Samstag, 6. April 2013

Masseverblödung - en Deiwelskreess


De gudden aale Fernseh, ach waat hun ech als Kand Zeit fierun deem Apparat verbruet. Eng cool Serie no der aanerer a mech ragezunn, an dann mat Kollegen dei passend Spiller gespillt, oder einfach d'Serie op der Spillplaatz noogestallt, herrlech. Wou ech an de Lyçée komm sin hun ech dann ugefaangen och mol dei eng oder aaner liicht verdaulech Wëssenschaftssendung ze kucken, wei Galileo oder Wunderwelt Wissen, fier nëmmen e Puer ze nennen. Daat waren halt gudd verständlech an informativ Sendungen wou een deen een oder aaneren coolen Sciene-Fakt geleiert huet. Ab 3ième hun ech awer festgestallt dass sech emmer mei Themen an der Sendung widderholl hun an/oder dass sou Sendungen lues awer secher oofgeschaaf gouffen, aus diverse Grënn. An deen Trend geet weider, bis haut, mee wei genee huet sech eis Televisioun verännert, a fierwaat?

Et kéint een sech ganz weit zur Fënster rauslehnen a sooen dass daat alles schon mat der éischter Staffel vun "Big Brother" ugefaangen huet. Dës Sendung, an och dei 37 Staffelen duerno haaten eng onwarscheinlech Einschaltquote; fierwaat? Well et am Mënsch senger Natur leit Saachen ze maachen oder ze kucken, dei him eigentlech net erlaabt sin (merci Eva...), an daat ass Fakt, zumindest ass mer daat a mengen 8 Jooër Lyçée oft genuch agehummert gin, an ech kann deem suguer zoustëmmen. D'Medien hun daat och ganz séier rausfonnt, an hun Castingshows agefouert, bei deenen sech d'Leit doheem köstlech amüseiere kënnen andeems se iwwert d'Makelen vun aanere Leit laachen. (Ok, ech gin zou, ech hun daat och gemaach, mee ween net...). An eigentlech ass daat io och net schlëmm; dei eng oder aaner Ennerhaalungs-Sendung tëscht de Noochrichten, Dokumentatiounen an spanndende Filmer, fier e bëssen vum Alldaag oofzeschalten ouni mental groussarteg herausgefuerdert ze gin.

Wier et dobei bliwwen, géiff et dëse Post warscheinlech iwwerhaapt net gin, an d'Welt wier e klengt Stéck besser (op daat lo doru leit dass dee Post hei nie entstaane wier, oder dass dann manner domm Sendungen laafen géingen ass dem Lieser fräi iwwerlooss ;) ). Mee leider, wei mer ganz séier mierken wann mer e Bléck op den Telesprogramm werfen, ass et net dobei bliwwen. Ech spullen lo e bëssen no vier, an zwar vum Jooër 2006, bis wouhin sech nëmmen e gudde Grapp voll derer Sendungen versammelt hun an wou och YouTube sou richteg gestart ass, bis lo an d'Jooer 2013. Ech huelen mer lo 3 Senderen (vun deenen 100'000 dei mer als Normalverbraucher metlerweil hun), an zielen sämtlech Sendungen op dei mer an d'Aa faalen:
Familien im Brennpunkt, Betrugsfälle, Unsere erste gemeinsame Wohnung, Verdachtsfälle, Richterin Barbara Salesch, Richter Alexander Hold, Britt, Helf mir! Jugendamt, Familien-Fälle, Schicksale, Verklag mich doch, Mieterzoff, Unter Beobachtung, Frauentausch, Promi-Frauentausch, Family Stories, The biggest Loser, Bauer sucht Frau, Schwiegertochter gesucht, Das Strafgericht, Val & Flo in Love,  an an an...
Wei engem vleit opfällt huet ALL Sendung domat ze dinn dass den Zuschauer en intimen Abléck an d'Privatliewen vun aanere Leit kritt. Op daat lo schlussendlech alles gefaked ass oder net, spillt dobei keng Roll. Besonneg gudd gefällt mer d'Auswahl vum Titel "Unter Beobachtung", well daat ganzt ironescherweis io gefilmt a vu Millioune vu Leit gekuckt gëtt. 


Ier ech lo weiderfueren sollt dëst nach gesoot sin: ech si mer ganz klooer bewosst dass et och nach ëmmer eng gewëssen Unzuel u Senderen gin dei keen sou e Schrott weisen, an och regelmeisseg interessant Dokumentatiounen brengen, mee de Gros vun de Leit schalt bei sou Senderen gekonnt wesch, daat ass nunmol e Fakt. Dofier wëll ech keng Streitdiskussiounen ufänken vu wegen "wat erlaabs du der daat alles sou ze verallgemengeren". Streng gekuckt kann ech mer eben grad erlaaben dëst alles ze schreiwen well ech verallgemengeren, an dobei domineiert halt d'Masse vu Leit dei sou Dokumenatiounen net kucken.

Fierdrun hun ech beim Jooër 2006 ganz kuerz YouTube erwähnt, net ouni Grond. Dës Platform huet sech an de leschten puer Jooër eenorm entweckelt. Waat am Ufank just e Site war fier lusteg Homevideos ze veröffentlechen, an Kaatzefilmer ze kucken, huet sech zu enger rieseger Mediatheik verwandelt, wou een alles, an ech mengen domat wierklech ALLES, fënnt. Iwwer Kaatzen, Homevideos, Sketcher, Musikvideos, Bicherreviews, bis hin zu Erklärungen iwwert schwaarz Lächer an iwwert dei 10t Dimensioun. Natierlech gin et op YouTube och ganz vill Schrott Filmecher, dei an dei selwescht IQ-Kategorie passen wei all dei Sendungen 2 Abschnitter fierdrun, mee gleichzeiteg gin et op mannst grad sou vill gescheit, an effektiv brauchbar Videos (dozou kënnt dann nächsten Samschden en extra Post). E Kolleg vu mer huet fieru kuerzer Zeit gefroot: "Wei erkennt een e richtege Youtuber?", an daat ass effektiv eng gudd Froo. Fier den Duerchschnëttletzebuerger geing ech behaapten dass een keng richteg Norme festlehen kann, mee ech geiff sooen dass ech eng recht valabel Definitioun fonnt hun.

"Et ass een e Youtuber, wann een, egal weini een op seng Startseit geet, en gesonde Mix vun Videos ugebueden kritt, dei Themen behandlen dei een perseinlech interesseieren." 


A mengem Fall wieren daat dann vill Gaming-Videos, gudd gemaachten Sketcher, mee awer och eng net ze vernooleissechend Unzuel un wëssenschaftlechen an allgemengbildende Videos. Ech hun also zu all Moment wann ech mech no eppes sehnen waat mer gefällt, mein ganz personaliseierten "Fernsehprogramm" hei riit fieru mer op mengem Laptop, mei oder manner ouni Reklammen, a fierun allem modifiabel. Wann ierjendee Kanal mer net mei gefällt, sierf et well sein Inhalt domm gëtt, oder well en neicht mei Post, sou gëtt deen einfach rausgeheit, an ech gesin neicht mei vun deem, sou einfach ass et.

Mee wou ass dann den Deiwelskreess?
(folgendes ass erem staark verallgemengert, an ween sech ugeschwaat fillt, ass selwer Schold, ech zielen heimat op keng spezifesch Grupp vu Leit oder ähnleches!)
Daat ass ganz einfach: Dei éischt Sendungen mat Privatinhalt, ob Fake oder net spillt keng Roll, sin opgetaucht, d'Leit hun se gudd fonnt, an regelmeisseg rem ageschalt. Emmer mei Senderen kréien vum Succès vun dëse Sendungen mat, an produzeieren och dergleichen. Konsequenz: De Leit gëtt mei eng grouss Auswahl gebueden, an sie fannen et gudd. Lues awer sëcher widderhëllt sech dee Prozess esou oft dass d'Medien iwwerschwemmt gin mat denen Sendungen (wei een

Uewen ganz liicht erkennt). Den Zuschauer amüséiert sech herrlech beim betruechten vum Misère, Privatliewn oder Mistalent vun aaneren Leit, wat och dorunner Leit dass d'Gehier quasi op Standby stooen kann, an dës Sendungen keng geechtesch Reflectioun vum Kucker erfuerderen. Vu dass se am Standby sin an dei Pseudo-Informatioun einfach opsaugen, sin se zu den idealen Zieler vun der Werbung gin, sou dass se onbewosst lauter Produiten an de Kapp gesaat kreien, dei se guernet brauchen, mee lo wëllen. Ween profiteiert dovun? D'Firmaen dei Reklamm maachen, AN de Sender, dee Suuen domat verdéngt Reklamm ze maachen. Mat den nei gewonnenen Suuen kënnen dann rem mei Sendungen produzéiert gin, bzw. dei momentan kënnen um Laafe gehaale gin. Doduerch kann den Zuschauer dann weiderhin seng Sendungen kucken, an vun der Werbung maniupleiert gin... an sou weider!


Ech fannen et traureg dass de Fernseh dermoossen verkomm ass, iwwerall wou een hischalt stéisst een op den sou genannten "Asi-tv", oder op eng Kachsendung. Wann een dann mol d'Gléck huet eng gescheites ze fannen, sou sin daat oft nach eeler Dokumentiounen, einfach well d'Suuen ze wertvoll sin fier se "nëmmen" fier eng Doku "ze verschwenden". An genee do spillt YouTube eng wichteg Roll menger Meenung no. Ganz vill vun deenen Science-Channels schaffen mat heischwertegem Material, an presenteieren hieren Inhalt an HD, an enger wierklech gudder an angenehmer Art a Weis. Mee wei gesoot, dozou gëtt et dann d'nächst Woch mei!

Feel free eppes ze kommenteieren, a wanns du selwer och nach eppes gréisseres dozou sooe wëlls, dann fannen ech bestëmmt e Wee dein Text als Blogpost ze veröffentlechen :)

bis dohin
stay tuned.

PS: am Laaf vun der nächster Woch kënnt dann och eppes neies vum Luca, och passend zu dësem Thema!




6 Kommentare:

  1. Zimlech richteg, jo, ech kucken dowéinst schon sait Joren kee Fernseh méi, just Samchdes owes mat mengen Elteren e Film ;)

    AntwortenLöschen
  2. http://www.youtube.com/watch?v=2aOarqTcefQ

    AntwortenLöschen
  3. fannen dass de Fernseh wousiwou iwwerbewertet ass, kann een alles um internet maan

    AntwortenLöschen
  4. Jerryyyyyyyyyyyyyyyyyyyyyyy <3 <3 <3

    AntwortenLöschen
  5. Domadder hues du sou ziemlech den Nool op den Kapp getraff; konstruktiven Beitrag deen Eppes unschwetzt waat vill Leit mol net richteg realiséieren oder wëlen wouer hunn! Ech erlaaben mär och hei fleit en klengen Annexe zu engem Punkt vun deem Thema wou du ungeschnidden hues, mee mär wierklech um Härzen leit: D'Kannersendungen aus EISER Jugend!
    Fréier sin op gëwessen daitschen Senderen, fier se net mam Numm ze nennen, SuperRTL an RTL2, nach richteg Kannersendungen gelaaf, wou een gudd matlaachen konnt an emmer souzesoen eng Léier um Schluss iwwerdroen gouff! Dobai kënt déi köstlech Inszenéierung vun deem ganzen Spektakel an déi ganz divers Welten, wou d'Kand zum Matspillen bruecht huet (wéi du soos, Szenen noogestallt, ween huet net als Kand gesoot: "Ech sin deen, an du bass deen..."). Den Sproochenniveau vun deenen Sendungen waar meechtens och sou gudd, daat vill Kanner domadder geléiert hunn (ech sin deenen Sendungen nach emmer dankbar, well opgrond ech vum Daitschen deemols extrem schnell an d'Lëtzerbuergesch komm sin). Hautdesdaags leeft aawwer nemmen nach en Schrott wéi "Hanna Shitana" oder sou Eppes, an daat deet mär wéih, virun allem wann ech bedenken daat meng Niecen oder aanner Kanner dann domadder opwuessen, wéi en Meedchen sech schminken soll, en Star ass an sou weider, alles Saachen déi ech vill manner konstruktiv fannen wéi déi gudd aal Gummibären z.B., wou noo all Dommheet och dann eng Konsequenz stung an een doraus och geléiert huet! Ech iwwerspëtzelen daat ganzt fleit bëssen an deem Aspekt aus menger Vue, mee fier mech geseit et eben mol sou aus daat ausser d'Reality-TV och nach den Emschwong op nei Methoden vun der Produktioun wéi eben bei den Kannersenderen ze gesin, mär méi wéi besuergend erschengen!

    AntwortenLöschen
  6. "mann will furzen aber kackt" - youtube

    AntwortenLöschen