Freitag, 31. Mai 2013

Retro-Video!

Och op dësem Freiden gëtt et rem e Video; haut hun ech ganz déiff an d'Nostalgie-Këscht gegraff! Ech erënnere mech nach drun wéi wann et gëschter war wou ech dës Reklamm déi éischte Kéier um Fernseh gesin hun, an kuerz drop mein alleréischte Game Boy kritt hun! Daat waren nach Zeiten, hach! Ganz stolz kann ech behaapten dass ech en suguer nach hun an en eenejermoosen gudd an Takt ass! Sou gudd wei en 5 Jähregen halt op seng Saachen oppasst :p



Mein war iwwregens Rout, waat bis haut meng Lieblingsfaarw ass :p Wei geseit et bei ierch aus?

bis dohin,
stay tuned.



Donnerstag, 30. Mai 2013

Gratis-App: Marvel Unlimited

Gëschter Owend hun ech d'Entdeckung vun der Woch gemaach: eng gratis App, mat fantasteschem Inhalt; se dréit de Numm "Marvel Unlimited". Wéi ee vläit um Enthousiasmus zu der Zeechentrick-Serie an der S.H.I.E.L.D.-Serie gemierkt huet sin ech en zimmlech grousse Marvel-Fan an woaden lo schon op de nächste Kinosfilm vun hinnen, dee warscheinlech Thor 2 oder Captain America 2 wert sin. Fier mer d'Waardezeit ze verséissen, an e bësse méi iwwert dei eenzel Superhelden gewuer ze gin, eegent sech dës App perfekt! Direkt noom opmaachen fënnt een en iwwersiichtleche Menü, wou een dës Woch vum Iron Man héchstperseinlech an Empfang geholl gëtt.

(klick drop fier et vill mi grouss ze maan)

Uewe lénks gesidd der dee Button mat der Opschrëft "Try it free". Daat Coolt un dësem Button ass dass een doduerch net eng begrenzt Zeit alles gratis kritt, stattdessen huet een all Woch eng Auswiel u Comics dei ee gratis liesen/kucke kann. Dës Woch gëtt et zum Beispill "Venom" gratis. Wann een sech en Account mëcht kann een seng Favoriten späicheren, an et kann een sech e Puer Comics an den Offline-Modus setzen, sou dass een se iwwerall liese kann wou ee grad Loscht huet. Vu dass ech dës Woch 3 Stonnen Zuch fuere muss, arrangéiert mech daat zimmlech gudd! D'Qualitéit vun de Comics ass och immens gudd, an ech ka mer vierstellen dass daat Ganzt op engem iPad nach e gudd Stéck mei cool ass!


Marvel huet dës App och fierun e Puer Deeg op Android released, ergo der musst net traureg sin wann der keen iPhone hudd! :) Natierlech kann een sech all Comic och einfach fier 2-3 Euro kaafen, an sou ëmmer Up-to-Date sin waat dem Lieblingsheld da grad alles geschitt. Ech hun, nëmmen als Test "Iron Man" an d'Suche agin, an promt huet hee mer all Comic gewissen andeem den Iron Man jeemols dran vierkomm ass! Eleng dës Sich huet mer iwwer 1000 Treffer gin, et ass also zimmlech komplett! Definitiv derwert sëch dei App eemol unzekucken wann ee Fan vun de Filmer/de Comics ass!




stay tuned.



Mittwoch, 29. Mai 2013

Serien-Tipp: Modern Family

Hach, déi Serien, waat si mer frou domat! Egal ob se spannend oder witzeg sin, ob se eis bei Laun haalen oder einfach nëmmen en Zeitverdreiw sin, oder ob se eis vum Schaffen oofhaalen; jiddereen huet säi Favorit, wann net suguer eng ganz Hand voll! Oofgesin vun de Serien déi och op der däitscher Tele laafen kennt een der eigentlech awer net souvill, do muss een dann e bëssen rechercheieren bis een eng gudd nei fënnt; abee, daat erspueren ech ierch haut, an zielen iwwer "Modern Family"!


Dës Serie huet am Jooer 2009 hieren Début gefeiert an behandelt genee daat waat den Titel versprëcht, nämlech eng normal modern Famill. Ënner modern soll een dobei verstooen dass iwwer Scheedung, Schwulen bis hin zu engem Neibestiednis alles dra vier kënnt. Se handelt vun enger grousser Famill, däer hiere Käer d'Famill "Dunphy" ass. Sie hun 3 Kanner, 2 Meedecher an 1 Jong, an de Grousspapp ass gescheed an huet sech eng mi jonk, flott Fraa gesicht, enplus sin d'Onkels schwul! "Waat der Däiwel soll lo do groussarteg gescheien?" Gudd Froo!

Ansëch weist d'Sendung näicht aanescht wei den Alldaag vun dëser amerikanescher Famill. Bei alldeeglechen Aktivitéiten a Gespréicher gin d'Personnagen mat der Kamera begleet, an gin gnadenlos bei all Peinlechkeet gefilmt. Daat Ganzt ass dobei gefilmt wei di däitsch Serie "Stromberg", wëll also heeschen dass d'Leit an der Sendung mat der Kamera interageieren, well eben e Kamerateam an hierem Haus ass; sou kënnt et dann e mol vier dass een eng komme léisst an sech dann hektesch emdréint fier ze kucken ob d'Kamera et net matkritt huet.

D'Sendung stëcht vu vier bis hannen voll mat klenge Witzer an Wuertspiller, mee och ouni e grousst Sproochegenie ze sin kritt een dei Haaptlaacher mat. Daat flott ass dass d'Witzer net opgesaat sin, mee dass een sech, seng eeje Famill, oder déi vun engem Kolleg an de Sprëch an Aktiounen rëmerkennt an dann driwwer laache muss. Net selten haat ech schon mat mengen Elteren eng Szene um Iessensdësch wou mer beemol gemierkt hun dass een sech wei an der Serie behëllt. En aanere Pluspunkt fier d'Serie ass dass et net schlëmm ass wann een eng Folg verpasst, meeschtens erzielt eng Folg eng Geschicht an daat bréngt de weidere Vierdeel mat sëch dass een, wann engem langweileg ass, einfach sou ierjendeng Folg kucke kann.


Momentan gin et 5 Staffelen, wubäi ech fannen dass d'Heefegkeet vun Laachufäll an Witzer sëch vu Staffel zu Staffel steigeren; gidd der Serie also 2-3 Episoden Zeit bis der se "opgidd", am Ufank kritt een nach vill zu den eenzelne Personnagen gezielt, sou dass daat ganzt mei real wierkt. Speidsdens no 5-6 Folgen huet een dann och schon säi Liebling fonnt. A mengem Fall ass daat de Papp vun der Famill, de Phil, zesummen mat sengem "talentéierte" Bouff dem Luke. Ech kann "Modern Family" jidderengem empfehlen deen eng witzeg Sendung sicht, dei net ze iwwerdriwwen ass, an bei der keen Laachen agespillt gëtt!

bis dohin,
stay tuned.




Dienstag, 28. Mai 2013

Reen, Reen, Reen

Waat en originellt Thema fier sou e reenerechen Daag! Amfong wollt ech lo hei eng laang Haasspriedegt iwwert daat dommt Wieder haalen an jiddereen domat fuerchtbar ugranzen a meckeren; mee kuerz fierum Ufänken mat Schreiwen haat ech dann awer eng besser Idee.

Jiddereen kennt bestemmt déi "Regel" ob een besser huet ze laafen oder ze trëppelen wann et reent, je nodeem op een méi oder manner naass wëll gin. Mee wee vun äerch weess dann definitiv weieng Versioun besser ass? Ech fier mein Deel hun haut rausfonnt dass een definitv am naasten gëtt wann een zu 3 Jongen probeiert sech e winzege Prabelli ze deelen, an engem dobäi daat ganzt Waasser vum Prabelli hannen zum Geneck raleeft, wärend een an ee meterdéiffe Pull noom aaneren Trëppelt ;) Ierjendwei gëtt et keng richteg wëssenschaftlech These doriwwer, a wann, dann ass se just schrecklech onbekannt...

Dem Internet sei Dank gin et awer 2 Approchen un daat Thema. Als éischt hu mer dei gudd aal Mythbusters déi daat ganzt einfach mol testen, mat Waasser an kierperlechem Asaatz:


(ab 0:20 geet de Video un)

Op der aanerer Säit gëtt et dann dei theoretsch an drëschen Approche vum Henry vu Minutephysics. Waat heen zielt schéngt alles mega loogesch, mee stëmmt net su ganz mat de Mythbusters iwwert en een:



Lo ass d'Froo: solle mer éischter der Theorie gleewen, oder éischter dem Experiment? Waat ass äer Meenung, bzw hudd der et scho probeiert? Ech mengen dass een egalwei onwarscheinlech vill Naass gëtt... de Leefer gëtt mei naass well an d'Waasser draleeft, an den Trëppler verbrengt mei Zeit am Reen, an erheisht domat säi Risk dass en Auto laanschtfiert deen an e fette Pull fiert!

bois dohin,
stay tuned.



Montag, 27. Mai 2013

Film-Tipp: Soylent Green

Et ass eng Zäitchen hier säit mengem leschten Film-, Serien- oder Musiktipp, d'lescht Woch war éischter eng Moviereview-Woch. Haut stellen ech ierch e Film vier deen der eventuell kennt, mee mat grousser Wahrscheinlech och net; et handelt sech em en zimmlech aale Schinken aus dem Jooer 1973 mam Titel "Soylent Green". Obwuel et en aale Film ass (keng Angscht, en ass faarwesch) behandelt en trotzdem ëmmer nach modern an aktuell Themen.

De Film spillt an enger Welt wou et sou gudd wei kee richteg Iessen, wéi mer et kennen, méi gëtt. Fleesch ass mat eent vun den deiersten an seltensten Liewensmëttelen gin, an nëmmen vereenzelt aal Persounen erënneren sech nach un Zeiten wou et daat ze kaafe gouff. Natierlech gin et e Puer sténkräisch Leit déi ab und zu nach un sou Luxusartikelen kommen; fier all dei aaner Mënschen heescht et: Soylent iessen. Soylent gesäit aus wei Zockerpabeier, an et gëtt en am Rouden am Gielen an halt am Gringen an e versprëcht eng normal Erhnährung (sou wei haut des Daags, vierausgesaat et verbréngt een net 6/7 Deeg am McDonalds oder sou) völleg ze ersetzen. Deene meeschte leit mëcht et neicht aus sëch vun dësem Chemie-Iessen ze ernähren, schliesslech gouff et säit hierer Gebuert näicht aanescht.


Vun der Thematik hier kann een de Film mat Bicher (oder Verflimungen dovun) wei "1984" oder "Brave New World" vergleichen. D'Leit si komplett enner Kontroll vun deem Soylent-Produit, an bezuelen selbstverständlech vill ze vill dofier, genee wei een haut fier alles vill ze vill bezillt. De Staat wëll dovun awer neicht wëssen an ënnerdreckt déi wou sech wieren. Dann ass do awer nach eppes, mee dofier muss der de Film scho selwer kucken ;)

Allgemeng ass de Film a villen Aspekter intressant: net nëmmen well en erstaunlecherweis an d'Zukunft "gekuckt" huet an vill modern Themen uschwetzt (genee wei dei 2 genannte Bicher) mee och well en zimmlech spannend ass, an daat obwuel keng fuerchtbar Action-Szene oder Verfolgungsjagd dran ass, sou wéi mer daat metlerweil am Kino gewinnt sin... Mat enger Längt vun nëmmen 97 ass dëse 40 Jooer aale Film zimmlech gemiddlech ze kucken; mee opgepasst: d'Gehier däerf een net einfach ausmaachen ;)

bis dohin,
stay tuned.

ps: ween de Film "Cloud Atlas" gesin huet, an gudd noogelauschtert huet, dee kéint eventuell d'Pointe vun dësem Film verroode kritt hun, wärend der Szene wou deen aale Mann aus dem Altersheim fortleeft ;)



Sonntag, 26. Mai 2013

Päfferkäer um Sonnden

Hui, waat eng Woch! 3 Movie Reviews, dei nei Xbox gouff viergestallt a mein Artikel iwwer Smartphones huet Rekordzuelen erreecht! Fier dëst Wuert zum Sonnden hun ech mer viergeholl e Puer Saachen zu de jeweilegen Artikelen beizefügen, entweder well se mer am nachhinein agefall sin, ech net zefridde war mat menger Ausdrocksweis, oder well ech ugeschriwwen gouff mat weideren Infos!

Zum Film "Star Trek: Into Darkness" muss ech gestooen dass ech vleit e bëssen déiff an d'Punktekëscht gegraff hun. Ech hun de Film wierklech deck gäil fonnt, an den 3D huet op alle Fall e gudd Stéck dozou beigedrooen (eleng schon dei ganz Ufanksszene gëtt immens intensiveiert doduerch). Wann ech awer lo kucken dass ech dem Gatsby 7.4 gin hun, da misst ech Star Trek mat gleichvill oder manner bewerten; vu dass dei 2 Filmer vu komplett verschidde Genres sin, an gleichzeiteg och an 2 verschiddene Ligen spillen, beloossen ech et dobei. E Film wei Star Trek huet a senger Kategorie (waat an desen Fall d'Kategorie SciFi-Action wier) iwwerzeecht, wouhigeint de Gatsby méi an der Kategorie "serieux, vleit Oscarnominatioun" spillt. Souvill dozou :)

Zu der Smartphonediskussioun hun ech net mei vill beizefügen, ausser dass ech mech seit deem Artikel baal nemmi trauen mein Handy bei Kollegen rauszehuelen, a wann et nemmen ass fier kuerz eng Sms ze checken, mee daat vergeet warscheinlech ;) Enplus hun ech ab deem Daag eng Onzuel vu Biller um Internet begeint déi perfekt op den Artikel gepasst hätten.

An dann zu gudder Lescht dei schein Xbox One... Waat ech noodreiglech gewuer gouff ass dass se NET Backwardskompatibel ass; wëll heeschen dass een d'Spiller vun der Xbox360 net drop spille kann, waat a mengen Aaen dee gréisste Feeler ass deen eng Firma ka maan. Enplus zerstéiert Microsoft domat hiert Konzept dass hier nei Konsol "the one" Apparat soll sin deen een am Living stooen huet... Well ech awer en coolt Multiplayerspill zocken, brauch ech nach en zweeten Apparat... Dass se d'Spiller vun der eischter Xbox net oofspillt verstinn ech io nach, mee fier direkt den 360er Support ze killen ass einfach nemmen... Domm!

Sou, daat waren meng lescht Päfferkäeren fier dës Woch! Lo fänkt d'Examenszeit un, mee trotzdem wert ech wuel all Daag eppes schreiwen; ech probeieren et emmer fierun 9 Auer Owes ze posten :)

bis dohin,
stay tuned.



Samstag, 25. Mai 2013

Movies: The Great Gatsby

The Great Gatsby -  by Baz Luhrmann

Infosite mat Traileren a Biller

Am Film "The Great Gatsby" geet et, oh Wunder, em den Häer Gatsby; e geheimnisvolle Mann deen nëmmen eng Hand voll Leit privat kennen, an iwwert deen et onzieleg Geschichte gin, ouni dass ee Mensch richteg weess, weieng erfond a weieng real sin. Am Trailer kritt een dës Aspekter séier gewissen, mee gleichzeiteg verréit engem den Trailer baal neicht vum Film, dofier wert ech och probeieren dëst net ze maan.



Stattdessen gin ech e bësse mei dei kënschtleresch Aspekter vum Film an, bleiwen dobei awer sou gudd et geet vum Fachjargon fern fier dass och jiddereen eppes domat ufänke kann; dozou muss gesoot sin dass ech en an 3D kucke war a mer de Film richteg gudd Gefall huet, an ech nëmmen e Puer Saachen auszesetzen hun, mee daat kënnt um Schluss.

De Film spillt, wéi een am Trailer matkritt, an den 1920er, eng gloreich Zeit fier verschidde Leit, an eng grad sou miserabel fier Aanerer. De Film spillt sech awer gréisstendeels am räische Milieu oof, an do hu mer och schon daat éischt Element waat mech begeeschtert huet: den Décor, d'Léifft zum Detail an déi deelweis opgeknallte Foarwen schaafen eng genial Ambience. Dei absolut Megastaat New York ass voll um Boomen, an regelméisseg gin Partien beim Gatsby doheem organiséiert (ganz noom Motto: "After beim Gatsby!"), wou natierlech kräfteg an d'Zauberkëscht gegraff gëtt fier dem mënschleschen Aa souvill Glamour an Freed wéi méijlech ze présenteieren.

Och d'Schauspiller, also hier Kleeder, hiert Behuelen an hier Redeweis passen perfekt an déi Zeitspaan.
Wéi sëch daat geheiert drooen se net nëmmen deier an chique Kleeder, mee se schwetzen och deelweis äussert fancy, ouni awer ze iwwerdreiwen. Den Tobey Maguire spillt souzesooen den "Erzieler" an ass amfong nach en zimmlech jonke Borscht. D'Carey Mulligan spillt d'Roll vum bezaubernden Daisy an den Leonardo Di Caprio spillt den Jay Gatsby, waat ech net sooen... Allen 3 spillen hier Roll menger Meenung no ganz gudd, wubei se allen 3 duerch völleg verschidden Aspekter rausstiechen.


Dem Maguire säi Personnage, de Nick, ass zimmlech oft mega random bei privaten Diskussiounen an Reuniounen einfach sou dobei, daat fällt engem awer réischt noom Film sou richteg op an stéieren mecht et och net wierklech. D'Daisy, also d'Carey Mulligan, spillt immens vill mat senger Mimik an seet éischter weineg, waat awer och un der Zeitperiod leie kann, wou Fraaen nach net SOU vill matzeschwetzen haaten. An dann zu gudder Lescht hu mer den Di Caprio, dee menger Meenung no wéi su oft eng fantastesch Perfomance hileet, an daat mysteriöst vum Gatsby richteg gudd verkierpert!

Musikalesch gesin scheeden sech d'Geeschter. Déi eng sooen dass se guernet gudd passt, aanerer sooen dass se immens ass; ech gehéieren zu deem zweete Grupp. D'Musik ass deelweis e bësse "modern", vleit ze modern fier déi Zeit, gleichzeiteg ass se dann awer och passend 20er Jooeren-méisseg ugehaucht an passt deemno ganz gudd. En plus sin immens vill modern Lidder an enger oldstyle Versioun nei opgeholl gin, wei zum Beispill Back to Black (dës Keier vum Beyoncé), Crazy in Love (Emeli Sandé) oder Love is Blindness (Jack White) waat een ab der Halschent vum Trailer héiert a mer immens gudd gefällt, a passen sou och wierklech gudd an de Film.

Nierft all deenen Aspekter kann ech mer net verknäiffen eppes klenges zur Kameraféirung ze sooen: De Film huet vill computergesteiert Shots (wëll heeschen dass d'Kamera op engem genau vierprogramméierte Wee filmt, an soumat en immens rouegen bewegte Cadrage liwwere kann), déi dem Film zuumols an hekteschen Szenen gudd din, mee awer och an méi rouegen Szenen, fier e gudd Gesamtbild ze liwweren. Enplus, wéi ech scho soot, war ech de Film an 3D kucken a kann dozou nëmme sooen dass et absolut derwert ass en an 3D ze gesin! Sierf et duerch all déi Parties, oder einfach duerch déi brilliant Schäerft an Déifft déi entsteht, et ass menger Meenung no e Muss. Wann der äerch décidéiert de Film an 3D ze kucken, da gidd awer w.e.g, fier ierch e Gefaalen ze maan, an den Utopolis. De Cinébelval kann mat sengem 3D do guernet mathaalen, wouhigeint dem Utopolis säin ee vun beschten ass deen ech kennen!


Mee (there is always a "but") e Puer Klengegkeeten hun ech auszesetzen; dëst sin awer gréisstensdeels Gedanken déi ech mer wärend dem Film gemaach hun oder suguer duerno. Sou huet mech eben am Nachhinein e bësse gestéiert dass de Nick (Tobey Maguire) oft einfach sou dobäi ass, ouni wierklech eppes mat der Saach ze dinn ze hun. En aaner Klengegkeet ass d'Lidd bei de Credits; ierjendwéi gëtt een dobei depriméiert, mee gleichzeiteg passt daat awer och well de Film een zimmlech mathëllt an/oder beréiert!

Ech gin dem Film eng ganz zolitt 7.4/10 op der berühmter Ulmerich-Skala a kann nëmmen nach eng Kéier widderhuelen dass et e MUST vun dësem Jooer ass an och wert bleiwen. Op der IMDb haat de Film iwwregens eng Wertung vun 7.1 an huet sech lo op 7.5 gesteigert, fier déi wou et intresséiert! Bleiwt nëmmen nach ze Hoffen dass den DiCaprio dës Kéier fier en Oscar nominéiert gëtt, an et vleit och matheemhëllt; ech géiff et gönnen an e wäer wuelverdingt!


bis dohin,
stay tuned.





Freitag, 24. Mai 2013

Friday Video: Avengers!

Gesäit ganz duerno aus wéi wann Disney nierft all sengen Teenie-Serien awer och nach gudd Saache mëcht! Eng Comic-Serie iwwert d'Avengers, brilliant! Et wierkt wéi wann daat klengt Kand a mer erwescht ass mee ech wert mer déi Serie definitv ukucken :D



"The new Guy" soll iwwregens am zweeten Captain America Film matspillen, ech si gespaant!

bis dohin,
stay tuned.



Donnerstag, 23. Mai 2013

Déi nei Xbox

Gëschter war et endlech souwäit: de laang erwënschen Noofolger vun der Xbox360 ass viergstallt gin; an se dréit de Numm "Xbox One", an net, sou wei 99,99% vun der Mënschheet geduet huet, "Xbox 720". No baal 7 Jooer kënnt also eng nei Konsol aus der Hand vun Microsoft, se haaten also wierklech vill Zeit aus Fehler ze léieren, an sech bei der Konkurrenz d'Makel unzekucken fier déi net ze begooen! Mee iiiiiejendwei hun ech daat Gefill dass se dobei bëssen d'Ziel vun enger Konsol aus den Aae verluer hun.


Déi éischt hallew Stonn hun se op der Presantatioun nëmmen vun NET-Spiller Features geschwaat. Daat ass io alles schéin an gudd, all Konsol huet metlerweil Features déi iwwer d'Spiller erausgin, ausser Nintendo wéi et schéngt, déi maache leiwer weider Blödsinn. Mee all déi Features schéngen mer dann dach zimmlech "redundant". Hei e Puer Gedankegäng:

Et kann een alles mat Kinect steieren.
Nodeems d'Wii deemols den Trend gesaat huet dass een sech wei en Hampelmann fierum Fernseh blaméiere soll, hun och Sony an Microsoft mat <> an <> nogezunn. Wärend Sony nëmmen méisseg vill Spiller dofier rausbréngt, huet ee bei Microsoft den Androck et wier hier bescht Erfindung... EVER. Net nëmmen brengen se eng Millioun Spiller fier d'Hampelmannmethod raus, mee se integreieren déi Kamera (dei iwwregens lo 1080p Qualitéit brénge soll) och nach integral an déi nei Konsol, waat natierlech de Präis ropdréckt, an komplett iwwerflësseg ass. Sätz wei "du kanns alles mat dengen Hänn an Aaen auswielen" kléngen natierlech sensationnel, sin awer ongeféier sou praktech wéi de Siri um iPhone wann een Letzebuergeg schwetzt, neemlech guernet.

Du kanns mat denger Xbox Skypen.
...really? Wann ech meng SPILLkonsol umaan, da wëll ech spillen! Skype gëtt et io bis lo nëmmen op sou zimmlech all Computer vun der Welt, an suguer di meescht Smartphones kënnen et, do ass et héisch Zeit gin dass och eng Spillkonsol daat kann! (Net ze vergiessen dass et metlerweil Fernsehen gin wou Skype mat drop/dran ass!). Fierun allem well een sou eng gudd Ausried schaaft fierwaat der Däiwel sou eng 1080p Kamera an d'Konsol gehéiert; schliesslech weess ee vun Ufank un dass kee Spill waat sech op d'Kamera baséiert wierklech vill Succès wert hun.

Du kanns de Menü vun der Xbox mat all Android/Google/iOS Apparat steieren.
Hmmm... géiff et dach nëmmen eppes gin daat dofier geduet ass eng Konsol ze steieren AN mat deem een d'Spiller spille kann... ajo richteg! daat nennt sech Manette -.- Beim beschte Wëllen: waat ass dorun sou genial? Alt rem e Saatz fier d'Kategorie "klengt gudd, ass awer domm".

D'Xbox kann lo Blu-Ray Discs spillen.
Gratulatioun Microsoft, äer Konsol kann lo daat waat d'Playstation 3 säit hierem éischten Daag kann, an der maacht en décken Theater draus! Naja, winnstens kann äer Konsol sou eppes... meng Nintendokonsol woart nach emmer drop dass se weinstens DVDen liese kéint. Natierlech ass och de BluRayPlayer e weider Moyen fier de Präis uerdentlech ze pushen.

Du kanns den Fernsehkabel drun uschléissen.
Fantastech! Endlech kann ech mei Fernseh umaachen, de Kanal vun der Xbox wielen, dann an der Xbox d'Fernsehapp wielen, an DO dann Fernseh kucken, absolut brilliant! Ok, ech gin zou, an enger Zeit vun fetten Decoderen ass daat net sou domm; op dës Art a Weis huet een ee fetten ellenen Apparat manner do stooen, mee trotzdem wierkt daat Ganzt menger Meenung total fehl am Platz... come on, et soll eng Gamingkonsol sin.

Du kanns suguer! Spiller drop spillen.
Jo, suguer daat soll anscheinend gooen.

Alles an Allem fannen ech dass se de But vun enger Spillkonsol zimmlech verfehlt hun. Ech gesi kommen dass de Präis weinst all deenen Gimmicks eenorm héisch wert sin, et am Ufank eng Onzuel vun Kamera-Spiller (Hampelmannspiller) wert gin an all dei cool Features 1-2 Updates kreien, an no 3-4 Méint këmmert sech kee Schwäin méi dorem an woart nëmmen nach op den neisten Call of Duty oder Fifa Deel, an de Sträit weieng Konsol dann lo besser Grafiken huet geet rem lass. 
Fierun allem lo, wou den Trend definitiv richtung PC-Gaming / Mobile-Gaming geet, ass et net schlau sou eng (warscheinlech) deier Konsol op de Moart ze brengen, an NACH en verzweifelten Versuch ze starten d'Gaming Branche mat enger Kamera ze "revolutioneieren". Fierwaat kënnen d'Firmen net einfach ophaalen mat hierem dämlechen Grafik-Kampf, an verdammt nach mol rem Spiller entwéckelen dei e richtegen Challenge duerstellen an méi wei 10 Stonnen Spillzeit ubidden?? An d leschten 3 Jooer gouffen et héchstens eng gudd Hand voll Spiller bei deenen et sech wierklech gelount huet se ze kaafen... wert dëst rem de Fall sin, dann ass et einfach nëmmen hirnverbrannt (geschaaten) 700 Euro fier sou eng domm Konsol auszegin, +60-70 Euro pro Spill.

Da bleiwen ech leiwer bei mengem Computer, deen ech easy oprüste kann wann d'Spiller zevill Ufuerderungen hun, mat deem ech gleichzeiteg Skypen,Surfen,Videos kucken, DvDs kucken kann, an wesentlech manner Plaatz weschhëllt wéi di FETT Këscht dei se do viergestallt hun. Mee daat ass nëmme meng Meenung, schreiwt mer an d'Comments waat der dovun haalt. Huet ee vun äerch fier se ze kaafen?

bis dohin,
stay tuned.




Mittwoch, 22. Mai 2013

Movies: Star Trek: Into Darkness

Star Trek: Into Darkness - by J.J. Abrams

Infosite mat Traileren a Biller

Folgend Situatioun: London gëtt Opfer vun engem Terroranschlag; mer befannen eis an der Zukunft, an sou war et meijlech mat engem winzeg klengem Objet hallew London lahm ze lehen. Wee stëcht dohannert? Natierlech een aus dem eejenen Team, bzw Ex-Team:



Am Film geet et also drëms deem nozelaafen/fleien/warpen an en zur Streck ze brengen! Daat ass awer mei liicht gesoot wei gemaach, an sou entsteht en zimmlech actionräische Film, mee dozou kommen ech nach. De Film fänkt mat enger sprëtzeger Flucht-Szene op engem primitiv-bevölkerten Planeit un; den 3D gëtt voll ausgenotzt an et gëtt een direkt an d'Abenteuer rakatapultéiert, e wierklech gelongenen Ufank!

Zimmlech direkt gëtt een vun all Personnage bësse gewuer wei en Tickt, sou dass een suguer als Star-Trek Laie guer keng Problemer wert hun de Film nozevollzéien. Wéi schon erwähnt geschitt en Terroranschlag, an der kënnt mer gleewen dass dei bombastesch Explosioun wuel trotzdem eng vun den éischter manner impressionanten Actionszenen aus dësem Film ass. Nierft e Puer takteschen Gespréicher vergeht baal keng roueg Minutt; d'Spannung gëtt immens gudd gehaalen an d'Längt vun 132 Minuten spiert een sou gudd wéi guernet.

Dësen "Action"-Film huet villes waat ech säit laangem vermësst hun am Kino: eng anstänneg duerchduete Geschicht, keng blöd banal Charakteren an wierklech vill cool Effekter/Technologie. Dobäi kënnt nach dass de Film an 3D leeft, an et absolut derwert ass en an 3D ze kucken, vierausgesaat et geet een an e Kino mat enger gudder 3D-Technik (wei zB den Utopolis). D'Schäerft an Detailler déi heimat ereecht gin sin sensationnel, waat dobei nach duerch de ganzen Decor verstäerkt gëtt... doduerch dass "Star Trek" souzesooen "op" der Erd spillt, kommen engem verschidden Technologien emsou méi cool vier, an allgemeng setzen dei abgespaced Elementer eng gudd Stëmmung.

Vill méi an den Detail kann ech aus spoilertechnesche Grënn net gooen... trotzdem kann ech alt scho mol viergräifen an behaapten dass een definitiv net enttäuscht gëtt wann een sech bei dësem en wierklech gelongenen Entertainment-Owend erwaard! Suwuel fier Trekkies, wei och fier Leit dei sech net an deem Univerum auskennen bidd de Film ganz vill cool Momenter. De Vierdeel par rapport zu Star Wars ass dass een absolut keen Hannergrondwësse brauch fier de Film voll a ganz ze verstooen, waat em natierlech Pluspunkten gëtt. An wann een Internetforen gleewe kann, dann sin d'Rollen vum Kirk, Spock an co. gudd beluet, an net fier sëch ze schummen als Fan.

Allgemeng hun ech kaum bis guerneicht um Film auszesetzen: eng gudd Story, keng langweileg bzw onnéideg Passagen, vill Action an Space-Stuff, an deck gudden 3D! Ech gin dem Film eng wuelverdingten 8.0/10 op der berühmter Ulmerich-Skala an kann jidderengem empfehlen sech dëst Abenteuer net entgooen ze loossen! Op IMDb huet de Film suguer 8.3/10, et ass also net nëmmen meng kleng Nerd-Säit déi hei schwetzt ;)

bis dohin,
stay tuned.





Dienstag, 21. Mai 2013

Wow, I did not expect that!

Gëschter hun ech en Artikel iwwer Smartphones geschriwwen; wéi vill Leit nëmmen nach op den Ecran starren, an dass suguer kleng Kanner metlerweil mat sou deieren Apparater rondremlaafen. Obwuel daat Ganzt éischter en "mimimi"-Beitrag war, an ech mer nëmmen e Puer Reaktiounen erwaard hun, ass komplett de Geijendeel geschitt! Innerhalb vun 4 Stonnen sin d'Views op ca 250 geklommen, an haut huet sech daat dann op 317 stabiliséiert!

Ech sin absolut begeeschtert weivill Leit daat gelies hun, an nach méi sin ech begeeschtert dass den Artikel tatsächlech puer Mol op Facebook weidergeshared gouff, an ech en Owend voller Chat-Diskussiounen iwwert daat Thema haat! Genial, genee daat ass eng eenorm Motivatioun fier all Daag eppes ze bréngen, dofier MERCI^^

Moa wert ech eng nei Movie Review schreiwen, entweder iwwer "Star Trek:Into Darkness" oder "The Great Gatsby", daat gesin ech dann spontan.

bis dohin,
stay tuned.




Montag, 20. Mai 2013

Zombies..?


Oft hun ech um Internet dëst Bild gesin, an mer geduet "hmm, sou schlëmm ass et lo awer och rem net", zumindest net a mengem Bekanntekreess. Dann, no längerem Noodenken si mer effektiv e Puer Situatiounen agefall wou ech d'Gefill haat mat enger Mauer ze schwetzen, well dei aaner Persoun(en) op den Handy fixéiert waren. Ech gin zou, heiansdo erwëschen ech mech selwer wei ech wei sou en "Zombie" just op mein Handy starren, ouni aktiv um soziale Liewen Deel ze huelen, mee säit gëschter Owend hun ech gemierkt dass, wann et sou weidergeet, et an der Zukunft nëmmen nach eng Minoriteit vun normale Leit wert gin! Dobei hun ech den Terme "Zombie" fier mech e bëssen nei defineiert; mat Zombie verbannen ech enner aanerem Verfall, an sou hun ech mer geduet dass e Mensch mei als Zombie defineiert gett, waat mei Saachen an oder un him verfall sin!

Folgenden Szenario: mer sëtzen am Restaurant, zimmlech fréi, et ass nach baal keen do. Frëndlech begréisst eis de Garçon an freet mech wéi et mer geet (mer sin net fier d'éischte Keier do ;) ). Mer sëtzen a kreien eist Standartgedrénks an gin eis Bestellung op. Obwuel se dës Kéier e bësse mei speziell war (well mer e Puer Extra-Wënsch haaten) war daat alles kee Problem an mer gouffen kuerz drop servéiert. Bis lo ass alles wonnerbar, mee lo kënnt et:

Lues a Lues fëllt sech de Restaurant an ech fänken un mer d'Leit mol mei genau unzekucken. Riets vu mer zwou Mammen mat hieren ca. 10 Jooer jonke Kanner, dovun een méi korpulent. Knapps suutzen se um Dësch, huet deen säin iPad rausgeholl an ugefaang ierjendee Ballerspill ze spillen, MAT Toun, wärend deen aanere Bouff vis-a-vis vun him suutz an nëmmen op d'Recksäit vum iPad gekuckt huet. Op d'Froo op heen och eng Kéier däerf koum en aggressiven "nee den iPad war deier", wubei ech bezweiflen dass dee klenge Bengel deen Apparat bezuelt huet! Kuerz drop weist en mat sengem iPhone 5 (!!) e Video sengem Kolleg. Deen hëllt den Handy an wëll de Video kucken; leider war den Toun mega haart agestallt an heen huet probeiert en mei lues ze maachen. Paanesch huet dee klenge Fette him den Handy weschgerappt an en accuseiert "weess du mol net wei een daat mi lues mecht", grad wei wann all 10 jähregt Kand dozou obligeiert wier ze wëssen wei een mat engem iPhone 5 emzegooen huet! Ech hun an deem Alter op dein neisten Bionicle gespuert, just fier ze sooen!

Natierlech hun d'Mammen hier Kanner bei kenger vun dësen Aktiounen gestéiert a monter weidergelaabert. An Zwëschenzeit sin zwou jonk Koppelen rakomm, een mei schmuddeleg ugedooen wei den Aaneren. Kaum gesaat, hun och sie alle 4 den Handy rausgeholl an sou gudd wei kee Wuert mat en ee geschwaat. Duerch meng gënschtesch Sëtzlaag hun ech perfekt op een Handy gesin: d'Sau huet e Bubble-Spill gespillt... Ech konnt et net gleewen: do sëtzen 4, soit-disant, "Erwuesse" Leit zesummen op engem Tësch, jiddereen mam Handy beschäftegt, an op mannst een dovun SPILLT? Wou ass de Sënn an de Restaurant, also e soziale Milieu, ze gooen, an sech total asozial unzedooen an dobei mol net mat deenen Aaneren ze schwetzen?

Zréck zum klengen Décken an sengem ënnerdréckte Kolleg: an tëschenzeit ass hiert Iessen ukomm. Deen een Bouw huet frëndlech "Merci" gesooot, wouhigéint deen Aaneren dem Garçon am léiffsten den Teller aus dem Grapp gerappt hätt. (weiee Bouff lo waat gemaach huet, kënnt der ierch wuel denken...). Natierlech ass den iPad och wärend dem Iessen net ausgemaach gin... ëmmerhin huet en d'Spill gewiesselt, amplaaz e Ballerspill war et lo Minecraft.

Ech war wärend deems scho fäerdeg mat Iessen an haat also genuch Zeit fier mech e bëssen emzekucken. Leider ass mäi Bléck emmer rem op dei Dëscher gefall dei ech grad genannt hun. Ganz éierlech: wouhin soll daat féieren? Wann de Kanner lo schon Saachen wei Manéieren an Frëndlechkeet nemmei bäibruet gin, wéi sollen déi jeemols positiv zu eisem Land beidrooen? Gudd, jiddereen haat seng Badass-Phase wou e méi kleng war, mee spéidsdens wann d'Elteren bis agegraff hun war dei Phase ganz séier riwwer. Ech wëll net sooen dass, nëmme well ech lo an engem Owend 2 komplett DOMM Fäll erliewt hun, daat lo iwwerall bei jidderengem sou ass, mee d'Tendenz geet dann awer dach méi an di schlecht Richtung wéi an déi Gudd!

Dofier en openne Message un aktuell Elteren, werdend Elteren, jiddereen deen eng Kéier Kanner kréie well, an sämtlech Smartphone besëtzer, oder Kombinatiounen vun dëse Kategorien:

Léiert "nee" zu äerem Kand ze sooen, daat huet nach kengem Kand geschuet (ausser et huet wierklech Honger an der soot dann "NEE" zu em ;) ). Kaaft em nët direkt déi allernéist Apparater nëmmen well all di aaner Schnöselkanner se hun. Kaaft, oder loost se selwer spueren op, Spillsaachen mat deenen een sech Stonnelaang amüseiere kann an kreativ ka sin. En Handy géiff ech fréistens ab dem 6te Schouljooer / 7ième erlaaben, an och dann, kee Smartphone. Zu Smartphone-Zombies gin se nach séier genuch soubaal se 18 Jooer hun! An dann fier d'Smartphone-benotzer: et ass e flotten Apparat, daat weess ech selwer, mee leet en dach einfach wesch wann der en net braucht an spillt net bei Kollegen zou ierjendeen dommt Spill nëmme well der näicht ze ziele wësst, oder well der et net verkrafte kënnt den Handy weschzeleen, sierft sozial!

bis dohin,
stay tuned.

posted via my iPhone 5
mehe just kiddin' ;)



Sonntag, 19. Mai 2013

Movies: Broken City

Broken City - by Allen Hughes

Infosite mat Traileren a Biller

Am "Broken City" geet et em den Billy Taggart, en ex-Polizist deen zu sengen Dingschtzeiten eng heldenhaft Tat begaangen huet, an duerno als Privat-Detektiv schafft. Leit kënnen heen uruffen wann se Kléngegkeete iwwert aaner Leit wëlle rausfannen, oder suguer iwwert hiere Liewenspartner. Daat Ganzt spillt sëch wärend de Buergermeeschter-Wahlen vun der Staat New York oof, an wéi den Zoufall et wëll, huet dem amtéirenden Buergermeeschter, gespillt vum Russell Crowe, en Optraag fier de Billy: hee soll rausfannen mat weem seng Fraa eng Affaire huet!



Natierlech huet dës Missioun Konsequenzen fier de Billy, an fier daat ganzt Emfeld vun de Wahlen, wéi een am Trailer gesäit. Et tauche Problemer op, an ongënschtegt Bildmaterial fier verschidde Leit, wouduerch sech dei ganz Situatioun zouspëtzt! De Recht musst der da wuel selwer kucke gooen!

Obwuel daat bis lo no engem wierklech intressanten an déiffgrënnege Film kléngt, bleiwen d'Aktiounen awer éischter iwwerflächlech; daat ass awer op kee Fall schlecht, sou huet een bei deem ganzen politische Gedeessems kee Problem mat der Story matzekommen, (Och wann een ëmmer rem drop woat dass de Wahlberg säi Petzi "Ted" raushëllt an Dommheete mëcht...). De Film ass zimmlech spannend, waat ënner aanerem doru Leit dass sech d'Geschicht vun enger "einfacher Recherche" zu enger "geféierlecher Situatioun" entwéckelt, mee sou richteg gefesselt war ech net vum Film.

U waat daat Läit ass schwéier sooen; ech mengen dass einfach un all Eck e Bëssen eppes gefeelt huet: D'Geschicht rappt net sou dermoosse mat, d'Personnagen hu keng immens grouss Hannergrondgeschicht, zumindest kritt ee keng gezielt an daat mëcht dass een sech net gudd mat de Personnagen identifizeieren kann, an d'Schauspiller sin leider nëmmen "OK". Ech well domat op kee Fall sooen dass se schlecht gespillt hun, mee de Crowe kënnt bei wäitem net u seng Leeschtung aus "Les Misérables" run, d'Catherine Zeta-Jones war am "Side Effects" e gudd Stéck besser an mei iwwerzeegend, an de Mark Wahlberg ass zwar em längten besser wei an "Ted", mee iiiierjendwei passt daat alles net sou richteg.

Direkt noom Film wosst ech net waat ech um Film auszesetzen haat; ech haat en net fuerchtbar schlecht fonnt, awer ierjendeppes huet mech gestéiert, bzw huet fier mech gefehlt. An ech weess och nach emmer net waat et ass, méi wéi daat am Abschnitt driwwer kann ech net sooen. Och wann et vleit net sou riwwer komm ass: de Film ass net schlecht! Et ass e ganz solide Krimi/Drama/Thriller, vun deem jiddereen sech seng eeje Meenung maache muss. Ech gin dem Film 6.0/10 op der berühmter Ulmerich-Skala. Wann der de Film gesin hudd kennt der jo an d'Kommentarer schreiwen wei en äerch gefall huet!

bis dohin,
stay tuned.



Samstag, 18. Mai 2013

Movie Reviews Ahoy!

Ahoy!
Haut gëtt et näicht Extraes ze schreiwen... also amfong haat ech vier haut eng Movie Review zu "Broken City" ze schreiwen, mee daat geet aus zeitleche Grënn leider net! Dofier gin et awer an de kommenden Deeg direkt 3!!! Movie Reviews, an zwar zu de Filmer:

Broken City, Star Trek: Into Darkness an The great Gatsby

..oder wei ech mer ugewinnt hun ze sooen: The great Catsby :) dank dësem Bild:


an deem Sënn: sorry dass et haut net vill ze Liesen gëtt, mee daat gëtt an de nächsten Deeg opgeholl!
bis dohin,
stay tuned.



Freitag, 17. Mai 2013

Video Friday!

Fierun 2 Jooer hun ech eng Keier e Video gepost mam Titel "The Glitch Mob - The Apple Tree", waat en 15 Minute laangt Schneid-Meeschterwierk ass. (Hei de Link) D'lescht Jooer huet de Maacher vun deem Video en zweeten 15-Minute Knaller bruet, mat e bëssen aanerer Musik, mee op mannst grad sou genial!



Zougin, d'Musik ass affaire de Goût, mee se passt eenorm gudd op d'Biller, waat fierun allem doru Leit dass de Maacher, sou heen, "versicht mat de Biller auszedrecken wei d'Musik fier heen ausgeseit".

bis dohin,
stay tuned.



Donnerstag, 16. Mai 2013

Luca's Corner: Brauchen mer eng Bildungsreform?

Traditionnel um Donneschten kritt der dem Luca seng Gedanken zu engem aktuellen Thema ze liesen! An méi aktuell wei dëst Thema, geet et momentan wuel wierklech net! Falls der méi vun eisem Kölner Wiederspezialist liese wëllt, kennt der einfach op säi fuschneien Blog gooen, an ëmmer à Jour sin wann et eppes Neies gëtt! www.metteochannel.blogspot.com Lo awer zu sengem Artikel:

Brauchen mer eng Bildungsreform?

Direkt am Ufank vun deser Diskussioun well ech eppes kloer stellen: et as keng konkret Kritik un der aktueller Lycéesreform vun der Educatiounsministesch Mady Delvaux-Stehres! Obwuel ech trotzdem méi spéit op e puer Punkten vun déier Reform agin, well ech an desem Artikel haaptsächlech e puer Gedanken liweren wéi Bildung am 21. Jh. sollt/kéinnt ausgesin.


Kanner, déi elo am 1. Schouljoër sin, gin héchstwahrscheinlech am Joër 2075 an d’Pensioun. Wéieng Bildung brauchen sie fir hirt Liewen? Wat mussen sie wessen an wat mussen sie kennen? Wéieng Herausfuerderungen erwarden sie am Berufsliewen?

Sou logesch et as sech déi Froen ze stellen, emsou wichteg as et se ze beäntweren an grad sou wéineg beschäftegen sech eis Schoulen an Bildungspolitiker domadder.


Zanter 30 Joër huet sech recht wéineg an den meeschten Schoulkueren geännert. Déi naturwessenschaftlech Fächer hun zwar méi un Bedeitung gewonnen, mee suguer d’Schoulliteratur huet quasi komplett stagneiert: “Homo faber” vum Max Frisch, “Physiker” vum Dürrenmatt oder “La Peste” vum Albert Camus. Mee behandelenn déi Bicher wieklech d’Problemer, d’Ängscht an d’Dreem vun den Kanner resp. Jugendlecher haudesdags?
Am Zweifelsfall gett emmer méi Stoff an den Léierplang gedreckt, ouni dobei den aalen Stoff eraus ze huelen. D’Konsequenz as “Bulimie-Léieren”: schnell fidderen, an der Prüfung oder am Examen schnell erem eraus “katzen” an dono ganz schnell vergiessen. Méi wéi 10.000 Stonnen geet en Kand an der Regel bis zum Examen de fin d’études an d’Schoul – awer bis dohinner huet et den gréissten Deel schon rem vergiess. Wéieen Erwuessenen kéinnt engem d’ohmsches Gesetz erklären oder déi verschidden Gasen an eiser Atmosphäre opzielen? Natierlech kann d’Majoritéit dat net.





An do leit den Problem, vu dass déi Saachen elementaren Bildungsstoff sin. Esou wéi et an den Schoulen engem beibruecht gett, bleiwt leider net vill dovunner henken (ausser et huet een eng Passioun fir d’Physik oder sos iegenden Bereich). Wéi den Konfuzius schon gesot huet: „Das, was man erklärt bekommt, vergisst man. Das, was einem vorgemacht wurde, daran erinnert man sich. Nur das aber, was man selber gemacht hat, kann man.“
Selwer maachen , d.h. mat Virwëtzegkeet an Begeeschterung ausféieren an net aus Pflicht widderhuelen. Doduerch stellt sech erem eng Fro: wéieen Senn mecht et iwert 10.000 Stonnen ze léieren, wann sou wéineg dovunner henken bleiwt an wéivill Virwëtzegkeet gett dobei vun der Schoul zerstéiert?

Wären eis Schoulen Entreprisen, sie wieren schon längst faillite!
 D’Ufuerderungen vum zukünftegen Liewen an vun der Aarbechtswelt verlange no kreativen Käpp an net no Käpp, déi wéi en Hard disk mat doudegem Wessen gefellt sin. Eis Schoulen bereeden eis am Endeffekt net nemmen schlecht op d’Liewen fir, mee zerstéieren och nach jeglecht Potential vun Virwëtzegkeet an Begeeschterungsfähegkeet, déi spéider enorm wichteg am Liewen sin. Betraff sin dovunner elo haaptsächlech d’Generatiounen ab 1995, wéi ech aus mengen perséinlechen Erfahrungen feststellen konnt. Natierlech gin et emmer Ausnahmen, sou wéi et och an den äleren Joërgäng deelweis déi nämlecht Problemer opgetaucht sin!
No all dem wat d’Entwecklungspsychologie an d’Gehierfuerschung iwert d’Léieren wessen, léisst sech schlussfolgeren: genau esou wéi eis Schoulen mengen, Wessen ze vermettelen – genau esou funktionéiert Léieren net! Mee firwat gin déi Erkenntnisser an eisen Bildungsinstitutiounen net berücksichtegt? Ganz einfach: well eisen Bildungssystem selwer onkreativ as! D’Unzuel vun den Begeeschterten, Virwëtzegen an Kreativen ennert den Schoulmeeschteren oder Profen während menger Schoulzeit kéinnt ech theoretesch mat enger Hand opzielen. Vun den Kultusbürokraten an Kulturpolitiker guer net ze schwetzen...


Wat zeechent dann z.B. en gudde Prof aus? Sein Wessen? Seng Didaktik? Nee, déi wichtegst Viraussetzungen sin dass hien Kanner gär huet (net am Senn wéi bei engem kathouleschen Paschtouer) an dass hien en Mensch as, dem een gären nolauschtert an den mat senger Begeeschterung anerer kann begeeschteren! En gudde Prof begleet seng Schüler op hirer Entdeckungsrees duerch déi faszinéierend Welt vum Wessen. An nemmen dat wat mat Virwëtzegkeet geléiert gett, gett dem Schüler wichteg an bedeitend. An nemmen doduerch gett hir Kreativitéit gekedelt an spornt hir Leeschtungsbereetschaft un.

„Leben ist mehr als die Jagd nach guten Zensuren. Leben ist mehr als die Vorbereitung auf ein Examen. Kinder können mehr, als auf Zeugnisse zu schielen. Wir demütigen sie, wenn wir ihre Leistungen nur auf die in der Schule erzielten Noten reduzieren“, schreiwt den Gerald Hüther (Hirnforscher) an sengem Buch „Jedes Kind ist hochbegabt“.
An punkto lëtzebuerger Lycéesreform hun ech mer mol hei den Résumé duerchgelies. Wat mer positiv opgefall as, as den Aspect dass Stagen, Projeten an perséinlech Aarbechten an den Vierdergrond sollen reckelen. Ob dat schlussendlech esou flott an reibungslos kann realiséiert gin, wéi dat an der Reform steet, sief dohin gestallt (vu dass doduerch och den Prof méi gefuerdert gett...).


Den Rescht am Rapport handelt un sech nemmen vun strukturellen Ennerungen vun den Klassensystemer an dat huet mech e bessen misstrauesch gemach, well net eng Kéier iegendeng Ennerung vum Inhalt vun den eenzelnen Kueren erwähnt gouf. Zousätzlech vermessen ech déi rational Conclusioun, dass Reliounsunterricht neicht an enger Schoul verluer huet! Also do as wéi emmer nach gehierlos vill Loft no uewen...
Dobei muss ech zougin, dass ech wieklech net an der Positioun sin fir dat Ganzt elo groussarteg ze bewerten. Dofir sin meng Gedanken méi allgemeng gefaßt. Also Reformen hin oder hir, ech mengen et gett Zeit fir eng Bildungsrevolutioun: en neit Zesummenliewen teschent Schüler an Profen, an ganz nei Léiermethoden!


Kritik, Zoustemmung oder sos iegendwelch Gedanken zu desem Artikel? Dann w.e.g. kommenteiren!




Ären Wiederfräsch aus Köln



Mittwoch, 15. Mai 2013

MARVEL Serie!

Do surfen ech ganz gemiddlech op IMDb a waat spréngt mer an d'Aae? En Trailer fier eppes waat mat "S.H.I.E.L.D." ze dinn huet. Ganz hysteresch drecken ech drop a stelle fest dass et kee Film ass, mee eng Serie! D'Haaptroll spillt eisen geliebten Agent Coulson, deen an all Marvel Film vun de leschte 6 Jooer d'Superhelden zesummesammele komm ass fier se fier d'Avengers ze rekrutéieren. Hei den Trailer:



Wann ech kucken waat fier qualitativ héischwerteg Filmer MARVEL an de leschte Jooren an de Kino bruet huet, an daat mat der momentan allgemeng héischer Laat u Qualitéit bei Fernsehserien kombinéieren, hoffen ech wierklech dass dës Serie sou awesome gëtt wei een daat vu Marvel erwaart! Intressant ass och den Aspekt dass d'Haaptroll net vun engem Superheld gespillt gëtt, wubäi de Coulson an eisen Herzer e ganz spezielle Superheld ass ;)

Daat Bescht dorun ass dass d'Serie fier den Hierscht vun dësem Jooër ugekënnegt gouff, deemno musse mer guernet mei laang waarden! Subaal ech mech eenejermoossen rageschafft hun wert ech da wuel en Serien-Tipp driwwer schreiwen! Schreiwt mer an d'Kommentarer waat der äerch alles erwaart vun der Serie! Ech perséinlech ka mer storytechnesch nach net ganz vill vierstellen, an freen mech einfach op eng spannend Serie!

bis dohin,
stay tuned.



Dienstag, 14. Mai 2013

Léiff Primaner...

Haut war et souwäit: d'Primaner aus dem Land hun hieren (hoffentlech) leschten Schouldaag oofgeschloss an setzen sech lo an d'Startlächer fier déi éischt Examen ze schreiwen, an d'Proffen bei den Oralen ze iwwerzeegen dass se hier Matière beherrschen. Wei all Jooer em dës Zeit gett op Facebook eng opgefouert dass et dach esou dermoossen vill ze léieren ass, an déi éischt Leit fänken schon u mat kräischen ;) Dofier hun ech mer geduet ech schreiwen eppes klenges fier äerch opzemonteren an ze motivéieren!

Wärend all senge Jooren am Lycée kritt een emmer an emmer rem gesoot dass daat momentant Jooer daat wichtegst vun allen ass; deelweis aus den dëmmste Grënn, Fakt ass awer: d'Première ass et (oh Wunder...). Well een dee Saatz no 7 Jooer awer nëmmei heieren kann, gëtt daat Ganzt nach e Bëssen verdéifft an d'Examen gin an all Detail beschriwwen, an et soll engem "Angscht" gemaach gin, fier dass ee Respekt fierun den Examens de fin d'études secondaires kritt (deen een natierlech och soll hun). Waat een awer net gesoot kritt, sin dei flott Saachen an witzeg Detailler dei engem wärend der Zeit widdefueren.

Den éischten Examen ass bekanntlech DEN Zidder-Examen, well all Mensch mega nervös ass, an net weess waat en erwoat... ech sooen äerch waat äerch erwoat: Eng onwarscheinlech Mënschemass dei sech, eng hallew Stonn fierun der Zeit, gleichzeiteg an de Festsall quetsche wëll, e Kameidi wei wann et gratis Béier géiff gin, an Proffen déi ierch net kennen an dei der nach nie haat, dei äerch erwaardungsvoll ukucken, fier net starren ze sooen. Huet sech dann all Mensch versammelt, hällt den Direkter en Ried vu wegen vill Gléck, wéi wichteg den Examen ass, an dass der hee sollt stolz maachen! Direkt duerno gidd der Zeien vun engem Phänomän deen sech ALL Jooer, em genee dës Zeit, wärend der ganzer Examenszeit, ALL Daag widderhëllt, dem Häer Direkter seng "Fuddel net"-Ried, dei ongeféier sou geet: (souwäit ech mech erenneren...)

"Gudde Moien alleguerten de Premiereschüler. Ech erkläeren nach eng Keier, uewen lenks kennt äer Nummer, daat ass L - G - E  (ausgechwaat ÄLL GEE EEH) d'Sectioun an dann 1 oder 2 an dann e Strëch an dann äer Nummer! An wann ech gelifft schreiwt do NET äere Gebuertsdaag oder Numm hin, mer haaten emmer scho Leit dei dat gema hun. Ech widderhuelen dass et verbueden ass ierjendeen elektroneschen Apparat hei bannen ze hun, also keen iPhone, iPod, iPad oder soss eppes fier ze Knäipen, wei zum Beispill en Handy, e Spickzettel an e Knapp am Ouer! Droot w.e.g äer Jacketten raus wann der se net braucht. Ween erwëscht gett beim Knäipen krit NULL EENT an fier deen ass den examen GELAAF, hu mer eis verstaan? Sou, haut schreiwen d'Sectiounen [Buchtsab] d'Fächer [Fach] an d'Sectiounen [aanere Buchstab] d'Fach [aanert Fach]. Ech sooen äerch Villmol Merci, a BONNE CHANCE!

Speidsdens noom drëtten Daag kënnt der daat net mei héieren, an wert nëmmen nach d'Aaen verdréinen; waat awer op kee Fall eppes schlechtes ass: an der Zeit kënnt der äer Nervositéit bezähmen, oder der laacht driwwer wéi deen Abschnitt gekonnt all Daag genee sou opgesoot gëtt ;)

Net ze vergiessen sin Detailler wéi "op d'Toilette gooen" an "de Pritt siche gooen". Ween op Klo muss, dee geet net einfach mol sou op Klo, nee nee! Ween onbedingt muss, dee muss duerch de ganze Festsall, bis vierhin bei d'Bühn laafen fier de Schlëssel vun der extremst iwwerwaachtener Toilette (an eisem Fall de feinen Häer mat de Rastaen aus dem Sécrétariat) sichen ze gooen, an dann neess da ganzen Wee zreck fier de Festsall ze verloossen... noom Geschäft widderhëllt sech dei ganz Prozedur dann fier dass och wierklech de leschte Blani matkritt huet dass DU pisse wars! Genial ;D

Subaal dann gesoot gëtt "et sin nach 5 Minuten" ensteht eng Panik vu wegen "Oh mei Gott ech brauch Pritt!"; et muss een neemlech säi Numm op der Farde zoupeschen. Gnädegerweis stinn vier op der Bühn ca.3 Pritten fier dei ronn 220 Schühler, sou dass en genialen Stau bei der Bühn entsteht, an vill Leit duerch daat gazt Gedrängels nach baal hier Farde un d'Bühn pritten, herrlech!

Déi rechtlech Detailler musst der dann schon selwer erliewen. Aus eegener Erfahrung kann ech sooen dass d'Examen nëmmen hallew sou wëll an fuerchtbar schwéier sin wei se am Jooer ugekënnegt gin, an d'Proffe si bei wäitem méi Hëllefsbereet wéi een daat sou gezielt kritt! Ech hoffen der hudd e bësse geschmunzelt an déi grouss Angscht huet sech bëssen geluet: ech kann nëmmen nach eng Keier widderhuelen dass et am Liewen wesentlech méi, wesentlech méi schwéier Saache gin, wei dee Mount deen äerch befiersteht!

Dann bleiwt nëmmen nach ze sooen: BONNE CHANCE, may the force be with you!

bis dohin,
stay tuned.

PS: noom leschten Examen sidd der gefällegst alleguer am Pitcher!!







Montag, 13. Mai 2013

Youtube wert kaschten, gudd oder schlecht?!

Keng Panik! Youtube selwer wert net kaschten; heibei geet et mei em d'Abonnéieren fier Kanäl, mee loosst eis neicht iwwerstierzen - fenke mer ganz vier un:

Fierun e Puer Deeg huet YouTube annoncéiert dass se eventuell den Benotzer d'Meijlechkeet werte gin Suuen dofier ze frooen dass een hiere Kanal abonnéiert. Déi éischt Reaktioun, vu ganz ville Leit, dorop ass natierlech dass daat komplette Blödsinn ass, dass de Site ausstierwe wert an dass "YouTube souwisou schon emmer Schäiss war" oder dass "se et net laang duerch werten zéien well se faillite gin". Un dësem Punkt muss ech antrieden an ganz haart ruffen: STOP!

Youtube ass kee Grompereveräin deen einfach mol aus heiterem Himmel décisiounen trëfft, ouni sech Gedanken iwwert d'Konsequenzen ze maachen (och wann een bei de ständegen Designwiessel deen Androck heiansdo kritt). Nëmme well YouTube daat annoncéiert heescht daat net dass, sou wei all Mensch sech daat lo direkt vierstellt, ALL Kanal kaschte wert an een nemmen nach crappy Saachen vu Leit wei du an ech kucke wert kënnen. Déi grouss YouTuber dei sech lo schon, ouni Suuen fier hier Videos ze frooen, eng gëlle Nues verdingen an/oder gudd iwwert d'Ronnen ze kommen ouni e "richtege" Beruff ze hun, sin warscheinlech och gescheit genuch hieren Kanal weiderhin gratis ze loossen. Ech géiff also net direkt ufänken mat kräischen, dei gudd Videos déi der bis lo gekuckt hudd, werten och an Zukunft gratis bleiwen. Villmei interessant kéint de nächste Punkt sin:

Wärend vill Leit sech lo schon doriwwer beschwéieren, obwuel et bis elo nëmmen eng Idee ass, gesin ech daat Ganzt éischter positiv. Wei ech schon fierun e Puer Wochen erwähnt haat, ass den Internet fier vill Leit en Fernsehersatz gin, an op mannst grad sou wichteg wann et drëms geet Informatiounen ze erhaalen/entertained ze gin. (Hei de Post: LINK ). Mee eppes ongerechtes huet den TV ëmmer nach un sech: net jiddereen op der Welt kann alles kucken. Mer Europäer sin quasi gezwongen eng TV Serie wei "Game of Thrones" oder "Dexter" um internet piratéiert ze kucken, oder 1-1,5 Jooer ze waarden bis d'Serie dann endlech hei op DvD/Blu-Ray rauskennt, wärend d'Kollegen aus dem USA locker lässeg eng Folg no der Aanerer genéisse kënnen.
Lo wou YouTube dei Idee annoncéiert huet, hun ech eng Visioun dass Gruppen wei HBO an ShowTime an abc sech dozou décideieren e YouTube-Channel opzemaachen, dee pro Mount e klenge Betrag kascht, sooe mer zB 5-10 Euro. Op hierem Channel kéinten se dann ganz Episoden uploaden, e bësse Suuen domat verdingen, an sëcherlech d'piratéier-Unzuel roofsetzen (ech géiff gäeren bezuelen wann ech dofier eng Serie an HD bequem um Internet kucke kann, ouni mer Suergen iwwert e stabile Stream mussen ze maachen). De Fierdeel un dësem Konzept ass ganz klooer dass een e Kanal rem désabonnéiere kann, zB wann een an d'Vakanz geet oder eng Staffel vun enger Serie grad riwwer ass.

Och fier Studenten wier daat eng relativ cool Saach: et muss een sech keen Fernseh-Uschloss leeschten, e Fernseh muss dann och mol net onbedingt an d'Wunning, a wann d'Suue grad knapp sin, dann bestellt een daat Ganzt rem oof, méi einfach geet et net! Mee vielleicht ass déi Visioun ze fiktiv, ech weess et net; wann ECH e Fernsehsender wier, an vermeide wëll dass Millioune vu Leit meng Serien priateieren, an domat der Branche schueden, da géiff ech e YouTubeChannel fier eng richteg gudd Idee haalen! Ech géiff warscheinlech souwäit gooen dass all Serie sein eejenen Channel kritt, sou kann een d'Abokäschten nach weider roofsetzen.

Natierlech misst een sech dann bei all deenen HD Videos eppes afaale loossen fier dass een se net kann mat engem Download-Tool ka rooflueden, mee daat ass héchstwarscheinlech de geréngste Problem.

Waat haalt der dovun? Wier daat eng gudd Idee? An wei stidd der allgemeng zu der Idee vu YouTube? Schreiwt e Kommentar hei ennen drënner, oder op Facebook!

bis dohin,
stay tuned.



Sonntag, 12. Mai 2013

Movies: Safe Haven

D'Roxanne war sëch de Film "Safe Haven" ukucken, an zielt eis wei et de Film fonnt huet! Enjoy:

Safe Haven - by Lasse Hallström

Infosite mat Traileren a Biller

5 Meedecher an 2 Jongen. E klengen spontanen Kino-owend. Daat wou organiseiert geheit mol iergende Film an de Raum, di aaner sin anverstaanen, amfong zimlech egal weieen Film et ass, haaptsaach et trefft een sech an geet een herno nach « gudd » an de Coyote iessen. Klassech.

Do setzen ech dann mat mengen geilen tortillas, ech wees absolut neicht iwert de Film, kennen knaps den Titel, hun keen Trailer gesin an wees mol net ween matspillt, waat amfong zimlech ni de Fall ass.

Trailer:


De Film fenkt un, eischt info : et ass ob enger Geschicht vum Nicholas Sparks baseiert. Kuerz iwerleeung ween de Film ausgesicht huet... natierlech e Meedchen an natierlech hun all di aaner Meedecher neicht dogeint gesoot. Soit, 115 minutenlaang e Schnulzefilm, soen mer datt all aaneren Film, ausser Twilight, emmer besser komm wier.
Wou ech bis dem Josh Duhamel sein Numm gesin hun wuar rem alles besser, weinstens konnt ech iergendeppes am Film nach geneissen, och wann seng koomech Hawaï-hiermer net daat eroteschst vun der Welt wuaren.
Drett Iweraschung : d'Cobie Smulders (Robin bei « How I met your Mother ») spillt mat. Meng  Reactioun : wtf ? Zimlech ongewinnt d'Cobie ausserhalb vun New-York ze gesin, an engem Besch oder ob der Plage.

Di Fro wou ech mech lo stellen : Ab weini kann en Film als schlecht bezeechent gin ?
Ech gin aerch anhand vun Safe Haven daat perfekt Rezept.
E Framensch, Katie gespillt vum Julianne Hough (wou ech bis lo nach ni gesin hun ausser an Burlesque) leeft vun Boston an fierun engem Polizist (David Lyons) wou zimlech psycho schengt fort, wou eppes ganz spanndendes an schlemmes geschitt ass an verstoppt sech an engem klengen Fescherduerf an North Carolina. Trotz deier ganzer Aventure huet et awer sein deemlecht Laachen am Gesiit an leiert de scheinsten Tipp (Josh Duhamel) am Duerf, deen seng Fra verluer huet 4 Joer fierdrun an mat sengen 2 Kanner lierft, direkt den eischten Daach kennen. Den Hannergrond ass traumhaft. Do hun ech schon mein eischten « schwuuul » duerch de Sall missen ruffen.
Di ganz eischt halschent vum Film geschitt absolut NEICHT. Ausser dass Ken an Barbie sech kenneleieren an sech flott fannen. Ausserdeems leiert d'Katie seng Noopesch kennen, d'Jo gespillt vum Cobie Smulders, wou koomecherweis nach ni een am Duerf vun deier Fra geschwaat huet.
D'Katie huet sech iergendswou am Besch en Haus kaaf fier datt et net fonnt kann gin vun der Police, et färt fier sein Lierwen an et versicht sou vill wi meiglech sech vun Leit oofzegrenzen (am Ufank emol), dofier schleift d'Maus awer mat den Fensteren grouss ob. Wou et fortgelaaf ass haat et knaps e Rucksaack dabei an et huet awer all Daach en freschen,propperen an neien Outfit un. Ech wees, et geet em d'Liebesgeschicht mee e minimum Logik wier amfong erwenscht. Gett neicht schlemmeres wi e schlechten Film an d'Leit nach fier blöd ze haalen.
D'Katie huet keng eng Emotioun am Gesiit, dem Duhamel seng Kanner sin daat seisst waat et gett, an den Niveau vun de Conversatiounen geet wierklech net an d'Deift.


No dem Sparks sengem Notebook sin all seng aaner Filmer zimlech d'Baach eroof gaangen. Ech gin selwer zou datt ech bei Notebook zum Schluss d'Treinen fleissen geloos hun, waat awer schon nemmi de Fall bei Dear John an nach manner bei Safe Haven wuar. Geiff soen datt d'Schauspiller och bei de Sparks-Filmer eng grouss Roll spillen. Ryan Gosling an Rachel McAdams haaten perfekt beieneen an bei hier Roll gepasst. Den Channing Tatum an d'Amanda Seyfried wuaren haaptsächlech fier den estätheschen Deel wichteg, ween keinnt deenen 2 dann schon widderstoen ? Mee Hough an Duhamel... hun ech nach emmer net verstaanen. D'Hough ass eng 0815 kleng Blondin an den Josh en tippeschen groussen, brongen, flotten Mann. D'Alchimie zweschen deenen 2 wuar null, kruut net eenmol d'Gefill datt se verleift wieren.

Natierlech sin dem Sparks seng Geschichten emmer fieraussehbar, an konnt mer schon an der halschent vum Film de Schluss denken.
(Spoiler-Alarm, in case you care)
Den Flic war dem Katie, wou amfong Erin heescht, sein Mann wou gaeren ze deif an d'Glas kuckt, an wou versicht huet hat emzebrengen. D'Katie/Erin huet em dunn de Messer an de Bauch gestach an ass fortgelaaf. Natierlech huet en iwerlierft soss wier et jo net witzeg. Soit, heen fennt hat erem, versicht hat erem emzebrengen, verbrennt dem Alex (Duhamel) sein Haus an kritt schlussendlech eng Kurel an de Kapp geschoss vum Erin wou et sech verteidegt huet. Voilà Happy End.
Mee waat huet d'Cobie Smulders dann am Film verluer ? Drumroll... et wuar dem Alex seng Fra . Wi kreativ. D'Cobie wuar also de ganzen Film laang eng Illusioun. Waat mer mei Angscht gemaach huet ass wou daat erauskomm ass, d'halschent vun den Leit am Sall « weeeiii ? » gepespert hun. Well net wessen waat se alles bei Inception net verstaanen hun wann se hei schon net no komm sin.

Fazit : et huet mer richteg wei am Herz gedoen 8€ fir soue Film auszegin, an wenschen kengem Jong vun senger Frendin oder Date an deen Film gezunn ze gin.

D'Roxanne gëtt dem Film 3.5/10 op der berühmter Ulmerich-Skala, awer nemmen well den Josh dobei war!

bis dohin,
stay tuned.



Samstag, 11. Mai 2013

Kreativiteit?

Ouni Wierder... waat der Däiwel??



bis dohin,
stay tuned.



Donnerstag, 9. Mai 2013

Musik-Tipp: Oli Brown

Musik; se begleet eis duerch den Daag, iwwerall heire mer se, se ass en Hobby, se hëlleft eis ze entspaanen, se hëlleft eis Aggressiounen oofzebauen, an se hëlleft wann et drëm geet uerdentlech ze feieren. Mat deem onwarscheinleche Breede Choix u Musik ass et scho baal e Wonner dass sou gudd wei all Mensch seng Lieblingsband fonnt huet, an d'Songtexter vun onzielege Lidder auswendeg kennt. Mee oft deet een sech schwéier sech mat enger neier Band an/oder engem aanere Stil unzefrënden, oder et geet een net wäit genuch bei "manner bekannt" Artiste wullen, an dobei kann ee verdammt vill gudd Saachen verpassen, wéi eben och de jonken Häer deen ech haut vierstellen: Oli Brown!

Den Oli ass nach relativ jonk an zielt zu DEN Musiker a sengem Land, an lues awer sëcher och emmer mei an Europa; net fier näicht huet heen de Präis fier beschten Nowuessmusiker gewonnen, an zesummen mat senger Band de Präis fier déi bescht Nowuessband. Genre-technesch bewegen heen a seng Band sech am Blues an/oder Rock, an deem richteg vill Power drastëcht an een d'Motivatioun quasi raushéiere kann! Bis elo huet en 3 Alben released, op dei ech lo direkt e bësse mei genee agooe wert.

A sengem éischten Album "Open Road" spillt en nierft sengem Cover vun "Black Betty" haaptsächlech pur Blues-Stécker, an sou kritt d'Wierk déi typech (ech wëll scho baal clicheehaft sooen) Bluesstëmmung; e bëssen däischter, ugecrunchten Sound, an Lyrics dei sooen "et ass komplizéiert". Trotzdem ass et keen depressiven Album: hee brengt et färdeg daat Ganzt e bëssen opzepeppen, mee trotzdem deem Genre trei ze bleiwen. Zwee vu menge Favoriten vun dësem Album sin "Stone Cold (Roxanne) an "Shade of Grey".








Stone Cold (Roxanne) : LINK
(dëst Lidd huet eng eenorm Steigerung waat d'Energie ugeet)
Shade of Grey : LINK
(dëst och :p )
Black Betty : LINK






Noo sengem Succès mam éischten Album huet en sech dann mat "Heads I Win Tails You Lose" getraut, daat waat den Autonormalverbraucher als "Blues" kennt, nach e gudd Stéck mei opzepeppen, an deen liichten depressiven Flair, deen d'Musik heiansdo mat sech brengt, wesch ze zauberen. (En plus ass en hei vun senger Emo-Frisur op mei lebevoll Krauselen iwwergaang, klenge Fun-Fact). Wei ech scho soot, ass den Album mei peppeg wei den éischten an och wesentlech mei fréilech, wéi een un Titelen wéi "Real Good Time" an "On Top Of The World" mierkt. Och op dësem Album gin et rem 2 Coveren, daat wieren de Klassiker "Fever", an d'Hiphop-Lidd "No Diggity", waat wierklech gudd gelongen ass! An nierft dësem Hiphop-Cover, sin "Not A Word I Say", waat eng eenorm steigerung huet, an"On Top Of The World" meng Favoriten.







No Diggity : LINK
Not A Word I Say : LINK
On Top Of The World : LINK



D'Lescht Jooer ass dunn säin drëtten, a menger Meenung no, beschten Album rauskomm! "Here I Am" heescht en, an genee daat ass och Programm! Vu vier bis hannen seet den Album "hei ass meng Musik, deal with it!", oder, fier en mat senge Lyrics auszedrecken: "I tried to be no Jimmy oder Stevie, I want to be my goddamn self". Allgemeng géiff ech dësen Album mei als Bluesrock gezeechnen; en huet vill Stécker dei wierklech gudd oofgin, an gudd Laun brengen, bzw et engem schwéier maachen roueg sëtzen ze bleiwen! Natierlech fënnt een och typech Bluesballaden wei "I Love You More You'll Ever Know"; mee am Allgemengen fillt et sech fier mech un wei wann den Oli seng eeje Richtung kréeiert huet an verdammt vill Spass dobei huet! "Here I Am", "Remedy" an "Devil In Me" sin absolut genial Stécker, menger Meenung no!








Here I Am : LINK
Remedy : LINK




Wann den Oli eleng mat senger Band ennerwee ass, dann gin se haaptsächlech Concerts an mei klengen Locations, zB gréisser Caféen an kleng Haalen; dat passt awer perfekt bei heen a seng Musik. Dei meeschtens heemlech Athmosphär bauen zesummen mat sengem Charme an Witz eng wierklech flott Show op! Enplus ass heen zimmlech bodenständeg an beschäftegt sech fierum, wärend an noom Concert mat senge Fans. (Ech hun zum Beispill all seng Alben signeiert, souwei meng Telecaster um Kapp ennerschreiwe gelooss)

Bleiwt just nach ze sooen dass den Oli Brown warscheinlech een vun DEN Nowuessmusiker ass an sëcherlech och wert bleiwen! Seng CD's gin et op Amazon ze bestellen, souwei fier 9 Euro pro CD op iTunes roofzelueden, oder der léint äerch se bei mäer ;) Ech hoffen dësen Musik-Tipp huet äerch gefall, a wann jo, da géiff sech den Oli sëcher iwwert eng Visite op senger Facebooksäit freen -> LINK



bis dohin,
stay tuned.



Mittwoch, 8. Mai 2013

Eddi Erd, Hallo Mars?

Nodeems ech fierun e Puer Deeg folgende Video gesin hun:



si mer eng Rëtsch Frooen nemmei aus dem Kapp gaangen! Klooer, et wierkt lo nach sou weit wesch, an an 10 Jooer kann nach vill gescheien (wann een eleng kuckt weivill d'Technologie sech an de leschte 5 Jooer entweckelt huet, mat nach steigender Tendenz), mee aanererseits sin 10  Jooer mei séier riwwer wei ee kucke kann!

Mee wann een d'Kommentarer vum Video sou ukuckt, da sin do wierklech vill Leit dei et schengbar net erwoade kënnen sech freiwëlleg fier dee Projet ze mellen; net ze vergiessen dass de Video "How to die on Mars" heescht. Et geet eemol dohin, an do bleiwt een dann och bis un d'Enn vu sengem Liewen, sollt alles no Plang laafen an mer et wierklech ierjendwei färdeg brengen do uewen eppes ze bevölkeren. Da frooen ech mech: leit deene Leit da wierklech neicht un hiere Frënn an hierem, bis dato, relativ sëcheren Liewen, dass se et einfach sou "weschgeheien"...

Ech perseinlech géiff mech do net mellen, mee daat Ganzt erennert mech un eng Froo dei e Kolleg mer eng Keier gestallt huet:

Wann et meijlech wier, weivill Jooer vun dengem Liewen op der Erd géiffs du opferen fier an enger Kapsel duerch de Weltraum ze fleien, an, je nodeem weivill Jooer dasste opfers, doduerch onendlech vill genial an faszinant Saachen gesin?

Dozou sierf gesoot dass daat net mat richteger Zeit funktioneiert, mee een zB fier 20 Jooer direkt bei dei nächst Galaxy keint transporteiert gin, an fier 40 Jooer eben NACH mei wäit, an sou weider...

An daat ass dann och d'Kommentarfroo vun haut! Weivill Jooer geifft der opferen? A wei stidd der zum deem Mars-Projet?

bis dohin,
stay tuned.






Dienstag, 7. Mai 2013

Alles voller Tipps!

Fierun ca. 3 Wochen hun ech iwwert d'Serie "Arrow" geschwaat, an se als Serien-Tipp vergestallt. Seitdem frooe mech ëmmer nach ab und zu Leit fier Tipps waat se kucke sollen, sierf et am Kino, op Dvd, oder eng Serie; spontan faale mer nie immens vill Saachen an, an sou muss ech meechtens enttäuschen well dei Saachen dei ech eng Keier als "Geheimtipp" oofgestempelt haat, net mei sou spontan a mengem Kapp optauchen...

Fier deem Problem an Zukunft aus de Féiss ze goen, wert ech hei um Blog lo 2 nei Rubriken aféieren. Nierft dem Serien-Tipp, wert ech zukünftlech och den Film-Tipp an de Musik-Tipp regelméisseg schreiwen.

Beim Film-Tipp schreiwen ech quasi eng Review zum Film an wert natierlech och erkläeren op weieng Saachen ee speziell soll oppassen. En plus wert ech natierlech och verroden fierwaat grad dee Film kuckenswert ass an/oder fierwaat een en sech net entgooen loossen däerf. Ech hun den Androck dass ëmmer mei Leit sech fier de Kino asw. interesséieren, oder et sëch am Allgemengen mei oft gönnen e Film ze kucken, an sou bidd daat hei dann eng gudd Meijlechkeet och rem e Puer mei aal Kamellen ennert d'Leit ze brengen. (En plus verstinn d'Leit da vleit mol dei eng oder aaner Filmreferenz, mat der ech well ugin oder e Witz maachen; da gin ech nemmei ugekuckt wei en Autobus :p )








Beim Musik-Tipp wert ech, oh Wunder, en Artist oder en Album vun enger Band vierstellen! Oft wann Leit bei mer am Auto matfueren heescht et zur Musik: "oh, ween ass daat?" an "kennen ech net". Meeschtens sin se awer recht begeeschtert vun der Musik, an sou hun ech dann schon un e Puer Leit Geheimtipps weidergin. D'Musik dei ech wert vierstellen wert zu 99.99% Guitarlasteg sin, an sech am Domaine Blues/Rock bewegen, waat awer kengesfalls e Synonym fier Langweileg ass, an definitiv ralauschtrenswert ass ;)

An lo zur Kommentarfroo vum Daag: Wéieng ass deng/dein lieblings Band/Musiker, a fierwaat? Schreiwt e Kommentar hei,  oder op Facebook!

bis dohin,
stay tuned.



Montag, 6. Mai 2013

Spotlight: RayWilliamJohnson

Am 4ten Deel vu mengem klengen Guide zu YouTube stellen ech Ierch en recht bekannten YouTuber vier, deen gleichzeiteg awer och onbekannt ass! Entweder et kennt een e schon eiweg, oder et huet een na nie eppes vun em héieren: de Ray William Johnson.

Waat genee heen a senge Video mecht, ass ganz einfach ze erkläeren: eemol pro Woch sicht heen sech 3-4 Videos raus déi a leschter Zeit zimmlech populär waren an/oder fier vill Opreejung gesuergt hun, an stellt dei Video da vier. Daat Ganzt gëtt verpaak mat sengem ganz eejenen Humor, an mei genauen "Analysen" iwwert dei jeweileg Videos! Klengt banal, ass et amfong och! Mat engem zackege Schnatt an ouni iwwerflësseg Szenen bidd heen domat eng kompakt "Wochenschau" iwwert 3 (meeschtens witzeg) Videos.

De gudde Mann ass net der gréisster een (I know that feeling bro...), an wou heen fierun wierklech laanger Zeit ugefaangen huet dës Videos ze maachen, war e Groussdeel vun de Kommentarer beleidegend, weinst senger Gréisst... Metlerweil mecht hee selwer de Geck domat an huet domat en zimmlech groussen Insider-Witz geschaaf, an e léisst absolut keng Gelehenheet aus de Geck domat ze maachen. An genee daat fannen ech faszinant un senge Video; net nëmmen peekt heen seng kleng Show voll mat witzege Sprëch an Tëschesequenzen, mee heen huet eng "fuck the haters"-Attitude Entweckelt an léisst sech vu kengem eppes gefaalen, an mecht waat him gefällt. Hei mol e Video fier dass der äerch e Bild maache kënnt:


(den drëtte Video deen e weist ass fier mech den Highlight :D )

Allgemeng muss een sech mengen ech e bëssen un säin Humor gewinnen, en ass menger Meenung no relativ britesch ugehaucht, obwuel heen Amerikaner ass. All Dënnsten kënnt en neie Video wou en rem 3 nei Videos vierstellt, a wei der gesidd, dauert eng Folg net immens laang; ideal fier also eemol d'Woch déi neist Hits vu YouTube matzekréien a mat deem ganzen Wëssen kënnen unzegin ;) Hei kennt der den Channel besichen an abonnéieren:


Hei geet et bei der aaner Deeler vum Guide: http://svenspov.blogspot.be/p/youtube-guide.html Am nächsten Deel gi mer dann rem an e méi gescheiten Channel luussen, wou een nawell mei wi nëmmen e puer Klengegkeete leieren kann!

bis dohin,
stay tuned!





Sonntag, 5. Mai 2013

Video um Sonnden!

Vu dass de Freide kee Video do war, muss daat io baal nogeholl gin! Dës Woch ass et en Video Tribute zum Spill "Portal" an/oder "Portal 2", waat alle béid zwee vun de Beschte Spiller sin déi een a senger Sammlung kann hun; absolut empfehlenswert, suguer fier Net-gamer. Enjoy!



(Enplus ass mega gudd Wieder, do wëll dach souwisou kee vill  liesen!) Moa schreiwen ech warscheinlech den nächsten Deel vum Youtube-Guide...

bis dohin,
stay tuned.



Samstag, 4. Mai 2013

Ass d'Muecht mat Disney?

Fier unzefänken wënschen ech jidderengem e schéine véierte Mai, och bekannt als de Star Wars Daag..."May the 4th be with you". Wéi sëch rausgestallt huet war ech net den eenzejen Batti deen sech geduet huet dass daat e coole Facebook-Status wier; gleichzeiteg hun ech och Saachen wei "may Disney be with you" an "de 4te Mai ass nemmei daat selwescht mat Disney" gelies. Falls der et net matkruut: Disney huet d'Star Wars Universum opkaaf, an sou läit d'Zukunft vun dëser legendärer Saga an hieren Hänn.

Vill Leit gesin doran e grousse Problem. Se befierchten dass dei, säit neistem ugekënnegt "Episode VII" total an de Sand wert gooen, an déi ganz Franchise kannerech wert ausgesin, an domat och vu sengem Charme verléiere wert. Aanerer fäerten ganz einfach dass d'Story miserabel gëtt well se sech net kënne vierstellen dass do neicht mat den Hooer erbei gezunnenes entsteht. Mee wéi berechtet sin dei Uschëllegungen, a fierwaat mengt de gros dass et an de Sand geet?


Dozou soll als éischt emol gesoot sin dass Disney lo net déi schlëmmste Firma ass dei een sech hätt kënne vierstellen; de Gros vun eise Kandheetsfilmer an Serien sin aus der Fieder vun Disney entstahnen, genee sou wéi eng gudd Rëtsch wierklech gelongenen
Kinosfilmer. Och wann Saachen wéi "High School Musical" d'Meenungen zu Disney wäit auserneen drécken, derf een net vergiessen dass, wann Disney dann lo deen 7ten Star Wars Deel mecht, wuel kaum een Dude eleng um Set sëtzt an alles mat Disney-Anekdoten vollklaake wëll.

Fun Fact: Fierun 4 Jooer huet Disney Marvel opkaaf, fier schlappe 4 Milliarden Euro. A weieng Filmer hu mer oder wärte mer ënner aanerem säit deem gesin? Richteg, Iron Man 2, Tron, Captain America, Thor, X-Men,The Amazing Spider-Man, The Avengers, Iron Man 3, Thor 2, Captain America 2, The Wolverine, The Avengers 2, etc. Ech weess net wei äerch geet, mee ech sin der Meenung dass Comic-Verfilmungen an de leschte Jooeren immens gudd gi sin, an och wierklech immens beléifft, bei enger breeder Sparte vu Leit, gi sin! An daat alles "obwuel" Disney seng Fanger mat am Spill huet! Net ze vergiessen dass och déi recht erfollegräich "Pirates of the Caribbean" ënnert der Hand vun Disney läit!

Wéi ech schon uewe soot wäert wuel kaum een Dude vun Disney alles eleng um Set bestëmmen. Ech sin iwwerzeegt dass den George Lucas och nach daat eent oder aanert Wiedchen matschwetzen däerf, an op Disney eng komplett nei Crew organiséiert sierf och mol an de Raum gestallt. Ëmmerhin hun io schon 2 Veteranen aus der Star Wars Saga zougestëmmt rem am neie Film opzetauchen, waat sëcherlech och scho mol e Puer Sympathiepunkte fier Disney bréngt.

Do kënnt mer grad e Gedanken: lo wou Marvel, an domat all eis geléifft Superhelden, ennert enger Decken mat Star Wars sëtzt, kéint een dass ganz einfach dei 2 Welten fusionéieren, an domat DE Film vum Joordausend maan! Se wäerten schon ierjendeng abgespaced Method fannen wei daat Zeitlech alles passt... sie hun io schon am Avengers mat Wormholes geschafft ;D A wa mer kee Film kréien, dann w.e.g winnstens e Spill fier egal weieng Konsol! Oh Gott ech hu spontan sou verdammt vill Ideen waat een alles kéint realiséieren, a weieng Kombinatiounen meijlech sin! Stellt äerch en Iron Man fier, deen nierft all senge Spillereien, och nach eng Art Laserschwert aus sengen Hänn enstooe léisst! Oder e Boba Fett deen mam Tony Stark kooperéiert an sein eejenen Suit kritt! Oder en Chewbacca deen d'Fähegkeete vum Hulk kritt! Oder oder oder... Kléngt dann awer méi no engem Videospill wéi no engem storytechnesch logeschem Film ;)


Bon, zréck aus der Fantasiewelt...
Fakt ass: Disney huet verdammt vill Suuen, an hannert sou enger erfollegräicher Firma wert wuel kaum en Trupp voller Blödianen sëtzen déi eng Franchise no der Aanerer opkaafen an se Schäiss ausgesi loossen wëllen. Donierft: déi meescht Star Wars Fans werte mer zoustëmmen dass dei 3 éischt Filmer bei wäitem besser sin wei di 3 Neisten, an dann kann ech just sooen: waat ass ze ferten? Disney kann et just besser maachen an eventuell rem e Film kreéieren op deen d'Fans stolz sin! D'Hoffnung ass op alle Fall do!

Ech perseinlech gesin daat ganzt manner wëll, wann net suguer éischter Positiv! Duerch dee ganzen Opkaaf gin der Franchise vill nei Meijlechkeete gebueden, sierf et duerch nei, jonk Ennerstëtzung am Team, oder duerch dei grouss Kéipp vu Suuen dei nëmmen sou fier Special Effects verballert kënne gin!

Wéi gesidd der daat Ganzt? Freet der äerch op de 7ten Deel, oder wäert der de Kino meiden fier eng ventuell Enttäuschung ze verhënneren? Oder bass du een vun deenen déi de Film kucke gin an duerno jidderengem ennert d'Nues reiwt dass du jo "soss dass en net sou gudd wert sin wei all Mensch mengt"? Schreiwt an d'Kommentarer waat der dovun haalt ;)

bis dohin,
stay tuned.




Freitag, 3. Mai 2013

Kee Video um Freiden

Sorry Leit, haut gëtt et kee Video,
ech war an en Accident verwéckelt an sin, waat e Wonner, zimmlech gesuckt awer soss feelt mer näicht, sin gudd dovu komm, waat een vun deem aaneren Auto net behaapte kann. Ech kruut d'Vierfahrt geholl, bzw deen aaneren huet royalement e STOP ignoréiert! D'Resultat ass eng éischter onimpressionant Téitsch u mengem Pare-Choc an en zerdruddelt Nummerschëld, wouwéi och en futtist Luuteglas. Deen aaneren huet par contre missen oofgeschleeft gin, mei klenge Polo huet et nämlech trotzdem färdeg bruet säi fiischt lénkst Rad ranzedrecken.


Léiert all brav äere Code de la Route, an denkt drun dass e Stop dofier do ass fier ze stoppen, da geschéien Ierch keng sou Saachen...
KommentarFroo vum Daag: Waat ass äere schlëmmsten Accident bis elo?

bis dohin,
stay tuned.