Samstag, 25. Mai 2013

Movies: The Great Gatsby

The Great Gatsby -  by Baz Luhrmann

Infosite mat Traileren a Biller

Am Film "The Great Gatsby" geet et, oh Wunder, em den Häer Gatsby; e geheimnisvolle Mann deen nëmmen eng Hand voll Leit privat kennen, an iwwert deen et onzieleg Geschichte gin, ouni dass ee Mensch richteg weess, weieng erfond a weieng real sin. Am Trailer kritt een dës Aspekter séier gewissen, mee gleichzeiteg verréit engem den Trailer baal neicht vum Film, dofier wert ech och probeieren dëst net ze maan.



Stattdessen gin ech e bësse mei dei kënschtleresch Aspekter vum Film an, bleiwen dobei awer sou gudd et geet vum Fachjargon fern fier dass och jiddereen eppes domat ufänke kann; dozou muss gesoot sin dass ech en an 3D kucke war a mer de Film richteg gudd Gefall huet, an ech nëmmen e Puer Saachen auszesetzen hun, mee daat kënnt um Schluss.

De Film spillt, wéi een am Trailer matkritt, an den 1920er, eng gloreich Zeit fier verschidde Leit, an eng grad sou miserabel fier Aanerer. De Film spillt sech awer gréisstendeels am räische Milieu oof, an do hu mer och schon daat éischt Element waat mech begeeschtert huet: den Décor, d'Léifft zum Detail an déi deelweis opgeknallte Foarwen schaafen eng genial Ambience. Dei absolut Megastaat New York ass voll um Boomen, an regelméisseg gin Partien beim Gatsby doheem organiséiert (ganz noom Motto: "After beim Gatsby!"), wou natierlech kräfteg an d'Zauberkëscht gegraff gëtt fier dem mënschleschen Aa souvill Glamour an Freed wéi méijlech ze présenteieren.

Och d'Schauspiller, also hier Kleeder, hiert Behuelen an hier Redeweis passen perfekt an déi Zeitspaan.
Wéi sëch daat geheiert drooen se net nëmmen deier an chique Kleeder, mee se schwetzen och deelweis äussert fancy, ouni awer ze iwwerdreiwen. Den Tobey Maguire spillt souzesooen den "Erzieler" an ass amfong nach en zimmlech jonke Borscht. D'Carey Mulligan spillt d'Roll vum bezaubernden Daisy an den Leonardo Di Caprio spillt den Jay Gatsby, waat ech net sooen... Allen 3 spillen hier Roll menger Meenung no ganz gudd, wubei se allen 3 duerch völleg verschidden Aspekter rausstiechen.


Dem Maguire säi Personnage, de Nick, ass zimmlech oft mega random bei privaten Diskussiounen an Reuniounen einfach sou dobei, daat fällt engem awer réischt noom Film sou richteg op an stéieren mecht et och net wierklech. D'Daisy, also d'Carey Mulligan, spillt immens vill mat senger Mimik an seet éischter weineg, waat awer och un der Zeitperiod leie kann, wou Fraaen nach net SOU vill matzeschwetzen haaten. An dann zu gudder Lescht hu mer den Di Caprio, dee menger Meenung no wéi su oft eng fantastesch Perfomance hileet, an daat mysteriöst vum Gatsby richteg gudd verkierpert!

Musikalesch gesin scheeden sech d'Geeschter. Déi eng sooen dass se guernet gudd passt, aanerer sooen dass se immens ass; ech gehéieren zu deem zweete Grupp. D'Musik ass deelweis e bësse "modern", vleit ze modern fier déi Zeit, gleichzeiteg ass se dann awer och passend 20er Jooeren-méisseg ugehaucht an passt deemno ganz gudd. En plus sin immens vill modern Lidder an enger oldstyle Versioun nei opgeholl gin, wei zum Beispill Back to Black (dës Keier vum Beyoncé), Crazy in Love (Emeli Sandé) oder Love is Blindness (Jack White) waat een ab der Halschent vum Trailer héiert a mer immens gudd gefällt, a passen sou och wierklech gudd an de Film.

Nierft all deenen Aspekter kann ech mer net verknäiffen eppes klenges zur Kameraféirung ze sooen: De Film huet vill computergesteiert Shots (wëll heeschen dass d'Kamera op engem genau vierprogramméierte Wee filmt, an soumat en immens rouegen bewegte Cadrage liwwere kann), déi dem Film zuumols an hekteschen Szenen gudd din, mee awer och an méi rouegen Szenen, fier e gudd Gesamtbild ze liwweren. Enplus, wéi ech scho soot, war ech de Film an 3D kucken a kann dozou nëmme sooen dass et absolut derwert ass en an 3D ze gesin! Sierf et duerch all déi Parties, oder einfach duerch déi brilliant Schäerft an Déifft déi entsteht, et ass menger Meenung no e Muss. Wann der äerch décidéiert de Film an 3D ze kucken, da gidd awer w.e.g, fier ierch e Gefaalen ze maan, an den Utopolis. De Cinébelval kann mat sengem 3D do guernet mathaalen, wouhigeint dem Utopolis säin ee vun beschten ass deen ech kennen!


Mee (there is always a "but") e Puer Klengegkeeten hun ech auszesetzen; dëst sin awer gréisstensdeels Gedanken déi ech mer wärend dem Film gemaach hun oder suguer duerno. Sou huet mech eben am Nachhinein e bësse gestéiert dass de Nick (Tobey Maguire) oft einfach sou dobäi ass, ouni wierklech eppes mat der Saach ze dinn ze hun. En aaner Klengegkeet ass d'Lidd bei de Credits; ierjendwéi gëtt een dobei depriméiert, mee gleichzeiteg passt daat awer och well de Film een zimmlech mathëllt an/oder beréiert!

Ech gin dem Film eng ganz zolitt 7.4/10 op der berühmter Ulmerich-Skala a kann nëmmen nach eng Kéier widderhuelen dass et e MUST vun dësem Jooer ass an och wert bleiwen. Op der IMDb haat de Film iwwregens eng Wertung vun 7.1 an huet sech lo op 7.5 gesteigert, fier déi wou et intresséiert! Bleiwt nëmmen nach ze Hoffen dass den DiCaprio dës Kéier fier en Oscar nominéiert gëtt, an et vleit och matheemhëllt; ech géiff et gönnen an e wäer wuelverdingt!


bis dohin,
stay tuned.





Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen