Donnerstag, 23. Mai 2013

Déi nei Xbox

Gëschter war et endlech souwäit: de laang erwënschen Noofolger vun der Xbox360 ass viergstallt gin; an se dréit de Numm "Xbox One", an net, sou wei 99,99% vun der Mënschheet geduet huet, "Xbox 720". No baal 7 Jooer kënnt also eng nei Konsol aus der Hand vun Microsoft, se haaten also wierklech vill Zeit aus Fehler ze léieren, an sech bei der Konkurrenz d'Makel unzekucken fier déi net ze begooen! Mee iiiiiejendwei hun ech daat Gefill dass se dobei bëssen d'Ziel vun enger Konsol aus den Aae verluer hun.


Déi éischt hallew Stonn hun se op der Presantatioun nëmmen vun NET-Spiller Features geschwaat. Daat ass io alles schéin an gudd, all Konsol huet metlerweil Features déi iwwer d'Spiller erausgin, ausser Nintendo wéi et schéngt, déi maache leiwer weider Blödsinn. Mee all déi Features schéngen mer dann dach zimmlech "redundant". Hei e Puer Gedankegäng:

Et kann een alles mat Kinect steieren.
Nodeems d'Wii deemols den Trend gesaat huet dass een sech wei en Hampelmann fierum Fernseh blaméiere soll, hun och Sony an Microsoft mat <> an <> nogezunn. Wärend Sony nëmmen méisseg vill Spiller dofier rausbréngt, huet ee bei Microsoft den Androck et wier hier bescht Erfindung... EVER. Net nëmmen brengen se eng Millioun Spiller fier d'Hampelmannmethod raus, mee se integreieren déi Kamera (dei iwwregens lo 1080p Qualitéit brénge soll) och nach integral an déi nei Konsol, waat natierlech de Präis ropdréckt, an komplett iwwerflësseg ass. Sätz wei "du kanns alles mat dengen Hänn an Aaen auswielen" kléngen natierlech sensationnel, sin awer ongeféier sou praktech wéi de Siri um iPhone wann een Letzebuergeg schwetzt, neemlech guernet.

Du kanns mat denger Xbox Skypen.
...really? Wann ech meng SPILLkonsol umaan, da wëll ech spillen! Skype gëtt et io bis lo nëmmen op sou zimmlech all Computer vun der Welt, an suguer di meescht Smartphones kënnen et, do ass et héisch Zeit gin dass och eng Spillkonsol daat kann! (Net ze vergiessen dass et metlerweil Fernsehen gin wou Skype mat drop/dran ass!). Fierun allem well een sou eng gudd Ausried schaaft fierwaat der Däiwel sou eng 1080p Kamera an d'Konsol gehéiert; schliesslech weess ee vun Ufank un dass kee Spill waat sech op d'Kamera baséiert wierklech vill Succès wert hun.

Du kanns de Menü vun der Xbox mat all Android/Google/iOS Apparat steieren.
Hmmm... géiff et dach nëmmen eppes gin daat dofier geduet ass eng Konsol ze steieren AN mat deem een d'Spiller spille kann... ajo richteg! daat nennt sech Manette -.- Beim beschte Wëllen: waat ass dorun sou genial? Alt rem e Saatz fier d'Kategorie "klengt gudd, ass awer domm".

D'Xbox kann lo Blu-Ray Discs spillen.
Gratulatioun Microsoft, äer Konsol kann lo daat waat d'Playstation 3 säit hierem éischten Daag kann, an der maacht en décken Theater draus! Naja, winnstens kann äer Konsol sou eppes... meng Nintendokonsol woart nach emmer drop dass se weinstens DVDen liese kéint. Natierlech ass och de BluRayPlayer e weider Moyen fier de Präis uerdentlech ze pushen.

Du kanns den Fernsehkabel drun uschléissen.
Fantastech! Endlech kann ech mei Fernseh umaachen, de Kanal vun der Xbox wielen, dann an der Xbox d'Fernsehapp wielen, an DO dann Fernseh kucken, absolut brilliant! Ok, ech gin zou, an enger Zeit vun fetten Decoderen ass daat net sou domm; op dës Art a Weis huet een ee fetten ellenen Apparat manner do stooen, mee trotzdem wierkt daat Ganzt menger Meenung total fehl am Platz... come on, et soll eng Gamingkonsol sin.

Du kanns suguer! Spiller drop spillen.
Jo, suguer daat soll anscheinend gooen.

Alles an Allem fannen ech dass se de But vun enger Spillkonsol zimmlech verfehlt hun. Ech gesi kommen dass de Präis weinst all deenen Gimmicks eenorm héisch wert sin, et am Ufank eng Onzuel vun Kamera-Spiller (Hampelmannspiller) wert gin an all dei cool Features 1-2 Updates kreien, an no 3-4 Méint këmmert sech kee Schwäin méi dorem an woart nëmmen nach op den neisten Call of Duty oder Fifa Deel, an de Sträit weieng Konsol dann lo besser Grafiken huet geet rem lass. 
Fierun allem lo, wou den Trend definitiv richtung PC-Gaming / Mobile-Gaming geet, ass et net schlau sou eng (warscheinlech) deier Konsol op de Moart ze brengen, an NACH en verzweifelten Versuch ze starten d'Gaming Branche mat enger Kamera ze "revolutioneieren". Fierwaat kënnen d'Firmen net einfach ophaalen mat hierem dämlechen Grafik-Kampf, an verdammt nach mol rem Spiller entwéckelen dei e richtegen Challenge duerstellen an méi wei 10 Stonnen Spillzeit ubidden?? An d leschten 3 Jooer gouffen et héchstens eng gudd Hand voll Spiller bei deenen et sech wierklech gelount huet se ze kaafen... wert dëst rem de Fall sin, dann ass et einfach nëmmen hirnverbrannt (geschaaten) 700 Euro fier sou eng domm Konsol auszegin, +60-70 Euro pro Spill.

Da bleiwen ech leiwer bei mengem Computer, deen ech easy oprüste kann wann d'Spiller zevill Ufuerderungen hun, mat deem ech gleichzeiteg Skypen,Surfen,Videos kucken, DvDs kucken kann, an wesentlech manner Plaatz weschhëllt wéi di FETT Këscht dei se do viergestallt hun. Mee daat ass nëmme meng Meenung, schreiwt mer an d'Comments waat der dovun haalt. Huet ee vun äerch fier se ze kaafen?

bis dohin,
stay tuned.




Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen