Samstag, 8. Juni 2013

Ech hun do sou eng Idee...

... an zwar huet se mam Video-Freiden ze din! Bis lo hun ech sou gudd wéi all Freiden e Video gepost, sierf et een ganz neien, eng gudd aal Kamell, oder einfach een aus menge Favoriten. Gleichzeiteg mierken ech awer och un de Viewerzuelen dass de Video-Post ëmmer bei wäitem manner Klicks kritt, wéi all déi aaner Posts vun der ganzer Woch, waat warscheinlech doru läit dass dei meescht Leit Freides Owes eppes Besseres vier hun wéi mäi Blog ze liesen, an daat ass och verständlech ;)

Dobäi kënnt nach dass mer lo scho méi wéi eng Kéier d'Idee un de Kapp geworf gouff eng Art "Vlog" ze maachen, sierf et iwwer Random-Shit deen ech an der Woch erliewt hun, bei deem dei eenzel "Happenings" awer kee ganze Blog-Antrag wert sin, oder einfach zu engem bestëmmten Thema, waat engem d'Liesen vun eetlechen Abschnitter Text erspuere géing. Daat Ganzt géiff schnell a Kompakt sin, e bëssen wei mäi BGL-Sketch opgebaut, an hoffentlech och Succès hun; motivéiert wier ech, ech wëll mäi Material waat ech doheem trëllen hun och mol rem zum Asaatz bréngen!


MEE (there is always a "but"), ech maache mer net gäeren sou vill Méi wann ech dobäi onsëcher sin op daat eppes ass, waat gefroot ass, dofier d'Froo vum Daag: wéi géifft der daat fannen, meng Schnëss 2-3 mol de Mount mussen ze erdrooen a Form vun engem Video? Soll daat de Video-Freiden ersetzen?

bis dohin,
stay tuned.



5 Kommentare:

  1. Géif dat net immens vill Aarbecht gin? =/

    AntwortenLöschen
    Antworten
    1. ça va, hun io ëmmer 1-2 Wochen Zeit ;)

      Löschen
    2. Okay wann's de dir 2 Wochen Zäit léiss fir den Video ze produzéiren, dann wier et jo am Beräich vum Méiglechen dat réigelméisseg ze maachen! =P

      Löschen
  2. Ech giff daat Top fannen :D Virunallem och vunn deem Aspekt hier wenn een keng Loscht huet deen 3 Minutten Video (oder wei laang och emmer enn soll goen) enn emmer nach am Hannergrond ka laafen loossen wenn een just dei Gelabers well heieren an een dei agressiv a schnell Jumpcuts steieren (waat ech perseinlech cool fannen :D) Trotzallem sinn V-Logs emmer cool :) Och wenn et mech net steiert an deem 2 Wochen Abstand weider schei brav dein Blog ze liesen deen och sou ganz interessant ass, mais enn VLog ass halt mei perseinlech am Senn vunn gestikuleieren an su firun. :)

    AntwortenLöschen
  3. Ech lieben vlogs! Nemmem heihin dermat!

    AntwortenLöschen