Sonntag, 29. September 2013

Déi éischt Woch Uni

Wéi versprach de Resumé vun deem waat ech op menger Filmschoul erliewt hun, et sin e Puer Dommheeten dobäi an natierlech och déi eng oder aaner serieux Saach, vill Spass!

Daag 1 - Méinden, 23.09.2013

Laut Plang soll et um 9:45 lassgooen mat der Wëllkommensried vum Häer Direkter an all deenen aanere wichtege Leit. No engem Bléck op d'Auer um 10:15 ass et dann och domat lassgaangen - wéi erwaard an scho bekannt vu menger aaler Uni huet den Direkter eis alleguer frëndlech begréisst an eis dann domat konfrontéiert wéi wichteg et ass sëch drun ze gin. Vun senger Ried huet mech de Fakt dass nëmmen 87 vun iwwer 500 Schüler et gepackt hun ugeholl ze gin awer am meeschte faszinéiert; schliesslech heescht daat dass an deem Salle sougudd wéi keen Blani sëtzt dee vun näicht eng Ahnung huet! Duerno kruuten mer eise Stonneplang fier déi éischt Woch ausgedeelt, an op eisem (der Sectioun "Image" hieren) waren do als éischt mol 4 Stonnen fräi ugesoot - perfekt fier Leit kennen ze léieren a gemiddlech eppes ziessen.
Den éischte Cours vun eisem Studium war leider relativ enttäuschend... et war "Sociologie générale", e Fach daat ech mer wierklech net erwoad hätt bei menger Studienrichtung, mee bon, et war awer relativ intressant an manner langweileg wéi et sëch unhéiert, waat och doru läit dass de Proff richteg fäin an oppe war!

Daag 2 - Dënnsten, 24.09.2013

Aaah, endlech hun ech e Fach daat ech och studéieren, neemlech "Techniques du cadrage", also quasi e ganze Cours deen sëch domat beschäftegt wéi een säi Bild opbaue soll, a fierwaat - genial! Eise Proff (deen, wéi ech fannen, dem Steve Jobs ähnelt) huet en extrem cool opgebaute Cours mat Tonnen u Videomaterial aus diversen Filmer aus allen Zäiten. Enplus stellt heen immens vill Frooen an d'Klass (waat bei enger Klass vun 26 Leit och gudd méijlech ass), sou dass de Cours net langweileg ass an amfong zimmlech interaktiv! Sou wierklech vill bäigeléiert hun ech an dësem éischte Cours nach net, waat awer doru läit dass ech duerch meng 5 Jooër Uelzechtkanal eng wierklech gudd allround-Ausbildung hun, trotzdem war de Cours super intressant! Ajo, iwwregens, ech sin en Emwëe vun ca. 2 Kilomater getrëppelt fier bei dësen Auditoire ze kommen an sin soumat nach baal ze spéit komm... hoppla!
No dësem 4-Stënnege Cours ass et direkt mat "Histoire du cinéma" weidergaangen, engem weideren sensationell coolen an intressantem Fach. De Proff, de warscheinlech gréisste Chaot vun der Welt, ass super sympatesch an huet ALLES waat hee gezielt hun mat Bild/Film-Material ënnerstëtzt. Vu dass et eisen éischte Cours bei him war huet heen eis um Schluss einfach mol locker lässeg en Documentaire vun enger Stonn iwwert d'Frères Lumière gewissen (quasi d'Erfinder vum Kino). Dësen Daag huet insgesamt en grousst Grinsen bei mer herviergeruff - wann de Studium sou weidergeet, da sin ech einfach am Paradis!

Daag 3 - Mëttwoch, 25.09.2013

Alt rëm huet sech mein EXCELLENTEN Orientéirungs-Sënn bemierkmar gemaach, an sou sin ech 15 Minuten ze Fouss getrëppelt fier vun A op B ze kommen, obwuel et ganz genee 20 Meter waren. Daat läit awer dorun dass ech de Mass-Stab op der Koat net gesin hun, deen neemlech "10cm = 200 Meter" ass; doduderch sin ech gekonnt laanscht den Auditoire gelaaf an hun en méi mat Zoufall fonnt - mee egal, lo weess ech io wou en ass! Iwwregens war de Cours deen ech baal net fonnt hun de Mathescours. Als Ex-Mathestudent ass et baal onnéideg ze sooen dass ech dem Cours-Inhalt meilewäit vieraus sin, an mer sou amfong keng Gedanke brauch ze maachen dass ech deen Examen packen. (Iwwregens war ech dee beschten am Science/Mathe-Test fier ugeholl ze gin :D ). De Proff huet ausserdem e klengt Spill agefouert: ëmmer wann een e Fehler un der Tafel fënnt, da kritt een ee "Punkt", a ween um Schluss vum Semester am meeschte däer "Punkten" huet, dee kritt Béier geschénkt... sensationell!
Weider ass et mat "Histoire des arts plastiques" gaangen - ee Fach mat deem ech mëch nach muss ufrënden... zumindest huet dei 2-Stënneg Introductioun mer net immens gudd gefall, mee vläit bessert sëch daat io nach! De Cours vun "techniques du son" ass leider ausgefall, mee als Student vun der Sectioun "Image" war ech net all ze traureg doriwwer ;).

Daag 4 - Donnëschten, 26.09.2013

Dëst ass de leschten Daag vun der Woch, vu dass den 27.09 den Daag vun der "communauté française" ass, an sou all Belge Uni op der Franzéisch geschwaat gëtt, fräi huet. Mee egal, et war e coolen Daag, bestooen aus ganz genee 2 Coursen, mat jeweils 4 Stonnen. Den éischte Cours (fier deen ech den Auditoire schon rëm net fonnt haat, an wou ech suguer ze spéit komm sin) war "Techniques du reportage". E wierklech frëndleche Proff huet eis do laang a breed, an all Detail erkläert wéi een eng Reportage (zimmlech basic awer) opbaut, an op waat ee beim Filmen soll oppassen. Als eenzegen (!!) aus der ganzer Klass dee schon eng Kéier sou eppes gemaach huet (merci UK) konnt ech mäin schlechten éischten Androck als Retardataire zimmlech séier guddmaachen andeems ech mat Wëssen geglänzt hun. Als Belounung dierft ech duerno dem Proff hëllefen déi 6 fonkelnei Full-HD-Kameras auszepaaken an anzestellen, an als Alleréischte vun der ganzer Klass ze probéieren  awesome!
Och beim zweete Cours "Techniques du montage" konnt ech glänzen, alt rëm, dank dem Uelzechtkanal! Nodeems jiddereen e puer Frooen no der Erkläerung vun de Basis-Funktiounen vum Programm stelle konnt, hun ech dann och e méi spezifesch Saache gefroot, wouropshin de Proff mech gefroot ob ech schon Erfahrung hun. No menger Änfert "jo, 6 Jooër" huet hee mech vum Cours délibéréiert, an ech haat d'Wiel einfach schon heemzegooen, oder deenen aaneren ze hëllefen -  ech hun daat Zweet gemaach an mer sou direkt mol e puer weider Kollege geschaaf.

Fazit vun der éischter Woch:

Alles an Allem war et eng deck gäil Woch! Ech hun vill Saache erkläert kritt déi ech zwar scho kannt hun, mee net sou am Detail, ech hun direkt e gudde Grapp Kollege kenne geléiert, an ech hu mech richteg wuelgefillt! Fierun allem hun ech gemierkt dass déi 5 Jooër am Uelzechtkanal mer wierklech e grousse Viersprong gin hun, an dass daat amfong déi bescht Vierbereedung war déi ech hätt kënne kréien! Ech si gespaant wéi et weider geet... daat gidd der dann nächste Sonnde gewuer!

bis dohin,
stay tuned.



Donnerstag, 26. September 2013

Movies: 2 Guns

2 Guns - by Baltazar Kormákur

Infosite mat Traileren a Biller

Zwee Agenten, ee vun der DEA an een vun de Marines gin als Team zesummegesaat fier eng Bank auszerauben - den Hooke bei der Saach ass dass kee vun deenen 2 iwwert den Aanere bescheed weess; emsou méi erféieren se wann se daat rausfannen! Daat Ganzt hëllt sein Höhepunkt wann se mierken dass net dei geplangten 3 Millioune geklaut hun, mee ganzer 40, an daat waren dem CIA seng Suuen! Dei 2 Haaptschauspiller (Mark Wahlberg an Denzel Washington) stierchen also zimmlech a Schwieregkeeten!


Wéi een am Trailer mierkt handelt et sëch em en Actionfilm mat engem gewëssen Sënn fier Humor - eng intressant Mëschung déi ganz gäere mol ka schief gooen! Gott sei Dank ass dëst awer net de Fall bei dësem Film... Eng agreabel Längt vun 109 Minuten, souwéi eng gudd Oofwiesslung vun serieuxen an witzegen Szenen an déi duerchaus gudd Schauspillerleeschtung maachen e gudd Stéck Entertainment aus dësem Wierk!

D'Frëndschaft déi sëch tëscht den 2 Undercover-Agenten opgebaut huet bidd eng gudd Reih un "Bromance"-Witzer, souwéi déi eng oder aaner Szene wou een sech net sëcher ass ob se de Geck mat deem Aanere maachen, oder ob se serieux sin. Ab und zu huet ee bëssen Androck wéi wann den Denzel Washington déi méi erwuesse Roll huet vun deenen 2, mee duerch kléng Dommheeten a Spillereien kann een sech och do net all ze secher sin ;).
Vun der Story souwei vun der Actions hier muss ech sooen dass mer de Film deck gudd gefall huet: keng iwwerdriwwe grouss an onrealistesch Explosiounen, keng Pistoulen mat 160 Schoss pro Magazin, an eng gewësse Lässegkeet vun den Haapt-Protagonisten. Et ass mer wärend dem Film net sou opgefall, mee am Nachhinein mierken ech dass ech mech absolut net gelangweilt hun, an dass ech permanent ënnerhaalen war - daat si Qualitéiten déi een ëmmer méi selten begéint!

Nodeems ech den Denzel Washington an "Flight" zimmlech gäer haat, huet et dann och de Mark Wahlberg lo gepackt dass ech en mat aaneren Aaen kucken; ierjendwéi gëtt hee mer sympatesch, zumools no dëser Roll déi einfach gudd bei hee passt! Ech gin dem Film 7.4/10 op der berühmter Ulmerich-Skala... dee kënnt der roueg kucke gooen!

bis dohin,
stay tuned.



Mittwoch, 25. September 2013

Movies: We're the Millers

We're the Millers - by Rawson Marshall Thurber

Infosite mat Traileren a Biller

"We're the Millers" ass eng nei approche vun Hollywood eis un d'Laachen ze bréngen, an well den Zuschauer ëmmer mei Saache gewinnt ass, fällt daat de Filmer a leschter Zeit ëmmer méi schwéier - majo dëse Film bréngt et fäerdeg mat nëmmen engem Grapp voll Personnagen dem Zuschauer e Grinsen op d'Gesiit ze bréngen, an daat méi wéi nëmmen 1 mol!


D'Ausgangs-Situatioun eleng ass schon aussergewéinlech: en Drogeschmuggler sicht sëch aus sengem Bekanntekreess 3 random Persounen raus, déi dann fier ee Weekend seng Famill solle spillen - d'Famill Miller. Bei de Charakteristiken vun der Famill Miller gëtt absolut kee Cliché vun enger richteg peinlecher Famill ausgelooss - also déi perfekt Verkleedung fier den Drogenjob an fier eng Reih u witzegen Szenen!

Wéi ech scho soot ass de Film zimmlech witzeg, awer net an engem "ech laache mech konstant futti"-Genre, mee éischter an engem "ech gin permanent bei Laun gehaalen, mat periodeschen Laachkriisen"-Stil! Dofier ass menger Meenung haaptsächlech een vun de Millers verantwortlech, neemlech de Kenny, also de Bouff vun der "Famill". Heen zielt dei koomescht Saachen, behëllt sech absolut naiv AN him geschéien sou witzeg Saachen dass een sech heiansdo wënscht et wier een Sur-Place fier et hautnoh ze erliewen.
Natierlech dréit sech de Film net nëmmen em den aarme Kenny; all Famille-Member souwéi deen een oder aaneren Nierwepersonnage huet och mol en haart Laachen aus mer hervier geruff, oder wéi am Fall vum Jennifer Aniston en "Wéi kann hat nach emmer genee sou ausgesin wéi deemols bei Friends??!". Trotzdem war ech e ganz ganz Bëssen vum Film enttäuscht, well ech mer wierklech en Laachkrampf-Film erwaard hun, aus deem ech mat Bauchwéih rausgin...

Trotzdem hun ech de Film zimmlech witzeg fonnt, an en ass definitiv empfehlenswert! Bleiwt onbedingt nach bëssen sëtzen nodeems de Film fäerdeg ass, do kommen neemlech nach "Bloopers", déi effektiv richteg witzeg sin; daat ass eppes daat ech mer mol méi oft bei Filmer géiff wënschen, zumools bei sou engem! Ech gin dem Film 7.5/10 op der net grad sou berühmter Ulmerich-Humor-Skala!

bis dohin,
stay tuned.



Sonntag, 22. September 2013

Meng Vakanz ass riwwer!

Tatsächlech, ech haat scho geduet se géiff nie méi ophaalen! No ganzen 3 Méint an 3 Wochen absoluter Vakanz geet och fier mëch rem den Eescht vum Liewen un, an domat och d'Liewen als Filmstudent, fantastesch. Mat dëser neier Studien-Richtung an frëscher Energie sin ech voll motivéiert fier mäi Wëssen a Kënnen an deem Beräich ze verbesseren an Ierch (hoffentlech) fréier oder spéider d'Resultater dovun ze weisen! Als alleréischt wëll ech dann lo e Puer Ukënnegungen maachen waat Ierch alles erwoade wert an den nächsten Wochen:

Eng nei Kategorie!

Nierft "Movies" , "Youtube-Guide", an "Luca's Corner" wert dann lo gläich meng neist Kategorie un de Start gooen; se dréit de Numm "Top 10". Dëst wert eng wöchtenlech Lëscht sin déi meng perséinlech 10 bescht [whatever] vun engem Thema beinhalt. Mein Ziel war et eppes neies knackeges anzeféieren, daat net vill Zeit hëllt beim Liesen, awer dofier vill Inhalt riwwerbréngt. Ech denken dass déi meescht (zumindest mol am Ufank) dovun mat Kino an/oder Serien ze dinn werten, an dass ech spéider op aaner Themen iwwergräiffen - ech freen mech drop!

Den éischte Vlog!

Nee, lo wierklech, dës Kéier kënnt en, egal wéi kuerz oder laang e gëtt! Ech sin lo rëm deck motivéiert andauernd eppes ze Filmen an et ënnert d'Leit ze bréngen, a wee mech kennt dee weess dass ech och immens gäer mäi Blödsinn ënnert d'Leit bréngen - a wéi géiff daat besser gooen wéi mat engem Vlog. (Ech gesin iwwregens grad fieru mer wéi de Bob daat hei liest an sech freet wei e Kichelchen :p )

Vläit eng aaner nei Kategorie!

Op dës Idee huet de Sam mech bruet: e wöchentleche Bericht waat ech op der Filmschoul alles geléiert hun, bzw awéifern sëch dëse Studium vun engem méi "normalen" ennerscheed! Ech wert ob alle Fall deen een oder aaneren Erfarhungsbericht schreiwen... ob doraus awer eng eejen Kategorie gëtt hängt eenzeg an alleng dovun oof wéivill ech bäiléieren ;D

Déi nächst Deeg geet et awer wuel mol mat neien Movie Reviews weider, an zwar zu 3 richteg gelongenen Filmer!

bis dohin,
stay tuned.



Donnerstag, 19. September 2013

An sou fängt mein Abenteuer un!

Vill vun Ierch hun et bestëmmt scho matkritt, mee ech muss einfach e Post doriwwer maachen wéi dësen memorablen Daag verlaaf ass, an waat lo alles wert kommen! ALSO:

Den Daag huet ugefaang dass ech um 9 Auer waakrech gi sin, an ech wosst dass ech zu Louvain d'Resultater (laut dem Internet-Site) réicht Owes um 8 Auer wert kréien... déi loogesch Konsequenz war also mëch emzedréinen a bis ca. 11 Auer weiderzeschloofen - déi Zäit war gudd fort! Noom Opstooen gouff et en Update um Site vun der INSAS (daat ass d'Uni zu Bréissel, bei däer ech mech och gemellt haat, a wou ech schon an dei zweet Ronn komm war, wou mer vun 140 op 25 Leit roofgeschnidde gouffen). Dësen Update huet erkläert dass um 2 Auer Mëttes d'Resultater kommen.

Der kënnt äerch net vierstellen wéi onendlech laang mer déi Zeit tëscht 11 an 14 Auer vierkomm ass; daat waren 3 Stonnen voller Zidderen an Kribbelen am Bauch, an daat alles fier dann ze liesen dass ech do NET ugeholl sin. Doropshin ass dee schlëmmsten Deel vum Daag komm: vun 14 Auer Mëttes bis Owes 20 Auer woaden - komplett onméijlech! Ongedëlleg wéi ech war, sin ech trotzdem all hallew Stonn op de Site vun der IAD gaang, fier ze kucken ob nach kee Resultat do ass, an um 18 Auer, also 2 Stonnen fierun der Zeit waren d'Resultater endlech do, an dei schlëmmst 4 Stonnen vu mengem Liewen haaten e glécklecht Enn fonnt - ech sin ugeholl zu Louvain-la-Neuve op der Filmschoul.

Waat en eepeschen Daag! Da steet menger bombastescher Karrière an der Missioun meng "berühmt Ulmerich-Skala" effektiv berühm ze maachen io lo näicht méi am Wee! Iwwregens hun ech an de leschten 3 Jooër net een eenzege Film gesin wou an de Credits de Numm "Sven" dra vierkomm ass - daat muss ech natierlech onbedingt änneren!

bis dohin,
stay tuned.



Mittwoch, 18. September 2013

Movies: The Conjuring

The Conjuring - by James Wan

Infosite mat Traileren a Biller

Eigentlech hun ech Horrorfilmer io net gäer. Net well ech fäerten oder Owes net méi schloofe kann, mee well déi meescht Horrorfilmer, bis op e Puer gudd Ausnahmen, entweder zimmlech schlecht gemaach sin oder einfach nëmmen domm sin. All dëst trëfft net op "The Conjuring" zou! Mat dësem Film leeft lo säit laangem mol rëm en gruselegen, net mat Blutt vollgetränkten an spannenden Horrorfilm am Kino!


Et geet also drëm dass eng Famill en Haus keeft, an daat haut ass natierlech net su ganz an der Reih (schliesslech muss den Horror io ierjendwou hierkommen ;) ). Nodeems sie déi eng oder aaner Nuecht am neien Haus verbréngen an deenen zimmlech koomesch Saache geschéien sichen sie d'Hëllef vun 2 Experten an dësem paranormalen Domaine op. Waat doropshin follëgt ass zimmlech gudden Horror!

Et huet lo kee Wert eenzel Szenen ze beschreiwen, well se werten blöd kléngen; de Film bréngt et awer fäerdeg dass daat waat geschitt effektiv net lächerlech ausgesäit, an een zum fäerten bréngt - oder zumindest ass engem net méi alles ganz egal. Nierft der Haapt-Story an den Geschehnisser dovun bidd de Film awer nach Klengegkeeten an Nierwengeschichten déi daat Ganzt e bëssen méi versatile a komplex maachen.
Mech huet fierun allem iwwerrascht wéi gudd et dem Réalisateur gelongen ass Angscht an engem ze erwecken, ouni op Galloune vu Konschtbludd an rondremfléiende Kierperdeeler ze setzen. De Gros (ca. 90%) vun den gruselegen Szenen beinhalten einfach iwwerhaapt kee Bludd, mee se sin einfach eenorm creepy oder schockéirend - dëst si Qualitéiten déi ech an engem gudden Horrorfilm sichen!

Daat eenzegt waat mëch gestéiert huet ass den Titel... am ganze Film gëtt neemlech net eng Kéier eppes "beschwört", waat awer leider d'Iwwersetzung vum Filmtitel ass, mee egal! Ech gin dem Film 8.0/10 op der net grad sou berühmter Ulmerich-Horror-Skala an ech géiff sooen dass der Ierch dëst Wierk op alle Fall musst ukucken!

bis dohin,
stay tuned.



Dienstag, 17. September 2013

Movies: This is the End

This is the End - by Evan Goldberg & Seth Rogen

Infosite mat Traileren a Biller

Mat "This is the End" leeft am Kino en zimmlech witzegen, mee awer och staark kritiséierte Film am Kino. An dësem Wierk geet et, wéi an sou ville Filmer, ëm d'Apocalypse - em sou méi selbstverständlech ass et dass also eng kleng Grupp vun Haaptpersonagen begleet gëtt wéi se probéieren ze iwwerliewen. Daat Speziellt un der Saach ass dass all Schauspiller sëch selwer spillt, also  spillt den James Franco zum Beispill den James Franco.


Wéi ech also scho soot geet d'Welt ënner, an zwar genee sou wéi et an der Bibel steht; et kommen Liichtstrahlen vum Himmel op de Buedem fier déi würdeg Leit ze retten, an all déi Aaner kënne kucken dass se eenz gin an iwwerliewen. Wéi den Zoufall et sou wëll ass daat mat Liichtstrahlen net sou de Fall fier d'Haaptpersonagen, an sou hëllt d'Geschicht ëm d'Iwwerliewen hiere Laaf!

Nierft dem James Franco an dem Seth Rogen spillen awer nach eng ganz Rëtsch aaner Schauspiller a berühmt Perséinlechkeeten mat. D'Rihanna, d'Emma Watson an den Channing Tatum sin nëmmen e Puer vun den onzielegen Schauspiller déi eng Apparence an dësem Film hun; an de Fait dass jiddereen sëch selwer spillt mëcht daat Ganzt och nach e gudd Stéck méi witzeg, well doduerch Witzer iwwert deenen eenzelne Leit hier Filmer gemaach kënne gin - a genee daat gëtt och gemaach! Et vergeht selten eng Minutt ouni eng Uspillung un en aaneren Film vun engem Deen an dësem matspillt... mol sin se offensichtlech, mee heiansdo och richteg gudd verstoppt an guernet evident!
An Humor-Aspekt ass de Film richteg witzeg, och wann den Humor-Niveau heiansdo zimmlech déiff läit an soumat net jidderengem gefaale wert. Leider ass dann do awer nach dee Problem dass et ëm d'Enn vun der Welt wéi et an der Bibel steht geet. Doduerch dass hei quasi de Geck mat hierem hellege Buch, an gleichzeiteg halt mat der Relioun, gemaach gëtt, fannen vill Chrëschten dëse Film skandaléis oder fillen se ugegraff - verständlech!

Ween awer atheist ass, oder sëch aus sou Saachen neicht mëcht, dee kann e Witz-geluedenen, eenzegaartege Film kucke gooen, bei deem een richteg gudd laache kann. Ech gin dem Film 7.4/10 op der berühmter Ulmerich-Skala!

bis dohin,
stay tuned.



Freitag, 13. September 2013

Movies: Elysium

Elysium -  by Neill Blomkamp

Infosite mat Traileren a Biller

Elysium spillt an enger semi-apokalyptescher Zeit (d'Jooer 2154 fier genee ze sin) an der verschidde Mënschegruppen, am allgeméngen déi mi wohlhabend, de Planéit Erd verlooss hun an hiert Liewen lo op "Elysium" weiderféieren. Dësen "Elysium" ass eng Art "frëndlechen Deathstar" - also eng verdammt grouss Metallstruktur op der Liewe gefouert ka gin, an daat mat Hëllef vun spezieller Technologie dei et erlaabt dass do eng Atmosphere entsteht. Wei een et sech baal denke kann passt dës ongerecht Situatioun net jidderengem...


Wéi een am Trailer nach erkläert kritt existéiert op Elysium keng Aarmut, keng Gewalt a keng Kankreten (a wann, da sin se an 10 Sekonnen mat engem Apparat fort) - e Grond méi fier déi wou op der Erd zréckbliwwe sin wëllen dohin ze kommen! A genee dorëms dréint sëch de Film: déi Aarm a krank wëllen mat alle Mëttelen op Elysium, an déi räisch a staark wëllen daat mat allen Mëttelen verhënneren. Den Haaptpersonnage, gespillt vum Matt Damon, kritt dann awer d'Missioun op Elysium anzebriechen an et fier jiddereen zougänglech ze maachen... fier de Recht vun der Geschicht musst der awer scho selwer an de Kino gooen!
Technesch gesin mierkt een dass de Film vum Maacher vun "District 9" ass - vill Szenen hun am Apsekt vun der Kameraféierung Ähnlechkeeten, an déi liicht "verwackelt" Biller drooën gudd zur éischter chaotescher an hëtzeger Stëmmung, déi op Erden herrscht, bei. Den zweeten Star am Film ass d'Jodie Foster, waat eigentlech genee de Contraire vum Matt Damon spillt: eng eiskaal Chefin vun Elysium, räisch, gesond a beschützt. Am Film haasst et hat (zumindest hun ech daat), waat io amfong kee schlecht Zeechen ass am Hibléck op d'Schauspillleeschtung!

Op et gewollt ass oder net (wubäi ech mer schwéier ka vierstellen dass et net gewollt ass); et kann een vill Parallelen mat der aktueller Gesellschaft zéien. Daat ganzt Thema vu wegen "déi wou et gudd hun, déi wëlle keng Kompromisser agooen fier dass et deene wou aarm dru sin en Tick besser geet" war, ass, an wert wuel nach eng gudd Zeit der Wourecht entspriechen. An deem Sënn spijelt de Film eng kleng Kritik un der Geselleschaft duer, an vermëttelt um Schluss suguer nach e Message. Dofier dass de Film awer sou e Message vermëttele wëll, fannen ech dass VILL ze vill Gewalt dra vierkënnt... gudd, dass sou en Space-Film net ouni Action-Szenen auskënnt ass mer bewosst, mee fierun allem ab der zweeter halschent ass de Fokus nëmmen nach um Kämpfen an op méijlechst vill Schock-Momenter an Explosiounen.
Trotzdem fannen ech dass "Elysium" kee schlechte Film ass; déi bësse méi fräi Kamera huet mer gudd gefall, d'Visual Effects sin och op kee Fall vu schlechten Elteren, an d'Besetzung iwwerzeegt - an daat koum grad vun engem deen de Matt Damon bis lo nëmmen an engem Brochdeel vu senge gefillten 10'000 Rollen gudd fonnt huet. Ech gin dem Film 7.1/10 op der berühmter Ulmerich-Skala; et ass en soliden Film mat genuch vun allem, an menger Meenung no awer zevill Gewalt an zevill oppene Frooën (fierun allem vun der Technologie dei sie benotzen).

bis dohin,
stay tuned.




Donnerstag, 12. September 2013

D'Uni kënnt méi noo!

Fierun ca. 2 Wochen hun ech Ierch gericht wéi et mer op der INSAS, enger Filmschoul zu Bréissel, gaangen ass, a wéi meng Tester verlaaf. Als klengen Reminder: ech soot dass alles amfong guernet mol su schlecht gelaaf ass. Den eenzege Problem deen duerno nach bestaanen huet war dass vun deenen ca. 70-80 Leit déi sëch, genee wi ech, fier d'Optioun "Image" gemellt hun, der héchstens 20 Stéck geholl gin, an wuel éischter nëmmen 15!

Gëschter war et dann sou wäit; ech kruut eng eMail mat engem PDF. An dësem ominéisen PDF soll eng Tabell drasinn wou drasteet ween dann lo an déi zweet Ronn geruff gëtt. Panesch a ganz hektesch maan ech d'eMail op an scrollen roof an gesin mäi Numm op däer Lëscht! Fier sëcher ze gooen hun ech nach séier d'Iwwerschrëft vum PDF kontrolléiert, an deen huet effektiv gesoot dass déi Leit op der Lëscht an déi zweet Ronn invitéiert gin!


Ech sin amomentan zimmlech frou an kann et kaum erwaarden de Méinden dohinner ze gooen an sie vu mer ze iwwerzeegen - déi "zweet Ronn" besteht neemlech aus engem perséinleche Gespréich mat e Puer Proffen, mam Ziel een besser kennen ze léieren. Gudd fier mëch ass och dass ech op der IAD (déi aaner Uni wou ech mech mellen) schon sou eppes gemaach hun, an dofier net méi grad sou opgereegt sin, mee ëmmer nach vill ;D Daat eenzegt Trauregt ass dass op der Lëscht keng vun deenen 5 Persoune steht, mat deenen ech mech an deenen 2 Deeg ugefrënnd haat, mee bon, haaptsaach ech sin drop :). Ech haalen Ierch natierlech weiderhin um Laafenden, an ech hoffen dass den nächsten Post zum dem Thema och en fröhlechen Ënnertoun huet!

bis dohin,
stay tuned.



Mittwoch, 11. September 2013

Déi nei iPhones sin do... schon rem.

Apple huet gëschter also neess hier nei Gamme vun Handys viergestallt, a wéi sou oft gëtt ëm déi ominéis Präsentatioun en décken Ramba-Zamba gemaach. Bis fieru Kuerzem war dësen Ramba-Zamba och guernet mol sou onberechtegt, sierf et well se eppes völleg Neies viergestallt hun, oder well se mat neien Designs vun aalen Produiten, souwéi mat Hardware-Opbesserungen gepunkt hun; mee den Trend deen sech Apple mat den iPhones gesaat huet ass dann awer éischter fragwürdeg.

Verstidd mech net falsch, daat hei gëtt lo keng Haass-Tyrade géint Apple, schliesslech sin ech e grousse Fan vun hierem OS X Betriebs-System, an am Allgeméngen och vun hiere Computeren, mee daat waat do gëschter oofgeliwwert gouff huet fier mech d'Faass zum iwwerlaafe bruet. Als kuerzen Resumé waat gëschter geschitt ass: se hun den neien iPhone an 2 Varianten présentéiert: den iPhone 5S an den iPhone 5C. De 5S ass daat waat se säit dem iPhone 3 ëmmer
maachen: eng méi séier a besser Versioun vu sengem Viergänger. Den "C" vun "5C" steet fier Color, an net fier Cheap, wéi vill Leit gemunkelt haaten. A genee do läit fier mech den essentiellen Problem.

Apple huet natierlech vill Fans glécklech gemaach andeems se den iPhone ENDLECH am faarwegen rausbréngen, an soumat eppes maachen waat den klengen schwaarz-Aarbeschter der fier 15 Euro an engem klengen Buttik maache konnt. Ech hun och näicht dogéint dass den Handy lo faarweg ass, ëm Gottes Wëllen net; lo leeft winnstens net méi ALL Lëtzebuerger mat deem nemleschten Telefon duerch d'Géijend - mëcht stéiert d'Manéier an der se daat Ganzt lo rem opzéien. Fier mech kënnt et neemlech genee sou riwwer:

"Hey alleguer, lo passt mol gudd op! Mer wëssen dass den iPhone a leschter Zeit e bëssen onfäheg wierkt nierft aaneren Smartphones, dofier hu mer eis bei dësem brandneien, revoltionéirenden an nach nie erbléckten Design vun engem Telefon geduet dass mer dee Réckstand rëm ophuelen! Eist 3'000-Mann staarkt Team huet sëch zesummegesaat an ass op déi brilliant Idee komm, ierch eppes fier den iPhone unzebidden waat et fier den iPod an amfong all eis aal Produiten schon eiwegkeete gëtt, an Ierch daat ze verkaafen wéi wann et eng Welt-Neiheet wier; den iPhone gëtt et lo a ganzer 5 verschiddene Faarwen, wouvun eng mol keng Faarw ass, ass daat net super???! A mer frooen och just 100 Dollar manner dofier, well dei 20 Gramm Metall déi mer eis bei der Produktioun spueren io och 100 Dollar wert sin!"


Bon, vläit ass et net genee sou oofgelaaf, awer vill aanescht kann et net gewiercht sin... vläit gouff sëch nach d'Froo gestallt "Hmm, wéi kënne mer mat méijlechst wéineg Kreativitéit an den Logo-Faarwen vun eisem Konkurrent am meeschte Suuen maachen?" Lo fehlt just nach dass eng Faarw méi deier ass wéi eng aaner, dann ass alles perfekt. Zum iPhone 5S sooen ech näicht, ech hu mech domat ooffond dass sie aus engem Produit der 2 maachen, mat Hëllef vu klengen Ännerungen, déi den Allgeméng-Benotzer net mol bemierkt, well Facebook, Instagramm an 9gag net wierklech Ressourcen-opwendeg sin.

Allgeméng sin ech zimmlech enttäuscht vun Apple a leschter Zeit - hiert Motto (waat een am "Jobs"-Film oft genuch un de Kapp geheit kritt), neemlech dass se wëllen Produiten wëlle maache fier déi Leit déi aanescht denken, a méi kreativ sin, gëtt sou gudd wéi guernet méi verfollëgt - schliesslech passen se den iPhone io ëmmer méi un d'Gesellschaft un sou dass och méijlechst vill Leit e benotzen... Kuerz: et geet nëmmen nach em Suuën an daat suckt mëch, an ech ferten dass d'Computeren an nächster Zeit och de Bierg werten oofgooen, wubei ech natierlech hoffen dass daat net sou ass!


Daat waren meng Gedanken zum iPhone 5C - bleiwt just nach ze sooen dass ech heimat net sooe wëll dass jiddereen deen en iPhone 5C keeft domm ass, ech wollt just ausdrécken wéi domm ech daat Ganzt fannen!

bis dohin,
stay tuned.



Dienstag, 10. September 2013

Movies: Jobs

Jobs -by Joshua Michael Stern

Infosite mat Traileren a Biller

Mat "Jobs" ass wuel den Apple-Fan-Film schlechthin an de Kino komm; ganzer 2 Stonnen an 8 Minuten kann den Apple-Fan sech hei d'Geschicht vum Liewen vum Steve Jobs ukucken... zumindest kéint een daat mengen! Hei den Trailer:


Fierwaat een daat menge kéint? Bein, de Film heescht "Jobs" an um Cover ass dem gudde Mann säi Gesiit, fierwaat sollt et also net em säi Liewe gooen? Daat ass eng gudd Froo op déi d'Maacher vum Film wéi et schéngt awer eng Änfert fonnt hun, an et sou fäerdeg bruet hun, menger Meenung no, d'Thema ze verfehlen, wéi mer sou oft am Secondaire gesoot kruuten!

De Film fängt mat enger Szene aus dem Jooer 2001 un, daat Jooër wou de Steve den iPod viergestallt huet, an domat quasi d'Musik-Industrie revolutionnéiert huet. An dëser Szene ass een sech ufänglech net ganz sëcher ob een grad en Original-Extrait kuckt, oder ob et den Ashton Kutcher ass deen do spillt - d'Ähnlechkeet ass verblüffend. Duerch dësen éischten (gudden) Androck huet een folglech och duerch de ganze Film keen Zweifel méi drun ob heen op dës Roll passt; hee gläicht him wéi eng Drëps Waasser, ausser d'Stier a verschiddenen Szenen.


No dëser Szene vun 2001 fängt de Film dann sou richteg un; an der Jugend vum Steve - eng Zeit voller Drogen, Affairen, a Buerféiss rondremlaafen, an et kritt een e klengen Abléck wéi heen a seng Kollegen sou ticken. Zimmlech séier kënnt dann awer de Moment wou et serieux gëtt an den éischten "Apple-Computer" séng Form anhëllt... bis dohin ass och alles zimmlech gudd.

Leider leid de Film ab dësem Moment e Bëssen - op eemol huet een, bis op e Puer kleng Szenen, den Androck dass de Film sëch méi em d'Firma an ëm den éischte "Macintosh"-Computer dréine géiff, wéi em de Steve selwer. Dëst ass fierun allem bemierkbar doduerch dass ëmmer manner Emotiounen vum Steve gewissen gin, an méi bürokratesch Inhalter optauchen, duerch daat Ganzt Firma-Gedeessems. De Film verleeft ab deem Moment eigentlech zimmlech lineär an gëtt e Bësse langweileg, bis zu deem Punkt wou, een fier mech onverzeibare, Fehler optaucht; neemlech e Schnatt.

E Schnatt vun 15 Jooër, vun enger Szene op déi aaner ass de Steve net méi um Buedem zerstéiert, net méi depriméiert, ass 15 Jooër méi aal, huet 2 Kanner an ass bestued. Einfach sou. Wéi kann een an engem Film deen noom Haapt-Personnage benannt ass, einfach sou 15 Jooër (an deene warscheinlech ganz vill moralesch Ännerungen a sengem Kapp viergaang sin, an heen vill duerchgemaach huet) iwwersprangen? Kuerz duerno hällt de Film dann awer och schon op, an daat amfong (wann een d'Ufanks-Szene mat zielt) am Jooër 2001 - daat Jooër wou d'Leit rëm ugefaangen hun vun Apple ze schwetzen.


Do stellen sëch mir zwou Frooen:
1) Wann et eng Biographie soll sin, fierwaat ass den Dout, an d'Konsequenzen vu sengem Dout, net mat am Film, a fierwaat kréie mer net gewissen wéi säi Liewen no 2001 verlaaf ass?
2) Wann et keng Biographie soll sin, mee den "Macintosh Computer Movie" (waat e besseren Titel fier de Film wier), fierwaat kréie mer dann net d'Jooëren 2001-2012 gewissen, waat markant a wichteg Jooëren waren an deenen Apple sämtlech Verkaafszuelen mat hieren iMacs an hierer Laptop-Serie gesprengt huet?

Ierjendwéi gëtt de Film an deenen 2 Aspekter net vill Sënn, an e wierkt onstrukturéiert; doduerch dass am Ufank souvill vum Steve gewissen gëtt, am um Schluss (ab der Halschent amfong) baal nëmme nach vu Computere geschwaat gëtt kritt een den Androck dass sech d'Maacher net eenz waren op weieen Thema se sëch konzentréiere sollen, an dann einfach e Mitsch-Matsch produzéiert hun... Ech gin dem Film eng enttäuschend Wertung vu 4.5/10 op der berühmter Ulmerich-Skala, an ech géiff sooen dass et besser wier sëch dee Film bei Gelehenheet um TV unzekucken, wéi en am Kino ze gesin. E Puer Punkten kruut de Film zesummegekraatzt well den Décor an d'Schauspill-Leeschtung vum Ashton schon zimmlech solide waren!

bis dohin,
stay tuned.



Freitag, 6. September 2013

Handy am Fliijer ?!

Hudd der äerch nach nie gefroot fierwaat der am Fliijer ëmmer alles musst ausmaachen an hei an do an nëmmen näicht am Grapp hun waat eventuell op ierjendengem Planéit  Elektrizitéit leede kéint? Collegehumor huet sëch dei Frooen offensichtlech och gestallt, an kläert mat dësem Video ENDLECH op fierwaat deen Zirkus opgefouert gëtt. Iwwregens gin an deem Video e Puer gudd Frooe gestallt dei engem ze Denke gin ;)


bis dohin,
stay tuned.