Montag, 2. Mai 2011

LGE Sing-Along 2011

Genee wei d'lescht Jooer ass et och dest Jooer rem un der Zeit den traditionellen Premières-Film ze promoten, an vu dass ech selwer mat-Organisator sin, loossen ech mer d'Gelehenheet net entgooen daat och hei ze maan ;D

Nach kann ech net vill verrooden, ech sooen just dass et dëst Jooer kee Lipdub gëtt wei vill Leit et vleit schon vermut hun, mee ech mengen ech lehne mech net zeweit aus der Fenster wann ech trotzdem behaapten dass et gäil gëtt ;D Deelt dëst Bild un all Primaner dei der kennt, fier dass och nemme keen daat ganzt verpasst!! Ansonsten kann ech just sooen " stay tuned!! "





Sonntag, 1. Mai 2011

Luca's Corner: Blëtzer - En Mysterium!

Och am Sven's POV 2.0 huet de Luca sein Eck an deem heen sech austoben kann wei ech su gäre nennen ;) Enjoy it.

14. November 1969: den zweeten bemannten Flug op den Mound steet befier. Mee während dem Start gett d’Apollo 12 zweemol vum Bletz getraff, an weinst dem Notcomputer un Bord konnt eng Katastrophe verhennert gin. Seit desem Zweschenfall stin der Bletzforschung alleguerten d’Dieren op an d’Nasa leisst keng Rakeit mei bei engem Donnerwieder starten! 

Fir unzefenken well ech ierch mol d’Eegenschaften vun engem Bletz mei no brengen. Pro Daag gin et iwer 8 Milliounen Bletzer op der ganzer Welt. En kann bis zu 30.000 °C warm gin, d.h. 5 mol sou warm wei d’Oberfläch vun der Sonn an d’Vitesse vun engem Bletz varieiert em dei 360 Milliounen km/h! En normalen Bletz dauert ongefeier eng hallef Sekonn, mee en kann och bis zu enger Sekonn daueren oder suguer nach mei kuerz sin. Seng Stroumstärkt kann bis zu 300.000 Ampère erreechen an seng elektresch Spannung an der Moyenne em dei 50 Milliounen Volt! Wei der gesitt sin dat enorm heich Werter an d’Energie vun enger robuster Donnerwiederzell kann schon mat deier vun enger klenger Atombom verglaach gin. Mee wei kennt et dann lo schlussendlech zu engem Bletz?

Genau dei Fro konnt bis haut nach emmer net vun den Wessenschaftler geklärt gin. D’Viraussetzungen fir dass iwerhaapt en Bletz kann entstoen sin bekannt: positiv an negativ Chargen innerhalb vun enger Cumulonimbus Wollek. Anhand vun simplen Schemen weisen ech ierch wei et zu deenen Chargen kennt:




Warm an kaal Wasserdrepsen (rout an blo um Schema) prallen op Eiskristallen. Konsequenz:
Positiv Chargen uewen an der Wollek, an negativer ennen. Doduercher entstin immens elektresch Spannungen an der Wollek, an et kennt zu enger Entluedung! Firwat an weini et zu sou enger Polariseirung kennt as nach net 100%eg geklärt!
Op desem Schema gesidd dir en „Wolke-Erde“ Bletz, mee dei stellen nemmen 20% vun all den Bletzer op der Welt duer. Dei aner 80% sin Bletzer, dei sech innerhalb vun der Wollek oder teschent 2 Wolleken entlueden.
En „Cloud-to-ground“ Bletz as onberechenbar an et wees een nie wou en aschleit. Et as sust bekannt, dass en sech emmer deen kierzten Wee op den Buedem sicht. Dofir soll een sech NIE am freien ophaalen, wann en Donnerwieder opzitt. Zumols net op engem op flachen Landschaften, op engem Bierg oder no beim Wasser (Mier, Sei,...); wou eben den Mensch selwer den hechsten Punkt an der Emgeigend as. 9 vun 10 Menschen iwerliewen en Bletzschlaag, mee hun dono awer serieux gesondheetlech Problemer. Dofir fuerdert ärt d’Schicksal net eraus, an bleiwt iegendwou enner Daach oder an engem Auto! 



No engem Bletz kennt bekanntlecherweis Donner, an dat as ze erklären durch dei enorm Hetzt vum Bletz, dei d’Loft explosiounsarteg ausdehnt! Dei berühmten Regel mam Bletz/Donner stemmt natierlech: wann een 3 Sekonnen nom Bletz den Donner heiert, dann as en plus ou moins 1 km weit fort gewiecht. 

Zum Schluss nach en kleng Wuert iwert d’Bletzforschung. D’Atmosphärenphysiker hun erausfonnt, dass en Bletz theoretesch aus 3 Etapen besteet: aus engem Leitbletz, engem Haaptbletz an engem Folgebletz. Festgestallt hun se dat mat hieren heich professionellen Kameraen, dei bis zu 54.000 fps kennen ophuelen! En plus gett praktesch all Bletz Röntgenstrahlen of, an suguer an der gleicher Dosis wei d’Maschinen am Spidol! Mei rezent gouf vun der NASA entdeckt, dass d’Bletzer an den starken Donnerwiederen ronderem den Äquator suguer Gammastrahlen ofgin, d.h. radioaktiv Strahlen mee an enger klenger Dosis.

Souzesoen hun d’Bletzer hiert ganzt Geheimnis nach net preisgeluecht, an d’Forscher sin permanent am gaangen ze rätselen! Ech hoffen fir mein Deel, dass mein eischten mei wessenschaftlechen Arikel ierch eent vun den wichtegsten Naturphänomener mei no brengen konnt, well d’Bletzer sin ontrennbar mat den natierlechen Prozesser op eisem Planeit!
Et as eng onberechenbar Naturgewalt, dei een bestaunen an fuerschen soll, mee op kee Fall erausfuederen! ;)



Harry Potter 7.2 Trailer

Vill vun aërch hun en bestëmmt scho gesin, mee ech haat bis lo nach keng Zeit dofier, an vu dass ech io awer en Qualiteitsblog bedreiwen, muss ech daat einfach och lo eng Keier Posten.


Mi Speit den Nowend / Moa am Mëtten kennt dann nach eng nei Movie Review, dës Keier iwwert "THOR"