Samstag, 30. November 2013

Heemwéi

Net oft kënnt et vier dass mer vun eisem Land kënne behaapten dass mer e Film rausbréngen, a wann dann ass et héchstwarscheinlech en Documentaire... Nodeems mat "Den doudege Wénkel" eng recht gelonge lëtzebuerger Produktioun am Kino war, annoncéiert d' "Feierblumm" lo en Teaser fier en neie Film mam Titel "Heemwéi"... Den Trailer ass minimalistesch, awer ech fannen et ass derwert fier en ze posten, schliesslech si mer hei op engem vun den eenzege lëtzebuerger Blogs ;)


Wi gesoot, en ass WIERKLECH minimalistesch, mee ech denken dass mer kënne gespaant op eng gelonge Produktioun waarde kënnen! D'Avant-Première ass den 28ten Januar 2014 am Utopolis Kierchbierg, ech wert do sin, avis aux amateurs. Hei ass dann nach hier Facebook-Site falls der wëllt Up-to-date bleiwen.


bis dohin,
stay tuned.



Donnerstag, 28. November 2013

De Fuuss soll ophaalen!

Et ass mëtlerweil scho baal keen Trend méi, Gott sei Dank mee ech hun haut e Video fonnt deen ech onbedingt misst deelen, well en einfach genau daat ausdréckt waat ech vun Ufank un zum "What does the fox say?"-Trend ze sooen haat. Zwar war ech e Bëssen beandrockt wou ech rausfonnt haat dass et sëch dobei em eng Art Werbe-Campagne fier eng Sendung handelt, mee spéidsdens wou deen, pardon mee sou ass et nunmol, Schrott um Radio (!!) gelaaf ass, hun ech mäi Glaawen an d'Mënschheet an der Musik-Industrie opgin.

"What does the fox say" war quasi e Paradebeispill fier d'Definitioun vun "Pop-Musik" -  et ass ganz einfach déi Musik déi populär gemaach gëtt, an obwuel se oft net sou wierklech wahnsinneg gudd ass, lauschtert trotzdem all Mënsch se, well se iwwerall leeft, an de Mënsch sëch sou quasi onbewosst selwer seet dass et io dann baal MUSS gudd sin... soit, hei ass de Video, mer huet e gudd gefall ;)


bis dohin,
stay tuned.




Dienstag, 26. November 2013

Movies: Ender's Game

Ender's Game - by Gavin Hood

Infosite mat Traileren a Biller

"Ender's Game" ass e Film deen op engem vun de meeschtverkaafte Science-Fiction Romaner baséiert a bis elo nach nie verfilmt gouff, an daat obwuel et d'Buch schon méi wéi 20 Jooër gëtt! Fierwaat bis elo nach keen sëch getraut huet ze maachen, a fierwaat et vläit och besser war, daat ass eng Froo iwwert déi d'Fans vum Buch sëch d'Käpp aschlooen - se sin sech awer an engem Punkt eenz: d'Buch war besser, an et kann een et net an 2 Stonnen zesummefaassen! Als een deen d'Buch net gelies huet fällt meng Bewertung also aanescht aus, allerdings kommen ech herno nach eng Kéier dorop zréck. Hei mol den Trailer:


Et geet also ëm den Ender, engem extrem intelligente Schüler, deen zesummen mat aanere Gescheiten op eng Art "Krisch-Vierbereedungs-Akademie" am Weltall geschéckt gëtt. De Planéit Erd ass neemlech am Klinsch mat enger ausserierdescher Spezies, an wëll déi lo auslöschen. D'Idee dass grad "Kanner" daat solle verbréngen ass e bësse koomesch, mee an Zeite wou Filmer wéi "Hunger Games" oder "Battle Royal" d'Masse begeeschteren, ass un deem Szenario eigentlech näicht Schlechtes drun. Natierlech loossen se d'Kanner net einfach sou op d'Aliens lass, mee se gin sorgfälteg trainéiert, a mat hyperrealisteschen Übungen soll hinne beibruet gin wéi et am Krisch wert sin.
den Originalcover vum Orson Scott Card sengem Roman aus dem Jooër 1985
Mëch perséinlech huet déi fragwürdeg Décisioun Kanner auszewielen manner gestéiert wéi de Fakt dass de Film quasi vu Characteren ouni Déifft platzt, also Personnagen vun deenen en sou gudd wéi näicht gewuer gëtt an déi einfach nëmmen "do" sin a Stuff maachen. A genee hei kommen ech rëm op daat zréck waat d'Bicher-Fans dem Film reprochéieren, neemlech dass en vill ze uewerflächlech ass, an ganz vill (deelweis wichteg) Detailler weschléisst, déi de Film fragwürdeg erschénge loossen. Am Buch soll neemlech erkläert gin fierwaat et onbedingt Kanner musse sin, dovun oofgesin dass all Personnage e gudd Stéck besser erkläert an an de Kontext gesaat gëtt.

Menger Meenung no ass "Ender's Game" e Wierk daat vill ze vill Characteren, eng ze komplex Hannergrondgeschicht an vill ze vill Erklärung brauch fier et an engem Film vu baal 2 Stonnen ze resuméieren, sou dass d'Resultat am Endeffekt en einfachen "d'Welt geet ënner, mer brauchen e Retter"-Film ass, wéi mer der schon souvill hun, mat deem klenge Bonus dass d'Waffen, d'Raumschëffer an d'Ausrüstung wierklech zimmlech cool ausgesin an dem Film e flotte Flair verpassen. Och wann de spontanen Twist kuerz fieru Schluss  wierklech deck gudd gelonge war, bleiwt de Schluss zimmlech enttäuschend, an de Gedanken dass dei lescht 2 Minute vum Film déi ganz Story onnéideg maachen ass e bëssen schiel.
den Harrison Ford am Weltall... als Han Solo war daat besser!

Ech géiff sooen dass "Ender's Game", sou wéi et eis lo présentéiert gëtt, en einfachen Sci-Fi-Action Film ass, deen flott ze kucken ass, awer bei genauerer Betruechtung éischter e "Flop" ass. Ech gin dem Film dofier 6.4/10 op der berühmter Ulmerich-Skala, an ech lehne mech mol souwäit zur Fënster raus a géiff behaapten dass et besser gewiercht wier eng TV-Serie draus ze maachen, a wann se nëmmen aus 2-3 Staffele bestooe géing; sou kéint ee winnstens vill méi Detailer an Erklärungen dra bréngen!

bis dohin,
stay tuned.



Montag, 25. November 2013

God damnit Belgacom!

Et ass wuel de gréissten "frist world problem" deen et gëtt, a gleichzäiteg en traumatescht Erliewnis fier vill ze vill Leit; ech schwätzen vum Internetausfall! Jo, et ass eng Situatioun an der ee mierkt wéi wéineg een haut des Daags ouni Internet maache kann vun all deem waat sou daagdeeglech mëcht. Dass ee keen Accès op Facebook, YouTube, Twitter, Reddit oder soss welch Säiten huet ass io wuel klooer, mee meng Lieblings-Apps um Handy funktionéieren zum Beispill och net ouni Connectioun, genee sou wéi eng gudd Reih vu Computerspiller. Säit gëschter Owend befannen mer eis hei zu Bréissel och an der Situatioun, an genee LO an deem Moment wou ech daat hei schreiwen, woaden ech op den Techniker vu Belgacom an maachen e klengen "live"-Ticker!

16:20 - Den Techniker ass do, mol kucken waat en rausfennt!
16:25 - Hm, bis elo huet en net vill méi gemaach wéi daat waat ech gemaach hun: de Router aus an un gema, nach ëmmer ouni Erfollëg
16:34 - No 2 weideren Un-Aus-Versich ass en mam Auto rëm zréckgefuer fier weidert Material sichen ze gooen
16:48 - En ass rem do an huet eng rieseg grouss Këscht mat coolem Internet-Werkzeug matbruet!
17:07 - Mer ware grad an de Keller an hun de Belgacom Uschloss opgesicht... heen huet deen opgemaach an ze gesin waren geschätzten 145'870 Kabelen, wouvunner 3 Stéck zu eiser Wunning gehéieren. Heen huet e mega fancy Apparat rausgeholl mat deem heen all Kabel beréiert huet, a bei eise Kabelen ass eng Siren lassgaangen, an net wei deenen Aaneren en luest Summen - ech hun absolut KENG Ahnung waat daat bedeit mee et war mega cool nozekucken!
17:26 - Nodeems mer lo nach e Puer mol ratlos rop a roof gelaaf sin, si mer (naja amfong nëmmen heen) op folgend Devise komm: eist Signal ass net méi Synchron, mat sengem Testaapparat ënnen an ass et awer gaangen, mee mat eisem a sengem Router geet et hei Uewen net, an suguer wann heen säi Router direkt do ennen uschléisst geet et net.
17:29 -  Heen ass elo säit 2 Minuten mat engem aaneren Informatik-Dude um Telefon a se féiere Gespréicher, bis elo ass net vill geschitt ausser dass heen op weider Instructiounen woart.
17:41 - Ok lo schwetzen sie bestëmmt schon 10 Minuten an ech hun, wann et gudd geet, vläit 2 Sätz verstaan, vum Vocabulaire hier.. ganz noom Motto "I know some of these words" !
17:44 - D'Gespréich ass riwwer an de Techniker ass op en Neits fortgefuer fier eppes aanescht ze testen.
17:53 - En ass rem do an e mengt dass en eng Léisung kéint fonnt hun; vu dass seng Idee awer eppes ass waat nach net oft gemaach gouff, rifft en nach eng Kéier bei den Informatik-Dude un fier sëch ze versëcheren dass en et richteg maache wert.
18:00 - An rëm ass e Gespréich oofgeschloss vun deem ech beim beschte Wëllen net vill verstaan hun... op jiddefall huet en lo ugefaang säi Plang emzesetzen.
18:04 - Mega cool, hee gëtt via Telefon "gesteiert", sou wéi een et aus Filmer kennt "gesäiste dee roude Kabel? Schneit deen duerch!"
18:10 - Seng Aktioun ass vollbruecht, lo si mer rëm hei Uewen an woaden drop dass de Leitungstest eis endlech e positivt Resultat bréngt!
18:12 - Ok, laut dem Test MISST et lo rëm klappen! Mer starten de Router nei.
18:17 - SUCCESS! Op sengem Gesiit ass eng grouss Erliichterung ze erkennen, schliesslech huet de gudde Mann grad 2 Stonnen domat verbruet alles unzewenden waat e kann! Ech hun em lo eng wuelverdingte Béier ugebueden, déi en mat Freed empfaangen huet!
18:21 - Den Techniker, deen iwwregens Marc heescht, ass lo fort, an ech mierken lo dass ech dësen Artikel amfong fier Näicht geschriwwen hun, vu dass lo rem alles geet...

bis dohin,
stay tuned.



Sonntag, 24. November 2013

De perfekte Studium

Fier déi meescht Studenten fängt elo gläich rëm eng wichteg Zäit vum Jooër un, neemlech d'Préparatioun fier déi éischt Examen - am "wichtegsten" ass se awer fier déi wou an hierem éischte Jooër Uni oder Héischschoul sin, well hei stellt sëch raus ob een dem Drock, deen sech mat Jooëren erhéische wert, Stand haale kann, an ob een sech anstänneg genuch vierbereede kann (oder ob d'Léiermethoden sëch als gudd erweisen).
Wéi deen een oder aanere vun Äerch vläit weess misst ech a mengem éischte Jooër zimmlech séier feststellen dass mäi gewielte Studieberäich net daat ass waat ech mer drënner viergestallt hun, an dass meng Léiermethoden bei Wäitem net werten duergooen fier alles ze packen. Noo méngem Wiessel war alles aanescht, an ierjendwéi och net...

...ee vun de ville Grënn vu mengem recht drastesche Wiessel vu Mathé op Film war zum Beispill de Stonneplang - ech konnt mer mam Wiessel eigentlech nëmmen eppes besseres erwaarden wéi dei 36 bis 40 Stonnen Mathé d'Woch, waat eng wierklech schwéier Matière war. No den éischten Puer rouege Wochen huet sëch awer rausgestallt dass och dëst Jooër mäi Stonneplang gudd vollgepaak ass, mam klengen Detail dass 40 Stonnen net gläich 40 Stonnen sin! Den Haaptënnerscheed an dëser (aus engem mathémateschen Standpunkt gekuckt) onsënneger Equatioun ass dass meng 40 Stonnen haaptsächlech aus konkreten Informatiounen bestinn, déi ech Daag fier Daag erliewe kann, an se effektiv direkt noom Cours asetze kann, waat amfong de komplette Géijendeel vum (fier mäi Goût) vill ze abstrakten (a schloofklauende) Mathéstudium ass.
wann d'Fräizäit ze knapp kënnt an Nuetsschichten zur Regel gin nëmme fier mam Cours matzekommen, da leeft eppes schief, zumools wann et engem kee Spass méi mëcht.
E Beispill wier dass ech mäi neit Wëssen iwwert de Bildopbau am Kino direkt um Weekend op engem Tournage asetzen an ënner Beweis stelle konnt, wougéint ech bis haut nach net wierklech weess waat et mer brengt eng dreifach Integral an engem koomeschen Espace Vectoriel an ierjendenger Dimensioun déi sëch de Mënsch net vierstelle kann ze léisen. Wichteg ass och dass genuch Fräizäit bleiwt... de berühmte Sproch "d'Studienzäit ass déi bescht Zäit vun dengem Liewen" trëfft neemlech net zou wann een a ständeger Panik liewt et géiff een net méi nookommen, a wann ee mengt dass et ouni onzähleg Nuetsschichten net duer wert gooen!

Ech wëll lo hei keng 27-Säiteg Ried doriwwer haalen wéi cool an brilliant mäi Studium ass (a gleewt mer, ech kéint!), mee Fakt ass dass ech trotz randvollem Stonneplang duerchaus glécklech mam Wiessel sin; ech géiff suguer sooen dass et eng vun de beschten Décisioune vu mengem Liewen war (direkt noom Hooër kuerz schneiden). Okay, ech verstinn wa Leit net gäeren de groussen faszinéirenden Auditoire wéi mer en alleguer aus Filmer kennen wëllen opgin, an sëch domat net méi als "richtege Student" fillen, mee mer huet daat zum Beispill näicht ausgemaach - am Géijendeel, e klenge Salle ass vill méi Intim, an et kann ee besser mam Proff an/oder de Matschüler Kontakt opbauen!
fier vill Leit ass sou e Salle en Erliewnis, mee heiansdo si kleng Säll besser ;)
Ech hun dësen Artikel net fier näicht genee elo geschriwwen - den Zäitpunkt ass genee ausgewielt, well eben grad LO ganz vill Leit ufänken ze léieren, ze zweifelen, ze verzweifelen an/oder opgin. Aus eegener Erfahrung kann ech sooën, an daat ass effektiv wouer, maacht verdammt nach mol daat waat äerch Spaass mëcht, an net daat waat äerch déi gréissten Job-Sëcherheet bréngt ouni dobäi op "äert Herz" ze lauschteren. Wann der äer Décisioun neemlech sou trefft wéi viergeschloofen, dann huet een daat "verluerent" Jooër séier vergiess, an déi Folgend werten emsou méi séier vergooen, vu dass d'Matière déi een duerchhëllt engem Spass mëcht an eventuell (sou wi bei mäer) d'Hobby zum Studium gëtt, an daat ass quasi déi perfekt Vieraussetzung fier de perfekte Studium: d'Aussiicht säin Hobby zum Beruf ze maachen!

Fier dass daat klooër ass: Ech wëll heimat keen dozou iwwerrieden säi Studium oofzebriechen, mee just dorop opmierksam maachen dass d'Studienzäit effektiv "déi schéinst Zäit vum Liewen" ka sin, sou wéi mer daat ëmmer gesoot kruuten; et muss een halt just de richtege Choix treffen! Daat war et vu menger Säit, ech kucken lo mol nach e Film, schliesslech muss ech io och eppes fier d'Schoul "schaffen" ;)

bis dohin,
stay tuned.



Freitag, 22. November 2013

iDiots

Säit 3 Deeg kurséiert en klengen Animatiouns-Clip am Internet, deen en zimmlech staarken Message matdeele wëll - am Clip gëtt eng ganz klooër Uspillung un Apple an hier Produiten gemaach, mee ech denken dass een daat och e bësse méi large ka gesin, schliesslech gin et 2 Säiten déi ee betruechten kann: engersäits huet een d'Firmen déi nëmmen souvill Suuën wéi méijlech mat sou mann Opwand wéi méijlech wëlle rakréien, an der op der aanerer Säit hu mer d'Roboter, also eis, déi onbedingt mat all Trend mussen matlaafen an amfong selwer Schold sin dass d'Firmen sëch sou eppes erlaabe kënnen! Huelt äerch also 4 Minuten Zäit an kuckt dëse wierklech gudde Clip:


Do kéint een lo amfong e ganzen Artikel driwwer schreiwen, mee daat ass fier eng aaner Kéier, vu dass ech nach 2 gréisser Themen als Artikel prett hun ;)
bis dohin,
stay tuned.




Donnerstag, 21. November 2013

Luca's Corner: De Sënn vum Liewen

Et ass rem héisch Zäit gin dass "Luca's Corner" eppes zum Beschte gëtt! Wéi gewinnt huet de Luca en héisch intressanten Artikel verfaasst, an dës Kéier huet en sëch mat DER Froo iwwerhaapt beschäftegt, d'Froo noom Sënn vum Liewen!

De Sënn vum Liewen

Dës Kéier maachen ech e klengen philosopheschen Exkurs an ech kann mer gutt virstellen datt net all Mënsch meng Meenung vertrëtt. Trotzdem vill Spasss beim Liesen an Nodenken!
Wann den Sënn eppes sollt sinn, wat eis vun enger méi héijer Muecht bäibruecht ka ginn, dann ass déi sënnlosesten virstellbar Existenz déi vun Gott. Hien huet deen Ament keng méi héich Muecht, déi him en Sënn kéint ginn. Et ass deen nämlechten Problem wéi bei der Moral: et gëtt keng Moral, wann déi eben vun enger héijer Muecht op de Plang bruecht gouf. Moral a Sënn kann et nëmmen ginn, wann se unhand vun autonomen Entscheedungen zustan kommen. 
Dass den Universum „un sech“ sënnlos ass, ass d’Viraussetzung dofir, datt mir eisem Liewen e Sënn kënne ginn. Beispill: Mir sinn gezwongen ze otmen, z’iessen an ze drénken. Ginn eis déi Saachen direkt e Sënn am Liewen? Ass den Sënn vum Liewen ze otmen, z’iessen an ze drénken fir ze iwwerliewen (also net wéinst dem Genoss)? D’Fro nom Sënn vum Liewen gëtt oft falsch interpretéiert wéi och d’Fro no der Moral. Déi Haaptfro gëtt dann verständlech wann een se an 3 Froen opdeelt:
Wat ass d’Zil vun dengem Liewen?
Wat ass den Zweck vun denger physescher an psychescher Präsenz?
Wat ass eigentlech den Wäert vun dengem Liewen?
Wann iergend en aneren Mënsch déi 3 Froen fir dech beäntwert an och definéiert, bass du en Sklav. Et spillt keng Roll ween iwwert dech bestëmmt, wann’s du et net selwer bass huet däin Liewen kee Sënn. Du gëss zu enger Schachfigur, enger Maschinn, engem ferngesteierten Roboter.
Wonnerbar also, dass d’Natur eis theoretesch kee Sënn virgëtt. Dat ass d’Basis fir eisem Liewen e Sënn ze ginn – mir mussen et einfach selwer maachen! Et kann een sech vun aneren Leit dozou ureegen loossen, mä d’Entscheedung läit ëmmer bei engem selwer. An et ass och immens wichteg, datt net all Mënsch deen nämlechten Sënn a sengem Liewen gesäit.
Wann een als Zil huet Meteorolog ze ginn, firwat sollen dann all déi aner dat nämlecht Zil hunn? Dat wier natierlech kompletten Blödsinn! Ausserdem: et ass quasi onméiglech kee Sënn a sengem Liewen ze hunn. Wann een awer denkt, et hät een kee Sënn am Liewen, dann muss dach eng Motivatioun do sinn endlech erauszefannen, wéi een Sënn een sengem Liewen well ginn. Wann een dat net kann, ass een zimlech sécher depressiv. Déi ganz Logik besteet doranner, dem Mënsch op kee Fall e Sënn opzedrängen oder virzeginn, mä him ze hëllefen et selwer fir sech erauszefannen. D’Chrëschtentum ass keng Kur fir Sënnlosegkeet, mä en Moyen d’Liewen vun engem Mënsch sënnlos ze maachen.
Wann wierklech alles aus engem „gëttlechen Plang“ entstane si soll, dann ass net nëmmen den Universum sënnlos – dermadder kéint een gutt liewen – mä och dat eegent Liewen. Et degradéiert een sech selwer zu enger Schachfigur. Awer och deen Ament muss e bëssen Autonomie mat am Spill sinn: et muss een selwer entscheeden, säin Sënn ewechzegeheien. An och an déier Entscheedung, wann se fräiwelleg geholl gouf, stecht e Stéck eegenen Sënn. Ganz hoffnungslos ass et also ni!
Ech ginn dovunner aus, datt d’Majoritéit vun den Lëtzebuerger kathoulesch erzunn goufen, ech fir mäin Deel och. Mä säit gutt 4 Joër (also souzesoen säit mengem Interesse un den Naturwëssenschaften) hunn ech mech vun allen spirituellen Virstellungen verabschid, an hunn mech dem Atheismus respektiv dem evolutionären Humanismus zougewannt.
(klick op d'Bild fier et am Detail ze kucken!)
Alleng nëmmen wann een sech e bëssi mat Astronomie ausernaner gesat huet, kritt een en enormen Respekt virun der Urgewalt vum Universum, an datt d’Mënschheet einfach en Fuerz am Universum ass deen probéiert sech selwer an seng Ëmgéigend ze verstoen. Datt d’Wëssenschaft momentan net op alles eng Äntwert weess ass kloer, mä ech fannen net dass een den Ament einfach en „spirituellen Masterplang“ unhuelen soll, éischter soll een säin Verstand an seng Intelligenz benotzen fir eng plausibel an rationell Erklärung opzesetzen.
Fir dës kleng perséinlech Iwwerleeung ofzeschléissen, hei nach en Zitat vun engem héich unerkannten amerikaneschen theoreteschen Physiker an Kosmolog:

“The amazing thing is that every atom in your body came from a star that exploded. And, the atoms in your left hand probably came from a different star than your right hand. It really is the most poetic thing I know about physics: You are all stardust. You couldn’t be here if stars hadn’t exploded, because the elements - the carbon, nitrogen, oxygen, iron, all the things that matter for evolution - weren’t created at the beginning of time. They were created in the nuclear furnaces of stars, and the only way they could get into your body is if those stars were kind enough to explode. So, forget Jesus. The stars died so that you could be here today.”
Lawrence M. Krauss, A Universe from Nothing: Why There Is Something Rather Than Nothing




Mittwoch, 20. November 2013

Existenzkrise?

Hëllef, ech weess net ween ech sin! Ok, grad sou schlëmm ass et net, mee ech frooe mëch a leschter Zeit heiansdo ob ech de Blog sou weiderféiere soll wéi ech daat bis lo gemaach hun: vun allem Bëssen, vill Movie Reviews awer och mol ganz aaner Themen an sou weider. Déi aaner Alternativ wier dass ech mech méi op de Kino/Video-Beräich konzentréieren an souzesooen d'Neihegkeeten aus deenen Domainer ze berichten. Mer selwer gefaalen béid Ideen, mee ech weess net ganz genee ob ech mëch vun den net-Kino Saachen trennen kann, schliesslech sin dei Posts (haaptsächlech d'Diskussiounen) ënner aanerem déi wou am meeschte Klicks kréien!

D'Froo beänfert sëch also ganz einfach: ech frooen Ierch waat ech maache soll, an dann gëtt entscheed: soll ech beim aktuelle Format bleiwen, also regelméisseg Movie-Reviews schreiwen, ab und zu en intressante Video posten, dotëscht Guest-Posts wéi déi vum Luca bréngen, 1-2 mol am Mount en gréisseren Artikel iwwert en Thema schreiwen, an net ze vergiessen "d'Top 10" déi sëch als ganz beléift rausgestallt hun, ODER soll ech mech méi op de Kino konzentréieren, an souzesooen méi oft "Kino-News" bréngen? Schreiwt mer e Kommentar hei oder op Facebook, oder e private Message; all Vierschlaag ass wëllkomm :)

bis dohin,
stay tuned.



Dienstag, 19. November 2013

The Simpsons Throne

Et gëtt mol rëm héisch Zäit fier e Video, a vu dass ech haut ganzer 10 Stonne Cours hun, trëfft et sëch emsou besser dass de Ben, deen iwwregens mäin alleréischten Bloglieser EVER war, mer gëschter e Video zoukomme gelooss huet! E kombinéiert 2 vun de beléifsten Saachen um Fernseh, nämlech Simpsons mat Game of Thrones! D'Simpsons sin io amfong dofier bekannt allerhand Serien a Filmer noozemaachen, an och fier hieren ständeg ännerenden Intro; dofier lo hei den Simpons Intro, Game of Thrones Style!


bis dohin,
stay tuned.



Sonntag, 17. November 2013

Top 10: nerveg Persounen am Kino

An der zweeter Editioun vun "Top 10" présentéieren ech meng Lëscht mat Persounen déi een am Kino begéint, déi richteg schlëmm nerve kënnen. Als een deen oft an de Kino geht misst ech dofier aus enger recht grousser Auswahl vu nervege Charakteren wielen, a sin dobäi op dës 10 (fier mëch) nervegst Arten vu Leit komm. Falls lo ee vun äerch sëch ugesprach fillt biedem ech en drëm et mat Humor opzehuelen, ech selwer erwësche mëch och ab und zu mat enger nerveger Ugewunnescht; nëmmen well der Ierch mat engem aus dëser Lëscht identifizéiere kënnt, heescht daat net dass der e schreckleche Mënsch sidd! (naja, bei den Top 3 garantéieren ech net dass déi Aussoh nach wouer ass.) Hei ass also meng Lëscht vun den Top 10 nervgesten Persounen am Kino:

Nummer 10: den Onentscheeten

Ween huet et net: et ass ee perfekt an der Zäit, also net sou spéit drun dass et knapp gëtt fier den Ufank vum Film ze gesin, mee och net sou fréi dass een eiweg drop waarde muss dass de Salle opgeet, an dann huet een "den Onentscheeten" fierun sëch an der Schlaang. Dësen ass doduerch ze identifizéieren dass en déi ganzen Zäit an der Schlaang domat verbruet huet senger Begleedung en onwichtegt Detail aus dem Liewen ze erzielen, ouni sëch och nëmmen en Hauch vun engem Gedanken doriwwer ze maachen wéiee Film se iwwerhaapt solle kucke gooen. Dovun oofgesin dass ech et souwisou schon fragwürdeg fannen an de Kino ze gooen ouni eng geréngst Ahnung ze hun waat een eventuell kucke kéint gooen, geheit dës Persoun de ganzen (bis dohin) perfekten Zäitplang op d'Kopp. Réicht wann et säin Tour ass mierkt en dass en eng Päiff ass décideiert dann weiee Film e soll kucke gooen, an nervt nëmmen all d'Leit hannert him an der Schlaang, mee och de Caissier deen nët ganz nookënnt mat all de spontanen Meenungswiesselen vum Onentscheeten.

Nummer 9: de Stretcher

De Stretcher ass eng Persoun déi der héchstwarscheinlech nach net sou oft begéint hutt... ween awer eng Kéier mat mier an de Kino geet erhéischt seng Chancen dës Spezies ze gesin drastesch! Wéi der vläit wësst bleiwen ech ëmmer (ëmmer!) bis ganz zum Schluss vun engem Film, also bis all Numm an all Firma déi ierjendwéi eppes mam Film um Hutt haat eemol um Ecran stoung. De Stretcher ass déi Persoun déi daat och mëcht, ierjendwei. Nodeems de Film riwwer ass, an sou gudd wéi all Mënsch sëch hierwt fier aus dem Salle ze gooen, steet och de Stretcher op, mee hee verléisst de Salle net. Stattdessen bleiwt en einfach wärend de gesamten Credits stooen, an streckt sëch a mëcht Dehnübungen wéi wann e grad de New York City Marathon matgelaaf wier. Wärend sengem Konschtstéck verdeckt en, je no Dëhnübung, bis zu d'Halschent vum Bild, an hënnert mëch drun ze liesen. (gleewt et oder net, mee heiansdo si wierklech Skuril Bezeechnungen dobäi). Ech verstinn io dass en sëch eventuell eng Kéier strecke wëll, mee daat kann (nodeems een schon 2 Stonne suutz) dach roueg nach 3-5 Minuten woaden? Ech stinn io och net wärend dem Film op an dehne mëch nëmme well ech de Knéi wéi hun?!

Nummer 8: de Sténkert

De "Sténkert" léisst sëch an 3 Kategorien andeelen. Déi éischt beinhalt déi Leit déi effektiv einfach sténken, an ech mengen sou richteg sténken; se sténken souvill dass de Geroch an engem Emkreess vun 3-4 Plaatzen nach wouer ze huelen ass. Fierwaat déi nerven muss net weider erkläert gin... Gott sei Dank ass dës Spezies awer recht selten, am Verglach zur zweeter Kategorie.
Dëst sin neemlech déi Leit (an der Majoritéit Fraaen) déi sou onmoosseg vill Parfum benotzen dass engem den Otem an engem ähnlech groussem Emfeld weschbleiwt. Ech verstinn jo wann een gudd wëll richen, mee et kann een alles iwwerdriwwen! Dovun oofgesin këmmert sëch keen drëm wei ee richt (ausser am Fall 1 vum "Sténkert"), vu dass et e ganze Salle voller Mënschen ass, deen no enger halwer Stonn souwisou ganz "eegen" richt, fier et fäin auszedrécken.
Déi drëtt Variatioun ass ganz banal, awer grad sou nerveg, an huet suguer en eegene Numm: "de Fuerzer" - et gëtt näicht méi onagreables wéi e Fuerz am Kino deen fier ze frecken net fort geet, an engem sou eng ganz Szene verschäisse kann!

Nummer 7: den Élektron

Waat huet en Élekron mat Kino ze din? (ausser dass de ganze Salle ënner aanerem aus Élektrone besteht) Ganz einfach: en Élektron sëtzt sëch an engem Atom mat préférenz op eng Plaatz wou soss nach keen aaneren ass, heen ass also quasi e Gourmang a geet nëmmen bei en aaneren Élektron wann et wierklech muss sin. Genau daat Behuelen fënnt een och am Kino, an normalerweis ass et kee gréissere Problem... geet een awer den absolut allerneisten Hollywood-Mega-Blockbuster kucken deen wierklech all Mënsch MUSS gesin, da geet op dës Art a Weis bis zu engem Drëttel vun de Plaatzen einfach verluer! Op d'Froo ob se eventuell kéinten eng Plaatz réckelen kritt een da meeschtens eng granzeg Änfert, an ech gesin net wierklech a fierwaat (vierausgesaat ech zwéngen heen domat net sëch nierft eng Nummer 8 ze sëtzen zum Beispill). Et geet een an de Kino fier e Film ze kucken, do kann et engem dach absolut Wurscht sin wee nierft engem sëtzt, an 90% vun de Fäll ass de Film riwwer an et huet een net 1 Wuert mat der Persoun geschwaat, oder en iwwerhaapt ugekuckt. Den Élektron ass fierun allem dann nerveg wann de Salle kleng ass, an d'Ugestellten heen zwéngen mussen ze réckelen, waat meeschtens zu engem totale Chaos féiert.

Nummer 6: de Wichtegen

Komm mer gin et all direkt zou: mer hun schon eng Kéier den Handy wärend dem Film rausgeholl, obwuel mer fierum Film meeschtens drëms gebiede gin en aus ze maachen, sierft et fier eng Sms ze liesen, oder d'Auerzeit gewuer ze gin. "De Wichtegen" hëllt den Handy awer op eng vill méi spektakulär Art a Weis raus, net sou wéi mier déi alles maachen fier dass och nëmme kee gestéiert gëtt. Et erkënnt een "de Wichtegen" normalerweis op eng Instant vun Sëtzplaatzen, an zwar dorun dass wärend dem Film e grousse wäisse Strahl daat gesamt Emfëld opschénge léisst, ongeféier all 2 Minuten. "De Wichtegen" huet neemlech dermoosse vill Kollegen déi him alleguerten fuerchtbar wichteg Saachen per Sms, Twitter, Facebook oder Mail matdeelen, op déi natierlech direkt geänfert musse gin, soss geet d'Welt ënner... nee wierklech, d'Welt géiff ënner gooen, sou wichteg ass et! A fier dass och wierklech all Mensch matkritt WEI VERDAMMT WICHTEG et ass, ass d'Bildschirmhellegkeet op volle Pulle, well hey, et liewt een nëmmen eemol! Leider ass "de Wichtegen" eng Spezies déi sëch a leschter Zäit, dank den 10'574 verschiddene Smartphones déi et gin, ëmmer méi verbreed an soumat zu engem heefegen Kino-Nooper gëtt; op Distanz ass en allerdings harmlos, mee emsou méi nervt en wann een direkt nierft em sëtzt.

Nummer 5: de Kinnéck Tuléit VI

Dës Persoun ass alles Aanescht wéi adleg, an och alles aanescht wéi zur Zäit do; en ass also "too late" wéi eis englesch Kollege géiffe sooen. Oft kënnt dënnt de "Kinnéck Tuléit VI" gutt 20-30 Minuten ze spéit an hun domat schon d'Introduktioun vum Film verpasst, waat ëm fréiher oder spéider (je no Film) zum Verhängnis kéint gin. Zousätzlech zu sengem Retard wëll en awer och net egalwou sëtzen, an schummt sëch dann och net fier lauter Leit wärend dem Film ze belästegen, fier dass sie réckelen an him Plaatz maachen; gleichzeiteg gin domat nach ganz vill aaner Leit genervt, schliesslech gesin déi lo ierjendee Bëlles fierum Ecran hin an hier wanderen well en net dei ideal Plaatz fier säin adlege Puupes fënnt, amplaaz daat waat projezéiert gëtt. Ganz penibel gëtt en dann wann en d'Luut vum Handy umëcht fier ze kucken ob kee Fléck um Sëtz ass, an an deem Moment huet ee besser e Stoussgebiet lasszeschécken, well soss geet daat ganzt Gedeessems rëm vu vier un!

Nummer 4: de perpetuum mobile

E perpetuum mobile ass, dank Friktioun, en net réaliséierbart Konzept vun enger Maschinn déi net ophällt sëch ze bewegen ouni ierjendenge Awierkung vun enger Externer Kraaft an/oder Energiequell. Am Kino ass de "perpetuum mobile" eng Persoun déi wärend dem ganze Film ierjendwei a Bewegung ass, an domat eng nerveg Ooflenknung am Aaewénkel duerstellt. Ähnlech wéi "de Sténkert" kann een dësen an puer Kategorien opdeelen, déi allen 2 en Numm hun:
"den Onbequemen" ass een deen sëch wärend dem ganze Film net fier eng Sëtzpositioun entscheede kann, an soumat all 2-3 Minuten eng eenorm Ooflenkung duerstellt, sierft et well de ganze Stull wackelt, oder well sech vun enger total onbequemer (an ierjendwéi schmerzvoll un ze kuckend) Positioun an eng Aaner bewegt, oder éischter "verwandelt".
Dei aaner Variatioun ass "d'Froosspanz". Daat ass een deen sëch denkt "hey, ech hun nach näicht giess haut, ech mengen ech huelen eng grouss Nacho, e puer Kamellen, 2 Gedrénks an eng Glace als Dessert mat an de Salle". Well monoton Iessen awer ongesond a langweileg ass, gëtt wärend dem Film natierlech des öfteren Gewiesselt, waat nierft dem ganze Raschelen an "ppfftt" vun de Fläschen, zu enger Bewegungs-Kuliss féiert déi der vum "Onbequemen" Konkurrenz mëcht.

Nummer 3: de Fussballspiller

Zum "Fussballspiller" gëtt et net vill ze sooen, an trotzdem kritt en eng Plaatz um Podium! Waat de Fussballspiller mëcht? E sëtzt hannert der a rennt mam Fouss an de Stull... ANDAUERND. Oft sin d'Vertrieder vun dësem Charakter nach zimmlech jonk, an sou gin ech den Elteren d'Schold dass se hiert Kand gefällegst besser zille sollen! Dovun oofgesin verstinn ech nach ëmmer net fierwaat souvill Kanner am Kino sin, zumools well de Gros vun de Filmer déi ech kucke gin ab 12 oder suguer 16 Jooër fräigi sin. Iwwregens ass Widderstand zwecklos beim Fussballspiller - traut een sëch neemlech eppes zum Kand ze sooen, kritt ee vun en Elteren gemeckert dass een sech gefällegst ëm seng eeje Problemer këmmere soll. A vu dass ech an de Kino fier e Film ze kucken, an net fier eng 2-Stönneg Réck-"Massage" ze kréien, verdingt de "Fussballspiller" séng drëtt Plaatz!

Nummer 2: de Braddeler

Am léiffsten wéilt ech "de Braddeler" och op d'Plaatz nummer 1 setzen, mee ierjendwéi misst ech mech io awer entscheeden. Och hei kann een rëm an e puer Kategorien opdeelen, mee vu dass se alleguer genee daat selwescht maachen, wert ech just kierz dei eenzel Variatiounen erwähnen. Als éischt hu mer hei dei Persoun déi de Film scho gesin huet an doduerch décidéiert bei verschiddenen Szenen mat ze schwetzen, oder (schlëmmer nach) vier ze schwetzen. Net nëmmen killt daat de coole Moment vum Film, mee et ass och nach absolut net cool, an éischter peinlech. Dozou gehéiert iwwregens och ze Laachen ier de Witz geschitt ass! Och heefeg gesin, oder éischter héieren ass déi Persoun déi de film permanent kommentéiere muss, a wann et nëmmen fier sëch selwer aus. Haart ausgeschwaaten Ausdréck wéi "oh mei Gott", "ween ass heen?", an "wei ass daat gaang?" wéilt ech meeschtens am léissten mat "kalméier dech", "wéi soll ech daat wëssen? ech si grad su wäit am Film weis du!" an "woart dach einfach 1 Minutt dann erkläert de Film der et, tschö" kommentéieren. Alles daat ass awer nach näicht zu der schlëmmster Sorte vun "Braddeler", nämlech d'Teenie-Grupp hannen an der leschter Reih, déi de Kinobesuch mat enger Diskussiounsronn verwiesselen a wärend dem ganze Film de Baak net zou kréien, an um Schluss näicht verstaan hun well se méi domat beschäftegt sin sëch géijensäiteg Witzer ze erzielen oder mat Popcorn op aaner Leit ze geheien, an sëch dobäi all Kéiers futti laachen, och bei der 57ter Kéier!

Nummer 1: de Bommeleeër
(Et ass awer och wierklech nerveg wann een e Film kuckt, a beemol flitt de ganze Salle an d'Luut, tschö!)

"De Bommeleeër" ass meng Nummer 1 vun den nervegsten Persounen am Kino, an seng Erkläerung ass e bësse méi Komplex, well hei gin et immens vill Variatiounen. De Begrëff kënnt dohier dass duerch dei eenzel Aktiounen vum "Bommeleeër" no an no den Nooper zu enger tickender Zeitbomm gëtt deem seng Nerven gläich räissen. En allgeméngt Motiv vum "Bommeleeër" ass einfach ze bestëmmen, et ass regelméissege Kaméidi. Ech erkläeren lo 3 verschidden Versiounen, doropshin kënnt der dann selwer am Kino rausfannen wéi eng et nach gin!
1- "D'Fraa mat der Posch" ass eng Variant déi ech genee sou leider vill ze oft nierft mer sëtzen hun. An zwar handelt et sëch heibäi em eng Fraa (oder e Mann, mee et ass meeschtens eng Fraa) déi an hierer Posch eng Tuut mat Kamellen huet. Wärend dem Film mëcht se da folgendes: Se mëcht d'Posch op, hëllt d'Tuut raus, mëcht d'Tuut op, hëllt eng eenzeg Kamell raus, mëcht d'Tuut rem sorgfälteg zou, stëcht se an d'Posch a mëcht uschléissend d'Posch rëm zou. Circa 2 Minuten drop widderhëllt sëch dee ganze Prozess fier déi nächst Kamell. Fierwaat dëst ultra-nerveg ass muss ech io lo wuel net groussarteg erkläeren.
2- "de Kranken" handelt no engem ähnleche Prinzip. All 2 bis 3 Minuten wielt en eng vu folgende Methoden aus: houschten, néitzen oder d'Nues botzen. Ab und zu, fier e bëssen Oofwiesslung ranzebréngen gëtt en eng Kombinatioun vun 2 oder suguer allen 3 Methoden zum Beschten. Ganz éierlech: wann der sou dermoossen erkaalt sidd, a ganz genau wësst dass der andauernd Téin vun äerch gidd, da bleiwt einfach doheem e gidd de Film kucken wann der rem gesond sidd.
3- "dee mam Eemer" ass och an sou zimmlech all Kino-Scéance ze fannen. Et ass ganz einfach eng Persoun dei haaptsächlech an de Kino geet fier Popcorn ziessen, an de Film ass just eng flott Nierwesaach. Oft steigert "dee mam Eemer" sëch dermoossen dran dass en alles rondrem sëch vergësst, an soumat och an der absolut rouegster Szene vum ganze Film riit mat der Hand an den Eemer Popcorn facht, fier dann 10 Stécker gläichzäiteg an de Mond ze stierchen an domat déi ganz Stëmmung vun der Szene ruinéiert.
Daat waat "de Bommeleeër" op déi éischt Plaatz 1 setzt, an en domat zur nervegster Persoun am Kino mëcht, ass de Fakt dass een normalerweis méi wéi 1 dovun am Salle huet, an soumat eng eenorm nerveg Geräischkulisse huet déi ee beim beschte Wëllen net ignoréiert kritt. En aanert Beispill ass déi Fraa déi de leschte Kéier nierft mer suutz: sie haat eng Liedersposch um Schouss an huet dës geheemelt. Doduerch ass e ganz liicht Geräisch entstaan, daat mëch zum Wahnsinn gedriwwen huet - am léiwsten hätt ech hier posch geholl an se no vier geheit!


Sou, daat waren meng Top 10 nervegst Persounen am Kino, ech hoffen ech si kengem ze noo getrueden an der hat äere Spass beim Liesen! Falls ech äerer Meenung nach eng wichteg Spezies vergiess hun, kënnt der daat roueg an de Kommentarer (hei oder op de Facebook) erwähnen, ech wert daat dann am nächsten "Wuert zum Sonnden" zum Beschte gin ;) Déi nächst Editioun vun "Top 10" ass fieraussiichtlech fier den 2.1.2014 geplangt, et kann awer sin dass ech am Dezember nach Episode veröffentlechen déi näicht mat Film ze dinn huet!

bis dohin,
stay tuned.



Freitag, 15. November 2013

Movies: Malavita

Malavita - by Luc Besson

Infosite mat Traileren a Biller


Malavita, och bekannt ënnert dem Numm “The Family”, ass eng intressant an zimmlech gelonge Mëschung aus Komödie an Mafia-Film. Normalerweis sin ech bei Komödien éischter skeptesch, mee vu dass meng Klassekameroden de Film alleguer zimmlech witzeg (op keng blöd Art a Weis) fonnt hun, hun ech en Aa zougedréckt an si e kucke gaang; an ech war net enttäuscht. Kuckt äerch als éischt mol den Trailer un:




Et geet also em eng amerikanesch Famill déi matten an d’Pampa wunne kënnt, well se op der Flucht ass an sëch verstoppt wëll. De Papp vun der Famill, gespillt vum Robert de Niro, gëtt nämlech vun der Mafia verfollëgt, déi heen zu all Präis em den Eck wëlle bréngen. Daat wierkt lo op den éischte Bléck net onbedingt wei en klassescht Komödien-Thema… ass et och net, a grad daat mëcht de Film sou intressant.


De witzegen Aspekt vum Film kënnt gréisstendeels dohier dass d’Famill sëch an der neier Heemescht zurecht fanne muss an ass haaptsächlech an der éischter Halschent vum Film vertrueden. D’Amerikaner wierken nämlech, am Verglach zu de Pampa-Bewunner, e gudd Stéck méi selbststänneg an erwuessen, wouduerch déi eng oder aaner wierklech witzeg Szene entsteht, an daat vu Säiten vun der Mamm, vun de Kanner, an och vum Papp selwer, obwuel heen éischter wéi ee wierkt deen sëch gudd upasse kéint…

De Mafia-Deel vum Film ass dann méi am zweeten Deel opzefannen. Bis dohin kritt een zwar ab und zu mat waat sou leeft, mee déi typesch Mafia-Szenen kommen lo réicht. Natierlech ass och hei deen een oder aanere Witz dran agebaut, mee allgemeng geet et hei awer schon e Bëssen méi serieux zou - an daat stéiert wierklech net! Mer perséinlech huet et gudd Gefall dass mol eng Kéier eng eenejermoossen anstänneg Story hannert enger Komödie stëcht. Se ass net ultra komplex an fantastesch, mee daat ass och net verlaangt bei engem Film deen fier ze Laachen do ass… sou fannen ech dass d’Story gudd an d’Geschicht gepasst huet, an och e gewëssenen Spannungsfaktor matbruet huet.

Allgeméng géiff ech sooen dass “Malavita” e recht gelongene Film ass, deen zwar op e puer Plaatzen kleng Schwächten huet, mee trotzdem a sengem Genre iwwerzeege kann. Déi, mol eng Kéier bëssen aaner, Mëschung vun 2 Themengebieter gëtt dem Genre en neie Kick an léisst sëch gudd ukucken. Ech war riit duerch zimmlech gudd entertained, allerdings ass mer d’Geschicht e Bëssen zevill mat den Hooër erbäi gezunn, et kritt een neemlech net sou wierklech gesoot wéi wou waat a wisou. Ech gin dem Film dofier 6.8/10 op de berühmter Ulmerich-Skala a géiff sooen dass et e coole Film ass fier relax zu e Puer kucken ze gooen!


bis dohin,
stay tuned.




Mittwoch, 13. November 2013

D'Wourecht iwwert de Movember

Nodeems ech viergëschter mäin Artikel iwwert mäin tragescht Schicksal beim "No Shave November" matgedeelt hun, gouff ech drop opmierksam gemaach dass sëch deen een oder aanere Fehler a mein Artikel geschlach huet. Ech gouff geléiert dass den "No Shave November" eigentlech engem gudden Zweck déngt (Erfuerschung vum Prostate-Kriebs), an dass et haapstächlech drëm geet sëch e Schnurres wuessen ze loossen, dofier och de Numm "Movember".

Hei dei méi genau Infos:

Movember challenges men to grow a moustache for the 30-days of November, thereby changing their appearance and the face of men’s health.

In October Mo Bros sign up at Movember.com, and on the 1st of Movember with a clean-shaven face start their Mo growing journey.


Then for the entire month, these selfless and generous men known as Mo Bros, effectively become walking, talking billboards for 30 days. Through their growing efforts they raise awareness for the often ignored issues of men’s health, by prompting conversations wherever they go.


Another crucial part of being a Mo Bro is to raise funds for men’s health. Men donate their face, and much like taking part in a run or a walk for charity, ask their family and friends to sponsor their efforts.


Movember’s not just for men. The women of Movember are known as Mo Sistas. They play a vital role in the success of Movember by supporting and encouraging the men in their life to get involved. Mo Sistas also get involved by signing up at Movember.com, and participate by raising funds and awareness themselves. Essentially, Mo Sistas do everything that Mo Bros do, without a Mo.


Méi Infos hei:



bis dohin,
stay tuned.




Montag, 11. November 2013

No shave November?!

Um Internet gëtt et io säit e Puer Jooër deen Trend mam Numm "No Shave November", gäeren och mol "Movember" oder "Noshember" genannt. Vill ze erkläeren gëtt et do net: et geet drëms dass een sëch ab dem éischten November absolut guernet em seng Gesiichtsbehaarung këmmert an se wëll fierun sech hi wuesse léisst. Natierlech gin et dofier och Regelen, déi ënner aanerem sooen dass een ënner absolut kengen Emstänn och nëmmen een eenzegt Hooër soll kierzen/rappen/stutzen, oder waat een net nach alles domat ustelle kann.

Ech hu mer dëst Jooër geduet "Hey, ech maachen do mat, sou schlëmm kann et io wuel net gin."... ech loung falsch! Ech hu mat engem 2 Deeg "Viersprong" ugefaangen, also den 30ten Oktober, an bis um 4ten Daag war amfong alles wéi ëmmer. Um 5ten Daag ass et dann quasi richteg lassgaange fier mëch, vu dass ech normalerweis all 5 Deeg mäi Barbareschwert raushuelen fier de Baart ze maan. Lues awer sëcher huet sëch e klengen, ierjendwéi bequemen Hooërmantel rondrem mäi Gesiit entwéckelt, an ech war gudden Sënnes daat Ganzt duerch ze zéien. Leider ass dunn den Daag 9 komm, op deem daat Ganzt ugefaang huet fuerchtbar ze kraatzen an ze bäissen, dovun oofgesin dass op verschiddene Plaatzen wou soss iwwerhaapt näicht ass, ugefaang hun Hooër ze entstooen, waat mëch (20 Deeg méi spéit) sëcher wéi e Clochard ausgesin gelooss hätt. Enplus hun ech leider net de Vierdeel dass mäi Baart op den "Walter White" Plaatze wiist, wouduerch daat Ganzt ugefaang huet richteg domm auszegesin.

Nodeems ech mer dann um 10ten Daag de Kapp driwwer zerbrach hun ob ech et soll oofbriechen, hun d'Kraatzen an d'Bäissen, den typeschen Portgugiesen-Schnurres an dei eidel Plaatzen mëch dann um 11ten Daag dozou bruet mäi Pirateschwert ze zücken an dee ganze Blödsinn oofzeschneiden. Domat ass den No Shave November fier mech gelaaf... ech wëll halt net wéi en Strummert rondremlaafen, an ech wëll och net dass meng Schüler an der Nohëllef mëch fier ierjendee Penner haalen, sou ass daat nunmol ;)

Et war awer eng witzeg Erfahrung, vläit probéieren ech et d'nächst Jooër nach eng Kéier, ënnert der Konditioun dass meng "Walter White" Plaatzen am Gesiit och befëllt werte gin! Ech weess net ob ee vun äerch et duerchzidd, mee wann, da wier ech iwwert e Guestpost begeeschtert; avis aux amateurs!

bis dohin,
stay tuned.



Sonntag, 10. November 2013

D'Wuert zum Sonnden

Freck et ass laang hier dass ech e "Wuert zum Sonnden" zum Beschte gin hun! Waat war daat awer och eng Woch; ech hun 3 Movie Reviews geschriwwen, war dee wuel schrecklesten Film ever kucken an Facebook huet eng nei Krankheet kritt! Daat Ganzt gëtt dovu getoppt dass ech e Puer nei Ideen kritt hun fier de Blog, an dorënner befënnt sech och eng éischter grouss Ännerung fier d'Jooer 2014!

Wéi ech schon eng Kéier erzielt hun musse mer fier eisen "histoire du cinéma"-Examen eng ganz Reih vu filmer gesin hun, déi alleguer am 2 Wochen-Rythmus Een noom Aaneren gratis fier eis am Kino laafen. Dës Woch war den Dokumentarfilm "Sans Soleil" drun, e wierklech, an ech mengen WIERKLECH skurile Film, mat Psycho-Voiceover, extrem wackeleger Kamera an angstaflössender Musik; eng Mëschung déi mer a menger Klass net schrecklech gudd gefall huet, waat och dorun ze mierke war dass kee Mënsch fier déi uschléissend Diskussiounsronn am Salle bliwwen ass.

Eng aaner, op mannst grad sou schrecklech Erfahrung gouff et dann dës Woch nach op Facebook: den Ustuerm vun de Bitstrip-Biller!(Méi dozou fannt der am Artikel hei op mengem Blog). Mëtlerweil huet sëch déi ganz Situatioun awer schon rem berouegt, schliesslech gin et vun deenen 10'000'000 Auswahlméijlechkeeten nëmmen geschätzten 10 Stéck déi effektiv net all ze schlecht sin. Lo feelt nëmmen nach eng drëtt Facebook-Apocalypse, an mer hun eng fantastesch Titelreih fier eng fantastesch Facebook-Film-Trilogie: Deel 1: "Facebook - the farmers attack", Deel 2: "Facebook - the rise of the bitstrips" an den Deel 3: Titel onbekannt.

Zu gudder Lescht dann nach folgendes: dës Woch wert ech Movie Reviews fier folgend Filmer rausbréngen: "Malavita", eng Mafia-Komödie mam Robert de Niro, an "Ender's Game" eng Eischtverfilmung vum Buch mam selweschte Numm, engem Science-Fiction Meilenstein. Enplus hun ech nach e Puer Ideen am Kapp fier Artikelen déi ech veröffentleche kéint, an eventuell kënnt och rëm eng nei "Top 10" Lëscht raus!

bis dohin,
stay tuned.



Samstag, 9. November 2013

Good old Pokérap!

Wee kennt en net aus senger Kandheet: de Pokémon-Rap deen oft no enger Folg um Fernseh komm ass? "Deemols" waren et jo just 151 Pokémon déi mer ze fänken haaten, an de Rap war souguer eenejermoossen matsangbar... d'Kollegen vu Collegehumor, enger vu mengen alltime Favorite Säiten hun daat Ganzt op en neien Level gehuewen an de Rap vervollstännegt mat ALLEn 718 Pokémon déi et mëtlerweil gin! An JO, ech hun de Video ganz gekuckt!


bis dohin,
stay tuned.




Freitag, 8. November 2013

Movies: Thor: The Dark World

Thor: The Dark World - by Alan Taylor


MARVEL ass rem do a bréngt eis en neien Superhelden-Film; dës Kéier ass rëm um Thor fier d’Welt ze retten. Nodeems den éischten Deel vun dëser Serie éischter als Aféirung geduet war, fier den Thor an eisen Zäitalter ze kréien (fier dass en duerno am éischten Deel vun den “Avengers” matmaache kann), bréngt den dës Fortsetzung schon eng besser Story mat méi Inhalt, suwuel Action wéi och Witz.


Wéi ee gesäit ass eng antik Kraaft aus der nordescher Marvel-Mythologie fräigelooss gin, an déi bedroot lo d’Heemescht vum Thor, an natierlech och d’Erd. Ween sëch un den éischte Film zréckerënnert huet “Thor” recht vill mat Wësseschaften ze din; déi mënschlesch Haaptpersonnagen sin neemlech Stormchaser a Beobachter vun bis lo onerkläerten natierlechen Phänomäner. A genee dësen Aspekt bréngt dem Film e Puer cool Elementer!

Duerch déi verschidden physikalesch Ereigniser ass et beemol méijlech vun enger Welt an eng aaner ze reessen, mat engem Schrëtt duerch en onsichtbart Portal. Dësen Aspekt gëtt, wéi ech fannen, zimmlech gudd am Film ausgenotzt, suwuel fier d’Story unzekurbelen, fier Witzer ze maachen an fier d’Actionszenen méi versatile ze gestalten. Zu der Action am Film hun ech awer nach e Bëssen méi ze sooen…
… ech hun neemlech ierjendwei daat Gefill dass sëch en Thor-Film aanescht ufillt wéi déi aaner Comicverfilmungen. De ganze Film gëtt vun enger liicht witzeger Nout begleet, waat awer absolut net stéiert, a waat wärend d’Actionszenen net grad sou en “f*ck Mann, ech leiden mam Character”-Gefill erwecke léisst wéi een daat aus aanere Filmer kënnt; de Film ass also quasi opgelockert. Mer perséinlech gefällt daat vill besser wéi wann de Film periodesch mat ganze Witzbommen bombardéiert gëtt, waat deelweis d’Stëmmung kille kann, wéi zum Beispill am Iron Man 3.

Allgemeng hun ech de Film e gudd Stéck méi spannend a maträissend fonnt wéi den Eischten. Amfong gouff alles verbessert: d’Witzer, d’Actionszenen, d’Duerstellung vun Asgard (grafesch) a fierun allem d’Kampf-Moves vum Thor, déi am éischten Deel, an och an den Avengers heiansdo absolut lächerlech ausgesin hun. No dësem Film ass den Thor schon een e gudd Stéck méi Eescht ze huelenden Superheld.
Ech gin dem Film 7.7/10 op der berühmter Ulmerich-Skala; et ass net dee beschten Marvel Film, awer bei wäitem och net dee schlechsten! Ech hun mech riit duerch gudd enterntained gefillt an et huet gudd gedooen rëm e Marvel Film ze gesin deen engem richteg Spass beim Kucke gemaach huet, am Géijensaatz zum leschten Wolverine Film dee rauskomm ass. WICHTEG: noom Film kommen 2 (!!) Extra-Szenen. Eng kënnt zimmlech séier (ca. 1 Minutt) noom Schluss vum Film, an ganz, wierklech ganz um Schluss noo all de Credits kënnt nach eng Zweet, quasi als Belounung dass een sëtze bliwwen ass.

bis dohin,
stay tuned.




Donnerstag, 7. November 2013

De LEGO-Film!

Wou ech an Amerika war haat ech am Kino e klengen Trailer gesin fier e Film wou ech mer net ganz sëcher war ob et e Gag soll sin oder ob et tatsächlech Realiteit wert gin; d'Ried vun engem LEGO-Film! Nodeems et ob YouTube eng ganz Rëtsch vu klengen 3-4 Minuten Homemade Stopmotion-Clips gemaach gouffen (vun private Leit) huet sëch Hollywood wuel geduet "daat kënne mer besser!". Kuckt äerch den Trailer un:



Am Trailer erkennt een déi eng oder aaner bekannte Figur an/oder Stëmm, an d'Witzer sin typesch wéi een se aus de LEGO-Spiller fier d'Konsole kennt! Ech perseinleche freeë mech wei e klengt Kand op de Film!

bis dohin,
stay tuned.



Mittwoch, 6. November 2013

Movies: Prisoners

Prisoners - by Denis Villeneuve

Infosite mat Traileren a Biller
Mat “Prisoners” leeft nierft “Rush” a “Gravity” momentan alt nach en absolut sehenswerte Film an de Kinoen. Et gëtt en interessant Thema behandelt, an de Film platzt quasi vu Spannung. Besonnëg gudd gefällt mer dass mat der Definitioun vum Wuert “Prisoner” gespillt gëtt. Hei mol den Trailer:





Wéi ee gesäit geet et drëms dass 2 kleng Meedecher wärend engem Thanksgiving-Iessen verschwannen, a waat d’Elteren alles maachen fier se eventuell remzefannen. Natierlech ass de Film net grad sou banal: eng ganz Rëtsch u Personnagen gëtt no an no agefouert, a jiddereen ass op seng eegen Art a Weis wichteg. Mer perséinlech hu folgend Elementer, déi dem Film seng Banalitéit huelen, am beschte Gefall: d’Réalitéits-Treiheet an d’Intensitéit vum Film.


Waat ech mat Réaliteits-Treiheet mengen? De Film hëllt kee Blaat fierun de Mond a weist d’Saachen knallhaart genee sou wéi se wierklech géinge geschéiene - daat geet vun enger banaler Famillien-Diskussioun bis hin zum ganz aaneren Extrem. Dëst beaflosst natierlech och den Ooflaaf vu verschiddene Szenarien déi an engem aanere Film vläit méi einfach a méi séier geléist gi wieren. (zB. (liichte Spoiler!) déi eiskaal Verneinung vun engem Gefaalen bei der Police, déi eventuell e groussen Effekt gehaat hätt).



D’Schauspillleeschtung vum Hugh Jackman, de Papp vun engem vun de Meedecher, a vum Jake Gyllenhaal, deen de Chef-Polizist spillt, drooen natierlech och zu dësem realistesche Bild bäi. Daat, gemëscht mat enger zimmlech gudder Characterdéifft, also dem Fakt dass een d’Vergaangenheet an/oder d’Art a Weis wéi se noodenken an handelen erkläert kritt, mëcht dass een sech richteg an de Film raversaat fillt, an doduerch kënnt déi Intensitéit op vun der erch am Ufank geschwaat hun.

Mat enger Dauer vun 2 Stonnen an 30 Minuten ass et net grad dee kierzten Film, MEE ech hun net fonnt dass en ze laang ass - zumindest haat ech net de berühmten “boa lo kéint et awer baal riwwer sin”-Moment. Am Géijendeel: ech hun iwwerhaapt net un d’Zeit geduet well een ab engem bestëmmten Moment einfach voll dran ass, a “matfiebert”. Noom Film war daat éischt waat ech gemaach hun mol eng Kéier fest ausgeootemt an d’Spannung aus menger Schëller-Genéck Géijend rausgelooss, gefollëgt vun engem “ech sin ze zefridden mam Film”-Grinsen.


Ech gin dem Film 8.2/10 op der berühmter Ulmerich-Skala a kann en, genee  wéi “Rush” a “Gravity” , wierklech jidderengem empfehlen, an ech klaaken en och op d’Lëscht vun de Must-See-Filmer vun 2013!

bis dohin,
stay tuned.




Dienstag, 5. November 2013

Bitstrips... Bitstrips everywhere!

Waat der Däiwel ass lass, hun ech eppes verpasst? Wou kommen déi hier, ween huet domat ugefaang, a fierwaat sin déi do?! Fier déi wou net wëssen em waat et geet: ëm de neiste Facebook-Trend mam Numm "Bitstrips". Dëst si kleng Biller déi ee mat Hëllef vun enger Online-Software generéiere ka loossen, fier se uschléissend op Facebook ze deelen an (haaptsächlech) deenen aanerer Leit hier Startsäit voll ze spammen! Hei meng Kreatioun déi zu mengen Frooen déi ech gestallt hun passe soll:
Ech hun absolut keng Ahnung wou se hierkommen a wéi laang et deen Trend scho gëtt, mee op menger Startsäit fannen ech dës Biller säit genee 2 Deeg, an amfong gesin ech quasi NËMMEN nach sou Biller... e richtegt Gesiit op Facebook ze gesin war io souwisou dank all den Iessens-Snapshots an de Möchtegern-Kreativ-Fotographen-Biller (déi an 90% vun de Fäll einfach nëmme schlecht sin) schon eng Seltenheet. Well d'Biller awer ierjendwei witzeg ausgesin an ech mech gefroot hun wei daat geet dass d'Characteren oft zimmlech sou ausgesin wéi déi Persoun déi d'Bild gepost huet, hun ech mer geduet "hey, ech posten io lo souwisou eppes doriwwer, da kann ech io als Gag och sou e Bild maachen, daat geet io schnell"... FALSCH!

Ech hun io lo net wierklech grad baal eng hallew Stonn domat verbruet mäi Character sou ausgesin ze lossen wéi ech? (leider dach...) Emsou méi fannen ech et eng Frechheet dass ee keen normalt Hierm auswiele kann - als Alldaag-Hiermträger hun ech mech benoodeelegt gefillt, tschö! Enplus war de Choix bei de Bäert zimmlech mickreg, sou dass ech op eng Noutléisung misst ëmklammen. Dobäi hun ech mech gefroot fierwaat et nëmmen 10 Bäert gin, wärend et ca. 30'000 verschidden Boomen-Ploweren gin. Bon, nodeems ech endlech fäerdeg war "mëch" ze maachen, hun ech dann daat Bild fonnt waat ech wollt (daat uewen do).

Ierjendwei ass et mega random an ierjendwei ass et awer och net daat schlëmmsten waat bis elo op Facebook sou lass war. Trotzdem wëll ech gäeren Änferten op folgend Frooën:

1. Wou kënnt et hier?
2. Ween huet domat ugefaang?
3. FIERWAAT?!
4. Weini ass meng Startsäit rem normal? :(

Zu gudder Lescht dann hei nach e "Bitstrip" bei deem ech einfach net widderstooe konnt; och wann et net grad der Realitéit entsprëcht, mee wa schon eppes mat Kino do ass, da muss ech daat io baal huelen!
bis dohin,
stay tuned.





Montag, 4. November 2013

Movies: Gravity

Gravity - by Alfonso Cuarón

Infosite mat Traileren a Biller

"Gravity" ass DEN Sci-Fi Drama Thriller iwwerhaapt dee momentan am Kino leeft. Net nëmmen spillt de Film an engem éischter ongewéinlechen Environnement, mee en iwwerzeegt a ganz villen Aspekter. Direkt noom Trailer wert ech dorop natierlech méi am Detail agooen an erkläeren weieng Elementer mer besonnëg gudd gefall hun.


Wou ech deen Trailer déi éischte Kéier gesin hun haat ech just nach ee Gedanken am Kapp "HOLY SHIT", a kuerz drop en Zweeten, neemlech "Ech muss dee gesin!". Den Trailer ass zimmlech intensiv, zumools ab der halschent vum Video, an (glécklecherweis) ass daat och am Film nach ëmmer sou! Wéi een also klooer matkritt geet et drëm dass d'Austronauten Ryan Stone (Sandra Bullock) an Matt Kowalski (George Clooney) vun hierem Schëff oofkommen an am Weltraum fierun sech hischwiewen... hoffnungslos.

Obwuel a leschter Zeit a Filmer wei Prometheus a Star Trek d'Thema vum Weltall oft genuch vierkomm ass, huet dëse Film et quasi nach eng Kéier völleg nei behandelt - et ass neemlech eng Geschicht déi vum Ufank bis zum Schluss sou, an zwar genee sou, wierklech geschéie kéint. Fier mëch zeechnen de Film 3 Punkte besonnëg aus: déi immens kleng Unzuel vu Schauspiller, d'Soundkuliss an d'Mouvementer.

Säit dem Film "Buried" (wou iwwregens just een eenzegen Schauspiller ze gesin ass) hun ech kee Film méi gesin deen sou vill vun der Story liewt. Déi zwee uewen genannte Schauspiller sin am ganze Film déi eenzeg Menschen déi ee gesäit, waat natierlech immens zu deem Einsamkeet-Gefill bäidréit daat een sou huet wann een am Weltraum onkontrolléiert rondremschwierft. Dozou ass och nach ze sooen dass de Film net vun de Schauspiller an sëch um Liewe gehaale gëtt - wëll heeschen dass e grad sou gudd wier wann aaner, vläit méi onbekannt Schauspiller gecast gi wieren.

Vun der Geräischkuliss ass dëst Wierk wéi gesoot och zimmlech beandrockend. Wéi mer all wëssen (a wann net da wësse mer et lo) héiert een am Weltall näicht - daat heescht wann ierjendwou eppes explodéiert krisste daat nëmme mat wanns du et gesäis oder spéidsdens dann wanns du e Stéck vun der Explosioun riit an d'Gesiit kriss. Am Film ass dëst net grad zu 100% wouer, well soss wier en zimmlech monoton, am wahrste Sënn vum Wuert. Zum gréissten Deel ass de Film entweder mat Funk-Gespréicher, dramatescher Musik oder einfach guernäicht vertount - och daat dréit rëm zum Einsamkeet-Gefill bäi.

Den drëtten Aspekt sin d'Mouvementer - souwuel déi vun de Schauspiller wéi och déi vun der Kamera. D'Schwerelosegkeet ass menger Meenung no zimmlech perfekt emgesaat; a Verbindung mat den gudd gelongenen Kulissen kéint een sech wierklech deelweis d'Froo stellen ob et net ierjendwei am Weltall gefilmt gouff! Vu dass et am Weltraum zimmlech schwéier (fier net onméijlech ze sooen) ass eppes zum Stooën ze bréngen, ass och d'Kamera hei permanent a Bewegung, se schwiewt halt am All mat rondrem. Dëst dréit natierlech (besonneg mam 3D) och immens dozou bäi dass een sëch méi déiff am Geschehen fillt.

Alles an allem hun ech "Gravity" wierklech ganz gudd fonnt! Hei stëmmt einfach villes: d'Schauspiller, d'Emsetzung, d'Thema, d'Kamera an den Effekt vum 3D - daat eenzegt waat mech perséinlech e Bësse gestéiert huet ass wéi d'Geschicht un d'Rulle kënnt; daat wierkt e bëssen onrealistesch, wann ee bedenkt dass an der Regel keng Idioten an der Raumfahrt schaffen, mee bon, daat ass Geschmackssaach. Ech gin dem Film eng abgespaced-en 8.4/10 op der berühmter Ulmerich-Skala; definitiv ee vun de Filmer déi een sëch Jooër op kee Faal derf entgooë loossen!

bis dohin,
stay tuned.



Freitag, 1. November 2013

Mein éischten Halloween

Ass et eigentlech Helloween oder Halloween, ierjendwei kënnt mer eppes koomesch vier bei deenen 2 Schreiwweisen... ech bleiwe mol bei "Halloween" einfach well do déi wonnerschéin Beggréissung "Hallo" dran ass. Bon, dëst Jooër war genau geholl mäin éischten Halloween. All déi Jooëren fierdrun, säit deem éischten Jooër wou dee Boom beemol hei am Land opkomm ass, huet mech daat zimmlech kaal gelooss an ech hun et suguer ierjendwei blöd fonnt - Zäiten änneren sech an sou haat ech dëst Jooër déck Loscht mech ze verkleeden!

Wärend hei am Land "Halloween" éischter vun engem "Zombie"-Theme begleet gëtt, ass et an den USA io mëtlerweil esouwäit dass een sech einfach nëmmen verkleed, quasi wéi fier Fuesend, an sou hun ech mech décidéiert gehaat als Walter White, alias Heisenberg ze verkleeden, waat deen een oder aaneren vun Ierch bestëmmt och scho matkritt huet. Trotzdem wollt ech doriwwer e Post maachen fier dass ech déi Erënnerung schrëftlech festgehaal hun ;). Amfong war meng Verkleedung recht einfach: e Boart deen ech e gudd Stéck beschneide misst, e schwaarzen Hut an eng Gummi-Glatz.
D'Léift läit awer am Détail... mat der klenger Plooschter op der Nues, enger klenger Phiole Ricin-Gëft an der Täsch, engem eeleren Hierm daat an db'Box gestach gëtt, engem Make-Up deen mëch bëssen méi aal soll ausgesin loossen an engem gudde Kilo selwergemaachten Candy-Meth ass meng Verkleedung recht gudd ukomm - an soumat war ech och deck zefridden, well ech eigentlech eng mega Null doranner sin! Ech war zwar ëmmer nach wäit wesch vun engem richteg gudden Double, mee de Message ass riwwerkomm an daat ass mer dergaang!
Daat Ganzt haat iwwregens och nach e "flotten" Nierweneffekt. Nodeems ech heiheem ukomm war an mech endlech vun der Gummiglatz an dem Baart befreie konnt, hun ech festgestallt dass ech, mat e puer klengen Ännerungen, eventuell direkt op däi nächst Halloween-Party gooe kéint - de Schweess ënnert dem Gummi, an de Makeup hu mer mäi Gesiit neemlech uerdentlech verkrustet an de Make-Up eeklech ausgesin gelooss, sou dass ech duerno sou ausgesin hun: (leider gesäit een d'Krusten net ze gudd...)
Ech haat awer definitiv vill Spass mëch een Owend wéi de WW ze behuelen, an ech denken dass ech mer lo wuel all Jooër eppes cooles afaale loosse wert -  et ass neemlech zimmlech cool mol een Owend net sëch selwer ze sin!

bis dohin,
stay tuned.