Donnerstag, 25. November 2010

POV Riddle 2

Ok euhm... ech muss zougin, et war net souu schweier, soss wier et mer io net einfa sou an de Kapp komm... Soit, gratulatioun dem Paul Gerson Axl an Jaak fier dei eeeeenorm Leeschtung xD

Bon, op jiddefall hun ech mer eppes besse mi schweires iwwerluet, sooen mer sou, de Schwieregkeetsgrad soll lues a lues ropgooen :D

" Waat gett mi kleng wann een eppes dobei mecht, a mi grouss wann een eppes wesch hellt? "







POV Riddle!

Richteg gelies! E Rätsel daat ass dach mol cool? :D
Selbstverständlech ass et op engem Qualiteitstextverbreedungsmedium wei mengem Blog klooer dass ech daat Rästel net vun ierjendwou kopeiert hun, mee et mer lo grad spontan an de Kapp komm ass! Et kann natierlech sin dass schon ierjend en aaneren Hennes dei Idee haat, mee ech ka rouegen Gewëssens behaapten dass ech ganz eleng drop komm sin :D *stolz*


''  Waat mecht ee futti wann een et aussprecht?  "


Leisungen an d'Shoutbox oder an d'Comments, si gespaant :D




Mittwoch, 24. November 2010

Fierwaat beamen praktech wier, Part 1

Alt erem, e Blog entstehend op der laanger Reess vun Esch op Suessem, mam Bus. Hannert eis, also dem Bobam a mier, setzt se Fränk, dee mech, wann en daat heite liest, bestemmt moa drop uschwetze wert, a mer soumat de Beweis liwwere wert dass en mei Blog liest.

Well mer sou iwweraus intelligent sin, haate mer lo grad alt erem eng philosophesch Diskussioun iwwert d'Zeit, oder eischter hier Verschwendung. Sou si mer op d'Froo komm, weivill Zeit vun eisem Liewen mer eleng am Schoulbus verbruet hun. D'Rechnung dei mer a Gedanken haaten war ganz einfach. Mer huelen eng zimmlech prezis Schätzung vun de Schouldeeg pro Jooer, multiplizeiren se mat 2, an dann nach mat der duerchschnettlecher Zeit dei de Bus bis heem brauch, also 20 Minuten. Dest Resultat hu mer duerch 60 gedeelt, an dann duerch 24, fier op eng Zuel ze kommen, dei e Wert vun 27 Deeg!! Huet.

Mer hun also schon e ganze Februar vun eisem Liewen am Bus verbruet! An der Zeit hätt een kennen ganz vill Stellen vun Pi leiren!

Ende vun Part 1







Montag, 22. November 2010

Waschen ist nicht so gut! Wierklech net

Ok, nodeems ech de Niveau mam leschten Post erstaunlech wäit roofgedreckt hun, (an daat zimmlech express, well ech einfach meng Theorie vun "emmer e Bild posten" erfëllen wollt, mee net vill Biller um Computer hun well ech en de Freiden mol rem ganz gebotzt hun), an eigentlech soot dass ech Neicht mei posten wert haut, ass et lo trotzdem su weit komm!

Hun grad en schockeirenden Artikel fonnt, deen... zimmlech spraachlos mecht... hei mol en Auszuch:

''Die kleine Maggie May wurde nur zehn Tage alt. Sie starb nach einem 40-minütigem Waschgang. Ihre Mutter steckte sie achtlos mit der Schmutzwäsche in die Maschine und schaltete diese einfach ein! Kaum vorzustellen zu was Menschen durch Drogenkonsum fähig werden. Als die Tante der Mutter zu Besuch kam, hörte diese, laut “thesun.co.uk”, den Signalton der Waschmaschine, der das Ende des Waschgangs signalisierte. Nachdem sie die Maschine öffnete, machte sie einen grausigen Fund. Sie fand den leblosen Körper des Säuglings vor.,,


Et ass schon zimmlech krass... muss een dann lo schon op d'Babies dropschreiwen dass een se net an d'Wäschmaschinn stierchen dierf, oder op d'Wäschmaschinn dass een keng Liewewiesen dramaachen derf? Ech mengen, hALLO? Wei HIGH muss een sin fier net ze mierken dass een e KAND an d'Wäschmaschinn mecht? Oo ( e Bleck op d'Fraa erklärt villes...)


Hei ass de ganzen Artikel!



Euhm Halp plx? and by the way: thanks!

Also der Rei no:

HELP!
Ech brauch eng nei Emfroo, mee ech absolut iwwerhaapt GUER keng Ahnung waat ech huelen soll.
An d'Comment also w.e.g gescheit Proposen maan, fier dei witzeg oder domm Proposen gëtt et io Facebook :P

THX! Endlech huet meng Facebook-Fanpage 80 Fans, an daat stellt suguer eng zimmlech realistesch Zuel duer, wann ee bedengt dass de Counter fierun 6 Wochen nach op 2000 stoung! MERCI dofier ;D stay trei^

Joa, domat wier ech ganz zefridden... a fier dass dee Post hei net fier neicht ass, e klengt Bildchen als Geschenk, fier mei hun ech haut keng Power, hu grad 4 Stonnen laang Mathesaufgaben gema o.O


Soouu, à discuter an de Comments oder Shoutbox :D 
Quell vum Bild: een vun den 314159265358979 Links dei ech sou am Daag gescheckt kreien vun deelweis zimmlech randome Leit!




Freitag, 19. November 2010

THE Day + Quick Preview

Ja genee, haut ass DEN Daag iwwerhaapt, zumindest den eischten dovun, well haut start hei am Land den eischten Deel vum neisten a leschten Harry Potter Film. Domat geet fier d'Leit aus dem Jooergang 91-93 eng Ära zu Enn, dei si quasi hier ganz Jugend begleet huet, net fier neicht zielen ech mech zur Harry Potter Generatioun! Och wann de Film bei eisen deitschen Noperen schon en Daag leeft, sin ech trotzdem grad sou frou dass mer en haut "ereicht" ze gesi kreien. Moa ass Samschden, an soumat kann een nach laang noom Film rausgooen an driwwer schwetzen, ouni den Daag drop an der Schoul futti ze gooen;) (Falls een do iwwerhaapt optaucht, hi@Alex :PP). Wi gesoot, haut ass den eischten vun 2 Deeg, well de Film io an 2 Deeler rauskennt, an, fierun allem, NET an 3D, thanks God!


Doraus leisst sech natierlech schleissen dass moa hechstwarscheinlech en Movies Blog iwwert den HP 7 rauskennt.
Mee och de Sonnden ass mat neiem Liesstoff ze rechnen. Wann alles glaatleeft steet moa den Nowend de Film "Schokola, Knätschgummi an brong Puppelcher" vum letzebuerger Realisateur Andy Bausch op mengem Programm. Also nach een intressanten Blog incoming;)

Soss weess ech grad net vill ze zielen op mengem Wee vum Esch op Suessen hei am Bus... Ech wollt einfa lo na engka erwähnen wi geil et ass mobile Blogging ze bedreiwen :P




Donnerstag, 18. November 2010

Ech hun eng App dofier...

Wee kennt et net? All Mensch sicht verzweifelt no enger Leisung mee kee Mensch weess sech ze hëllefen. De gros vun de Leit ass den Treinen vun der Verzweiflung no, an sou lues gin hinnen d'Ideen aus. Komplett kaal gelooss vun der Panik erhierwt een seng Stëmm a seet voller Entschlossenheet: "Keng Angscht!" Doropshin gëttt et roueg a jiddereen ass gespaant. Erstaunt kucken se dass d'Hand sech Richtung Boxentäsch bewegt an en Handy zum Vierschein kennt. Dann ass de Moment do; et erhierwt een eng zweete Keier seng Stëmm a seet gekonnt "Ech hun eng App dofier!" an zwinkert dobei engem vun de Matmenschen zou, fier uschleissend als Held gefeiert ze gin!

Sou oder sou eenlech leeft daat oof. An an sech ass et och eng richteg Heldentat dei richteg App ze hun, well et gin der souvill dass et scho baal eng heroesch Aktioun ass iwwerhaapt eng ze fannen dei geet an enplus daat mecht waat se maache soll. Genee sou as et mer och mat enger Blog-App gaang!
Mee lo hun ech endlech eng fonnt mat der ech suguer Fotoen dobei maache kann, waat heeschr dass et an Zukunft rem mi oft, an eben deelweis och live vum Moment des Geschehens aus en Post wert gin, daat ass dach mol geil ;D.
A well ech ma gesoot hun ab lo(bzw seit 3 Meint) emmer eng Foto bei all Post ze maan, huelen ech lo ierjendeng Foto vu mengem Handy;D



mahaha it's a trap!