Dienstag, 14. Mai 2013

Léiff Primaner...

Haut war et souwäit: d'Primaner aus dem Land hun hieren (hoffentlech) leschten Schouldaag oofgeschloss an setzen sech lo an d'Startlächer fier déi éischt Examen ze schreiwen, an d'Proffen bei den Oralen ze iwwerzeegen dass se hier Matière beherrschen. Wei all Jooer em dës Zeit gett op Facebook eng opgefouert dass et dach esou dermoossen vill ze léieren ass, an déi éischt Leit fänken schon u mat kräischen ;) Dofier hun ech mer geduet ech schreiwen eppes klenges fier äerch opzemonteren an ze motivéieren!

Wärend all senge Jooren am Lycée kritt een emmer an emmer rem gesoot dass daat momentant Jooer daat wichtegst vun allen ass; deelweis aus den dëmmste Grënn, Fakt ass awer: d'Première ass et (oh Wunder...). Well een dee Saatz no 7 Jooer awer nëmmei heieren kann, gëtt daat Ganzt nach e Bëssen verdéifft an d'Examen gin an all Detail beschriwwen, an et soll engem "Angscht" gemaach gin, fier dass ee Respekt fierun den Examens de fin d'études secondaires kritt (deen een natierlech och soll hun). Waat een awer net gesoot kritt, sin dei flott Saachen an witzeg Detailler dei engem wärend der Zeit widdefueren.

Den éischten Examen ass bekanntlech DEN Zidder-Examen, well all Mensch mega nervös ass, an net weess waat en erwoat... ech sooen äerch waat äerch erwoat: Eng onwarscheinlech Mënschemass dei sech, eng hallew Stonn fierun der Zeit, gleichzeiteg an de Festsall quetsche wëll, e Kameidi wei wann et gratis Béier géiff gin, an Proffen déi ierch net kennen an dei der nach nie haat, dei äerch erwaardungsvoll ukucken, fier net starren ze sooen. Huet sech dann all Mensch versammelt, hällt den Direkter en Ried vu wegen vill Gléck, wéi wichteg den Examen ass, an dass der hee sollt stolz maachen! Direkt duerno gidd der Zeien vun engem Phänomän deen sech ALL Jooer, em genee dës Zeit, wärend der ganzer Examenszeit, ALL Daag widderhëllt, dem Häer Direkter seng "Fuddel net"-Ried, dei ongeféier sou geet: (souwäit ech mech erenneren...)

"Gudde Moien alleguerten de Premiereschüler. Ech erkläeren nach eng Keier, uewen lenks kennt äer Nummer, daat ass L - G - E  (ausgechwaat ÄLL GEE EEH) d'Sectioun an dann 1 oder 2 an dann e Strëch an dann äer Nummer! An wann ech gelifft schreiwt do NET äere Gebuertsdaag oder Numm hin, mer haaten emmer scho Leit dei dat gema hun. Ech widderhuelen dass et verbueden ass ierjendeen elektroneschen Apparat hei bannen ze hun, also keen iPhone, iPod, iPad oder soss eppes fier ze Knäipen, wei zum Beispill en Handy, e Spickzettel an e Knapp am Ouer! Droot w.e.g äer Jacketten raus wann der se net braucht. Ween erwëscht gett beim Knäipen krit NULL EENT an fier deen ass den examen GELAAF, hu mer eis verstaan? Sou, haut schreiwen d'Sectiounen [Buchtsab] d'Fächer [Fach] an d'Sectiounen [aanere Buchstab] d'Fach [aanert Fach]. Ech sooen äerch Villmol Merci, a BONNE CHANCE!

Speidsdens noom drëtten Daag kënnt der daat net mei héieren, an wert nëmmen nach d'Aaen verdréinen; waat awer op kee Fall eppes schlechtes ass: an der Zeit kënnt der äer Nervositéit bezähmen, oder der laacht driwwer wéi deen Abschnitt gekonnt all Daag genee sou opgesoot gëtt ;)

Net ze vergiessen sin Detailler wéi "op d'Toilette gooen" an "de Pritt siche gooen". Ween op Klo muss, dee geet net einfach mol sou op Klo, nee nee! Ween onbedingt muss, dee muss duerch de ganze Festsall, bis vierhin bei d'Bühn laafen fier de Schlëssel vun der extremst iwwerwaachtener Toilette (an eisem Fall de feinen Häer mat de Rastaen aus dem Sécrétariat) sichen ze gooen, an dann neess da ganzen Wee zreck fier de Festsall ze verloossen... noom Geschäft widderhëllt sech dei ganz Prozedur dann fier dass och wierklech de leschte Blani matkritt huet dass DU pisse wars! Genial ;D

Subaal dann gesoot gëtt "et sin nach 5 Minuten" ensteht eng Panik vu wegen "Oh mei Gott ech brauch Pritt!"; et muss een neemlech säi Numm op der Farde zoupeschen. Gnädegerweis stinn vier op der Bühn ca.3 Pritten fier dei ronn 220 Schühler, sou dass en genialen Stau bei der Bühn entsteht, an vill Leit duerch daat gazt Gedrängels nach baal hier Farde un d'Bühn pritten, herrlech!

Déi rechtlech Detailler musst der dann schon selwer erliewen. Aus eegener Erfahrung kann ech sooen dass d'Examen nëmmen hallew sou wëll an fuerchtbar schwéier sin wei se am Jooer ugekënnegt gin, an d'Proffe si bei wäitem méi Hëllefsbereet wéi een daat sou gezielt kritt! Ech hoffen der hudd e bësse geschmunzelt an déi grouss Angscht huet sech bëssen geluet: ech kann nëmmen nach eng Keier widderhuelen dass et am Liewen wesentlech méi, wesentlech méi schwéier Saache gin, wei dee Mount deen äerch befiersteht!

Dann bleiwt nëmmen nach ze sooen: BONNE CHANCE, may the force be with you!

bis dohin,
stay tuned.

PS: noom leschten Examen sidd der gefällegst alleguer am Pitcher!!







Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen