Sonntag, 25. April 2010

LGE Lipdub 2010


LGE LIPDUB 2010


Wichteg: Dëst ass keen normalen Blog-Eintrag, wëll heeschen dass daat hei nëmmen fier dei Leit vu Bedeitung ass, dei beim LGE Lipdub 2010 matmache, also d'Primaner an d'Leit aus dem UK!

Lo wou daat geklärt ass, follëgt den eigetlechen Inhalt:
Hei all meijlech Informatiounen, wei an der e-Mail ugekënnegt!

- E Lipdub ass eng Filmsequenz bei där et drëms geet eng grouss Grupp vu Leit ze filmen. Dei Leit danzen an bewegen sech passend zur Musik an "sangen" mat. Well heeschen dass et eng Art Playback ass. Souweit klengt daat gazt nach einfach; den eigentlechen Schweierpunkt leit awer dodrop dass daat ganzt gefilmt gëtt OUNI d'Kamera och eng eenzeg Keier ze stoppen, sou dass et quasi an engem Duerchlaaf op Band ass. Speiderhin gëtt d'Lidd am Montage drënner gesaat.

- Daat ganzt Event fënnt den 07.05.2010 zu Esch an eiser Schoul (LGE) statt. Et wert, wann mer d'Erlaabnis kreien, wärend den Optiouns-Stonnen stattfannen. Ass dëst NET de Fall, fänken mer geint 14:15 un, dann missten dei meescht Leit sech um Treffpunkt afonnt hun, an d'Gebei eidel sin.

- Wärend dem Tournage gin mer vun enger zweeter Kamera begleet, dei eis "beim Filmen filmt". Mat deem Material gëtt en Making-Of zesummengestallt.

- De färdege Film gëtt op der Diplom-Iwwerreechung gewisen. Enplus kritt der eng DvD mam Film an mam Making-Of mat heem, als Erënnerung.

- De färdege Film gëtt ausserdem am Uelzechtkanal ausgestrahlt an kënnt och op den Internetsite vum UK. Eventuell publizeiren mer, genee wei eis Vierlaag, de Video och op Youtube.

- Wichteg fier den 07.05.2010 ass dass der vill gudd Laun matbrengt, den Text (bis op dee spueneschen Deel) kennt, an einfach all verreckt komesch an extravagant Accessoiren, Gadgets an Kostümer matbrengt, well et daat ass waat den Flair vun engem gudde Lipdub ausmecht.

- Waat nach gudd wier, wier wann der awer trotzdem den Refrain leiren geifft. Deen ass eischtens net schweier, an zweetens muss der en io net richteg ausschwetzen kënnen. (Playback). Weejn de Recht vum Text och leire wëll, dee kann daat gäre maachen, et wenkt en "Solo-Optrëtt" ;D


- Et versteet sech vum selwen dass nierft der gudder Stëmmung an dem Enthousiasmus trotzdem eng gewëssen Disziplin an en ziviliseiert Verhaalen wärend dem Tournage vun äerch verlaangt gëtt.

D'Organisatioun ass net einfach fier eis, doweinst musst der verstooen dass mer net op all Wonsch an Idee eenzel kënnen agooen. (Daat heescht iwwersaat: där musst ierch fier een Daag eppes vun 2 Deuxièmes-Schüler sooen loossen ;D )

Denkt w.e.g. un all dei Punkten, an berücksichtegt se, an mer werten zesummen en gäilen Lipdub op d'Been stellen (ÄRE Premières-Film ;) )

Änferten op weider Frooen kritt der op sven.ulmi@hotmail.com oder ben.hoscheit@hotmail.com . D'Frooen (falls se net ZE onwichteg sin) gin dann mat den Änferten zesummen hei drënner geschriwwen, fier dass och wierklech jiddereen iwwert alles am Klooren ass.





Freitag, 23. April 2010

Movies: Kick-Ass

Uiuiiuiiiuiuiuiuiii, den Ulmi mellt sech neess mat "Movies" zereck, tiens tiens...
Majo, ech hun lo decideiert nemmen nach dei Filmer ze posten, dei et och wierklech verdingt hun, an eent kann ech lo scho sooen, deen hei Film huet et FUCKING krass vill verdingt!

Also, de Film ass ab 16, an en huet eng ganz witzeg Hannergeschicht: Keen wollt de Film finanzeiren, do missten d'Realisateuren daat selwer maan, aus dme Grond dass en vill ze vill onmoralesch ass, point de vue (POV hahaha...) kleng Kanner mat Waffen... Soit, de Film ass färdeg gin, an dofier kennt dann lo och meng Kritik ;D

De Film fängt relativ gäil un, net well einfach eng deck cool Action Szene geschitt, mee well einfach eppes TOTAL randomes geschitt, waat een lo wierklech net um Ufank erwaarde geiff !
D'Geschicht zielt vun engem Jong, deen total nerdy ass, an et net wierklech brengt; waat dozou feiert dass en wierklech alles probeiert fier ierjendwei bëssen beleift ze gin. Doropshin keeft en sech en Heldenanzug, mee gëtt trotzdem fuerchtbar zerklappt an enplus nach iwwerfuer ( xD). Mat ca. 27 gebrachenen Schanken, dei duerch Titan-Schanken ersaat gin, wouduerch den Tippchen natierlech onkapottbar gëtt ;) Waat dann follëgt ass net mei mat op dëser Welt existeirende Wierder ze beschreiwen!
Fier et kuerz ze maan: et follegt eng mat spezialeffekter zougebombten genial inszeneiert an a kengem Mooss manner wei 10000% iwwerdriwwen eepesch Filmsequenz vun ca. 20 Minuten, dei doropshin vun enger klenger "mer gin dem Zuschauer Chance sech ze berouegen"-Sequenz erweitert gëtt, no der et awer direkt mat enger NACH MEI mat spezialeffekter zougebombten genial inszeneierten an a kengem Mooss manner wei 10000% iwwerdriwwener eepescher Filmsequenz weidergeet; an daat konsequent bis zum Schluss!

Eepesch ass Kamerateschnech eigentlech de ganze Filmen, mee et gin 2 Saachen dei wierklech ganz staark rausstierchen! Engersäits kann een et sou sooen, dass ech an den eischten 40 Minuten, ca. 11 Orgasmen am Aae haat, well et do einfach 11 iwwerdriwwen krank gäil gemaachten Iwwergäng gin, dei menger Meenung no einfach nëmmen Oscar-Räif sin; dofier well ech lo HEIMAT bezwecken dass et ab 2011 en Oscar fier de beschten Iwwergang gëtt!
Deen zweeten Punkt sin d'Kampfzsenen, fierun allem dei an deenen geschoss gëtt. Sou eng genial Kamerafeirung, kombineiert mat engem Masterpiece vun Montage, maachen all eenzel Kampfszene zu engem richtegen Erliewnis fier Aae an Ouer, mee net fier de Mond, well deen bleiwt dauernd opstooen an dreschent dann aus D: !!

Mei kann ech eigentlech net sooen, ouni eppes ze spoileren, mee ech mengen daat geet duer. Vleit muss ech nach erwähnen dass ech mech grad wierklech krass bezähmen misst fier wärend dem schreiwen net einfach opzestooen an wei en Mëllen duerch d'Haus ze laafen an "bagaahuguibaaaahhh" ze blären; well ech bei all eenzel Erënnerung einfach sou en "most epic"-Gefill haat. Ech sin selten sou krass grinsend aus engem Film rausgaangen wei aus "KICK-ASS"

An lo kënnt daat, op daat ech ganz besonneg stolz sin; de Schlusssaatz. Fierun, wärend, an noo dem Film hu mer geschwaat dass einfach all Kritiker als Schlusssaatz "Kick-Ass, kicked Ass" schreiwt; an ech haat mer wierklech geschwuer daat NET ze maachen... Leider haat ech noom Film einfach keng Wierder mei fier et aanescht ze beschreiwen; mee keng Angscht, ech presenteiren lo voller Stolz MAI Schlusssatz:

"KICK-ASS IS ASS-SOME"




UK Site Revolution

Howdy ;D
Wei der wësst sin ech am Uelzechtkanal net grad ontäteg, an sou iwwerrascht et net dass ech mol eng Keier eppes iwwert den UK schreiwen. Als eischt well ech ierch drop opmierksam maachen dass den UK Site KOMEPLETT fresch gemaach gin ass, an lo an engem eepeschen Design an Konzept erstrahlt. Den Link fannt der HEIIII, oder wei gewinnt do riets um Blog bei der Link-Sektioun! Kuckt aërch en un, en ass wierklech vill mei geil wei fierdrunner!

Lo zum zweeten Deel vu mengem UK-Blog Eintrag:

Dësen Deel widmen ech den Schüler vu Première dei dëst Jooer fier d'Lescht am UK wärten sin, an soumadd net mei Mount fier Mount op der Tele ze gesin wärte sin! Dofier widderhuelen ech dann daat waat ech haut och fierun der Kamera gesoot hun, an huelen nahch puer Saachen no, dei ech vergiess haat.
Et war eng richteg geil Zeit mat ierch, an ech mengen wierklech JIDDEREEN vun der Premiere. Am Ufank vu menger UK-Karriere haat ech perseinlech net wierklech vill Kontakt mat ierch, dei deemols nach 2iemes-Schüler waren. Mee wärend der Berlin Reess an fierun allem duerno, kruut ech no an no mei Kontakt mat ierch, an hun vill nei Kollegen gewonnen. Emsou mei cool war et dass met dann dëst Jooer zesummen konnten an den Optiounen schaffen an och mol deen een oder Aaneren Projet zesummen maachen konnten.
Et war schon eng cool Zeit; sierf et duerch dee Villen Blödsinn (Brumm-Stull © Laurence Zuang) oder duerch dei richteg gäil Projets bei deenen ech gehollef hun, oder gefroot gouff fier ze filmen. (Music N More, Shangai, LIPDUB!!). Apropro "ech gouff gefroot": Merci dass der mech bei sou villen Saachen em Hëllef froot, oder froot fier ze filmen, ech weess daat ze schätzen, an daat gett engem emmer sou en schein waarmt "yes, ech kann eppes" -Gefill, daat een op kee Fall wëll hiergin! Dozou muss ech nach sooen dass ech gären Hëllefen an och bei Projets matmachen, braucht mech just ze frooen (;
Wann ech zereckblecken, stellen ech fest dass ech wierklech mat baal jidderengem eppes gemaach hun. An op dëser Plaatz faalen dann rem puer "Mercien" vu menger Säit aus:

-Merci un de Claude fier dei gäil Zesummenaarbescht bei Music 'n More, an de Luef dee mer dofier kasseiert hun, daat war einfach AWESOME ;D
-Merci un d'Vania, d'Sté, d'Laurence, d'Laura an rem de Claude, fier dei 2 eepesch an mat Laachkriisen gefëllten Episoden vum "Date-Doktor".
-Merci un d'Tagea an d'Aldijana, dass se souvill Gedold mat mär bei der Moderatioun haaten
-Merci un dei, dei lo nach feelen, deenen ech hei an do mol gehollef hun, wann ech grad neicht ze dinn haat ;)

Waat d'Zukunft ubelaangt muss ech un dëser Plaatz awer nach eppes lassgin: Leit, der hudd et der 3ieme VERDAMMT schweier gemaach, en würdegen Ersatz fier Ierch duerzestellen! Ech zeien mäin Hutt! Also, an deem Sënn nach eng Keier:

MERCI fier daat gäilt UK-Jooer ;D




Donnerstag, 22. April 2010

Picture of the Day!

Bäm eppes neies um Blog!
Haut, um Dönerstag, an der Schlaang, huet de Joshua Spautz (heen weess wei ech daat ausschwetzen (; ) mech op dei wonnerbar Idee bruet d'"Picture of the Day" anzefeiren. Daat fannen ech guernet mol su domm, well ech relativ oft eng Foto am Daag maan, dei eppes witzeges oder cooles oder erstaunleches etc etc weist, an daat 4-5 mol an der Woch, vun dohier ass et praktesch, grad an sou Phasen wei lo, wu ech un Blogs schreiwen, mee nach keng veröffentlechen; sou bleiwt de Blog um Liewen, an et gëtt keng Durststrecke mei ;D Hei dann daat allereischt Picture of the Day:

Neulich im Kebab...
JUST DO IT

Witz erkannt? hahaha...
By the way: mega beis, ouni meng Fans (uii, dass ech daat je engka sooen kann oO) wier mei Blog neicht. Also, merci fier de Support, an haalt fucking NET op domat ;D




Dienstag, 20. April 2010

Emfroo: Resultat

Bähm!
Ech haat bis lo net dru geduet fier dei Resultater ze haalen dei bei den Emfrooen rauskomm sin, mee des keier hun ech et wierklech färdeg bruet :D voila, hei sin d'Details:

Stëmmen oofgin: 43 Leit
Votes oofgin: 75
RTL: 5 Votes
Pro7: 28 Votes
UK: 20 Votes
MTV: 5 Votes
nvt: 10 Votes
RTL2: 5 Votes
Sat.1: 2 Votes


An well et sou schein ass, hei nach en lustegt faarwegt Tortendiagramm ;D (klick drop fier et mi grouss ze maan (; )




Domat steet fest, meng Blog Lieser hun en gudden TV-Gout, an ech sin nach vill mei frou dass RTL baal keng Stëmmen kruut ;D Dei nächst Emfroo wärt dann wuel en Eeepescht Thema behandeln, wubei ech denken dass net GRAD su vill Leit matmaache wärten wi bei der heiten^^ Mee egal, ech sooen scho mol dem HoscheitsssBen merci fier d'Idee :D



Montag, 19. April 2010

A very big THX !!

Feurigel setzt Ruckzuckhieb ein.
Das war nicht sehr effektiv...

ehm, kennt vier...

Aaalso,
waat ech eiiiigentlech sooen wollt, ass dass ech et a leschte Zeit richteg gail fonnt hun weivill Hëllef an Ennerstetzung ech vun allen Säiten kritt hun, waat de Blog a sein Inhalt ugeet. (An sech wollt ech Support an Hëllef schreiwen, mee daat as ierjendwei 2 mol daat selwescht ... o.O). Also ass et mol Zeit fier e Puer "Merci"en ze verdeelen. Hm, wou soll ech lo ufänken, off, ech huelen einfach eng random Reihenfolg, dei a kengster Weis eppes mat der Wichtegkeet vun den eenzelnen Leit ze dinn huet (am Eescht !)

MERCI un de Joël, dofier dass heen mer deen iwwerdriwwen gäilen epeschen immens coolen Banner do ganz uewen gemaach huet, där musst zougin, deen huet schon zimmlech Style. Ween nach mei vun senge Kreatioune well gesin, geet einfach op dei offiziell Sven's POV Fanpage , wou se all ze bestaune sin ;)

MERCI un dei Männien dei blogspot.com hosten ...

MERCI un de Ben, deen mein Blog schon seit 2007 liest, an es nach net saat huet ;D

MERCI un de Gerson (an och de Bobam), dei mer baal emmer an all Blog weisen wou ech e Feeler geschriwwen hun.

MERCI un den HoscheitsssBen, Jaak, Schomer, Pedometer an *Spam* fier Comments ze schreiwen an d'Shoutbox ze benotzen

MERCI un alleguer dei daat hei liesen an mech ierjendwann eng Keier drop ugeschwaat hun, dass se et kuhl fannen wat ech machen

MERCI un dei onzähleg Leit dei mei Blog suguer weidergeleet hun O.O, krass geil daat^^

MERCI un Zero Point 5 (olol gogo vote vote xD) dass ech Reklamm maan derf an domat Leit op de Blog zeien... ;D

MERCI un den Hurer, fier mei Blog op senger HP ze verlinken ;D

BIG THX @ ALL, wierklech un all Mensch deen jemols hei en Wuert gelies huet, ausser deem Spast deen sech engka cool gemengt huet an d'Shoutbox mat Rechtschreibfeh,,, eeehm, mat "Beleidegungen" vollgeschriwwen huet


an ganz zum Schluss nach: bitte maacht dach mol Comments an benotzt d'Spambox, a wann et nemmen fier "banane" oder sou eppes ass xD

ok lo awer wierklech zum Schluss:





Freitag, 16. April 2010

Music: Zero Point 5 @ UK

Bääähm!
Ween den Uelzechtkanal net kritt, oder ween sech d'Auerzeiten net verhaalen kann, op deenen UK ausgestrahlt gett, oder ween d'Grupp einfach deck gutt fënnt, deen liest hei grad genee daat Richtegt!.Alex Wagner. Dei offiziell Zero Point Reportage vum Uelzechtkanal ass elo online, zwar nach net op der offizieller Homepage, mee dovier op mengem Youtube Account, deen io op mannst grad sou bekannt ass, oder net???, wei de Blog hei..;P
Hei dann de Video, have FUN an vergiesst net en ze Bewerten oder uewen um Blog op de Link ze drecken, hun io net fier Näicht en neien Banner gema ;D

PS: ja, et ass gewollt dass einfach mega random do "alex wagner" steet :P



An zum Schluss nach eng Nochricht, dei och TOT4 Fans intresseiren keint:
Moa gëtt am Kulturschapp zu Eilereng den Youth on Stage 2010 opgefouert, wou 5 nowuess-Bands optrieden. Hei de line-up:

ZERO POINT 5
LOST IN PAIN
NISROC
LIREAL
THOUGHTS OF THE 4
mei Infos: HEIIIIII ;D




Donnerstag, 15. April 2010

Ech gin voll eenz op Facebook...

Merde...
op Facebook gin et io ca. 20 Meijlechkeeten eng Grupp oder eng Site, oder eng Fanpage oder eng Veranstaltung, oder eng Fangrupp oder eng Fansite ze maan, an LO hun ech mol rausfonnt wei ech et man dass ech nemmen dei Leit vollspammen, dei och an der Grupp sin, neemlech net op der Grupp där lo schon 33 Memberen beigetrueden sin, mee bei enger FANPAGE, daat muss engem io och mol gesoot gin, an sou geiff ech et ganz nice fannen wann der dann och an dei Grupp kommt. Ech maan et ierch dann och lo ganz einfach:

HEI, BITTE, HEI KLICKEN ;D ODER OCH HEI, ODER HEI, ODER HEI

;D

become a fan :P



#13: Let the Spam begin ;D

Ja, sou ass daat, ab lo kann richteg fett gespammt gin, oder och net, ganz wei der wëllt. Ech hun neemlech endlech mol meng Lidderegkeet iwwerwand an mol bëssen un den Astellungen gewurschtelt, Fazit dovunner:

Der kennt lo Kommentarer bei meng Blogposts maan ouni ierch mat ierjendengem Account, dee souwisou kee Mensch huet, umellen ze mussen. Un der Chatbox hun ech neicht geännert, dei leeft grad wonnerbar an genee sou wei se soll!

Zu der Emfroo kann ech just sooen dass ech begeeschtert sin dass lo schon 32 Leit oofgestëmmt hun, domat ass mein Ziel, 30, io scho mol erreecht, an d'Resultat gesäit bis lo io och guernet mol su schlecht aus.

Hm, relativ kuerze Post, waat keint ech nach zielen? Ajo, um Belval ass e Saak Räis emgefall D:






Mittwoch, 14. April 2010

Analysis: D‘Dekadenz vum däitsche Fernseh, bei relativem Bewosstsin

Voila, hei ass dann meng allereischt Episod vun „Analysis“... Ech geiff sooen, schwetze mer net laang rondrem de Bräi, an leen direkt lass.
_______________________________________________________

Et ass erch io secherlech net entfall dass sech an de leschten 10 Jooer, villes geännert huet, seif et am techneschen Beräisch wei och an der Natur (hi@ Global Warming). Zu dem eischt genannten Genre zielt sech dann och de Fernseh, och gär Tele oder Schlappekino genannt; an waat sech do geännert huet, ass mei, wei nëmmen d‘Tatsach dass se ca. 2 Meter mei dënn gi sin, an lo mat ca. 5 Centimeter Déckt locker un all Mauer gehaangen kënne gin. Dei greisst Changementer sin neemlech am Inhalt komm, an genee dëst ass fierun allem bei den däitschen Noperen ze bemierken.

Ech kommen direkt zur Saach an behaapten dass de Niveau deen sou zimmlech all TV-Sender ereechen kann, relativ heisch ass, sief et dass en TOP-Reportagen oder sensationell Filmer weist; mee leider huet dei Medaille och eng Recksäit, an sou ass et net verwonnerlech dass de Niveau, an daat ass mei oft de fall wei emgedreint, erstaunlech oft geint 0 oder nach manner tendeiert. De King an der Kategorie ass definitiv RTL, an alles waat dobei geheiert, well sooen RTL II oder och Super RTL, mee dozou kennt mei weit Ënnen nach mei ..!

Ween dei eng oder aaner Keier mol op mei Blog liese kennt, dee weess dass ech net vill vum Groussdeel vun der menschlecher Bevölkerung haalen, well et einfach vill ze vill Idioten gin an onbrauchbar Leit dei nach mei domm Entscheedungen treffen, dei d‘Menschheet net brauch... Trotzdem gett et nach eng Gesellschaftsklass dei ech NACH manner leiden kann, dei sougenannt Asozial; waat mech awer am meechten opreejt ass dass et an Däitschland anscheinend meichlech ass genee duerch sou en Optrieden eng eejen Fernsehsendung ze kreien, an do si mer och schon beim spragende Punkt. Waat kann en Fernsehsniveau ganz seier roofdrecken? Ganz genee, d‘Idee 12/24 Stonnen am Daag nëmmen sou asozial Sendungen ouni Sënn an Zweck ze senden.

( Dass ech Asozial Leit, an e Grousdeel vun der Bevölkerung net leiden kann, klengt op dëser Plaatz bëssen sauer, mee ech muss dobei sooen dass daat net sou krass gemengt ass wei et klengt... Wann een an engem Land liewt, wou een sech als Letzebuerfer friem vier kennt, bauen sech sou kleng Spannungen op... Soit...)

Ech mengen, kuckt äerch dach mol nemmen de Mëttesprogramm vun engem Sender wei RTL un:

-“Gerichtsshows“, an denen saugenannt „Schauspiller“ mat enger Iwwerzeegung hier Roll verkierperen an sech weinst ierjendenger onrealistescher Klengegkeet streiden.

Ganz eierlech? Wee kuckt sou eppes fräiwëlleg, also ouni Afloss vu Suuen oder ierjendenger Belounung?

-„Die Ausreisser“, eng Sendung an där et em Teenager geet dei ze domm sin fier an d‘Schoul ze gooen an mengen op der Stross geingen se all Daag 500 Euro geschenkt kreien. Daat sin dann och dei dei hier iwwerdriwwen fetteg Hooer(fetzen) gring/rosa oder och mol moov an bloo fierwen, an mat Armeisbox an ierjendwelchen uraalen Schung rondremlaafen.

Ganz eierlech? Wee kuckt sou eppes fräiwëlleg, also ouni Afloss vu Suuen oder ierjendenger Belounung?

-“We are family“, nach sou eng Sendung, wou eng total anormal Famill, mat nach vill anormalen Liewenszieler,wärend enger Woch mat der Kamera begleet gett, an daat och nach all langweilger Situatioun (Schmier iessen, uiuiuiui...). De leschte Keier wou ech dat per Zoufall beim zappen fonnt haat, ass et drems gaang dass en 56 Jooer aalen Frührentner sech eng Fraa aus China zougeluet huet (28 Jooer aal) an mat der 2 kleng Kanner kritt huet. Mee no 4 Jooer Ehe haat d‘Chinesin heimweh an ass, ouni eppes ze sooen, an der Nuet a China zreckgeflunn. An der Sendung ass et dann drem gaan dass de Mann dei ganzen Zeit gepinscht huet, an seng Fraa gesicht huet, an op der aanerer Seit war en Kamerateam beim „Flüchtling“ dobei... Do freet een sech dach fierwaat Kamerateam A net einfach Kamerateam B urifft an deem aalen Saak da seet wou seng Fraa ass? Oo

Ganz eierlech? Fierwaat kucken souvill Leit daat? Daat Leit menger Meenung no einfach um Urinstinkt vum Mensch, eppes ze kucken, a wa meijlech eppes waat en eigentlech guer net soll gesin. (c.f. Eva: ooh waat ass daat fier eng Fruucht?). Eppes verbuedenes ze maachen huet de Mensch also schon emmer gereizt, an lo wou Fernsehkucken mol net verbueden ass, kann een dei Pulsioun (Voyeurismus) a sengem Kierper also ganz einfach befriedegen.

A wei daat sou um Fernseh üblech ass, kënnt lo mol Werbung! Dëst ass natierlech den idealen Moment fier Werbung! Nodeems den Zuschauer eng Stonn laang mat enger Sendung zefriddegestallt gouff, bei der heen net eng eenzej Sekonn nodenken misst, bzw sein kriteschen Geescht aktiveiren misst, huet sei Gehier an de Standby-Modus geschalt, waat bedeit dass en sämtlech Informatiounen dei en erhällt einfach sou opsaugt, ouni se als eischt am Kapp zu "brauchbar" oder "onbrauchbar" ze klasseiren. Nëmmen doduerch sin ganz Verkaafsstrategien entstaan wei zB och dei heiten Reklamm:

Et fueren 2 Autoen eng Traap roof.
Am Hannergrond leeft en Lidd vum Shakira.
Dei 2 Seat-Autoen fueren einfach mol weider
. D‘Reklamm ass gleich riwwer.
 D‘Autoen sin ënnen ukomm, an dann steet do d‘Shakira, stöhnt 2 mol wärend et seng Hëft no vier schleidert, an d‘Reklamm gëtt domat oofgeschloss dass ierjenden Hirni „Seat“ seet. Sex sells ass ganz einfach d'Devise, an all Mensch deen nemmen bëssen Nodenken kann erkennt dach duerch waat den Operateur sei Produit verkaafe well... (ACHTUNG: daat heescht net dass sämtlech SEAT-Fuerer domm sin!)

Sooou, kommen mer lo zum Absoluten Highlight. Dem Mëttwoch Owend bei RTL.
20:15, Die Super Nanny. Et gesäit een am Trailer eng Rëtsch lusteg Biller wei kleng 3-jähreg Kanner hier Mamm Schlampe an Hure beschimpfen, oder Teenager Meedecher mat 8 Tattoos an 17 Piercings dei onbedingt eng nei Packung Zigaretten brauchen. Doropshin kënnt eng Stëmm dei seet „nach diesem emotionalen Kampf und mit Hilfe der Super Nanny folgt dann um 21:15 „Raus aus den Schulden“ mit Peter Zwegat“

21:15, Raus aus den Schulden, mam Peter Zwegat. xD . Waat geseit een am Trailer? Eng Taafel wou -293.000 Euro dropsteet, an eng Fraa, natierlech mat der Zigarett am Baak, dei seet „ich habe 300.000 Euro schulden“. Am Hannergrond gesäit een en riesengroussen Flatscreen Fernseher, op deem ZOUFÄLLEG RTL leeft, an soss ass och de Recht vun der Bude mat High-Tech vum neisten Stand ausgestatt.

Sou, daat ass dann och riwwer, trailertechnesch gesin, an dann kennt nach de Resume an der Voiceover „Der Mittwoch Abend bei RTL - der Abend der die Menschen berührt“.
Klooer, ween bereiert et net kleng Saukanner ouni Maneiren ze gesin dei hier mam eeschthaft schlooen an de ganzen am Zigarettenqualm rondremlaafen an warscheinlech mat 14 Jooer d‘Schoul oofbriechen well Baggerführer gin io soooouuu cool ass. Waat mech dann awer schon bereiert huet war d‘Tatsach dass de Peter Zwegat ( xD dee Numm ass zevill) allen eeschtes Probeiert huet dei 300.000 Euro Scholden ze beseitegen, ech mengen, weem seng Laachmuskelen gin net bewegt wann en daat gesäit? Meng Reaktioun war folgend dei, bei där aus dem farbgefüllten Bildschirm eng schwaarz Mattscheiw gëtt, aka AUS MAAN.

Ajo, ier ech daat Thema fier lo mol oofschleissen, wier et nach wichteg ze erklären dass RTL lo 1 Beispill war, an ech de ganzen Blog dorop opgebaut hun. All Sender huet Schrott am Programm, d'ass eben daat waat d'Masse unzitt (c.f. Urinstinkt etc...), an daat ass an all Land sou, sief et Frankreisch, Amerika, Portugal etc etc.. En Interlektuellen Programminhalt huet an der heiteger Zeit sou gudd wei keng Iwwerliewenschance mei, a soufern et sech em en rengen interlektuellen-Sender handelt. N-tv ass zB super, mee wieren se net vun Pro 7 opkaaf gin, geiff ech schwaarz fier hier weider Existenz gesin!

Am trauregsten an awer an sech, dass sech dei ganz Niveauverschiebung vun heisch, op ganz ganz deiff, sou laang gezunn huet, dass et engem net opgefall ass. Wier den Niveau vun haut op moar sou schlëmm roofgaang wei en vun 1992 op 2010 roofgaang ass, geiff all Mensch meckeren. Mee doduerch dass deen Prozess soulaang ugedauert huet, sin d'Menschen net wierklech drop opmierksam gin, an hun et einfach gewerden gelooss bzw hun sech selwer "mi domm" maache gelooss.

(Fernseh mecht net mi domm, mee wei ech schon op 4ieme zum Herr Hoscheit soot, stierwen eis dei Leit dei keen Schrott um Fernseh kucken wesch, an dei Nei di op d'Welt kommen wuessen io dann schon am Groussdeel vun de Fäll mat deem neien Fernseh op, also geet just den Taux Procentuel vun de Leit dei kee Schrott kucken roof... traureg mee wouer!)

Lo hun ech genuch iwwert den däitschen (hei keint och ierjend eng aaner Natioun stooen) Fernseh gemeckert, ëmmerhin gin et och gudd Däitsch Senderen dei kee Scheiss weisen (siehe Umfrage ganz uewen ;D).

Zum Oofschloss awer nach en klengen Tipp fier ganz seier ganz vill Frick ze kreien.

-3 Wochen laang net Wäschen
-dauernd all Krunn am Haus voll opgedreint loossen.
-Asozial gin
-Sech en Koup scholden usammlen (dee schnellste Ween ass et einfach d‘Fortis, samt all den 300.000.000.000.000.000.000 Euro Scholden fier 1 Euro opzekaafen)
-den Peter Zwegat ( xDD) ruffen
-deen leisst deng Problemer dann innerhalb vun 2 Deeg
-du hues keng Scholden mei, Fortis leeft rem
-de Peter Zegat ( xD) gett NACH MEi berühmt, an du kanns 50% vu sengem Income forderen well en dat ouni dech nie gepackt hätt.

Voila! vill Spass nach (; Ech gin lo Fernseh kucken, awer en richtegen Sender, wei zB UK oder Uelzechtkanal... ;D
update; 21.17 OH MEI GOTT HAUT ASS IO METTWOCH, ECH KUCKEN LO RTL XDD



Dienstag, 13. April 2010

#12: Nei Rubrik incoming!

Bäm!
Grad war ech umgaang mei Blog iwwert den däitschen Fernseh ze schreiwen, do sin ech op dei Idee komm, net nëmmen eng eenzeg keier eppes kritesch/witzeges ze schreiwen, mee dann vleit mol mei oft sou eppes ze maan, waat ech dann als Rubrik "Analysing" deefen wärt.
Am "Analysing" geet et dorems dass ech en Thema/en Objet/eng Kultur/Verhaalensweisen oder nach ganz aaner Saachen mei genau ennert d'Lupp huelen, an dann a menger eejener Maneier erklären wärt. Wei een sech also denken kann, ass dobei net emmer alles sou wei een et am Spiegel oder soss ierjendwelchen Zeitungen opfënnt, dei d'Proffen am leifsten bestueden geingen.
Bei mengen "Analysen", wann een se dann sou nennen kann, leen ech natierlech och Wert dorop dass se meng Meenung remspiegelen an selbsverständlech, wei daat hei um Blog sou Usus ass, en gewëssent potential un Humor enthaalen.

Ok, ehm, dee leschten Saatz huet mer lo eierlech gesoot bëssen Angscht gemaach, dee war io tatsächlech op Anhieb ouni Fehler getippt, an Sënn gett en suguer och nach xD

majo dann, moa / den Nowend speit kennt dann dei eischt Episod vun "Analysis" raus :D



Montag, 12. April 2010

Ulmi's World: Häppchen

Voilaaa!
Wei versprach mellen ech mech den Nowend mat engem neien Eintrag zereck an gin dann lo direkt mol op dei vill Frooen an. Ier ech daat maan schaafen dann nach dat Gerücht dass ech mech an de Vakanzen emmer an engem klenge Lach verkrauchen an fierun mech hin vegeteiren, sou dass ech neicht erliewen an soumat och nix posten kann, aus der Welt. Wow, lo hun ech et tatsächlech färdeg bruet matzen am Saatz en ganz neien Saatz dranzequetschen, och net schlecht. Also, fierwaat ech dei ganz Vakanz laang neicht gepost hun, huet en ganz einfachen Grond: Ech war an der Vakanz an haat keen Internetacces, schlemm daat...

...


...

Nee komm, voll veraarscht:P Ech sin dach en eierlechen Menschm et deet mer leed! Ech haat einfach, riitraus gesoot, absolut guuuuer keng Loscht an ierjendenger Form eppes ze maachen waat en Sënn an Zweck opbrenge keint. Dobei muss een sech lo fierstelle dass ech "keint" immens staark betount hun, sou dass den eigentlechen Sënn vum Wuert duerstellt dass ech alles vermidden hun ze maachen waat iwwerhaapt mat enger minimaler Warscheinlechkeet ierjendeen geringfügeg klengen Notzen hervierrufen keint. Sou, domat wier daat dann och geklärt..!

Kommen mer lo zu den Namensgeber vum Blog, den Häppchen. Häppchen ass eng nei Ennerrubrik bei "Ulmi's World", an dodran geet et eigentlech em neicht, well et keen fleissenden Text ass, mee einfach kleng Sätz, wei een se op eng kleng Fatz Pabeier schreiwe geiff. Et sin souzesooen "Random-Facts" dei ech sou matkritt hun. Also, let the show begin ;D

-Den Tice ass organiseiert wei wann en guer net organiseiert wier... Hi@ Ligne 3 dei op de BELVAL fueren soll an dann zack einfach en Emween komplett laanscht fiert, merci fier 20 Minuten duerch d'Keelt gooen...

-D'Proffen verzaapen relativ oft Saachen dei se selwer net verstinn an interpreteiren Saachen aus Bicher raus, dei den Autor selwer mol net fonnt huet. Dës 2 Phenomenen sin fierun allem bei Sproocheproffen unzefannen.

-Fierwaat gett emmer "Flëssegt Gas" gesoot? Entweder ass eppes flësseg ODER et ass evaporeiert, also Gaz, mee net dei Zwee gleichzeiteg... Daat huet eigenltech souvill Sënn wei wann een seet "Geff mer en hoart Steck Wasser"

-Am Cactus schaffen intressant Leit, dei engem wärend 5 Minuten erklären kënnen dass 75 mei grouss wei 90 ass, ouni dobei dei Wierder "Fënnefasiwenzeg" an "Nonzëg" an de Mond ze huelen.

-Ech muss fuerchtbar dringen pissen gooen ! oO

-Ech sin rem do ;D

-Wann een sehc 5 Minuten fierun de Zeemann zu Esch stellt, kommen ganz genee 583 Leit laanscht dei vun hieren Maneiren an Erscheinungsbilder genee an dat Profil passen, dass se, wann se an Däitschland liewen geingen, scho laang eng eejen Sendung bei RTL hätten.

-"Se si scho laang do" ( Zitat by F.S., Geschichtsproff), Recht huet de Mann!

-Bei de Lënsen huet een mei eng schwaach Stärkt wei bei de Brëlleglieser, wubei schwaach Stärkt och ganz geil als Wuertkombinatioun ass..!

-Op eBay ass den 31.3.2010 eng Auktioun zu Enn gaang, wou een fier 1€ den Teilchenbeschleuniger vum CERN kaafen konnt, well deen io lo souwisou keng Sau mei lo brauch.

-Et keint d'Meijlechkeet bestooen dass alles waat mer vum Universum kënnen, an domat och eis Erd, an engem schwaarzen Lach setzt, daat widderrem nëmmen en Brochdeel vun engem ganz aaneren Universum ass, daat dann och rem an engem schaarze Lach ass, dat widderrem nëmmen en Brochdeel vun engem ganz aaneren Universum ass, daat dann och rem an engem schaarze Lach ass, dat widderrem nëmmen en Brochdeel vun engem ganz aaneren Universum ass, daat dann och rem an engem schaarze Lach ass, dat widderrem nëmmen en Brochdeel... ech widderhuele mech ...

-Wann den Divi zevill Rosé intus huet, fängt en un d'Leit op eng intressant Art a Weis undzedanzen, an kritt schwul Alluren.

Sou, daat war et dann fier haut. ET war, wei ech fannen, mol eng gelongen Oofwiesslung an en gudden Start an d'Wiederoperstehung vu mengem Blog; ech hoffen et huet ierch gefall, an : Vote vote vote fier meng Emfroo ;D

Ps: Am Nächste Blog befaassen ech mech mam Däitsche Fernseh, an wärt fierun allem op dei Wonnerbar Chaine "RTL" agooen :D Maacht ierch op eppes gefaasst



Üääh Zombie-Blog!

buuuuhuuuuu müüüäääääähhhh grrrrrrr
*eng Keier deck Loft huel an dann fest blooss*
Boa war hei vill Stëbbs um Blog!
Mee lo misst awer rem alles gooen, hoffen ech. Lo hun ech io tatsächlech wärend 5 Wochen neicht mei gepost, freck, wei d'Zeit vergeet... Natierlech sin ech dann och drop ugeschwaat gin fierwaat ech neicht mei posten, an sin och oft gefroot gin weini endlech rem eppes kennt.
Tja, ech weess lo d'Änfert... neemlech LO ;D
Fierwaat ech lo reicht rem eppes posten;
Fierwaat ech sou laang gewaart hun;
an waat der alles verpasst hudd;
Daat gesidd der dann den Nowend wann den neiste vum neiste Blog erauskennt an bestaunt ka gin! Em waat et wert gooen? Em alles! Et sin ans ech lauter klengegkeeten dei et ansech net wert waren fier eenzel en eejenen Blogeintrag ze kreien, fier Oofwiesselung ass also gesuercht ;)

Zu gudder Lescht dann nach 1 Saach: do uewen ass rem eng nei Emfroo um Start, also fleisseg voten, well dës keier mei wei 30 Votes!!