Sonntag, 13. Februar 2011

Luca's Corner: Valentine’s Day? Already? Again? Fuck.

De Luca war alt neess Aktiv an ech muss sooen: hee mecht sech ganz gudd^^ Dës Keier huet e mer suguer e Paak Biller dobei gin fier sei Blogpost! Have Fun Reading, Luca, the stage is yours. (Echad, Staim, Shalosch)


Mua as et souweit, den Valentinsdaag steet virun der Dier an et as genau deen Daag iwert deen ech mech wieklech all Joër konstant opreegen. Et as deen Daag wou d’Blumenbutteker hiren greissten Benefice vum ganzen Joër maachen, deen Daag wou et nemmen em dei ach sou schein Liebesgefiller geet, deen Daag wou praktesch all weiblecht Geschlecht sech deen scheinsten Moment vun hirem Liewen wenscht, etc... Mee fw muss dat alles genau op deem Daag passeiren? Fw mussen deen Daag d’Fraen all mat Kadoen zougespamt gin?

Ech well elo domadder net soen, dass kleng Iweraschungen an Liebesgeständnisser net apprecieiert sollen gin, mee deen „Kaaf mer haut eng Rous!“ Blödsinn as zimlech langweileg. D’Liewen as schon deelweis monoton genuch an dofir sin ech der Meenung, dass weinstens d’Leift mei spontan an kreativ soll sin. Deen Valentinsdaag dreckt guer neicht aus, an d’Leit gin souzesoen gesellschaftlech gezwongen deen Daag hirem Partner eppes ze kaafen oder en scheinen Daag ze organiseiren. Desen Daag as esou emotiounslos gin, an an enger gewessener Hinsicht suguer schon lächerlech. D’Gesellschaft gett vum Commerce manipuleiert an den greissten Deel as sech dat mol guer net bewosst. Dei Traditioun vum Valentinsdaag as virun ongefeier 20 Joer an eiser Gesellschaft opgeholl gin an as fir dei meescht net mei eweg ze denken.
Fw muss en bestemmtenen Daag een dozou „zwengen“ sengem Glecklechen eppes ze schenken? Dat as dach net guer net romantesch an schon guer net mam Herz geduet.
Wann een eng Persoun wieklech gären huet, beweist een deier et während 365 Deeg an net nemmen op engem Daag!
An och fir all dei Meedecher wou denken: Oh wann heen mer neicht fir Valentinsdaag keeft, dann huet en mech net gär!
WOU steet dat w.e.g. geschriwen?! Neirens, also verzeit den Jongen dei deen Daag ierch neicht schenken, well wann en bis iwert beid Ouren an ierch verleiwt as dann as en kapabel ierch spontan en flotten Kado ze maachen, an dat op engem hondsgeweinlechen Daag!
Ech wollt lo mol zu engem aneren Fakt kommen, deen mech och immens steiert an et huet guer neicht domadder ze din dass ech Single sin. Ech hun an der Lescht d’Impressioun, dass dei richteg Leift an eiser Gesellschaft vum 21. Jh. emmer mei rare gett an sech d’Leift souzesoen immens „commercialiseiert“ an iegendwei och „materialiseiert“ huet. Wei ech lo dorobber kommen kann ech ierch net sou genau soen, vleit stammt dei Impressioun vun all mengen negativen Erfahrungen of, mee bon denkt vleit mol eng Keier driwer no an wann der dozou eppes ze soen hudd: feel free to comment!
En leschten Punkt wou ech elo nach kritiseiren wärt sin d’Liebesfilmer. Io dir leif Meedecher ech wees, dei Filmer sin sou schein an brengen ierch emmer zum kreischen, mee wesst dir wat mech un solchen 08/15 Hollywoodfilmer sou wei och un all deenen ... steiert? Ganz einfach: et gett ierch eng deelweis onrealistesch Welt firgespillt, eng Art Draamwelt! Den Problem as deen, dass dei meescht vun ierch sech an deier Welt verleieren an mengen dat wat hinnen do firgespillt gett wier dat richtegt Liewen, wat awer guer net den Fall as! Et as an bleiwt Hollywood! ^^ Ech hun absolument neicht dogeint, dass dat weiblecht Geschlecht sech sou Filmer unkukt, mee bleiwt w.e.g. um Buedem vun den Tatsaachen an veriert ierch net an eppes wou dir ganz genau wesst dass esou eppes nie wärt an ärem Liewen gescheien. Gidd ierch mat deem zefridden wat der serveiert kritt, an ward net op den charmanten weissen Prenz mam weissen Pärd!

Als Schlusswuert well ech sust nach eng Keier kloer stellen, dass sech keen perseinlech soll ugegraff fillen an dass ech keen emotiounslost an „kaalt“ Individuum sin, well och ech sin en sensiblen Mensch an hun schon dei eng oder aner immens schlecht Erfahrung an der Leift gemaach, an ech wees wat et heescht endlos verleiwt ze sin!
Ech hun desen Text och mat enger gewessener Wut am Bauch geschriwen, wei een wahrscheinlech während dem Liesen och gemierkt huet, mee ech wenschen awer all den Kopplen dobaussen en scheinen Valentinsdaag an den „Single“-Leit kann ech nemmen eppes soen: Liebe ist für alle da, auch für euch! =)



9 Kommentare:

  1. du bass en emotionslost monster an geheiers verbrannt. mehe <3

    Nice post.

    AntwortenLöschen
  2. Random girl :) blabla blablabla14. Februar 2011 um 07:43

    Et gin jongen dei sin genau sou kitschej n meedecher dei den daag zum katzen fannen ;)
    yo man this had to be said, stay cool and relax! Peace

    AntwortenLöschen
  3. ej fannen dass ed baal daat selwejt ass wi allaheljen..wisou denkt e graad deen daach un di vastuerwn a besicht hia griewer ? daat kann een o en hondsgeweinlejen daach maan gnau zelwejt wi deier persoun di ee gea huet ze weisen wi frou ee mad em as

    AntwortenLöschen
  4. @ AXL: Thx dude! ;)

    @ Random girl: Ech hun net d'Meedecher kritiseiert mee den Daag selwer. Ech hun d'Meedecher nemmen an punkto Liebesfilmer kritiseiert, an dass Jongen sech esou Filmer undoen kennt entweder dovunner, dass se sech opferen fir hirer Frendin en scheinen Owend ze maan, oder anererseits ze vill weiblech Hormoner an sech hun. Et gin der, io, mee vleit 5% vun all den Jongen.

    @ Anonym: Eng gutt Iwerleeung.

    AntwortenLöschen
  5. Dat wat du sees keint een op all Feierdaag un sech ausbreeden: Fw denkt een nemmen un Leit dei Gebuertsdaag huet an behandelt se besonneg gudd dann den Daag wou sie gebuer sin? Ass et net scheissegal weini dat ass, Haaptsaach dei Persoun ass do, ass wei se ass an liewt?! En aannert Fest wat emmer mei kommerzialiseiert get ass Chrëschtdaag; amplaaz mat deenen Leit wou een gär huet ze sin, probeiert een vun sengen Elteren emmer dat Deierst ze kreien wat grad um Maart ass, obwuel dei ufänglech Iwwerleung aus der Bibel vill mei spartanesch waar: Den Daag wou den Jesus un d'Welt kent, bei sengen Elteren, keng sou aussergeweinlech Cadeau etc... Mee mein leiwwen Mett, den Problem ass d'Leit welen keng sou Feierdeeg, wou een nemmen muss mam Aanneren zs verbrengen; Un Chrëschtdaag wel een materiell Cadeauen, un Valentinsdaag wel een eng Romanz wei an engem Roman erliewen an och Cadeauen kreien, um Gebuertsdaag verwint een deen wou Gebuertsdaag huet, mee vergesst den Daag drop dat deen och nach do ass, un Allerhellegen geet een bei d'Griew vun den Verstuerwenen an geet dono verkleed Spaas hunn amplaatz hinnen ze gedenken, etc... Ech sin net geint den Spaas, mee wei den Umberto Eco soot: D'Liewen get emmer mei "karnavaliseiert"; et geet emmer rem em Spaas an soss naicht!

    AntwortenLöschen
  6. /signed. Wei gesot, dei richteg menschlech Werter huelen an eiser Gesellschaft emmer mei of an ech fannen dat traureg. Ech hun och neicht geint den Spass an geint d'Feieren, mee et gin och Grenzen wei's du eben gesot hues. Ech fir mein Deel, hun Kreschtdaag vleit een Mol bis elo richteg "gefeiert", sou mat Famill an deem ganzen Blödsinn, an ech krut praktesch nie eppes geschenkt oder besser gesot, ech hun mir nie eppes erward. Ech erwarden mer och mol fir mein Gebuertsdaag nie eppes grousses, geneissen leiwer den Daag an gin owes relax en Patt mat mengen Kollegen drenken. =)

    AntwortenLöschen
  7. i liked the part when he wrote "en Patt mat mengen Kollegen drenken. =)"

    AntwortenLöschen