Samstag, 30. April 2011

Choose your Weapon, nei Emfroo

An direkt geet et weider mat neien welbewegenden Emfrooen.
Ech muss dës Keier net vill erkläeren, all Mensch kennt se, all Mensch huet sei Favorite. Als Erklärung awer nach eng Keier waat waat ass.

-Eng Füllfieder ass aat Schreibutensil wou fier en metallent-Blättchen ass, dat d'Tënt op d'Blaat iwwerdreit. Bei dëser Art a Weis ze schreiwen, ass et wichteg den Stëft richteg am Grapp ze hun.

-En Füllroller sin dei Hybriden tëscht Bic a Füllfieder. Se hun fier eng kleng Bull, ähnlech wei bei engem Bic, an et kann een en Füllroller sou haalen wei een wëll, en schreiwt emmer selwescht gudd.

Ok et kennt mer grad mega domm vier sou banal Saachen ze erkläeren, ech denken awer dass et lo klooer ass. Falls et ierch unteresseiert, den Nowend um 19:19 kënnt nach en weideren Post fier haut ;)

Merci un den Alex fier dës Emfroo.



Emfroo Resultat

Et ass entschloss, Lego ass definitiv vill mei cool :P
Als Lego-Fan liicht et mer och net wierklech an wei een Playmobil besser ka fannen. Bei Playmobil ass alles schon su gudd wei färdeg, et ass engem 0 Kreativiteit iwwerlooss an d'Männercher kenne net mol hier Been eenzel Bewegen! Tz also ech haalen net vill dovun ;) Hei nach d'Resultat vum Vote, op deem Grafique erkennt een onschweier wee gewonnen huet.


Ps: Sorry dass ech 2 Deeg neicht gepost hun, mee ech war lo 2 Deeg baal vu Moies 7 bis owes 11 Auer an der Schoul, an haat Owes keng Energie mei fier eppes ze schreiwen. Ech schedulen awer de Mëtten e Puer Beiträg fier dass den Nowend (och wann ech guernet do sin) nach eppes nokennt;)
Alternativ hätt ech och lo keinte sooen dass ech express neicht geschriwwen hun fier dass Project "Famous" ob ierch awierkt, mee daats net wouer :P

De Mëtten um 15:15 kënnt en weideren Blogpost;)



Mittwoch, 27. April 2011

Project "Famous"

Another Project? Jou genee sou ass et, mee keng Angscht, ech änneren net einfach rem mega abrupt d'Faarw an daat ganzt Konzept. Dës Keier ass et e richtege Projet, dee kee Selbstläufer ass an deen schon seit dem Daag vun der Ukennegung färdeg ass. Et ass villmei en Community-Projet bei deem ech selwer net allzevill maache kann, mee op äer Hëllef ugewisse sin. Als kuerz Erklärung waat ech ennert dem Begrëff Community-Projet verstinn. En Blog-Inhaber, oder en Promi rifft seng Fans dozou op fier eppes ze  Voten, en benotzt also seng Trei Fans fier an engem Concours zB ennert den beschten ze landen. Zur Belounung dingt en sengen Fans weiderhin mat deem waat en am beschte kann.

Daat klengt lo direkt mol zimmlech koomesch well ech amfong jo keng grouss Community hun, an ech mer och net wierklech vierstelle a wei enger Form ech mech bei all eenzelnem Bedanke keint, falls ech bei ierjendeppes gewannen, mee trotzdem wier et cool mol sou eng Aktioun ze starten. Also hun ech mer geduet, lo wou ech rem voll am Blog-Fever sin, an och motiveiert sin konstant weiderzemaan, dass ech als Letzebuerger mat engem Aktiven Blog eng "Rariteit" um Internet sin, well eist Vollek ierjendwei zimmlech hannendran ass waat Communities an rechtlech Präsenzen am Web ugeet. An dorop baseiert och mei Projet wann een et genee hellt. Als, sooen lo einfach mol sou , och wann et zimmlech secher net stemmt, eenzejen Blogger mat enger Gewëssener Fangemeinschaft geiff ech bestëmmt bei der nationaler Press an ierjendenger Form opfaalen. Ech keint mer zB vierstellen dass den Essentiel oder de point24 eppes klenges schreiwt (natierlech reicht nodeems sech meng Fangemeinschaft op Leit verbreet huet, dei ech amfong net kennen.) Daat ass iwwrejens scho mi laang een vun villen Dreem: einfach ennert de Leit e bëssen bekannt sin, dass vleit heiansdo een vun 1000 Leit seet "ech hun dech um TV gesin" bzw "dei leschte Blog war beis".

Warnung: ab hei fänkt et un zimmlech onrealistesch (fier de Moment) ze gin, mee liest trotzdem weider:P

Wier dei Hürd gepackt dass ech duerch Remschwetzen bzw en Breif den mech als Thema fir den Essentiel vierschleit, eng vun deenen 2 Zeitungen op mech opierksam gemaach hun, dann besteet och eng Chance dass kleng Radiossenderen (wubei ech schon bei 2 Steck op der Antenne war) vleit och mei wëlle wëssen. An sou keint lues a lues en Kreesslaaf ufänken, bei deem ech mei Blog promoten kann, an soumat mei bekannt gin. D'Spëtzt vun deem Bierg, also den Highlight wär natierlech eng Invitatioun an den 20-Vier um RTL. (Come on, dei lescht Keier war do eng Fraa dei iwwer TOMATEN geschwaat huet...), mee dovu si mer nach ganz weit eweg :P

Waat daat ganzt Geschwafel lo vermëttele soll? Ganz einfach: deelt mei Blog weider, scheckt Kollegen en (also wann der wëllt natierlech) an iwwerzeegt se dass et heiansdo awer schon zimmlech cool hei ass ;) Am Prinzip sin ech mat all klenger Verbesserung vun der Populariteit zefridden, falls et wierklech net mei weit soll gooen. Su eenzel Etappen dei ech mer sou (lo mol am Ufank mat allen onrealisteschen Etappen) keint vierstellen wären folgend:
-150 Fans
-Aktiv Fans (Comments, Chatbox, Geschichten)
-Essentiel/Point 24   /   Leit schwetzen bessen iwwert de Blog
-Radio
-Kleng Reklamm um Schoulfernseh (UK + eppes neies waat gleich agefouert gett, haalen awer leiwer na de Mond)
-Trailer am Cinebelval
-20-vier um RTL
-Eejen Rubrik bei RTL
-Eejenen Film
-Eejenen Internetdomain
-Google opkaafen
-Apple opkaafen
-Weltherrschaft
-mein Ielebou lecken


Zum Schluss nach e Puer Infos zum Thema "wi krass onmeijlech daat alles ass".
Wanns du mech perseinlech kenns, lies daat heiten:
1. Aktiv Fans kommen lues a lues, find ich gut. 2. Am Essentiel war ech schon 3 mol, leider net als Eenzelnen op enger Foto, mee awer als wichteg Persoun op der Foto. 3. Um Radio war ech schon 2 mol (Ara an Lrb), eemol als Gaascht aus dem UK, an eemol fier de Lipdub an den UK ze representeiren. 4. Um Belval laafen vill Reklammen vun besse mi klengen Leit, ech hoffen einfach dass de Preis erschwinglech ass^^5. An den 20-Vier war ech och schon inviteiert, mee hun, Gentleman wei ech sin, dem Laurence de Viertratt gelooss. Et ass also alles Meijlech, et muss een sech just gudd a richteg uleen, och wann ech mer vierstelle kann dass et net su einfach ass alles nach eng Keier ze erreechen.

Wanns du mech net su gudd kenns, dann lies leiwer daat hei:
Aus eejener Erfahrung weess ech dass et guernet komplett onmeijlech ass an den Nationalen Noochrichtenmedien opzetauchen, mee dat heescht net dass et easy going ass;)

Ech hoffen ech kann op äer Hëllef zielen, et wier am Prinzip io guernet souvill Aarbescht wann jiddereen e bëssen helleft;D Egalwei, merci dasste daat hei alles gelies hues (oder einfach direkt an dei heiten Zeil viergespronge bass) an wei emmer: stay tuned ;D






Some News about a survey, a new project, and... yeah that's all

Haut ass dem Alex wärend der Physique eng zimmlech gudd Idee komm fier eng nei Emfroo ze maachen. an zwar geet et em eist ach sou geleiften Schoulmaterial, Schreiwsaachen fier genee ze sin. D'Competition ass dës Keier "Füll-Fieder" geint "Füll-Roller". Ech perseinlech weess nach net waat ech huele Wert, well ech fannen dass d'Fieder vill mei schei schreift (also bei mer zumindest), mee dofier ganz riit gehaale muss gin, wouhingeint de Roller zimmlech cool ass well en aus all Wenkel funktioneiert an een mat den Grip-Rillen Musik maache kann :P Mee et ass io na Zeit bis den 2te Mai ;)

Fun Fact: Daat ass den deiersten Füllhalter vun der Welt. Fier nemmen 10'000 Euro kritt een eng Füllfieder aus 18 karätechem Weissgold mat 1'430 Diamanten, avis aux amateurs.

Als nächst um Programm steet en neien Projet, zu deem ech awer lo nach net allzevill zielen, daat kennt den Nowend tëscht 20:30 an 21:00. Ech kann awer scho mol souvill verrooden dass d'faarw vum Blog net nach eng Keier ännert oder ähnleches. Et wert en Community-Projet gin also stay tuned ;) Als klengen Sneak dann nach den Project-Numm:

Project "Famous"




Dienstag, 26. April 2011

Maacht et no - Photoshop ;)

Wann der eng Keier neicht ze dinn hudd an zoufälleg och nach mat Photoshop eenzgin, AN wann dann och nahc een bei äerch kennt a wëll dass der him fier vill Suuen eng Reklamm maat, dann kennt bestëmmt sou eppes raus:


Dee Video ass komplett per Photoshop entstaanen, all eenzelene Frame staamt aus dem PS, et gouff mol keen Animatiounsprogramm fier dei eenzel Figuren gebraucht. Just de Clip huet 2 Problemer: d'Lidd geet engem nemmei aus dem Kapp, an fier waat dei Reklamm werben soll hun ech och net ganz verstaan xD Mee dass egal, hallo, an deem Video ass eng ZEIW, dei sech selwer schneid, wei cool ass daat?



Dunking the trash?

Also ech weess io dass ech kleng sin, mee dass eng Poubelle dermossen onereechbar ass, schengt mer dann dach e Bëssen skuril. Mee bon, wou ech gewuer gouff wou dei Foto do gemaach gouf, hun ech mer en Tick manner Frooen gestallt, 3 mol derft der roden... zu Dudetown ;) Wou em Gottes Wëllen ass do dahannert de Sënn? Vleit ass et io fier de Basketsport ze förderen oder et ass fier dass grouss, ech mengen richteg grouss Leit keng Mannerwertegkeetskomplexer kreien.
Wei och emmer, post äer Theorien, fierwaat een 5 Poubellen sou heisch ophänkt, als Kommentar. Dobei fällt mer grad an dass, wann dei Poubellen ënnen op hierer normaler Plaatz geinge stooen, et der einfach 5 Steck nierft en een wieren, waat och na emmer relativ sonsense ass!






Montag, 25. April 2011

Movies: Source Code

Source Code - by Duncan Jones

Infopage mat Biller an Traileren

Seit 2 Wochen war ech mol rem eng Keier am Kino, et ass deck Zeit gin, an et huet sech mol rem eng Keier gelount, am Geijesaatz zu verschiddenen aaneren Filmer. Den Trailer zu dësem Film haat ech am Wanter just eng Keier kuerz gesin, mee hu mech net besonnëg drop vierbereed bzw hun net drop gewaard. Op jiddefall war ech zimmlech begeeschtert vum Film, deen sou seng speziell Charakteristiken huet.

Am Film geet et knapps gesoot dorëm dass d'Wëssenschaftler eng Method fonnt hun an d'Gehier vun engem Doudegen, fier di lescht 8 Minuten vu sengem Liewen, anzedrengen. Mat der Technik sollen dann ongeklärt Doudesursaachen fonnt gin, an Serienmörder opfannbar gemaach gin. Am Film muss den Haaptpersonnage (gespillt vum Jake Gyllenhaal, vun deem ech iwwerrascht war wei probemlos heen d'Haaptroll vun engem Film iwwerholl huet) an dei 8 Minuten zereckversaat gin an an der Zeit alles Meijleches ustellen fier de Mörder ze fannen. Oder aanescht gesoot: hee gëtt an eng Draamwelt gescheckt an wann heen do stierft gëtt e waakrech... vu wou kenne mer daat scho mei? Dozou speider mei. Soss kann ech zur Story amfong net vill sooen, well de Film handelt halt nemmen dorëm. Trotzdem ass se iwwerhaapt net langweileg, mee eischter de Geijendeel. Obwuel net wierklech vill Action (bis op 4-5 Pistouleschëss) am Film enthaal ass, baut en eng gewëss Spannung, doduerch dass dei selwescht 8 Minuten emmer rem widderholl gin, an se emmer aanescht verlaafen. Mei kann ech net verrooden, soss grenzt et u Spoiler ;)

Film an Schneidtechnesch kann ech dës Keier net vill sooen, well ech ganz eierlech gesoot iwwerhaapt net drop opgepasst hun, d'Gescheien am Film huet mech zevill oofgelenkt, waat mengen ech awer net onbedingt geint de Film schwetzt. Eng Besonnegheet huet de Film awer, an dei kann engem quasi net entgooen, an zwar ass daat dei schon uewen ugeschwaaten Widderhuelung vun emmer rem der nämlechter Situatioun, dei awer all Keier komplett aanescht verleeft, an an der een vun Keier zu Keier mei vun der Draamwelt gesäit. Allgemeng huet de Film am Beräich Technik awer en gudden Androck gemaach, zumools waat Detailltreiheet an gewëssen Spijelelementer betrëfft (ween de Film gesin huet weess waat ech mengen).

Oofschleissend kann ech de Film wierklech weiderempfehlen. En ass net ze schweier an brengt engem wochelaangt Munkelen, mee en ass awer trotzdem sou gemaach dass een sech Puer Frooen zum Thema Iwwernatierlech oder Parallelwelt stellt. Mee allgemeng fällt op dass den Trend vun de Filmer staark a Richtung Draamwelt/Mindbreak tendeiert. Avatar, Inception, Sucker Punch, Source Code, an fier nach mi en aalt Beispill ze hun, Matrix sin alles Filmer dei hier Haapthandlung net an der realer Welt hun, an den Zuschauer zum Iwwerlee brengt (ok Sucker Punch lo vleit net...). Mech steiert daat awer perseinlech net, nenne mer dee Genre einfach lo mol "Mind-World", Mind-World huet sech zu engem vu mengen neien Favorite-Genres ropgeschafft. Dofier gin ech dem Film eng uerdentlech 7.9/10 op der Ulmerich-Skala.

 An Apropo Parallelwelten an sou e Krom: wanns du en Wiesen bass daat net vum Planeit "Erd" kennt, maach e Kommentar a so mer w.e.g ob op äerem Planeit en Hond a sein eejenen Schwanz beisse kann, merci.



Sonntag, 24. April 2011

Lightning Adventure

Oh yes! De Freiden den Nowend war et su weit, et gouff Blëtz an Donner. Waat dorun sou extra ass? Ganz einfach: de Luca well a sengem speideren Berufsliewen mat Bletzer an all deenen aaneren coolen Saachen dei aus dem Himmel kommen zedin hun, dofier fänkt heen lo schon un fier dass en schon Übung huet ;) Als begeeschterten Bletz-Fan (am allgemengen Naturspektakel) war ech natierlech begeeschtert wou hee mech offiziell als StormChaserMobilDriver engageiert huet. Ergo, de Luca an ech sin dei ominös "LuxStormChasers" vun deenen der vleit op Facebook gelies hudd.

Den 22ten Abrëll, also de Freiden kruuten mer vum Gilles Wengler d'Informatioun dass et blëtzt, wourops hin de Luca eng professionell Bletz-Website um iPhone ugema huet an daat ganzt mol am Aae behaalen huet. Geint 11 koum dunn den Alarm dass mer am beschte mol fueren fier daat ganzt ze kucken. Als eischt si mer also bei den Auto gesprint, well mer net wierklech Ahnung haaten ob net awer all Sekonn zielt. Mat mengen eenormen Fahrkënscht si mer dann ennen an Esch ukomm an konnten di eischt Himmelerhellungen beobachten. Duerch eis Spitzfindegkeet an Talent hu mer dann decideiert fier uewen op de Kayler Poteau ze fueren, well do eng saugudd Vue ass - an et war och sou! Waat ech do erliewt hun war wierklech saugeil. En Naturspektakel sonnergleichen, eng regelrecht Blëtz-Salve, an daat wärend baal 90 Minuten. Obwuel se sou weit wesch waren dass mer se net mol donneren heiren hun, hu mer deck vill erkannt, an ech haat en zimmlech geilen Owend ;) Leider ass d'Kamera dei mer hun net luutempfindlech genuch fier alles dorpzekreien, trotzdem ass dem Luca en geilen Schnappschoss gelongen.



Wann der nach mei Footage wëllt gesin, dann kuckt mol op eiser FB-Fanpage laanscht, do gidd der emmer informeiert ob eppes lass ass, an ob mer ennerwee sin. De Luca war och sou fleisseg an huet eng Homepage gebastelt, hei de LINK . Och dei gëtt regelmeisseg mat Videos an Berichter geupdated.

Lo heescht et fier mech als eischt mol Kino, waat fier äerch heescht dass moa eng Movie Review kennt, di eischt 2.0-Review, sidd gespaant ;D



Kandheets-Vote

Jou, alt rem kläeren ech eng wichteg Froo. Dës Keier betrëfft et rem äer Kandheet (oder vleit elo nach? o.O), well et geet em Lego beziehungweis Playmobil. Si mol gespaant wei do d'Resultat ausgeet, d'Meenungen waat vun deenen 2 besser ass gi schliesslech weit aussereen an kenne suguer zu eenormen Diskussiounen feiren. Also, loosst eis dem eiwegen Rätsel waat dann lo am coolsten ass, obwuel et io awer sou klooer ass :P, op de Grond gooen!
Schein Ouschteren souweit, den Nowend kennt mei eischten perseinlechen StormChaser-Bericht!! An vergiesst net mer en Fail oder Win vun der Woch ze schecken, merci an stay tuned





Samstag, 23. April 2011

Project " 2.0 " - Welcome!

Herzlech wëllkomm hei um Sven's POV 2.0. Hudd der mech vermësst? Ohh daat ass awer léiff vun äerch, ech hoffen ech hu kengem d'Häerz gebrach mat menger laanger Absence. Ech, oder eischter mei Blog ass erem do mat frëscher Energie, enger liichter Faarwännerung, an engem neien, hoffentlech besseren Konzept! Onschweier erkennbar ass io wuel dass de Blog elo Wäiss, nee ech well suguer sooen ganz liicht Groo ugehaucht ass. En groussen Schratt deen ech gema hun, an daat eenzej an eleng nëmmen fier dem Augenkrebs-Effekt, deen een sou oft hei getraff huet, entgeintzewierken. Mee ausser der Faarw huet sech hannert dem ganze Blog och na villes geännert, waat daat, zielen ech mol kuerz op.

Wann ee schon sou en beisen Trailer mecht fier sou en mickregen Site (hallo, en ass op Letzebuergeg...), da mussen och gewëss Erwaardungen erfëllt gin... abee ech ka mer denken dass ech de Niveau vum Video an de nächste Meint haale kann, well ech hu vill wëlles. Meng Strategie fier rem mei regelmeisseg an gudd ze posten baseiert dorop op dei wuelbekannten Theorie vun "Qualiteit > Quantiteit", dei deem een oder aanerem secher schon wärend enger Däitscher Prüfung an de Kapp komm ass "oh freck, heen huet schon 5 Seiten, an ech nemmen 3... off, mein informativt Bëssen ass vill besser wei sein eiwegt Geschwafel, wert scho gudd gooen". Well also Klooertext heeschen dass ech net mei su oft riesegrouss Geschichten zielen, mee mei op kleng Storys opbauen, dei dofier awer op mannst grad su ennerhalsam sin.

En aaneren Aspekt vum Tuning ass meng "Fangemeinschaft", bzw "dei Leit dei do uewen Riets op den Like-Button gedreckt hun". Ech geiff mer wënschen wann där bëssen mei Aktiv sidd, an mer heiansdo mol eppes klenges scheckt iwwert daat ech schreiwen keint, a wann et nemmen en dämleche Video oder e Bild ass, Community-Stuff ass wëllkomm! Nach dobei weilt ech deck gäeren den Fail bzw Win vun der Woch afeiren, wann der also eng Geschicht hudd dei der wierklech FAIL oder eben mega WIN fannt, kennt der mer daat och schreiwen, als Belounung wengt eng Ernimmung op mengem Blog an daat gudd Gefill fier aaner Leit eppes gemaach ze hun ;D

Ajo, nei sin och nach dei Registerkaarten do uewen ennert dem Blog-Banner. Ech fannen dei brengen eng gewëssen Struktur an d'Gesamtbild, an et wierkt vill mei Professionnel :P Doduerch dass ech den Deel "Partners" kreeiert hun, ass neemlech och Plaatz op der rietser Seit gin, sou dass een lo d'Chatbox direkt geseit wann een de Site besicht, an ech hoffen der (an net nemmen de Jaak xD) benotzt deen weiderhin fier äerch Dommheeten ze zielen.

Hei nach den offiziellen Sven's POV 2.0 Background an der Opleisung 1968 × 1142





Donnerstag, 21. April 2011

Project " 2.0 " Release Date

A sensation is approaching...
                                             ...Project " 2.0 "
                                                                                                  
                                                                                            Are your prepared? Be aware