Samstag, 4. Mai 2013

Ass d'Muecht mat Disney?

Fier unzefänken wënschen ech jidderengem e schéine véierte Mai, och bekannt als de Star Wars Daag..."May the 4th be with you". Wéi sëch rausgestallt huet war ech net den eenzejen Batti deen sech geduet huet dass daat e coole Facebook-Status wier; gleichzeiteg hun ech och Saachen wei "may Disney be with you" an "de 4te Mai ass nemmei daat selwescht mat Disney" gelies. Falls der et net matkruut: Disney huet d'Star Wars Universum opkaaf, an sou läit d'Zukunft vun dëser legendärer Saga an hieren Hänn.

Vill Leit gesin doran e grousse Problem. Se befierchten dass dei, säit neistem ugekënnegt "Episode VII" total an de Sand wert gooen, an déi ganz Franchise kannerech wert ausgesin, an domat och vu sengem Charme verléiere wert. Aanerer fäerten ganz einfach dass d'Story miserabel gëtt well se sech net kënne vierstellen dass do neicht mat den Hooer erbei gezunnenes entsteht. Mee wéi berechtet sin dei Uschëllegungen, a fierwaat mengt de gros dass et an de Sand geet?


Dozou soll als éischt emol gesoot sin dass Disney lo net déi schlëmmste Firma ass dei een sech hätt kënne vierstellen; de Gros vun eise Kandheetsfilmer an Serien sin aus der Fieder vun Disney entstahnen, genee sou wéi eng gudd Rëtsch wierklech gelongenen
Kinosfilmer. Och wann Saachen wéi "High School Musical" d'Meenungen zu Disney wäit auserneen drécken, derf een net vergiessen dass, wann Disney dann lo deen 7ten Star Wars Deel mecht, wuel kaum een Dude eleng um Set sëtzt an alles mat Disney-Anekdoten vollklaake wëll.

Fun Fact: Fierun 4 Jooer huet Disney Marvel opkaaf, fier schlappe 4 Milliarden Euro. A weieng Filmer hu mer oder wärte mer ënner aanerem säit deem gesin? Richteg, Iron Man 2, Tron, Captain America, Thor, X-Men,The Amazing Spider-Man, The Avengers, Iron Man 3, Thor 2, Captain America 2, The Wolverine, The Avengers 2, etc. Ech weess net wei äerch geet, mee ech sin der Meenung dass Comic-Verfilmungen an de leschte Jooeren immens gudd gi sin, an och wierklech immens beléifft, bei enger breeder Sparte vu Leit, gi sin! An daat alles "obwuel" Disney seng Fanger mat am Spill huet! Net ze vergiessen dass och déi recht erfollegräich "Pirates of the Caribbean" ënnert der Hand vun Disney läit!

Wéi ech schon uewe soot wäert wuel kaum een Dude vun Disney alles eleng um Set bestëmmen. Ech sin iwwerzeegt dass den George Lucas och nach daat eent oder aanert Wiedchen matschwetzen däerf, an op Disney eng komplett nei Crew organiséiert sierf och mol an de Raum gestallt. Ëmmerhin hun io schon 2 Veteranen aus der Star Wars Saga zougestëmmt rem am neie Film opzetauchen, waat sëcherlech och scho mol e Puer Sympathiepunkte fier Disney bréngt.

Do kënnt mer grad e Gedanken: lo wou Marvel, an domat all eis geléifft Superhelden, ennert enger Decken mat Star Wars sëtzt, kéint een dass ganz einfach dei 2 Welten fusionéieren, an domat DE Film vum Joordausend maan! Se wäerten schon ierjendeng abgespaced Method fannen wei daat Zeitlech alles passt... sie hun io schon am Avengers mat Wormholes geschafft ;D A wa mer kee Film kréien, dann w.e.g winnstens e Spill fier egal weieng Konsol! Oh Gott ech hu spontan sou verdammt vill Ideen waat een alles kéint realiséieren, a weieng Kombinatiounen meijlech sin! Stellt äerch en Iron Man fier, deen nierft all senge Spillereien, och nach eng Art Laserschwert aus sengen Hänn enstooe léisst! Oder e Boba Fett deen mam Tony Stark kooperéiert an sein eejenen Suit kritt! Oder en Chewbacca deen d'Fähegkeete vum Hulk kritt! Oder oder oder... Kléngt dann awer méi no engem Videospill wéi no engem storytechnesch logeschem Film ;)


Bon, zréck aus der Fantasiewelt...
Fakt ass: Disney huet verdammt vill Suuen, an hannert sou enger erfollegräicher Firma wert wuel kaum en Trupp voller Blödianen sëtzen déi eng Franchise no der Aanerer opkaafen an se Schäiss ausgesi loossen wëllen. Donierft: déi meescht Star Wars Fans werte mer zoustëmmen dass dei 3 éischt Filmer bei wäitem besser sin wei di 3 Neisten, an dann kann ech just sooen: waat ass ze ferten? Disney kann et just besser maachen an eventuell rem e Film kreéieren op deen d'Fans stolz sin! D'Hoffnung ass op alle Fall do!

Ech perseinlech gesin daat ganzt manner wëll, wann net suguer éischter Positiv! Duerch dee ganzen Opkaaf gin der Franchise vill nei Meijlechkeete gebueden, sierf et duerch nei, jonk Ennerstëtzung am Team, oder duerch dei grouss Kéipp vu Suuen dei nëmmen sou fier Special Effects verballert kënne gin!

Wéi gesidd der daat Ganzt? Freet der äerch op de 7ten Deel, oder wäert der de Kino meiden fier eng ventuell Enttäuschung ze verhënneren? Oder bass du een vun deenen déi de Film kucke gin an duerno jidderengem ennert d'Nues reiwt dass du jo "soss dass en net sou gudd wert sin wei all Mensch mengt"? Schreiwt an d'Kommentarer waat der dovun haalt ;)

bis dohin,
stay tuned.




Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen