Freitag, 3. Mai 2013

Kee Video um Freiden

Sorry Leit, haut gëtt et kee Video,
ech war an en Accident verwéckelt an sin, waat e Wonner, zimmlech gesuckt awer soss feelt mer näicht, sin gudd dovu komm, waat een vun deem aaneren Auto net behaapte kann. Ech kruut d'Vierfahrt geholl, bzw deen aaneren huet royalement e STOP ignoréiert! D'Resultat ass eng éischter onimpressionant Téitsch u mengem Pare-Choc an en zerdruddelt Nummerschëld, wouwéi och en futtist Luuteglas. Deen aaneren huet par contre missen oofgeschleeft gin, mei klenge Polo huet et nämlech trotzdem färdeg bruet säi fiischt lénkst Rad ranzedrecken.


Léiert all brav äere Code de la Route, an denkt drun dass e Stop dofier do ass fier ze stoppen, da geschéien Ierch keng sou Saachen...
KommentarFroo vum Daag: Waat ass äere schlëmmsten Accident bis elo?

bis dohin,
stay tuned.



1 Kommentar:

  1. schlemmsten accident: op engem ofgespaarten terrain am schnei gedrift an den kompletten ennerbudem vun mengem auto opgerappt op engem bettongs sockel mat fetten schrauwen. am legalen verkeier hat ech nach keen accident gott sei dank ;D

    AntwortenLöschen