, an ech ziteieren "sorry but it's very slow :(", sou dass ech keng Fotoen kann uploaden vum Road-Trip... Iwwregens gouffe mer gewarnt dass hei am Park, am och do wou mer schloofen, aktiv Bieren ennerwee sin, a mer sollen neicht Iessbares am Auto loossen, wann mer eisem Auto am intakten Zoustand welle remfannen!

Eng Saach gett et awer nach ze sooen, an zwar wollt ech heimat offiziell annconcéieren dass AAHHH WAAAHRARAAHRGHHA AUU FUCK BAM WHROOAAA E BIIIIERRRR!!!!!!





Samstag, 13. Juli 2013

Amerika Part 13 - Matten am Näicht

Wann een hei säin eenejermoossen temperéiert Zëmmer verléisst a fierun d'Dier geht, an no 30 Sekonnen schon ufänkt ze schweessen wéi wann een e Marathon gelaaf wier, da kommen engem spontan nëmmen zwou Frooen an de Kapp: "Wou ass Schied?" an "Fierwaat steht hei net alles a Flaamen?". 50°C sin et hei, oder fier et mat méi enger spektakulärer Zuel auszedrecken, 122°F!! Wou ech sin? Am Death Valley, deen sengem Numm all Eier mëcht.



Obwuel een hei matten am Näicht ass, muss een et awer och eng Kéier erliewt hun; nee wierklech, 1 mol geet duer... Hausen mecht een hei op der Furnace Creek Ranch, sou zimmlech der eenzejer Schloofplaatz wäit a breed. Ironescherweis fillt sëch d'Loft déi een hei spiert effektiv wéi déi aus engem Uewen, also engem Furnace, un :/ Soit, well dëst fier eis éischter eng Tëschestatioun war, hu mer décidéiert net immens vill ze maachen (waat ee bei deenen Temperaturen och léiwer soll si loossen).

Beim nooen "Zabriskie Point" konnt ech awer e puer fantastesch Fotoen maachen wärend dem Sonnen-Ënnergang, enplus hun ech en mat menger Kamera komplett gefilmt; endlech konnt ech daat mol maachen, an dann och nach am Death Valley: awesome!



Lo geet et 350 Meilen mam Auto weider an den Sequoia National Park, wou et net nëmmen wesentlech méi angenehm ass, mee och e bësse méi beliewt an ze kucke gëtt.

bis dohin,
stay tuned.




Freitag, 12. Juli 2013

Amerika Part 12 - Blue Man Group, M&M's a Casino

Um zweeten Daag zu Vegas hu mer dann och mol Owes eppes ënnerholl! Wéi ugekënnegt haate mer eis eng Show rausgesicht, an daat war keng gerénger wéi d'Blue Man Group. Sie trieden all Owend am Nooperhotel op, dem Monte Carlo, an hun do suguer en Theater deen no hinne benannt ass... Ech wollt sie schon emmer eng Kéier gesin, a wou kéint een daat besser maachen, wéi zu Vegas? D'Show ass absolut genial; vun banalen Witzer fierun der Show bis hin zu iwwerdriwwen komplexen Illusiounen an Trommelaktiounen bidd dës Show vun der éischter bis di lescht Minutt puren Entertainment! Waat als bloo Bühn ufänkt, hällt herno mat enger komplett verréckter "Party" op, wéi et dozou kënnt musst der awer selwer erliewen ;)


Duerno war nach genuch Zeit fier an dei Shoppingmall vis-à-vis ze gooen, déi, wann ech schätze misst, net vill méi kleng wei d'Belle Etoile, mee mat 3 Stäck. Och do ass et rem verréckt wéivill Leit Owes um 10 Auer nach Kleeder, Schung oder suguer Handyverträg shoppe gin... Als Oofschloss vun dësem Auswertstrip si mer nach bei e Classiker laanscht gaang: den M&M's Store, wou een wierklech ALL Faarw eenzel ze kaafe kritt, an domat mengen ech net déi 7-8 Faarwen déi mer aus dem Kino kennen, mee éischter em déi 30 :D


Fier den Daag oofzschléissen, an domat och eisen Vegas-Openthalt, hu mer nach eist Gléck am Casino ënnen bei eis am Hotel probéiert. Mer hun mat $1 ugefaang an si domat op $3,4 komm, an vun do aus rem op 0. 2 Weider Dollars sin och zimmlech séier zu Null gin. Doropshin hu mer mol en 20er Schäin ageheit fier bësse méi kënnen ze spillen; an daat huet sech och gelount! Mer sin zwar op 17 Dollar roofgefall, hun awer dunn, wéi een op deem Bild hei gesäit, 14,9 Dollar gewonnen an hun soumat aus $20, der 30,4 gemaach. Dësen Trend ass nach bis op 34 rop gaangen, mee dann sin aus deenen 34 rëm ganz séier Null gin, keng Chance fier eis ;)


Lo fueren mer dann Richtung Death Valley, wou amfong wäit a breet näicht ass, mee daat ass just eng Tëschestatioun fier den nächsten National-Naturpark!

bis dohin,
stay tuned.



Donnerstag, 11. Juli 2013

Amerika Part 11 - Vegas, baby!

Verréckt, einfach nëmmen verréckt. No baal enger Woch Natur pur si mer zu Las Vegas ukomm, méi en drasteschen Changement kritt een a baal kenger aanerer Vakanz hin! Mer hun den éischten Daag hei haaptsächlech domat verbruet eisen Hotel ze erkunden, souwéi déi aaner berühmt Hotels wéi den Ceasar's Palace, Luxor an den Excalibur. Eisen Hotel ass den "New York-New York" deen einfach mol wei d'Skyline vun New York ausgeseit, seng eejen Freiheits-Statue huet, AN ganz nierwenbei nach eng gäil Achterbunn mat Looping besëtzt!


Duerch dei "gemiddlech" 45°C gëtt een zimmlech schnell midd, mee bis Owes hu mer et awer nach ausgehaalen fier eis dës Staat, déi wierklech KOMPLETT liicht unzekucken. Et ass leider wierklech schwéier gudd Fotoen ze maachen, well déi bescht Punkten wou een eng kéint maachen, entweder matten an der Strooss sin, oder ierjendwou uewen op engem Gebei ;)


Mee haut ass io och nach en Daag, an ech probeieren ech puer wierklech gäil Snapshots hinzekréien. Den Nowend gi mer eis warscheinlech eng Show ukucken, daat ass io quasi e Must wann ee schon eng Kéier hei ass!

bis dohin,
stay tuned.



Mittwoch, 10. Juli 2013

Amerika Part 10 - Hiking am Bryce Canyon

Noom Grand Canyon, dem Monument Valley an dem Lake Powell hu mer eis décidéiert nach eng Kéier Fielsen kucken ze gooen, dës Kéier dooen se de Numm Bryce Canyon! Et ass wierklech faszinant wéi versatile sou eppes banales wéi Steng kënne sin; de Grand Canyon gëtt engem mat senger onheemlecher Déifft den "Wow"-Effelt, am Monument Valley kënnt een un d'Staunen wann een méi an den Detail kucke geet, um Lake Powell kann een Waasseraktivitéiten maan, an hei am Bryce Canyon huet daat Gringt vun der Natur och rëm eppes ze sooen!


Nierft de ville Beem déi zesummen mat deene rouden an wäissen Fielsen eng harmonesch Landschaft bidden, kann een an dësem Nationalpark och e puer Déieren beobachten; leider hun ech just 1 gudd erwëscht, déi Aaner waren ze séier...


Ajo, an dësem Canyon kann een och Hiking bedreiwen, also am Prinzip ass daat e fancy Wuert fier "wanderen", an dobäi bis op de Grond vum Canyon gooen fier ganz aaner Perspektiven ze erliewen. De Problem bei der Saach: wann ee bis roof geet, da muss een fréier oder spéider och rëm ierjendwei rop kommen, an daat hu mer gemeeschtert no dëser Montée déi engem onendlech vierkënnt ;)


Lo ass awer fier d'éischt mol Schluss mat Natur, well lo geet et op Las Vegas! Ech si richteg gespaant an hoffen dass mer net mat engem Tiger am Zëmmer wakresch gin ;)

bis dohin,
stay tuned.