Sonntag, 19. Mai 2013

Movies: Broken City

Broken City - by Allen Hughes

Infosite mat Traileren a Biller

Am "Broken City" geet et em den Billy Taggart, en ex-Polizist deen zu sengen Dingschtzeiten eng heldenhaft Tat begaangen huet, an duerno als Privat-Detektiv schafft. Leit kënnen heen uruffen wann se Kléngegkeete iwwert aaner Leit wëlle rausfannen, oder suguer iwwert hiere Liewenspartner. Daat Ganzt spillt sëch wärend de Buergermeeschter-Wahlen vun der Staat New York oof, an wéi den Zoufall et wëll, huet dem amtéirenden Buergermeeschter, gespillt vum Russell Crowe, en Optraag fier de Billy: hee soll rausfannen mat weem seng Fraa eng Affaire huet!



Natierlech huet dës Missioun Konsequenzen fier de Billy, an fier daat ganzt Emfeld vun de Wahlen, wéi een am Trailer gesäit. Et tauche Problemer op, an ongënschtegt Bildmaterial fier verschidde Leit, wouduerch sech dei ganz Situatioun zouspëtzt! De Recht musst der da wuel selwer kucke gooen!

Obwuel daat bis lo no engem wierklech intressanten an déiffgrënnege Film kléngt, bleiwen d'Aktiounen awer éischter iwwerflächlech; daat ass awer op kee Fall schlecht, sou huet een bei deem ganzen politische Gedeessems kee Problem mat der Story matzekommen, (Och wann een ëmmer rem drop woat dass de Wahlberg säi Petzi "Ted" raushëllt an Dommheete mëcht...). De Film ass zimmlech spannend, waat ënner aanerem doru Leit dass sech d'Geschicht vun enger "einfacher Recherche" zu enger "geféierlecher Situatioun" entwéckelt, mee sou richteg gefesselt war ech net vum Film.

U waat daat Läit ass schwéier sooen; ech mengen dass einfach un all Eck e Bëssen eppes gefeelt huet: D'Geschicht rappt net sou dermoosse mat, d'Personnagen hu keng immens grouss Hannergrondgeschicht, zumindest kritt ee keng gezielt an daat mëcht dass een sech net gudd mat de Personnagen identifizeieren kann, an d'Schauspiller sin leider nëmmen "OK". Ech well domat op kee Fall sooen dass se schlecht gespillt hun, mee de Crowe kënnt bei wäitem net u seng Leeschtung aus "Les Misérables" run, d'Catherine Zeta-Jones war am "Side Effects" e gudd Stéck besser an mei iwwerzeegend, an de Mark Wahlberg ass zwar em längten besser wei an "Ted", mee iiiierjendwei passt daat alles net sou richteg.

Direkt noom Film wosst ech net waat ech um Film auszesetzen haat; ech haat en net fuerchtbar schlecht fonnt, awer ierjendeppes huet mech gestéiert, bzw huet fier mech gefehlt. An ech weess och nach emmer net waat et ass, méi wéi daat am Abschnitt driwwer kann ech net sooen. Och wann et vleit net sou riwwer komm ass: de Film ass net schlecht! Et ass e ganz solide Krimi/Drama/Thriller, vun deem jiddereen sech seng eeje Meenung maache muss. Ech gin dem Film 6.0/10 op der berühmter Ulmerich-Skala. Wann der de Film gesin hudd kennt der jo an d'Kommentarer schreiwen wei en äerch gefall huet!

bis dohin,
stay tuned.



Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen