Dienstag, 15. Februar 2011

Surfing Tour

Ween mecht et net wann en sei Computer umecht; emmer an all Daag eng schnell kuerz Visite op eng Rëtsch Sites (youtube, facebook, svenspov, google, etc), an duerno bleiwt ee bei Enger hänken oder et mecht een sech rem un aaner Saachen. Ech hun natierlech och sou eng kleng Routine, an haut sin ech dann mol rem op eppes geniales gestouss daat ech mat erch deelen, mei dozou awer reicht mei speit.

Oft gëtt engem op sou Sites seier langweileg, well et wei gesoot all Daag +/- daat selwescht ass, an mëttlerweil hun ech suguer op Youtube schon d'Gefill, all Video deen ech kucken ierjendwei ze kennen. Vill mei intressant ass et, wann een sech mol un nei Sites klammert wei zB Blogs wou wierklech oft eppes neies steet oder och VideoBlogs, och Podcasts genannt ;) An Apropo Podcast, do hun ech eppes relativ neies an suguer nationales waat nawell ganz intressant an ennerhaalend ass: L-Pod. L-Pod ass souzesooen den MTV vu Letzebuerg, um Internet. Et gëtt geleet vun Leit an eisem Alter an si filmen mat zimmlech guddem Material, quasi wei am UK, an schneiden och genee sou, wei mer am UK. Hier Productiounen sin deementspriechend heischwerteg an d'Themen si breed verdeelt, iwwert Theater an Konscht bis hin zum M-Club oder suguer Sport! Hinnen hun ech den Facebook-Like Button ennert den Artikelen ze verdanken, ech mengen eleng daat ass dach schon e klenge Klick op hier Internetsäit wert: www.l-pod.eu Ab sofort fannt der dann och lo hiere Link a menger Box hei Riets ennert der Facebook-


Wou ech grad schon den Uelzechtkanal erwähnt hun, och mer gi mat der zeit mat, an hun lo eis Präsenz am Internet verstärkt. Zum Beispill hu mer eisen Site à Jour gesaat, well erstaunlech oft Leit frooen weini et online ass, se weilten gäeren sou seier wi meijlech kucken. Passend zum neie Site ass daat ganzt dann och lo Direkt a Kategorien agedeelt, sou dass een d'Saachen mei seier fennt. (Am Moment ass na net vill drop, well mer d'Archiv reicht ufänken ze wëllen ab dësen Jooer, also quasi vun 2011 un).(www.uelzechtkanal.lu)  Als zweet Meijlechkeet hun mer eis och lo en Youtube Kanal zougeluet, wou d'Videos alleguer direkt dropkommen, soubaal se um Fernseh gelaaf sin. UK @ Youtube  Och dei 2 Links sin lo deel vun der "OMG look at this"-Box.

Lo dann zum Highlight vun deem ech ganz am Ufank geschwaat hun. Ech gin ca. all 2ten Daag op eBay fier mer einfach mol unzekucken waat et neies u Blödsinn gëtt (jiddereen kennt sou Szenen wei "ein Schnellball zu verkaufen" oder ähnlech). An hei, alt rem eppes onwarscheinlech Sënnloses, waat mer awer en Laachen erbruet huet, fierun allem duerch dei eenorm Produktberschreiwung: Hei drecken fier d'Beschreiwung an/oder mat ze bidden ;)


Haut reent et Links wei een vleit mierkt, koomesch den Blogpost heescht io och Surfing Tour ;P Ier der awer lo op deen nächste Link dreckt, hei eng Regel: sierft w.e.g. sou eierlech mat äerch selwer roueg um stull setzen ze bleiwen, an net hin an hier ze kucken, mee einfach GUER neicht ze maachen, ausser Otmen an soss liewenswichteg Funktioune beibehaalen, an schreiwt mer duerno wei ongleewbar schweier et ass hehehe.  Do Nothing For 2 Minutes

Zum Schluss nach eng kleng Opzielung mat Ännerungen dei ech um Blog gema hun, bzw nach komme werten:
-de Like-Button ennert all Artikel
-d'Like-Box do uewen Riets fier Fan vum Blog ze gin
-zukünfteg Emfrooen werten 2 Wochen laang dauren an kreien vill mei Detailleiert Graphiken um Schluss
-Faarw-Highlights, domat sin dei Wierder gemengt dei an der scheiner Faarw opliichten well se ierjendwei mei wichteg sin wei dei aaner Wierder rondrem (note: daat heescht net dass een just daat faarwescht liese soll!), dei ech ursprünglech just als Joke benotzt hun fier ze weisen wei oft ech epic an der Tron Review benotzt hun, dei Faarw nennen ech by the way ab sofort Tron-Bloo ;)

-ech wärt e bëssen experimenteiren mat de Faarwen vum Blog, well den Augenkrebs Effekt emmer nach net ganz ewesch ass, mee gleichzeiteg well ech net an de Standart-Groo Look faalen, mal schaun waat sech do maache leisst.



Montag, 14. Februar 2011

Movies: Black Swan

Black Swan - by Darren Aronofsky

Infosite mat Traileren an Biller

Endlech ass en raus! Nodeems ech de Film schon den 2te Februar an der Sneak gesin hun, misst ech nach 10 Deeg waarden mat der Kritik fier dass d'Leit och winnstens kenne matschwetzen! Meng Erwaardunge waren heisch, ganz heisch! Schon am August hun ech den Trailer gesin an do war et klooer: ech MUSS dee Film gesin! Mee ween intresseiert daat, leen mer lass mat der Analys.

Et ass donkel am Salle. Den Titel vum Film gëtt, ënnerluet mat puer doucen Pianostein, presenteiert an direkt herrscht eng gewëssen Spannung: ass et wierklech sou e Meeschterwierk wei en iwwerall beschriwwen gëtt? Sin d'Erwaardunge net ze heisch? Wei geet et aus? Waat wert gescheien?

Am Film geet et kuerz gesoot dorëms dass en Meedchen seng Draamroll an der Opfeirung "Schwanensee" kreie wëll, an dobei erliewt waat Feindseligkeit an de Wëllen Perfektioun ze erreechen aus engem Mensch maachen kënnen, an weieng Konsequenzen daat ganzt huet. Gleichzeiteg gëtt awer och eng batter Realiteit gewissen, waat d'Emgooen vun de Menschen ënnert en een ubelaangt an wei een sech verännere kann duerch en verbattert Kämpfen mat sech selwer, daat Onereechbart ze ereechen, waat dann schlussendlech dramatesch Folgen huet.



Direkt di eischt puer Minuten vum Film hu mech total faszineiert. Do vergeet neemlech net eng eenzej Sekonn ouni dass een am Avant-plan en Detail remfënnt, waat deem ganzen vill mei Raum verschaaft an et zimmlech lieweg gestalt. Dei excellent Auswahl u Pläng a Kamerastellungen zidd sech sou dann duerch de ganze Film: et ass vill Freestyle dran, also Filmen ouni Steady Cam, mee quasi aus der Hand raus gefilmt, waat a Kombinatioun mam liichten wackelen eng Art Beobachter-Perspektiv duerstellt. Intressant ass och d'Faarwgestaltung, dei, wei ze erwaarden war, zimmlech düster beziehungsweis mysteriös gehaalen ass. Greisstendeels ass et e Mix aus wäissen a schwaarzen Elementer. Am Ufank vum Film ass wäiss nach emmer d'Faarw vun der Onschold, mee no an no verwandelt se sech zu enger Faarw dei engem onheemlech vierkënnt, an soumat emmer mei eng Symbios mam Schwaarz ageet. Allgemeng ass de Film immens staark waat d'Bildgestaltung an d'Faarwen ugeet, sou sin och eiskaal Schockszenen am Film dei radikal gewissen gin, an net kuerz fierum "Horror" ausgeblend gin. Och daat dreit zu der Thriller Atmosphär ganz vill bei.

Apropo Atmosphär: Dozou dreit de Piano och ganz vill bei... Genee wei bei Hereafter gëtt d'Musik gezielt agesaat, just vill mei oft. Doduerch dass de Piano io och am Schwanensee eng wichteg Roll spillt, passt et wonnerbar, an dei eenzel Tounsequenzen si perfekt un dei verschiddenen Szenen ugepasst. Sou ass eng roueg Szene wou zB een kräischt mat ganz rouegen an luesen Tein ennerluet, an eng schockeirend mat heftegen Tein, wou een richteg spiert wei op d'Tasten gehummert gëtt, aus voller Leidenschaft. Mee trotzdem nervt den heefegen Asaatz vun der Musik absolut net, well se wierklech emmer passt, an net dauernd present ass, mee dofier oft fier kuerz Sequenzen.

Ech fannen et richteg schweier genee ze beschreiwen waat ech vum Film haalen, well villes just als Bild an Toun a mengem Kapp ass, an et quasi onmeijlech ass mat Wierder remzegin, beziehungsweis ouni Gesiichtsausdreck, Handbewegungen an Betounungen. Trotzdem muss ech mech ierjendwei duerchschlooen, zum Beispill andeems ech mol an de Raum stellen dass d'Natalie Portman einfach KRASS gudd gespillt huet, an et mega natierlech riwwerkënnt, sou wi wann hat einfach sech selwer spille misst. Allgemeng iwwerzeegen d'Schauspiller an hiere Rollen, sou och den Vincent Cassel, den Danzchef vum Steck. Ouni ze Spoileren ass et amfong onmeijlech nach vill mei ze sooen... Black Swan weist eben dass et an der heiteger Zeit och meijlech en richteg gudde Film ze maachen, ouni dei typesch "ooh mei gott ech hu grad mei verschollenen Papp kenne geleiert, an mech um Wee dohinner onstierwlech verleift an muss mech lo tescht deenen 2 decideiren fier herno trotzdem dei 2 ze kreien"-Masche anzebauen! Deen heite Film huet wierklech vun allem: en Saugudd Dreibuch, eng ganz heischwerteg Veraarbeschtung (Schnëtt, Bild&Toun Mix), iwwerzeegend Schauspiller, an en Spannungsbogen, deen enger Racine Functioun gleicht (eng Courve dei emmer nemmen rop geet, an ierjendwann baal riit bleiwt), AN eng Story dei d'Gehier ureescht, an net nëmmen Filmbegeeschtert Leit dozou beweegt iwwert dei eng oder aaner Onklooerheet laang ze diskuteiren, eigentlech alles waat ech vun engem richteg geile Film verlaangen. Et ass zB erstaunlech wei gudd Realiteit an Wahnsinnsvierstellungen vermëscht gin, sou dass een op mei wi engem Punkt net mei weess waat dann lo richteg geschitt ass an waat net...


(man bemerke die roten Augen...)


Black Swan, e Film, ach waat schwetzen, en Konschtwierk aus dem 21ten Joorhonnert daat beweist dass och Filmer en realt Element fier d'Konscht sin, an net nëmmen, sou eis Escher Buergermeeschtech op der Theateraweihung "mei en Element fier d'Ënnerhaalung an de Witz" ass. Ech kann de Film wierklech all Mensch recommandeiren, suguer agefleescht Actionfilm Fans dei ech kennen hun de Film richteg staark fonnt, zurecht! En weideren Film fier a meng DvD Sammlung di ech mer seit neistem Zouleen, an wou wierklech nëmmen TOP Filmer drakommen!


Meng Bewertung:  9.6/10



Sonntag, 13. Februar 2011

Luca's Corner: Valentine’s Day? Already? Again? Fuck.

De Luca war alt neess Aktiv an ech muss sooen: hee mecht sech ganz gudd^^ Dës Keier huet e mer suguer e Paak Biller dobei gin fier sei Blogpost! Have Fun Reading, Luca, the stage is yours. (Echad, Staim, Shalosch)


Mua as et souweit, den Valentinsdaag steet virun der Dier an et as genau deen Daag iwert deen ech mech wieklech all Joër konstant opreegen. Et as deen Daag wou d’Blumenbutteker hiren greissten Benefice vum ganzen Joër maachen, deen Daag wou et nemmen em dei ach sou schein Liebesgefiller geet, deen Daag wou praktesch all weiblecht Geschlecht sech deen scheinsten Moment vun hirem Liewen wenscht, etc... Mee fw muss dat alles genau op deem Daag passeiren? Fw mussen deen Daag d’Fraen all mat Kadoen zougespamt gin?

Ech well elo domadder net soen, dass kleng Iweraschungen an Liebesgeständnisser net apprecieiert sollen gin, mee deen „Kaaf mer haut eng Rous!“ Blödsinn as zimlech langweileg. D’Liewen as schon deelweis monoton genuch an dofir sin ech der Meenung, dass weinstens d’Leift mei spontan an kreativ soll sin. Deen Valentinsdaag dreckt guer neicht aus, an d’Leit gin souzesoen gesellschaftlech gezwongen deen Daag hirem Partner eppes ze kaafen oder en scheinen Daag ze organiseiren. Desen Daag as esou emotiounslos gin, an an enger gewessener Hinsicht suguer schon lächerlech. D’Gesellschaft gett vum Commerce manipuleiert an den greissten Deel as sech dat mol guer net bewosst. Dei Traditioun vum Valentinsdaag as virun ongefeier 20 Joer an eiser Gesellschaft opgeholl gin an as fir dei meescht net mei eweg ze denken.
Fw muss en bestemmtenen Daag een dozou „zwengen“ sengem Glecklechen eppes ze schenken? Dat as dach net guer net romantesch an schon guer net mam Herz geduet.
Wann een eng Persoun wieklech gären huet, beweist een deier et während 365 Deeg an net nemmen op engem Daag!
An och fir all dei Meedecher wou denken: Oh wann heen mer neicht fir Valentinsdaag keeft, dann huet en mech net gär!
WOU steet dat w.e.g. geschriwen?! Neirens, also verzeit den Jongen dei deen Daag ierch neicht schenken, well wann en bis iwert beid Ouren an ierch verleiwt as dann as en kapabel ierch spontan en flotten Kado ze maachen, an dat op engem hondsgeweinlechen Daag!
Ech wollt lo mol zu engem aneren Fakt kommen, deen mech och immens steiert an et huet guer neicht domadder ze din dass ech Single sin. Ech hun an der Lescht d’Impressioun, dass dei richteg Leift an eiser Gesellschaft vum 21. Jh. emmer mei rare gett an sech d’Leift souzesoen immens „commercialiseiert“ an iegendwei och „materialiseiert“ huet. Wei ech lo dorobber kommen kann ech ierch net sou genau soen, vleit stammt dei Impressioun vun all mengen negativen Erfahrungen of, mee bon denkt vleit mol eng Keier driwer no an wann der dozou eppes ze soen hudd: feel free to comment!
En leschten Punkt wou ech elo nach kritiseiren wärt sin d’Liebesfilmer. Io dir leif Meedecher ech wees, dei Filmer sin sou schein an brengen ierch emmer zum kreischen, mee wesst dir wat mech un solchen 08/15 Hollywoodfilmer sou wei och un all deenen ... steiert? Ganz einfach: et gett ierch eng deelweis onrealistesch Welt firgespillt, eng Art Draamwelt! Den Problem as deen, dass dei meescht vun ierch sech an deier Welt verleieren an mengen dat wat hinnen do firgespillt gett wier dat richtegt Liewen, wat awer guer net den Fall as! Et as an bleiwt Hollywood! ^^ Ech hun absolument neicht dogeint, dass dat weiblecht Geschlecht sech sou Filmer unkukt, mee bleiwt w.e.g. um Buedem vun den Tatsaachen an veriert ierch net an eppes wou dir ganz genau wesst dass esou eppes nie wärt an ärem Liewen gescheien. Gidd ierch mat deem zefridden wat der serveiert kritt, an ward net op den charmanten weissen Prenz mam weissen Pärd!

Als Schlusswuert well ech sust nach eng Keier kloer stellen, dass sech keen perseinlech soll ugegraff fillen an dass ech keen emotiounslost an „kaalt“ Individuum sin, well och ech sin en sensiblen Mensch an hun schon dei eng oder aner immens schlecht Erfahrung an der Leift gemaach, an ech wees wat et heescht endlos verleiwt ze sin!
Ech hun desen Text och mat enger gewessener Wut am Bauch geschriwen, wei een wahrscheinlech während dem Liesen och gemierkt huet, mee ech wenschen awer all den Kopplen dobaussen en scheinen Valentinsdaag an den „Single“-Leit kann ech nemmen eppes soen: Liebe ist für alle da, auch für euch! =)



Dienstag, 8. Februar 2011

Sports: Laser-Tag

Seit neistem hu mer io en Laser-Tag hei am Land. Vill vun ierch hu bestëmmt schon vun deem Sport heiren, sierf et duerch de Barney bei How I Met Your Mother, oder eben well et geil ass. Et geet amfong ganz banaal nëmmen dorëm mat senger Waff op d'Rüstung vum Geijner ze scheissen, ouni natierlech selwer getraff ze gin! D'Movies 'n More Team AN DE LUCA sin hierem Brudder dem Sports Fun & More Team zur Hëllef getratt an zesummen hu mer en zimmlech gäile Reportage/Video/Effektspektakel gebaut, mee kuckt selwer an loost d'Biller schwetzen ;)




By the way: den Uelzechtkanal Site ass komplett erneiert gin, an ass ab sofort emmer Up To Date an enplus a Kategorien agedeelt! Zousätzlech dozou hu mer och eisen Youtube-Channel ausgegruewen, deen dann lo och all Mount mat all de Reportagen gefëllt gëtt. Vun dohier: Subscribed den UK op Youtube, an liked roueg all Video ;)