Samstag, 29. Juni 2013

California, here I come!

Yesss, endlech ass den Daag sou gudd wéi do! Moa de Mueren um 5 Auer geet et aus dem Haus fier dann mam Fliijer Directioun amerikanesch Westküst ze fléien; ganzer 23 Deeg wert ech an dësem liicht méi woarmen Deel vum Planéit verbrengen an wärend dems sou gudd wéi näicht Sehenswertes ausloossen! Iwwer LA, Phoenix, Death Valley, Yosemite Natural Parc, Las Vegas, San Francisco an nach vill méi Destinatiounen wert ech hoffentlech all Daag kënnen berichten!


Ech hu geplangt dass ech all Daag eng Foto op de Blog setzen, an dobäi eng kleng Geschicht vum Daag erzielen, mat vill Chance klappt daat, vierausgesaat ech hun iwwerall Internet-Access ;). D'Auerzäiten weini dee Post online kënnt wert allerdings e bësse mei random sin; vu dass ech 9 Stonnen hannendran wert sin, an ech réicht Owes am Hotel optauchen, wert der den Post géint mueres 5,6 oder 7 Auer ze gesin kreien! Mee hey, besser daat wéi guernet ;)

No der Vakanz schreiwen ech natierlech e bësse méi detailleierten Resumé, an wert äerch rem räichlech mat Movie Reviews an Dommheete versuergen! Lo heescht et awer mol nach Valisse paaken, Akkus lueden an de Boart maan ;)

bis dohin,
stay tuned.



Freitag, 28. Juni 2013

Lickin' some eyeballs on Friday!

Jo, richteg gelies! Wee fierun enger Woch am Pitcher mat derbäi war, oder ween vill ze vill Zeit um Internet verbréngt, deen huet vläit schon vun deem "allerneisten" "Trend" héieren... Eyeball-Licking, an ja: et ass genee daat waat een sech vierstellt! Nët nëmmen ass et degelass op sëcherlech net immens gesond, mee d'Videos (ja et gi Videos dovun...) déi et dovu gin, ruffen herrlech Reaktiounen erfier, wéi zum Beispill an dësem Video vun de FineBros:



bis dohin,
stay tuned.



Donnerstag, 27. Juni 2013

Guest-Post: Eric: Voting Rights an den USA

Op en Neits kritt rem een vun Ierch d'Méijlechkeet en Artiklen op mengem Blog ze veröffentlechen, an ech si frou dass der souvill Begeeschterung géijeniwwer dësen Guest-Posts weist (wei een däitlech un de Viewerzuelen vun deenen Artiklen erkennt). Dës Kéier gehéiert dës Eier kengem geréngeren wéi dem Eric, een vu mengen beschten Kollegen, säit et denke kann! Nodeems de Kevin eist fierun 2 Deeg schon seng Meenung zu Europa gezielt hun, gëtt et dës Kéier nach e Stéck méi intellektuell an Hinsicht op déi rezent VRA-Décisioun; waat genee domat fier Konsquenzen kommen, liest der am beschten selwer:



Den Vote, also d’Méiglechkeet seng politesch Meenung bei Wahlen zum Ausdrock ze bréngen, ass laut den Amerikaner selwer den Grondsteen vun hirer Demokratie. Fir vill Leit war an ass dat Recht awer net evident, sou zum Beispill fir d’Afroamerikaner, déi laang dofir hu missen kämpfen fir hir Usiichten ausdrécken ze kënnen. Rezent Ereegnesser, nämlech eng Decisioun vum “Supreme Court” fir den Voting Rights Act (VRA), d’Basis vum afroamerikaneschen Recht fir ze wielen, ze sträichen, kéint eng Well un Wahlrechtsentzich mat sech bréngen an en Deel vun der amerikanescher Populatioun ausse vir loossen. Dësen Text weist, firwat den VRA sou wichteg war an ass, an argumentéiert dass d’amerikanesch Gesellschaft net bereet ass fir Gläichheet fir jiddereen ouni gesetzlech Basis ze garantéieren.
 Den Voting Rights Act vun 1965, ënnerschriwwen vum Präsident Johnson, war zu senger Zäit déi ultimativ Victoire vun der Civil Rights Beweegung an huet den Jim Crow Gesetzer am Süden den Doudesstouss versat. Déi berühmt Sektioun 5 vum VRA beseet, dass verschidden Staaten an Uerter (präziséiert an der Sektioun 4) hir Wahlgesetzer änneren mussen, sou dass et dem Afroamerikaner méiglech ass, ouni Hindernis ze wielen. Fir dass dat ganzt och klappe soll hunn déi Wahlgesetzer duerch den “Department of Justice” missen approuvéiert ginn, déi federal Regierung hat also d’Iwwersiicht an Autoritéit iwwert déi eenzel Staaten.
Viru kuerzem huet den Supreme Court ënnert dem Chief Justice Roberts Jr. mat engem 5-4 Vote am Fall Shelby County v. Holder d’Sektioun 4 vum VRA als verfassungswiddereg erklärt. Als Begrënnung gët den Roberts un, dass eng Auswahl vun den Staaten op der haiteger Realitéit an net op deeër vun virun 50 Joer berouen muss. D’Vereenegt Staagen vun Amerika vun haut hätt den Rassismus an all seng weitreechend Folgen hannert sech gelooss an eng nei Uerdnung hätt sech gebilt, soen se. Den Kongress misst also en neit Gesetz stëmmen dat un dei momentan Situatioun ugepasst ass. D’Sektioun 5 bleift u sech also bestoen, mee ouni d’Sektioun 4 verléiert se all hir Kraaft an Symbolik déi se iwwert dat lescht halleft Jorhonnert bewisen huet.
Et ass sécher net esou wéi wann net probéiert gouf, den VRA ze ëmgoen. Säit dem Passage 1965 hunn déi Konservativ duerch verschidden Techniken wéi ‘gerrymandering’, ‘at large election schemes’ oder duerch d’Ännerung vun den Wahldistriktsgrenzen versicht, d’Muecht an der Hand vum wäissen Mann ze halen an den Impakt vum afroamerikaneschen Vote ze miniméieren. Den Kongress huet den VRA ëmmer erëm erneiert an heiansdo gestäerkt, souguer ënnert republikaneschen Präsidenten wéi Reagan oder Bush. Lo huet also den Supreme Court, deen déi ganz Civil Rights Beweegung an den 50er iwwerhaapt emol sou richteg un d’Rullen bruet huet, den Konservativen am Fong d’Méiglechkeet ginn, Restriktiounen legal ze erméiglechen. Dass d’Demokraten an d’Republikaner am Kongress eng Léisung fannen fir den zentralen Punkt vum VRA oprecht ze erhalen schéngt wéineg wahrscheinlech. Déi bipartisan Spaltung an praktesch all den wichtegen Themen ass staark wéi ni an et ass gewosst dass d’Demokraten Interêt hunn d’Wielerschaft ze vergréisseren während d’Republikaner dovun profitéieren wann manner Leit wielen. Dass d’Recht op eng Stëmm politiséiert gëtt sprëcht am Fong Bänn wat den Zoustand vun der amerikanescher Demokratie ugeet. Dem Romney säin Statement no der Wahl dass den Obama nëmmen gewonnen huet well en den Vote vun den Minoritéiten krut weist dass Amerika fir hien aus wäissen, protestanteschen Leit mat zumindest e bëssen Suen besteet.
Wann aus politescher Siicht also wéineg Hoffnung besteet, den VRA ze retten, bleift also d’Fro: huet Amerika sech sou grondleeënd verännert, virun allem an den Rassenrelatiounen, sou dass een dorop vertrauen kéint, dass och ouni Gesetz, an enger federaler Regierung déi den Staaten iwwert d’Schëller kuckt, d’Demokratie fir jiddereen déi selwecht ass? Et ass kloer dass d’Situatioun haut anescht ass ewéi an den 60er Joren an dass gesot gëtt dass een d’Gesetzer un hir jeeweileg sozial, politesch an wirtschaftlech Situatioun upassen soll ass absolut nozevollzéien. Schon den Aeschylus, en al-griecheschen Tragödiendichter huet ëm ongeféier 500 v. Chr. postuléiert: “The laws of a state change with the changing times”, an ech denken dass dat hautdesdaags ëmsou méi wouer ass an soll sinn.
D’Amerikaner bretzen sech domat, eng ‘foarwenblann’ Gesellschaft ze hun, wou Hautfaarf keng Roll spillt. Et ass allerdings net schwéier den Géigendeel ze beweisen. An hirem Buch ‘The New Jim Crow’ weist d’Michelle Alexander wéi Afroamerikaner am ‘War on Drugs’ an am Justizsystem benodeelegt ginn, an weieng negativ Auswierkungen dat fir hiert weidert Liewen huet an eng ganz Rass ënnerdréckt. Während Segregatioun de jure zwar ofgeschaaft ass ginn et ëmmer nach genuch Plazen wou eng de facto Trennung vun schwaarz an wäiss herrscht. “Mee den Obama ass jo awer Präsident an vill Afroamerikaner an Amerika hunn sech am Liewen eropgeschafft, d’Chancengleichheet ass jo awer anscheinend do“, wärt een oft vun deenen héieren, déi d’faarweblann Gesellschaft priedegen. Genau sou Argumenter biergen eng grouss Gefor. Exceptiounen wei den Obama schéngen en Beweis fir déi universal Méiglechkeet den ‘American Dream’ ze realiséieren ze sinn, verschleieren awer am Endeffekt dass dausenden aner Fäll an Aarmut liewen an regelméisseg vun der Police schikanéiert ginn. Studien hunn gewisen dass Rassismus net komplett verschwonnen ass mee ënnerbewosst weiderlieft. Souguer wann en ongewollt ass bleift d’Resultat nach ëmmer dat selwecht.

Wann een d’politesch Situatioun an d’Wierklechkeet vun den Rassenrelatiounen bedenkt, kann et duerchaus sinn dass d’Absence vun der Sektioun 5 negativ Konsequenzen, virun allem fir d’afroamerikanesch Communautéit, matsechbréngen kéint. D’Ruth Bader Ginsburg, eng Riichterin vum “Supreme Court”, huet an hirer Géigestëmm op en Zitat vum Theodore Parker verwisen, dat den Martin Luther King an sénger eegener Versioun benotzt huet: “The Arc of the Moral Universe Is Long, but It Bends Toward Justice”. Dës Decisioun ass definitiv en Schrëtt an déi falsch Richtung. Mee bei aller Negativitéit muss een och erkennen, dass dës Situatioun enger neier Generatioun eng Méiglechkeet gëtt, nei Reformen unzeziedelen an ze fuerderen an drop ze bestoen dass hir Rechter geschützt ginn. Ob den ‘Arc of the Moral Universe’ lo zur Gerechtegkeet tendéiert oder net sief dohigestallt, mee d’Geschicht huet eis gewisen dass et net ouni Effort geet. Dofir kann een déi Amerikaner, déi d’universell Gerechtegkeet sichen, nëmmen encouragéieren an hoffen, dass Amerika d’Verspriechen déi hir Verfassung beinhalt och iergendwann anhalen wärt. D’Garantie fir den gläichwäertegen Vote wier en äusserst wichtegen Schrëtt an deem Prozess.


Eric Harsch.




Mittwoch, 26. Juni 2013

Ech haasse Shopping!

Gëschter an haut war ech Ennerwee fier mer e puer nei Kleeder ze besuergen déi bei de Summer passen, schliesslech gin ech gleich an d'Vakanz an ech hun net wëlles do bei 40 Grad Celsius mat enger laanger Box an engem decken Hierm rondremzelaafen. No gefillten 100 Stonnen haat ech dann och all meng Saachen zesummen an sin entkräftet doheem ukomm.

Fierwaat ech daat zielen? Ganz einfach: nierft all den T-Shirten mat grujelechem Motiv, Boxen déi méi enk uleien wéi e Surfsuit, an iwwerdimensionéierten Kaapen hun ech och nach e Puer ganz besonnëg "Mode"-Artikel fonnt, déi ech Ierch einfach net vierenthaale kann. Ech hun also déi bescht Saachen dei d'Buttiker ze bidden haaten geholl, an domat daat PERFEKT Outfit gebastelt. Ech präsentéieren folgend Artikelen:


De modebewosste Mann deet natierlech dës exquisit Auswahl un. Nët nëmmen dréckt déi perfekt onpassend kleng Broscht-Täsch aus dass ee Wert op Detail leet, a Kombinatioun mam Hierm (daat een driwwer deet, an natierlech opléisst well soss keen d'Koumuster-Täsch geseit) seet een domat riit raus sengem Emfëld "ech hun absolut kee Goût". Optional kann een nach eng orange Méck dobäi undooen, wann een wierklech op Nummer sëcher gooe wëll. Lo zu der Box: op dëser Welt gëtt et keng Box déi würdeg ass bei dësem Outfit gedrooen ze gin, dofier entscheede mer eis hei fier den klasseschen "No-Pants"-Look.

Daat Wichtegst um Schluss: d'Schung. Nodeems d'Leit d'Aaen net vun engem kënnen loossen an se een vun Uewen bis Ënnen oofgecheckt hun, muss een natierlech um Schluss nach punkten, a wéi kéint een daat besser maachen wéi mat dësem fäine Puer Schung:


Net nëmmen passen se faarwlech plaatzeweis perfekt zu der Koumuster-Täsch (dësen Bloo/Gielen Deel gesäit een natierlech immens gudd, vu dass mer keng Box unhun déi daat verdeckt!), mee de gringen Touch deen ee baal iwwersäit seet och nach aus dass een Emweltbewosst ass, an daat suguer op zwou Art a Weisen! Engersäits seet een dass een "green" ass, an soumat op d'Emwelt oppasst, op der aanerer Säit verschéinert een senger Emwelt den Daag mat dësem wonnerschéinen Ubléck! Daat war et dann fier mäin Mode-Ratgeber! Bei weideren Frooen kënnt der roueg e Kommentar schreiwen, an déi passend Diät zu dësem Outfit kritt der vum Marlon Spautz verrooden!

bis dohin,
stay tuned.



Dienstag, 25. Juni 2013

Guest-Post: Kevin: Europa - Moralescht Vierbild?

Et ass rëm un der Zeit fier e Guest-Post, also e Post deen net ech schreiwen, mee een oder eent vun Äerch! Nodeems d'Roxanne, de Sam an de Gerson daat schon ganz uerdentlech gemaach hun, zidd de Kevin noo mat engem ganz aktuellen, kriteschen an strukturéierten Artikel - also eppes fier d'Gehier op kee Fall aus ze schalten, enjoy!

Europa - Moralescht Vierbild?


Virun baal 3 Joër huet den "arabeschen Frühling" d'Welt iwerrascht. Milliounen Leit an der ganzer arabescher Welt sin op d'Strooss gaangen fier géint sozial Ongerechtegkeet, géint déi herrschend Klass vun Diktatoren an fir méi Menschenrechter ze kämpfen. Tunesien an Lybien kruten dobäi am meeschten Medienopmierksam an grad am Moment as Syrien een vun den leschten an secherlech grausamsten Plazen vun deem Opstand vun den Massen.
Europa an Amerika spillen dobäi keng onwichteg Roll, als wichtegsten Verbündeten fir jiddwereen deen fir Menschenrechter kämpft. Europa an Amerika sin an deem Beräich weltwäit déi héchsten Instanz. Wieklech? An dësem Artikel well ech mech méi mat déier Fro beschäftegen an eng (wuel gemierkt perséinlech) Conclusion zéien.

Europa huet sëcherlech déi längsten Traditioun vun den Menschenrechter. Nodems schon 1776 an d'USA den "Bill of Rights" geschriwen gouf, ass den 26. August 1789 d'Erklärung vun den Mënschen- an Biergerrechter an Frankräich ausgeruff ginn. Dës Dokumenter sin déi wichtegst Grondlag fir dat wat hautzedaags allgemeng als "Menschenrechter" bezeechent gett. Am Laaf vum 19. Joërhonnert hun sech déi Ideen lues an lues an Europa ausgebreed mä voll an ganz kann een eréicht nom zweeten Weltkrich dovunner schwetzen, dass déi meescht Länner Demokratien agefouert hun an sech fir d'Menschenrechter agesaat hun.

Wann een dann emol iwerleet sin daat grad emol 50 Joër hier! Ausserdem hun vill Ongerechtegkeeten nach laang iwerliewt, sief et Rassentrennung an Amerika bis an d‘60er Joëren eran, oder Fraenwahlrecht, wou zum Beispill an der Schweiz am leschten Kanton 1990 per Geriichtsbeschloss an géint den Wëllen vun den Männer agefouert gouf. An och nach hautzedaags gin et an eisen Länner nach vill Diskriminatiounen déi d'Menschenrechter verletzen. Am Frankräich hun mir gesinn wéivill Léit sech géint "d'Homo-Ehe" agesaat hun. Ech selwer hun dat interesséiert an virun allem schockéiert verfollegt. Wat mir dobäi am meeschten Angscht gemeet huet as éischtens den Fakt, dass net nemmen "déi Al' do protestéiert hun mä och eng ganzen Koup vun jonken Studenten. Déi Leit schummen sech also net fir oppen géint Gläichberechtegung vun all den Menschen ze protestéiren an dobäi nach mat lächerlechen Argumenter. Ech wärt elo net doriwer diskutéiren, dat wär dann schon erem en ganzen Artikel fir sech. Mee menger Meenung no sin dat alles just Schäinargumenter. Dei Léit géifen sech extrem onwuel fillen wann op emol an engem Park zwee Männer oder zwou Fraen hir Léift vireneen géifen weisen. Dat un sech ass net verwerflech, mä amplaz ze versichen sech domadder auserneen ze setzen ass et fir sie méi einfach et guer net zu esou enger Situatioun kommen ze loossen an dës Astellung gefällt mir guer net. An aneren Länner ass et net anescht. Lëtzebuerg setzt elo réicht d‘Homo-Ehe duerch, an wéi elo säit kuerzem bekannt gin as, hun d'Briten mat ''Tempora'' en nach vill méi em sech gräifenden Abhörmechanismus wéi d'Amerikaner mat ''Prism''. An mol kuerz an den Raum gefrot: wat huet d'EU géint Ungarn ennerholl, dat Land wou säin Verfaassungsgeriicht entmuecht huet? Ahjo richteg: näicht!!

Wann een dann iwert den Atlantik kuckt, dann froën ech mech wieklech wéi sech d'amerikanesch Staatsgrënner schummen missten wann se géifen gesin wat do leeft. Fir elo just emol schnell opzezielen wat do alles fir Menrechtsverletzungen verbrach gin sin: Guantanamo, Kriichsféierung mat Drohnen, Prism... Zousätzlech huet dat Land dach net duerch Zoufall den Statuten vum Internationalen Stroofgeriichtshaff net zougestemmt. Hei well ech eng kleng Klammer opmaachen: den Internationalen Stroofgeriichtshaff ermettelt just an Fäll vun Krichsverbriechen, Völkermord an Verbriechen géint d'Menschlechkeet. Dat sin also mat déi schlemmsten Verbriechen! D'Amerikaner sin suguer esou wäit gaangen wei 2002 en Gesetz ze produzéiren wat dem amerikaneschen Präsident d'Recht gett en amerikaneschen Staatsbierger, deen sech virum Geriichtshaff zu Den Haag ze veräntweren huet, mat militärescher Gewalt ze befreien. Wann d‘USA also vun Menschenrechter schwetzen, kann ech mettlerweil nëmmen nach den Kapp reselen.

Verschidden Léit wärten sech elo berechtegt froën firwat ech esou en Miesepeter sin an alles esou schwaarz gesinn? Dat ass guer net mäin Ziel. Ech wees, dass ech mech glëcklech schätzen kann an engem Land opzewuessen wou meng Rechter souvill wéi op wéinegen Plazen op der Welt respektéiert gin. Ech mierken just eng erhéichten Hypokrisie an der Haltung vun Europa an Amerika zum Rescht vun der Welt. Secherlech, mir sin nach emmer deen Deel an der Welt wou d'Leit am fräiesten liewen an et as gudd sech och an aneren Länner fir déi Rechter anzesetzen. Just wann dann op emol en chinesechen Minister oder qatareschen Offiziellen zu Besuch as, dann geet et just nach em den Business an d‘Menschenrechter gin hautzedaags net méi ugeschwaat. An Däitschland gin se dann esou wäit Saudi-Arabien, engem islamisteschen Land, Panzeren ze liweren! An wann dann domadder en Opstand niddergeschloen gett heescht et: "Mir konnten dat net wessen" …  Ech kann jo verstoen, dass een geostrategesch Interessen huet an seng Verbündeten am Kampf géint den Terrorismus stärken well, mä dann soll een et w.e.g. sin loossen wann et engem grad emol passt mam Fanger op aner Länner ze weisen . Wann een en glaubwürdegen Verfechter vun den Menschenrechter well sin, dann kann een net tëschent Frënd an Feind ennerscheeden.

Ech well zum Schluss dann just nach soen, dass ech en groussen Vertrieder vun den Menschenrechter sin! Ech respektéiren déi momentan Demonstranten an der Türkei, déi (gemässegt an net islamistesch) Rebellen an Syrien oder Protestler an China an héchstem Mooss fir hieren Asaz fir méi Freiheet, well sie sech oft op Vergeltung gefaasst missen maachen déi mir hei an Europa nie brauchen ze färten. An eisen Länner muss een sech net Gedanken maachen an den Bing ze kommen, oder seng Famill belästegt ze gesin, wann een d'Regierung kritiséiert. Dofir ass et emsou méi bemierkenswert wann an deenen Länner d‘Léit op d’Strooss gin fir ze protestéiren, an mir kinnten eis all emol eng Scheif Mutt vun hinnen ofschneiden!




Montag, 24. Juni 2013

Spotlight: PBS Idea Channel

An weider geet et mam 6ten Deel vum "Guide" duerch dei onmoosseg grouss Welt vu YouTube! No 2 méi wëssenschaftlech ugehauchten Channels an 3 Fun-Channels, ass et rëm un der Zeit e bësse méi seriö ze gin, awer nëmmen e Bëssen ;) De Kanal deen ech ierch haut vierstellen huet vill Ähnlechkeeten mat "Vsauce" deen ech schon am drëtten Deel presentéiert hun, an trotzdem ass e komplett aanescht!

D'Konzept ass grad sou banal wéi genial: mer huelen eng relativ aktuell Froo, an probéieren déi méijlech genau ze beänferten, op eng witzeg an trotzdem informativ Art a Weis déi een oft noom, oder suguer wärend dem Video grübelnd do sëtze léisst, an heiansdo den "ahjo, effektiv"-Effekt ausléist. Hei mol en Video:


Wéi een onschwéier mierkt schwetzt de gudde Mann, deen op de Numm Mike lauschtert, relativ séier. Op mannst grad sou schwéier ze verpassen ass de Fakt dass wärend dem ganze Videos kleng GIFs, Memes an ikonesch Filmszenen an d'Bild geflu kommen, déi op daat séiert Gebraddels passen. A genee dës Kombinatioun vun Witz an intelligentem Dialog zeechnen dësen Channel aus; gudd, et sin net ëmmer déi informativst Themen mat deenen een wäit am Liewen kënnt, mee ech soot io schon dass mer nëmmen "e Bëssen" méi seriö gin! Trotzdem fannen ech dass vill gidd Ideen dabäi sin, an et an sech keng 08/15 Themen sin.

Eemol d'Woch, all Mëttwoch kënnt en neien Video raus, an ech sin ëmmer rëm iwwerrascht wéi déiff heen sech an en Thema, bzw. eng Froo ka rabuddelen ouni dobäi komplett vum Wee oofzekommen. Fun-Fact: all Video fängt mat "here's an idea" un, genee sou wéi all meng Posts mat "bis dohin, stay tuned." ophaalen... hach, ech hun sou regelméisseg Saachen einfach gäer... Eventuell muss een awer schon e Puer Engleschkentnisser hun fier mat der Vitesse matzekommen, mee daat léiert een zimmlech séier wann een zB Vsauce kuckt, oder och Minutephysics aus dem éischten Deel vum Guide!

Ech hoffen ech hun e Puer vun äerch vierwëtzeg gemaach, an ech wënschen vill Spass bei senge Videos! Wann der nët all Woch den Channel noosiche gooen, kënnt der op dësem Link subscriben, dann poppt den neisten Video einfach op äerer YouTube-Startpage op:


bis dohin,
stay tuned.



Sonntag, 23. Juni 2013

Yey et ass Nationalfeierdaag...

... mee maache mer daat och richteg? Laut dem Lexikon ass en Nationalfeierdaag en gesetzlech festgelueten Feierdaag, weinst engem national wichtegen Ereignis. An eisem Land ass et eigentlech Traditioun de Gebuertsdaag vum aktuellen Herrscher ze feieren, daat heescht dass dësen Daag ca. all 30-40 Jooer changéieren kann. Duerch relativ vill Gedeessems, wéi zum Beispill schlechtem Wierder, feieren mer eisen Nationalfeierdaag awer net um Gebuertsdaag vum Grand-Duc mee um 23ten Juni, an daat schon eng gudd Zäitchen!


Schéin a gudd daat Ganzt, mee wéivill Leit feieren dësen Daag dann effektiv och doweinst? Oofgesin dovun dass RTL de ganzen Programm inhaltech der Thematik upasst, mëcht den Duerchschnëttslëtzebuerger net vill méi wéi um Vierowend gehierlos rauszegooen an op diversen Plaatzen bei onzielege Stänn e gudde Koup Suuen hänken ze loossen an sëch géint 11 Auer en massiv deiert Freedefeier unzekucken, an domat quasi seng Steiergelder fierun sengem Aaen verpuffen gesäit. Dobäi sin ech mer sëcher dass sou gudd wéi guerkeen dobäi och nëmmen eng Sekonn un eisen Heng denkt! Bon, ech gin zou, ech hun daat och net gemaach, mee daat Erschreckends dorun ass dëst Jooër dass d'Leit sëch opreejen sie hätten keen extra Daag Congé, well eisen Feierdaag io leider op de Weekend fällt - et geet hinnen also guernet drëms eise Grand-Duc ze feieren, mee et ass puren Egoismus?!

Ajo, fierwaat feieren mer eigentlech de Gebuertsdaag vun eisem Grand-Duc, an nennen daat de Nationalfeierdaag? Hu mer keen historesch wichtegt Ereignis daat mer feieren kënnen, sou wéi aaner Länner, déi zum Beispill hier Onoofhängegkeet, eng Revolutioun oder hier Vereenegung feieren? Naja, vu menger Säit aus dann Happy Birthday Heng, och wann ech 2 Meint an 7 Deeg ze spéit sin;)

bis dohin,
stay tuned.



Samstag, 22. Juni 2013

Movies: Man of Steel

Man of Steel - by Zack Snyder

Infosite mat Traileren a Biller

"Man of Steel", oder wéi een et mei einfach sooe kann "de neie Superman-Film", setzt den momentanen Comic-Verfilmungs-Trend fort. Nodeems DC nierft der Dark Knight Trilogie nach "The Green Lantern" rausbruet haat, an domat en nëmmen méissege Film produzéiert haat, war ech e bësse skeptesch an hu mer geduet dass en wuel net sou genial wert sin, mee dëse Film huet mer de Géijendeel bewissen; hei als Eischt mol den Trailer:


Wéi een schon am Trailer erkennt: de Kostüm ass un déi modern Comic-Verfilmungen ugepasst, an erënnert vun der Struktur un dee vum Spider-Man. Enplus ass en e bësse méi düster, waat awer zimmlech gudd passt fannen ech, daat hëllt deem ganzen e bëssen den "Kanner-Flair". Als absoluten Superman-Noob, wosst ech am Prinzip net waat mech erwaarde wert, an weieng Fähegkeeten de gudden Häer iwwerhaapt huet. Stellt sëch raus: heen ass guernet mol sou oncool!

Dëse Film ass amfong perfekt fier déi déi sech Null auskennen: de Film weist wierklech all Detail vum Superman sengem Liewen, vun der Gebuert bis hin zu deem Mann dee mer kennen. Doduerch dass et quasi en Neistart ass, dauert et natierlech e bëssen bis et richteg lassgeht mat der Haaptstory an der Action, mee daat huelen ech dem Film net iwwel. Am Contraire: et ass gudd dass een sou en déiffen Abléck a seng Kandheet an a seng Heemecht kritt, sou ass de Film e gudd Stéck manner banal, an et verfügt een direkt iwwert en gewëssend Hannergrondwëssen fier eventuell weider Deeler.


Kënnt de Film dann bei der Haaptstory an bei den Haapt-Actionszenen un, ass een wierklech gudd ennerhaalen. Net nëmmen sin d'Kämpf richteg intensiv, mee d'Physik an d'Ästhetik vun de Kämpf sin zimmlech "realistesch" ansoufern een bei enger Comic-Verfilmung vu Realismus schwetze kann. Waat ech domat sooen wëll ass dass d'Landschaft gudd animéiert op déi eenzel Reaktiounen reageiert (zum Beispill e Gebei daat duerch en Opprall emfällt), an dass dei kräfteg Schléi fier dei de Superman bekannt sin, och genee sou riwwerkommen. Allgemeng huet mech en gewëssene Kampf un déi eng oder Aaner Dragonball-Z Folg erënnert, mat all deem Rondremfléien an festen Fauscht-schléi, mee am Beschten gidder de Film selwer kucken ;).

Bleiwt just nach ze sooen dass ech fannen dass d'Haaptroll gudd besaat ass, an dass ech mer definitv nach méi wi 1 Film mat him vierstelle kann! Wee weess, vläit kréien mer io ierjendwann e Film vun der Justice-League, waat quasi den DC-Pendant zu den Avengers vu Marvel ass; e ganz klengen Hint op sou e Film fënnt een iwwregens am Film, Aaen op! Ech gin dem Film 7.8/10 op der berühmter Ulmerich-Skala, op der IMDb huet en suguer 8.0! Gidd en also kucken, en ass wierklech cool!

bis dohin,
stay tuned.



Freitag, 21. Juni 2013

Moving Video on Friday

Haut de Mueren hun ech dëse Video gesin, gepost vun engem Kolleg op Facebook. Am Ufank war ech e bësse skeptesch wou ech den Titel gelies, an d'Idee engem Kand den HIV-Virus ze injektéieren war zimmlech "domm" a mengem Kapp. Noom Video war ech awer e gudd Stéck mi schlau, an alt ërem faszinéiert zu waat d'Wëssenschaft fäheg ass! Hei ass de Video:



Dozou bleiwt nëmmen nach den Jesse Pinkman aus "Breaking Bad" ze zitéieren: "Science, bitch!"

bis dohin,
stay tuned.



Donnerstag, 20. Juni 2013

Gëschter war eng lass!

An der Nuet vum 19ten op den 20ten war eng richteg lass do Uewen an de Wollécken; wéi et schéngt huet den "Herrgott Kehle gespillt" wéi ech fréier ëmmer sou schéin gezielt kruut; metlerweil weess ech awer besser wou all dei Blëtzer hier kommen.. vum Thor natierlech! Leider war de Luca net zu Land fier eng kleng Ronn Stormchasing, mee ech hun mäi bescht gemaach fier e Puer Opnahmen hinzekréien - mat méissegem Erfolg. Et huet sech rausgestallt dass d'Haaptattratkioun sech genee do oofgespillt huet wou ech vu menger Wunnplaatz aus absolut keng Méijlechkeet haat fier eppes ze gesin; trotzdem hun ech e Puer cool Biller hikritt:


Daat do ass den eenzeje Blëtz deen ech ze "paake" kruut... ob der mer et gleewt oder net: 3 Sekonnen ier ech d'Kamera ugemaach hun, ass fieru mengen Aaen en fette Blëtz riit roof komm, et huet een en (suweit ech mech erënneren) gudd eng ganz Sekonn laang gesin! Trotz dëser éischter "mooerer" Ausbeute hun ech hei awer nach 2 Biller dei och zimmlech beandrockend sin:

Ja, dëst Bild gouff Owes géint Mëtternuecht opgeholl! Vun all den Biller déi ech verwerten konnt ass daat do déi wuel gréissten Opliichtung déi ech bis lo erliewt hun, waat Blëtzer betrëfft. Och wu ech bis am Bett loung sin nach ähnlech staark Blëtzer agetraff, ech hu mech gefillt wéi wann een mech beim schloofe fotograféieren wéilt ;)
 Am Prinzip gëtt et zu dësem Bild di selwescht Story ze zielen, allerdings ass un dësem eppes zimmlech Spezielles: Um Video-Material war d'Landschaft baal 4 Sekonnen laang sou hell, well do innerhalb vun der kuerzer Zeit lauter Blëtzer bei en een roofgaang sin. Et war schon zimmlech beandrockend seng Nooperschaft "faarweg" ze gesin, matten an der Nuet ;)

Weider, a fierun allem méi déiff, Informatiounen fannt der um Luca sengem Facebook-Kanal dem Metteochannel, oder andeems dei einfach hei klickt: http://www.facebook.com/MetteoChannel

bis dohin,
stay tuned.



Mittwoch, 19. Juni 2013

Utopolis vs. Cinébelval : Part 2

An weider geet et mam zweeten Deel vum Kino-Verglach. Am Titel steht zwar "Cinébelval", mee duerch dei neist Ereigniser heescht dëse Kino lo "Utopolis Belval", an en ass suguer schon um Site vum Utopia-Grupp opgelëscht. Trotzdem wert dëse Verglach vill vun senger Wourecht behaalen, vu dass ech bezweifelen dass alles, waat d'Technik ubelaangt, erneiert gëtt. Ier et lassgeet awer nach folgend Info déi ech gëschter ragereescht kruut: D'Optioun "∞ Filmer fier 250€ an engem Jooer" gëtt et nët mei!

7. Wéi ass d'Bildqualitéit? (Bei net-3D Filmer)
Utopolis: Egal wou ee sëtzt, et huet een e schaarft Bild, mat engem gudde Faarwemix an ouni stéirend Elementer. Suwuel op de Säiten wéi och an der Mëtt huet een e gudd Kinoserliewnis, a wann ee vier sëtzt "verzerrt" d'Bild kaum bis guer net.
Cinébelval: Am Prinzip huet och dëse Kino eng gudd Projektioun; allerdings kënnt et hei ab und zu vier dass d'Bild kuerzzeiteg e bësse méi blatzeg gëtt, begleet vun engem klengen Tounfehler. Am aanere Kino haat ech dëse Vierfall nach net, mee hei schon 5-6 mol (et kann awer grad sou gudd Zoufall sin). Op jiddefall ass et just eng Klengegkeet déi de moment selwer zwar nervt, mee net weider steiert. E klenge Manko: wann een zimmlech vier sëtzt, "verzerrt" sëch d'Bild e bëssen zu engem Trapez, waat doru läit dass dei éischt Réi e gudd Stéck mi noo ass wéi beim Konkurrrent.

8. Wei ass d'Soundqualitéit?
Utopolis: Egal ob Geflüsters, Explosiouen, oder normal Gespréicher, de Sound ass konstant gudd! Eng ideal Lautstärkt, genuch Bass an eng gewëssen "Brillianz" zeechnen dëse Kino a punkto Sound aus, menger Meenung no.
Cinébelval: Och hei ass de Sound allgemeng ganz gudd. Allerdings gin et e puer Klengegkeeten déi mer opgefall sin an/oder mech gestéiert hun. Beispillsweis ass den Toun heiansdo en Tick ze hoart, sou dass een sech bei éischter méi haarder Szene denkt "hm, also bëssen deet et wei an den Oueren"; ech sin och schon mat engem liichten Piepsen am Ouer aus dem Salle gaangen, mee nach net oft. Wann een des öfteren am Utopolis war, an dann rëm an de Belval zréckgeet, dann fällt engem op (zumindest mer mol) dass dëse Kino zwar en ganz gudde Sound huet, awer dei "Briliianz" vun der ech beim Konkurrent geschwaat hun, fehlt!

9. Wei ass d'Qualitéit bei 3D Filmer?
Utopolis: Wann een en 3D Film wëll kucke gooen, da bezillt een 1.5€ fier de Brëll. Dësen liichten, an e Puer Faarwen erhaltbaren Brëll kann ee matheemhuelen an en déi nächst Kéier rem benotzen (oder, wann een sou blöd ass wéi ech, mengen dass een en Verluer huet, an dann nach ee kaafen bei der nächster Kéier, fier doropshin den aalen remzefannen, an sou engem Kinopartner e Brëll kënnen offréieren). D'Qualitéit vum Bild ass hei beandrockend an d'Faarwen verléieren sou gudd wéi keng Kraaft! 3D ass scho laang nemmei "et kënnt eppes op mech duer, ohnee ech muss ausweechen", mee et soll eng besser Bilddéifft schaafen, an soumat e Raumgefill vermëttelen! Enplus faalen engem verschidden Detailler besser op, waat warscheinlech doru läit dass d'Aaa net op eng "platt" Surface kuckt, oder zumindest kritt et daat viergespillt.
Cinébelval: Hei muss een bei all Kinosbesuch en uerdentleche Präis bezuelen fier sech en 3D-Film unzekucken. Dëst läit dorun dass eng aaner 3D-Method benotzt gëtt; dës Method setzt vieraus dass am Brëll eng kleng Battrie agebaut ass, dei de Brëll um Funktionéieren hällt. Duerch déi ganz Technik déi een dann op der Nues leien huet, kritt een d'Nues dann och gudd wéi no enger Stonn, an bei laangen Filmer woart een quasi nëmmen nach drop de Brëll auszedooen. Leider ass dëst net den eenzeje Problem! Donierft dass verschidde Brëller net funktionéieren (an Amplaaz gefléckt ze gin einfach rëm an d'Këscht zreckgeluet gin), verdäischteren dës Brëller d'Bild eenorm. Daat geet souguer sou wäit dass ganz däischter Szenen zu engem eenzejen schwaarzen Klompen verschmëlzen, an deelweis suguer den Ueleg-Effekt ensteht. (Den Ueleg-Effekt ass wann eng schwaarz Surface, deemno vu wou ee kuckt, rout, bloo an gring Plaatze weist). Daat ass mat den Haaptgrond fierwaat ech perséinlech keen 3D Film méi an den Cinébelval kucke gin, soulaang dës Brëller am asaatz sin. Am Prinzip bezillt een hei méi Geld, fier eng wesentlech méi schlecht Bildqualitéit an en schrecklechen "Trageconfort".

10. Waat maachen ech noom Film?
Utopolis: Noom Film kommen als éischt emol d'Credits, déi ee gefällegst kucke soll, schliesslech sin all déi Leit déi do opgezielt dofier gesuergt dass de Film der sou gudd gefall huet! Wann een aus dem Salle rausgeht kënnt een rem matten am riesegen Komplex raus, emgin vun zech Restaurants an enger Bar! Wann een um Open-Air Parking steht kann een also nach bis zum Bar-Schluss do sëtze bleiwen an duerno heemfueren (fierausgesaat et ass ee "Raoul" dobei ;) ).
Cinébelval: Eng ähnlech Situatioun fannen mer och hei. Nierft engem Restaurant an enger Bar an der Mall selwer fënnt ee baussen och nach 2 Restaurants an eng weider bar. Ween awer noom Kino nach eppes ennerhuele wëll, dee muss duerno meeschtens am Parking dropbezuelen, vu dass nëmmen 3 Stonnen gratis sin, bzw 0 Stonnen wann een dobausse steht. Allerdings gëtt et hei eppes daat mëch stéiert: Als een deen ëmmer bis zum komplette Schluss vum Film bleiwt, stéiert et mech extrem wann no 2 Minuten Credits déi éischt "Botzleit" kommen, an ongedëlleg drop woaden dass ech endlech fortgin. Net nëmmen kucken se di ganzen Zeit, mee se schwetzen och mat en een, oder fänken deelweis schon un fieru mer ze botzen... Fierun deem ganzen Circus, also kuerz fierum Schluss vum StoryDeel vum Film, kënnt allerdings och schon heiansdo een an de Salle, an dee sicht sech dann dei rouegst Szene am ganze Film raus fier sengem Kolleg um Walkie-Talkie ierjendeppes dermoosse Wichtegen mussen ze sooen -  daat kann d'Atmosphere komplett killen!

Sou, daat waren meng 10 Punkten fier dei 2 Kinos! Lo kënnt der décideieren weiee Kino fier Ierch de besseren bzw. de méi prakteschen ass. Obwuel ech um Belval wunnen ass mäi Favorit ganz klooer den Utopolis um Kierchbierg. Ech fannen dass deen allgemeng besser organiséiert ass, méi Frëndlech mam Client emgeet, an den 3D wéi och den Kino-Feeling zéien mech ëmmer rem dohin!

Fier d'Zukunft hoffen dass ech den Utopia-Grupp am Belval nach gudd Aarbescht verriichte wert, andeems se zum Beispill den 3D-System änneren, an déi aktuell (grujeleg) Keesesituatioun änneren, sou dass een seng Tickets an d'Futter eenzel kaafe kann. Loost mech an de Kommentarer hei drënner, op Facebook, per Mail oder suguer per SmS wëssen ob ech eppes vergiess hun, oder ob der nach eng Meenung dozou ze sooen hudd!

bis dohin,
stay tuned.



Dienstag, 18. Juni 2013

Utopolis vs. Cinébelval : Part 1

Oft gin ech gefroot weiee Kino mäi Favorit hei am Land ass; wann ech dann meng Änfert gin entsteht oft eng kleng Diskussioun tëscht den 2 Haaptkinoen hei am Land, also dem Utopolis an der Staat an dem Cinébelval (an Zukunft "Utopolis Belval" betitelt). Als heefege Kinogänger hun ech mer geduet ech kéint mer et erlaaben en Verglach tëscht deenen 2 Kinos ze zéien. Dëst maachen ech an 10 chronologeschen Etapen, vum Parking bis hin zum Salle verloossen. Haut veröffentlechen ech déi 6 éischt dovun, dës beschäftegen sëch méi mat deem waat fierum Film sou lass ass. Moa gëtt et dann den mei techneschen Aspekt, an de Fazit!

1. Wou kann ech parken? (Bezidd sëch op Owes ab 6 Auer)
Utopolis: Hei gin et 2 Méijlechkeeten. Entweder et stellt een sein Auto Open-Air op de Parking vun der LuxExpo (bzw. nierwendrun e bësse weider rop) oder geet an de Parking Sous-Terrain vum Auchan direkt nierwendrun. D'Open-Air Variant ass de gréissten Deel vum Jooër gratis, et kënnt zwar vier dass een en Ticket muss huelen fier ran ze fueren, mee wann een dann aus dem Kino kënnt brauch een en net mei fier raus ze fueren. De Parking am Auchan ass 3 Stonne laang gratis, an ab do kascht all hallew Stonn 50 Cent, méi wéi 3 Euro wert de Präis awer net iwwerschreiden.
Cinébelval: Och hei gin et 2 Méijlechkeeten. Genee wei beim Utopolis gëtt et eng Open-Air Variant an eng Sous-Terrain Variant. De Sous-Terrain bidd eng ähnlech Variant un mat de Präiser; allerdings bezillt een hei fier all ugefaange Stonn 1 Euro, déi 3 gratis Stonnen do fierdrun huet een awer och hei ze gudd. Den Open-Air Parking um "Parking Square Mile" ass allerdings zu kengem Moment gratis wéi ech grad duerch en Telefonat mat engem responsabelen rausfonnt hun!

2.Wéi kréien ech mäin Ticket, a wéivill kascht en? (Bezidd sëch op net-Kanner)
Utopolis: Ënnen gin et 8 Keesen, vun deenen oft 4-6 op sin (heiansdo och méi wann wierklech vill Leit do sin). Donierft gin et nach 4 Ticket-Automaten wou een mat der Visa-Kaart innerhalb vun nët mol enger Minutt säin Ticket kaafe kann. En normalen Ticket kascht 8,80€, an als Student geet dëse Präis op 7,30€ roof. E Film mat Iwwerlängt (also mat mei wei 150 Minuten), souwei en 3D Film kaschten 1 Euro méi. All Méinden kann een fier 6 Euro e Film kucke gooen, an Mëttwochs kann een als Orange-Client 2 Tickets zum Präiss vun engem kréien.
Cinébelval: Hei gin et och 8 Keesen, vun deenen allerdéngs oft nëmmen 3-4, selten och 5, a Betrieb sin (ausser, wéi schon Uewen gesoot, wann wierklech vill Leit do sin). Eng aaner Méijlechkeet fier säin Ticket sur Place ze kréien gëtt et net. En normalen Ticket kascht 9€, an och hei kritt een mat enger Studentekaart den Ticket fier 7,30€ ugebueden. Wann een eng Access-Kaart huet gëtt de Präis nach eng Kéier em 1,7€ reduzeiert. Fier en Film mat Iwwerlängt bezillt een e Startpräis vun 10 Euro, a fier en 3D Film 11€. Speziell offeren u bestëmmten Deeg gin et hei net.

3. Gëtt et e Sparpaket? (Bezidd sëch nëmmen op X Filmer zum Präis vun Y)
Utopolis: 5 Filmer fier 25€. Dëst kënnt raus op 5€ pro Film, waat däitlech ënnert dem Standart-Präis läit. Dës 5 Tickets sin awer nëmmen 1 Mount gudd, et huet een also besser e Kolleg mat ze huelen, wann een net all Woch an de Kino geht.
Cinébelval: 10 Filmer fier 60€. Dëst kënnt op 6€ pro Film raus; wéilaang dës Tickets gudd sin géiff ech ierch ganz gäere sooen, mee weder den Internet-Site liwwert dës Informatioun, nach hierwt säit 35 Minuten keen den Telefon bei hinnen op. Och dëse Präis läit e gudd Stéck ënnert dem normalen Präis. Enplus gëtt et nach eng zweet Formel, dës Beseet: ∞ Filmer fier 250€, an dëst gëllt fier 1 Jooër. Als Mathe-Student kann mer d'Remark net verknäiffen dass d'limite vun 250/n op 0 tendéiert wann n op ∞ tendéiert, waat de Präis natierlech onschlagbar maache géiff. Realistesch gesin kommen ech awer éischter op 4-5€ pro Ticket; daat hun ech doru gemooss dass ech, een deen oft a vill kucke geet, an der Regel 50-65 mol (Statistik enspréngt mengen leschten 3 Kinos-Jooren) am Jooër an de Kino gin. Wanns du also sou oft, oder suguer méi oft geess, dann lount sech dëst Abonnement!

4. Waat gëtt et fier Snacks, a waat kaschten se?
Utopolis: Iwwer Viva, Cola, Fanta, Energy-Drinks bis hin zu Vitamin-Drinks kritt een all déi klassesch Gedrénks déi een sou kennt. Nierwt dem klasseschen Kino-Snack dem Popcorn, gin et eng grouss Auswahl un Kamellen, Nachos, Schokola-Stuff an Glacen. Enplus gëtt et nierft dem séissen Popcorn hei och salzegen Popcorn (deen verschidde Leit anscheinend gäeren hun... e Gedanken a Goût mat deem ech mech net ufrënde kann :P) AN et gin ganz Tuuten Chipsen ze kaafen, mat eepesche Klassiker wéi den Erdnussflocken oder dem Monster-Munch!
Cinébelval: Natierlech gin et och hei all méijlech Softdrinks, Kamellen, Nachos, Schokola an Glacen. Et gëtt suguer eng Art "Menü" wou een eng Béchs Bofferding-Béier zesummen mat enger Portioun Nachos kritt! D'Präisser si bei deenen 2 Konkurrenten zimmlech équilibréiert. Allerdings ass d'Gedrénks am Belval e klengt Stéck méi deier.

5. Wéi laang woaden ech fierum Film? (Bezidd sech op de Retard)
Utopolis: Am Géijensaatz zu de Rumeuren déi nach vu fréier iwwreg sin, muss een net deelweis 20-30 Minuten an der Schlaang fierum Salle verbréngen. Sie hun an de leschten Jooer vill un hierem Timing geschafft, hun kaum bis guerkeng Verspéidung méi. Ween natierlech schon 20 Minuten fierum Filmstart prett ass, dee muss vläit 5-10 Minuten woaden bis de Salle propper gemaach gouff.
Cinébelval: Och hei ass selten Verspéidung, mee a leschter Zeit huet et sëch "verschlëmmert". Aus dem  Kino deen eng Kéier iwwerhaapt keng Waardezeit war, ass e Kino gin bei deem heiansdo alt fierun der Dier woade muss bis se de Salle fräi gin (och wann et schon iwwert d'Startzeit vum Film raus ass). Et ass mer och schon e Puer mol vierkomm dass de Salle réicht opgemaach gouff wou d'Traileren schon umgaange waren.

6. Wéi sin d'Säll, a wéi fannen ech meng Sëtzplaatz?
Utopolis: D'Säll am Utopolis hun alleguer ganz verschidde gréissten, sou kënnen se déi klengst Säll deenen "eelsten" Filmer widmen, an déi nei grouss Attraktiounen laafen an den grousse Säll. Am Utopolis huet sëch awer eppes net verännert: et gi keng reservéiert Sëtzplaatzen. Vill Leit gesin dëst als e Nodeel, mee mech stéiert daat wierklech net. Eischtens hëllt daat e gudd Stéck manner Zeit an der Kees wesch, an zweetens: bis lo haat ech nach kee Problem eng Plaatz ze kréien, ausser eng eenzej Kéier, wou ech ze spéit war. Daat läit ënner aanerem um Opbau vum Salle. Déi éischt Rei ass e gudd Stéck vun der Leinwand wesch, a suguer an den (vun ville Leit verhaassten) 4-5 éischte Reihen sëtzt ee gudd an kritt e gudd Bild vum Bild, ouni duerno mat Genéckschmerzen rauszegooen. Doduerch dass hei déi fiicht Reihen och gudd sin, gin quasi méi "Plaatzen" geschaaf déi d'Leit wëllen. Grouss Leit werten sech eventuell beklooen dass net genuch Plaatz tëscht dem Sëtz an der Reih fierdrun ass, fier seng Been uerdentlech ze postionéieren... e Fakt deen ech net wierklech kontrolléiere kann! Kee vun de Sëtzer huet eng Kappstütz, mee ech hun daat perséinlech leiwer, et ass mei fräi an oppen doduerch; enplus sin d'Sëtzer e bësse mei mëll, waat se och zimmlech bequem mëcht.
Cinébelval: Nierwt 2-3 gréissere Säll huet dëse Kino nach 4 mi kleng Säll. Weieng Filmer a weiengem Salle laafen hun ech nach net ganz verstaan. Zu Zeiten vu Caramba haat ech d'Impressioun wéi wann d'Filmer vum Salle 1 bis Salle 7 hierer IMDb-Bewertung entspriechend laafe géingen, mee daat kann och nemmen Zoufall gewiercht sin. Mëtlerweil erkennen ech keen System, an sin heiansdo enttäuscht wann e wierklech gudde Film am Salle 5 oder 6 leeft, wärend Hanni und Nanni am zweetgréisste Salle leeft. En Fierdeel awer: an der Keess kann een sech seng Sëtzplaatz aussichen an reservéieren. Dëst ass wierklech praktesch, mee féiert an dësem Komplex zu engem grousse Problem. Doduerch dass d'Iessen an d'Tickets gleichzeiteg bezuelt gin, dauert den Ticket-Kaaf méi laang. Wann dann och nach all déi "gudd" Plaatzen scho reserveiert sin, kann sëch de Kaaf nach e gudd Stéck méi laang zéihen, well d'Leit dann ufänken ze diskutéieren, oder sëch suguer fier e ganz aanere Film décidéieren! Donierft fannen ech dass d'Säll en erdréckend Gefill vermëttelen. D'Maueren vum Salle sin quasi direkt nierft dem Ecran, waat deem ganzen e gewëssenen "Këschten"-Effekt gëtt; fier mech kennt net déi richteg Kino-Athmosphere riwwer, wéi een se am Utopolis fillt. Enplus sin déi Puer éischt Reihen quasi net besetzbar, ouni dass een duerno mat engem Genéckschued rëm rausgeht; daat Läit ënner aanerem och dorun dass tëscht der Leinwand an der éischter Réi wesentlech manner Plaatz ass wéi am Utopolis, sou dass déi 3t oder 4t Rei am Belval, der éischter aus dem Utopolis entsprëcht. D'Sëtzer sin (an daat steet genee sou op hierem Site) iwwerdimensionéiert, an och zimmlech bequem. Déi éischt puer Reihen hu keen Kappdeel, well ee soss net no uewe kucke kann!

Den zweeten Deel vun dësem Verglach kënnt moa, a beschäftegt sëch, wéi scho gesoot, mam techneschen Aspekt. Wëll also heeschen dass ech an den Detail agin waat d'Bild, den Toun an den 3D betrëfft.

bis dohin,
stay tuned.



Montag, 17. Juni 2013

"Utopolis Belval"

.. sou wert an Zukunft e Kino hei am Land heeschen! Jo, der hudd richteg gelies, den Utopia-Grupp huet den Cinébelval opkaaf, an erweidert domat säin Herrschafftsberäich em e gudd Stéck, an daat an engem neie Gebidd fier sie; fier de Minetter ass dëst lo dei noost Méijlechkeet fier d'Utopia-Erfahrung ze widderfueren!


Strategesch gesin ass daat Ganzt natierlech eng exzellent Aktioun vum Utopolis, net nëmmen besëtzen sie lo sou zimmlech all grousse Kino hei am Land, mee se hun och nach baal de Monopol (oofgesin vun de klengen Caramba-Kinoen). Op daat lo eng gudd Saach ass, ass nach ze diskutéieren, ech hoffen se misbrauchen dës Positioun net! Weider Informatiounen werten dann wuel an den nächsten Deeg nookommen. Ech perséinlech hun e puer Erwaardungen an wënsche mer dass den, bis lo zimmlech intelligenten Utopia-Grupp, dës emsetze wert. Moa bréngen ech dann och mäin Post wou ech den aktuelle Cinébelval mam Utopolis vergläichen, an kann dann um Schluss io nach heirop agooen!

Merci awer och dem Luca gesoot, dee mech op dës News opmierksam gemaach huet! (awer natierlech och un dei aaner 4 dei mer de Link gescheckt hun mam Befehlt "maach e Post!" ;D )

bis dohin,
stay tuned.



Sonntag, 16. Juni 2013

Immer wieder Sonntags...

... schreiwen ech puer kleng Ideen an Gedankegäng zu neie Saachen oder zu den Artikelen vun der vergaangener Woch; haut haalen ech mech awer kuerz, well moa steht de leschten Examen um Plang, an ech widderhuelen d'Saachen awer nawell eemol gäer.

Alles waat ech haut trotzdem sooe wëll ass dass ech ugefaangen hun mer Gedanken iwwert dei ganz Vlog-Idee ze maachen, an och schon dei eng oder aaner inhaltlech Froo fier den alleréischten Vlog gekläert hun. Dësen alleréischten Vlog wert eng sougenannten "Pilot"-Folg sin, also déi éischt Folg, déi e bëssen en Abléck an d'Konzept bidd. Duerno werten leider 3 Wochen vergooen an deenen ech kee Vlog wert kënne maachen, mee no der Zeitperiod wert et dann hoffentlech eng regelméisseg Affaire gin! Ech hoffen der bleiwt bis dohin um Ball, an ech sooen nach eemol Merci fier dee coole Feedback deen och weinst der Vlog-Idee kritt hun!

bis dohin,
stay tuned.



Samstag, 15. Juni 2013

Dräihonnert!

Nodeems ech gëschter um Video-Freiden deck zefridde mam Inhalt war, gouff ech nodréijlech awer nach vun diverse Leit ugeschwaat, fierwaat ech deen Film-Trailer posten, amplaaz en Aaneren! Déi Kritik kann ech net op mer sëtze loossen an posten lo deen aanere besooten Trailer; e Film deen op mannst grad sou gäil gëtt wei den Hobbit, mee kuckt selwer:


D'Meenungen zum "300" gin io weit auserneen, ech fier mein Deel sin awer op der Säit vun de Befürworter an freen mech mei e Kichelchen op dësen Deel :D

bis dohin,
stay tuned.




Freitag, 14. Juni 2013

Video-Freiden: The Hobbit

Nach nie an der Geschicht vun dësem Blog ass et mer sou einfach gefall en Video fier Freides ze fannen wéi dës Woch! Warscheinlech hun 90% vun der Weltbevölkerung de Video scho gesin, obschons en réicht 3 Deeg rondremkurséiert, mee als Qualitéitblog MUSS ech en einfach posten ;)


Can't wait! Dezember... amfong ass et auszehaalen, et erwaarden eis io nach e Puer gudd Filmer bis dohin!

bis dohin,
stay tuned.



Donnerstag, 13. Juni 2013

Movies: Mud

Mud - by Jeff Nichols

Infosite mat Traileren a Biller

Am "Mud" geet et ëm en 2 Teenager-Bouwen déi am Bësch op enger Art Insel uewen op engem Baam e Boot fannen, daat warscheinlech duerch eng Flut dohi gerooden ass. Vierwëtzeg wéi di 2 Bouwe sin, klammen se rop an schnupperen bëssen rondrem; dobäi mierken se dass an deem Boot ee wunnt. Et stellt sech raus dass dee wou do wunnt op der Sich no senger grousser Léifft ass, mee dofier awer Hëllef brauch, enplus vestoppt en sech fierun der Police! Dësen Tipp dréit de Numm "Mud".


Zimmlech fréi am Film schléissen d'Kanner an de Mud eng speziell Frëndschaft; sie brengen him e bëssen Iessen, an hëllefen him mam Boot. Vu dass dei 2 Bouwen an éischter "aarmen" Verhältniser opwuessen, kennen sie sech gudd mat Technik an Wurschteleien aus an kënnen aus sou zimmlech all Schrott eppes brauchbares bastelen. De Mud traut sech allerdéngs net an d'Zivilisatioun well en gesicht gëtt vun Police, an schéckt doweinst den Ellis, een vun den 2 Bouwen, lass fier senger Léifft, dem Juniper (gespillt vum Reese Witherspoon) eng Botschaft ze bréngen.

Dëst Post-Spill zidd sech duerch de Film nach besse fierun, an sou entweckelen sëch dei 2 Jongen zu enger Art "Geheimagenten" under cover. Nierwt den Abenteuer déi se duerch de Mud erliewen, hun dei 2 natierlech och e Privatliewen... a waat maachen 2 Jongen an deem Alter? Genau, se maachen allerhand Saachen dei se net sollen, an fäerten näicht, waat deenen 2 e gewëssebe Charme gëtt! Allgemeng sin d'Leit an dësem Film éischter vu simpler Natur; keng komplex a fancy Wierder, se schwetzen einfach wei et hinne grad kënnt, an nuschelen wéi et grad passt. An genee daat huet mech zimmlech faszinéiert; d'Fähegkeet vun den Schauspiller hier Sprooch zou gudd ze veränneren; besonneg dem Matthew McConaughey seng Leeschtung stëcht raus!

De Film ass allgemeng wierklech flott ze kucken, an et deet gudd mol rem eng Kéier richtege Bouwen beim Spillen an Rëmlümmelen nozekucken! Spannung ass zwar am ganze Film präsent, mee bis zum Schluss hällt se sëch a Grenzen, waat awer näicht schlechtes ass; sou hun ech zum Beispill net beemol geduet "lo kéint awer mol eppes gescheien", well et gescheien definitiv genuch Saachen! Spannend gëtt et awer wei gesoot réicht su richteg um Schluss, deen och zimmlech gudd gelongen ass!

Oofschléissend kann ech sooen dass dese Film zu 100% empfehlenswert ass: d'Schauspiller iwwerzeegen, de Film ass gudd vollgepaak mat Witz an Charme, an et ass en gelongenen Kulissenwiessel; endlech mol rëm e Film deen net an ierjendenger Groussstaat stattfënnt! Ech gin dem Film 7.8/10 op der berühmter Ulmerich-Skala!

bis dohin,
stay tuned.



Mittwoch, 12. Juni 2013

Nei Hoffnung fier Nintendo

Nodeems ech a leschter Zeit ëmmer gäeren mol rem erwähnt hun dass Wii U Besëtzer, sou wi ech, bis lo zimmlech enttäuscht an mat eidelen Hänn do sëtzen, hun ech mei wéi eng Kéier driwwer noogeduet waat nëmmen mat Nintendo lass ass; ech hun et marketing-technesch extrem domm vun hinne fonnt eng nei Konsol rauszebrengen, a sou gudd wei kee Spill vun hinne selwer, sou dass d'Konsol bis lo mat  3rd Party Spiller iwwerfluut gëtt, wouvun nëmmen e Brochdeel och wierklech gudd ass. Gëschter ass dann awer en offizielle Video vun Nintendo rauskomm, an deem eng gudd Partie nei Spiller ugekënnegt gin; vläit din d'Hoffnungen an d'Wii U dach nach net verluer!

Bis lo war amfong just bekannt dass Nintendo vill getéint huet am Sënn vun "mer brengen daat, daat, daat an daat raus, aaaawer reicht Mëtt bis Schluss 2014", waat 1,5 Jooer noom Release vun der Konsol wier... Et stellt sech awer lo, Gott sei Dank, raus dass dës Aussoh falsch ass. An hierem Video schwetzen se vill Titelen un op dei een woad, an dei een sech eigentlech e gudd Stéck éischter erwoad hätt, wéi zum Beispill den allseits beleiwten Mario Kart, oder en neit Zelda-Spill. Ech gin elo ganz kuerz op vereenzelt Titelen an; ech kann am Viraus sooen dass een, vun deem waat d'Videos weisen, mierkt dass Nintendo endlech rëm op d'Spuer vun "Gameplay ass mei wichteg wei Grafik" fiert, ouni dobäi awer 10 Jooer hannendran ze henken waat d'Grafik ugeet.


Fier Dezember 2013 hun se en neien 3D Mario ugekënnegt, dësen dréit den Titel "Super Mario 3D World". Am Gameplay-Video gesäit et fier mech awer net no engem klassesche Mario, wéi ech mer e wënschen, aus, mee méi no engem Sidescroller bei deen een ab und zu och fräi rondremlaafe kann. Eleng de Fait dass een um Schluss vum Level un d'Staang muss sprangen huet mech enttäuscht, schliesslech hun se schon sou e Mario rausbruet! Ech hätt leiwer eppes am Genre Mario 64 oder Mario Sunshine gehaat, mee bon; schlecht geseit et awer net aus! Gleichzeiteg ass fier de November 2013 en neien Donkey Kong Titel geplangt; et ass en neien Deel aus der Country Serie mam Numm "Donkey Kong Country Tropical Freeze". D'Serie war bis elo en puren Sidescroller, mee dës Kéier benotzen se dei drëtt Dimensioun och anstänneg, an d'Spill gesäit zimmlech gudd aus, a fierun allem dynamesch, waat een vum Mario net behaapte kann!

"The Wonderful 101" ass en neit Spill daat Nintendo entweckelt huet, an ech kenne kee vergleichbart Spill. Et steiert een eng Onmass vu Charakteren, dei eleng zimmlech Null sin, awer am Team eepesch Attacken an Formatiounen ausféieren kënnen. Dës nei Franchise wierkt wierklech cool an den fréien Datum vum 15te September 2013 ass och méi wi wëllkomm, dës Konsol brauch endlech gudd Spiller!
 

Nach e Spill daat eis dëst Jooer am Oktober erwaarde wert ass de Remake vum GameCube-Tophit "The Legend of Zelda: Wind Waker", deen dës Kéier den Titel "The Legend of Zelda: Wind Waker HD" dréit. Et ass exekt daat selwescht Spill, just am HD; ech ka mer vierstellen dass et fier Neulinge cool ass daat rem ze erliewen, mee gleichzeiteg gesin ech och kommen dass et eventuell bësse langweileg gëtt, wann een d'Spill scho kennt? Fier déi Leit déi daat langweilt kënnt am Oktober nach e Spill raus, daat wierklech deck gäil ausgeseit, an hoffentlech senger Franchise all Eier mëch: "Batman Arkham Origins". D'Serie ass bis lo en genialt gelongent Spill, a gëtt oft als en "GTA mam Batman" bezeechent; gudd dass endlech sou eppes fier d'Wii U kënnt!

Fier d'Jooer 2014 erwaarden eis natierlech nach onzieleg Titel fier d'Wii U, 3 dovun sin ënner aanerem "Mario Kart 8" , "Super Smash Bros." an "Bayonetta 2"(Bayonetta 2 ass eng Art "Devil May Cry" fier d'Wii U, a gesäit zimmlech impressionant aus, hoffentlech hällt et waat et versprëcht). Zum Mario Kart kann ech nëmme sooen: ech si begeeschtert! Net nëmmen hun se aus all Mario Kart dee bis lo do war daat bescht rausgeholl, mee d'Grafik ass richeg chique, an se hun sech mat engem klengen Detail onwarscheinlech vill nei Méijlechkeeten opgemaach: Anti-Gravitatioun. Lo sin d'Kursen net méi Platt, mee se gin op d'Kopp, et fiert een op der Mauer, op der Kopp, ënner Waasser, et kann een zeitweis fléien, an hoveren schéngt och ze gooen! Am Gameplay Trailer gëtt enplus vill gedrift, waat schléisse léisst dass dei eenzel Strecken anspruchsvoll kënne sin!

Wou mer grad bei Multiplayer-Spiller sin: Super Smash Bros. fier d'Wii U gesäit op mannst grad sou gudd aus! D'Grafik ass d'selwescht chique, an et gouffen suguer direkt am Trailer 2 nei Charakteren viergestallt: een aus Animal Crossing (deen ass bësse random) an den laang ersehnten Megaman, dee menger Meenung no scho längst dobäi hätt misse sin. Den Trailer stellt dëse Charakter e bëssen overpowered duer, mee daat ass hoffentlech nëmmen fier ze weisen dass heen lo do ass. Fier vill Leit wert dësen Titel, zesummen mat Mario Kart 8, e gudde Grond duerstellen sech d'Konsol ze kaafen!


Allgemeng fannen dass sëch d'Saachen déi se presentéieren richteg gudd unhéieren an ugesin, wéi se sech spillen werte mer dann réicht mi spéit rausfannen, genee wéi mer réicht werte rausfannen wéini dann lo endlech Pikmin 3 rauskomme wert! Wann d'Spiller haalen waat se verspriechen, da kann et sin dass Nintendo sëch a leschter Sekonn gerett huet, an warscheinlech mol net als Veléierer vun der E3 wert heem gooen (moien Microsoft). Ween sëch e bessert Bild verschaafe wëll an 40 Minuten zeit huet, kann dëse Video kucken:



bis dohin,
stay tuned.








Dienstag, 11. Juni 2013

Good move Sony!

Seit  neistem wësse mer dann endlech wéi d'PlayStastion 4 wert ausgesin. Seit ech fierun 2 Wochen déi nei "Xbox One" liicht kritiséiert hun, hun ech drop gewaard gewuer ze gin waat d'Playstation dann alles u Features mat sech bréngt. Ech wert dorop warscheinlech nach bësse méi Déiff agooen fier dann och schlussendlech en uerdentleche Vergläich kënnen ze zéien; metlerweil gin et neemlech nach nei Infos zur Xbox, ënner aanerem de Präis, deen awer och scho bei der Playstation bekannt ass.


Déi éischt Infos déi een awer vun der neier PS4 héiert, sin eenorm; mat den Aussooen dei gemaach gouffen erliewe mer grad een vun de wuel direksten Ugrëffer op d'Konkurrenz! Alles waat un der Xbox One kritiséiert gouff, huet sech Sony, wéi et schéngt, notéiert an all daat NET bei hierer neier Konsol gemaach, a genee domat prahlen se lo rondrem; zurecht! E besseren Preis (100 Euro manner), manner nëtzlos Features, mei en fairen System wann et em "Spiller léinen" geht, an keen Onlinezwang si Punkten mat deenen d'PS4 uerdentlech Fans gewanne wert. Wann Microsoft net dach nach ierjendwéi noogëtt mat hierer Idee, da wësse mer ganz klooer weieng Konsol de Marché dominéiere wert... An ech sëtzen hei, a woaden nach 1 Jooer dass endlech gudd Spiller fier meng Wii U rauskommen ;D

Waat haalt der bis lo vun deem waat en sou vun de Konsolen héiert? Schon e Favorit fier ierch fonnt, oder sidd der och gestrandet mat enger Wii U déi een net benotze kann momentan?

bis dohin,
stay tuned.



Montag, 10. Juni 2013

Guest Post: Waat ass Intelligenz?

Haut kridd der rëm eppes ze Liesen waat net aus menger Tënt staamt, an zwar dës Kéier vum Gerson, dee mer en héchst intressanten Artikel zum Thema "Intelligenz" geschriwwen, zu deem ech mech spéider des Woch och nach äussere wert! Vill Spass beim Liesen!

Waat ass Intelligenz?
Déi Froo hunn ech mär schon oft genuch gestallt, mee an leschter Zeit wiesentlech méi oft ungesiichts vun den Examen. Vill Leit probéieren quantitativ Intelligenz ze klasséieren, sieff et lo mat engem Intelligenzquotient-Test oder mat Punkten an engem hierarcheschen System, deen d'Schüler deemno bewert, waat sie an enger Prüfung oder engem Examen leeschten. Kann een wierklech sou einfach pauschal Eppes iwwer engem Mensch seng Intelligenz aussoen, bzw. vun sengen Resultater schléissen op heen gescheit ass oder net?

Meechtens get Intelligenz einfach mat Wessen verbonnen. Leit wou also vill Allgemengwessen hunn, gin oft als intelligent consideréiert, während aannerer net dermoosen an Betracht gezunn gin. Ass also puert Wessen den Critère deen onmettelbar Eppes iwwer d'Intelligenz ausseet? Menger Meenung noo leit bei desser Siichtweis en klengen Problem fier: Wessen kann een sech unsammelen, daat heescht falls Wessen = Intelligenz wär, kéint een sech also och Intelligenz unsammelen.
Aannererseits get Intelligenz eenzel betruecht oft als "ungebuer" ungesin, d.h. déi kognitiv Fähegkeeten kéinten net ungesammelt gin, héichstens fleit verbessert duerch vill Übung.


Beispill: Biologen hunn rausfont daat gewessen Leit gin mat enger Prédispositioun gebuer fier Fächer wéi Mathé; en Deel vun hierem Gehier, deen am inferioren temporalen Gyrus leit an deen ledeglech 1-2cm grouss ass an dofier aawwer bis zu 2Milliounen Nervenzellen opweist, verschafft Zuelen extrem schnell an d'Persoun huet doduerch méi Liichtegkeet am Emgang mat Mathé. Et get och nach oft behaapt Männer hätten et an der Mathé méi liit well bei hinnen aannescht wéi bei den Fraen déi riets Gehierhalschend dominéiert, während bei den Fraen déi 2 Halschenden besser interagéieren an sie doduerch jo laut Cliché och besser am Multi-Tasking sin. Tatsächlech schengen déi Suppositiounen wouer ze sin an déi genannt Gruppen sin funktiounsspezifesch besser, och wann et emmer rem Ausnahmen get, bzw. bei Leit an deenen Gruppen d'Bildung vun deenen Fakultéiten och extrem verschidden kenen sin. Aannescht get et aawwer och Leit déi extrem vill Talent fier Funktiounen opweisen, déi biologesch bzw. genetesch gesin hautdesdaags nach onschlesseg sin. Doduerch geréid lo also déi éischt Suppositioun dass Wessen = Intelligenz ass an d'Wanken: Vill Leit hunn Fakultéiten biologesch besser entweckelt wéi aannerer, also kéint een soen daat biologesch gesin och Eppes eng Roll spillt, aannererseits kann een och daat do net wierklech als Intelligenz assimiliéieren well dorop op Eppes ze schléissen eng Induktioun wär, déi aawwer an villen Fäll géigenbewiesen kann gin.
Eischten Fazit: Alleng schon den Ursprong vun der Intelligenz ass also haart ze knacken; biologesch Prédispositiounen an Wessensvermettelung kenen et ausschléisslech net sin, déi alleng bestemmend iwwer eis Critèren fier Intelligenz betruecht gin.

Befaasen mir eis lo mol mat der Froo op et wierklech nemmen d'Intelligenz als festen Corpus get, oder et souzesoen Branchen dovun get, an déi een se ennerdeelen kann. Vu daat mär aawer am éischten Deel d'Intelligenz net kloer définéiren konnten, schaffen ech an deem heiten Deel léiwwer mam Begreff Wessen.
Déi Froo schengt op éischten Bleck méi einfach, alleng wann een sech d'Schoulfächer unkuckt: Puer Leit stierchen an den Sproochen besonneg eraus, aannerer an den Naturwessenschaften, aannerer an den Sozialwessenschaften an aawwer get et der emmer rem déi anscheinend an naicht extrem talentéiert sin. Ech gesin an deem heiten Kontext 2 Problemer:

1) Meechtens get emmer probéiert an eisem System eng Hiérarchie, an domadder eng Uerdnung, festgesaat ze gin, waat aawwer falls een all Branche als Componente vum Wessen ungeseit, komplett irrelevant ass. Op een lo besser eng Intégrale rechnen kann oder d'ganz Geschicht vun den Réimer kennt, ass also beides en Zeechen vun Wessen, well een beides léieren kann bzw. beides Eppes iwwer gewessen geeschteg Fähegkeeten ausseet; beides muss een an enger Èischter Phase léieren an dono unwenden. Fier déi Leit déi behaapten Geschicht kéint een och auswenneg léieren an gudd punkten:
Versicht mol andeems där nemmen ärt Buch auswenneg léiert en Lien teschend verschidden Revolutiounen an den Conditiounen dofier ze maachen; mat auswenneg léieren alleng geet daat net, Historiker aawwer befaasen sech och mat Uwendungen vun deem waat se léieren fier op Eppes ze schléissen an deen Prozess ass an gewessen Moosen assimiléierbar mat Eppes waat een errechnen kann. Et huet also keen Wert lo probéieren auszesoen een Fach ass méi einfach wéi en aanneren, schlussendlech ass daat eng individuell Saach an kann net tel quel mat Intelligenz verglach gin! Een Mensch deen keng Mathé kann, ass fleit an der Mathé eng Null, mee an aanneren Bereicher en Ass an dowéinst net automatesch domm. Also brengt et och naicht z.B. lo auszesoen daat eng Sectioun méi schwéier oder einfach ass, well all Mensch et aannescht geseit.
Ech fannen beispielsweis, als B-Schüler, d'Sectioun G an gewessenen Aspekter méi schwéier: Sie léieren fachspezifesch gesin an gewessenen Fächer net sou vill Detailer, mee hunn vill méi Fächer an mussen beweisen daat sie an allen Fächern Eppes leeschten kenen. Den Haaptennerscheed leit heibei, daat een deen Examen gudd packt falls een alles auswenneg léiert an rem rausspeitzt, an daat ass an Fächern wéi Eco, Histo an Socio méi einfach wéi an Fächern wéi Physik oder Mathé, mee daat leit net un deenen Branchen vum Wessen selwer, mee un eisem Schoulsystem, also kann een déi net inférioriséieren.

2) Den éischten Abschnitt erwähnt et schon kuerz, mee ech wel deen Problem lo spezifesch och ungoen: Auswenneg becksen. Falls ech mär daat sou unkucken, héieren ech vun villen Leit daat sie einfach auswenneg léieren well et hinnen dann einfach fällt daat am Examen remzegin. Dofier kréien sie och Punkten, well falls den Text tel quel wéi am Buch do steet kann keen Eppes drun aussetzen, mee daat zeiht menger Meenung noo lo net vun Intelligenz. Falls een daat geléiert opmanst versteet oder deelweis verhält, gesin ech doran en Senn: Et ass eng Method sech Wessen unzeeegen, déi mat Verständnis nach méi einfach fällt. Mee den Problem, an genee do leit meng kleng Camus-esch Seit vun der Révolte géint deen System, ass: Déi meescht Leit verstin net waat sie do schreiwwen, bzw. speitzen Eppes auswenneg rem mat deem sie net vill unfänken kenen,fier Punkten ze kréien. Daat mierkt een och gudd an der Schoul während dem Joer: Déi Leit déi meechtens dobai sin an gudd oppassen an och matschaffen, hunn et natierlech méi einfach besser Noten ze schreiwwen, mee falls sie net an Kaaf huelen welen an gewessen Fächer alles auswenneg ze léieren, kréien se manner wéi déi aanner, well een heiansdo Eppes klenges vergesst bzw. als sous-entendu ophelt, well een daat Geléiert verstaan huet an domat schafft.


Daat heescht, net nemmen Hierarchisatioun vun den Wessenbereicher, mee och d'Suppositioun daat Punkten Eppes iwwer Intelligenz aussoen, sin an mengen Aen irrelevant, well een net einfach dorops op en Wiesen schléissen kann!
Ech kennen Leit, déi an der Schoul vill manner Punkten hunn wéi aannerer, aawwer mat deenen een Konversatiounen op dermoosen Niveauen féieren kann, wéi déi mat gudden Punkten et sech net erdreemen kenen; virun allem erwähnenswert an deem Aspekt ass d'Menschekenntnis och nach. Wéi oft héieren ech z.B. iwwerhieflech Kommentaren iwwer aanner Leit waat hieren Bildungsniveau oder Intelligenz betreft, wou ech mer denken déi zoustänneg Persoun hätt léiwwer besser den Mond ze haalen an rem weider auswenneg léieren ze goen, wéi aannerer wéinst hierer Aart an Weis ouni auswenneg becksen d'Schoul unzepaaken ze kritiséieren. Alleng daat léist schon vill op hiert Menschenverständnis schléissen.
Ech kennen der aawwer och déi éierlech soen daat sie Eppes auswenneg léieren, well sie et net verstin an soss keen Moyen gesin daat ze packen; ech wel och op deen heiten Aspekt pochen. Ass et net traureg daat eisen System sou weit ass daat ouni auswenneg léieren eng grouss MajoritÈit an villen Fächer net genuuch och héichstens Grenzwerter hunn? Fierwaat net Wessen vermetellen an daat net och ze applizéieren versichen, wéi et an den Naturwessenschaften schon den Fall ass
oder bei den literareschen Analysen!

Schlussendlech, bleiwwt also festzehaalen, daat obwuel ech lo vill geschriwwen hunn, ech nemmen eng "partie infinietésimale" vun déier ganzer Diskussioun opgegraff hunn déi mär perséinlech lo um Härz lung. Et kéint een nach op sou villes aanneres zu schwetzen kommen, mee leschtenenns kent een menger Meenung noo nemmen op eng Schlussfolgerung: Den Begreff Intelligenz ass subjektiv an dovun oofhängeg waat een besonneg als zeechen dovun betruecht, mee daat waat ech an der Lescht an den Examen gesin, auswenneg léieren an remkatzen well een Eppes net versteet, mee an den Examen fier Punkten dozou gezwongen get, ass menger Meenung noo ganz kloer net mat Intelligenz gleichzesetzen.





Sonntag, 9. Juni 2013

Sonndesried

Gudden Owend dier Dammen an dier Häeren,
mer hun eis haut op dësem Sonndeg Owend versammelt fier dem Sven, also mer,  säi Gebraddels ze lauschteren, beziehungsweis ze liesen! Dozou sierf gesoot dass ech e puer Ukënnegungen maache wëll, beziehungsweis erkläeren waat d'nächst Woch alles op Ierch duerkënnt.

Ugefaang mat der klenger Këscht uewe Riets um Blog. Do steet säit Längerem schon dran "Cinébelval vs Utopolis"; weini genau daat op dësem Blog öffentlech gemaach gëtt, ass nach onbekannt, vu dass ech probeieren sou dee Verglach sou uerdentlech wei méijlech ze gestalten, an ech nach emmer net zefridden sin, sou wei en momentan ausgeseit, beziehungsweis, wei en sëch liest. An deem Post geet et awer drëm sou objektiv wéi méijlech dei 2 Haaptkinoen aus dem Land ze vergleichen, well se hun allen 2 hier Vierdeeler, an och Nodeeler!

Eng Movie Review steht och nach um Programm, mee dee Film iwwert dee ech schreiwe wëll kënnt hei réicht raus, also woaden ech nach domat, fier dass d'Leit net schon rëm alles vergiess hun waat ech verzaapt hun! Mee vu dass d'Primaner lo offiziell fräi sin, kann ech rem an der Woch an de Kino gooen, sou dass ech dës Woch e Puer nei Filmer op Lager kréie wert; Movie Reviews kommen der also gleich rem e Puer!

An dann fennt een, last but not least, och nach en neien Guest-Post an der Këscht; dës Kéier kennt deen vum Gerson, dee mer eppes iwwer "Intelligenz" geschriwwen huet, waat wierklech liesenswert ass! Dësen Artikel kritt der héchstwarscheinlech moa ze liesen! Wou mer grad bei Posts vun aaneren sin, kann ech dann nach sooen dass de Luca dës Woch ganz fleisseg war, an mer an noher Zukunft warscheinlech nach en Artikel vun him hei werte liesen!

bis dohin,
stay tuned.



Samstag, 8. Juni 2013

Ech hun do sou eng Idee...

... an zwar huet se mam Video-Freiden ze din! Bis lo hun ech sou gudd wéi all Freiden e Video gepost, sierf et een ganz neien, eng gudd aal Kamell, oder einfach een aus menge Favoriten. Gleichzeiteg mierken ech awer och un de Viewerzuelen dass de Video-Post ëmmer bei wäitem manner Klicks kritt, wéi all déi aaner Posts vun der ganzer Woch, waat warscheinlech doru läit dass dei meescht Leit Freides Owes eppes Besseres vier hun wéi mäi Blog ze liesen, an daat ass och verständlech ;)

Dobäi kënnt nach dass mer lo scho méi wéi eng Kéier d'Idee un de Kapp geworf gouff eng Art "Vlog" ze maachen, sierf et iwwer Random-Shit deen ech an der Woch erliewt hun, bei deem dei eenzel "Happenings" awer kee ganze Blog-Antrag wert sin, oder einfach zu engem bestëmmten Thema, waat engem d'Liesen vun eetlechen Abschnitter Text erspuere géing. Daat Ganzt géiff schnell a Kompakt sin, e bëssen wei mäi BGL-Sketch opgebaut, an hoffentlech och Succès hun; motivéiert wier ech, ech wëll mäi Material waat ech doheem trëllen hun och mol rem zum Asaatz bréngen!


MEE (there is always a "but"), ech maache mer net gäeren sou vill Méi wann ech dobäi onsëcher sin op daat eppes ass, waat gefroot ass, dofier d'Froo vum Daag: wéi géifft der daat fannen, meng Schnëss 2-3 mol de Mount mussen ze erdrooen a Form vun engem Video? Soll daat de Video-Freiden ersetzen?

bis dohin,
stay tuned.



Freitag, 7. Juni 2013

Video time!

Et ass rëm Video-Freiden, warscheinlech suguer dee Freiden wou am mannste Leit de Video werte gesin, EVER; haut war neemlech de leschte Premièresexamen an ech erwaarden net dass wierklech vill Primaner dëst werten liesen :p De Video deen ech haut rausgesicht hun dréckt amfong genee daat aus, waat ech schon eng Kéier erwähnt, mee nëmmen mat Text net sou gudd ausdrécke konnt wei sie an deem Video hei: et geet drëms dass YouTube de neie "Fernseh" ass!



Ech fannen dëse Video weist immens gudd waat d'Vierdeeler sin, an fierwaat Fernseh souzesooen "iwwerflësseg" gin ass ;) An lo, fier all déi wu daat hei trotzdem liesen: gidd gefällegst mat de Primaner feieren! (Auslandstudenten entschëllegt)

bis dohin,
stay tuned.



Donnerstag, 6. Juni 2013

Luca's Corner: Wëssenschaft zu Lëtzebuerg

Schon zënter Urzäiten besëtzen d’Menschen den Drang d’Ursaachen vun bestemmten Prozesser oder Zoustänn an eiser Natur wessen respektiv verstoen ze wellen.  Dat as genau deen Grondgedanken, deen mer haut Wëssenschaft nennen! 
Ouni dës wertvoll Wëssenschaft an sengen Virgänger, déi fréier meeschtens am Clinch mat den Herrscher oder mam Klerus stungen, wär d’Menschheet haut bei wäitem nach net sou wäit entwéckelt. Mir verdanken der Wëssenschaft déi wonnerbar Erfindungen wéi d’Elektrizitéit, d’Liicht an den Internet. All dës Erfindungen sin aus eiser heuteger Gesellschaft nemei eweg ze denken, vu dass grad dës Entwëcklungen eist d’Liewen enorm erliichteren an verschidden Prozesser an der Industrie wéi och am Privatliewen ökonomiséiren.
Ugefaangen bei den medizineschen Entdeckungen , déi wierksam Medikamenter fir Krankheeten geliwert hun, déi fréier iwerhaapt net heelbar waren an esou haudesdags Dausenden vun Menschenliewen konnten gerett gin. Eis Weltbevölkerung gett emmer méi al, mä theoretesch gesin, och emmer méi gesond, well einfach kontinuierlech an intensiv an der Medizin weider gefuerscht gett. Eng vun den innovativsten Entdeckungen zur Zäit leit wahrscheinlech am Domän  vun der Gentechnik, déi awer wéinst der méiglecher Verletzung géint d’Menschenrechter emstridden as, anererseits awer schon Ierwkrankheeten am Mutterleib heelen kéinnt. Dozou gehéiren natierlech och d’genetesch manipuléiert Liewensmëttel, mat denen et engerseits méiglech wier d’Hongersnout an der dretter Welt immens ze verrengeren, mä leider kennt bis elo keen d’Konsequenzen beim Konsum  vun dësen Liewensmëttel iwert eng laang Period.
Trotz allem gett d’Wëssenschaft net nëmmen fir dat Positivt genotzt. Zumols an der Waffenindsutrie gett den techneschen an wëssenschaftleschen Fortschrëtt ëmmer méi zu enger Gefor, wéi z.B. déi modern Massenvernichtungswaffen (biochemesch an radioaktiv Waffen). Wann esou Waffen an d’Hänn vun verreckten Diktatoren oder fundamentalisteschen Reliounsfanatiker geroden, dann besteet en gréisseren Risiko dass Milliounen vun onschellengen Menschden dobäi em d’Liewen kommen.


No dëser klenger Intro iwert d’Roll  vun den Naturwëssenschaften an eiser Gesellschaft, wollt ech awer elo op den Start vun enger lëtzebuerger Wëssenschaftssäit ze schwetzen kommen. Et hun mech richteg gefreet, wou ech gesin hun dass d’Wëssenschaftszeen hei zu Lëtzebuerg endlech hir Präsenz am Internet erweidert huet. science.lu heescht déi nei interaktiv Webpage, déi Kanner an Jugendlecher wéi och Erwuessener uspriechen soll. Op déier Säit fennt all interesséierten Mensch aus allen Altersklassen immens vill aktuell Informatiounen ronderem d’Wëssenschaft an d’Fuerschung.
Lëtzebuerger Fuerschungsprojeten an Wëssenschaftsacteuren wéi och allgemeng wëssenschaftlesch Themen gin um Site virgestallt. Zousätzlech kritt een och en gutten Iwerbléck iwert déi verschidden Berufer an deem Beräich oder iwert d’Funktiounen vun bestemmten Technologien.
Experimenter nomachen, eegen Projeten veröffentlechen oder Froen un den Mr. Science stellen: den Spaßfaktor soll niewend der Wëssensvermettlung net ze kuerz kommen. 
D’Ziel vun den Verantwortlechen vun dëser neier Websäit as et, d’Fuerschung an d’Wëssenschaft ouni déi “grausam” Fachbegrëffer spannend an inhaltlech kompetent ze présentéiren. An dat as genau deen Aspekt ob deen ech well agoen, an zwar dass dësen Site nemmen eng Art Einführung an den groussen Séi vun den naturwëssenschaftleschen Themen as. Et soll definitiv net als Haaptquell fir d’Erweiderung vum Wëssen gellen. science.lu versicht engem déi banalsten an alldäglechst Naturphänomener (an Technologien), wéi den Reebou,  den Wand oder den Dopplereffekt, op eng liicht verständlech Art a Weis ze erklären, ouni dobäi en Thema ze vill ze vereinfachen. Eben eng Art “Schnupperkurs”! Ween sech dann nach weider an méi déif domadder beschäftegen well, deen kann d’Eegeninitiativ huelen an ganz einfach mat eisem Kolleg Google seng Allgemengbildung weider opbauen. Um Facebook kennt Dir hir Seit och liken!
Insgesamt fannen ech et en Schrett an déi richteg Richtung fir dem lëtzebuerger Vollek mol déi immens interessant Themen aus den Naturwëssenschaften méi no ze bréngen an dat Ganzt schmackhaft ze maachen; haaptsächlech well am Lycée d’Mathé, d’Physik an d’Chimie emmer als “decken Blödsinn” an “mega langweileg” bezeechent gin, obwuel grad déi 3 Wëssenschaften an eisem Alldag omnipräsent sin. Déi Fächer stellen méi wéi nemmen mathematesch Formelen duer... Think about it...
„Der traurigste Aspekt des Lebens derzeit ist, dass die Wissenschaft schneller Wissen sammelt, als die Gesellschaft Weisheit.“
(Isaac Asimov)




Mittwoch, 5. Juni 2013

D'Jugend vun Haut!

Haut gëtt et eng Klengegkeet fier de Kapp ze rësselen! Gëschter kruut ech e Link vun der News-Site vum RTL geschéckt mat, wéi soll ech daat richteg ausdrécken, schockéirendem (?) Inhalt! Immens vill steht net am Artikel dran, mee dei Puer Fakten dei opgezielt gin sin dann dach schon e bëssen traureg, fierun allem wann ee bedenkt dass dei Kanner eis Zukunft solle sin. Ech zitéieren fräi aus dem Artikel:

"Vun knapp 27'000 befrootene Kanner mengt en Drëttel dass Kéis aus Pflanze gemaach gëtt, Fichstäbercher aus Poulet sin, an dass Nuddelen vun Déieren staamen."

Wubäi dee leschte Punkt mer besonneg vill Angscht mëcht, ech hun ëmmer geduet Nuddelen géiffen u Beem wuessen an dass all Nuddel säin eejene Baam huet?! Dës Statistiken kommen aus, wéi konnt et aanescht sin, England, wou a leschter Zeit ëmmer mei sou skuril Saachen optauchen, bei deenen een sech frooe kann weivill dovunner wouer ass; leider mengen ech dass dës Emfroo effektiv sou Resultater kéint hun.. Hei den Original Artikel op RTL: LINK.


Ech, vier mein Deel, gin dann lo mol nach Kéispflanzen ernten, meng Nuddeldéieren melken an schieren an natierlech kontrolléieren ech d'Qualitéeit vum Schokola vu menge moove Kéi!

bis dohin,
stay tuned.



Dienstag, 4. Juni 2013

Den neie BGL Sketch!

Fierun net all ze laanger Zeit, an dëser Galaxie, op dësem Planéit, haat ech io an deem Concours matgemaach, wou ech nierft enger GoPro-Camera och eng Nierweroll am nächsten Sketch vun der BGL gewanne kéint. Leider hun ech io net gewonnen, ënner aanerem well "ech net op d'Roll passen", mee daat hun ech io schon duerchgeknaat! De Sketch gëtt et säit gerénger Zeit ze kucken, hei ass en:



Wei fannt der en? Ech perséinlech hun déi eng oder aaner Saachen drun auszesetzen; dobei sierf awer gesoot dass déi folgend X Abschnitter ganz objektiv sin, a kengeswegs, doduerch dass ech net gewonnen hun, beanträchtegt sin. Ech si kee Marketing-Expert, mee ech kenne mech e Bëssen aus (géiff ech mol behaapten) wann et em Film an Schnëtt geet.

De Video fänkt un a seet eis bescheed dass et dës Kéier em d'Studéieren am Ausland geet, kuerz drop gesi mer den neien Haaptacteur, mat engem diskutabel flottem Tshirt. Dann kënnt och schon mäin éischte Kritikpunkt: dei fett Schrëft "I'M FREE" ass amfong just e bëllegen Oofklatsch vun hierem Running-Gag "FAIL", an ouni déi Schrëft géing een net erkennen waat daat wëllt hin an hier Gezappels bedeite soll, oofgesin dovun dass kee normale Mensch einfach sou a sengem Zëmmer ufänkt mat hoppsen. De Saatz deen en duerno seet wierkt wei wann en doheem mishandelt géiff gin, an lo 10 Jooer drop gewaard huet dei schrecklech Persounen dei him d'Liewe geschenkt hun lasszegin.

Als Nächst benotzen se rem e gudden aalen Trick, deen se och schon an aanere Videos benotzt hun; neemlech deen dass den Acteur e Puer Mol am Bild steht, wei kreativ! Aus weiengem Grond do deen aalen Filter drop ass, entfällt mer komplett; weder daat waat d'Mamm rifft ass aal, nach d'Art a Weis wéi se et rifft. Enplus ass bei deem Stéck eng wierklech koomesch Musik dei ech beim beschte Wëllen net novollzun kréien. Dann seet en säi nächste Saatz, wou eng ze laang Paus dertëscht ass, sou dass et op mech wierkt wei wann en do ganz kuerz hänke bliwwe wier an net mei wosst waat lo am Script kënnt. Wann een lo nach ganz genee kuckt, dann erkennt een dass säi Mond gaaaanz kuerz fierum Schnatt nach eng Kéier opgeht, wei wann en nach eppes sooe wéilt. Vun enger ganzer Equipe déi sech mat dësem Clip beschäftegt hätt ech do awer eng besser Aarbescht erwoad. Waat déi uschléissend Schweigesekonn bei 0:28 soll, weess ech och net. De Saatz wäer ouni dei Paus vill mei dynamesch a géiff net sou opgesaat riwwerkommen.

Next up ass de Verglach mat de verschiddene Länner. Mei déiff an d'FAIL-Këscht hätten se mengen ech net kënne gräiffen. Net nëmmen gin Däitschland a Frankräisch komplett lächerlech a voller Clichéen duergestallt mee hieren Running-Gag "FAIL" brengt och nach fäerdeg en absolut iwwerflëssegen Kommentar zu enger nach mei iwwerflësseger Szene ze brengen. Dovun oofgesin: fierwaat soll an Däitschland matzen op ierjendenger random Wiss eng kleng Bänk stooen wou angeblech io awer e ganzt Fest soll stattfannen; oder leeft all Däitschen konstant mat engem Glas Béier rondrem? Enplus: fierwaat konnt sech daat, an ech widderhuelen et nach eng Kéier, GANZT Team net déi néideg Gedanke maachen dass een an Däitschland op engem Fest KEE lëtzebuergegen Moschter bei enger Wurscht dabei kritt?. Dass een d'Schrëft och nëmme méisseg gudd gelies kritt well den Dësch ganz wäiss ass wëll ech scho guernet erwähnen... hei wier zumindest eng schwaarz Emrandung praktesch gewiercht, mee daat war vläicht zevill Aarbescht, am Verglach zu "Copy-Paste aus engem aale Video".

Weider geet et mat Frankräisch... oder soll ech éischter sooen "enger random Spillplaatz bei enger Wiss wou wäit a Breed kee Mënsch ass". Aus wei engem Grond soll deen Musikant deen do rondremwuselt op enger Wiss wou nëmmen eng eenzeg Persoun sëtzt, e Stéck zum beschte gin? De Profit deen en dobäi maache kann ass gleich Null! Enpus, fierwaat huet en e Sonnebrëll un wann den Himmel ganz mat Wollécken bedeckt ass, an den Haaptacteur keen un huet? Ass äerch iwwregens opgefall dass den Haaptacteur suwuel an Däitschland wéi och an Frankräisch exakt dei selwescht Kleeder un huet? ääh, wie eekleg! An der nächster Szene fanne mer dann raus dass seng Wunnéng do an der Belsch ass! Mee Moment mol... hu mer dann net fierdrun an genee dëser Wunning héieren wei d'Mamm him Saache roprifft? Ech si verwirrt, net nëmmen doweinst, mee och well scho rem 2 sënnlos Pausen am Saatz sin. Doropshin follëgt dei wuel langweilegst Party vun der Welt, oder daat wuelt koomeschst Date... méi e gelangweilt an onenthousiastescht Meedchen hun ech mengen ech a mengem ganze Liewen net gesin. Wier ech um Plateau gewiercht, hätt ech dei Szene op mannst nach 2 mol opgeholl, bis dann et wéinstens e Bëssen gudd ausgesäit!

Duerno kënnt en ganz informative Saatz, un deem ech näicht auszesetzen hun, mee net kuerz drop ass et rem souwäit: se wëllen mat engem coolen Effekt punkten, waat, an daat gin ech éierlech zou, och zimmlech geléngt, mee daat verschäissen se sech och direkt rem an deems aus deem Automat MONOPOLY-Suuen rauskommen! Waat der Däiwel huet sech daat Team daat fier d'Requisiten zoustänneg war dobei geduet? Vläit hun se de 50 Euro Schäin deen eigentlech rauskomme soll gebraucht fier de lëtzebuerger Moschter kaafen ze gooen! An fierwaat, wann ee scho Spillsuuen hëllt, ass et keng normal Somme déi sech e Student och effektiv leeschte kann, an net en inexistenten 2000-Euro Schäin, I don't get it! Als nächst kënnt dann dei Szene mat der Toilette... Fällt äerch op dass en nach emmer dei selwescht Kleeder unhuet? Lo huet en dei op mannst scho 4 Deeg laang un, waat dee sténke muss! Och hei probeieren se rem witzeg ze sin andeems se een an enger blöder Positioun weisen. Wéi sou e richtege Freak huet en säi Laptop dobäi a wëll seng Finanzen checken. Fier dëst ze maachen dréckt heen (wann en iwwerhaapt dréckt, fier mech wierkt et eischter wei wann en einfach 2 Knäppercher heemelt) eemol op de V an vläit nach eemol op de B. Ech mengen et muss ee kee Profi sin fier ze verstooen dass een sou NET seng Finanzen checke kann! Eigentlech muss een neemlech seng Clients-Nummer agin, säin Token raushuelen, säi Pinncode agin, dann en Geheimcode vum Token kréien an dann woaden bis de Browser een op de Compte zougräiffe léisst. An et muss een op mannst 1 mol klicken fier all daat méijlech ze maachen! Dovun oofgesin weess dass all Mensch dach een an engem Buedzëmmer fier ze frecke keen Empfang huet ;D

An der nächster Szene géréiert den jonken Häer seng finanzen mam Handy! Wait... fierwaat hëllt en net einfach den Handy mat op d'Toilette, daat wäer dach vill mei bequem? Hei hun ech näicht ze meckeren waat d'Bedingung vun der App ugeet, daat kann effektiv sou laafen. Waat mech hei awer méi stéiert ass de Fait dass de Barkeeper schon amgaangen ass e Café fierzebereeden, an heen dësen der Fraa dei un de Comptoir kënnt direkt servéiert. Ajo: ab haut wësse mer dann alleguer dass "eemol de Fanger ausstrecken" an enger Bar gedeit dass ee gäer e Café hätt, an zwar net ierjendee Café, mee deen wou grad fier en aanere Client préparéiert gëtt! (Iwwregens ass dei "Fraa" d'Roll fier déi mer op de Casting invitéiert gouffen! Lo verstidd de vläit fierwaat ech et als Kompliment opgeholl hun wou gesoot gouff dass "d'Roll net bei mech passt".) An der nächster Szene benotzt den Häer daat Wuert "gëschter", wëll also heeschen dass rem en Daag vergaangen ass, an heen huet NACH EMMER dei selwescht Kleeder un, mann oh mann, waat muss d'Sau sténken! Dann weisst en eis seng Koat an seet dass en domat d'Iesse bezuele wëll. Moment mol, wëll daat lo heeschen dass heen innerhalb vun mol net 2 ganzer Deeg méi wi 2000 Monopoly-Suuen ausgin huet? Waat fier e Student soll daat da sin?

Zu der romantescher Iessen-Szene kann ech net vill sooen; ech muss dobäi sooen dass mer um Casting gesoot kreien dass dei Szene mega iwwerdriwwen an opgesaat soll ausgesin, vun dohier: good job! d'Pointe vum Video gëtt dann entlüft an hee leeft fort, an deet sech dobäi wéi, deen Aarmen. Nächst Szene: oh mäi Gott, en huet endlech dei Kleeder ausgedooen, waat eng Erliichterung. Zu gudder Lescht sin d'Elteren vun deenen am Ufank net wäit genuch fort konnt sin dach nach zu eppes gudd. Ab hei gëtt de Video rem besser, déi frëndlech Stëmm an di kleng Textkëschten resuméieren innerhalb vun 15 Sekonnen waat de Video eis an méi wi 2 Minute vermëttele wollt.

Alles an allem fannen ech dass et mat ee vun de schlechtere Sketchen ass déi d'BGL bis elo geliwwer huet. Vill Saachen si recycled, gezwonge witzeg an dofier dass de Shooting lo baal e Mount hier ass, ass vill ze weineg Léifft am Detail, an daat an allen Aspekter: d'Schauspillleeschtung, bzw den Text kéinten e gudd Stéck besser riwwerkommen, d'Requisiten sin horribel, an Logik (wei zum Beispill mam Laptop op der Toilette) ass och net emmer do. Et kéint een argumentéieren dass verschidde Saachen, wei zB d'Danzen vum Meedchen, express sou sin fier witzeg ze sin, mee suguer dann misst ech deem leider widderspriechen. De FAIL-Witz ass ausgelutscht, zumindest soulaang bis een dohannert och rem eng wierklech witzeg Szene setzt, an dei gezwonge witzeg Saachen waren nach nie witzeg, wéi een gudd un eise lëtztebuergegen Sitcoms erkannt huet...

Ech haat mer erwoad dass, wann e ganzt Team sech em eng Reklamm këmmert, dann weinstens och en anstännegt Resultat rauskënnt... mee vläit hu mer hei och e perfekt Beispill fier de gudden aale Sproch: "Viele Köche verderben den Brei".

bis dohin,
stay tuned.