Mittwoch, 22. Mai 2013

Movies: Star Trek: Into Darkness

Star Trek: Into Darkness - by J.J. Abrams

Infosite mat Traileren a Biller

Folgend Situatioun: London gëtt Opfer vun engem Terroranschlag; mer befannen eis an der Zukunft, an sou war et meijlech mat engem winzeg klengem Objet hallew London lahm ze lehen. Wee stëcht dohannert? Natierlech een aus dem eejenen Team, bzw Ex-Team:



Am Film geet et also drëms deem nozelaafen/fleien/warpen an en zur Streck ze brengen! Daat ass awer mei liicht gesoot wei gemaach, an sou entsteht en zimmlech actionräische Film, mee dozou kommen ech nach. De Film fänkt mat enger sprëtzeger Flucht-Szene op engem primitiv-bevölkerten Planeit un; den 3D gëtt voll ausgenotzt an et gëtt een direkt an d'Abenteuer rakatapultéiert, e wierklech gelongenen Ufank!

Zimmlech direkt gëtt een vun all Personnage bësse gewuer wei en Tickt, sou dass een suguer als Star-Trek Laie guer keng Problemer wert hun de Film nozevollzéien. Wéi schon erwähnt geschitt en Terroranschlag, an der kënnt mer gleewen dass dei bombastesch Explosioun wuel trotzdem eng vun den éischter manner impressionanten Actionszenen aus dësem Film ass. Nierft e Puer takteschen Gespréicher vergeht baal keng roueg Minutt; d'Spannung gëtt immens gudd gehaalen an d'Längt vun 132 Minuten spiert een sou gudd wéi guernet.

Dësen "Action"-Film huet villes waat ech säit laangem vermësst hun am Kino: eng anstänneg duerchduete Geschicht, keng blöd banal Charakteren an wierklech vill cool Effekter/Technologie. Dobäi kënnt nach dass de Film an 3D leeft, an et absolut derwert ass en an 3D ze kucken, vierausgesaat et geet een an e Kino mat enger gudder 3D-Technik (wei zB den Utopolis). D'Schäerft an Detailler déi heimat ereecht gin sin sensationnel, waat dobei nach duerch de ganzen Decor verstäerkt gëtt... doduerch dass "Star Trek" souzesooen "op" der Erd spillt, kommen engem verschidden Technologien emsou méi cool vier, an allgemeng setzen dei abgespaced Elementer eng gudd Stëmmung.

Vill méi an den Detail kann ech aus spoilertechnesche Grënn net gooen... trotzdem kann ech alt scho mol viergräifen an behaapten dass een definitiv net enttäuscht gëtt wann een sech bei dësem en wierklech gelongenen Entertainment-Owend erwaard! Suwuel fier Trekkies, wei och fier Leit dei sech net an deem Univerum auskennen bidd de Film ganz vill cool Momenter. De Vierdeel par rapport zu Star Wars ass dass een absolut keen Hannergrondwësse brauch fier de Film voll a ganz ze verstooen, waat em natierlech Pluspunkten gëtt. An wann een Internetforen gleewe kann, dann sin d'Rollen vum Kirk, Spock an co. gudd beluet, an net fier sëch ze schummen als Fan.

Allgemeng hun ech kaum bis guerneicht um Film auszesetzen: eng gudd Story, keng langweileg bzw onnéideg Passagen, vill Action an Space-Stuff, an deck gudden 3D! Ech gin dem Film eng wuelverdingten 8.0/10 op der berühmter Ulmerich-Skala an kann jidderengem empfehlen sech dëst Abenteuer net entgooen ze loossen! Op IMDb huet de Film suguer 8.3/10, et ass also net nëmmen meng kleng Nerd-Säit déi hei schwetzt ;)

bis dohin,
stay tuned.





Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen