Dienstag, 26. Oktober 2010

Music is awesome.

Ja Musik ass schon eppes zimmlech geiles, fierun allem wann een se selwer spille kann. Hei mol 2 Soli dei ech gecovered hun, opgeholl mat Logic Pro 9 an geschnidden mat Final Cut 7 Pro. Haaptsaach dei deierst Programmer benotzen :D D'Guitar ass dobei meng Fender Strat American Standart (made in California)...

Solo vun Time - Pink Floyd:

Solo vun Another Brick in the Wall - Pink Floyd:




Samstag, 23. Oktober 2010

Luca'sPrivate Blog: Messer Review

Luca's Private Blog Post Nr.1


De Luca huet sech rem deck Mei gin an huet eppes parat fier ierch, enjoy^^



Well ech mech entscheed hun dem Sven aka Ulmi elo regelmeisseg eppes fir sein Blog ze schreiwen, huet heen mer dann och d’Freiheet geloss fir iwert en Thema ze schreiwen wat ech mer raussichen keinnt. Ech hun net laang brichten ze iwerleen an dunn haat ech direkt dei Idee fir en Review iwert en Buch ze schreiwen wat ech mer deen Moment bestallt haat an och 3 Deeg drop krut.
Io erstaunlecherweis liesen ech an menger Freizeit och Bicher, vleit net all ze oft, mee wann dann zimlech intensiv well se mech dann och wieklech interesseiren. Sou och an desem Fall, well dat Buch iwert dat ech elo schreiwen as un sech zimlech aussergeweinlech, well et as keen normalen Roman mee en Buch mat lauter Gedichter an Fotoen dran. All dei Gedichter wou dran sin goufen vum Till Lindemann (Sänger vun Rammstein) geschriwen an heen as och op all Foto ze gesin.
Mee elo wollt ech eigentlech mei genau op den Inhalt vun deem Buch angoen an ierch iwert meng Erfahrung während dem Liesen zielen.


Als allereischt huet een mol missen d’Introductioun liesen, dei vum Gert Hof (gutten Kolleg vum Till an seit 1995 Lightengineer bei R+) geschriwen as, an do gett een och schon vill iwert Perseinlechkeet vum Till gewuer. Seng Gedichter lossen een wuertwirtlech durch d’Hell goen an et gett wieklech net mat düsteren an brutalen Fantasien gespuert. Et liest een Sehnsucht, Wut, Trauer, Verzweiflung, Haß, Leift, Hellefslosegkeet, Gier an villes mei aus sengen Versen eraus an eng Persoun dei dat eent oder anert Mol mei deif an sech eran kuckt, kann sech secherlech mat verschiddenen Gedichter identifizeiren. Verschidden Textstellen sin zimlech rabiat, wei z.B. „ Schlag mir schön den Schädel ein, dann schneit es und mein Hirn friert ein“ oder stiechen voller Verzweiflung: „Oh kann den niemand sehen, unter meinem Ungesicht rauscht ein wunderschönes Herz“. Am Endeffekt, wann een all dei Gedichter op mannst 2 mol durchgelies huet, freet een sech: wat huet desen gutten Mann alles erliewt fir op sou absurd Gedanken ze kommen? Et muss awer och gesot gin, dass heen all seng Texter extrem sensibel an mat deiwen Gefiller zum Ausdrock brengt, och wann se heiansdo zimlech brutal sin.





Zu den Fotoen kann een haaptsechlech soen, dass se zimlech skuril sin, d.h. deen eischten Moment kann een guer neicht mat den Fotoen ufenken oder iegendeppes erausliesen, mee et as wei mat den Gedichter, et muss een sech Zeit huelen an sech seng eegen Gedanken doriwer maan.
Ech perseinlech sin zimlech begeeschtert vun desem Buch well ech engerseits en groussen Fan vum Till sin an ech heen einfach vollends sympathesch fannen an anererseits well ech mech gären vun emotionalen Gedichter bereiren lossen. Mein Lieblingsgedicht hun ech och schon fonnt an dat dreit den Titel „Sucht“. Ween lo firwelzeg as, ech posten et gären ennen an den Kommentarbereich. ;-)

Also all Mensch deen Rammstein lauschtert an eppes mat hiren Texter unzefenken wees an och mol öfters mei deif an sech erankuckt, deem kann ech dest Buch nemmen un d’Herz leen. Aboslut Kaafempfehlung mengerseits! =)






Donnerstag, 21. Oktober 2010

Sven's POV - Trailer

Do hat ech den Nowend dach glaat nach e bëssen Zeit iwwreg fier en eepeschen Trailer fier mei Blog ze maachen ;D Have fun and enjoy it - don't take it too serious.





Sven's POV is changing...

...non stop ;D
Jojo, ech fannen aal Daag rem kleng Ännerungen dei ech su ennerhuelen, dei meecht dovun sin eischter onbemierkt, mee se sin wichteg fier dass daat ganzt hei iwwersiichtlech bleiwt. Falls deen een oder aaneren, an daat sin der bestëmmt net sou weineg, et net matkritt huet, lëschten ech einfach mol e Puer Ännerungen op dei ech ennerholl hun, bzw dei ech nach ennerhuele wert.

Säit lo baal engem Mount sin ennert den Posts sou buttons fier en op en Art ze "bewerten". Domat bidd daat dem Lieser, deen et riecht liese wert, schon eng eenerjermoosen Prezis Angab dovun, waat en erwaart. Falls also lo zB een op eppes beises gespaant ass, dann liest en mat Preferenz en Post mat der Bewertung "Stunning" oder "Awesome" wei mat der Bewertung "random" oder "funny". En plus ass et en weidert interaktivt Klick-element. Zeitglech domat sin dei Facebook/Twitter/Blogger etc Buttons komm... dei erklären sehc io wuel vum selwen. BENOTZT SE PLS! :D

Och nei ass deen Counter do Riets ennert der Shoutbox dei a leschter och mol rem mi regelmeisseg benotzt gëtt, merci dofier, maacht sou weider^^ By the way war et nice ze gesin dass deelweis vill Comments bei de Posts waren, och domat net ophaalen merci ;)

Direkt do drënner kennt dann den heutegen Update: Beliebte Posts. Et ass einfach eng Oplëschtung vun den meechtgeklickten/bewerten/verlinktenen Posts vum Blog, sou kennen nei Fans direkt mol dei gudd Saachen liesen, falls grad op der Startseit e Blödsinn wei daat hei steet.

Joa, soss ass net vill geschitt, ausser dass ech d'Textfeld minimal mi breed gemaach, aus Testzwecker, well ech plangen et eventuell vill  mi Breed ze maachen, mee daat gesin ech nach.

Bis dohin... Wingsuit up! and vote vote vote ;)

(voting in a wingsuit brings you cookies!)



Wingsuit-Up!

Ladies and Gentlemen, please Wingsuit me up! Wann all meng Fans zesummenleen kann ech mer bestemmt sou een Flug kaafen ;D nee, ehm, daat as mer eierlechgesoot BËSSEN ze liewensmidd, mee et ass einfach souuu geil ze kucken! just hceck it out!


by the way yesterday was it was a trap day.




Donnerstag, 14. Oktober 2010

Movies: The Social Network

Trailer: The Social Network (by David Fincher)

Ok, gleewt ierjendeen mer dass ech mech grad beim "The Social Network" schreiwen, 8 mol verschriwwen hun? True Story. Bon, soit, d'ass vleit well ech de Film su gutt fonnt hun.

Wei een onschweier am Trailer erkennt, a well ech dovun ausgin dass d'hallew Menschheet weess em waat et am Film geet, brauch ech io lo an sehc net ze betounen dass et em "Facebook" geet, mee well een an enger Aleedung io awer d'Thema behandlen soll, hei dann de Pflichsaatz: et geet em Facebook.

De Film stellt, am Geijensaatz zu dem behaaptenen Wëssen vu ville Leit, NET d'Biographie vum Mark Zuckerberg duer, an et ass och keen Documentaire iwwer Facebook. De Film behandelt ganz einfach d'Entstehung vu Facebook, mat all sengen Machtintrigen an frënd- bzw feindschaftlechen Hannergrënn, dei den Mark Zuckerberg, an seng Matwierkend erliewt hun. Klengt ganz am Ufank total langweileg, an net no engem richteg gudde Film; Fakt ass awer, dass et zu kengem Moment langweileg ass, mee dozou kommen ech nach.
Vill mei kann een net op d'Story agooen, et kann een se zwar net wierklech Spoileren ausser, OPPASSEN SPOILER! "Facebook entsteht um Schluss", mee trotzdem ass et onmeijlech en eenzelnen Moment ze emschreiwen, well et eben aus dem richtegen Liewen geholl ass, an soumat eng komplex Hannergrondgeschicht huet, an net einfach an 2 Legostecker zerdeelbar ass.
De Film huet eng beträchtlech längt vun 2 Stonnen, allerdings war et mer perseinlech zu kengem Moment langweileg. Daat huet e puer Grënn. Zum Beispill ass d'Geschicht op eng ganz intressant Art a Weis erzielt, an och zu engem ganz speziellen Moment. An sech gëtt d'Geschicht vum Mark an sengen Kollegen an Affekoten etc gezielt, also eng Art Dauerflashback. De Film spillt Zeitlech neemlech wärend der Zeit wou all dei Prozesser um laafen waren, weem seng Idee et dann lo war Facebook ze erfannen.

Waat mech als Blogger an fanatiker vun laangen komplizeierten Sätz faszineiert huet, war dass de Mark Zuckerberg regelmeisseg, an zwar zimmlech oft, en sauhaarten ownage-Sproch noom aaneren bruet huet. Sou zum Beispill: "A guy who makes a new chair doesn't owe money to everyone who ever built a chair." Mee wei gesoot, zum Inhalt well ech net allzevill zielen, daat gidd der souwisou nach an der Movies'n More vum November gewuer , also kuckt gefällegst Uelzechtkanal, merci. Film- a Musiktechnesch ass de Film op ganz normalen Niveau, sou wi een sech daat vun engem gudden Film erwaart: keng Experimenter mat der Kamera, d'Liddauswahl ass zimmlech beis, an de Schnëtt ass greisstendeels standart, bis op e puer Momenter wu ech wierklech begeeschtert war.

Eng Saach dei awer weist dass de Film wierklech sou gudd ass, wei en ass, sin eis Interviews dei mer kruuten, wou mer fier Movies'n More gedreint hun. Et ass keen negativt Wuert gefall, an et fällt och allgemeng op dass d'Leit den Film net weinst bekannte Schauspiller(dei een an deem Film souwisou vergebens sicht) kucken gin, mee well d'Thema se wierklech intresseiert. Suguer fier Leit dei um Mound liewen an nach nie Facebook heiren hun, geiff ech mengen bidd en eng ganz aussergeweinlech Kinosexperience.

Apropo Facebook: Där wësst schon dass ech, also Sven'sPOV eng Fanpage op Facebook hun? Wier fein do mol ze liken, da gidd der emmer op der Startsäit vu Facebook informeiert waat grad  um Blog a Planung ass, bzw waat grad veröffentlecht gin ass, um Blog. Hei de Link: Sven's POV Fanpage





Samstag, 9. Oktober 2010

Movies: The Town

Watch the Trailer: The Town (by Ben Affleck)

Ganz eierlech gesoot, dee Film brengt et! Obwuel en als Drama an Romanze agestuft gëtt, bitt en vill Elementer dei daat ganzt oppeppen an kengeswegs langweileg maachen. Ech sin de Film kucke gaangen, ouni iwwerhaapt ze wëssen em waat et geet, ech hat net eemol en Trailer gekuckt - sou huet een vill mei eng Neutral Haltung zum Film subaal e lassgeet, daat eenzejt waat ech wosst ass dass en "zimmlech gudd" soll sin - an daat ass en och!

Wei gesoot ass et en Drama/Romanz, et geet em Bankausraub, bei deem eng Fraa vergeisselt gouff, an uschleissend mat engem vun de Reiberen eng Affaire ufängt, natierlech ouni ze wëssen dass et een vun hieren Geissler ass. Wei d'Geschicht weidergeet kann een sech io an sech denken. Klengt suweit no engem klasseschen 08/15 Hollywood Film, deen weder spannend nach an ierjendenger Form einfallsreich ass. Mee wann een de Film wierklech analyseiert, mierkt een dass de Ben Affleck wuel ganz genee weess waat d'Minuspunkten bei den typeschen Hollywood Dramen sin, an huet dei ganz gekonnt elimineiert. Als Beispill kann een zB eng Szene schilderen:

Klassen Hollywood Szenario:
2 Kollegen, zimmlech gudder Suguer. Een ass am Ziel vun enger Waff, ouni et ze gesin, deen aaneren bemierkt et awer. *Zeitluup*, de Schoss geet lass a bewegt sech Richtung Kapp. Heroesch fänkt deen aaneren un mat laafen an tackled sei Kolleg op d'Säit, an kritt dobei de Schoss matzen an d'Schëller oof. Allen zwee leien um Buedem, deen een huet Treinen an den Aaen, an deen aaneren seet him 100 mol Merci fier him d'Liewen gerett ze hun; kuerz drop gin deem verletzen seng Aaen zou an sou hällt Szene op.

The Town:
2 Kollegen, zimmlech gudder Suguer. Een ass am Ziel vun enger Waff, ouni et ze gesin. De Schoss geet lass, riit an de Kapp, hee fällt em. Deen aaneren bemierkt et(an fänkt NET hysteresch un ze pinschen etc), an beisst op d'Zänn fier weiderzemaan an selwer ze iwwerliewen.

Allgemeng ass de Film zimmlech direkt waat sou Saachen ugeet, an grad daat mecht en och sou intressant. Et gëtt net laang rondrem de Bräi geschwaat oder gefilmt, et ass einfach INHALT do, an net sënnlost opfëllen vun Minuten. De Schluss vum Film ass zwar rem bëssen mei typesch, mee et muss een heiansdo och mol zoustemmen, dass dei typesch Ends net fier näicht sou oft benotzt gin - se sin einfach gudd^^

Filmesch ass de Film och ganz nice! Vun Steady Cam, iwwer CarCam, bis zum ganz normalen Stativ ass alles dobei. Opfälleg ass dass, obwuel de Film am Kinosformat (1:2.35) gefilmt gouff, d'Cadragen ganz oft un 16:9 erënneren, waat awer net weider steiert, alt rem en Beweis dass et keen typeschen Hollywood-oofklatsch soll sin. Den Filter deen iwwert dem ganze Film ass, (deen deen mecht das de FIlm mi aal wierkt) ass zwar nemmen minimal present, mee e gëtt deem ganzen nach en zousätzlechen Touch, deen perfekt an dei bëssen mei düster / groo gehaalen Geijenden passt.

Dann ziteiren ech nach mei Kolleg de Claude Lee Noesen, deen de Film zesummen mat mer kucken gangen ass: "et war och gudd dass et mei wei nemmen e Puer Personnagen gi sin, iwwert dei een mei leiert am Film, also hiere Character an sou kennt gudd eraus". Do muss ech him wierklech zoustemmen, et sin wierklech vill Haaptcharacteren (ok, dovun sin der 2 NACH MEI Haaptcharacter wei dei aaner (;  ), an et ass lo net sou dass een "einfa nemmen do ass". Se hun wierklech alleguer hieren eejenen Character, deen och klooer rauskennt.

Alles an allem e ganz Gudde Film, deen seng 8.1 op der IMDB wierklech zurecht dreit!



Freitag, 8. Oktober 2010

Luca's private Blog post

Abee, vu dass sech fier den "You Blog Day" einfach mol 10 Leit gemellt haaten, an nemmen 1!!! mer eppes geschriwwen huet, gëtt deen dann och belount andeems ech him e ganzen Post widmen. Hei presenteiren ech also dem Luca Metti Heng Mathias sein Artikel zum Thema "Alldaagsdrogen", vill Spass, an Metti, geneiss dei Moment ;D 


"Meng Alldaagsdrog as un sech d’Musek am Allgemengen, well ech keinnt mer wieklech en Liewen ouni Musek deifinitif net virstellen an ech mengen, do sin ech net deen eenzegen!  =P Wat geif ech sos owes maan fir anzepennen? Oder am Bus? Oder am English? ... Et keinnt een dausend Saachen opzielen wou Musek eisen Alldaag begleed, an elo wou ech grad driwer nodenken fannen ech dat zimlech impressionant.
Ech perseinlech hun natierlech eng Lieblingsband dei ech dei meeschten Zeit lauschtren an zu deier ech mech wieklech hingezun fillen. Also all dei dei mech gutt kennen wessen elo schon wei eng Band dat as, dofir brauch ech net laang ronderem den Brei ze schwetzen ^^  : RAMMSTEIN! Eng kontrovers deitsch Rock Band dei et seit 1994 gett an dei ech schon ongefeier 6 Joer intensiv lauschtren an och nach laang lauschtren wärt. Fw as eng Band (!) meng Alldaagsdrog? Ganz einfach: ech kann mech an enger gewessener Hinsicht mat R+ identifizeiren, sie monteren mech op wann ech den miesen hun, ech kann mat Hellef vun hirer Musek mein Frust ofbauen, ech kann einfach ofschalten, sie gin mer en gewessenen Halt am Liewen! Sou krass et klengt et as esou! Des Band huet an mengem Denken immens vill ausgeleist an faszineiert mech gleichzeiteg.
Dei 6 Memberen strahlen fir mech einfach eng immens Sympathie aus, dei mech direkt an hiren Bann gezun huet. Et as eng eenzegarteg Band, dei am Musekbusiness sengesgleichen sicht an eng Band, dei awer öfters net verstaanen gett an z.B. als riets-extrem oder sexistesch agestufft gett; wat kompletten Quatsch as. Rammstein soll een net ze eecht huelen, well genau dat wellen dei 6 och net. Zum Schluss nach e puer interessant/witzeg Zitater:


„Der Sexismus, der uns vorgeworfen wird, ist für uns eher ein in Schutz nehmen der Frau.“ (Till Lindemann/Sänger)


„Wir sind nur so Ostberliner Klopfköpfe.“ (Paul Landers/Gitarist)


„Entweder man hasst sie oder man liebt sie. Es gibt nichts dazwischen.“ (Bis das Herz brennt/Inoffizielle Rammstein Biografie) "








Luca Mathias (2010)




Donnerstag, 7. Oktober 2010

Web Picture of the Week

Yaay, alt rem eppes Neies ;D
obwuel ech io engka behaapt hun dass ech su zimmlech all Woch eppes witzeges / postwertes erliewen, ass daat leider net de Fall. Also an sech ass et schon de Fall, mee meeschtens wann ech dann  eng Foto gemaach hätt, wier et krass onmeijlech dei selwescht Emotiounen vun Freed / Laachkriss / Erstaunen riwwer ze brengen, ouni dobei 27 Säiten voll ze schreiwen. Well ech awer grad dei "Picture of the Week" Zeen zimmlech nice fannen (Biller um Blog sollen io angeblech alles mei atraktiv maan ;D ), posten ech dann lo eben och mol heiansdo genial Biller aus dem Netz, daat steiert io bestemmt keen. Hei dann mol daat eischt aus der neier Serie:

(Klick fier grouss)

Joa, onschweier erkennbar: den Tiger Woods. Nach manner onschweier erkennbar: e Golfball. Zimmlech gäil Foto, och wann ech net wierklech gleewen dass de Fotograaf ouni en Schued dovunkomm ass, de Ball ass neemlech genee an der Mëtt, an daat ass en klooren Indiz dass heen en an d'Maul kritt :P
Mee mol ganz dovun oofgesin, wann der net dass deen Tippchen do Riets (2ten vun Riets) mat der Ziigs, dem Jogging, der Bronger Mutz an dem Super Mario Schnurres den eigentlechen Highleit vum Bild ass? Ech nennen heen einfach "den Amerikaneschen Marco", Insider wëssen wee gemengt ass ;D



We are not alone..!

Et ass sou gudd wei secher, mer sin definitiv NET eleng. Mat "mer" mengen ech "eis", also d'Menschheet, Franzousen inclus. Vleit hudd der et scho matkritt, vleit och net, wei och emmer, ech schreiwen trotzdem driwwer, well ierjendwei all gudd Säit daat gemaach huet ;D. Et steiert mech net daat posten waat schon aaner Säiten gepost hun. Och wann schon vill aaner Leit fieru mer do waren an et gelies hun, sin ech secher dass vill Leit et net matkritt hun. (ok, daat heescht lo indirekt dass Kellerkanner mei Blog liesen xD). Wei och emmer, ech kommen zum Thema:

Am Weltraum (wou och soss? Oo) ass der Deeg en neien Planeit fonnt gin, deen sech zoufälleg genee wei d'Erd op der idealer Distanz zu der Sonn befënnt. Et geet een dovun aus dass tatsächlech Liewen do meijlech ass an warscheinlech och existeiert. An sech ass et zimmlech krank, wann ee bedenkt dass eleng eis ganz Existenz op engem Zoufall baseiert, deen minimal kleng ass, dofier ass et em sou mei krank dass deen Phänomen nach eng Keier (oder suguer mei wie eng Keier? :D) optrëtt. A well den entdecktenen Planeit sou vill Gemeinsamkeeten (zB huet en genuch Kraaft fier eng Atmosphere oprecht ze erhaalen, an Wasser ass zu 100% a flësseger Form vorhanden) mat der Erd huet, hun se em an hierer grenzenloser Phantasie den Numm "Gliese 581 G" verpasst, klengt dach richteg flott. Daat eenzekt waat e bëssen aanescht ass wei bei eis, ass dass et keng Nuet gëtt, et ass also emmer Daag, wei daat gooe soll hun ech nach net ganz verstaanen, mee op jiddefall ass eleng d'Tatsaach dass et einfach en 2ten Earthlike Planeit gëtt, et wert e Post op mengem Blog ze maachen. (Der wësst io, ech hun iwwerdriwwen Theorien an sou Saachen dei engem krass onvierstellbar vierkommen zimmlech gär^^). Hei nach en klengt Bildchen, passend zur dëser "News".


By the way merci un de Johny dass en mech drun erennert huet dass ech vergiess hun ze erwähnen  dass de Kolleg Gliese 581G 20 Lightyears vun eis fort ass, an sou kënne mer warscheinlech nie am Liewen mat den Artgenossen Poker spillen ;D