Mittwoch, 30. Oktober 2013

Kino zu 2

Oft gëtt driwwer gestridden weieen Handy-Ubidder zu Lëtzebuerg dee Beschten ass, wubei ech dobei muss sooen dass een daat éischter "bei wei engem Handy-Ubidder gëtt een am mannsten oofgezockt" nenne misst. Ech selwer si bei Orange, an fier mëch sin sie dei idealst.. fierwaat? Ganz einfach: dank den "Orange Wednesdays" kann ech Mëttwochs an de Kino gooen, an kréien do 2 Tickets zum Präis vun engem - wann ech also eng Persoun mathuelen ass daat e Kinofilm fier 3,50€, an daat am Utopolis Kierchberg, mengem Lieblingskino!

Seit HAUT, jo sou séier sin ech mat News ;), gëllt dës Offer dann endlech och fier den Utopolis Belval. Wann der also ee kennt dee Client bei Orange ass, kënnt der dee ganz einfach iwwerrieden mat Ierch an de kino ze gooen, an schon hudd der en wierklech bëllegen Owend mat engem (hoffentlech) gudde Film! Momentan laafen ënner aanerem "Rush" , "Prisoners" an "Gravity", waat 3 wierklech empfehlenswert Filmer sin.

Ech hu mer geduet dass ech daat mol mat ménge Bloglieser deelen, vu dass ech am Moment net vill Movie Reviews op Lager hun... mee keng Angscht, demnächst kommen der rem! Also, wat ass d'Moral vun der Geschicht: Orange Wednesdays lo och um Belval!

bis dohin,
stay tuned.



Montag, 28. Oktober 2013

De léiwen Handy!

Hei e klénge Video deen ech fonnt hun deen am Moment iwwerall duerch den Internet kurséiert... En vermëttelt zimmlech gudd de Message, an d'Szenen si menger Meenung zimmlech realistesch, leider! Denkt mol driwwer no :/



bis dohin,
stay tuned.



Samstag, 26. Oktober 2013

Keng einfach Aufgab...

A mengem Studium ass et üblech dass mer vun Zeit zu Zeit eist Kënnen ënner Beweis musse stellen. Nodeems mer daat mat engem Science- an Cadragetest misste maache fier iwwerhaapt ugeholl ze gin, si mer fierun 3 Wochen rausgeschéckt gin fier e Puer flott Biller vum Moat ze dréinen. Nodeems ech dës Aufgab als "Classic Uelzechtkanal" bezeechent haat, koum dei Woch drop d'Resultat an also och d'Meenung vum Proff zu menge Biller... Alles an allem hun ech recht gudd oofgeschnidden!

Zimmlech rezent misste mer eng Foto-Aufgab oofgin, wou d'Thema entweder "Duel" oder "Reportage" war. Nodeems meng 2 éischt Ideen leider net réaliséierbar waren (aus diverse Grënn) misst ech op eng Idee emsteigen dei mech leider net vollkommen iwwerzeegt huet... Glécklecherweis ass d'Bewertung vum Proff awer zimmlech frëndlech ausgefall - nach eng Kéier Chance gehaat! Lo just kruut mer dann awer déi nächst Aufgab, bzw mer hun se hallew hannert eis...

D'Aufgab war folgend: de Proff mëcht wärend 12 Minuten eng Aktioun. Dës Aktioun huet aus diverse Klengegkeete bestaan, an en Gros ass et dorëms gaang dass heen eng Kamera vierbereed an an de Auto bréngt. D'Schwieregkeet dobei war dass mer just 1 mol konnte filmen, an an deenen 12 Minuten dierfte mer maximal 5 Minuten ophuelen, an daat Ganzt muss dann nach op 1:30 Minuten geschnidde gin, an zwar sou dass ee versteet dass heen eng Kamera aus dem Auto hëllt, en neit Objektiv dropmëcht an se dann test, an dann rem an den Auto bréngt! 

Lo sëtzen ech hei beim Montage an ech hun ABSOLUT keng Ahnung wei ech daat an 1:30 klaake soll, et kléngt VILL mei einfach wei ee mengt; naja mal sehn ;) 

bis dohin,
stay tuned.




Freitag, 25. Oktober 2013

Nëmmen an der Belsch...

... fënnt ee Leit dei sech déi koomescht Gedanken maachen, an dei dann och nach fier GUDD empfannen! Stelle mer eis folgenden Szenario vier: Mer kommen mam Auto op e Parking gefuer, an op den éischte Bléck gesäit et aus wéi wann d'Chancen op eng Plaatz net sou wierklech gudd stinn. Erwaardungsvoll dréine mer eisen Tour a stelle fest dass sech eis Befierchtung als wouer rausstellt.

Wéi mer awer feststellen ass et deem engem oder aaneren Chaufeur och schon sou gaangen, waat mer doru mierken dass Leit sëch op selwer erfonnte Parkplaatze stellen, waat d'Dréinen zu enger richteger Akrobatik-Aktioun mëcht. Impressionéiert vun der Idee kréie mer dei WAHNSINN-Erliichtung eisen Auto einfach an d'Mëtt vum Parking ze stellen, sou richteg an d'Mëtt, do hënnere mer io bestëmmt keen, an de Risque dass mer eng Téitsch kréien ass quasi Null... NET

Bis op den "NET" huet sech haut ierjendee genau daat geduet... hei eng Foto:
Dass d'Belsch e bëssen hieren eegene Fahrstil hun, hun ech metlerweil acceptéiert an ech hu mech deementspriechend ugepasst, mee daat do setzt deem Ganzen nei Grenzen... d'Laat läit elo héisch ;) Ajo, op deem Parking herrschen allgemeng RANDOM Konditiounen, man beachte wéi verdammt noo déi zwee Autoen am Avant-Plan vun dëser Foto un en een stinn:

bis dohin,
stay tuned.



Donnerstag, 24. Oktober 2013

Pokemon X & Y - en Nostalgietrip

Wärend déi Eng fierun e puer Wochen komplett ausgeflippt sin dass GTA V rauskomm ass, gouffen et och Leit déi daat zimmlech kaal gelooss huet. Als een deen nie GTA gespillt huet wou e kleng war gehéieren ech och dozou. Waat mech ganz aus dem Heissche bruet huet war dass fierun Knapp 2 Wochen dei nei Pokemon Editioune rauskomm sin… jo, Pokemon!

15Jooër ass et lo hier dass mer eifreg déi rout oder bloo Këscht opgerappt hun an erwaardungsvoll eis alleréischt Pokemon Editioun ugemaach hun - e sensationelle Moment un deen sech vill Leit wuel nach erënneren. Duerno koumen vill aaner Pokemon Spiller, nierft Giel, Gold, Sëlwer, Krystal, Rubin, Saphir, Smaragd, Heartgold, Soulsilver, Schwaarz a Wäiss gouffen et nach divers aaner Spiller wei zB Pokemon Stadium, Pokemon Snap an Pokemon Puzzle League. De Gros dovun war flott, mee fierun allem wann et em nei Monsteren geet hun ech fonnt dass se vu Generatioun zu Generatioun mé schiel ausgesin hun!
Soit… wann ech lo e Kolleg fräi zitéieren däerf dann si mer metlerweil aus deem Alter raus wou een sëch schummt Pokemon kaafen ze gooen - am Géijendeel: et geet een oppen domat ëm an et belästegt een suguer nach de Vendeur wann net daat do ass waat ee gäeren hätt. (merde ech schweifen oof) Waat ech eigentlech sooe wëll ass dass Pokemon X & Y zimmlech gäil sin! Menger Meenung no stëmmt an deem Spill einfach villes waat a leschter Zeit bësse falsch gemaach gouff!

Zwar verleeft d’Spill ëmmer nach noom selweschten (fragwürdegen) Prinzip, neemlech e klenge Jong an d’Welt rauszeschécken fier dass deen mat lauter Erwuessene Kämpf an eventuell suguer d’Welt rett, mee ierjendwei hun ech d’Gefill dass dës Editioun(en) eppes besonnëges sin. Wéi ech scho soot hun ech fonnt dass d’Pokemon bei Schwaarz a Wäiss deelweis EXTREM dmm ausgesin hun - daat ass hei net de Fall! Vun all deenen Neien sin der nëmme e Grapp dobäi déi koomesch ausgesin, all déi aaner hun eng agreabel Apparence. Dëst vermëscht fierun allem gudd mam Fakt dass ee permanent Pokemon aus den éischte Spiller begéint, eben just 3-dimensional! Vum Spill-Feeling hier fannen ech scho mol genial dass sou vill aal Pokemon optauchen, do fillt een sech locker 10-15 Jooër zréckversaat.
Ech verbréngen lo net nach 3 Abschnitter domat wéi cool ech déi nei Versioune fannen (an gleewt mer, ech kéint!) mee stattdessen wëll ech nach drop agooen wéi Pokemon ierjendwei Zeitlos bleiwt, an och sou “aal” Ochsen wéi mier et nach kënne spillen. Doduerch dass een mam Alter och d’Spillmechanik bësse méi genau ënnert d’Lupp hëllt, kann een d’Spill e gudd Stéck aanescht Spillen wéi fréier, wou een einfach nëmmen dei Coolst an d’Team gemaach huet an se mat Sonderbonbons ropgeboost huet. Dëst, kombinéiert mat der (zimmlech flotter) 3-D Grafik mëcht dass een sech net ze aal vierkënnt. Aaner cool Features sin d’Wifi Kämpf, waat mech (als een dee fréier nach mam Link-Kabel Kämpf gemaach huet) zimmlech begeeschtert, an déi divers aaner Saachen déi een am Spill maache kann, ausser d’Story an Pokemon fänken.
Ech hun d’Spill nach net duerch (also d’Story) mee bis elo sin ech riit duerch begeeschtert, wéi een och u mengen 44 Stonnen Spillzäit mierkt. Ech ka wierklech jidderengem dee fréier Pokemon gäer haat, dës Editiounen empfehlen; se wierken net sou domm an onnéideg wéi sou munche Viergänger, an géint e MEGA-Glurak kënnt jo wuel kaum en Argument un ;D

bis dohin,
stay tuned.




Mittwoch, 23. Oktober 2013

De Piano am Kino


All 2 Wochen, Dënnstes, fënnt zu Louvain am Kino eng speziell Soirée statt, op der en aale Film gewissen gëtt, daat ganzt am Kader vum "Cinéclub". Mer, d'Schüler vun der IAD hun GRATIS zougang zu dëse Filmer déi eis d'Filmgeschicht an d'Entwécklung méi noo bréngen, an déi ganz Théorie déi mer an der Woch sou un de Kapp geheit kréien verbildlechen.

Fierum Flm kréie mer e bëssen erkläert em waat et geet, an op waat mer mussen oppassen, a weieng Methaperen verstoppt sin, also eng Sorte "Spoiler" am kënschtleresche Sënn. Den éischte Film dee mer gewisse kruuten war e Film aus dem Jooer 1937, an en dréit den Titel "Tabu". Daat speziellt un dësem Film ass awer dass et eng Mëschung tëscht Film an Dokumentaire ass. Daat läit dorun dass et eng fiktiv Geschicht ass, mee d'Schauspiller lauter Einheimescher sin vun der Insel wou daat Ganzt gedréint gouff. Erstaunlecherweis ass d'Schauspillleeschtung vun dësen ongeübte Leit guernet mol sou schlecht.

Vu dass en eelere Film war, war en Schwaarz/Wäiss an ouni Toun… normalerweis huet ee bei sou aale Filmer awer eng Tounspuer dobäi, a Form vun engem Piano deen de Film begleet an ënnerstëtzt - bei eis net! Daat heescht awer nach laang net dass mer 2 Stonnen an engem komplet rouege Sall suutzen… mer haaten e Pianist AM Salle deen de Film fier eis vertount huet , daat war wierklech eng eenzegaarteg Erfahrung! Säi Spill war deelweis esou gudd a passend, dass ee vergiess huet dass heen daat grad spillt, an dass et net zum Film gehéiert. Heen huet iwwregens quasi op de Film improviséiert; laut senger Aussoh ass et gudd 10 Jooër hier dass heen de Film gesin haat!

Daat war sou e klengen Highlight vun der Woch, ech kann de Film awer net wierklech recommandéieren… en ass flott fier Filmstudenten, well et e Bëssen eppes Spezielles ass, mee reng Storytechnesch ass et näicht fier de modernen Publique ;)

bis dohin,
stay tuned.




Montag, 21. Oktober 2013

4t Woch Uni an Updates

Déi véiert Woch op der Uni war zimmlech koomesch, an sou wierklech vill gëtt et net driwwer ze zielen, wouduerch ech och mengen dass dës "Déi Xt Woch op der Uni"-Serie lo mol en Enn hëllt, bis dass rem eppes spezielles um Programm steet.

D'Woch war aus Puer Grënn koomesch; éischtens haate mer 2 Deeg fräi, neemlech Dënnstes an Donneschtes, an zweetens haate mer, wann iwwerhaapt, just Mueres Cours, wouduerch meng Woch zu 70% aus Fräizäit bestaanen huet. Leider gouff et an der Woch och am Cours näicht Atemberaubendes ze berichten, vu dass déi coolst Coursen Dënnstes an Donneschtes sin normalerweis. Sou huet dës Woch dann zu 50% aus Mathé bestaanen, an de Recht hun sech Musikgeschicht an Konschtgeschicht gedeelt...

Vläit ass Ierch awer och opgefall dass ech, trotz der ganzer Fräizäit, sou gudd wéi näicht gepost hun... och dofier hun ech eng Erkläerung: éischtens war ech bis Gëschter ganzer 3 (!!) Wochen net méi am Kino, an haat soumat absolut keng Matière fier ze Reviewen, an zweetens haat ech ausserhalb vun der Schoul awer ëmmer eppes ze dinn, sou dass ech meng Post-Zeit (géint 6 Auer Owes) verpasst hun, an ech awer net Owes um 10 nach en Artikel poste wollt, deen dann souwisou nëmmen nach 20 Leit bemierken. Ech hu mech awer haut viergeschafft an mer e puer Artikelen afaale gelooss, fier dass daat Ganzt hei mol rem un d'Rulle kënnt!

bis dohin,
stay tuned.



Dienstag, 15. Oktober 2013

Guest-Post: Laurent: Studium am Ausland

De Laurent Heyder huet mer en Artikel iwwert d'Studéieren am Ausland geschéckt - ech freen mech iwwer all Artikel deen ech geschéckt kreien an hun deen dunn och prompt akzeptéiert; vill Spass!

Fierwaat et dach wichteg ass am Ausland ze studéieren

No engem Joer zu Zürich hunn ech mech gefrot, firwat dass e Studium am Ausland eigentlech wichteg ass. An mengen Fall war de Choix zimlech einfach, en Studium an Politikwëssenschaft gëtt zu Lëtzebuerg net ugebueden, domat war d'uni.lu vun vireran keng Méiglechkeet fir mech. Ech haat och ni wëlles nom Bac nach Doheem ze bleiwen, et war einfach eng Verännerung néideg. De Choix vun der Staat huet sech dunn duerch Eliminatioun erginn, ech wollt an den däitschsproochege Raum an eng Kombinatioun aus Politikwëssenschaft an Economie, dunn sinn nach Münster an Zürich fir mech iwwreg bliwwen. An bis haut sinn ech mat menger Entscheed vun Studium an Staat glécklech.

Mä firwat ech zu der Iwwerleeung komm sinn, dass et wichteg ass am Ausland gewiescht ze sinn, ass ma lo no 3 Wochen am am 2. Joer richteg bewosst ginn. Nom Stress dee sou een éischt Joer mat sech bréngt ofgesinn vun deem Stress vun der Uni, well do versicht gëtt souvill Leit wei méiglech oder néideg net duerchkommen ze loossen, war och dat alles ronderëm och mol ze verdauen. Vun enger eegener Wunneng wou ee Loyer, Chargen an soss Rechnung muss am Aen behale iwwer Kache, Wäsch maachen an Botzen, eben alles wat sou dozou gehéiert, wann een praktesch alleng ass an muss eenz ginn an net méi d'Eltere sech ëm alles këmmeren. Ouni lo weider dorop anzegoen ass déi Erfahrung schonn extrem vill wäert wann een mol gesäit wei et sou ass, selwer Responsabilitéit ze iwwerhuelen.

Duerch e Gespréich wat ech awer lo mat menge Matstudente haat ass ma opgefall wei wichteg e Studium an engem anere Land ass, ofgesinn vum selbstänneg ginn. Fir meng Schwäizer Matstudenten ass e Studium am Ausland eigentlech näischt normales si kréien dofir och oft gesot si sollen onbedéngt vun de Méiglechkeete profitéiere fir eng Kéier am Ausland op enger anerer Uni 1 oder 2 Semester ze maachen. Doduerch dass ech dunn erzielt hunn, dass an mengem Kollegekrees awer e groussen Deel am Ausland studéiert sief et zu München, Oochen, Bréissel, Montpellier, London, Berlin, Wien,... ware si dach extrem iwwerrascht.

Nodeems ech lo och nach eng Etude gelies hunn, wou op déi Studente agaangen ass déi am Ausland studéiere, ass ma nach vill mei bewosst ginn wat een no sou enger Zäit an engem anere Land alles mathellt, an der Etude ass erauskomm dass duerch déi Zäit am Ausland Frëndschaften an Kontakter opgebaut ginn dei och nom Studium nach bestoe bleiwen an am spéidere Beruffsliewen duerchaus vun Virdeel sinn wann déi eege Firma eemol eppes an deem Land well opbauen.

Eigentlech kann een soen, dass e Studium am Ausland méi wei nëmmen eng aner Uni an eng aner Approche vun Etude ass. Mä dass et eng Beräicherung fir Liewen ass, et leiert een aner Leit kennen, en anert Land, an et kritt een e Bléck dee méi weit wei nëmmen iwwert dat dach zimlech klengt Lëtzebuerg geet. Mir däerfen als Lëtzebuerg net vergiesse wei kleng ma dach am Vergläich zu eise Nopesch Länner sinn, an dass an enger Welt déi haut sou zesumme gewuess an globaliséiert ass, dee gréisste Fehler wär, d'Aen net fir méi grouss Saachen opzemaachen. Sou lang ma Méiglechkeet hunn, finanziell dach gutt ënnerstëtzt ze ginn sollt een déi Méiglechkeet wierklech ergräife an eppes neies ze gesinn an ze erliewen.

An net ze vergiessen all déi Erfahrungen déi een all Kéiers, wann een seng Kollege zu Lëtzebuerg rëm gesäit kann erzielen.

Ech giff mech iwwer Kommentare, Reaktiounen an soss aner Iwwerleeung freeën. 





Sonntag, 13. Oktober 2013

Déi drëtt Woch Uni

Wéi ugekënnegt den drëtte Resumé vun deem waat ech op menger Filmschoul erliewt hun. Dës drëtt Woch ass déi éischt Woch wou mer net einfach sou en Daag fräi haaten - also richteg ustrengend... obwuel... mer haaten sou gudd wéi nëmme Mueres Cours! Ech weess awer leider nach net ob et eng véiert Episode vun dësem Resumé gëtt, well ech mierken dass ech dës Woch manner ze zielen hun... mal sehn!

Daag 1 -  Méinden, 7.10.2013

D'Woch fänkt rem un mat "Technologie Video", wou mer, nodeems mer lescht Woch de Schwaarz-Wäiss-Fernseh erkläert kruuten, dës Woch d'Technik vun der Iwwerdrooung vum Faarw-Fernseh an allen Détailler duerchgeholl hun. Et huet ugefaangen e bësse méi komplizéiert ze gin, mee et ass ëmmer nach super interessant, an huet mer bëssen eng Beschäftegung gin fier Noozedenken an deem Cours deen duerno komm ass, neemlech Mathé wou mer dës Woch bei normale Functiounen ukomm sin, also op 2ièmes-Niveau :p

Daag 2 - Dënnsten, 8.10.2013

Hach, Dënnsten, bis elo mäi Lieblingsdaag! Dënnstes hu mer neemlech ganzer 4 Stonnen "Art et techniques du cadrage", daat ass daat Fach wou mer Film-Szenen Sekonn fie Sekonn duerchuelen an dann d'Bild bzw de Schnëtt analyséieren! Dës Kéier war ënner aanerem "Pulp Fiction" dobäi, waat schon e klengen Highlight fier sëch war. Allerdings hu mer dës Kéier och e Puer Kuerzfilmer gekuckt wou eise Proff selwer d'Roll vum Cadreur iwwerholl haat, an daat war och schon zimmlech speziell, haaptsächlech well d'Resultat deelweis richteg gudd war, an mer alleguer genee daat no 3 Jooër Studéieren theoretsch och kéinten! Owes gouff et dann nach e kléngen Highlight, mee dozou schreiwen ech méi spéit dës Woch nach eppes! (stay tuned :p )

Daag 3 - Mëttwoch, 9.10.2013

Nodeems ech no der éischter Woch dësen Daag net sou gäer haat, gefällt e mer emmer besser! Ugefaang gëtt mat Mathé, an dann geet et direkt mat "Histoire des Arts Plastiques" weider, ee Fach daat mer wierklech vu Woch zu Woch besser gefällt! Dës Kéier si mer op den mathématëschen Aspekt vun der Konscht agaangen, neemlech der Entdeckung vum Fluchtpunkt, an sénger Perfektioun! Mëttes haate mer dann nach "Histoire du cinéma" wou mer alt rëm uuraal Filmer gekuckt hun, déi zu den Eischten iwwerhaapt gezielt hun, an ëmmer nach faszinéieren! Mëtlerweil si mer dann och do ukomm wou d'Technik vum Montage entdeckt gouff, ab elo werten d'Filmer déi mer kucken sech also nët méi nëmmen op enger eenzeger Plaatz oofspillen, an et kënnt Mouvement an d'Bild!

Daag 4 - Donnëschten, 10.10.2013

D'Lescht Woch ware mer raus filmen, Uelzechtkanal-Style... also roof op de Moart gooen, an (hoffentlech) flott Biller dréinen. Dës Woch sin déi Biller vum Proff analyséiert gin, fierun der ganzer Klass, eng Persoun no der Aanerer! Nodeems déi éischt 10 Kanidaten schon zimmlech d'Panz gerappt kruuten wéi onpréparéiert an mat wéi wéineg Praxis-Erfarhung sie an de Studium géiffe kommen, war ech schon zimmlech nervös, an kuerz drop erliichtert well ech gemierkt hun dass mer an deem tempo nie bei "U" an der Lëscht mat de Nimm werten ukommen! Spontan no der Paus huet de Proff dann awer décidéiert d'Lëscht lo vun hannen ze kontrolléieren (ech sin 2t-Leschten) an sou missten och meng gedréinte Biller dru gleewen hieren Jugement ze kréien! Erstaunlecherweis haat de Proff sou gudd wéi näicht dorun auszesetzen an huet suguer e Puer Mol gesoot dass et richteg gudd wier - waat eng Erliichterung! Nach méi erliichternd war et awer dass den Daag duerno och scho gelaaf war!

Daag 5 - Freiden, 11.10.2013

Nodeems den Donnëschten an sëch nëmmen aus "Reportage kucken" bestaanen huet, war de Weekend zum Gräiffen noo, well mer haaten dësen Daag ganzer 2 Stonne Cours, an zwar "Histoire de la Musique"... dozou gëtt et eigentlech net vill ze sooen, ausser dass mer bei der orientalescher Musik ukomm sin, an eis baal 2 Stonnen missten Bollywood-Danzfilmer mat schrecklecher Musik ulauschteren... daat war eng Tortur an de Weekend war duerno wuelverdingt!

Fazit vun dëser Woch:

Oofgesin dovun dass sech "Histoire de la musique" zu deem Fach entwéckelt huet waat am meeschten nervt, war et alt rem eng cool Woch! Ech mierken ëmmer méi wéi gudd mäi Choix war de Studium ze wiesselen, an gleichzeiteg freen ech mech op déi nächst Woch(en) well soulues si mer awer do ukomm (ausser an der Mathé) wou mäi Wëssen a Kënne ophällt, sou dass ech ab elo quasi nëmmen nach nei Saachen gesin an léiere wert! Méi spéit dës Woch kënnt dann nach e Post zum Highlight vum Dënnschten Owend...

bis dohin,
stay tuned.



Donnerstag, 10. Oktober 2013

Luca's Corner: IPCC – eng politiséiert Wëssenschaft?

Ech ginn mech elo wierklech net als Klimaexpert aus an ech weess dass dat Thema immens komplex ass an verschiddenen Leit schon zimlech op den Geescht geet, mä ech kann den 5ten IPCC-Bericht net onkommentéiert loossen! 
Den neien Bericht vun der IPCC (Intergovernmental Panel on Climate Change, oder bësser: Intergovernmental Panel of Circus Clowns) warnt jo nees virun apokalypteschen Konsequenzen falls den CO2-Ausstsouss an den nächsten Joeren net drastesch reduzéiert gëtt. An hirem aktuellen Bericht sinn si sech zu 95% “sécher”, dass alleng den CO2 (en Gas deen nëmmen mat enger Konzentratioun vun knapp 0,04% an der Atmosphäre vertrueden ass, mat engem geschätzten anthropogenen Ausstouss vun maximalen 5% (!!) vun der gesamter Konzentratioun) fir den Changement vum Klima zoustänneg ass. Natierlech Aflëss sollen negligéierbar sinn par Rapport zum Treibhausgas CO2. Aha... Mä dann komm mir kucken mol wéi d’Realitéit momentan ausgesäit: den CO2-Gehalt ass an den leschten 12 Joer konstant rapid geklommen (aktuell ca. 400 ppm), mä d’global Mëtteltemperatur ass säit ongeféier 12 Joer op engem konstanten Niveau bliwwen. Ups?! Wann Dir Iech emol d’Bild ënnen ukuckt, gesäit een ganz kloer dass alleguerten d’Modeller vun der IPCC falsch loungen an den Afloss vum CO2 komplett iwwerschätzt hunn. (Nidderschlag an den Klimamodeller)
(op d'Bild drécken fier et méi grouss ze gesin)
Wéi glaubwürdeg ass dann esou eng Organisatioun nach, déi d’ Mënschheet schonn gutt 20 Joer mat hiren selwer zesumme gebastelten Prognosen regelrecht veraarscht huet? Wéi vill rationell Wëssenschaft stécht an dësem System? Ganz einfach, nämlech guer keng! An deem UNO-Klimarot ginn nëmmen politesch an wirtschaftlech Interessen betruecht (z.B. fir dem Vollek eng CO2-Steier virun d’Nues ze leeën), mat Wëssenschaft huet dat Ganzt guer näischt ze dinn. Net fir näischt ginn et honnerten vun Studien, déi dëser CO2-Theorie immens skeptesch géigeniwwer stinn. Wat mech besonnech iwerrascht huet, dass en däitschen Physiker an enger Studie behaapt, dass den „CO2-Treibhauseffekt“ den physikaleschen Gesetzer souzesoen widersprecht (weideren Artikel dozou)! Den CO2 ass definitiv och keen Ëmweltverschmotzer: vum Ministère de l’Environnement ginn nëmmen den troposphäreschen Ozon (O3), Stéckstoffoxider (NOx) an den Feinstëbs (PM10) als „polluants“ definéiert. En plus ginn et Etuden déi erausfonnt hunn, dass eng héich CO2-Konzentratioun en positiven Effekt op d’Planzen soll hunn! (hei méi dozou)
Natierlech behaapten d’Alarmisten sech op en Zäitraum vun 10 bis 15 Joer ze baséieren wier klimatologesch gesinn net korrekt (wat theoretesch och stemmt, normalerweis betruecht een 30 Joer), mä si beharren sech dann awer gläichzäiteg op eenzel extrem Wiederevenementer (Hurricane Katrina 2005, Europäesch Hëtzewell 2003, etc…) déi op enger zimlech klenger zäitlecher Skala stattfonnt hunn an wat dermadder der Logik vun hirer eegener Argumentatioun widdersprécht…
Eng Korrelatioun tëschent extremen Wiederphänomener an dem CO2-Gehalt vun der Atmosphär gëtt et definitiv net: „Das IPCC konnte auf globalem Niveau keinen Trend bei den Extremwetterereignissen erkennen und zuordnen.“ (Beising, R.: Klimawandel und Energiewirtschaft, VGB PowerTech Service GmbH, Essen, 2006, S.137)
An punkto Mieresäis (ënneschten Grafik) gëtt et ob enger globaler Skala en minimalen Defizit zanter ongeféier 7 Joer, deen awer op alle Fall net dramatesch ass an et dofir och kee Grond gëtt ze panikéieren, vu dass do natierlech Oszillatiounen am Spill sinn. D’Äisfläch huet an der Arktis momentan nees 60% bäigeluecht par Rapport zum nämlechten Zäitpunkt am leschten Joer (Source)!
(op d'Bild drécken fier et méi grouss ze gesin)
Natierlech verneinen ech op kee Fall den Klimawandel, deen as reell säit dësen Planéit existéiert! Mä ech sinn immens skeptesch géigeniwwer der Behaaptung vun engem signifikativen anthropogenen Afloss op d’Klima. Aus der Geschicht wësse mer dass ronderëm d’Joer 1000 Grönland komplett äisfräi war wéinst enger gréisserer positiver Anomalie vun der Globaltemperatur (den CO2-Gehalt läit haut ca. 40% iwwert dem Wäert vun deemools), an dat huet zu guer kenger globaler Katastrof gefouert, am Géigendeel, den Wuelstand war omnipräsent (Source). D'Ausso, dass et an den leschten 2000 Joeren nach ni sou warem war wéi haut ass also falsch!
Schonn alleng aus der Theorie vun der Meteorologie ass mer bewosst, wéi komplex den Zesummenhang Mier-Sonn-Atmosphär ass, an genau déi natierlech Schwankungen goufen nach ëmmer net an den Berechnungen vun der IPCC mat abezunn, obwuel et en Fakt ass dass z.B. Vulkanausbréch wéi och natierlech Temperaturanomalien am Pazifik (El Niño & La Niña, ENSO) en immensen Afloss op dat globaalt Klima hunn.

Zousätzlech dozou schéngt et sech sou lues ze bestätegen, dass d’ Sonnenaktivitéit gebonnen mat der kosmescher Strahlung d’ Wollekebildung beaflosst an logescherweis dann och eist globaalt Klima (Source
+ Dossier). Méi genau: eng staark Sonnenaktivitéit (a
lso eng gréisser Unzuel un Sonneflecken an en staarkt Magnéitfeld vun der Sonn) schiermt eisen Planéit vun kosmescher Strahlung of, sou dass manner kosmesch Partikelen der Wollekebildung bäidroen kennen! Entwéckelt gouf dës Theorie vum Henrik Svensmark (héich unerkannten däneschen Physiker), déi momentan och nach ëmmer en Thema um CERN ass.
Eng wieder gréisser Roll kéint eventuell d’Magnéitfeld vun der Äerd spillen, vu dass eis Magnetosphär och natierlech Variatiounen opweises huet (Source).

Zum Schluss nach eng kleng Analyse vun den globalen Temperaturdaten vum briteschen MetOffice (HADCRUT4). Während der Period 1997 - 2013 (mat engem relativ signifikativen El Niño 1998!) gouf et en positiven Trend vun ca. +0,1°C an während der Period 2002 – 2013 gouf et en negativen Trend vun ca. -0,05°C. Wéi genau respektiv glaubwürdeg dës Daten sinn kann ech definitiv net beurdeelen. Et ass wierklech net einfach an deem ganzen Daten-Dschungel vun der Klimatologie den Iwwerbléck ze behalen!
(op d'Bild drécken fier et méi grouss ze gesin)
Alleng schonn nëmmen den Gedanken eng Previsioun fir déi nächst 80 Joer maachen ze wëllen loossen mer d’ Hoer zu Bierg stoen! Realistesch ass dat definitiv net, vu dass mer an der Meteo bei komplexen Wiederlagen schonn gréisser Problemer hunn eng korrekt Previsioun fir déi nächst 24 Stonnen (!) ofzeginn.
Eng Theorie ze akzeptéieren ass natierlech och eppes wat enger wëssenschaftlecher Approche entsprécht, mä deen eenzegen Wee fir d’Wourecht erauszefannen ass wëssenschaftlecht Hannerfroen. Aggressivitéit an Sturheet ze weisen as definitiv den falschen Wee (Al Gore likens skeptics to racists, homophobes and violent alcoholics)!
(extended version zu dësem Kommentar





Dienstag, 8. Oktober 2013

Ohgott ech zwitscheren!

Ja, lo hun ech mer io tatsächlech en Twitter-Account erstallt, ass daat net fantastesch?! Keng Angscht, ech zwéngen lo keen mer op Twitter ze "followen" oder meng "Tweets" ze "retweeten"... Ech hu mer amfong nëmmen en Account zougeluet well ech en zimmlech grousse Fan vun Amerikaneschen Latenight-Shows sin, an well sie oft Spiller (iwwer Twitter) maachen wou ech theoretesch kéint matmaachen.
Ween natierlech lo en onausstehlechen Drang huet mer op Twitter ze verfolgen dee kann daat gäeren maachen, hei ass de Link: http://twitter.com/SvensPOV . Awer lo zum eigentlechen Thema: ierjendwéi fannen ech Twitter mega random... d'Konzept ass Random, d'Art a Weis wéi et benotzt gëtt ass random, an dass Privatleit daat benotzen ass nach vill méi random. Ech verstinn zum Beispill net waat de Sënn dovun ass eppes ze posten, an dann 10'000 Hashtags hannendrun ze klaaken, zumools wann et nëmmen eppes wéi "ech iessen lo e Stéck Toart" ass! Eng aaner Saach déi ech gäer erkläert wéilt kréien ass WEE festgeluet huet dass een gefällegst spéidsdens all 10 Minuten eppes neies tweete muss?

Ech hun elo ca. 10 "Leit" dei ech op Twitter verfolgen, an daat sin nëmmen Latenight-Shows oder YouTuber, an awer kann ech all hallew Stonn quasi e ganzt DinA4-Blaat voller neier "Tweets" liesen, ech fannen daat liicht iwwerdriwwen, an et gëtt mer ze denken weieng aarme Sau bei deene Shows agestallt ass, déi all 10 Minuten eppes fanne muss fier ze zwitscheren... RANDOM!

Fier oofzeschléissen dann hei nach e Video deen "e Bëssen" de Geck mat Tweets an Hashtags mëcht, vill Spass!


bis dohin,
stay tuned.



Montag, 7. Oktober 2013

Movies: The Butler

The Butler - by Lee Daniels

Infosite mat Traileren a Biller

An dësem Film geet et ëm de Cecil, engem Jong deen an den 1920er op enger Plantage als Sklav opwiest, an sëch dann lues a lues ropschafft zu engem Butler, bis en dann schlussendlech an de 50er Jooëren Butler am wäissen Haus gëtt! Zu deem Zeitpunkt huet heen 2 Bouwen an eng Fraa, an amfong ass alles an der Rei... wier do net een vun senge Bouwen deen sech fier d'Gläichberechtung tëscht den Hautfaarwen asetzt, an sëch soumat an geféierlech Situatioune begëtt!


Et wierkt wéi en Thema daat schon 100 mol duechgeknaat gouff: de maximalpigmentéierte Matbierger geet et net gudd, se gin ënnerdreckt a fier mannerwerteg empfond... déi Eng akzeptéiere et, déi Aaner wieren sëch dogéint. "The Butler" ass doran e bëssen aanescht, an weist déi ganz Situatioun aus engem aanere Wénkel. Dem Cecil säi Bouff gesäit de Fait dass säi Papp e Butler ass als Zeeche vu Schwächt an respektéiert heen dofier net; stattdessen dreiwt heen sech leiwer op illegale Manifestatiounen vun der "Black Power"-Bewegung rëm, kënnt an de Prison an begéint souguer dem Ku Klux Klan. Alles daat si Saachen déi säi Papp natielech net mat Rou loossen.

De Film bréngt e Puer Saache gudd fäerdeg: ze weisen wéi sëch de Status vum "Housenigger" (sou sooen se am Film, daat Wuert staamt net vu mäer)  entweckelt huet a wéi d'Leit déi "Schwaarz" lues a lues toleréieren, soulaang se als Butler oder ähnlechem dingen. En aaneren Aspekt deen de Film och gudd weist ass deen vun de Mouvementer bei de Jonken, och "Black-Power" genannt, wéi ech scho soot. Mee ierjendwéi ass eppes an dësem Film onstëmmeg; ech hun e bësse gebraucht bis ech gemierkt hun dass et zimmlech schwéier ass dës 2 relativ verschidde Geschichten gleichzeiteg ze zielen, an sou kënnt et dass sie et zwar maachen, mee et kritt een awer och den Androck dass déi ganz Geschicht mam Cecil sengem Bouff nëmmen do ass fier op d'Tréinendrüs ze drécken!
Verstidd mech net falsch, de Film ass op kee Fall schlecht, et kënnt mer halt just sou vier wéi wann ech sou e Film deen sëch mat der Entwécklung vun der Rassentrennung an den USA scho gesin hätt a leschter Zeit, an zwar e besseren, neemlech "The Help". Menger Meenung no kann een dëse Film roueg kucke gooen, d'Wichtegkeet vum "Butler" gëtt neemlech gudd betount, an d'Geschicht ass halt och bewegend; zumools de Saatz dass "de Butler eng wichteg Persoun fier den Androck vun de "Schwaarzen" op déi "Wäiss" ass" huet mer gudd gefall!

Alles an allem kann ee festhaalen dass mat "The Butler" e weideren OK-Film an de Kino komm ass, deen e klooren Message vermëttelt, séng Geschicht an d'Art a Weis awer bei wäiten nët sou gudd verpeekt wéi "The Help", ausserdeem ass en en Tick ze laang. Ech gin dem Film 6.5/10 op der berühmter Ulmerich-Skala an schléissen mat dëser Résumé-Phrase oof: "Net enttäuschent schlecht, net erstaunlech gudd, einfach ok... daat resuméiert et gudd!"

bis dohin,
stay tuned.



Sonntag, 6. Oktober 2013

Déi zweet Woch Uni

Wéi versprach de zweete Resumé vun deem waat ech op menger Filmschoul erliewt hun. Wann ech de d'Lieserzuelen vun der éischter Woch kucken, an de Fait dass mer einfach iwwerdriwwe cool Saachen am Cours maachen considéréieren, da sin ech sëcher dass ab elo all Sonnden sou e Resumé wert kommen! Et sin e Puer Dommheeten dobäi an natierlech och déi eng oder aaner serieux Saach, vill Spass!

Daag 1 - Méinden, 30.09.2013

Den Daag fängt un mat "Technologie vidéo I", engem Fach wou mer erkläert kréien wéi et méijlech ass gefilmtent Material weltwäit ze iwwerdrooen an soumat e Abléck an dee méi techneschen Aspekt vun der Filmbranche kréien. Mäer perséinlech huet dee Cours immens gudd gefall; e beinhalt vill Physique a Mathé, sou dass ech Dank der 1ière genuch Vierwëssen haat fier de Cours gudd kënnen ze verfollegen. (leider war daat awer nëmmen fier eng Minoritéit vun de Leit de Fall, an de Fait ass d'Jooër fierdrun nëmmen 10% daat Fach op Anhieb bestaanen hun, huet mer awer e Puer Suerge gemaach!). No enger weiderer Stonn vun "optique générale", wou mer absolut näicht gemaach hun well eise Proff et leiwer haat eis Geschichten ze zielen, war deen Daag dann och scho gelaaf - alles an allem ass de Méinden also en gemiddleche Start an d'Woch!

Daag 2 - Dënnsten, 1.10.2013

Aaah, waat en herrleche Start an den Daag mat 4 geballten Stonnen "Art et Techniques du cadrage" - mengem (bis elo) Lieblingsfach! Nodeems mer leschte Kéier d'Grondwëssen vermëttelt kruuten, konnte mer dës Kéier eist Wëssen enner Beweis stellen. Zesummen hu mer an der Klass déi éischt Szene aus "Inglourious Basterds" gekuckt, an déi dann 4 Stonnen laang analyséiert - fantastesch! Dobäi sin eis Saachen opgefall déi ee wierklech just gesäit wann een de Film am 3-Sekonnen-Takt oofspille léisst, an de Proff huet eis erstaunlech vill Informatiounen iwwert déi eenzel Cadragen gin, do ass een sech mol bewosst gin weivill Aarbescht an sou enger Produktioun stëcht!
Déi nächst 4 Stonnen vum Daag waren dann "Reportage", also eng praktesch Ausfgab! D'Ziel war et mat der fetter Kamera raus filmen ze gooen, a 5 Minuten Bildmaterial vum Moart ze sammelen, fier dass heen duerno kucke kann wéi mer eis ugeluet hun, a waat mer gefilmt hun. Als Ex-Uelzechtkanal-Schüler war dëst natierlech eng vu mengen einfachsten Aufgaben, an ech konnt mech richteg austoben! Déi Woch drop gi mer da gewuer waat heen dovun hällt...

Daag 3 - Mëttwoch, 2.10.2013

Eischt zwou Stonne: Mathé. An zwar Droiten fier genee ze sin... Ech weess net waat mech méi erschecken deet: de Fait dass mer tatsächlech 2 Stonnen iwwer Droiten geschwaat hun, oder da Fait dass e groussen Deel vun de Leit do schon verluer war; ech fier mein Deel konnt dës Stonnen gudd ausnotzen fier mëch moralesch op "Histoire des Arts Plastiques" vierzebereeden. Spéider huet sech awer rausgestallt dass daat fier näicht war, well dës Kéier hun ech de Cours richteg interessant fonnt! No der leschte Kéier (mat hierer fragwürdeger "Konscht" déi se eis gewissen huet) ass et dës Kéier dann lassgaangen mat analysen vun uraale Biller, an hierer Bedeitung, souwéi de Grënn fierwaat daat Stéck Konscht sou ausgeseit wéi et ausgeseit; ech hun et wierklech interessant fonnt!
Den Oofschloss huet dann rem "Histoire du cinéma" gemaach, wou mer dës Kéier en Extrait aus "Hugo Cabret" gekuckt hun... an deem Film geet et neemlech ënner aanerem em de George Méliès, ee vun den éischten Pionéieren an der Filmbranche. Uschléissend hu mer dann nach séng berühmsten Wierker gekuckt, waat mech alt erem beandrockt huet, wann ee bedenkt wéi weineg Moyens sie fréier zur Verfügung haaten am Verglach zu haut.

Daag 5 - Freiden, 4.10.2013

Donneschtes haate mer einfach mol sou kee Cours, keen huet sech beklood ;). De Freiden war dann awer e bësse random - ugefaang huet en neemlech mat "Histoire de la musique", engem Fach waat GANZ skuril ass. Mer neemlech, nierft sengem Erkläerungen, wärend deenen 2 Stonnen exclusiv nëmmen aal Kierchemusik (Gesang) gelauschtert; de Witz un der Saach ass dass mer wärend dem Cours domm dragekuckt hun an de Cours fier onnéideg empfond hun, spéider heiheem hun ech dann awer an enger Serie gemierkt dass genee déi Musik am Hannergrond opgetaucht ass, an der Szene an hierer Bedeitung extrem gehollef huet (dank sengem Erkläerungen waat déi Musik ausdrécke soll) - erstaunlech!
Den Oofschloss vun der Woch haate mer dann mat "Narration par images fixes", wärend 4 Stonnen. De Proff selwer haat awer gemengt dass de Cours just 2 Stonnen dauert, an sou hu mer, no den extrem interessanten Techniken wéi een eng Geschicht mat Stadbiller erziele soll, 2 Stonne laang Fotoen an Geschichten gekuckt, déi de Proff selwer réaliséiert huet; do waren e Puer ganz staark Wierker dobäi, d'Laat läit also héischt, well mer mussen fréier oder spéider an dësem Semester neemlech och sou eng Geschicht réaliséieren!

Fazit vun dëser Woch:

Déi zweet Woch a mengem Studium op der Optioun "Image" huet mech zimmlech begeeschtert! Net nëmmen benotze mer eist Wëssen aus dem Cours direkt sur Place anhand vun engem Beispill, mee eist nei erworbend Wëssen ännert suguer direkt eis Manéier fier Saachen ze beobachten... ech hun zwar schon säit e puer Jooer am Kino op d'Kamera opgepasst, mee lo huet sech daat nach intensivéiert. Bis elo fannen ech de Gros vun de Fächer super interessant, an et ass faszinant waat sou e Studium alles mat sëch bréngt, et ass wäit méi wéi nëmmen "wéi ee Filmt" an "wéi ee schneit"! Bleiwt just nach ze hoffen dass dësen Enthousiasmus mech nach laang begleede wert.

bis dohin,
stay tuned.



Samstag, 5. Oktober 2013

Movies: Rush

Rush - by Ron Howard

Infosite mat Traileren a Biller

"Rush" leeft säit neistem hei am Kino, an ierjendwéi haat ech guernet matkritt dass sou e Film kënnt - emsou méi erstaunt war ech an der Avant-Première wou ech rausfonnt hun ëm waat dass et geet; ech haat neemlech keen Trailer fierdrun gekuckt. Fier et kuerz ze haalen: eng spannend Geschicht, e gudde Cast an eng agreabel Längt hu mech positiv Iwwerrascht! Em waat et geet? Hei den Trailer: (Wann der nët wësst wéi d'Geschicht vum Niki Lauda ass, dann géiff ech rooden den Trailer net ze kucken, daat mëcht de Film méi spannend menger Meenung no!)


Et geet also em d'Geschicht vum deemolegen Formel 1 World-Champion Niki Lauda, an ëm seng Rivalitéit a gleichzeiteg Frëndschaft mam James Hunt. Dës speziell Relatioun huet scho fréi ugefaangen, neemlech do wou se allen 2 nach wäit vun der F1 wesch waren, an sou kann een iwwert de ganze Film schéin d'Entwécklung vun der Relaitoun, souwéi och vun de Personnage selwer verfollëgen!

Mëch huet de Film a villen Aspekter zimmlech begeeschtert - éischtens fannen ech et ganz gudd gelongen wéi se et fäerdeg bruet hun souvill vum Privatliewen vun deenen 2 Rennfahrer ze weisen, ouni awer d'Coursen an d'Rivalitéit ze vernooléissegen. Zweetens ass de Cast mat ënner aanerem dem Chris Hemsworth (och bekannt als "Thor" ;) ) an dem Daniel Brühl (deen een zB aus Inglourious Basterds kennt) immens gudd gelongen; d'Ähnlechkeet zu den original Rennfuerer ass beandrockend, an déi linguistesch Herausfuerderung huet den Daniel Brühl och gemeeschtert! Drëttens bidd de Film engem eng ganz Rëtsch vun interessanten Cadragen un, wéi zB d'Banneliewen vun engem Motorblock, an den Decor versetzt een quasi rem zréck an déi Zäit!
Als absoluten Formel 1 Banaus wosst ech absolut net wee weieng Course gewënnt, a weini waat geschitt, an ech mengen daat war souguer e Vierdeel! Doduerch hun ech de Film neemlech zimmlech spannend fonnt, an ech konnt richteg gefesselt gin. Dovun oofgesin ass et en immens emotionalen Film, waat een op den éischte Bléck net a Verbindung mat engem "Rennautofilm" bréngt. Wee Formel 1 um Fernseh langweileg fënnt, dee wert dëse Film mat sëcherheet NET langweileg fannen - sou ass mer mol gaangen!

Egal ob F1-Fan oder net, dëse Film ass menger Meenung no am Moment den MUST-Watch ënnert de grousse Produktiounen déi am Moment am Kino laafen! Als F1-Fan ass et quasi e Muss, an als net-Fan kritt een déi cool (an och batter) Säite vun dësem instenive Sport gewissen, sou dass een daat Ganzt duerno mat aaneren Aae gesäit. Ech gin dem Film 8.4/10 op der berühmter Ulmerich-Skala an denken dass ech deen ouni Zweifel jidderengem weiderempfehle kann.




Freitag, 4. Oktober 2013

Top 10 TV-Serien

An der éischter Editioun vun "Top 10" présentéieren ech meng Lëscht mat TV-Serien déi ech gesin hun! D'Décisioun fier veschidde Plaatze war schweier, am léiffsten hätt ech der e Puer op déi nemlescht Positioun gesaat... no enger klenger Pro/Contra-Lëscht huet sech dee Problem awer meeschtens gekläert! Ech fänken bei der Nummer 10 an schaffen mech rop bei déi bescht, enplus erklären ech an 4-5 Zeilen waat dës Serie sou gudd mëcht. Also, hei sin se, meng Top 10 Fernseh-Serien dei ech gesin hun, a jidderengem empfehle kann!

Nummer 10: Arrow

Arrow ass um DC-Comic "Green Arrow" ugelehnt, se réicht eng Staffel an ass domat déi neisten Serie an der Lëscht. (Klick hei fier en méi détailléierte Bericht) Bis elo huet se mëch zimmlech gefesselt, an ech hoffen dass se daat och an der zweeter Staffel wert hikréien; op jiddefall huet et mech gefreet dass endlech eng Serie d'Comic-Richtung ageschlooen huet! (The Agents of S.H.I.E.L.D. huet io lo och ugefaang, daat muss ech nach kucken!)

Nummer 9: Modern Family

Iwwert dës Serie haat ech schon en Artikel geschriwwen (dee fënnste wannste hei klicks); et geet em den Alldaag vun enger normaler Famill, an den alldeeglëchen Problemer déi sou eng 5-Käppeg Famill begéint. Fier mäi Goût ass daat genee déi richteg Art vun Humor, an de Fait dass et keng wierklech Haapt-Story gëtt erhéischt den "ech kucken eng random Folge fier ze laachen Faktor" ëm e gudd Stéck!

Nummer 8: How I Met Your Mother

Mëtlerweil kéint een dës Serie io scho baal en "Oldtimer" nennen! Säit 8 Jooër woaden d'Fans drop rauszefannen ween dann lo d'Mamm ass.. fierun e Puer Jooër, also quasi fierun deem ganzen "Serien-Boom" hätt ech dës Serie e gudd Stéck méi héisch gesaat, mee dei nei Konkurrenz huet sëch déi Plaatze geschnaapt! Trotzdem bleiwt HIMYM eng Serie déi ee muss gesin hun, iwwert d'Jooren gekuckt war se ëmmer zimmlech witzeg.


Nummer 7: Scrubs

Nach e bëssen méi aal wéi HIMYM (2005) ass Scrubs, déi hieren Début am Jooër 2001 haat. Scrubs ass eng vun de weinege Sendungen déi een ëmmer an ëmmer rëm kucke kann, an trotzdem bei der selweschter Szene laache wert! D'Harmonie tëscht de Charakteren, souwéi verschidden wierklech brilliant inszéneiert Folgen maachen dës Serie zu engem alltime-Favorite vu mer. Ween se nach net gekuckt huet, muss daat onbedingt noohuelen!

Nummer 6: Fullmetal Alchemist Brotherhood

Fullmetal Alchemist Brotherhood ass en Anime - also gezeechent, ouni richteg Persounen. Eigentlech sin ech keen sou e Fan vun Animes, mee ech muss sooen dass dës Serie iwwerragend gudd ass! Am Géijesaatz zu villen aaneren Animes huet en nëmmen 64 Folgen, an an deenen 64 Folgen kritt een no an no eng äussert komplex, spannend an actionräisch Geschicht erzielt. Ech géiff Ierch wierklech rooden op alle Fall eemol ranzeschnupperen! (wichteg ass d'Wuert "Brotherhood", en gëtt neemlech och einfach "Fullmetal Alchemist" an déi ass net sou gudd wéi dës)

Nummer 5: Dexter

Säit knapp 2 Wochen huet Dexter en Enn geholl! Fierun 5 Jooër hun ech dës Serie entdeckt, an et war quasi e richtegen Insider-Tipp mat enger TOP-Qualitéit waat d'Geschicht souwéi och d'Kameraféirung ubelaangt. Lo, no 8 Staffelen huet déi bluddeg Geschicht vum Dexter Morgan d'Buud zougemaach, an d'Meenungen zu der leschter Staffel gi wäit auserneen! Trotzdem géiff ech sooen dass Dexter (zumindest bis dei 6t Staffel) eng vun de beschten Serie ass déi ech jeemols gesin hun!

Nummer 4: Suits

Suits ass eng vun den neisten Serien déi mäin Herz eruerwert huet! Sou wéi vill vun den neien Serien bidd och dës en héischen Qualitéit-Standart an allen Domainen, enplus bréngt se engem e Beruff, deen een meeschtens als "langweileg" oofstempelt, op eng cool Art a Weis méi no, an fesselt mat parallel laafenden Geschichten, déi awer ierjendwéi zesummenhänken! Duerch deen zimmlech jonken Cast (zum Deels) gesin ech dës Serie ass staarken "Newcomer" - op alle Fall ukucken!

Sou, lo hu mer just nach déi 3 bescht Serien (déi ech gesin hun) ze entlüften! Ier ech daat maachen soll awer folgendes gesoot sin: Eigentlech misst ech déi 3 Serien op ee groussen Podium setzen, well et ass quasi onméijlech se mat en een ze vergläichen. Allen 3 sin top-Serien, an der kënnt sëcher sin dass ech geschockt wert sin wann ech rausfannen dass DU eng dovun nët gesin hues! Here we go:

Nummer 3: Friends

Wee Friends gesin huet, dee weess fierwaat se op dëser Plaatz stinn: well se et verdingt hun! Friends ass souzesooen d'Mamm vun allen modernen Humor-Serien, an huet dem Zuschauer 10 Jooër laang Entertainment vum Feinsten geliwwert! Och haut nach, 19 Jooër no der éischter Episod ass se einfach riit raus witzeg - bei kenger aanerer Serie hun ech sou OFT haart missen oplaachen, a keng aaner Serie hun ech schon sou oft ganz gekuckt! (ech fänken gläich mäi 4ten Duerchlaaf un). All Personnage huet daat gewëssent "Eppes" an et schléisst een se no an no alleguer an d'Herz - eng Qualitéit déi een mëtlerweil éischter selten fënnt! Friends ass souzesooen en "Geheimtipp" well vill Leit net wëssen wéi onmoosseg gudd dës (aal) Serie ass!

Nummer 2: Breaking Bad

Säit de Sonnden Owend ass et offiziell: eng exceptionell gudd Serie hëllt hieren Enn, genee zur richteger Zäit! Breaking ass wuel DEI Serie déi am moment am meeschten gehyped gëtt, an daat zurecht! Nach nie hun ech sou eng gudd strukturéiert, duerchduerten Serie gesin, mat sou kreativen Ideen, suwuel waat d'Story, wéi och de Cadrage ubelaangt! Ganzer 5 Staffelen huet de Produzent Vince Gilligan eis gin, an der Serie domat eng, wéi ech fannen, perfekt längt gin, an se genee am richtege Moment ophaale gelooss! Ech wert se op alle Fall nach eng zweet Kéier kucken, fierun allem fier d'Evolutioun vun de Personnagen méi genee ze beobachten, well bei dëser Serie ass den Titel Programm!

Nummer 1: Game of Thrones

Wee mëch kennt, konnt sëch denken dass daat hei d'Plaatz Nummer 1 ass! Genee wéi Breaking Bad ass Game of Thrones eng extremst détailléiert an komplex Sendung, allerdings baséiert se op der Bicherrei "A song of ice and fire" vum George R.R. Martin, déi ech ugefaang hun ze liesen well ech net wëll woaden fier ze wësse wéi et weidergeet! Dës Serie huet de volle Programm: Humor, Action, Intrigue, Gossip, Mëttelalter, Romanz, Krimi, Politik, Magie, Draachen a Monsteren - als Fantasy-Fan léisst daat mäin Herz méi héisch schlooen! Ween och ëmmer behaapt dass "Game of Thrones voll Null" ass, deen huet absolut keng Ahnung, daat kann een sou festleen als Grondgesetz ( ;) ). Och hei gëllt: absoluten MUSS fier jiddereen deen och nëmmen en Hauch vun Coolness besëtze wëll!


Daat waren se, meng Top 10 Serien! Et war guernet sou einfach aus all de Serien déi ech bis elo gesin hun, der 10 Stéck rauszesichen - zumools op den ënneschte Plaatzen. Schlussendlech hun ech awer gekuckt wéi zefridde mech d'Serien am allgemengen gestallt hun, an u wéivill ech mëch nach erënnere konnt (daat seet halt aus wéi gudd se ass). Net an d'Lëscht gepackt hun et ënner aanerem folgen Serien: Prince of Belair, The Big Bang Theory, New Girl, The Walking Dead, Desperate Housewives, Lost, Fringe, Supernatural an Californication.

Wann der mer nach eng Serie proposéiere wëllt, kënnt der gäeren e Kommentar maachen, entweder hei oder op Facebook, ech wert mer d'Saach dann mol ukucken! Als nächst steht op menger Lëscht "Revenge" déi ech lo säit neistem ugefaangen hun, bis elo huet se io mol kee schlechten Androck gemaach.

bis dohin,
stay tuned.