Brauchen mer eng Bildungsreform?
Direkt am Ufank vun deser Diskussioun well ech eppes kloer stellen: et as keng konkret Kritik un der aktueller Lycéesreform vun der Educatiounsministesch Mady Delvaux-Stehres! Obwuel ech trotzdem méi spéit op e puer Punkten vun déier Reform agin, well ech an desem Artikel haaptsächlech e puer Gedanken liweren wéi Bildung am 21. Jh. sollt/kéinnt ausgesin.
Kanner, déi elo am 1. Schouljoër sin, gin héchstwahrscheinlech am Joër 2075 an d’Pensioun. Wéieng Bildung brauchen sie fir hirt Liewen? Wat mussen sie wessen an wat mussen sie kennen? Wéieng Herausfuerderungen erwarden sie am Berufsliewen?
Sou logesch et as sech déi Froen ze stellen, emsou wichteg as et se ze beäntweren an grad sou wéineg beschäftegen sech eis Schoulen an Bildungspolitiker domadder.
Zanter 30 Joër huet sech recht wéineg an den meeschten Schoulkueren geännert. Déi naturwessenschaftlech Fächer hun zwar méi un Bedeitung gewonnen, mee suguer d’Schoulliteratur huet quasi komplett stagneiert: “Homo faber” vum Max Frisch, “Physiker” vum Dürrenmatt oder “La Peste” vum Albert Camus. Mee behandelenn déi Bicher wieklech d’Problemer, d’Ängscht an d’Dreem vun den Kanner resp. Jugendlecher haudesdags? Am Zweifelsfall gett emmer méi Stoff an den Léierplang gedreckt, ouni dobei den aalen Stoff eraus ze huelen. D’Konsequenz as “Bulimie-Léieren”: schnell fidderen, an der Prüfung oder am Examen schnell erem eraus “katzen” an dono ganz schnell vergiessen. Méi wéi 10.000 Stonnen geet en Kand an der Regel bis zum Examen de fin d’études an d’Schoul – awer bis dohinner huet et den gréissten Deel schon rem vergiess. Wéieen Erwuessenen kéinnt engem d’ohmsches Gesetz erklären oder déi verschidden Gasen an eiser Atmosphäre opzielen? Natierlech kann d’Majoritéit dat net.
An do leit den Problem, vu dass déi Saachen elementaren Bildungsstoff sin. Esou wéi et an den Schoulen engem beibruecht gett, bleiwt leider net vill dovunner henken (ausser et huet een eng Passioun fir d’Physik oder sos iegenden Bereich). Wéi den Konfuzius schon gesot huet: „Das, was man erklärt bekommt, vergisst man. Das, was einem vorgemacht wurde, daran erinnert man sich. Nur das aber, was man selber gemacht hat, kann man.“ Selwer maachen , d.h. mat Virwëtzegkeet an Begeeschterung ausféieren an net aus Pflicht widderhuelen. Doduerch stellt sech erem eng Fro: wéieen Senn mecht et iwert 10.000 Stonnen ze léieren, wann sou wéineg dovunner henken bleiwt an wéivill Virwëtzegkeet gett dobei vun der Schoul zerstéiert?
Wären eis Schoulen Entreprisen, sie wieren schon längst faillite! D’Ufuerderungen vum zukünftegen Liewen an vun der Aarbechtswelt verlange no kreativen Käpp an net no Käpp, déi wéi en Hard disk mat doudegem Wessen gefellt sin. Eis Schoulen bereeden eis am Endeffekt net nemmen schlecht op d’Liewen fir, mee zerstéieren och nach jeglecht Potential vun Virwëtzegkeet an Begeeschterungsfähegkeet, déi spéider enorm wichteg am Liewen sin. Betraff sin dovunner elo haaptsächlech d’Generatiounen ab 1995, wéi ech aus mengen perséinlechen Erfahrungen feststellen konnt. Natierlech gin et emmer Ausnahmen, sou wéi et och an den äleren Joërgäng deelweis déi nämlecht Problemer opgetaucht sin! No all dem wat d’Entwecklungspsychologie an d’Gehierfuerschung iwert d’Léieren wessen, léisst sech schlussfolgeren: genau esou wéi eis Schoulen mengen, Wessen ze vermettelen – genau esou funktionéiert Léieren net! Mee firwat gin déi Erkenntnisser an eisen Bildungsinstitutiounen net berücksichtegt? Ganz einfach: well eisen Bildungssystem selwer onkreativ as! D’Unzuel vun den Begeeschterten, Virwëtzegen an Kreativen ennert den Schoulmeeschteren oder Profen während menger Schoulzeit kéinnt ech theoretesch mat enger Hand opzielen. Vun den Kultusbürokraten an Kulturpolitiker guer net ze schwetzen...
Wat zeechent dann z.B. en gudde Prof aus? Sein Wessen? Seng Didaktik? Nee, déi wichtegst Viraussetzungen sin dass hien Kanner gär huet (net am Senn wéi bei engem kathouleschen Paschtouer) an dass hien en Mensch as, dem een gären nolauschtert an den mat senger Begeeschterung anerer kann begeeschteren! En gudde Prof begleet seng Schüler op hirer Entdeckungsrees duerch déi faszinéierend Welt vum Wessen. An nemmen dat wat mat Virwëtzegkeet geléiert gett, gett dem Schüler wichteg an bedeitend. An nemmen doduerch gett hir Kreativitéit gekedelt an spornt hir Leeschtungsbereetschaft un.
„Leben ist mehr als die Jagd nach guten Zensuren. Leben ist mehr als die Vorbereitung auf ein Examen. Kinder können mehr, als auf Zeugnisse zu schielen. Wir demütigen sie, wenn wir ihre Leistungen nur auf die in der Schule erzielten Noten reduzieren“, schreiwt den Gerald Hüther (Hirnforscher) an sengem Buch „Jedes Kind ist hochbegabt“. An punkto lëtzebuerger Lycéesreform hun ech mer mol hei den Résumé duerchgelies. Wat mer positiv opgefall as, as den Aspect dass Stagen, Projeten an perséinlech Aarbechten an den Vierdergrond sollen reckelen. Ob dat schlussendlech esou flott an reibungslos kann realiséiert gin, wéi dat an der Reform steet, sief dohin gestallt (vu dass doduerch och den Prof méi gefuerdert gett...).
Kritik, Zoustemmung oder sos iegendwelch Gedanken zu desem Artikel? Dann w.e.g. kommenteiren!
Ären Wiederfräsch aus Köln
Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen