Freitag, 27. Dezember 2013

Uelzechtkanal

Wee mëch kennt, dee weess dass ech daat eent oder aanert Jooër am Uelzechtkanal, oder wéi déi Cool sooen "UK", verbruet hun an dass fier mëch daat absolut Bescht vu menger ganzer Lycéeszäit war! Net nëmmen hun ech do geléiert wéi een anstänneg Filmt, Schneid a fierun enger Kamera schwetzt, mee fierun allem hun ech do entdeckt dass ech spéider onbedingt eppes an der Richtung wëll maachen, sierf et beim Fernseh oder op engem Filmset - et waren also 5 wichteg Jooër fier mech.
Lo wou ech säit 2 Jooër net méi do sin fänkt et awer sou lues un mer ierjendwéi ze feelen einfach um Weekend op en intressant Event ze gooen, mer eng Kamera ze schnaapen, an dee (meeschtens) coolen Owend zu enger Reportage zesummen ze schneiden fier déi ech herno souguer nach Punkten kréien. Vu dass mëch "fréier" immens vill Leit direkt mam Uelzechtkanal associéiert hun, ass daat lo wuel eng Zäit déi eiweg a menger Erënnerung wert bleiwen ;) Mee genuch Sentimentales fier den Owend, ech wëll io schliesslech nach um Ziel vun dësem Artikel ukommen!

Als klénge Merci fier déi wierklech extrem cool Zäit hun ech mer geduet et wier eng Idee dass ech hei mol Reklamm fier hier relativ nei Facebook-Like-Säit maachen. Do gidd der dann automatesch gewuer weini eng nei Sendung leeft, a weini se op YouTube ze fannen ass! D'Highlights gin och direkt gepost, sou dass der de Video op Facebook direkt kucke kënnt, ouni mussen op hieren YouTube-Kanal ze gooën... fantastesch! Genee wéi bei ménger Fansite geet 1 Klick duer fier se ze liken, et gëtt also net wierklech eng Excuse fier et net ze maachen. Hei de Link:


Fier et nach mat de Wieder vum berühmte Photograf a Schauspiller J.D. aus "Heaven's Decision" auszedrécken: "Manner Asi wéi RTL a méi Entertainment wéi Pro 7" ;)

bis dohin,
stay tuned.



Donnerstag, 26. Dezember 2013

Top 10: gehaasste Charakteren

An der drëtter Editioun vun "Top 10" présentéieren ech meng Lëscht mat Personnagen aus Serien a Filmer déi engem sou richteg schlëmm op d'Nerven gin! D'Auswahl u Leit déi engem net gin ass verdammt grouss, awer de Gros vun deenen ass just zu engem bestëmmte Punkt nerveg... déi an dëser Lëscht bréngen et awer fäerdeg dass een se vun der éischter bis zur leschter Minutt absolut net leide kann. Wéi ëmmer si Kommentarer (hei oder op Facebook) gäere gesin, falls du nach een hues deen an dëser Lëscht absolut net feele sollt! Dozou sierft och nach gesoot dass dës Lëscht eventuell Spoileren kann enthaalen, dir sidd also viergewarnt. An elo wënschen ech vill Spass bei mengen Top 10 gehaassten Charakteren!

Nummer 10: Veruca Salt, Charlie and the Chocolate Factory
D'Lëscht fänke mer kleng awer oho un! Dëst klengt Meedchen ass d'Duechter vun engem sténkräische Papp deem eng fett Fabrik gehéiert an deem sengem Meedchen all Wonsch erfëllt, egal waat et kascht! Waat doraus entsteht ass eng materialistesch, tyrannesch an frech kleng Göre déi mer wärend dem ganze Film fuerchtbar op d'Nerve gaang ass. Emsou méi frouh war ech wou et séngem "Garbage"-Schicksal ënnerworf gouff andeems et eiskaal bei den Dreck geheit gëtt.

Nummer 9: Ethel Parks, Downton Abbey
D'Ethel Parks léisst sëch mat engem gudden aale Sprachwuert perfekt beschreiwen: "Onkraut vergeht net.". Hat ass een vun de Personnagen déi schon net vill hun, an alles riskéieren andeems se ierjendee Blödsinn maachen. An dësem Fall léisst et sëch op eng Wëll Nuecht mat engem Krisch-Veteran an, a kritt dorobshin gekënnegt (hat ass "just" en Dienstmädchen an huet e strikte Verbuet waat sou Saachen ugeet). Domat ass d'Saach da giess kéint ee mengen, mee nee... nodeems een 2 Folgen laang seng Rouh haat kënnt et zréck mat der Nouvelle dass et schwanger ass, waat natierlech rëm eng eiweg laang Diskussioun an eng penibel Situatioun entfacht. Nodeems daat dann och sou hallewwegs vum Teppësch ass, kënnt et NACH eng Kéier zréck, well et lo eng Prostituéiert ass an dem Zuschauer  nach méi op d'Nerve gooë wëll. Mech Perséinlech huet dëse Personnage, vun der wierklech gudder an empfehlenswerter Serie "Downton Abbey", richteg schlëmm genervt an ech hoffen dass d'Ethel net NACH eng Kéier rëm kënnt!

Nummer 8: Bella Swan, The Twilight Saga
Dovun oofgesin dass hat dësen Näicht ausdréckende Bléck mat opstooendem Mond wärend dem ganze Film um Gesiit huet, dréckt et sëch an 50% vun de Fäll just mat haardem Ausootmen, Opootmen oder Stöhnen aus, waat dëse Personnage zu engem richtege "Sucker" mëcht. Vläit ass et och meng Oofneigung zur Twilight-Saga, mee et muss dach och fier déi aaner Leit am Film schrecklech nerveg sin dass dee ganzen Zodi nëmmen dowéinst entsteht well hat sëch vun alle Mënschen op der Äerd grad e Vampir (deen an der Sonn glitzert, an daat och nëmmen dann wann de Film et grad wëll...) muss raussichen an deen et sech onstierflech verléifft. Mer ass déi äussert "interessant" Art a Weis sëch auszedrécken zimmlech op d'Nerve gaang!

Nummer 7: Janice Litman, Friends
Gratulatioun Janice, du bass den alleréischten GIF op mengem Blog!
"OOHH. MYYYY. GOOOD.", all Friends-Fan weess direkt wéi en daat soll vierliesen, an e weess selbstverständlech och direkt vu weem et kënnt! Fier all déi wou Friends net sou gudd kennen: d'Janice ass eng Fraa déi periodesch mol ab und zu rëm optaucht an all Mensch, an ech mengen domat wierklech ALL Mënsch, suwuel an der Serie souwéi och dem Zuschauer, gehierlos op d'Nerve geet; dëst bréngt et sensationell fäerdeg andeems et eng fuerchtag nasal Stëmm huet, an laacht wéi de Peter Griffin (mehehehehehehe). An daat sooën ech net well mech ierjendeppes un him stéiert, ganz am Géijendeel: de Writer vu Friends huet dem Janice als Charakterbeschreiwung zimmlech sëcher "sierf sou nerveg wéi et geet" gin. Obwuel déi meescht Szenen mam Janice recht witzeg sin, sou sin ech ëmmer rem frouh wann et endlech fort ass!

Nummer 6: Maria Laguerta, Dexter
Dexter war eng laang Zäit meng absolut Lieblings-Serie an allen Hinsichten. Vun Ufank un gouff et allerdings eppes waat mech ierjendwéi gestéiert huet: d'Maria Laguerta. Hat ass eng Chef-Polizistin, déi awer op verschidden Art a Weisen lusch ass a säi Kapp andauernd an aanere Leit hier Affairen muss stierchen. Vun Ufank un hun ech gesoot "Kuck op däin Teller a suck net!"... hätt et dee Root dach nëmme befollëgt! Ween d'Serie gesin huet versteht ganz genau wéi hat et fäerdeg bréngt dass een et nëmmen nach haasst; ech gi schon rëm rosen wann ech nëmmen drun zréckdenken, schrecklech!

Nummer 5: Blanche, Bonnie and Clyde
Och d'Klassiker an der Filmszene sin net verschount vu nervege Persounen... mäi Repertoire un eelere Filmer ass (nach!) net schrecklech grouss an ech si sëcher dass et nach aaner Filmer gin déi an dës Lëscht gehéieren, mee ech si mer sëcher dass dëse Grad vun Nervegkeet sou gudd wéi nie méi ze toppen ass. (bis op déi 4 Nächst an dëser Lëscht natierlech). D'Blanche ass dem Clyde sengem Brudder séng Fraa, Meedchen vun engem Paschtouer an fäert sëch fier all klenge Schissi den Aarsch aus der Box, an daat dréckt et ganz gäeren mol mat héischfrequenzéiertem Jäizen an paneschem Widderhuelen un belanglose Sätz aus. Ab deem Moment wou hat am Film viergestallt gëtt, hun ech regelrecht drop gewaard dass ierjendeen komplett Ausrast fier him ENDLECH ze sooën et soll seng Maul haalen! Eigentlech ass et io e gudde Film, mee ech war richteg erliichtert wou e riwwer war, nëmmen wéinst dem Blanche... well done Blanche, trotzdem ass et net duergaange fier de Podium ;).

Nummer 4: Dolores Umbridge, The Harry Potter Saga
Ier ech dësen Artikel geschriwwen hun, hun ech e Puer Kollege gefroot ob se mer e puer fiktiv Personnagen opziele kënnen déi se absolut guernet leide kënnen, d'Dolores Umbridge war bei 7/11 Fäll déi alleréischt Persoun déi genannt gouff, eleng daat schwetzt fier sëch! Kuckt äerch se dach mol un: rosa Kleeder, rosa Hooër, rosaen Zauberstab, rosa Fangerneel, Rosa Dekoratioun an an AN... egal wéi gäer een d'Faarw "Rosa" huet, eleng deen Aspekt nervt schon. Dobäi kënnt dann nach dass sie de Kanner drecksaarbeschten ze di gëtt, an sämtleche Spaass aus Hogwarts verbanne wëll andeems se ganz nei strikt Hausregelen opstellt. Ech sin io en tolerante Mënsch, mee KEEN huet d'Recht déi wonnerbar Welt vun Hogwarts ze zerstéieren, KEEN!

Nummer 3: Skyler White, Breaking Bad
Nodeems sëch Breaking Bad eng gudd zweet Plaatz um Podium vun den "Top 10 TV-Serien" gesëchert huet, représentéiert d'Skyler dës Serie dann lo an dëser Editioun. D'Skyler ass d'Fraa vum Haapt-Charakter, dem Walter White AKA Heisenberg an entwéckelt sëch vun enger këmmernder Hausfrah zu enger absoluter "Bitch" déi, ähnlech wéi d'Maria Laguerta, iwwerall hier Nues muss rastierchen a Problemer mëcht wou ursprünglech iwwerhaapt keng waren. Vu dass Breaking Bad nach recht "nei" ass wëll ech lo hei net weider eppes verroden, mee eppes sierf gesoot: ween d'Skyler um Schluss nach leide kann, deem ass net méi ze hëllefen. Ab engem bestëmmte Punkt ass "d'Faass iwwergelaaf" an de Fakt dass hat esou vill Screentime huet, dréiht gudd dozou bäi. (Amfong ass hat en idealt Beispill fier den Titel vun der Serie, deen effektiv a Kraaft trëtt!)

Nummer 2: Jar Jar Binks, The Star Wars Saga
Star Wars, waat eng gäil Franchise, näicht geet iwwert d'Surre vu Lichtschwerter bei eepesche Kämpf an de Kaméidi vun oofprallende Laser-Schëss an enger wäit wäit entfernter Galaxie... an dann beemol ass den Jar Jar do! Heen ass een tollpatschegen, blöden an nervegen Gungan vum Planéit Naboo deen nëmmen nach um Liewen ass well en vum Qui-Gon gerett gin ass (worst. decision. ever.). Vun do un ass heen en ultra-nervegen Gefolge dee verzweifelt probéiert e bësse Witz an d'Geschicht ze bréngen, andeems en sëch domm ustellt a keen normale Saatz schwetze kann. Eleng doduerch dass heen net dra vierkënnt, sin déi original 3 Star Wars Filmer em Welte besser wéi déi Nei. Net fier näicht ass heen vun senger Heemescht verbannt gin an huet insgesamt 6 Präiser fier déi schlechst Roll gewonnen. All Star Wars Fan wert mer zoustëmmen dass den Jar Jar bei wäitem daat Schlëmmst ass waat dem Star Wars-Universum jeh zougestouss ass.

Nummer 1: Joffrey Baratheon, Game of Thrones
Alt ërem packt et Game of Thrones op d'Spëtzeplaatz vu mengen Top 10! Eigentlech muss ech zum Joffrey net vill sooën... jiddereen dee Game of Thrones gekuckt an/oder gelies huet, weess waat heen fier en onendlech grousst Aarschlach ass an wéi heen et innerhalb vun wéinege Folge fäerdeg bruet huet dass wierklech JIDDEREEN heen haasst. An enger Serie wéi Game of Thrones, wou Haapt-Personnagen eiskaal Een noom Aanere stierwen kann een quasi nëmmen drop hoffen dass och dëse klengen Idiot dovunner betraff wert gin! Heen ass en perfekt Beispill vun engem Macht-ausnotzenden, skrupellose Bastard. Genee wéi beim Skyler gëtt den Haass op dëse Charakter gudd duerch déi grouss Screentime gestärkt, waat awer och ierjendwéi Sënn mëcht, schliesslech ass heen de Kinnéck an en dreiwt d'Story méi oder wéineger weider!

Fazit:

Et war schon net einfach hei eng Reihenfolg dran ze kréien, a fierun allem war et net einfach 10 Persounen ze fannen dei WIERKLECH krass nerven. Et gin der vill wou een sëch seet "ech kann deen net leiden", mee fier eng Top 10 Lëscht geet et einfach net duer... ech denken do zum Beispill un de Syd aus Toy Story (daat klengt Saukand daat d'Spillsaache futti mëcht), den Gary aus Pokémon, d'Na'avi aus Avatar an an an...! Ahjo, ech wëll onbedingt nach umierken dass et NET express ass dass dës Lëscht zu 80% aus Fraaë besteht, daat war kengeswegs eng sexistesch Absicht, mee puren Zoufall! Am Januar gëtt et dann déi nächst Episod vun "Top 10", an daat werten d'Top 10 Filmer vun 2013 sin.

bis dohin,
stay tuned.



Dienstag, 24. Dezember 2013

Luca's Corner: Chrëschtlech Feierdeeg

Ech wënschen jidderengem schéi Feierdeeg, waat a wéi och ëmmer der feiert! De Luca huet sëch d'Méih gemaach eisen "Chrëschtdaag" mol méi genau ënnert d'Lupp ze huelen; vill Spass bei der neister Episod vun "Luca's Corner!"
“Chrëschtlech” Feierdeeg: reliéis oder awer éischter mënschlech?

Säit deem d‘Dréier-Koalitioun zu Lëtzebuerg un der Muecht ass, gouf jo schonn iwwert d’Trennung vu Kierch a Staat wéi och iwwert den Wäerteunterrecht geschwat. Dobäi hunn ech mer mol heiansdo d’Diskussiounen vun den Leit op den Säiten vun RTL oder Eldoradio duerchgelies an do ass mer opgefall, datt wierklech vill (primitiv) Leit mengen, “Chrëschtdag” géif einfach radikal den Chrëschten gehéieren an wann d’Kierch dann enges Daags (hoffen mer mol dat Bescht) géif onofhängeg vum Staat ginn, missten dann och déi “chrëschtlech” Feierdeeg fir alleguerten Net-Chrëschten gestrach ginn. An fir dat “Argument” mol komplett ze destabiliséieren, wollt ech iech dësen Artikel, deen um Facebook op der Säit vun AHA publizéiert gouf, net virenthalen:

„Chrëschtdag ass eng Zäit, wou regelméisseg Vertrieder vun der kathoulescher Kierch drop hiweisen, dass jo d’Gebuert vum Jesuskëndchen d’Quell vun eiser Zivilisatioun géing duerstellen, a wou genau aus deem Grond eng Zäit fir Besënnung misst sinn. Et gëtt sech och doriwwer beklot, dass an eiser Welt, déi anscheinend „szientistesch-atheistesch“ wier, de Mënsch ëmmer méi an den Abseits géing geroden, an dofir misst grad op Chrëschtdag rëm méi u Gott respektiv un een Këndchen geduecht ginn, dat ouni Sex soll entstane sinn.


Et ass scho kokass: de Mënsch geréit anscheinend duerch Wëssenschaft, Opklärung an Demokratie an den Abseits, a fir dat ze konteren, solle mer eis reliéisem Glawen un Net-Bewisenes an Net-Noweisbares widmen. Dovunner ofgesinn, dass schonn virun 150 Joer den Charles Darwin drop higewisen huet, dass souwuel de Mënsch wéi och seng ethesch Prinzipien eng evolutiounsbiologesch Basis hunn, sou klengt och de Rescht vun deem grad Erwähnten nawell zolitt onlogesch. Chrëschtdag ass historesch gesinn deen Dag, wou bei villen Vëlker d’“Wintersonnenwende“ gefeiert gouf, mee d’Chrëschtentum huet deen Dag einfach mat hiren Dogmen besat, a mécht zanter hier, wéi wann et dat erfonnt hätt, wéi iwwregens och bei aneren sou genannten "heedneschen" Fester (déi "Heeden" hunn un aner Gëtter gegleeft, net un deen "Richtegen" vun de Chrëschten). Des Weideren misst een dach mengen, dass wann ee wëllt verhënneren, dass de Mënsch an den Abseits geréit, een sech soll op de Mënsch konzentréieren, an net op imaginär Gëtter.


Sech op de Mënsch konzentréieren, genau dat maachen d’Humanisten. Si setzen sech an fir Opklärung, Toleranz an ethesch Wäerter, déi, wéi am Fall vun de Mënscherechter, de Rechter vun der Fra oder de Rechter vun Homosexuellen, oft géint deen verbatterte Widderstand vun de Reliounen am Allgemengen an vun der kathoulescher Kierch am Speziellen duerchgesat hu misse ginn, respektiv musse ginn. Eppes soll dofir kloer gesot ginn: Keen huet de Monopol op eist Wanterfest, dat den Numm „Chrëschtdag“ dréit. Schliisslech ass dat nëmmen ee Numm. Jidder net gleewege Mënsch dierf natierlech Chrëschtdag op seng Aart a Weis feieren, oder et eben si loossen. D’Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker Lëtzebuerg gesäit op alle Fall deen Dag z.B. als eng Méiglechkeet, de Wanter ze feieren, deen mat sengen kuerzen Deeg a laangen Nuechten, mat senger Keelt an eventuell enger Schnéi-iwwerdeckter Natur eng ganz besonnesch Atmosphär schaaft. Ee freedegt Fest wou ee mat senger Famill zesummekënnt, di een mat Kaddoen begléckt, ee Fest, wat ee genéisst mat guddem Iessen an Drénken, mat flotter Musik - di een sech selwer eraussicht -, an mat allem wat soss nach dozou gehéiert! A bei all deem steet eben net ee Märchenkëndchen oder een imaginären Gott am Mëttelpunkt, mee eben grad den réel existéierenden Mënsch.“


Ech fir mäin Deel widmen den 24./25. Dezember an éischter Hisiicht menger Famill, mä awer definitiv och engem vun den wichtegsten Wëssenschaftler säit jeehier, an zwar dem Sir Isaac Newton. Nom julianeschen Kalenner ass den engleschen Physiker an Mathematiker nämlech um 25. Dezember 1642 gebuer ginn an ech sinn der Meenung, datt et wesentlech méi sënnvoll ass engem Mënsch (deen och wierklech existéiert huet) ze gedenken, deen mat sengen Entdeckungen eis Welt an allen Aspekter no fir bruecht huet. Dem Newton seng physikalesch Gesetzer sinn hautdesdaags aus der (moderner) Physik net méi ewech ze denken an esou e groussen Verdéngscht misst einfach geéiert ginn!
Mä datt iergendeen Naturwëssenschaftler (sief et den Newton oder Maxwell, Galilei oder Einstein, Bohr oder Schrödinger etc…, et ass wierklech Wurscht) et bis an d’Mëtt vun der Gesellschaft packt, ass den Ament (leider) nach en zimlech utopeschen Gedanken.
An dësem Sënn: Happy Newton Day!







Mittwoch, 18. Dezember 2013

Movies: Captain Phillips

Captain Phillips - by Paul Greengrass

Infosite mat Traileren a Biller

Mat "Captain Phillips" leeft momentan een vu de beschte Filmer déi ech an dësem Jooër gesin hun; selten war ech an engem Film sou gefesselt an voll dran wéi bei dësem. Ähnlech wéi de Film "Prisoners" mam Wuert "intensiv" beschriwwe konnt gin, kann een dëse Film zweifelslos mam Wuert "spannend" définéieren... fierwaat daat sou ass erkläeren ech gleich, hei als Eischt mol nach den Trailer:


Et handelt sëch also ëm eng richteg Geschicht bei der en Frachtschëff vun engem Grapp voll Piraten iwwerfall an suguer iwwerholl gëtt. Interessant ass hei dass d'Piraten endlech mol eng Kéier sou duergestallt gin wéi se och effektiv sin, an ent sou fancy a cool wéi an aanere Filmer... iwwregens gouffen d'Piraten vu somaleschen Acteuren gespillt, fier et méijlechst Realitéitstréih ze gestalten. Et ass och erwähnenswert dass d'Somalesch, also an dësem Film d'Sprooch vun de "Béisen", mat Ënnertitelen iwwersaat gëtt, waat net oft de Fall an Hollywood ass, mee daat sin nëmmen 2 Détailler! Dem Film séng richteg Stäerkt läit an der Spannung!
Wéi ech scho soot kann een eenzeg an elleng mam Wuert "spannend" de ganze Film beschreiwen! Daat läit dorun dass no engem relativ kuerzem Intro vun héchsten 20 Minuten daat eigentlecht "Abenteuer" lassgeet, an net wéi a sou villen aanere Filmer réicht no 40-50 Minuten. Ab do ass nähmlech den éischte Kontakt mat de Piraten hiergestallt an et fillt een sëch als Deel vun der Crew, an spiert den Drock an d'Angscht. Dësen Drock fesselt een onwarscheinlech vill, sou dass déi 2 Stonnen a 14 Minuten vum Film quasi verfléien... Ech ka mech u quasi keng Szene am Film erënneren bei der een eng Kéier fier e Puer Minute relaxe konnt an souzesooen "frësch Loft schnaapen".

Nierft der omniprésenter Spannung dréiht dem Tom Hanks séng Schauspillleeschtung och nach e gudden Deel dozou bäi dass de Film authentesch riwwer kënnt - séng Entwecklung iwwert de ganze Film verlaangt vun him dass en säi ganzt Arsenal u Kënnen auspeekt an et zum Beschte gëtt, waat en och mëcht! Et géiff mech och net iwwerraschen wann den Tom Hanks en Oscar fier dëse Film géiff mat Heem huelen, mee dorop musse mer nach 2 Méint woaden!
net méi wéi e Grapp voll Pirate geet duer fier e ganzt Frachtschëff ënner Kontroll ze huelen!
"Captain Phillips" ass fier mëch ee weideren vun de "Must-See"-Filmer vun dësem Jooër. Ween eng richteg gudd emgesaaten richteg Geschicht erliewe wëll, déi nëmmen sou vu Suspense platzt, deen ass mat dësem Film ganz gudd bedingt! Ech gin dem Film 8.4/10 op der berühmter Ulmerich-Skala; daat do ass op alle Fall ee Film fier a meng BluRay-Sammlung, an daat wëll schon eppes heeschen, well nëmmen dei WIERKLECH gudd Filmer kommen do ran ;)

bis dohin,
stay tuned.




Montag, 16. Dezember 2013

Movies: Last Vegas

Last Vegas - by Jon Turteltaub

Infosite mat Traileren a Biller

"Last Vegas" ass e Film deen sech mat enger recht décker Starbesetzung bretzen kann; dës besteht neemlech aus net weineger wéi dem Robert de Niro, Morgan Freeman, Michael Douglas an Kevin Kline, also 4 Urgesteiner aus der Filmbranche! Alles an allem ass et eng recht gelonge Produktioun déi op den éischte Moment éischter schwéier verdaulech/schwéier witzeg ausgeseit, mee daat Gefill geet séier fort! Hei mol den Trailer:



Daat éischt waat een sech denkt ass wuel "oh Gott, dass ass en Remake vun Hangover", an daat zu Recht... et gëtt ee bestued, doropshin geet en mat senge beschte Kollegen op en Trip op Las Vegas, an sie loossen d'Sau raus henken. Trotzdem ass de Film ganz aanescht an huet säin eegene Charme; sou gin zum Beispill oft Witzer mam Alter vun eise 4 Haaptschauspiller gemaach, wéi een et och am Trailer scho matkritt, an et ass genee deen Aspekt dee mer um Film gudd gefall huet: sie wëssen dass se iwwert sech selwer laache kënnen, an hieren ageschrenkten Tempo mëcht de Film schéin angenehm fier ze kucken.
D'Geschicht ass och ganz okay, wann och zimmlech vierrausschaubar ab engem bestëmmte Moment, mee se dréckt 1-2 mol op d'Tränendrüse, waat awer, wéi ech fannen, net immens néideg war an déi allgemeng gudd Laun e bësse roofzedréckt huet; mee bon, léiwer daat wéi eng sënnlos platt Story! De Film punkt dann och nach mat iwwerraschenden Guest-Optrëtter vu bekannte Kënschtler, an d'Reaktiounen vun eise Schauspiller op déi Artisten ass goldwert, souwéi allgemeng hier Art a Weis sëch auszedrécken.

Wéi ech scho soot ass "Last Vegas" e flotte Film dee mer gudd gefall huet a bei deem ech heiansdo gudd gelaach hun - de Gros vum Humor kënnt vum Alter vun den Haaptpersonnagen aus, sierf et vum Behuelen oder vun de Sprëch. Trotz all dem gëtt een d'Gefill vun engem "Hangover fier Aaler" net wierklech lass, dofier ass d'Thema ze ähnlech! Ech gin dem Film dofier 6.7/10 op der berühmter Ulmerich-Skala!

bis dohin,
stay tuned.



Dienstag, 10. Dezember 2013

Movies: Don Jon

Don Jon - by Joseph Gordon-Lewitt

Infosite mat Traileren a Biller

Et kléngt wéi e Geniestreich: am éischte Film wou ee selwer Regie féiert spillt een d'Haaptroll déi vun Sex a Porno besiess ass, an et cast een d'Scarlett Johansson als weiblech Haaptroll - genee daat huet sëch den Joseph Gordon-Lewitt och geduet an "Don Jon" réaliséiert. Entstaanen ass en zimmlech gelongen, wann och phaseweis relativ vulgäre Film mat vill Witz an enger interessanter Struktur. Den Trailer weist engem perfekt waat fier e Macho eisen Haaptprotagonist ass:


Wéi ee gesäit kann een sëch op vill Alkohol, Party, Sex a Porno astellen, mee keng Angscht: alles bleiwt a Grenzen an de Film fënnt eng gudd Balance tëscht "net ze vulgär awer baal" an "ok, daat war lo wierklech déck witzeg!". Zur Story gëtt et net vill ze sooen: se ass recht banal awer net direkt vun Ufank un ultra-offensichtlech,  se ass gudd mat Witzer gefëllt (och eng gudd Rëtsch Running-Gags) an mat enger Längt vun 90 Minuten och net ze laang. Waat bei dësem Film vill méi rausstëcht ass den Opbau an de Schnëtt, an ech mengen dass och nët-Film-Studenten dëst wert opfaalen!

Ech hun lo grad kuerz erwähnt dass de Film vill Running-Gags huet, an passend dozou och Szenen déi ëmmer an ëmmer rëm kommen, an engem sou op eng ganz speziell Art a Weis en zimmlech exakt Zeitgefill verschaafen. Ee Beispill dofier wier dass heen an seng Famill all Sonnden an d'Kierch gin an dass d'Art a Weis wéi heen (den Jon) an d'Kierch kënnt ALL Sonnden d'nemlescht gespillt a gefilmt ass, sou dass een ab engem bestëmmte Punkt laache muss soubaal een de Kierchentuerm gesäit, well ee ganz genau weess waat fier eng Szene elo komme wert. Obwuel daat absolut iwwerflësseg an wéi en No-Go kléngt, gëtt et dem Film eng immens Dynamik, waat doru läit dass et am Film e ganze Koup sou Szenen gin.
Ab engem bestëmmte Punkt gëtt dëst ausgenotzt fier onnéideg Minuten ze iwwersprangen andeems een nëmmen ganz kuerz e charakteristescht Geräisch/Bild vun enger Aktioun matkritt. Mer perséinlech huet daat zimmlech gudd gefall, ech hun daat op alle Fall léiwer wéi déi berühmt Zeitspréng wou dann ënnen am Bild zum Beispill "X months later" steht. Waat mëch awer och nach iwwerrascht huet ass wéi "geschmeideg" de Film d'Thema behandelt, ouni dobäi domm a geschmacklos ze gin, an daat obwuel insgesamt iwwert déi ganz Filmlängt op mannst 5 Minuten Porno-Biller gewisse gin.

"Don Jon" ass e recht gelongenen éischte Film vum Monsieur Gordon-Lewitt, mat enger akzeptabeler Story, guddem Humor an enger interessanter Art a Weis d'Geschicht ze erzielen. Trotzdem ass nach kee Meeschter vum Himmel gefall, an sou si vill Saachen dran déi een besser/aanescht hätt kënne maachen. Eppes steht awer fest: dëse Film wert nach soubaal kee Nofolger fannen, an daat ass och mengen ech besser sou, well et ass definitiv NET daat waat een am Kino gewinnt ass! Ech gin dem Film 6.9/10 op der berühmter Ulmerich-Skala an dobäi kritt en nach den "DAAT hun ech nach net erliewt"-Award dofier dass an de Credit ganz grouss d'Symbol vu "PornHub" optaucht!

bis dohin,
stay tuned.




Montag, 9. Dezember 2013

Der sidd schon zimmlech cool!

Den Titel ass Programm! Wéi et scho puer Mol de Fall war hudd der et fäerdeg bruet en Artikel vu mengem Blog massenhaft ze sharen an ze liken, sou dass d'Besicherzuelen sëch verdreifachen. Mam klengen Ennerscheed dass sëch d'Besich um éischten Daag veraachtfacht hun, an um zweeten Daag ëmmer nach verdréifacht! No mengem klengen Opruff op Facebook wou ech den Challenge gestallt hun 500 Views um Artikel iwwert de Rassismus ze kréien, sin d'Zuelen nach eng Kéier prächteg an d'Luut gesprongen an sou hudd der vollbruet:
Dozou sierf awer gesoot dass et warscheinlech méi wi 580 waren, vu dass d'Klicks um Artikel nëmmen gezielt gin wann een effektiv den eenzelne Link vum Post undréckt, an net wann een einfach sou op d'Blogstartseit geet. Iwwert déi 2 Deeg haat ech ingesamt 1287 Besicher hei um Blog, eng sensationell Zuel, MERCI! Lo sin ech ëmsou méi motivéiert endlech dei 200 Likes op Facebook ze erreechen, an daat géiff am einfachsten gooen wann der meng Säit sharen géifft, bitte bitte bitte!
Lo hun ech trotzdem e schlecht Gewëssen dass ech hei sou heuchele muss, an dofier gidd der an den nächsten Daag mat Movie Reviews bombardéiert, dorënner sin ënner aanerem "Don Jon", "Last Vegas", "Captain Phillips" an natierlech den zweeten Deel vum "Hobbit"! Ech hu mer och iwwerluet dass ech dëse Mount awer eng Top 10 wert maachen, momentan schwanken ech nach tëscht 2 Themen, mee se kënnt egalwéi an déi gëtt et fier Chrëschtdaag, ho ho ho!

bis dohin,
stay tuned.




Sonntag, 8. Dezember 2013

Spider-Man 2!!

Als een deen en 2 Meter grousse Spider-Man an der Wunning stooen huet ass et quasi e Muss dass ech den alleréischten Trailer deen et fier den zweete Film gëtt posten! En ass säit genee 4 Deeg raus, an ech fannen dass e richteg gäil ausgeseit!


bis dohin,
stay tuned.



Freitag, 6. Dezember 2013

Merci, Herr Mandela

De Kevin huet sëch d'Méih gemaach en Artikel iwwert den Nelson Mandela ze schreiwen. Genee wéi säin éischten Artikel hei um Blog ass och dësen, wéi ech fannen, qualitativ op héischem Niveau!

Merci, Herr Mandela

Wéi déi meescht vun iech et secherlech héieren hunn, ass den Nelson Mandela an der Nuecht vun gëscht op haut verstuerwen. Ech wëll dësem besonneschen Mënsch haut en Artikel widmen. Ech wärt dobäi versichen net just eng Zesummefaassung vun sengem Liewen ze schreiwen, éischtens well mäin Hannergrondwëssen net grouss genuch ass an zweetens well dier wahrscheinlech dovunner schonn genuch gelies hudd/wärt liesen. Ech well hei éischter drop agoen, firwat hien eng vun mengen gréissten Inspiratiounen ass. Ech entschëllegen mech am viraus fir en Zitat, dat ech abréngen wärt. Ech fannen, datt ze vill Zitater vum Mandela am Moment duerch Facebook geeschteren, mee ech konnt et mir eng Kéier net verknäiffen.

Den Nelson Mandela ass eng vun den authenteschsten Persounen déi dat 20. Jh gesinn huet. Hien war Matglied vum Xhosa-Clan, engem südafrikaneschem Vollek, an krut dofir hier Wäerter an net déi westlech geléiert. Trotz allem huet hien sech säin ganzt Liewen fir Gläichberechtegung vun allen Mënschen agesat. Et gëtt jo hautdesdaags oft gesot datt den Westen aner Kulturen seng Wäerter ze oft géint hiren Wellen opgedréckt huet , an wéi oft hunn ech héieren soen datt d'Chineesen zum Beispill oder Saudi-Araber vläit guer keng Demokratie wëllen, well sie einfach eng aner Kultur hunn an vläit stemmt dat io zu engem groussem Deel och. Mee menger Meenung no ass de Mandela en méiglecht Géigebeispill. Hien ass definitiv an enger anerer Kultur opgewuess wéi mir, an engem Land wou Ënnerdréckung normal an allgéigewärteg war, an trotzdem huet hien sech fir Wäerter wéi Mënscherechter agesat an mat him huet eng ganz Natioun sech géint Diskriminatioun gewiert.
Wéi beim Ghandi ass dem Mandela seng Moral eng riesech Inspiratioun fir mech. Seng Moral war geprägt vun Net-Haass, Verzeiung, Net-Rache. Den Ënnerscheed deen ech zum Ghandi gesinn, ass datt et fir den Mandela däitlech méi schwéier war. Hien hat net d'Chance an engem Land ze protestéieren, wou d'Englänner geherrscht hunn, Leit mat gewëssen Skrupel. Zur Erënnerung: D'Regime vun der Apartheid war en brutaalt Regime, dat keen Problem hat op Kanner ze schéissen, wéi zum Beispill 1976, wou op protestéierend Schüler an Studenten geschoss gouf. Resultat: méi wéi 500 Doudeger. Wéi legitim wier hei en Haass géint déi wäiss Minoritéit gewiescht? Mier selwer hätten wuel och ugefaangen ze haassen, mee trotz allem huet den Mandela, och no 27 Joeren am Bing, drop bestanen datt Südafrika fir déi wäiss an schwaarz Leit ass. Seng Idee fir en bessert Land, hat zwee Grondsteng: "If there are dreams about a beautiful South Africa, there are also roads that lead to their goal. Two of these roads could be named Goodness and Forgiveness." An dësem Saatz stecht eng ganz Liewensideologie: wann een gutt ass an den Leit hier Feeler verzeit, dann kann een eng besser Welt schafen. Daat klengt elo ganz idealistesch an an mengen Aen wuar den Mandela och en Idealist. Ech selwer sinn och en Idealist, ech sinn net stolz drop, ech gesinn mech net als besseren Mënsch dowéinst, et ass einfach en Fakt. An et ass schwéier an enger Welt wou ëmmer méi zynesch gëtt, Idealist ze bleiwen an do ass den Mandela eng Persoun wou engem Kraaft gëtt, well hien gewisen huet datt et nach aner Idealisten ginn an si, souguer ënnert engem Regime wou Kanner ëmbréngt, d'Welt beweegen kennen an fäheg sinn en Vollek ze féieren. Ouni den Mandela wier d'Enn vun der Apartheid net friddlech komm. Et wier héchstwahrscheinlech zu Massakeren komm an engem Exodus vun der wäisser Minoritéit. Mee dësen Idealist huet bal am Allenggang d'Natioun erëm versöhnt an net just engem ganzem Land mee der ganzer Welt Hoffnung an Kraaft ginn. Hien war net fir näischt eng vun den bekanntesten Persounen op der Welt. Fir dës Hoffnung, dës Kraaft, dëst beispillhaft Liewen soen ech: Merci, Herr Mandela, mir wäerten Iech an är Idealer net vergiessen!





Donnerstag, 5. Dezember 2013

Seriously Lëtzebuerg?

Ech weess net waat momentan an eisem Land lass ass, mee vun deem waat ech hei zu Bréissel matkréien geet et schéin d'Baach roof. Als éischt brennen regelméisseg e Puer Autooen zu Esch oof, dann liest een ëmmer rëm vu Leit déi Aanerer einfach sou attackéieren, Alkohol a Kläppereien si mëtlerweil och scho baal un der Daagesuerdnung, genee wéi Hausbränn, déi onméijlechst Accidenter (jo Taxi deen 20 Meter déiff gefall ass, ech schwetzen vun der!) a verbal Kläppereien an der Kommentar-Sectioun vun RTL wou d'Leit sëch d'Käpp aschlooen iwwert daat neit Anti-Fëmmgesetz souwéi iwwert eigentlech ALL Thema. Nach dobäi kënnt dass mer eis brilliant 2 Milliounen Euro Schold abruet hun well mer ze spéit uwaaren mam bezuelen... net ze vergiessen sou sensationell Remarken wéi "Moien du Aasch" an "Dier vum Tice gidd mer op de Saak".
Mee dorëms geet et eigentlech nët... bon, den Niveau vun de Sträitgespréicher an der Kommentar-Sectioun an och déi berühmt zitéiert Aussooen sin ee ganzen Artikel fier sëch wert. Waat mëch nach vill méi schockéiert ass ee ganz bestëmmten Aspekt vun all deene Kommentarer, sierf et bei RTL, Eldo, oder soss enger lëtzebuergeger Nochrichtesäit (ech hun lo halt RTL geholl well daat de Cliché ass), neemlech der Auslännerfeindlechkeet!

Okay, wéi den Zoufall et sou wëll sin oft bei deenen uewe beschriwwenen Aktiounen Auslänner involvéiert, mee daat heescht nach laang net dass d'Lëtzebuerger  net op mannst grad sou schlëmm sin; schliesslech gëtt io och net vun all Kläpperei aus dem ganze Land bericht. A wéi den Zoufall et och wëll faalen d'Leit an de Kommentarer nëmmen iwwert d'Portugiesen, d'Franzousen, d'Italiener (etc.) hier ouni och nëmmen daat geréngsten Schamgefill oder Blaat fierum Mond. Ech kréien einfach net novollzun wéi ee vu Moies bis Owes sou eng auslännerfeindlech Laun kann hun, an daat och net zu 100% serieux menge kann. Wann "se" allerguerten "zréck an hiert Land" géiffe gooen, da géiff Lëtzebuerg zimmlech domm drakucken, schliesslech ass sëch den Duerchschnëttslëtzebuerger io vill ze Schued fier "deenen" hier Aarbescht ze maachen.

Dass d'Lëtzebuerger an deem Aspekt relativ rassistesch sin ass io kee Geheimnis, an heiansdo muss och ech mëch staark zesummerappen fier net ierjendeppes Dommes ze sooen, waat dee Moment dann awer aus purer Roserei ass, an net aus Iwwerzeegung. (Zum Beispill hun déi 3 hefteg Reparaturen u mengem Auto alleguer duerch engem Auslänner sengem Fehler misse gemaach gin, a beim drëtten Accident war ech wierklech schwäirosen... mee daat war e Belsch, an ech wunnen am Moment zum gréissten Deel an der Belsch, vun dohier kann ech kaum eppes sooen ;) ) Mee waat mëch dozou ugereegt huet dësen Artikel ze schreiwen war folgend (héischopléisend...) Bild daat säit e Puer Deeg kurséiert:
weider 40% hu mat "Russland ftw" geänfert ;)
Ech gin zou: och ech hu gelaach wou ech d'Bild gesin hun an eng kleng Wourëcht stëcht io dran; mäi Laachen ass mer awer spéidsdens vergaangen wou ech déi divers Kommentarer (deelweis vu Leit déi nach méi Jonk si wéi ech an eigentlech an der Schoul geléiert solle gin dass Rassismus domm ass) gesin hun. "Alles Drecksäck!", "Féckt äerch all domm Auslänner", "Stierwt dann ass eist Land rëm propper" an vill weider Kommentarer waren do ze fannen. Dozou sierf gesoot dass ech d'Rechtschreibung verbessert hun, e gewëssenen Niveau u Qualitéit wëll ech neemlech hei um Blog haalen. Zréck zum Thema: geet et nach am Kapp? Ech stelle mer a leschter Zeit wierklech Frooën waat fier eng Zukunft eist Land mat esou enger Generatioun wert hun.

Wéi gesoot, heiansdo kann een sech eng kleng Remark net verknäiffen mee allgemeng muss een einfach agesin dass "sie" gudd fier eist Land sin an dann kann een nach driwwer noodenken ob et sëch net ëm ee klengen Däiwelskreess handelt... géiffen d'Leit e Bësse méi frëndlech mat en een emgooen, da géiffen et vläit och manner Gewaltaktioune gin? Daat ass méi einfach gesoot wéi bewisen, mee definitiv e Gedankegang wert! Ech fier mein Deel sin momentan en "Auslänner" hei an der Belsch, an ech kann nëmmen dovun dreemen dass zu Lëtzebuerg d'Akzeptanz schon nëmmen hallew sou grouss wier - daat wier e Schratt an déi richteg Richtung. De grousse Problem an eisem Land sin neemlech net d'Auslänner, mee dei Superhelden déi sech Daag an Nuet nei rassistesch Kommentarer afaale loossen! Bleiwt ze kucken waat eis nei Regierung dann lo an deem Beräich verännere wëll; d'LSAP haat io déi eng oder aaner Idee dozou...

bis dohin,
stay tuned.

P.S: eigentlech sin ech io net dee Mënsch deen sëch mat Politik oder sou kriddelechen Themen befaast, an ech wëll mëch mat dësem Artikel och absolut net als Genie duerstellen - et ass mer einfach nëmmen "op de Saak gaangen" (wéi eis Polizei io sou gäer seet) waat een Daag fier Daag ze liese kritt, zumools wann e Gros vu menge Kollegen ierjendwéi Auslänner sin, a sierf et nach ëm X Ecken. Ajo, d'Benotzung vu folgendem Saatzzeechen " " "  ass mat dësem Artikel wuel de Recht vum Mount tabu, wee wëll kann se gäeren zielen :) 




Mittwoch, 4. Dezember 2013

Movies: The Hunger Games: Catching Fire

The Hunger Games: Catching Fire - by Francis Lawrence

Infosite mat Traileren a Biller

Fierun méi wéi engem Jooër ass den éischten Deel vun der Buchtrilogie “The Hunger Games” an de Kino komm an huet domat weltwäit e grousse Succès gehaat a vill Leit begeeschtert, trotz diversen Ennerscheeder zum Buch. Lo ass dann daat zweet Buch och verfilmt gin an huet suguer nach besser an d’Keesse geschlooë wéi den éischten Deel! Ech hun mer 2 Deeg ier ech deen Neien gesin hun nach eng Kéier deen Aalen ugekuckt a ka lo sëcher behaapten: deen heiten ass e gudd Stéck besser! Mee méi dozou lo gleich, hei ass den Trailer: (ab hei gin ech dovun aus dass der den éischte Film gesinn hudd, falls net: Spoiler-alarm!)


Nodeems d’Katniss an de Peeta mat hierer gemeinsamer Victoire d’Leit vun der Capital zimmlech roose gemaach hun, kréien dës Angscht dass d’Volléck sëch géint sie erhiewen an eng Revolutioun starte kéint. Fier daat ze verhënneren starten se eng speziell Versioun vun den Hunger Games, a wéi den Zoufall et wëll ass ënner aanerem rëm d’Katniss dobäi. Waat doropshin follëgt ass ee bei Wäitem méi spannenden, actiongeluedenen a strategesche Film wéi den Eischten. A wéifern genau daat sou ass, liest der lo.

Wou ech den éischten Deel nach eng Kéier gekuckt hun, war ech e Bëssen enttäuscht - ech haat de Film e gudd Stéck besser a méi spannend an Erënnerung. Emsou besser huet mer also dësen Deel gefall, vu dass hei wierklech alles dran ass waat ech mat engem gudde Film associéiere géiff. Verstidd mech net falsch, deen éischte Film war op kee Fall schlecht, mee am direkte Verglach ass en éischter langweileg, waat awer ierjendwei och verständlech ass, vu dass dee quasi als Aféierung zum Hunger Games Universum gëllt.

Wéi scho gesoot ass de Film e gudd Stéck méi actionraïsch, waat awer net heescht dass et lo en banalen Ballerfilm gin ass - am Contraire! Duerch déi divers a vill méi duerchdueten Handlungssträng, an de Fait dass een hei méi wéi nëmmen d’Katniss aktiv begleet gëtt dem Film vill méi Déifft an och Spannung. Dobäi kënnt nach dass d’Capital wierklech ugepisst ass, an dofier déi eng oder aaner Faal a Gehässegkeet an d’Arena agebaut huet, waat natierlech och zur Spannung a Komplexitéit bäigedrooen huet. Fierun allem huet mer gudd gefall dass d’Personnagen richteg ënner Drock gesaat gin (lo kéint een sëch frooën wéivill méi wéi “et wert nëmmen 1 lieweg bleiwen” een ënner Drock gesaat ka gin, mee bon…), an dass een daat och spiert an deelweis och mat ugespaant ass; eppes waat ech am éischte Film net haat!
Vu dass ech d’Bicher net gelies hun, kann ech net sooën ob eppes feelt. Par contre hun ech mëch awer informéiert an et stellt sëch raus dass d’Fans vum Buch e gudd Stéck méi zefridden mat dësem wéi mam éischten Deel sin. Ech perséinlech fannen dass hei d’Gedanken an d’Wonschdenken vun der Capital vill besser représentéiert gëtt, an hieren direkter Afloss vill méi spierbar ass. De Schluss vum Film ass extremst spontan, ech hun ca. 1 Minutt fieru Schluss geduet “ah, lo werten wuel nach 10-20 Minuten kommen fier de film auskléngen ze loossen”; gleichzäiteg ass de Schluss awer och zimmlech perfekt platzéiert, vu dass en op enger kritischer Situatioun tëscht Katniss (a Co.) an der Capital ophällt - vu dass de Kampf tëscht Capital an Volléck d’Haaptthema vum Film ass, hällt et wierklech spannend op, an et kritt ee vill méi Loscht op dën nächsten Deel wéi beim Schluss vum Eischten.

Wann een den éischte Film net gesin huet, beziehungsweis daat éischt Buch net gelies huet, da wert de Film engem e bëssen Random vierkommen an schwéier no ze vollzéie sin. Huet een daat awer gemaach, dann kann een sëch e wierklech spannenden an maträissenden Film erwaarden, deen engem krass Bock op de leschten Deel ass! Allerdings wert dësen dem Trend noogooen an an 2 Deeler rauskommen, een fier 2014, an een fier 2015… mee bon, besser sou wéi wann alles an ee Film gequetscht gëtt mat deem herno kee Mensch zefridden ass! Ech gin dem Film 8.4/10 op der berühmter Ulmerich-Skala an hoffen dass den drëtten Deel grad sou spannend gëtt, et wier wierklech Schued wann dës Serie blöd géiff ophaalen, well dëse Film huet den “du muss déi Trilogie gesin”-Niveau e gudd Stéck gehuewen.

bis dohin,
stay tuned.



Montag, 2. Dezember 2013

Mer hun e Krëschtbeemchen!

Nodeems mer d'lescht Jooër hei zu Bréissel op der Grande Place en kënschtlesche "Krëschtbeemche" stooen haaten, deen aus Cuben bestaan huet déi permanent d'Fuerw gewiesselt hun (an JO, rosa war och dobäi), hu mer dëst Jooër endlech rëm e richtege Baam hei stooen, an et verdammt grouss! Obwuel déi typesch Stëmmung zu dëser Jooreszäit nach net sou ganz opkomm ass, steet dëse majestätesche Baam an der Mëtt vun der Plaatz... mat engem eenzegen Hooken!
Vu dass de Baam einfach sou do steet an net eng Grëtz dékoréiert ass, ass et vill méi einfach nëmmen e Baam op enger grousser Plaatz amplaaz e Krëschtbaam. Mee mat Chance ännert daat sëch io nach; op jiddefall ass et schon e gudd Stéck méi no un engem richtege Krëschtbaam wéi d'lescht Jooër ;) Daat war et och schon vu mer haut, ech hu mer geduet dass och mengem Blog d'Krëschtdaagsstëmmung lues awer sëcher antriede soll!

bis dohin,
stay tuned.



Samstag, 30. November 2013

Heemwéi

Net oft kënnt et vier dass mer vun eisem Land kënne behaapten dass mer e Film rausbréngen, a wann dann ass et héchstwarscheinlech en Documentaire... Nodeems mat "Den doudege Wénkel" eng recht gelonge lëtzebuerger Produktioun am Kino war, annoncéiert d' "Feierblumm" lo en Teaser fier en neie Film mam Titel "Heemwéi"... Den Trailer ass minimalistesch, awer ech fannen et ass derwert fier en ze posten, schliesslech si mer hei op engem vun den eenzege lëtzebuerger Blogs ;)


Wi gesoot, en ass WIERKLECH minimalistesch, mee ech denken dass mer kënne gespaant op eng gelonge Produktioun waarde kënnen! D'Avant-Première ass den 28ten Januar 2014 am Utopolis Kierchbierg, ech wert do sin, avis aux amateurs. Hei ass dann nach hier Facebook-Site falls der wëllt Up-to-date bleiwen.


bis dohin,
stay tuned.



Donnerstag, 28. November 2013

De Fuuss soll ophaalen!

Et ass mëtlerweil scho baal keen Trend méi, Gott sei Dank mee ech hun haut e Video fonnt deen ech onbedingt misst deelen, well en einfach genau daat ausdréckt waat ech vun Ufank un zum "What does the fox say?"-Trend ze sooen haat. Zwar war ech e Bëssen beandrockt wou ech rausfonnt haat dass et sëch dobei em eng Art Werbe-Campagne fier eng Sendung handelt, mee spéidsdens wou deen, pardon mee sou ass et nunmol, Schrott um Radio (!!) gelaaf ass, hun ech mäi Glaawen an d'Mënschheet an der Musik-Industrie opgin.

"What does the fox say" war quasi e Paradebeispill fier d'Definitioun vun "Pop-Musik" -  et ass ganz einfach déi Musik déi populär gemaach gëtt, an obwuel se oft net sou wierklech wahnsinneg gudd ass, lauschtert trotzdem all Mënsch se, well se iwwerall leeft, an de Mënsch sëch sou quasi onbewosst selwer seet dass et io dann baal MUSS gudd sin... soit, hei ass de Video, mer huet e gudd gefall ;)


bis dohin,
stay tuned.




Dienstag, 26. November 2013

Movies: Ender's Game

Ender's Game - by Gavin Hood

Infosite mat Traileren a Biller

"Ender's Game" ass e Film deen op engem vun de meeschtverkaafte Science-Fiction Romaner baséiert a bis elo nach nie verfilmt gouff, an daat obwuel et d'Buch schon méi wéi 20 Jooër gëtt! Fierwaat bis elo nach keen sëch getraut huet ze maachen, a fierwaat et vläit och besser war, daat ass eng Froo iwwert déi d'Fans vum Buch sëch d'Käpp aschlooen - se sin sech awer an engem Punkt eenz: d'Buch war besser, an et kann een et net an 2 Stonnen zesummefaassen! Als een deen d'Buch net gelies huet fällt meng Bewertung also aanescht aus, allerdings kommen ech herno nach eng Kéier dorop zréck. Hei mol den Trailer:


Et geet also ëm den Ender, engem extrem intelligente Schüler, deen zesummen mat aanere Gescheiten op eng Art "Krisch-Vierbereedungs-Akademie" am Weltall geschéckt gëtt. De Planéit Erd ass neemlech am Klinsch mat enger ausserierdescher Spezies, an wëll déi lo auslöschen. D'Idee dass grad "Kanner" daat solle verbréngen ass e bësse koomesch, mee an Zeite wou Filmer wéi "Hunger Games" oder "Battle Royal" d'Masse begeeschteren, ass un deem Szenario eigentlech näicht Schlechtes drun. Natierlech loossen se d'Kanner net einfach sou op d'Aliens lass, mee se gin sorgfälteg trainéiert, a mat hyperrealisteschen Übungen soll hinne beibruet gin wéi et am Krisch wert sin.
den Originalcover vum Orson Scott Card sengem Roman aus dem Jooër 1985
Mëch perséinlech huet déi fragwürdeg Décisioun Kanner auszewielen manner gestéiert wéi de Fakt dass de Film quasi vu Characteren ouni Déifft platzt, also Personnagen vun deenen en sou gudd wéi näicht gewuer gëtt an déi einfach nëmmen "do" sin a Stuff maachen. A genee hei kommen ech rëm op daat zréck waat d'Bicher-Fans dem Film reprochéieren, neemlech dass en vill ze uewerflächlech ass, an ganz vill (deelweis wichteg) Detailler weschléisst, déi de Film fragwürdeg erschénge loossen. Am Buch soll neemlech erkläert gin fierwaat et onbedingt Kanner musse sin, dovun oofgesin dass all Personnage e gudd Stéck besser erkläert an an de Kontext gesaat gëtt.

Menger Meenung no ass "Ender's Game" e Wierk daat vill ze vill Characteren, eng ze komplex Hannergrondgeschicht an vill ze vill Erklärung brauch fier et an engem Film vu baal 2 Stonnen ze resuméieren, sou dass d'Resultat am Endeffekt en einfachen "d'Welt geet ënner, mer brauchen e Retter"-Film ass, wéi mer der schon souvill hun, mat deem klenge Bonus dass d'Waffen, d'Raumschëffer an d'Ausrüstung wierklech zimmlech cool ausgesin an dem Film e flotte Flair verpassen. Och wann de spontanen Twist kuerz fieru Schluss  wierklech deck gudd gelonge war, bleiwt de Schluss zimmlech enttäuschend, an de Gedanken dass dei lescht 2 Minute vum Film déi ganz Story onnéideg maachen ass e bëssen schiel.
den Harrison Ford am Weltall... als Han Solo war daat besser!

Ech géiff sooen dass "Ender's Game", sou wéi et eis lo présentéiert gëtt, en einfachen Sci-Fi-Action Film ass, deen flott ze kucken ass, awer bei genauerer Betruechtung éischter e "Flop" ass. Ech gin dem Film dofier 6.4/10 op der berühmter Ulmerich-Skala, an ech lehne mech mol souwäit zur Fënster raus a géiff behaapten dass et besser gewiercht wier eng TV-Serie draus ze maachen, a wann se nëmmen aus 2-3 Staffele bestooe géing; sou kéint ee winnstens vill méi Detailer an Erklärungen dra bréngen!

bis dohin,
stay tuned.



Montag, 25. November 2013

God damnit Belgacom!

Et ass wuel de gréissten "frist world problem" deen et gëtt, a gleichzäiteg en traumatescht Erliewnis fier vill ze vill Leit; ech schwätzen vum Internetausfall! Jo, et ass eng Situatioun an der ee mierkt wéi wéineg een haut des Daags ouni Internet maache kann vun all deem waat sou daagdeeglech mëcht. Dass ee keen Accès op Facebook, YouTube, Twitter, Reddit oder soss welch Säiten huet ass io wuel klooer, mee meng Lieblings-Apps um Handy funktionéieren zum Beispill och net ouni Connectioun, genee sou wéi eng gudd Reih vu Computerspiller. Säit gëschter Owend befannen mer eis hei zu Bréissel och an der Situatioun, an genee LO an deem Moment wou ech daat hei schreiwen, woaden ech op den Techniker vu Belgacom an maachen e klengen "live"-Ticker!

16:20 - Den Techniker ass do, mol kucken waat en rausfennt!
16:25 - Hm, bis elo huet en net vill méi gemaach wéi daat waat ech gemaach hun: de Router aus an un gema, nach ëmmer ouni Erfollëg
16:34 - No 2 weideren Un-Aus-Versich ass en mam Auto rëm zréckgefuer fier weidert Material sichen ze gooen
16:48 - En ass rem do an huet eng rieseg grouss Këscht mat coolem Internet-Werkzeug matbruet!
17:07 - Mer ware grad an de Keller an hun de Belgacom Uschloss opgesicht... heen huet deen opgemaach an ze gesin waren geschätzten 145'870 Kabelen, wouvunner 3 Stéck zu eiser Wunning gehéieren. Heen huet e mega fancy Apparat rausgeholl mat deem heen all Kabel beréiert huet, a bei eise Kabelen ass eng Siren lassgaangen, an net wei deenen Aaneren en luest Summen - ech hun absolut KENG Ahnung waat daat bedeit mee et war mega cool nozekucken!
17:26 - Nodeems mer lo nach e Puer mol ratlos rop a roof gelaaf sin, si mer (naja amfong nëmmen heen) op folgend Devise komm: eist Signal ass net méi Synchron, mat sengem Testaapparat ënnen an ass et awer gaangen, mee mat eisem a sengem Router geet et hei Uewen net, an suguer wann heen säi Router direkt do ennen uschléisst geet et net.
17:29 -  Heen ass elo säit 2 Minuten mat engem aaneren Informatik-Dude um Telefon a se féiere Gespréicher, bis elo ass net vill geschitt ausser dass heen op weider Instructiounen woart.
17:41 - Ok lo schwetzen sie bestëmmt schon 10 Minuten an ech hun, wann et gudd geet, vläit 2 Sätz verstaan, vum Vocabulaire hier.. ganz noom Motto "I know some of these words" !
17:44 - D'Gespréich ass riwwer an de Techniker ass op en Neits fortgefuer fier eppes aanescht ze testen.
17:53 - En ass rem do an e mengt dass en eng Léisung kéint fonnt hun; vu dass seng Idee awer eppes ass waat nach net oft gemaach gouff, rifft en nach eng Kéier bei den Informatik-Dude un fier sëch ze versëcheren dass en et richteg maache wert.
18:00 - An rëm ass e Gespréich oofgeschloss vun deem ech beim beschte Wëllen net vill verstaan hun... op jiddefall huet en lo ugefaang säi Plang emzesetzen.
18:04 - Mega cool, hee gëtt via Telefon "gesteiert", sou wéi een et aus Filmer kennt "gesäiste dee roude Kabel? Schneit deen duerch!"
18:10 - Seng Aktioun ass vollbruecht, lo si mer rëm hei Uewen an woaden drop dass de Leitungstest eis endlech e positivt Resultat bréngt!
18:12 - Ok, laut dem Test MISST et lo rëm klappen! Mer starten de Router nei.
18:17 - SUCCESS! Op sengem Gesiit ass eng grouss Erliichterung ze erkennen, schliesslech huet de gudde Mann grad 2 Stonnen domat verbruet alles unzewenden waat e kann! Ech hun em lo eng wuelverdingte Béier ugebueden, déi en mat Freed empfaangen huet!
18:21 - Den Techniker, deen iwwregens Marc heescht, ass lo fort, an ech mierken lo dass ech dësen Artikel amfong fier Näicht geschriwwen hun, vu dass lo rem alles geet...

bis dohin,
stay tuned.



Sonntag, 24. November 2013

De perfekte Studium

Fier déi meescht Studenten fängt elo gläich rëm eng wichteg Zäit vum Jooër un, neemlech d'Préparatioun fier déi éischt Examen - am "wichtegsten" ass se awer fier déi wou an hierem éischte Jooër Uni oder Héischschoul sin, well hei stellt sëch raus ob een dem Drock, deen sech mat Jooëren erhéische wert, Stand haale kann, an ob een sech anstänneg genuch vierbereede kann (oder ob d'Léiermethoden sëch als gudd erweisen).
Wéi deen een oder aanere vun Äerch vläit weess misst ech a mengem éischte Jooër zimmlech séier feststellen dass mäi gewielte Studieberäich net daat ass waat ech mer drënner viergestallt hun, an dass meng Léiermethoden bei Wäitem net werten duergooen fier alles ze packen. Noo méngem Wiessel war alles aanescht, an ierjendwéi och net...

...ee vun de ville Grënn vu mengem recht drastesche Wiessel vu Mathé op Film war zum Beispill de Stonneplang - ech konnt mer mam Wiessel eigentlech nëmmen eppes besseres erwaarden wéi dei 36 bis 40 Stonnen Mathé d'Woch, waat eng wierklech schwéier Matière war. No den éischten Puer rouege Wochen huet sëch awer rausgestallt dass och dëst Jooër mäi Stonneplang gudd vollgepaak ass, mam klengen Detail dass 40 Stonnen net gläich 40 Stonnen sin! Den Haaptënnerscheed an dëser (aus engem mathémateschen Standpunkt gekuckt) onsënneger Equatioun ass dass meng 40 Stonnen haaptsächlech aus konkreten Informatiounen bestinn, déi ech Daag fier Daag erliewe kann, an se effektiv direkt noom Cours asetze kann, waat amfong de komplette Géijendeel vum (fier mäi Goût) vill ze abstrakten (a schloofklauende) Mathéstudium ass.
wann d'Fräizäit ze knapp kënnt an Nuetsschichten zur Regel gin nëmme fier mam Cours matzekommen, da leeft eppes schief, zumools wann et engem kee Spass méi mëcht.
E Beispill wier dass ech mäi neit Wëssen iwwert de Bildopbau am Kino direkt um Weekend op engem Tournage asetzen an ënner Beweis stelle konnt, wougéint ech bis haut nach net wierklech weess waat et mer brengt eng dreifach Integral an engem koomeschen Espace Vectoriel an ierjendenger Dimensioun déi sëch de Mënsch net vierstelle kann ze léisen. Wichteg ass och dass genuch Fräizäit bleiwt... de berühmte Sproch "d'Studienzäit ass déi bescht Zäit vun dengem Liewen" trëfft neemlech net zou wann een a ständeger Panik liewt et géiff een net méi nookommen, a wann ee mengt dass et ouni onzähleg Nuetsschichten net duer wert gooen!

Ech wëll lo hei keng 27-Säiteg Ried doriwwer haalen wéi cool an brilliant mäi Studium ass (a gleewt mer, ech kéint!), mee Fakt ass dass ech trotz randvollem Stonneplang duerchaus glécklech mam Wiessel sin; ech géiff suguer sooen dass et eng vun de beschten Décisioune vu mengem Liewen war (direkt noom Hooër kuerz schneiden). Okay, ech verstinn wa Leit net gäeren de groussen faszinéirenden Auditoire wéi mer en alleguer aus Filmer kennen wëllen opgin, an sëch domat net méi als "richtege Student" fillen, mee mer huet daat zum Beispill näicht ausgemaach - am Géijendeel, e klenge Salle ass vill méi Intim, an et kann ee besser mam Proff an/oder de Matschüler Kontakt opbauen!
fier vill Leit ass sou e Salle en Erliewnis, mee heiansdo si kleng Säll besser ;)
Ech hun dësen Artikel net fier näicht genee elo geschriwwen - den Zäitpunkt ass genee ausgewielt, well eben grad LO ganz vill Leit ufänken ze léieren, ze zweifelen, ze verzweifelen an/oder opgin. Aus eegener Erfahrung kann ech sooën, an daat ass effektiv wouer, maacht verdammt nach mol daat waat äerch Spaass mëcht, an net daat waat äerch déi gréissten Job-Sëcherheet bréngt ouni dobäi op "äert Herz" ze lauschteren. Wann der äer Décisioun neemlech sou trefft wéi viergeschloofen, dann huet een daat "verluerent" Jooër séier vergiess, an déi Folgend werten emsou méi séier vergooen, vu dass d'Matière déi een duerchhëllt engem Spass mëcht an eventuell (sou wi bei mäer) d'Hobby zum Studium gëtt, an daat ass quasi déi perfekt Vieraussetzung fier de perfekte Studium: d'Aussiicht säin Hobby zum Beruf ze maachen!

Fier dass daat klooër ass: Ech wëll heimat keen dozou iwwerrieden säi Studium oofzebriechen, mee just dorop opmierksam maachen dass d'Studienzäit effektiv "déi schéinst Zäit vum Liewen" ka sin, sou wéi mer daat ëmmer gesoot kruuten; et muss een halt just de richtege Choix treffen! Daat war et vu menger Säit, ech kucken lo mol nach e Film, schliesslech muss ech io och eppes fier d'Schoul "schaffen" ;)

bis dohin,
stay tuned.



Freitag, 22. November 2013

iDiots

Säit 3 Deeg kurséiert en klengen Animatiouns-Clip am Internet, deen en zimmlech staarken Message matdeele wëll - am Clip gëtt eng ganz klooër Uspillung un Apple an hier Produiten gemaach, mee ech denken dass een daat och e bësse méi large ka gesin, schliesslech gin et 2 Säiten déi ee betruechten kann: engersäits huet een d'Firmen déi nëmmen souvill Suuën wéi méijlech mat sou mann Opwand wéi méijlech wëlle rakréien, an der op der aanerer Säit hu mer d'Roboter, also eis, déi onbedingt mat all Trend mussen matlaafen an amfong selwer Schold sin dass d'Firmen sëch sou eppes erlaabe kënnen! Huelt äerch also 4 Minuten Zäit an kuckt dëse wierklech gudde Clip:


Do kéint een lo amfong e ganzen Artikel driwwer schreiwen, mee daat ass fier eng aaner Kéier, vu dass ech nach 2 gréisser Themen als Artikel prett hun ;)
bis dohin,
stay tuned.




Donnerstag, 21. November 2013

Luca's Corner: De Sënn vum Liewen

Et ass rem héisch Zäit gin dass "Luca's Corner" eppes zum Beschte gëtt! Wéi gewinnt huet de Luca en héisch intressanten Artikel verfaasst, an dës Kéier huet en sëch mat DER Froo iwwerhaapt beschäftegt, d'Froo noom Sënn vum Liewen!

De Sënn vum Liewen

Dës Kéier maachen ech e klengen philosopheschen Exkurs an ech kann mer gutt virstellen datt net all Mënsch meng Meenung vertrëtt. Trotzdem vill Spasss beim Liesen an Nodenken!
Wann den Sënn eppes sollt sinn, wat eis vun enger méi héijer Muecht bäibruecht ka ginn, dann ass déi sënnlosesten virstellbar Existenz déi vun Gott. Hien huet deen Ament keng méi héich Muecht, déi him en Sënn kéint ginn. Et ass deen nämlechten Problem wéi bei der Moral: et gëtt keng Moral, wann déi eben vun enger héijer Muecht op de Plang bruecht gouf. Moral a Sënn kann et nëmmen ginn, wann se unhand vun autonomen Entscheedungen zustan kommen. 
Dass den Universum „un sech“ sënnlos ass, ass d’Viraussetzung dofir, datt mir eisem Liewen e Sënn kënne ginn. Beispill: Mir sinn gezwongen ze otmen, z’iessen an ze drénken. Ginn eis déi Saachen direkt e Sënn am Liewen? Ass den Sënn vum Liewen ze otmen, z’iessen an ze drénken fir ze iwwerliewen (also net wéinst dem Genoss)? D’Fro nom Sënn vum Liewen gëtt oft falsch interpretéiert wéi och d’Fro no der Moral. Déi Haaptfro gëtt dann verständlech wann een se an 3 Froen opdeelt:
Wat ass d’Zil vun dengem Liewen?
Wat ass den Zweck vun denger physescher an psychescher Präsenz?
Wat ass eigentlech den Wäert vun dengem Liewen?
Wann iergend en aneren Mënsch déi 3 Froen fir dech beäntwert an och definéiert, bass du en Sklav. Et spillt keng Roll ween iwwert dech bestëmmt, wann’s du et net selwer bass huet däin Liewen kee Sënn. Du gëss zu enger Schachfigur, enger Maschinn, engem ferngesteierten Roboter.
Wonnerbar also, dass d’Natur eis theoretesch kee Sënn virgëtt. Dat ass d’Basis fir eisem Liewen e Sënn ze ginn – mir mussen et einfach selwer maachen! Et kann een sech vun aneren Leit dozou ureegen loossen, mä d’Entscheedung läit ëmmer bei engem selwer. An et ass och immens wichteg, datt net all Mënsch deen nämlechten Sënn a sengem Liewen gesäit.
Wann een als Zil huet Meteorolog ze ginn, firwat sollen dann all déi aner dat nämlecht Zil hunn? Dat wier natierlech kompletten Blödsinn! Ausserdem: et ass quasi onméiglech kee Sënn a sengem Liewen ze hunn. Wann een awer denkt, et hät een kee Sënn am Liewen, dann muss dach eng Motivatioun do sinn endlech erauszefannen, wéi een Sënn een sengem Liewen well ginn. Wann een dat net kann, ass een zimlech sécher depressiv. Déi ganz Logik besteet doranner, dem Mënsch op kee Fall e Sënn opzedrängen oder virzeginn, mä him ze hëllefen et selwer fir sech erauszefannen. D’Chrëschtentum ass keng Kur fir Sënnlosegkeet, mä en Moyen d’Liewen vun engem Mënsch sënnlos ze maachen.
Wann wierklech alles aus engem „gëttlechen Plang“ entstane si soll, dann ass net nëmmen den Universum sënnlos – dermadder kéint een gutt liewen – mä och dat eegent Liewen. Et degradéiert een sech selwer zu enger Schachfigur. Awer och deen Ament muss e bëssen Autonomie mat am Spill sinn: et muss een selwer entscheeden, säin Sënn ewechzegeheien. An och an déier Entscheedung, wann se fräiwelleg geholl gouf, stecht e Stéck eegenen Sënn. Ganz hoffnungslos ass et also ni!
Ech ginn dovunner aus, datt d’Majoritéit vun den Lëtzebuerger kathoulesch erzunn goufen, ech fir mäin Deel och. Mä säit gutt 4 Joër (also souzesoen säit mengem Interesse un den Naturwëssenschaften) hunn ech mech vun allen spirituellen Virstellungen verabschid, an hunn mech dem Atheismus respektiv dem evolutionären Humanismus zougewannt.
(klick op d'Bild fier et am Detail ze kucken!)
Alleng nëmmen wann een sech e bëssi mat Astronomie ausernaner gesat huet, kritt een en enormen Respekt virun der Urgewalt vum Universum, an datt d’Mënschheet einfach en Fuerz am Universum ass deen probéiert sech selwer an seng Ëmgéigend ze verstoen. Datt d’Wëssenschaft momentan net op alles eng Äntwert weess ass kloer, mä ech fannen net dass een den Ament einfach en „spirituellen Masterplang“ unhuelen soll, éischter soll een säin Verstand an seng Intelligenz benotzen fir eng plausibel an rationell Erklärung opzesetzen.
Fir dës kleng perséinlech Iwwerleeung ofzeschléissen, hei nach en Zitat vun engem héich unerkannten amerikaneschen theoreteschen Physiker an Kosmolog:

“The amazing thing is that every atom in your body came from a star that exploded. And, the atoms in your left hand probably came from a different star than your right hand. It really is the most poetic thing I know about physics: You are all stardust. You couldn’t be here if stars hadn’t exploded, because the elements - the carbon, nitrogen, oxygen, iron, all the things that matter for evolution - weren’t created at the beginning of time. They were created in the nuclear furnaces of stars, and the only way they could get into your body is if those stars were kind enough to explode. So, forget Jesus. The stars died so that you could be here today.”
Lawrence M. Krauss, A Universe from Nothing: Why There Is Something Rather Than Nothing




Mittwoch, 20. November 2013

Existenzkrise?

Hëllef, ech weess net ween ech sin! Ok, grad sou schlëmm ass et net, mee ech frooe mëch a leschter Zeit heiansdo ob ech de Blog sou weiderféiere soll wéi ech daat bis lo gemaach hun: vun allem Bëssen, vill Movie Reviews awer och mol ganz aaner Themen an sou weider. Déi aaner Alternativ wier dass ech mech méi op de Kino/Video-Beräich konzentréieren an souzesooen d'Neihegkeeten aus deenen Domainer ze berichten. Mer selwer gefaalen béid Ideen, mee ech weess net ganz genee ob ech mëch vun den net-Kino Saachen trennen kann, schliesslech sin dei Posts (haaptsächlech d'Diskussiounen) ënner aanerem déi wou am meeschte Klicks kréien!

D'Froo beänfert sëch also ganz einfach: ech frooen Ierch waat ech maache soll, an dann gëtt entscheed: soll ech beim aktuelle Format bleiwen, also regelméisseg Movie-Reviews schreiwen, ab und zu en intressante Video posten, dotëscht Guest-Posts wéi déi vum Luca bréngen, 1-2 mol am Mount en gréisseren Artikel iwwert en Thema schreiwen, an net ze vergiessen "d'Top 10" déi sëch als ganz beléift rausgestallt hun, ODER soll ech mech méi op de Kino konzentréieren, an souzesooen méi oft "Kino-News" bréngen? Schreiwt mer e Kommentar hei oder op Facebook, oder e private Message; all Vierschlaag ass wëllkomm :)

bis dohin,
stay tuned.



Dienstag, 19. November 2013

The Simpsons Throne

Et gëtt mol rëm héisch Zäit fier e Video, a vu dass ech haut ganzer 10 Stonne Cours hun, trëfft et sëch emsou besser dass de Ben, deen iwwregens mäin alleréischten Bloglieser EVER war, mer gëschter e Video zoukomme gelooss huet! E kombinéiert 2 vun de beléifsten Saachen um Fernseh, nämlech Simpsons mat Game of Thrones! D'Simpsons sin io amfong dofier bekannt allerhand Serien a Filmer noozemaachen, an och fier hieren ständeg ännerenden Intro; dofier lo hei den Simpons Intro, Game of Thrones Style!


bis dohin,
stay tuned.



Sonntag, 17. November 2013

Top 10: nerveg Persounen am Kino

An der zweeter Editioun vun "Top 10" présentéieren ech meng Lëscht mat Persounen déi een am Kino begéint, déi richteg schlëmm nerve kënnen. Als een deen oft an de Kino geht misst ech dofier aus enger recht grousser Auswahl vu nervege Charakteren wielen, a sin dobäi op dës 10 (fier mëch) nervegst Arten vu Leit komm. Falls lo ee vun äerch sëch ugesprach fillt biedem ech en drëm et mat Humor opzehuelen, ech selwer erwësche mëch och ab und zu mat enger nerveger Ugewunnescht; nëmmen well der Ierch mat engem aus dëser Lëscht identifizéiere kënnt, heescht daat net dass der e schreckleche Mënsch sidd! (naja, bei den Top 3 garantéieren ech net dass déi Aussoh nach wouer ass.) Hei ass also meng Lëscht vun den Top 10 nervgesten Persounen am Kino:

Nummer 10: den Onentscheeten

Ween huet et net: et ass ee perfekt an der Zäit, also net sou spéit drun dass et knapp gëtt fier den Ufank vum Film ze gesin, mee och net sou fréi dass een eiweg drop waarde muss dass de Salle opgeet, an dann huet een "den Onentscheeten" fierun sëch an der Schlaang. Dësen ass doduerch ze identifizéieren dass en déi ganzen Zäit an der Schlaang domat verbruet huet senger Begleedung en onwichtegt Detail aus dem Liewen ze erzielen, ouni sëch och nëmmen en Hauch vun engem Gedanken doriwwer ze maachen wéiee Film se iwwerhaapt solle kucke gooen. Dovun oofgesin dass ech et souwisou schon fragwürdeg fannen an de Kino ze gooen ouni eng geréngst Ahnung ze hun waat een eventuell kucke kéint gooen, geheit dës Persoun de ganzen (bis dohin) perfekten Zäitplang op d'Kopp. Réicht wann et säin Tour ass mierkt en dass en eng Päiff ass décideiert dann weiee Film e soll kucke gooen, an nervt nëmmen all d'Leit hannert him an der Schlaang, mee och de Caissier deen nët ganz nookënnt mat all de spontanen Meenungswiesselen vum Onentscheeten.

Nummer 9: de Stretcher

De Stretcher ass eng Persoun déi der héchstwarscheinlech nach net sou oft begéint hutt... ween awer eng Kéier mat mier an de Kino geet erhéischt seng Chancen dës Spezies ze gesin drastesch! Wéi der vläit wësst bleiwen ech ëmmer (ëmmer!) bis ganz zum Schluss vun engem Film, also bis all Numm an all Firma déi ierjendwéi eppes mam Film um Hutt haat eemol um Ecran stoung. De Stretcher ass déi Persoun déi daat och mëcht, ierjendwei. Nodeems de Film riwwer ass, an sou gudd wéi all Mënsch sëch hierwt fier aus dem Salle ze gooen, steet och de Stretcher op, mee hee verléisst de Salle net. Stattdessen bleiwt en einfach wärend de gesamten Credits stooen, an streckt sëch a mëcht Dehnübungen wéi wann e grad de New York City Marathon matgelaaf wier. Wärend sengem Konschtstéck verdeckt en, je no Dëhnübung, bis zu d'Halschent vum Bild, an hënnert mëch drun ze liesen. (gleewt et oder net, mee heiansdo si wierklech Skuril Bezeechnungen dobäi). Ech verstinn io dass en sëch eventuell eng Kéier strecke wëll, mee daat kann (nodeems een schon 2 Stonne suutz) dach roueg nach 3-5 Minuten woaden? Ech stinn io och net wärend dem Film op an dehne mëch nëmme well ech de Knéi wéi hun?!

Nummer 8: de Sténkert

De "Sténkert" léisst sëch an 3 Kategorien andeelen. Déi éischt beinhalt déi Leit déi effektiv einfach sténken, an ech mengen sou richteg sténken; se sténken souvill dass de Geroch an engem Emkreess vun 3-4 Plaatzen nach wouer ze huelen ass. Fierwaat déi nerven muss net weider erkläert gin... Gott sei Dank ass dës Spezies awer recht selten, am Verglach zur zweeter Kategorie.
Dëst sin neemlech déi Leit (an der Majoritéit Fraaen) déi sou onmoosseg vill Parfum benotzen dass engem den Otem an engem ähnlech groussem Emfeld weschbleiwt. Ech verstinn jo wann een gudd wëll richen, mee et kann een alles iwwerdriwwen! Dovun oofgesin këmmert sëch keen drëm wei ee richt (ausser am Fall 1 vum "Sténkert"), vu dass et e ganze Salle voller Mënschen ass, deen no enger halwer Stonn souwisou ganz "eegen" richt, fier et fäin auszedrécken.
Déi drëtt Variatioun ass ganz banal, awer grad sou nerveg, an huet suguer en eegene Numm: "de Fuerzer" - et gëtt näicht méi onagreables wéi e Fuerz am Kino deen fier ze frecken net fort geet, an engem sou eng ganz Szene verschäisse kann!

Nummer 7: den Élektron

Waat huet en Élekron mat Kino ze din? (ausser dass de ganze Salle ënner aanerem aus Élektrone besteht) Ganz einfach: en Élektron sëtzt sëch an engem Atom mat préférenz op eng Plaatz wou soss nach keen aaneren ass, heen ass also quasi e Gourmang a geet nëmmen bei en aaneren Élektron wann et wierklech muss sin. Genau daat Behuelen fënnt een och am Kino, an normalerweis ass et kee gréissere Problem... geet een awer den absolut allerneisten Hollywood-Mega-Blockbuster kucken deen wierklech all Mënsch MUSS gesin, da geet op dës Art a Weis bis zu engem Drëttel vun de Plaatzen einfach verluer! Op d'Froo ob se eventuell kéinten eng Plaatz réckelen kritt een da meeschtens eng granzeg Änfert, an ech gesin net wierklech a fierwaat (vierausgesaat ech zwéngen heen domat net sëch nierft eng Nummer 8 ze sëtzen zum Beispill). Et geet een an de Kino fier e Film ze kucken, do kann et engem dach absolut Wurscht sin wee nierft engem sëtzt, an 90% vun de Fäll ass de Film riwwer an et huet een net 1 Wuert mat der Persoun geschwaat, oder en iwwerhaapt ugekuckt. Den Élektron ass fierun allem dann nerveg wann de Salle kleng ass, an d'Ugestellten heen zwéngen mussen ze réckelen, waat meeschtens zu engem totale Chaos féiert.

Nummer 6: de Wichtegen

Komm mer gin et all direkt zou: mer hun schon eng Kéier den Handy wärend dem Film rausgeholl, obwuel mer fierum Film meeschtens drëms gebiede gin en aus ze maachen, sierft et fier eng Sms ze liesen, oder d'Auerzeit gewuer ze gin. "De Wichtegen" hëllt den Handy awer op eng vill méi spektakulär Art a Weis raus, net sou wéi mier déi alles maachen fier dass och nëmme kee gestéiert gëtt. Et erkënnt een "de Wichtegen" normalerweis op eng Instant vun Sëtzplaatzen, an zwar dorun dass wärend dem Film e grousse wäisse Strahl daat gesamt Emfëld opschénge léisst, ongeféier all 2 Minuten. "De Wichtegen" huet neemlech dermoosse vill Kollegen déi him alleguerten fuerchtbar wichteg Saachen per Sms, Twitter, Facebook oder Mail matdeelen, op déi natierlech direkt geänfert musse gin, soss geet d'Welt ënner... nee wierklech, d'Welt géiff ënner gooen, sou wichteg ass et! A fier dass och wierklech all Mensch matkritt WEI VERDAMMT WICHTEG et ass, ass d'Bildschirmhellegkeet op volle Pulle, well hey, et liewt een nëmmen eemol! Leider ass "de Wichtegen" eng Spezies déi sëch a leschter Zäit, dank den 10'574 verschiddene Smartphones déi et gin, ëmmer méi verbreed an soumat zu engem heefegen Kino-Nooper gëtt; op Distanz ass en allerdings harmlos, mee emsou méi nervt en wann een direkt nierft em sëtzt.

Nummer 5: de Kinnéck Tuléit VI

Dës Persoun ass alles Aanescht wéi adleg, an och alles aanescht wéi zur Zäit do; en ass also "too late" wéi eis englesch Kollege géiffe sooen. Oft kënnt dënnt de "Kinnéck Tuléit VI" gutt 20-30 Minuten ze spéit an hun domat schon d'Introduktioun vum Film verpasst, waat ëm fréiher oder spéider (je no Film) zum Verhängnis kéint gin. Zousätzlech zu sengem Retard wëll en awer och net egalwou sëtzen, an schummt sëch dann och net fier lauter Leit wärend dem Film ze belästegen, fier dass sie réckelen an him Plaatz maachen; gleichzeiteg gin domat nach ganz vill aaner Leit genervt, schliesslech gesin déi lo ierjendee Bëlles fierum Ecran hin an hier wanderen well en net dei ideal Plaatz fier säin adlege Puupes fënnt, amplaaz daat waat projezéiert gëtt. Ganz penibel gëtt en dann wann en d'Luut vum Handy umëcht fier ze kucken ob kee Fléck um Sëtz ass, an an deem Moment huet ee besser e Stoussgebiet lasszeschécken, well soss geet daat ganzt Gedeessems rëm vu vier un!

Nummer 4: de perpetuum mobile

E perpetuum mobile ass, dank Friktioun, en net réaliséierbart Konzept vun enger Maschinn déi net ophällt sëch ze bewegen ouni ierjendenge Awierkung vun enger Externer Kraaft an/oder Energiequell. Am Kino ass de "perpetuum mobile" eng Persoun déi wärend dem ganze Film ierjendwei a Bewegung ass, an domat eng nerveg Ooflenknung am Aaewénkel duerstellt. Ähnlech wéi "de Sténkert" kann een dësen an puer Kategorien opdeelen, déi allen 2 en Numm hun:
"den Onbequemen" ass een deen sëch wärend dem ganze Film net fier eng Sëtzpositioun entscheede kann, an soumat all 2-3 Minuten eng eenorm Ooflenkung duerstellt, sierft et well de ganze Stull wackelt, oder well sech vun enger total onbequemer (an ierjendwéi schmerzvoll un ze kuckend) Positioun an eng Aaner bewegt, oder éischter "verwandelt".
Dei aaner Variatioun ass "d'Froosspanz". Daat ass een deen sëch denkt "hey, ech hun nach näicht giess haut, ech mengen ech huelen eng grouss Nacho, e puer Kamellen, 2 Gedrénks an eng Glace als Dessert mat an de Salle". Well monoton Iessen awer ongesond a langweileg ass, gëtt wärend dem Film natierlech des öfteren Gewiesselt, waat nierft dem ganze Raschelen an "ppfftt" vun de Fläschen, zu enger Bewegungs-Kuliss féiert déi der vum "Onbequemen" Konkurrenz mëcht.

Nummer 3: de Fussballspiller

Zum "Fussballspiller" gëtt et net vill ze sooen, an trotzdem kritt en eng Plaatz um Podium! Waat de Fussballspiller mëcht? E sëtzt hannert der a rennt mam Fouss an de Stull... ANDAUERND. Oft sin d'Vertrieder vun dësem Charakter nach zimmlech jonk, an sou gin ech den Elteren d'Schold dass se hiert Kand gefällegst besser zille sollen! Dovun oofgesin verstinn ech nach ëmmer net fierwaat souvill Kanner am Kino sin, zumools well de Gros vun de Filmer déi ech kucke gin ab 12 oder suguer 16 Jooër fräigi sin. Iwwregens ass Widderstand zwecklos beim Fussballspiller - traut een sëch neemlech eppes zum Kand ze sooen, kritt ee vun en Elteren gemeckert dass een sech gefällegst ëm seng eeje Problemer këmmere soll. A vu dass ech an de Kino fier e Film ze kucken, an net fier eng 2-Stönneg Réck-"Massage" ze kréien, verdingt de "Fussballspiller" séng drëtt Plaatz!

Nummer 2: de Braddeler

Am léiffsten wéilt ech "de Braddeler" och op d'Plaatz nummer 1 setzen, mee ierjendwéi misst ech mech io awer entscheeden. Och hei kann een rëm an e puer Kategorien opdeelen, mee vu dass se alleguer genee daat selwescht maachen, wert ech just kierz dei eenzel Variatiounen erwähnen. Als éischt hu mer hei dei Persoun déi de Film scho gesin huet an doduerch décidéiert bei verschiddenen Szenen mat ze schwetzen, oder (schlëmmer nach) vier ze schwetzen. Net nëmmen killt daat de coole Moment vum Film, mee et ass och nach absolut net cool, an éischter peinlech. Dozou gehéiert iwwregens och ze Laachen ier de Witz geschitt ass! Och heefeg gesin, oder éischter héieren ass déi Persoun déi de film permanent kommentéiere muss, a wann et nëmmen fier sëch selwer aus. Haart ausgeschwaaten Ausdréck wéi "oh mei Gott", "ween ass heen?", an "wei ass daat gaang?" wéilt ech meeschtens am léissten mat "kalméier dech", "wéi soll ech daat wëssen? ech si grad su wäit am Film weis du!" an "woart dach einfach 1 Minutt dann erkläert de Film der et, tschö" kommentéieren. Alles daat ass awer nach näicht zu der schlëmmster Sorte vun "Braddeler", nämlech d'Teenie-Grupp hannen an der leschter Reih, déi de Kinobesuch mat enger Diskussiounsronn verwiesselen a wärend dem ganze Film de Baak net zou kréien, an um Schluss näicht verstaan hun well se méi domat beschäftegt sin sëch géijensäiteg Witzer ze erzielen oder mat Popcorn op aaner Leit ze geheien, an sëch dobäi all Kéiers futti laachen, och bei der 57ter Kéier!

Nummer 1: de Bommeleeër
(Et ass awer och wierklech nerveg wann een e Film kuckt, a beemol flitt de ganze Salle an d'Luut, tschö!)

"De Bommeleeër" ass meng Nummer 1 vun den nervegsten Persounen am Kino, an seng Erkläerung ass e bësse méi Komplex, well hei gin et immens vill Variatiounen. De Begrëff kënnt dohier dass duerch dei eenzel Aktiounen vum "Bommeleeër" no an no den Nooper zu enger tickender Zeitbomm gëtt deem seng Nerven gläich räissen. En allgeméngt Motiv vum "Bommeleeër" ass einfach ze bestëmmen, et ass regelméissege Kaméidi. Ech erkläeren lo 3 verschidden Versiounen, doropshin kënnt der dann selwer am Kino rausfannen wéi eng et nach gin!
1- "D'Fraa mat der Posch" ass eng Variant déi ech genee sou leider vill ze oft nierft mer sëtzen hun. An zwar handelt et sëch heibäi em eng Fraa (oder e Mann, mee et ass meeschtens eng Fraa) déi an hierer Posch eng Tuut mat Kamellen huet. Wärend dem Film mëcht se da folgendes: Se mëcht d'Posch op, hëllt d'Tuut raus, mëcht d'Tuut op, hëllt eng eenzeg Kamell raus, mëcht d'Tuut rem sorgfälteg zou, stëcht se an d'Posch a mëcht uschléissend d'Posch rëm zou. Circa 2 Minuten drop widderhëllt sëch dee ganze Prozess fier déi nächst Kamell. Fierwaat dëst ultra-nerveg ass muss ech io lo wuel net groussarteg erkläeren.
2- "de Kranken" handelt no engem ähnleche Prinzip. All 2 bis 3 Minuten wielt en eng vu folgende Methoden aus: houschten, néitzen oder d'Nues botzen. Ab und zu, fier e bëssen Oofwiesslung ranzebréngen gëtt en eng Kombinatioun vun 2 oder suguer allen 3 Methoden zum Beschten. Ganz éierlech: wann der sou dermoossen erkaalt sidd, a ganz genau wësst dass der andauernd Téin vun äerch gidd, da bleiwt einfach doheem e gidd de Film kucken wann der rem gesond sidd.
3- "dee mam Eemer" ass och an sou zimmlech all Kino-Scéance ze fannen. Et ass ganz einfach eng Persoun dei haaptsächlech an de Kino geet fier Popcorn ziessen, an de Film ass just eng flott Nierwesaach. Oft steigert "dee mam Eemer" sëch dermoossen dran dass en alles rondrem sëch vergësst, an soumat och an der absolut rouegster Szene vum ganze Film riit mat der Hand an den Eemer Popcorn facht, fier dann 10 Stécker gläichzäiteg an de Mond ze stierchen an domat déi ganz Stëmmung vun der Szene ruinéiert.
Daat waat "de Bommeleeër" op déi éischt Plaatz 1 setzt, an en domat zur nervegster Persoun am Kino mëcht, ass de Fakt dass een normalerweis méi wéi 1 dovun am Salle huet, an soumat eng eenorm nerveg Geräischkulisse huet déi ee beim beschte Wëllen net ignoréiert kritt. En aanert Beispill ass déi Fraa déi de leschte Kéier nierft mer suutz: sie haat eng Liedersposch um Schouss an huet dës geheemelt. Doduerch ass e ganz liicht Geräisch entstaan, daat mëch zum Wahnsinn gedriwwen huet - am léiwsten hätt ech hier posch geholl an se no vier geheit!


Sou, daat waren meng Top 10 nervegst Persounen am Kino, ech hoffen ech si kengem ze noo getrueden an der hat äere Spass beim Liesen! Falls ech äerer Meenung nach eng wichteg Spezies vergiess hun, kënnt der daat roueg an de Kommentarer (hei oder op de Facebook) erwähnen, ech wert daat dann am nächsten "Wuert zum Sonnden" zum Beschte gin ;) Déi nächst Editioun vun "Top 10" ass fieraussiichtlech fier den 2.1.2014 geplangt, et kann awer sin dass ech am Dezember nach Episode veröffentlechen déi näicht mat Film ze dinn huet!

bis dohin,
stay tuned.