Montag, 20. Mai 2013

Zombies..?


Oft hun ech um Internet dëst Bild gesin, an mer geduet "hmm, sou schlëmm ass et lo awer och rem net", zumindest net a mengem Bekanntekreess. Dann, no längerem Noodenken si mer effektiv e Puer Situatiounen agefall wou ech d'Gefill haat mat enger Mauer ze schwetzen, well dei aaner Persoun(en) op den Handy fixéiert waren. Ech gin zou, heiansdo erwëschen ech mech selwer wei ech wei sou en "Zombie" just op mein Handy starren, ouni aktiv um soziale Liewen Deel ze huelen, mee säit gëschter Owend hun ech gemierkt dass, wann et sou weidergeet, et an der Zukunft nëmmen nach eng Minoriteit vun normale Leit wert gin! Dobei hun ech den Terme "Zombie" fier mech e bëssen nei defineiert; mat Zombie verbannen ech enner aanerem Verfall, an sou hun ech mer geduet dass e Mensch mei als Zombie defineiert gett, waat mei Saachen an oder un him verfall sin!

Folgenden Szenario: mer sëtzen am Restaurant, zimmlech fréi, et ass nach baal keen do. Frëndlech begréisst eis de Garçon an freet mech wéi et mer geet (mer sin net fier d'éischte Keier do ;) ). Mer sëtzen a kreien eist Standartgedrénks an gin eis Bestellung op. Obwuel se dës Kéier e bësse mei speziell war (well mer e Puer Extra-Wënsch haaten) war daat alles kee Problem an mer gouffen kuerz drop servéiert. Bis lo ass alles wonnerbar, mee lo kënnt et:

Lues a Lues fëllt sech de Restaurant an ech fänken un mer d'Leit mol mei genau unzekucken. Riets vu mer zwou Mammen mat hieren ca. 10 Jooer jonke Kanner, dovun een méi korpulent. Knapps suutzen se um Dësch, huet deen säin iPad rausgeholl an ugefaang ierjendee Ballerspill ze spillen, MAT Toun, wärend deen aanere Bouff vis-a-vis vun him suutz an nëmmen op d'Recksäit vum iPad gekuckt huet. Op d'Froo op heen och eng Kéier däerf koum en aggressiven "nee den iPad war deier", wubei ech bezweiflen dass dee klenge Bengel deen Apparat bezuelt huet! Kuerz drop weist en mat sengem iPhone 5 (!!) e Video sengem Kolleg. Deen hëllt den Handy an wëll de Video kucken; leider war den Toun mega haart agestallt an heen huet probeiert en mei lues ze maachen. Paanesch huet dee klenge Fette him den Handy weschgerappt an en accuseiert "weess du mol net wei een daat mi lues mecht", grad wei wann all 10 jähregt Kand dozou obligeiert wier ze wëssen wei een mat engem iPhone 5 emzegooen huet! Ech hun an deem Alter op dein neisten Bionicle gespuert, just fier ze sooen!

Natierlech hun d'Mammen hier Kanner bei kenger vun dësen Aktiounen gestéiert a monter weidergelaabert. An Zwëschenzeit sin zwou jonk Koppelen rakomm, een mei schmuddeleg ugedooen wei den Aaneren. Kaum gesaat, hun och sie alle 4 den Handy rausgeholl an sou gudd wei kee Wuert mat en ee geschwaat. Duerch meng gënschtesch Sëtzlaag hun ech perfekt op een Handy gesin: d'Sau huet e Bubble-Spill gespillt... Ech konnt et net gleewen: do sëtzen 4, soit-disant, "Erwuesse" Leit zesummen op engem Tësch, jiddereen mam Handy beschäftegt, an op mannst een dovun SPILLT? Wou ass de Sënn an de Restaurant, also e soziale Milieu, ze gooen, an sech total asozial unzedooen an dobei mol net mat deenen Aaneren ze schwetzen?

Zréck zum klengen Décken an sengem ënnerdréckte Kolleg: an tëschenzeit ass hiert Iessen ukomm. Deen een Bouw huet frëndlech "Merci" gesooot, wouhigéint deen Aaneren dem Garçon am léiffsten den Teller aus dem Grapp gerappt hätt. (weiee Bouff lo waat gemaach huet, kënnt der ierch wuel denken...). Natierlech ass den iPad och wärend dem Iessen net ausgemaach gin... ëmmerhin huet en d'Spill gewiesselt, amplaaz e Ballerspill war et lo Minecraft.

Ech war wärend deems scho fäerdeg mat Iessen an haat also genuch Zeit fier mech e bëssen emzekucken. Leider ass mäi Bléck emmer rem op dei Dëscher gefall dei ech grad genannt hun. Ganz éierlech: wouhin soll daat féieren? Wann de Kanner lo schon Saachen wei Manéieren an Frëndlechkeet nemmei bäibruet gin, wéi sollen déi jeemols positiv zu eisem Land beidrooen? Gudd, jiddereen haat seng Badass-Phase wou e méi kleng war, mee spéidsdens wann d'Elteren bis agegraff hun war dei Phase ganz séier riwwer. Ech wëll net sooen dass, nëmme well ech lo an engem Owend 2 komplett DOMM Fäll erliewt hun, daat lo iwwerall bei jidderengem sou ass, mee d'Tendenz geet dann awer dach méi an di schlecht Richtung wéi an déi Gudd!

Dofier en openne Message un aktuell Elteren, werdend Elteren, jiddereen deen eng Kéier Kanner kréie well, an sämtlech Smartphone besëtzer, oder Kombinatiounen vun dëse Kategorien:

Léiert "nee" zu äerem Kand ze sooen, daat huet nach kengem Kand geschuet (ausser et huet wierklech Honger an der soot dann "NEE" zu em ;) ). Kaaft em nët direkt déi allernéist Apparater nëmmen well all di aaner Schnöselkanner se hun. Kaaft, oder loost se selwer spueren op, Spillsaachen mat deenen een sech Stonnelaang amüseiere kann an kreativ ka sin. En Handy géiff ech fréistens ab dem 6te Schouljooer / 7ième erlaaben, an och dann, kee Smartphone. Zu Smartphone-Zombies gin se nach séier genuch soubaal se 18 Jooer hun! An dann fier d'Smartphone-benotzer: et ass e flotten Apparat, daat weess ech selwer, mee leet en dach einfach wesch wann der en net braucht an spillt net bei Kollegen zou ierjendeen dommt Spill nëmme well der näicht ze ziele wësst, oder well der et net verkrafte kënnt den Handy weschzeleen, sierft sozial!

bis dohin,
stay tuned.

posted via my iPhone 5
mehe just kiddin' ;)



3 Kommentare:

  1. Absolut, och nach eppes, wat ech guer net verdroen:

    Du schwetz grad mat enger Persoun, mee déi Persoun ass am gaang am Handy ze triwwelen. Wanns de dann ophälls mat schwetzen, seet se "nee schwetz roueg weider, ech lauschteren no" an dann geet et weider mam getriwwels.

    Dat ass eng absoulut Frechheet an absolut onmanéierlech.

    AntwortenLöschen
  2. daat hun ech awer och scho gemaach, mee daat ass effektiv dann wann ech op eng Sms änferten oder sou! ech entschëllege mech heimat bei jidderengem deen daat scho gesuckt huet :p

    AntwortenLöschen
  3. Awesome Beitrag wéinst dem Bionicle, an de Recht as einfach nëmmen true... Mee wéis de sees Sven, ech mengen di meescht hun sech schon dobai erwëcht ;)

    AntwortenLöschen