Dienstag, 7. Mai 2013

Alles voller Tipps!

Fierun ca. 3 Wochen hun ech iwwert d'Serie "Arrow" geschwaat, an se als Serien-Tipp vergestallt. Seitdem frooe mech ëmmer nach ab und zu Leit fier Tipps waat se kucke sollen, sierf et am Kino, op Dvd, oder eng Serie; spontan faale mer nie immens vill Saachen an, an sou muss ech meechtens enttäuschen well dei Saachen dei ech eng Keier als "Geheimtipp" oofgestempelt haat, net mei sou spontan a mengem Kapp optauchen...

Fier deem Problem an Zukunft aus de Féiss ze goen, wert ech hei um Blog lo 2 nei Rubriken aféieren. Nierft dem Serien-Tipp, wert ech zukünftlech och den Film-Tipp an de Musik-Tipp regelméisseg schreiwen.

Beim Film-Tipp schreiwen ech quasi eng Review zum Film an wert natierlech och erkläeren op weieng Saachen ee speziell soll oppassen. En plus wert ech natierlech och verroden fierwaat grad dee Film kuckenswert ass an/oder fierwaat een en sech net entgooen loossen däerf. Ech hun den Androck dass ëmmer mei Leit sech fier de Kino asw. interesséieren, oder et sëch am Allgemengen mei oft gönnen e Film ze kucken, an sou bidd daat hei dann eng gudd Meijlechkeet och rem e Puer mei aal Kamellen ennert d'Leit ze brengen. (En plus verstinn d'Leit da vleit mol dei eng oder aaner Filmreferenz, mat der ech well ugin oder e Witz maachen; da gin ech nemmei ugekuckt wei en Autobus :p )








Beim Musik-Tipp wert ech, oh Wunder, en Artist oder en Album vun enger Band vierstellen! Oft wann Leit bei mer am Auto matfueren heescht et zur Musik: "oh, ween ass daat?" an "kennen ech net". Meeschtens sin se awer recht begeeschtert vun der Musik, an sou hun ech dann schon un e Puer Leit Geheimtipps weidergin. D'Musik dei ech wert vierstellen wert zu 99.99% Guitarlasteg sin, an sech am Domaine Blues/Rock bewegen, waat awer kengesfalls e Synonym fier Langweileg ass, an definitiv ralauschtrenswert ass ;)

An lo zur Kommentarfroo vum Daag: Wéieng ass deng/dein lieblings Band/Musiker, a fierwaat? Schreiwt e Kommentar hei,  oder op Facebook!

bis dohin,
stay tuned.



6 Kommentare:

  1. Rammstein! Authentizitéit, Provokatioun an Ironie gemixt mat brachialer Musek, ergo eng totally awesome Band!

    AntwortenLöschen
  2. Green Day! Bescht Band ever! Einfach coole Rock!!

    AntwortenLöschen
  3. Hammerfall&Disturbed dei zwee deelen sech Plaatz 1 :) Einfach awesome :P

    AntwortenLöschen
  4. Rammstein op der enger Sait, a Pendulum op daer anerer Sait, éischtens siehe Mett, an zweetens, djö, lauschter selwer!

    AntwortenLöschen
  5. Mando Diao an Snow Patrol, einfa di bescht! :)

    AntwortenLöschen