Montag, 27. Mai 2013

Film-Tipp: Soylent Green

Et ass eng Zäitchen hier säit mengem leschten Film-, Serien- oder Musiktipp, d'lescht Woch war éischter eng Moviereview-Woch. Haut stellen ech ierch e Film vier deen der eventuell kennt, mee mat grousser Wahrscheinlech och net; et handelt sech em en zimmlech aale Schinken aus dem Jooer 1973 mam Titel "Soylent Green". Obwuel et en aale Film ass (keng Angscht, en ass faarwesch) behandelt en trotzdem ëmmer nach modern an aktuell Themen.

De Film spillt an enger Welt wou et sou gudd wei kee richteg Iessen, wéi mer et kennen, méi gëtt. Fleesch ass mat eent vun den deiersten an seltensten Liewensmëttelen gin, an nëmmen vereenzelt aal Persounen erënneren sech nach un Zeiten wou et daat ze kaafe gouff. Natierlech gin et e Puer sténkräisch Leit déi ab und zu nach un sou Luxusartikelen kommen; fier all dei aaner Mënschen heescht et: Soylent iessen. Soylent gesäit aus wei Zockerpabeier, an et gëtt en am Rouden am Gielen an halt am Gringen an e versprëcht eng normal Erhnährung (sou wei haut des Daags, vierausgesaat et verbréngt een net 6/7 Deeg am McDonalds oder sou) völleg ze ersetzen. Deene meeschte leit mëcht et neicht aus sëch vun dësem Chemie-Iessen ze ernähren, schliesslech gouff et säit hierer Gebuert näicht aanescht.


Vun der Thematik hier kann een de Film mat Bicher (oder Verflimungen dovun) wei "1984" oder "Brave New World" vergleichen. D'Leit si komplett enner Kontroll vun deem Soylent-Produit, an bezuelen selbstverständlech vill ze vill dofier, genee wei een haut fier alles vill ze vill bezillt. De Staat wëll dovun awer neicht wëssen an ënnerdreckt déi wou sech wieren. Dann ass do awer nach eppes, mee dofier muss der de Film scho selwer kucken ;)

Allgemeng ass de Film a villen Aspekter intressant: net nëmmen well en erstaunlecherweis an d'Zukunft "gekuckt" huet an vill modern Themen uschwetzt (genee wei dei 2 genannte Bicher) mee och well en zimmlech spannend ass, an daat obwuel keng fuerchtbar Action-Szene oder Verfolgungsjagd dran ass, sou wéi mer daat metlerweil am Kino gewinnt sin... Mat enger Längt vun nëmmen 97 ass dëse 40 Jooer aale Film zimmlech gemiddlech ze kucken; mee opgepasst: d'Gehier däerf een net einfach ausmaachen ;)

bis dohin,
stay tuned.

ps: ween de Film "Cloud Atlas" gesin huet, an gudd noogelauschtert huet, dee kéint eventuell d'Pointe vun dësem Film verroode kritt hun, wärend der Szene wou deen aale Mann aus dem Altersheim fortleeft ;)



Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen