Mittwoch, 8. Mai 2013

Eddi Erd, Hallo Mars?

Nodeems ech fierun e Puer Deeg folgende Video gesin hun:



si mer eng Rëtsch Frooen nemmei aus dem Kapp gaangen! Klooer, et wierkt lo nach sou weit wesch, an an 10 Jooer kann nach vill gescheien (wann een eleng kuckt weivill d'Technologie sech an de leschte 5 Jooer entweckelt huet, mat nach steigender Tendenz), mee aanererseits sin 10  Jooer mei séier riwwer wei ee kucke kann!

Mee wann een d'Kommentarer vum Video sou ukuckt, da sin do wierklech vill Leit dei et schengbar net erwoade kënnen sech freiwëlleg fier dee Projet ze mellen; net ze vergiessen dass de Video "How to die on Mars" heescht. Et geet eemol dohin, an do bleiwt een dann och bis un d'Enn vu sengem Liewen, sollt alles no Plang laafen an mer et wierklech ierjendwei färdeg brengen do uewen eppes ze bevölkeren. Da frooen ech mech: leit deene Leit da wierklech neicht un hiere Frënn an hierem, bis dato, relativ sëcheren Liewen, dass se et einfach sou "weschgeheien"...

Ech perseinlech géiff mech do net mellen, mee daat Ganzt erennert mech un eng Froo dei e Kolleg mer eng Keier gestallt huet:

Wann et meijlech wier, weivill Jooer vun dengem Liewen op der Erd géiffs du opferen fier an enger Kapsel duerch de Weltraum ze fleien, an, je nodeem weivill Jooer dasste opfers, doduerch onendlech vill genial an faszinant Saachen gesin?

Dozou sierf gesoot dass daat net mat richteger Zeit funktioneiert, mee een zB fier 20 Jooer direkt bei dei nächst Galaxy keint transporteiert gin, an fier 40 Jooer eben NACH mei wäit, an sou weider...

An daat ass dann och d'Kommentarfroo vun haut! Weivill Jooer geifft der opferen? A wei stidd der zum deem Mars-Projet?

bis dohin,
stay tuned.






3 Kommentare:

  1. Ech waarden oof bis den Warp-Antrieb do ass.

    AntwortenLöschen
  2. Mengen di Fro mat den Joeren kann een wierkleg net eierlech beäntferten, an wann een seet "ech ging locker 30 Joer verschenken" dann froen ech mech wei den wessen soll dass di 30 Joer wu en dann verpasst huet net di bescht vun sengem Liewen waren? Bon dat hypotetescht zur Sait, ech wollt nämlech och eppes zu denen "Visionären" soen. Ech kann net wierkleg verstoen wi een sein Liewen sou kann opgin, et as io net sou dass dat Suizidgefährdeter sin. Wat dann nach bleift, as dass se entweder Stréidomm sin an sech den Konsequenzen guernet bewosst sin (well se dat amfong esou awesome fannen dat se netmei kloer denken), oder et sin wierkleg Visionären di hiert Liewen der Wessenschaft wellen opferen. An dem engen Fall soen ech: krass domm! An dem aaneren: chapeau!

    AntwortenLöschen