Mittwoch, 26. Januar 2011

f(x)=menschheet, fonction décroissante

Seriously, deen Titel ass kee mathemateschen Witz vu menger Säit, mee total eescht gemengt. D'Menschheet huet sech an de leschte Millioune vu Jooeren extremst weiderentweckelt, vum Steen op Holz klappen, zu Multitouchscreen-Geräter mat Stëmm - a Fangeroofdrockerkennung. Ier ech lo ufänken ze erklären waat genee ech mengen, well ech 2 Saachen festhaalen: eischtens, ECH sin op kee Fall perfekt an hun och di eng oder aaner Mack, an zweetens bezeien ech mech net op de ganz Menschheet, mee fier et an engem Ramen ze haalen, an deem ech vun "true stories" zielen kann, bleiwen ech mol greisstendeels hei am Land, ok let's go!

Wei gesoot, oder schon di eng oder aaner Keier hei gelies, sin ech der Meenung dass d'Leit sech zimmlech domm behuelen, an an deem Saatz benotzen ech domm am richtege Sënn vum Wuert, also quasi de Fakt dass den IQ zimmlech niddreg ass. Gutt, et gi Leit vun deenen erwaard een eleng beim ukucken dass neicht anstänneges aus hinnen rauskënnt, mee erschreckenderweis gin et och emmer mei Leit vun deenen een äusserlech lo net direkt menge geiff dass se dann tatsächlech SOU domm sin... Ech schwetzen vu Leit, dei 1 Meter nierwt enger Poubelle stinn an eppes op de Buedem geheien, Leit dei sech op öffentlechen Plaatzen behuelen wei de greissten Idiot (waat se och meechtens sin...) an Leit dei bei allem waat se maan, kontraproduktiv wëlle sin!


Een direkt Beispill daat ech zimmlech oft materliewen, ass daat eenorm dämlecht Behuelen vu Leit, wann een mam Uelzechtkanal, also enger Kamera, ennerween ass. Wou em Gottes Wëllen ass de Sënn fierun d'Kamera ze sprangen, wärend een grad en plan de coupe filmt, an ze bläeren "uueeh RTL, ouh kuck ech sin um Fernseh, sa wou gëtt daat gewissen?????" oder all Keier wann d'Kamera, gewollt oder aus Versehen, op een zielt deemlech Grimassen ze maachen oder einfach nëmmen domm ze grinsen? WOU ass de Sënn w.e.g? D'Leit hun effektiv eng emmer mei grouss Tendenz an ierjendenger Form onbedingt an d'Medien ze wëllen, an och wann et nëmmen fier 5 Sekonnen ass, fier dann doheem gespaant ze sëtzen an voller Enthousiasmus ze jäizen "kuck kuck kuck do sin ech" an dobei mat hierem fette Fanger d'Vue sou blockeiren dass keen ausser sie selwer et gesin hun...

Wou mer grad bei Medien an sou sin, do hun ech direkt nach eng 2t schein Anekdot op Lager. Als eischt awer mol eng generell beschreiwen. Wee kennt et net, et geet een op ierjenden Event X, et leeft Tonnen Personal rondrem fier dass och alles richteg klappt wei et soll, fier all klenge Schisse gëtt een Neien agestallt, zB een deen d'Drauwenunzuel op all Buffet kontrolleiert. Alleguer sin se enorm chique ugedooen, suited up, wei mer sooen ;), a kommen sech extrem wichteg fier, an sou kënnt et dass deen Drauwenheini engem beemol vierschreiwt wou een stooen derf a wou net. Genee daat, ass mer, zesummen mam Ben bei der Neieröffnung vum Escher Theater, geschitt, wou mer am UGEKËNNEGTEN Optraag vum UK ennerwee waren. Mer kommen ran an wëllen, liicht zögerhaft, an de Salle fier eist Materiel opzeriiten. Direkt kënnt eng wichtegwierkend Fraa ugestiermt dei zu eis seet dass daat awer su net geet, a wee mer iwwerhapt sin. No der erklärung dass mer vum UK sin koum de Saatz dass sie daat klären geet... waat no 10 Minuten waarden awer iwwerhaapt net de Fall war, well dei Fraa ass NIE mei Zreckkomm. Wei sech rausgestallt huet war daat einfach nemmen dei Madame dei sech drëm gekëmmert huet deenen nach manner wichtegen Leit genee vierzeschreiwen weivill Schampes an d'Glieser derf kommen... Bon, waat ech sooen well ass dass d'Leit dauernd mengen se wieren ierjendeppes besonneges...


Ohmei, haut sinch gudd an de fleissenden Iwwergäng, well daat nächst Beispill fier eng Décroissance vun der Menschheet ass daat hei: emmer mei Leit mengen se missten hier Meenung haart an groussarteg ausschwetzen, an daat zu Themen mat deenen sie mol net an 100003 Jooer zedinn hun, mee haaptsaach se sooen einfach ierjendeppes, well se sech io ach su wichteg fillen... dann hun ech leiwer se sprangen mer wei de greissten Trottel fierun d'Kamera, awer w.e.g ouin d'Maul opzedinn, merci! By the way keint een alles op dësem Site als "haaptsaach iwwert alles maulen a sei Pefferkäer beileen" bezeechnen, mee ech liesen et io net iwwerall haart fier, an iwwerloossen jidderengem selwer ob en sech daat undooe well oder net!

Un dëser Plaatz keint ech lo den Einstein ziteiren, der wësst schon... Onendlech... Domheet... Universum, mee daat kennt jo eh all Mensch, vun dohier loossen ech daat mol gekonnt sin.

Fier de Schluss nach daat aktuellst Beispill vu menschlecher Dommheet: den ach sou trageschen Dout vum Cora Schuhmacher, waat bei senger 7ter? Broschtoperatioun leider leider verstuerwen ass... Ganz eierlech? Ech hoffen dass hat am Sarg begruewen gëtt, an net verbrannt gëtt, et ass net gudd Plastik ze verbrennen, dobei entstinn vill ze vill schiedlech Oofgazen! Waat daat mat Dommheet zedinn huet? Ganz einfach, et besteet zu 100% aus Dommheet. Kann ierjendeen dobaussen, mer en vernünftegen Grond nennen fierwaat een sech d'Titten opereiren loossen soll, oder allgemeng eng SchönheitsOP maache soll, wann een net grad ausgeseit wei eng Kräizung aus Gollum an Quasimodo? mei sooen ech net!

Fazit ass, de Gros vun de Leit di eis entoureiren, sin su richteg Domm, an daat hei waren lo nach nëmmen puer eenzel Fäll. Ech hun zB nach a menger Lëscht folgend Meeschterleeschtungen:
"Sech 'mega onopfälleg' fierdrecken an dann maulen wann een eppes zu hinnen seet"
"emmer schein de Rauen markeiren wann een zu Puer ass, mee eleng net een Fouss fierun d'Dier setzen"
(daat 2t ass erstaunlech oft e Verknüfpung mat deem Eischten...)
"sech mat schlechte Noten en 'Fight' liwweren, ween da lo mei schlecht ass, an dobei deemlech laachen"
"ech si Lëtztbuerger mee hu mer als Kollegen su richteg beis Gangsteren rausgesicht a verleiren weinst deenen lo lues awer secher d'Fähegkeet en anstännege Saatz ze formuleiren"

An d'Schlusswuert loossen ech dem Luca Mathias, an zwar mat engem Zitat vun him, waat een nawell oft heiert aus sengem Mond:

"Mei Glaawen un d'Mënschheet hëllt vun Daag zu Daag emmer mei oof."




11 Kommentare:

  1. DO hues de tatsächlech mol zimlech Recht, mee ech wees leider net maz wéiengem Tag ech soll bewerten :p

    AntwortenLöschen
  2. Sven, wei du richteg soos, d'Menschheet huet sech extrem entweckelt, an vu dat et lo zevill "out" wär op Steen ze schloen fier ze weisen wei domm een ass, muss een nei Saachen fannen, an d'Leit gin sech emmer mei Meih sou nei Phänomener ze fannen! Du hues der schon extrem vill opnumereiert mee ech kenner der och nach, enner aannerem der puer dei bei eis an en Klassik studeieren gin an dono gefroot gin: Wou wels du speiderhin studeieren? An sie äntweren: Äh? Studeieren? Ech wel op den Chantier, do kreien ech krass vill Suen! (Wierder sin 1-zu-1 ziteiert) Ech hunn naicht geint dei wou um Chantier schaffen, am Geigendeel, mee wann een sou domm ass net am Liewen weiderzekommen, dann soll een wann ech gliwwt net an eisen Lycée kommen, do ass et emmerhin leider schon enk genuuch. Dobai kent nach en aanneren erstaunlechen Fakt: Wann du lo bei Septien gees, dann mierkt een wierklech wat d'Proffen emmer sooten: Den System get emmer mei domm, mettlerweil sin mär um Punkt ungelaang wou d'Kanner mengen d'Fillecher wessen dat et Zeit get no Süden ze reesen, well d'Kanner dann oowes net mei sou speid spillen (vun engem Proff gezielt kruut). Ech geiff gär dat selwecht wei d'Madame Delvaux maachen, an Dommheet oofschaafen mee dann hätten mär eischtens net mei souvill fir eis opzereefen an och ze laachen, an emmerhin ass en Equiliber teschend Opreefen an Laachen jo och vital fier d'Menschen...

    AntwortenLöschen
  3. "Ech geiff gär dat selwecht wei d'Madame Delvaux maachen, an Dommheet oofschaafen"

    I lol'd

    AntwortenLöschen
  4. Sie schaaft jo Alles oof, also schaafen mär Dommheet oof, mee dann misst sie och ofgeschaaft gin xD

    AntwortenLöschen
  5. "Ech schwetzen vu Leit, dei 1 Meter nierwt enger Poubelle stinn an eppes op de Buedem geheien" Zuuz
    "Leit dei sech op öffentlechen Plaatzen behuelen wei de greissten Idiot (waat se och meechtens sin..." fällt mer graat keen beispill an mehehe ;>
    "all Keier wann d'Kamera, gewollt oder aus Versehen, op een zielt deemlech Grimassen ze maachen oder einfach nëmmen domm ze grinsen" Schmaaah!! ^^
    "ech si Lëtztbuerger mee hu mer als Kollegen su richteg beis Gangsteren rausgesicht a verleiren weinst deenen lo lues awer secher d'Fähegkeet en anstännege Saatz ze formuleiren" irgendwei en miest beispill ^^

    AntwortenLöschen
  6. ich bin halb frau, halb mann.
    mein vater war ein mann und meine mutter eine frau.
    ihhhh!

    AntwortenLöschen
  7. @ jaak: xD ok krass domm zoufäll, mee zum eischten: mer zielen awer winnstens richtung poubelle
    zum zweeten: ech mengen domat net sou witzeg saachen wei mer se ferdeg brengen, mee eischter einfa d'leit domm unzemaan etc (Buergfest hi xD)
    drëtten punkt: bei fotoen ass daat io och witzeg, mee mat der UK cam net sou ganz..

    AntwortenLöschen
  8. ich bin halb anna, halb nass
    mein vater war ein schuh und meine mutter ein stein
    reifen!

    AntwortenLöschen
  9. Gudd geschriwwenen Blogeintrag!

    Ech kann der deelweis wierklech zoustemmen - Individualismus hautzedags ass jo schéin an gudd, ech profitéiren jo och dovunner, mee verschidden Leit huelen sech, wie du dat anhand vum Beispill mat den penetranten Leit die virun d'Kamera hopsen erklärt hues, selwer vill ze vill Eescht an fir ze wichteg, an loossen hier Emwelt an die aner Menschen komplett außer Uecht. Dowéinst kann ech däin Kommentar voll novollzéien.
    Just een klengen Fehler ass mer opgefall: net Cora Schuhmacher ass gestuerewen, mee Cora iergendeppes, ech mengen Ebert huet et mam Nonumm geheescht. Bei deem klengen Schuhmacher senger Fra do gouf zwar och schon nogehollef, mee die erfreet sech nach beschter Gesondheet^^

    Wat mir awer och un Dommheet, speziell hei zu Letzebuerg opgfall ass sinn die bekloppt Nationalisten an Rassisten die rem aus dem Buedem sprießen. Méi eppes ongeheier Topesches wéi een Mensch wéinst senger Hierkunft ze verurteelen an "Auslänner raus" ze bierelen gett et einfach net.

    Dowéinst: exzellenten Bäitrag. Woubäi een trotzdem net opginn sollt - ech léieren trotz lauter negativen Beispiller emmer rem interessant Leit kennen, die mer beweisen, dass ech mat däer Meenung(die du offenbar och deels)net eleng op däer Welt sinn. Dat ass wéinstens een klengen Fonken Hoffnung.

    AntwortenLöschen
  10. "Ier ech lo ufänken ze erklären waat genee ech mengen, well ech 2 Saachen festhaalen: eischtens, ECH sin op kee Fall perfekt an hun och di eng oder aaner Mack, [...]"

    Fier eemol dattsd recht hues.

    AntwortenLöschen
  11. @ Anonym: Du bass zwar herrlech haha! xD

    AntwortenLöschen