Dienstag, 30. April 2013

And the winner is...

... not me!
Leider ass d'Décisioun vum Gewënner net op mech gefall. Angeblech ass hinnen d'Décisioun awer wierklech schwéier gefall, an et géiff op kee Fall u mengem Talent leien; anscheinend passen ech net gudd genuch bei deen aanere Schauspiller! (Vu dass ech weess waat d'Roll ass, kann ech dës Rejectioun amfong als Kompliment gesin.. der wäert gesin ;) )

Soit, ech gratuléieren dem Randy deen d'Roll kritt huet, an soumat och d'GoPro, déi ech mer wierklech gewënscht hätt! Ech mengen sou no kënnt een enger Gratis GoPro nie méi, déi Chance hun ech da wuel verpasst. Egal, d'Liewe geet weider, an mat mengem Video (deen by the way 8 mol souvill Likes wei den Original op Youtube huet, an d'Viewerzuel gleich iwwerhällt) haat ech vill Spass an eng gudd Beschäftegung an der Vakanz! An och meng (ech kann et net oft genuch widderhuelen) 207 Likes waren e klengt Erfolgserlebnis, och wann daat schlussendlech allem Anschein no iwwerhaapt net mat considéréiert gouff...

Lo ass awer Schluss mat remmaulen an granzen, ab moa geet et hei rem mei normal zur Saach, an daat direkt mat enger Movie Review zu Iron Man 3!! Souvill kann ech scho mol verrooden: de Film ass eepesch :)
(sorry wann der weinst deem hei Bild op Facebook gemengt hudd ech hätt gewonnen :p Dee Spass misst ech mer einfach gönnen)

bis dohin,
stay tuned!



Montag, 29. April 2013

An, wei war et?!

Haut war et endlech souwäit, den Casting vum BGL Concours huet stattfonnt. An der Final waren de Randy, de Bruno an ech. Nodeems daat ganzt op 3 Auer verluet gouff, konnten mer eis e bësse Vierbereeden an haaten dann 4 Challenges ze bestreiten:

1. Ganz kuerz fierun der Kamera resuméieren ween een ass, a waat eis Hobbien sin.
2. Eng Improvisatioun mat engem Thema daat mer fierdru gesoot kruuten.
3. Eis Szene vum Sketch spillen.
4. Begrënnen, fierun der Kamera, fierwaat grad mer d'Rolle kréien.

Stellt sech raus dass dei véiert Aufgab nach baal di schweierst war, wann een eppes konstruktives muss sooen, ouni als Grond "well!" ze benotzen ;) Et war eng cool Erfahrung, mee ech denken dass e richteg Casting warscheinlech nach e Bëssen aanescht oofleeft. Waat mer awer reicht haut gewuer gi sin: et ass net em d'Haaptroll gaangen, mee em eng Nierweroll... daat wosst ierjendwei kee vun eis, an deementspriechend ware mer e bëssen enttäuscht doriwwer, mee bon, et kann een net alles kréien (eng GoPro wier mer scho genuch :D )

(amfong wollt ech eng Foto vum Gebei maachen, mee d'Sonn huet e Strëch duerch d'Rechnung gema!)

Ech perséinlech hun weder e schlecht nach e gudd Gefill wéi et gelaaf kéint sin. Eischtens hun ech dei 2 aaner net gesin well mer aus dem Raum gaang sin, an zweetens hun ech fonnt dass verschidde Critèren beim Punkt 2 an 3 e bëssen iwwerdriwwen waren, bzw een doru gehënnert hun sech op daat wesentlecht ze konzentréieren, a wann se wierklech wëlles hun daat sou ze verfilmen, da kéint daat eng relativ peinlech Opnahm gin... Waat et genee ass däerf ech mengen ech net verrooden, dofier gin ech léiwer kee Risque an, a sooen ierch dass der da wuel woade musst bis de Sketch färdeg ass!

Ween da lo schlussendlech gewonnen huet, an d'Roll kritt, an (vill mei wichteg) d'GoPro kritt, gëtt anscheinend den Owend oder moa de Mueren décidéiert! Natierlech haalen ech ierch um Laafenden!

bis dohin,
stay tuned.



Sonntag, 28. April 2013

Casting! Muer!

Richteg gelies! Muer ass dee berühmte Casting vun der BGL BNP Paribas hierem Concours. Ennert all de Videos dei matgemaach hun, gouffen der 3 Stéck rausgesicht deenen hiere Maacher op de Casting gooen dierf, an do dann d'Roll fier dei nächst Sketcher gewanne kann, an nach uewendrop eng GoPro!

Blabla daat hudd der hei bestëmmt schon 100 mol gelies, ech kann et selwer scho baal nemmei héieren ;). Ee Bedenken hun ech awer: vu dass de Casting op Meindes geluet gouff, hun ech mer geduet dass et eventuell fier dei 2 aaner Kandidaten méi schwéier kéint dohin ze kommen, weinst der Schoul; wou ech dann nach gewuer gouff dass en um 12 Auer Mëttes um Kierchbierg stattfënnt (waat zoufälleg passt fier mech well ech dëse Meinden kee Cours hun), hun ech mer geduet dass d'Chancen dass dei 2 Aaner komme kënnen emmer mei kleng gëtt... schlussendlech ass se Null, dei 2 Häeren hun neemlech allen 2 konfirméiert dass se net komme kënnen.

Doropshin folgende Gedankegang: Wann et als richtege "Casting" gëlle soll, an nëmmen 1 vun 3 ageluedenen Leit optaucht, da kritt déi 1 Persoun io theoretesch d'Roll. Daat wier wei wann ee fier e Vierstellungsgespréich net géiff optauchen - Chance verpasst... Aanererseits gesin ech et awer och sou dass daat ganzt io net wierklech e Casting ass, vu dass sie sech schon 3 Leit rausgesicht hun an sech Live vun hiere Leeschtungen iwwerzeege wëllen, an soumat eventuell den Datum an d'Auerzeit réckelen?

Ech weess net weieng Versioun ech méi fair an/oder realistech fannen, waat denkt der? Schreiwt e Kommentar hei drënner, oder einfach op Facebook :)

Als Oofschloss nach e klengen Bléck an d'Zukunft:
An der kommender Woch erwoaden ierch ënner Aanerem de 4ten Deel vum Youtube-Guide (deen der btw enner dësem LINK nach eng Kéier zesummegefaasst hudd), eng Movie Review zum Film "Iron Man 3", e Guestpost vum Sam Flammang, an en Verglach tëscht Utopolis an Cinébelval!

bis dohin,
stay tuned.



Samstag, 27. April 2013

Spotlight: Vsauce

Deel 3 vu mengem YouTube-"Guide" ass do, an an dësem Deel stellen ech een Channel vier deen sech mat Alldaagsfrooen beschäftegt, an se bis an daat lescht Detail kläert, oder (meeschtens) nach e Schratt mi wäit wi daat waat een sech eigentlech als Änfert erwoad! Dorënner kënne Frooe faalen wei "Waat geschitt wann all Mensch op der Welt gleichzeiteg spréngt?", oder "Weieng Foarw huet e Spijel?" Rieds ass vum Channel "Vsauce"!

Genau wei dei 2 aaner Channels dei ech schon presenteiert hun, post de Michael (sou heescht den Dude deen et mecht ;) ) net all Daag e Video, mee an regelméissegen Oofstänn; aus deem ganz einfache Grond dass dei recherchen dei heen Deelweis mecht fier sou eng Froo ze beänferten wierklech déiff gin, an warscheinlech net sou einfach duerchzeféieren sin. Doriwwer hinaus hëllt de gudde Mann sech öfters mol Hëllef a Rootschléi vun aanere YouTuber wei zB dem Henry vu "Minutyphysic" fier seng Fakten déi en verziele wert, richteg ze hun! Hei mol e Beispillvideo fier dass der e bessert Bild kritt:


(dei berühmt 5-Sekonne Regel, dei och oft "4-Sekonne Regel" oder suguer "3-Sekonne Regel" genannt gëtt)

Wei ech scho soot geet en oft wahnsinneg an den Detail an meeschtens nach iwwert d'Froo eraus, sou dass dei eigentlech Froo schon no engem Drëttel vum Video gekläert ass, an alles waat duerno kënnt ass amfong coolen "Fun-Fact"-Inhalt mat deem een kann uginn (oder och net...) Meeschtens ass daat mei Lieblingsdeel vum Video, well et mech faszineiert weivill een aus sou enger banaler Froo ka rausinterpretéieren.

"Vsauce" ass also en "Alldaags-Wëssenschafts-Channel" deen sou munch frooe kläert dei een sech secherlech schon eng Kéier gestallt huet. Nierft dem Haaptchannel gëtt et nach Vsauce2, wou allgemeng mei däer Fun-Facts an ongleewbar Saachen dokumentéiert gin, an Vsauce3, wou et méi em Videospiller/Apps an/oder Computer-Science geet; et gëtt also fier jiddereen eppes bei Vsauce ;) Hei kënnt der subscriben, vill Spass!


A genee wei de Michael seng Videos ëmmer mat "and as always: thanks for watching" ophällt, haalen ech dësen Deel vum Guide op mat:

bis dohin,
stay tuned.




Freitag, 26. April 2013

Friday is video day!

Et ass rem Freiden an soumat deelen ech een vu mengen Favoriten op YouTube! Dës Keier gi mer musikalesch an gin dobei begleet vum Prince of BelAir... 64 mol iwwersaat ;D Enjoy!



bis dohin,
stay tuned.



Donnerstag, 25. April 2013

Luca's Corner: Klimawandel – en Mythos?

Och haut gëtt et rem uerdentlech eppes ze liesen; Ring fräi fier Luca's Corner!

Am Dezember 2012 huet den UN-Klimagipfel zu Doha stattfonnt wou vill geschwat gouf an wéi sou oft, wann d’Politiker zesummen kommen, immens wéineg dobei eraus komm as. Seit dem Al Gore senger Dokumentatioun “An inconvenient truth” aus dem Joër 2006 hun sech déi Begreffer “Klimawandel” an “Global Erderwärmung” an d’Käpp vun den Menschen gebrannt. Weiderhin goufen eis immens düster Prognosen agetriichtert:  d’Ausstiewen vun den Eisbieren, d’Verschwannen vun ganzen Küsten an Inselen, Milliounen Menschen stiewen un Hongersnout an wéinst Naturkatastrophen, etc... Mee komm mir fenken emol bei der Definitioun vum Begreff KLIMA un!



Den eischten Feeler wou déi meescht Leit emmer maachen as Klima mat (aktuellem) Wieder gleich ze setzen. Klima as definitiv neicht Eegenstänneges oder eppes wat sech qualitativ vum Wieder ennerscheed. Et as neicht aneres ewéi Wiederstatistik, déi iwert en laangen Zeitraum registreiert gouf. Klima as defineiert als statistesch Beschreiwung vum Wieder an Form vun Mettelwerter an der Variabiliteit vun wichtegen Parameteren iwert eng Zeitperiod vun Méint bis hin zu Dausenden vun Joëren. D’WMO (World Meteorological Organization) huet festgeluecht, dass mindestens Opzeechnungen iwert eng Period vun 30 Joër erfuerderlech sin, sou dass een vun Klima kann schwetzen.

Dat sougenannten “Globalklima” as eppes reng rechneresches, nämlech déi statistesch Moyenne vun der Totalitéit vun allen Wiederevenementer op eisem Planéit an gett seit 4 Milliarden Joëren vun der Sonn am Zesummenspill mat Wand, Wasser an aneren natierlechen Prozesser gedriwen. An dofir gett et d’Klima net ouni den Wandel an wärt et och nie gin, dat Ganzt as en stänneg varieirenden Prozess ergo den Klimawandel as real!

Wat gouf der Menschheet dann elo an den leschten Joëren virgeworf? Richteg, mir erheichen den CO2-Gehalt an eiser Atmosphäre durch eis kontinuierlech Emissiounen. Den Weltklimarot IPCC (Intergovernmental Panel on Climate Change) behaapt elo, dass d’Ursach vun der Hausse vun den Temperaturen an den leschten 40 Joër den anthropogenen Treibhauseffekt wier. Déi nach emmer kleng Konzentratioun vum CO2 an der Loft as während déier Period vun 0,028% op 0,039% geklommen. Desen Gas ensteet während der Zellotmung vun all den Pflanzen, bei der Otmung vun Mensch an Déier, awer och bei all den Verbrennungsprozesser vun Energie fir Transport, Heizung an Produktioun. Am Endeffekt leit den Gesamtundeel vum “menschen-gemaachten” CO2 nemmen bei ca. 2% vum insgesamt fräigesaaten CO2 op eiser Erd (den Rescht vun den Emissiounen entstin durch d’Interaktiounen teschent den Ozeanen an der Vegetatioun)! Desen Volume huet en Undeel vun 0,001% bis 0,002% an der renger Atmosphäre. Kleng Quantitéit, mee grouss Wirkung laut dem IPCC; sou dass sie op folgend Conclusioun kommen: méi CO2 = méi Erwärmung! An hirem Bericht as dat Ganzt awer esou beschriwen: “Der Temperaturanstieg sei „sehr wahrscheinlich“ überwiegend auf den Menschen zurückzuführen bzw. auf das von ihm erzeugte CO2 .“
Immens wessenschaftlesch klengt dat net! Sie hun sech et enorm einfach gemaach an Klimamodeller entweckelt, déi hir Behaaptung einfach ennerstetzen. Gescheit ne?

Et gin genuch renommeiert Wessenschaftler, déi des CO2-Theorie fir kompletten Blödsinn haalen vu dass déi Theorie elementaren physikaleschen Gesetzer widersprecht.



D’Sonn, den Haaptmotor fir eist Wieder bzw. Klima, gouf wéineg bis guer net an hiren Simulatiounsmodeller berücksichtegt, wat aus menger Siicht e bessen komesch as. Wat hiren Pech as, as dass sech déi real Welt sech en Dreck em déi Modeller bekemmert, well seit  ongefeier 15 Joër klammen d’Temperaturen net mei an faalen suguer ganz liicht (wann een sech dei Regressiounsdroite um Bild ukukt), obwuel den CO2-Gehalt kontinuierlech geklommen as! Dat as d’Resultat vun rezenten Satellitenmiessungen, Radiosonden an Buedemmiessungen. Do geseit een ganz gutt, dass déi erwähnten Hausse vun 2°C bis 6°C vum IPCC einfach nemmen iwerschlemm onrealistesch war!


Mee wann den CO2 elo hechstwahrscheinlech net den Haaptfacteur vum Klimachangement as, wat dann? Majo iegendwei erschengt et engem jo logesch, dass dat nemmen d’Sonn kann sin. Hir Aktivitéit zesummen mam Sonnewand, mat kosmescher Höhenstrahlung an aneren kosmeschen Prozesser (z.B. dass d’Magnéitfeld vun der Erd sech ofschwächt) steiert definitiv och eist Klima. Des Zesummenhäng goufen och schon z.B. am berühmten Kopenhagener SKY-Experiment vun 2002 an an dem berühmten CLOUD-Experiment vun 2011/2012 am groussen Labo vum CERN deelweis bestätegt (konkret Resultater gin ereicht an e puer Joër erward). Haaptsächlesch den leschten Versuch as vun gréisserer Bedeitung: dest Experiment baséiert op der Theorie vum däneschen Pyhsiker Henrik Svensmark déi beseet, dass kosmesch Strahlung en enormen Afloss op d’Wollekenbildung huet an dofir och en wichtegen Aspekt am Klimawandel, vu dass d’Wolleken en killenden Effekt fir eisen Planéit bidden! 



An leschter Zeit gett den Verdacht emmer méi grouss, dass et sech beim anthropogenen Klimawandel em deen gréissten Wessenschaftsschwindel aller Zeiten keinnt handelen! Momentan gett dei onberechtegt Panik an Hysterie weinst der “globaler Erderwärmung” massiv vun der Politik an vun denen verschiddensten Entreprisen  benotzt fir den Leit d’Suen aus den Täschen ze zeien. Natierlech mussen mer eis Ofhängegkeet vun den fossilen Brennstoffer reduzeiren, alleng schon nemmen weinst geostrategeschen Grenn. An och Emweltschutz soll um Programm vun all Partei stoen, mee soubaal domadder eng Massenhysterie an eng Verschwendung vun eisen Milliarden vun Steiergelder verursacht gett, dann hellt den Spass awer op!! Anererseits gett des CO2-These och vun den Veganer benotzt fir d’Leit dozou ze brengen kee Fleesch mei z’iessen, vu dass d’Emissiounen vun der  Fleeschproduktioun zimlech heich sin (deen ganzen Ökowahnsinn hellt souwisou emmer méi reliéis-ähnlech Formen un wat mer ze denken gett...).


Ech well hei elo keng Verschwörungstheorie op de Plang rufen, mee déi ganz Klimathesen vun der Politik an der Wirtschaft bröckelen emmer méi, an et gett definitiv Zeit fir eng éierlech an sachlesch Opklärung vun déier Thematik. An dobéi sief gesot, dass den CO2 en enorm wichtegen Gas fir d’Liewen op desem Planéit as: ouni CO2 gin et keng Pflanzen, ouni Pflanzen keng Déiren an ouni beides keng Menschen. Vu dass déi atmosphäresch physikalesch an chemesch Prozesser heichgradeg komplex sin, as et einfach nemmen reng Naivitéit een eenzelnen Gas an iegendwelchen klimatologeschen Berechnungen ze betruechten. Dat as einfach den falschen Wee! Weiderhin kann een d’Wieder mol net zu 90%eger Secherheet fir eng Woch viraussoen, wei soll een dann w.e.g. meteorologesch Parameteren fir Joërzingter am viraus berechnen kennen déi an iegendenger Art an Weis nach netzvoll sollen sin??? Ech sin och elo net op all Klengegkeet agaangen, sos wier desen Artikel 10 Seiten laang gin, mee dat wollt ech dem Sven net undoen.


Wéi gesot, an 10 Joër sin mer nees méi schlau an falls sech den aktuellen Trend wärt bestätegen, dann stin engerseits eis vegan Weltretter zimlech blöd do an den Al Gore war en decken Ligener!

Als Oofschloss dann hei nach en Zitat vum Freeman Dyson: 
"Unfortunately the global warming hysteria, as I see it, is driven by politics more than by science. If it happens that I am wrong and the climate experts are right, it is still true that the remedies are far worse than the disease that they claim to cure."

An dësem Sënn, gidd verantwortungsvoll mat ärer Emwelt em an bescht Gréiss aus Köln!


Wichteg Links: Globale Erwärmung stagniert; Klimazwieback; WUWT; Globale Abkühlung; Global Warming; Climate Realists; Klimaforscher im Zwielicht; IPCC Leak; NASA; Keine Erwärmung; Klima Glaubenskrieg; Buchtipp #1; Buchtipp #2.





Mittwoch, 24. April 2013

Ass Lëtzebuerg aalmoudech?

A mat Lëtzebuerg mengen ech enner aanerem den Duerchschnettslëtzebuerger, souwei och allgemeng d'Firmen an d'Käpp déi dohannert stiechen. Huet eis klengt Land de Sprong an en Zeitalter wou Internet an Social Networks grad sou wichteg, zum Beispill wann et drems geet ereechbar ze sin oder Reklamm ze maachen, wei dei klassesch, aalmoudesch Medien? Oder leit et um Bierger selwer dass mer daat net gepackt hun? Déi 2 Saachen si mat en een verbonnen; mengen ech zumindest...

"Vu waat schwetzt heen do iwwerhaapt?!"
Ech schwetzen dovun fierwaat eist Land, waat sech no baussen als sou modern an oppen verkeeft, neicht sou richteg fäerdeg bréngt soubaal den Internet mat Deel vun der Saach ass, oder et dorem geet Saachen a groussen Zuelen richteg ze koordonnéieren! Aaner Länner mat ähnleche Liewens-standards wi eist Land brengen et ferdeg innerhalb vun e puer Deeg eng Werbeaktioun oder en Event ënnert di ganz Bevölkerung ze brengen, eleng duerch e social Network wei Facebook oder suguer YouTube. Waat geschitt bei eis? Am Radio gett 2 mol den Daag eng Reklamm ooflaafe gelooss, an an den Zeitungen gëtt eng kleng Annonce geprint, an daat war et. E Puer Deeg drop fënnt een dann awer en Artikel doriwwer dass ze weineg Leit iwwert daat Event, oder war och emmer, informeiert waren, an et doweinst kee grousse Succes war. 
Mee Leit et wierklech un de Betrieber dass se net via Internet reklamm maachen, an sou vill mi seier eng vill mi grouss Masse vu Leit erreeche kënnen? Ech sooen: jain!
Fierwaat jain?
Ech sooen jain aus deem ganz einfache Grond dass mer, d'Letzebuerger, an net nëmmen d'Betrieber/d'Agenen etc, vill ze konservativ sin, an eis net trauen nei Saachen voll ze notzen, zumools wann se och nach e klengen Effort erfuerderen. Huele mer lo mol fier dei nächst puer Abschnitter YouTube a Facebook als sozial Netzwierker (well et dei wuel meescht benotzte sin). Ech huelen direkt mol e konkret Beispill, fier ze erkläeren wei ech op all dei Saachen kommen, an fier ze verdeitlechen wouhier meng Gedankegäng an Theorien zu dem Thema kommen. 

Fierun 2-3 Jooer huet Caramba als quasi eng vun den éischten "gréissere" Boiten aus dem Land eng Facebook-FanSite gemaach, an sech aktiv mat senge "Fans" beschäftegt an ennerhaalen. D'Leit konnt frooe stellen an kruuten relativ séier eng Änfert. Huet Caramba selwer awer eng Froo gestallt, sou hun vun den ca 7000 Fans vleit 15 Stéck dei Froo "geliked" an weider 5 Leit hun dann och tatsächlech mat enger Änfert gedéngt. Ech weess net wei et ierch geet, mee ech wier zimmlech frustréiert wann ech mer vill méi géiff maachen de Leit mi no ze kommen, an net emol 1% vun deene Leit daat apprécieieren, oder sech ze schued sin fier ze hëllefen. Doropshin hun sie an gréisseren Abstänn heiansdo mol e Gewinnspill lancéiert, via Facebook. D'Aufgab war meeschtens "post eng Foto mam Thema X", wubei X ierjendeen Thema ass, zB Harry Potter. Gewannen konnt een 2-3 Tickets fier egal wei ee Film, zu egal wei enger Zeit. Theoretesch konnt een also mat engerm Zeitopwand vun 5 Minuten eppes am Wert vun 20 Euro gewannen, daat kléngt dach net schlecht.
An der Realiteit hun ganz genee, wann et gudd komm ass, 5 Leit do matgemaach. Dëse Prozess huet sech iwwer Méint emmer rem widderholl, an ennert deenen 5 Leit huet een dachs 2-3 "Wiederholungstäter" fonnt. Daat alles motivéiert e Betrieb wei an dësem Beispill Caramba, net onbedingt dozou sou Saachen weiderhin fortzesetzen. (Waat se och metlerweil net mei maachen..!) Daat kann een lo op sou zimmlech ALL lëtzebuergeg Facebook-FanSite 1:1 kopeieren. Sou ng Flaute schwetzt sech ennert de Betrieber natierlech rondrem, an sou kennt et dass der vill dorop verzichten, well et io "souwisou neicht brengt".

Mee fierwaat sin sou Saachen oft e Reinfall?
Menger Meenung sin sou Saachen e Reinfall well sou grouss Platformen einfach falsch benotzt gin, wann net suguer ausgenotzt. Ech verallgemengeren, an behaapten dass Facebook zum Beispill, fier de Lëtzebuerger just eng Säit ass, wou een 1 mol am Daag de Klatsch an Tratsch vun aanere Leit stalkt, an et dann rem weschleet bis den nächsten Daag. Dobei ass dës Seit vill méi, mee duerch dei ufänglech lästeg Spammereien à la Farmville, Cookingville, Casinoville an wei se net nach alleguer geheescht hun, hun d'Leit dei deemols schon aktiv waren, einfach den Dégout dora kritt och nëmmen op ierjendeng Art a Weis eppes weiderzeschecken, beziehungweis eppes ze kucken waat scho weidergepost gouff. An genee do ass de sprangende Punkt: wei soll dann sou e Gewinnspill vu Caramba uerdentlech Succès an Undrang kréien, wann net emol 1% vun hiere Fans daat Gewannspill oder eng News deelen mat deem berühmten "Share"-Button, deen iwwregens och ennert all menge Posts ze fannen ass.
De Problem dobei ass io mol net dass "net vill" daat sharen, de Problem ass dass an de meeschte Fäll sou eppes iwwerhaapt net gedeelt gëtt, an sou mëcht et weineg Sënn, als Betrieb oder Eenzelpersoun vill Zeit doran ze investeieren.

Et huet misse kommen: et ass en Däiwelskreess...
Ech sooen daat baal an all Diskussioun dei ech ufänken, mee et ass och an dësem Fall rem tatsächlech sou. D'Leit maachen net aktiv mat, ergo den Ubidder fillt sech vernooleissegt an bidd mei Saachen un. Doropshin haalen sech d'Reaktioune vun de Leit nach emmer kleng, an den Ubidder ass genervt, an reduzeiert seng aktiv Zeit um soziale Netzwierk, wouduerch dei puer Leit dei sech bedeelegen enttäuscht gin well se entweder keng Änfert kréien, oder net mei su frëndlech wei am Ufank behandelt gouffen. Vu dass dei onzefridden sech mei Ausbreet wei zefriddenheet, huelen d'Leit rem manner Deel vun sou Saachen, an dobei sin mer rem vier ukomm...
Mee wei ech ganz am Ufank soot: et ass net nëmmen dem Bierger seng Schold, mee grad su vill och deenen Aaneren. Géiffen et méi däer aktiver Facebook-Fansites gin, géiff sech daat Ganzt vleit bëssen rondremschwetzen an sou och automatech mei Leit unzeien. De Problem ass d'Motivatioun ganz seier nooléisst bei sou Saachen, mee wann een et duerchhällt kritt een eng solid Fanbase op dei ee Vertraue kann (wei ech zB schon fierun e Puer Deeg erwähnt haat, sin ech ganz zefridden mat mengen Zuelen hei um Blog, mee daat war net vun Ufank un sou...)


"Eeeh mee Facebook ass net ganz Letzebuerg!"
Ech weess. Ech hu Facebook io och just benotzt well dei meescht Leit daat heite wuel iwwer Facebook emfänken werten, an well baal keen aanert Netzwierk sou verdammt vill benotzt gett; AN net ze vergiessen, well Facebook eng vun de gréisste Platformen ass um Internet, an em dee geet et hei jo.. et geet em Lëtzebuerg a säi Verhältnis mam Internet. Fun Fact: wosst der dass Lëtzebuerg eent vun den eenzeje Länner ass, vun deene wou de Moyen hun, dei KENG YouTuber ennerstëtzen? Wëll heeschen dass een als letzebuerger YouTuber och nach sou vill Erfolleg kann hun an Massen vu Leit ereechen, Letzebuerg bidd keng Optiounen un fier Reklammen vu nationalen Betrieber/Produits an denge Videos ze verstoppen, an der domat e klengt Täschegeld gëtt. Et gin, by the way, eng Multitude u Youtuber dei sech domat eng uerdentlech Somme u Suue verdingen, duerch Reklammen enner aanerem!
De grousse Problem deen hannert all der Theorie stëcht wei Lëtzebuerg sech an deem Domaine keint weiderentweckelen, ass dass et vill ze ongewëss ass wei et sech entweckele géiff, an doweinst gin et nëmmen weineg där Online-Erfahrungen mat lëtzebuergegen Racinen.

Fier nach eng Kéier op dei Saach mat de Gewënnspiller an/oder News zreckzekommen: obwuel ech soot dass et bëssen eis Schold dass well mer neicht "sharen" ass et gleichzeiteg bësse Naiv vun deenen dei d'Seit administréieren ze mengen dass, nemmen well sie lo 1 mol eppes posten, all Mensch daat direkt liesen geet an/oder noosiche geet! Ech selwer maachen do einfach skrupellos keen Halt an posten iwwerall meng Links vum Blog hin wou se grad hipassen; net nëmmen well ech mei Lieser wëll hun, mee och well d'Leit solle gesin dass et Leit hei am Land gin dei aktiv konstruktive Content liwweren, an deren hier Säiten et derwert sin regelméisseg oofgecheckt ze gin, genau wéi Dausende vu Leit all Daag en Oofstiercher op YouTube oder eng Säit mat "lustege" Biller. Leit wei de Luca (vun deem et moa iwwregens rem en Hammer-Artikel gëtt), deen säi Meteochannel mam grazile Numm "Metteochannel" GANZ aktiv verwalt, de Sam, deen seng Hänn a mei wi engem lëtzebuergegem Projet dran huet, oder d'Jungs vun "L-pod", dei selbststänneg cool Videos an Reportagen aus eisem Ländchen online setzen, kënne mer bestëmmt bestätegen dass een sech wënscht dass de Lëtzebuerger aktiv Leit wei eis, dei gudden Inhalt produzeieren, mei ënnerstëtzen.
Ech haalen also fest:
Allgemeng huet Lëtzebuerg de Sprong an d'Internetzeitalter net sou wierklech gepackt. Vereenzel Persounen oder Gruppen sin zwar aktiv, mee dem Duerchschnëttlëtzebuerger feelt et un Eejeninitiativ fier sou Säiten oder Gruppen ze "sharen" oder de Frënn dovun ze zielen. Ech gleewen awer nach drun dass sech daat ännere kann, an DU kanns direkt dofier mathëllefen, andeems du dësen Artikel "shares"
"Öhhh wei geet daat?!"
Hei e Bild wei de Schluss vun dësem Artikel wert ausgesin, mat engem Feil op de Button deens du drëcke solls :)


Ech hoffen ech erreechen heimat e Puer Leit, oder reegen Leit dozou un Leit wi mech oder d'Jongen dei ech do Uewen erwähnt hun mei ze ennerstëtzen. Als Schlusswuert sooen ech dann nach eng Keier MERCI u jiddereen dee fier mei Video beim Concours vun der BGL BNP Paribas gevote huet, ech hun dei magesch 200 iwwerschratt, an daat mat Hëllef vu "Sharing" ;D, der hudd mer gewissen dass der et kënnt, bravo!







Natierlech freen ech mech iwwert all Kommentar an Debate dei een nach ufänke kéint zu deem Thema.  Vleit huet io nach een eng Idee wei een eist Ländchen dozou bewegen kann sech mei ze trauen wann et em Internet geet! En Ufank ass jo do!

bis dohin,
stay tuned.




Dienstag, 23. April 2013

Movies: Snitch

Snitch - by Rick Roman Waugh

Infosite mat Traileren a Biller

Am "Snitch" geet et em e Jong deen fälschlecherweis mat Drogen a Kontakt kënnt a fier en Drogendealer gehaale gëtt. D'Police ass der Saach vun der Ufank un op der Spuer an späert de jonken, onschëllegen, Kärel an de Prison, fier bis zu 10 Jooer, oder suguer 30 wann et ganz schlëmm kënnt! Säi Papp, gespillt vum Dwayne Johnson, versicht doropshin natierlech eng Meijlechkeet ze fannen fier säi Bouff aus dem Prison ze kréien. A Kollaboratioun mat der Police soll hien hëllefen Drogendealer opzedecken an ze verhaften, fier sou d'Stroof vu sengem Bouff faalen ze loossen. Hei den Trailer:



Vu vier eran: "Snitch" ass net dee Film deen ee mengt dass en ass wann een de Numm "Dwayne Johnson" liest. De Schauspiller dee bis elo gréisstendeels nëmmen an méisseg gudde Filmer, beziehungsweis a puren Actionfilmer matgespillt huet, verkierpert an dësem Filmsträiffen e serieuxen Personnage an engem relativ serieuxen Film, an daat guernet mol sou schlecht! An senger Roll als Papp muss heen vill drasteg Decisiounen treffen, an sein typecht Macho-Optrieden sicht een vergebens an dësem Film, waat fier mech en zimmlech positive Punkt ass.

Wei scho gesoot beschäftegt sech de Film mam Drogemilieu an der ganze Mafia dei dohannert stëcht, also engem serieuxen Thema... mer fällt grad op dass ech daat Wuert "serieux" lo schon zimmlech oft benotzt hun, mee daat leit wuel ganz einfach dorunner dass ech dermoossen (positiv) iwwerrascht war dass et keen Action-Knaller-Boom-Bang-Film ass. Natierlech huet de Film, wei een och em Trailer gesäit, seng Actionszenen an Explosiounen, mee net an iwwerdriwwenen Moossen, mee nëmmen dann wann och tatsächlech sou eppes gebraucht gett. (Et derf een net vergiessen dass et sech beim Dwayne sengem Personnage em en normale Papp, an net em en Badass Muskelprotz, handelt...)


Trotz senger Längt vun nëmme 95 Minuten gelengt et dem Realisateur genuch Detail an Déifft anzebauen fier dass et keen oberflächlechen lagweilege Film ass wou d'Personnagen ganz ouni Hannergeschicht hin an hier wuselen; e kompakte Film also!

Als Fazit kann ech nëmmen nach eng Kéier widderhuelen dass ech wierklech positiv iwwerrascht war, an mer de Film gudd gefall huet! Ech gin em 7.0/10 op der berühmter Ulmerich-Skala an géiff de Film ouni Bedenken weiderempfehlen. Definitiv dee beschten "Action"-Film dee momentan leeft!

bis dohin,
stay tuned.






Montag, 22. April 2013

Serien Tipp: Arrow

Serien! Déi wuel coolst Erfindung seit et Fernseh gett! Zumools an de leschte Jooeren huet sech des Branche eenorm weiderentweckelt an ass förmlech opgeboomt! Et gin honnerte vu Serien, dei eng besser wei dei Aaner. Ech well lo keng Debate ufenken weieng dei Bescht ass, do wiere mer nach umgaangen wann schon rem 50 neier do sin ;). Jiddereen huet säi klenge Favorite, fier mech war an ass et Dexter, dei metlerweil awer scho vill ze "mainstream" gin ass fier se als Geheimtipp ze verkaafen. Mee nierft all de groussen a bekannte Serien gin et der och dei nëmme ganz weineg Leit kennen, dei awer trotzdem genial gudd sin, a genee soueng well ech äerch haut presenteieren!

(Iwwregens war daat mat Dexter genee d'selwescht gaangen... ech si bei Season 2 rageklommen, an zu der Zeit hun a mengem Frendeskreess ganz genee 2 Persounen dei Sendung kannt.. 2 Jooer drop ka baal kee Mensch mei de Numm heieren well se vun alle Seite vollgelabert gin...)


Onschweier um Titel ze erkennen: d'Serie dréit de Numm "Arrow", an ass un den DC-Comic "Green Arrow" ugelehnt. Den Haaptpersonnage ass den Oliver Queen, en jonken Häer aus enger sténkräicher Famill, deen e Schëffsbroch iwwerliewt huet, an 5 Jooer laang op enger Insel misst em säi Liewe kämpfen. Natierlech huet en dobei extrem Saachen erliewt, gouff gefoltert an huet sech eng gudd Rei Tricker ugeléiert. Lo ass heen rem doheem an wëll sengem Papp sein leschte Wonsch erfëllen. Dee besteht doran eng speziell Lëscht mat ausgesichte Leit, dei der Staat geschued hun, emzebrengen. An 3 mol dierft der rooden wei en daat mecht: mat Feil a Bou!

Kléngt spontan e bëssen noo "Robin Hood", mee zimmlech am Ufank vun der Serie gëtt oft genuch gesoot dass heen net de Robin Hood noomache well, an sou fannen ech dass meng Definitoun besser passt: et ass wei Dexter, just am Gringen.

Daat héiert sech op den éischte Moment domm un, mee an sech geet et em daat selwescht: ouni dass een et soll matkreien, liewt den Oliver Queen eng zweet Identiteit, mat der heen kriminell Leit em den Eck brengt, an sou der Staat, respektiv der Police, hëlleft. Och wann et un engem DC-Comic ugelehnt ass, sou ass heen op kee Fall e Superheld mat iwwernatierleche Fähegkeeten, mee éischter en Vigilant mat Feil a Bou deen extremst treffsecher an raffinéiert ass!

D'Serie ass nach fuschnei, déi éischt Staffel ass mol nach net riwwer, daat heescht et ass quasi eng ideal Serie fier frësch anzesteigen! Mer perseinlech gefällt se bis elo immens gudd; ech denken dass engem d'Thematik vu Feil a Bou gefaale muss fier se richteg gudd ze fannen, mee och Skeptiker kënnen sech io mol 1-2 Folgen ukucken, an kucken ob et hinne gefällt. Am Geijendeel zu Deem waat ee mengt, handelt d'Geschicht awer net nëmmen em den Oliver Queen, mee och em seng Famill a Frënn, déi alleguer och op ierjendeng Art a Weis mat verwéckelt sin, an sou verfollëgt een emmer 2-3 Geschichte gleichzeiteg.


Fazit: eng richteg cool, mat enger gudder Mëschung aus Hightech, Bou a Feil, Krimi an Action vollgepaakten Serie, dei et engem schwéier mecht no enger Folg schon opzehaalen. Eng Episod dauert ca. 45 Minuten an eng Staffel huet em dei 20 Folgen, et gett also genuch gebueden!




Sonntag, 21. April 2013

Das Wort zum Sonntag 2

3 Wochen sin et lo schon säit ech rem ugefaangen hun ze Bloggen, ech sin e bësse Stolz op mech... nach nie fierdrun hun ech tatsächlech soulaang all Daag eppes bruet. De Concours vun der BGL ass io nach verlängert gin, mee mat mengen bis dato 194 Likes sin ech gudd vier an muss mer keng Suergen maachen net an dei nächst Ronn ze kommen ;) Ouni äerch, meng "Fans" (wann ech daat lo mol eiskaal sou sooen derf) wier ech héchstwarscheinlech net souweit vier, an warscheinlech wier ech och net sou motiveiert all Daag eppes ze schreiwen.

D'Besucherzuelen pro Daag haalen sech neemlech em 80-100 Leit, an pro Artikel gin et och konstant 60+ Leit dei e liesen gin, an daat ass zimmlech uerdentlech an weit iwwert deem waat ech mer erwoard haat! Haut hun ech dann och festgestallt dass ech dei "Struktur" an "Regelmeissegkeet" vun der ech am Ufank geschwaat hun, no an no opgebaut kreien. Ech hun Momentan 3 Haapt-Themen, daat wieren d'Movie-Reviews, de Youtube-"Guide" an de Video-Freiden, dei ech oofwiesselnd vierbereeden, an sou en regelmeissegen Content brenge kann. Momentan geseit de "Plang" esou aus:

Meindes: Ondefineiert, mee kee Video
Dennstes: Movie Review oder eng Diskussioun
Mettwochs: Movie Review oder eng Diskussioun (je nodeem waat Dennstes dru war)
Donneschtes: Eppes vun engem Kolleg (zB Luca's Corner) oder Deel vum Youtube-Guide
Freides: e Video
Samschdes: Youtube-"Guide" oder eng News
Sonndes: D'Wuert zum Sonnden oder eppes völleg Aaneschtes

Wei ee mierkt ass et nach net ganz fest, an op Plaatzen ondefineiert, mee fier den Ufank fannen ech dei Struktur scho mol net schlecht. Ech hun enplus uewe Riets iwwert der Facebook-Like-Box eng kleng Këscht higemaach wou drasteet waat an noher Zukunft nach alles komme wert. Moa gett et dann warscheinlech den "Serien-Tipp" deen an der Këscht ugekënnegt ass!

bis dohin,
stay tuned.



Samstag, 20. April 2013

Spotlight: TheFineBros

Nodeems ech leschte Keier den Channel "MinutePhysics" viergestallt hun, ass et des Keier un der Rei mat engem mei witzegem Kanal, well Spass muss halt sin ;) Den Channel heescht "TheFineBros". Ech selwer hun dei 2 Gebridder "Fine" réischt fierun knapp engem Jooer entdeckt, wou op eemol en extremen Boom em sie entstaanen ass, well se en komplett neit Format kréeiert hun, daat d'Leit gudd bei Laun hällt.

Ähnlech wei den Henry vu Minutephysics posten sie och net all Daag en Video, mee an regelméissegen Oofstänn, an daat steiert net weider, well d'Qualiteit vun hiere Videos konstant gudd an ennerhaalend ass! Géiff een daat all Daag kreien géiff et engem warscheinlech seier op d'Nerve gooen... Mee bon, waat maachen dei 2 Häeren dann?

Dei zwee Bridder hun eng Serie agefouert dei sech "Kids react to..." nennt. Dobei weisen se Kanner an hierem Studio bekannt Internetvideos, an filmen hier Reaktioun an stellen hinnen Frooen iwwert de Video deen se hinne weisen. Klengt op den éischte Bleck zimmlech random, mee et stellt sech raus dass genee dei Mëschung aus bekannte Videos an éierlechen Kannerreaktiounen een zum Laache brengen, an et huet een sech séier säi Liebling rausgesicht (mein ass dee klengen Asiat deen emmer alles embrenge well, an mam Saatz "I'm gonna eat them with my blood on it" zu enger klenger Legend gin ass!)

Hei dann, als Beispill, d'Reaktioun vun de Kanner zu "Nyan Cat":



Duerch hieren Erfolleg hun se dann och nach "Teens react.." an "Elders react" agefouert. Bei Teens react kommen dann heiansdo och e bessen mei seriö Saachen, an dei Videos gin engem dann daat gudd woarmt Gefill dass d'Jugend vun haut dann dach net KOMPLETT verluer ass ;) Par Contre, denen aale Leit weisen se dei dëmmst Videos an Trends, an dann amüseiert een sech herrlech wann sie nemmen nach staunen an hier Retro-Sprëch komme loossen ;)

Alles an allem also en zimmlech coolen Channel, mat niveauvollem Humor, perfekt fier zwëschenduerch! Hei kennt der Hieren Channel kucke gooen (an abonneieren wann en gefällt ;) ):


bis dohin,
stay tuned.




Freitag, 19. April 2013

Weekend Video

Wei emmer Freides: e Video aus menger Sammlung un Favorite-Videos, dës Kéier manner witzeg, dofier emsou méi genial gemaach! En huet schon 2 Jooer um Bockel, mee Spass mecht en emmer rem beim kucken... an Loscht et noozemaachen souwisou, avis aux amateurs, ech filmen!



bis dohin,
stay tuned



Donnerstag, 18. April 2013

Movies: G.I Joe: Retaliation

G.I Joe: Retaliation - by Jon Chu

Infosite mat Traileren a Biller

Vu vier eran: Ween e Film sicht bei deem en sech gudd amüséiere kann ouni sech groussarteg mental mussen unzestrengen, deen ass hei genee richteg! Genee wei säi Viergänger besteht de Film zu 100% aus gudd inszeneierter an herrlech iwwerdriwwener Action, mat e Puer klenge Witzer zwëschenduerch. Hei mol den Trailer:


(mer gefällt de Witz um Schluss io perseinlech immens gudd :p)

Natierlech kann ee bei sou engem Film lo net streng sin an e schlecht bewerten nëmmen well d'Story net komplex genuch ass oder kee deiffen Message riwwerbruet gëtt; et ass einfach en Actionfilm, deen verdammt nach mol Spass mecht beim Kucken! E klengen, subjektiven, Minus kritt en awer vu mer: ech erenneren mech nach drun wei ech fierun 2-3 Jooer aus dem Kino koum, aus dem éischten G.I Joe, an total begeeschtert war, an wei benzeg op den zweeten Deel (deen mat der Bonus-Szene no de Credits ugekënnegt gouff) war. Dëse Film huet meng Erwaardungen net ganz erfëllt, op daat dorun Leit dass den éischten vill besser war (IMDb behaapt do eppes aanescht), oder dorun dass ech mei aal an, ech wooen et baal net ze sooen, mei räiff gi sin.

Wi ech soot huet IMDb dësen Film mei wei sengem Viergänger gin, en huet sech vun 5.7 op 6.3 gesteigert, mee ech fannen dass den Trailer vum zweete Film engem mei  versprëcht wei een schlussendlech kritt. Zum Beispill war ech zimmlech begeeschtert vun denen asiateschen Kampfelementer dei se agebaut hun am Trailer (Schwerter, Kämpf un grousse Fielswänn etc), an ech haat mer e erhofft dass dovun vill am Film vierkennt, daat hätt em en gewëssenen Kill Bill-Touch gin, wat keng schlecht Saach ass ;)


Mee waat dem Film un Kill Bill-Touch feelt, gëtt mat super-Technologie an fetten Waffen/Gefierer rem gudd gemaach, an sou suergt de Film fier mei wi een "whaaaat the fuck just happened"-Moment. Alles an allem ass den neien G.I einfach cool, an op jiddefall en muss fier all "testosterongeluedenen Film"-Liebhaber. Op der berühmter Ulmerich-Skale bewerten ech de Film mat enger glaater 6.0/10, also duerchaus akzeptabel ;)

bis dohin,
stay tuned.



Mittwoch, 17. April 2013

Dei gudd aal Emfrooen!

Servus!
Trei Lieser a Fans werten sech nach drun erenneren: et gouffen Zäiten an deenen, der Legend no, op dësem Blog Emfrooen gestart gouffen, wou liewenswichteg Frooen gekläert gouffen! Wier et net flott wann dës Zeit remkomme geiff an d'Welt soumat rem regelméisseg em e Problem erliichtert geing gin? Nee? Shut up, ech sooen JO! (apropo "Shut Up", ech weess schon weieen Channel als nächst op der Lëscht steet fier mein Youtube-"Guide").

Wei een eventuell erkennt ass do direkt fierun all de Posts eng Emfroo wou der oofstëmme kennt, ech géiff mech iwwer Feedback freen! (Leider hun ech d'Astellung na net fonnt fier d'Schreft do ze änneren, daat gett awer nach gema!) Mee keng Angscht, dei Emfrooen waren an werten nie seriö sin, mat klengen Ausnahmen wei der heiten zum Beispill. An der Vergaangenheet hun mer io schon eepesch Kämpf wei "Lego vs Playmobil" oder "Paangesch vs Pankesch" gekläert, an ech hoffen op äerch fier mer nei kreativ Battlen ze proposeieren! Also post einfach e Kommentar mat engem Battle, an dei bescht kommen dann no an no zur Debate hei um Blog!

bis dohin,
stay tuned a stëmmt gefällegst oof!



Dienstag, 16. April 2013

Spotlight: Minutephysics

Wéi ugekennegt stellen ech lo all 1-2 Wochen een Youtuber / YoutubeChannel vier, deen mer perseinlech immens gudd gefällt, an hoffentlech och Ierch. Ech kennen a mengem Frendeskreess nëmmen eng kleng Rëtsch u Leit déi effektiv Youtube benotzen fier ab und zu eppes ze léieren an/oder sech ze informéieren, an genee mat sou engem Channel fänken ech dës nei Rubrik un!


Am Titel steet et schon, den Channel dréint sech em Physik, mee, keng Angscht, daat ganzt gëtt op eng ganz speziell Art a Weis erkläert, an ass zum gréissten Deel dann och erstaunlech einfach ze verstooen, vierausgesaat et versteet een Englesch, well heiansdo schwetzt den Henry (deen wou erkläert) zimmlech séier (awer klooer!). Allgemeng befaasst sech den Channel mat sou zimmlech all Physiksthema daat een sech ausdenke kann, daat geet vun simplen Äppel dei vu Beem faalen, bis hin zu schwaarze Lächer an Parallelwelten/universen.

Waat dësen Channel awer ausmëcht ass net dass een Tipp ganz séier lauter Physikswierder an de Mond hëllt mee dass heen daat ganzt Zeechent, an et engem sou wuertwierdlech mei liicht mecht sech daat alles vierzestellen. Leit déi eng Wëssenschafft studéieren werten daat kennen: d'Theorie wierkt onmeijlech komplizéiert an komplett onlogesch, mee subaal een daat eischt Beispill gesin oder gemaach huet, schéngt daat Ganzt op eemol vill méi loogesch an verständlech. Hei ass e Video fier äerch daat ganzt ze visualiséieren :)



Hei ass de Link op sein Channel. Weem daat ganzt gefällt, kann io ganz einfach de Kanal abonneieren, an gett dann emmer gewuer subaal eppes neies, wëssenwertes do ass :)


De Gudden Häer Henry huet och fieru Kuerzem en neien Channel gestart, mam numm "MinuteEarth". Do post heen Videos dei Stuff iwwert eis Erd erkläeren, also bëssen mei en Allgemengbildungs-Channel, awer mat deem selweschte Konzept! Hei de Link:







Montag, 15. April 2013

Movies: Oblivion

Oblivion - by Joseph Kosinski

Infosite mat Traileren a Biller

An der Welt vun "Oblivion" ass d'Menschheet sou gudd wei ausgerott, et gin just na e gudde Grapp voll Menschen op eisem Planéit Erd, an daat ganzt spillt an net all ze weit entfernter Zukunft, nämlech am Jooer 2077. Den Jack Harper, gespillt vum Tom Cruise (deen a leschter Zeit ierjendwei nëmmen nach Rolle spillt wou en Jack heescht), ass een vun deenen 2 Beoptrachten déi d'Erd beobachten an oppassen dass Aliens neicht futti maan, wärend rieseg grouss Pompelen d'Waasser vun der onbewunnbarer Erd weschsaugen, fier doraus Energie ze gewannen. D'Menschen hun sech nämlech op engem Mound vum Saturn niddergelooss, an sie wëllen aus hierem aalen Heemeschtplaneit nach sou vill gewannen wei et nëmme geet.


Klengt spontan zimmlech cool, sou wierkt et io och am Trailer, an sou ass et eigentlech och! Den Jack an seng Kamerodin wunnen an engem fancy hightech-Loft weit iwwert dem Buedem, an mussen Daag fier Daag d'Erd bewaachen, an d'Dronen déi alles oofscannen a Stand haalen, bis plötzlech eppes op der Erd land, an d'Geschicht sei Laaf hëllt.

Ween opmierksam liest, huet gemierkt dass ech soot "ass et eigentlech och". Leider baut de Film daat potential vun der Hannergrondgeschicht nëmme méisseg gudd aus. Ok, et sin e puer cool Momenter an och wierklech spannend Szenen dran, mee ierjendwei haat ech wärend dem Film dauernd am Hannerkapp "dajee, weini kennt dann lo DEN Twist, bzw DE Kampf?!". Verstidd mech net falsch; et sin schon zimmlech vill Wenden an kleng Kämpf am Film dran, soudass een och op seng Action-Käschten kënnt, mee kee vun dësen Elementer ass, menger Meenung no, wierklech atemberaubend.

Géint der Schluss gëtt daat ganzt dann nach e bëssen mei Komplex, an et entsteht e gudden "Aah!-Moment", well een endlech mol nookënnt wéi a fierwaat daat ganzt geschitt; trotzdem huet de Schluss mer net gefall, an fieraus ze gesin war en, aus menger Siicht, och.








Och wann ech lo vill Negatives opgezielt hun, sou ass de Film op kee Fall grotteschlecht! Den Design vun de futuristeschen Mobiler an Heiser ass mega cool, (do mierkt een dass d'Team vun Tron bëssen d'Fanger mat am Spill haat ;) ), an d'Story ass wierklech net schlecht, mee daat vollt Potential gouff net rausgeholl. Op enger Potential-Ausgenotzt-Skala geiff ech sooen dass een op 65-70% setze keint, do geet nach! Ech gin dem Film eng akzeptabel 6.4/10, awer nëmmen well ech enttäuscht vum Film war; en ass emmer nach ee vun de bessere Filmer déi momentan laafen, an komplette Schrott ass en och net ;)

bis dann,
stay tuned.



Samstag, 13. April 2013

Laachen ass gesond

Et ass Weekend, d'Sonn schéngt, all Mensch ass dobaussen, hach wéi schéin. Dofier dann haut just e klenge Video, da kënnt der rem raus gooen an d'Wieder genéissen. Ironescherweis heescht dëse Post "laachen ass gesond", waat een vum Iessen aus dësem Video wuel net behaapte kann ;)



have fun
stay tuned.



Freitag, 12. April 2013

Weekend an Concours Update!

De Concours vun der BGL sollt io dann eigentlech seit 16:00 riwwer sin. Well awer nëmmen 3 Leit matgemaach hun, gouff daat ganzt verlängert fier dann eventuell nach 2-3 Videos, mat vill Gléck, ze kreien. Ech fier mein Deel sin mat engem Like-Stand vun 186 zu 30 zu 8 méi wéi wäit genuch vier, fier dann och an d'Final ze kommen, en DECKE Merci un ierch all :)


Ennert de Videos mat de meeschte Likes gin der 3 gewielt dei an d'Final därfen gooen. An der Final gëtt dann gekuckt ween dei bescht Schauspillleeschtung bruet huet, bzw brengt; waat fier mech heescht dass mer och sur Place nach eppes mussen maachen. An nëmmen deen wou dann do schlussendlech geholl gëtt, kritt d'Roll, an domat och d'GoPro Hero 3. Et ass also ganz klassesch noom Motto: the winner takes it all. Hoffen mer mol dass ech mech do gudd rausschlooen wert wann et dann sou wäit ass!

Aanert Thema: de Weekend steet fierun der Dier, an domat heescht et fier vill Leit sëcher och Kino-Time! Hei sin nach eng Kéier dei dräi lescht Reviews vun aktuelle Filmer, déi ech allen 3 amfong empfehle kann. "The place beyond the pines" géiff ech dobei am meeschte vierschlooen!

http://svenspov.blogspot.com/2013/04/movies-place-beyond-pines.html
http://svenspov.blogspot.com/2013/04/movies-cloud-atlas.html
http://svenspov.blogspot.com/2013/04/movies-side-effects.html

Moa schreiwen ech dann wuel d'Movie Review zu "Oblivion", an och mein Puerdeelegen "Youtube-Guide" wert dës Woch nach ufenken", et bleiwt also nemme nach ze sooen:

bis dohin
stay tuned ;)



Donnerstag, 11. April 2013

Luca's Corner: Buchtipp - Keine Macht den Doofen

Och bei dëser Saison vu mengem Blog ass de Luca rem um Start an senger wuelverdingter eegener Rubrik! Heen start d'Saison dann och direkt mat engem gescheiten Thema, daat wierklech derwert ass ze liesen! Vill Spass.


Des Keier présenteiren ech Iech en Buch vum deitschen Philosoph an Auteur Michael Schmidt-Salomon. Veröffentlecht gouf des “Streitschrift” am Februar 2012, also virun e bessen mei wei engem Joër! Dest Buch beinhalt eng gréisser Polemik, déi net all Mensch wärt gefaalen an konnt vum Inhalt hir och nemmen an Länner mat westlescher Prägung veröffentlecht gin. Alleng schon nemmen durch seng hefteg Reliounskritik geif heen an den meeschten Regiounen vun der Welt mam Doud bestroft gin. Bei ganz villen Stellen am Buch kritt een d’Impressioun, dass sech hei een sein ganzen Frust an seng ganz Wut iwert d’Zoustänn an eiser Welt vun senger Séil geschriwen huet. Obwuel et nemmen 124 Seiten laang as, as d’Buch mat sengen 6 Kapitelen awer enorm gepeffert! Trotz deenen meeschtens schoununglosen an haarten, awer och berechtegten, Wierder, liest sech dat fir jiddereen verständlecht Buch mat sengem ironesch-sarkasteschen Ënnertoun awer immens angenehm, suguer öfters mat engem Schmunzeln.

Direkt am eischten Kapitel „Homo demens — Warum ich mich schäme, Mensch zu sein” geet et dem Homo sapiens un den Kolli:


„Ein einzigartiger Blutstrom zieht sich durch die Jahrhunderte, er ist der rote Faden in jener sinnlosen Aneinanderreihung von Mord und Totschlag, Ausbeutung und Gewalt, die sich Geschichte nennt.
[…] Kein noch so neurotischer Schimpanse würde jemals in den Krieg ziehen, um zu beweisen, dass er den cooleren imaginären Freund (»Gott«) an seiner Seite hat. […] noch immer bilden wir aufrecht gehenden Deppen uns ein, dass das Universum von einem »Schöpfergott« exklusiv für uns und die Unsrigen erschaffen wurde.“


Duerno mecht den deitschen Schreftsteller mam Lieser eng Rees durch d’Entwecklung vum Universum, andeems hien den Alter vum Universum anhand vun engem Kalennerjoër duerstellt. Bei deser Art an Weis vun der Betruechtung taucht den Homo Sapiens ereicht den 31. Dezember, e puer Minuten virun Metternuecht aus der Däischtert vun der Geschicht op an während denen lescht Millisekonnen virun Metternuecht […] „erfand [er] nicht nur den Blitzableiter, die Glühbirne und die Digitalkamera, sondern schlachtete auch Hunderte Millionen Artgenossen in unzähligen Kriegen ab.“


Bei esou engem Verlaaf vun der Geschicht vum Universum sech als Mettelpunkt vum Universum ze gesin an sech mam Numm Homo Sapiens ze beschmücken as einfach nemmen Größenwahn. Esou wei sech eis Spezies behellt misst een eischter vum Homo demens schwetzen, trotz eisen Fähegkeeten vun rationalem Handeln an kloerer Erkenntnis! Wat as dann d’Ursach vum Feelverhalen vum Homo demens? Do féiert den Schmidt-Salomon den Begreff “ideologeschen Gehierwuerm” an (ähnlech wei den Begreff “Mem” vun 1976 vum Evolutiounsbiolog Richard Dawkins). Gemengt sin domadder Ideen, déi sech an den Käpp vun den Leit festsetzen an vun Individuum zu Individuum virungin.

Am zweeten Kapitel gett wuel den gefeierlechsten Gehierwuerm duergstallt mam Titel „Die wundersame Welt der Religioten“: déi geckeg Virstellungen vun den Reliounen, déi vun hiren Vertrieder meeschtens schon den klengen Kanner an den Kapp agepflanzt gin. D’Resultat sin Religioten, Kuerzform vun religiöser Idiotie, déi beseet, dass suguer deen komplett vernünfteg handelnden Mensch an Relatioun mat hirer reliéiser Glaawenswelt sech wei Idioten behuelen. Am Buch gin déi immens onlogesch Virstellungen vun den 3 Monotheismen behandelt. Wann een dann kukt wat fir en regelrechten Blödsinn alleng nemmen am Judentum, Chreschtentum an Islam gegleewt gett (mat den dementspriechenden Konsequenzen fir d’Menschheet), geet dat duer fir d’Religiotie ze erklären:

Religiotie ist eine selten diagnostizierte (wenn auch häufig auftretende) Form der geistigen Behinderung, die durch intensive Glaubensindoktrination vornehmlich im Kindesalter ausgelöst wird. Sie führt zu deutlich unterdurchschnittlichen kognitiven Leistungen sowie zu unangemessenen emotionalen Reaktionen, sobald es um glaubensrelevante Sachverhalte geht. Bemerkenswert ist, dass sich Religiotie nicht notwendigerweise in einem generell reduzierten IQ niederschlägt: Religioten sind zwar weltanschaulich zu stark behindert, um die offensichtlichen Absurditäten ihres Glaubens zu erkennen, auf technischem oder strategischem Gebiet können sie jedoch (siehe Osama bin Laden) hochintelligent sein.“



Am dretten wei och an den weideren Kapitelen iwerdréit hien des Definitioun vun mangelnder Erkenntnisfähegkeet och op aner Bereicher: mam Kapitel „Schwarmdummheit — Wie Ökonomioten die Welt zugrunde richten“ haaptsächlesch op Finanzwelt mat hiren absurden Geldgeschäfter an mam Kapitel  „Die Torheit der Regierenden — Politioten an der Macht“ op d’Politik an d’Ökologie. Dat schengt zimlech gerechtfertegt ze sin, vue dass och d’Ökonomie, d’Ökologie an d’Politik vun méi oder manner starken Glaawensgrondsätz geprägt sin, déi suguer mol guer net mei oft iwerhaapt nach hannerfrot gin! Seng ökonomesch Thesen wärten wahrscheinlech am meeschten Widdersprech ernten, well hien dat Thema e bessen zevill vereinfacht huet. Trotz allem as dei Haaptidee am Buch, dass de Mensch Systemer mat verheerenden Konsequenzen schaaft, awer gleichzeiteg innerhalb vun dem System rational handelt mee an der Grupp selwer keng Kritik mei stattfend!

Zousätzlech weist den Schmidt-Salomon op d’Tatsach hin, dass d’Problemer weider verschärft gin durch d’Angscht virum Muecht- an Imageverloscht beim Zouginn vun eegenen Fehleren. Gutt deitlech gett dat während politeschen Debatten:


„Denn im Unterschied zu philosophischen Debatten haben sie nicht das Ziel, die Diskutanten gemeinsam weiterzubringen, sondern die Gegner an ihrer schwächsten Stelle zu treffen. Während das überzeugende Argument in der philosophischen Debatte ein Geschenk ist, das den Beteiligten die Chance bietet, Irrtümer zu überwinden, ist das Argument in der politischen Debatte eine Waffe, die eingesetzt wird, um unliebsame Kritik an der eignen Person abzuwehren.“


Trotzdem schengen die verschidden Idiotien net onheelbar ze sin, vue dass den Auteur sech selwer durch Léiren vun der Ökologiotie heelen konnt (heen war eng laang Zeit Member vun Greenpeace).

Wieder geet et mam Kapitel „Willkommen in der Matrix — Auch Dummheit will gelernt sein“, wou heen duerstellt firwat d’Bildung, an net d’Wessen alleng, den Schlessel zu enger besserer Welt kann sin. Awer dofir misst een den gesamten Schoulsystem enneren: am Plaatz vun blannem an kuerzfristegem Auswennegléiren vun Fakten (fir déi nächst Prüfung) wier et besser den Bildungssystem esou ze enneren, dass een léiert Zesummenhäng ze erkennen. Faktenwessen as hellefreich an kann beandrockend sin, mee as an der heuteger heichkomplexer Zeit net mei ausschlaggebend, vue dass een haudesdags quasi vun egal weienger Platz aus iegendwelch Fakten kann noschloen. Do kommen mer ob en weideren Paradoxon: obwuel d’Wessen vun der Welt haut just nach Mausklick entfernt as, sin Milliounen vun jonken Menschen esou schlemm geeschteg zereckbliwen, dass sie net emol wessen, wat sie net wessen. Mee an der Schoul gin engem dei Ambitiounen jo net vermettelt, dass et sech och lount selwer mol mei déif an d’Wessenschaften vun eisem Planéit an dem Universum fuerschen ze goen – och wann een dodurch weder en Modelkontrakt beim Lagerfeld nach en Plattenkontrakt beim Bohlen kritt!


Inhaltlech gett d’Buch mam Kapitel „Keine Macht den Doofen — Ein Aufruf zum Widerstand“ ofgeschloss, mat engem Appell un d’Vernonft d’Fähegkeeten vum Homo demens um Wee zum Homo sapiens ze notzen:


„Denken Sie nur an die phantastischen Möglichkeiten der Technik, die großartigen Erkenntnissender Wissenschaft, die wunderbaren Schöpfungen der Kunst! Ist es nicht beeindruckend, was die Menschheit trotz all der Irrungen und Wirrungen der Geschichte, trotz aller engstirnigen Zensurversuche von Religioten und Politioten auf die Beine stellen konnte?“

Den Slogan fir déi vum Schmidt-Salomon gefuerdert Reform as logescherweis: Entblödet Euch!




FAZIT:
En heich interessant Buch wat ech Iech wieklech vun ganzem Herzen empfehlen! Déifgleewegen roden ech allerdings en ganz groussen Bou em dat Buch ze maachen. Fir mein Geschmack war d’Buch e bessen ze kuerz, ech hett gären nach méi gelies. Dofir hun ech mer nach weider 2 Bicher (Manifest des evolutionären Humanismus & Jenseits von Gut und Böse) vum Schmidt-Salomon kaaf, déi ech an nächster Zeit och wärt durchknaen. Déi 124 Seiten fir 5,99€ sin et wieklech der Wert, an am Quellenverzeichnis hannen am Buch fennt een och nach weiderféierend interessant Literatur zu denen verschiddenen Themen. Weider Informatiounen fannt Dir um Site: http://www.keine-macht-den-doofen.de




Mittwoch, 10. April 2013

Movies: Side Effects

Side Effects - by Steven Soderbergh

Infosite mat Traileren an Biller

Am "Side Effects" geet et, wei een vum Titel erahne kann, em d'Nierweneffekter vun Medikamenter. Waat den Autonormalverbraucher an der Regel nëmmen kuerz iwwerflitt oder wäschgeheit, gëtt an desem Film zum Haaptthema gemaach. Klengen (spoilerfräien!) Resumé vum Haaptplot:

D'Emily, gespillt vum Rooney Mara daat een vleit aus "the girl with the dragon tattoo" kennt, an de Martin fannen no Jooren wou heen am Prison war, rem zesummen, an wëllen rem hiert aalt Liewen sou gudd wei et geet zreckgewannen. D'Emily verfällt awer an Depressiounen an muss a Behandlung gooen. Sein Dokter, gespillt vum Jude Law, verschreiwt him, nodeems vill Medikamenter keng groussarteg Wierkung weisen, en Produit mam Numm "Ablixa". Alles leeft gudd bis eppes geschitt, an den Dokter domat a Schwieregkeeten geréit, well et nach en zimmlech neit Medikament ass, a bis lo nëmme Guddes dovun gezielt gouff... (alles daat geet aus dem Trailer erfier)

Et ass schon en zimmlech speziellt Thema daat an dësem Film behandelt gëtt, an trotzdem ass de Film zimmlech spannend well en dat ganzt Potential aus dem Thema benotzt. No enger kuerzer awer bündeger Afeierung an d'Liewen vum Emily an dem Martin, geet et och schon direkt un d'Thema. Bis et dann souweit kënnt dass eppes geschitt, iwwerrascht de Film mat deem engem oder aaneren Schockmoment, an och mat liicht psychopatesch ugehauchten Szenen, déi engem gudd mei noo brengen wei sech daat depressivt Emily wuel fillt.

Leider wier all weider Info zum Film schon e Spoiler, mee daat mecht neicht, well ech hun nach genuch fier ze schwetzen ;). Allgemeng kann ech vum Film behaapten dass seng Längt perfekt op d'Thema passt: mat 106 Minuten ass et quasi dei ideal Zeit fier daat, dach éischter ageschränkt Thema, duerchzeknaaen, ouni dobei Langweil opkommen ze loossen! Enplus huet en 1-2 wierklech cool Twists, souwuel storytechnesch, wéi och vun der Siichtweis dei engem vermëttelt gëtt. Mee fier genee ze verstooen waat ech domat mengen musst der de Film scho selwer gesin hun.


Oofschléissend kann ech just sooen dass mer perséinlech de Film zimmlech gudd gefall huet; jiddereen deen heiansdo mol eppes kucken well gooen daat net voller Explosiounen an Actionszenen gelueden ass, kann dëse Film bedenkenlos kucke gooen, an gleichzeiteg eventuell nach eng aaner Siichtweis op dei ganz Pharmabranche adoptéieren, mee vleit ass daat och just en Nierweneffekt.
Ech gin dem Film eng 7.3/10 op der berühmter Ulmerich Skala. Den Owend gin ech "Oblivion" kucken, an de Weekend, wann alles sou bleifft wéi geplangt "G.I Joe 2". Et kommen also och nach 2 Revies vu Filmer dei "voller Explosiounen an Actionszenen gelueden" sin ;D

bis dohin
stay tuned.



Dienstag, 9. April 2013

E Concours - an ech well gewannen!

Haut war et sou weit:
Ech hun mei Video färdeg gemaach, an hun probeiert en bis and d'lescht Detail noozemaachen, genee wei den Original... waat dobei rauskomm ass gesidd der hei:



Ech hoffen en gefällt Ierch :)
waat elo nach feelt fier dass ech ka probéieren ze gewannen: ÄER LIKES! Et ass ganz einfach, dréckt op folgende Link:

http://www.facebook.com/StartinBlog/posts/274376932697968

an loost mer äeren Like do. Ween daat ganzt dann och sharen wëll, muss einfach nemmen exakt dee Link hei driwwer an sei Status schreiwen, an daat war et.
Ab moa gëtt et dann rem manner hysterechen Kontent, versprach!

bis dohin
stay tuned :D



Montag, 8. April 2013

Ich mach morgen Partey, machst du morgen Partey?!

Klasseschen Spongebob-Saatz als Titel ;)
An eigentlech ass daat och gelunn...
an ierjendwei och net...
Aaaalso, ech maachen grad bei engem Concours mat wou ech eng GoPro 3 gewannen kann! Fier dei wou net wëssen waat daat ass: daat ass eng mini-Kamera mat 11 Megapixelen, dei een iwwerall kann festmaachen an domat egalwaat ee wëll, filmen kann, an daat ënnert deenen onmeijlechsten Konditiounen. Iwwer tauchen, Velo fueren, bis hin zu "un de Fliijer peschen" kann een alles filmen. Well ech awer selwer ze knéckeg sin fier mer sou en deiert Stéck ze kaafen, ass dee Concours dei ideal Chance fier mech!
Am Concours muss ech en Sketch vun der BGL noomachen, an ennert de beschten Entréen gëtt halt dei GoPro verloust, an eng Roll an hierem neie Sketch. Hei ass de Video deen ech noomachen:



Ech sin sou gudd wei färdeg an méi wéi zefridden mam Resultat! Daat Eenzejt waat mer nach feelt ass dei Szene bei 1:47. An genee DO kënnt den Titel an d'Spill! Ech brauch Leit, well eleng kann ech net sou wierklech eng Mënschegrupp duerstellen... Wanns DU also Loscht hues do mat ze maachen, dann soo mer Bescheed. Am léiffsten géing ech daat moa de Mëtten géint 3 Auer Filmen, ween net weess wei en heihinner kënnt, dee kann ech och ganz gäere siche kommen. Et wier eng Saach vun net emol 5 Minuten, dat wier wierklech mega cool :)

Moa gëtt et dann eng Movie Review, an de Mëttwoch kennt endlech dem Luca sein Artikel, sidd gespaant!

bis dohin
stay tuned.



Sonntag, 7. April 2013

Das Wort zum Sonntag

Dei éischt Woch ass gepackt, Hurra!
An ech muss sooen, bis lo sin ech richteg zefridden an vill mei motiveiert daat hei rem eng laang Zeit ze maachen, wei jeemols fierdrun. Endlech ass dei magesch 100er Mark op der Facebook Säit iwwerschratt (daat heescht awer net dass ech net na mei well! mei mei mei), d'Besicherzuelen sin och weit iwwert deem waat ech mer erwoart haat, AN vereenzelt Leit trauen sech meng Beitrag och ze sharen, an daat eleng beschert engem scho vill Freed, also en décke Merci fier alles daat :) .

All Daag ee Post, heiansdo Zwee, daat war d'Ziel lo am Ufank, an daat hun ech io och ierjendwei hikritt, lo geet et drun eng Regelméissegkeet anzebauen, mee daat keint enner Emstänn nach e Bëssen daueren. Waat mech awer och gefreet huet ze gesin, ass dass vill Leit sech tatsächlech gemellt hun fier eppes ze schreiwen, an et och wierklech gemaach hun; net wei fierun 2 Jooer wou sech 10 Leit gemellt hun an nëmmen de Luca sech d'Méih gemaach huet, an domat belount gin ass andeems en seng eejen Rubrik kritt huet. Apropo Luca's Corner: Am Laaf vun der Woch gëtt et dann endlech neess eppes vun him liesen, an et passt vum Thema hier e Bëssen bei mein Artikel iwwert de Fernseh hautdesdaag (klick hei fier en e liesen).

Och vu menger Säit gin et nächst Woch rem op mannst 2 Film Reviews, mee dei Unzuel wert sech wuel lo gleich zreckschrauwen op 1 pro Woch, well ech dann rem zu Breissel sin an net an der Woch an de Kino gooen kann. Fier de Recht hun ech mer iwwerluet heiansdo och na eppes witzeges ze posten, fier dass een och net ëmmer souvill liesen muss :p

Daat gesoot, maan ech daat dann och direkt haut, an loossen äerch mat dësem Video de leschten Weekenddaag auskléngen:



bis dohin,
stay tuned.



Samstag, 6. April 2013

Masseverblödung - en Deiwelskreess


De gudden aale Fernseh, ach waat hun ech als Kand Zeit fierun deem Apparat verbruet. Eng cool Serie no der aanerer a mech ragezunn, an dann mat Kollegen dei passend Spiller gespillt, oder einfach d'Serie op der Spillplaatz noogestallt, herrlech. Wou ech an de Lyçée komm sin hun ech dann ugefaangen och mol dei eng oder aaner liicht verdaulech Wëssenschaftssendung ze kucken, wei Galileo oder Wunderwelt Wissen, fier nëmmen e Puer ze nennen. Daat waren halt gudd verständlech an informativ Sendungen wou een deen een oder aaneren coolen Sciene-Fakt geleiert huet. Ab 3ième hun ech awer festgestallt dass sech emmer mei Themen an der Sendung widderholl hun an/oder dass sou Sendungen lues awer secher oofgeschaaf gouffen, aus diverse Grënn. An deen Trend geet weider, bis haut, mee wei genee huet sech eis Televisioun verännert, a fierwaat?

Et kéint een sech ganz weit zur Fënster rauslehnen a sooen dass daat alles schon mat der éischter Staffel vun "Big Brother" ugefaangen huet. Dës Sendung, an och dei 37 Staffelen duerno haaten eng onwarscheinlech Einschaltquote; fierwaat? Well et am Mënsch senger Natur leit Saachen ze maachen oder ze kucken, dei him eigentlech net erlaabt sin (merci Eva...), an daat ass Fakt, zumindest ass mer daat a mengen 8 Jooër Lyçée oft genuch agehummert gin, an ech kann deem suguer zoustëmmen. D'Medien hun daat och ganz séier rausfonnt, an hun Castingshows agefouert, bei deenen sech d'Leit doheem köstlech amüseiere kënnen andeems se iwwert d'Makelen vun aanere Leit laachen. (Ok, ech gin zou, ech hun daat och gemaach, mee ween net...). An eigentlech ass daat io och net schlëmm; dei eng oder aaner Ennerhaalungs-Sendung tëscht de Noochrichten, Dokumentatiounen an spanndende Filmer, fier e bëssen vum Alldaag oofzeschalten ouni mental groussarteg herausgefuerdert ze gin.

Wier et dobei bliwwen, géiff et dëse Post warscheinlech iwwerhaapt net gin, an d'Welt wier e klengt Stéck besser (op daat lo doru leit dass dee Post hei nie entstaane wier, oder dass dann manner domm Sendungen laafen géingen ass dem Lieser fräi iwwerlooss ;) ). Mee leider, wei mer ganz séier mierken wann mer e Bléck op den Telesprogramm werfen, ass et net dobei bliwwen. Ech spullen lo e bëssen no vier, an zwar vum Jooër 2006, bis wouhin sech nëmmen e gudde Grapp voll derer Sendungen versammelt hun an wou och YouTube sou richteg gestart ass, bis lo an d'Jooer 2013. Ech huelen mer lo 3 Senderen (vun deenen 100'000 dei mer als Normalverbraucher metlerweil hun), an zielen sämtlech Sendungen op dei mer an d'Aa faalen:
Familien im Brennpunkt, Betrugsfälle, Unsere erste gemeinsame Wohnung, Verdachtsfälle, Richterin Barbara Salesch, Richter Alexander Hold, Britt, Helf mir! Jugendamt, Familien-Fälle, Schicksale, Verklag mich doch, Mieterzoff, Unter Beobachtung, Frauentausch, Promi-Frauentausch, Family Stories, The biggest Loser, Bauer sucht Frau, Schwiegertochter gesucht, Das Strafgericht, Val & Flo in Love,  an an an...
Wei engem vleit opfällt huet ALL Sendung domat ze dinn dass den Zuschauer en intimen Abléck an d'Privatliewen vun aanere Leit kritt. Op daat lo schlussendlech alles gefaked ass oder net, spillt dobei keng Roll. Besonneg gudd gefällt mer d'Auswahl vum Titel "Unter Beobachtung", well daat ganzt ironescherweis io gefilmt a vu Millioune vu Leit gekuckt gëtt. 


Ier ech lo weiderfueren sollt dëst nach gesoot sin: ech si mer ganz klooer bewosst dass et och nach ëmmer eng gewëssen Unzuel u Senderen gin dei keen sou e Schrott weisen, an och regelmeisseg interessant Dokumentatiounen brengen, mee de Gros vun de Leit schalt bei sou Senderen gekonnt wesch, daat ass nunmol e Fakt. Dofier wëll ech keng Streitdiskussiounen ufänken vu wegen "wat erlaabs du der daat alles sou ze verallgemengeren". Streng gekuckt kann ech mer eben grad erlaaben dëst alles ze schreiwen well ech verallgemengeren, an dobei domineiert halt d'Masse vu Leit dei sou Dokumenatiounen net kucken.

Fierdrun hun ech beim Jooër 2006 ganz kuerz YouTube erwähnt, net ouni Grond. Dës Platform huet sech an de leschten puer Jooër eenorm entweckelt. Waat am Ufank just e Site war fier lusteg Homevideos ze veröffentlechen, an Kaatzefilmer ze kucken, huet sech zu enger rieseger Mediatheik verwandelt, wou een alles, an ech mengen domat wierklech ALLES, fënnt. Iwwer Kaatzen, Homevideos, Sketcher, Musikvideos, Bicherreviews, bis hin zu Erklärungen iwwert schwaarz Lächer an iwwert dei 10t Dimensioun. Natierlech gin et op YouTube och ganz vill Schrott Filmecher, dei an dei selwescht IQ-Kategorie passen wei all dei Sendungen 2 Abschnitter fierdrun, mee gleichzeiteg gin et op mannst grad sou vill gescheit, an effektiv brauchbar Videos (dozou kënnt dann nächsten Samschden en extra Post). E Kolleg vu mer huet fieru kuerzer Zeit gefroot: "Wei erkennt een e richtege Youtuber?", an daat ass effektiv eng gudd Froo. Fier den Duerchschnëttletzebuerger geing ech behaapten dass een keng richteg Norme festlehen kann, mee ech geiff sooen dass ech eng recht valabel Definitioun fonnt hun.

"Et ass een e Youtuber, wann een, egal weini een op seng Startseit geet, en gesonde Mix vun Videos ugebueden kritt, dei Themen behandlen dei een perseinlech interesseieren." 


A mengem Fall wieren daat dann vill Gaming-Videos, gudd gemaachten Sketcher, mee awer och eng net ze vernooleissechend Unzuel un wëssenschaftlechen an allgemengbildende Videos. Ech hun also zu all Moment wann ech mech no eppes sehnen waat mer gefällt, mein ganz personaliseierten "Fernsehprogramm" hei riit fieru mer op mengem Laptop, mei oder manner ouni Reklammen, a fierun allem modifiabel. Wann ierjendee Kanal mer net mei gefällt, sierf et well sein Inhalt domm gëtt, oder well en neicht mei Post, sou gëtt deen einfach rausgeheit, an ech gesin neicht mei vun deem, sou einfach ass et.

Mee wou ass dann den Deiwelskreess?
(folgendes ass erem staark verallgemengert, an ween sech ugeschwaat fillt, ass selwer Schold, ech zielen heimat op keng spezifesch Grupp vu Leit oder ähnleches!)
Daat ass ganz einfach: Dei éischt Sendungen mat Privatinhalt, ob Fake oder net spillt keng Roll, sin opgetaucht, d'Leit hun se gudd fonnt, an regelmeisseg rem ageschalt. Emmer mei Senderen kréien vum Succès vun dëse Sendungen mat, an produzeieren och dergleichen. Konsequenz: De Leit gëtt mei eng grouss Auswahl gebueden, an sie fannen et gudd. Lues awer sëcher widderhëllt sech dee Prozess esou oft dass d'Medien iwwerschwemmt gin mat denen Sendungen (wei een

Uewen ganz liicht erkennt). Den Zuschauer amüséiert sech herrlech beim betruechten vum Misère, Privatliewn oder Mistalent vun aaneren Leit, wat och dorunner Leit dass d'Gehier quasi op Standby stooen kann, an dës Sendungen keng geechtesch Reflectioun vum Kucker erfuerderen. Vu dass se am Standby sin an dei Pseudo-Informatioun einfach opsaugen, sin se zu den idealen Zieler vun der Werbung gin, sou dass se onbewosst lauter Produiten an de Kapp gesaat kreien, dei se guernet brauchen, mee lo wëllen. Ween profiteiert dovun? D'Firmaen dei Reklamm maachen, AN de Sender, dee Suuen domat verdéngt Reklamm ze maachen. Mat den nei gewonnenen Suuen kënnen dann rem mei Sendungen produzéiert gin, bzw. dei momentan kënnen um Laafe gehaale gin. Doduerch kann den Zuschauer dann weiderhin seng Sendungen kucken, an vun der Werbung maniupleiert gin... an sou weider!


Ech fannen et traureg dass de Fernseh dermoossen verkomm ass, iwwerall wou een hischalt stéisst een op den sou genannten "Asi-tv", oder op eng Kachsendung. Wann een dann mol d'Gléck huet eng gescheites ze fannen, sou sin daat oft nach eeler Dokumentiounen, einfach well d'Suuen ze wertvoll sin fier se "nëmmen" fier eng Doku "ze verschwenden". An genee do spillt YouTube eng wichteg Roll menger Meenung no. Ganz vill vun deenen Science-Channels schaffen mat heischwertegem Material, an presenteieren hieren Inhalt an HD, an enger wierklech gudder an angenehmer Art a Weis. Mee wei gesoot, dozou gëtt et dann d'nächst Woch mei!

Feel free eppes ze kommenteieren, a wanns du selwer och nach eppes gréisseres dozou sooe wëlls, dann fannen ech bestëmmt e Wee dein Text als Blogpost ze veröffentlechen :)

bis dohin
stay tuned.

PS: am Laaf vun der nächster Woch kënnt dann och eppes neies vum Luca, och passend zu dësem Thema!




Freitag, 5. April 2013

Movies: Cloud Atlas

Cloud Atlas - by Lana Wachowski, Tom Tykwer, Andy Wachowski

Infosite mat Traileren an Biller

Cloud Atlas spillt sech an enger gewalteger Zeitspaan oof, nämlech vum Jooer 1849 bis 2321. Et versteht sech vum selwen dass an deem Film also mei wei eng Story gezielt gëtt, an ierjendwei awer och net! Ech wert lo net vill iwwert den Inhalt vum Film schwetzen, well 472 Jooer ze resumeieren, keint sech als schweier erweisen, an souvill wëll souwisou kee Mensch liesen ;) Am beschten ass et, wann ech bëssen dovun zielen waat de Film alles behandelt, a wei mer perseinlech de Film gefall huet.

Vu fier eran: de Film ass verdammt laang! 172 Minuten laang gëtt een entfouert an d'Geschicht, an daat Bescht ass dass et engem mol net sou dermoosse laang vierkennt. Daat huet enner aanerem domat ze dinn dass 4-5 Geschichten aus 4-5 Epochen gleichzeiteg gezielt gin, an de Wiessel vun enger Story an dei Aaner emmer rem frësche Wand opkomme léisst. "Waaaaat? 5 Geschichten gleichzeiteg? Ech si bei denen 3 vun Inception schon nemmei nookomm?!!" Keng Panik! Dozou kommen ech nach.

Waat op den éischten Moment fuertchbar komplex an onverständlech wierkt, entpuppt sech noom eischten Véirel vun der Zeit awer als ganz verdaulech an novollzéibar. Wei ech scho soot gin 5 Geschichten gleichzeiteg gezielt, "oder och net". Wei daat ze verstooen ass, ass ganz einfach mat dëser Quote vun der Trailersäit ze verstooen:

"Cloud Atlas" explores how the actions and consequences of individual lives impact one another throughout the past, the present and the future. 

Wëll also heeschen dass dei eenzel Storien mat en een verbonnen sin; och wann dei eenzel Persounen aus de veschiddenen Stories sech nie begeint sin, sou schaffen se trotzdem op dei nemlejt Saachen hin, an handelen ähnlech.

Vu dass sech "Cloud" Atlas duerch sou vill Zeitperioden streckt, geseit een op dëser Reess och ganz vill Thematiken dei nierwebei gewisen a behandelt gin. Ech géiff mech suguer sou weit zuer Fënser rauslehnen a behaapten dass kee vun de gréisseren mënschleschen an sozialen Aspekter ausgelooss gouff. Vun Aarmut, Rassentrennung, d'Liewen noom dout, Gleichgerechtegkeet ënnert de Geschlechter an Sozialschichten, Sklaverei, bis hin zu Hierarchie an Relioun ass sou zimmlech alles vertueden. Et ass also scho mol alles aanescht wei eng banal Geschicht dei riit duerch ouni vill Tëschestops erzielt gëtt.


Mech huet e ganz bëssen gestéiert dass alles dermoossen klooer war am Film, oder éischter offensichtlech. Et gouffe kaum Elementer dei een nëmme verstaanen huet wann een ganz ganz GANZ gudd noogelauschtert huet, oder wann een komplex Verbindungen a sengem Kapp opstellt fier dei eng oder aaner, op den eischten Bléck, onbeänfert Froo ze leisen. Allerdings kann ech daat net wierklech als negative Punkt betruechten, fierun allem well een duerno trotzdem nach bëssen iwwert dei am Film vertrueden Theorie noodenken kann.

Fazit: Cloud Atlas ass e wierklech gudde Film an et ass Schued dass mer deen elo réicht hei an d'Kinoen kreien, soss kéint ech en lo schon op Blu-Ray oder DvD nach eng Keier kucken fier dann vleit nach daat eent oder aanert Geheimnis ze fannen. Et gin immens vill Themen gewissen, an d'Haapt-theorie ass och ganz interessant. Mee gleichzeiteg muss ech dobei sooen dass der äerch am beschten selwer e Bild vum Film maacht, well d'Meenungen gin weit auserneen an en ass vleit net eppes fier jedermann.  Ech gin em eng Bewertung vun 7.6/10 op der berühmter Ulmerich-Skala..

bis dohin
stay tuned.