Donnerstag, 2. Mai 2013

Guest Post: Sam - Wéi wäit dierf e Fotograf goen?


Wéi ugekënnegt, hei e Guest Post vum Sam Flammang: Hee beschäftegt sech enner aanerem mat engem Thema daat een als (ex-)Uelzechtkanal-Kameraféirer nëmmen allze gudd kenntan séier haasse léiert; enjoy!


D' Fro no der Moral oder: Wéi wäit dierf e Fotograf goen? 


Et ware lauwarm 9 Grad iwwer Null, d' Sonn huet douce duerch de Wollékenhimmel geschéint. De séisse Geroch vun ofgestanenem Béier loung an der Loft, den Damp vum Gaskocher huet d' Ronn Formen vun den zwee Zelter emhüllt. Déi 5 jonk Männer sutzen ronderem d' Kachdeppen, verschiddener op Campingstill, verschiddener op enger virun e puer Deeg nach würdevoll genanntener Kescht mat der Opschreft "Cool-Box", déi elo éischter Sammelsurium fir allerlei Mécken a Ravioli-Reschter ass. Alles huet no engem gemittlechen, wann och liicht kalem, Campingdaag ausgesin. Leider gouf déi ennerlech Harmonie teschend de 5 Bouwen regelméisseg duerch 3 gleissend Hell Bletzer gestéiert, déi ronderem den "camping pitch" opgebaut waren. Ouni dorobber anzegoen hun si sech weider amüséiert. 

(Kommentar vum Sven: de klenge sneaky bastard Sam am Bësch)

Okay, elo hu mer genuch mystifizéiert. Mir befannen eis weder um Camping vum Hollywood-Boulevard, nach op engem Star Trek-Fantreffen, an déi 5 Camper sin och keng Rockstars. Wat ech ierch uewen beschriwwen hun wua dat wat ech duerch meng Kamera gesin hun, ca. 15 Meter vun der Campingplaatz ewesch, hannert Hecken a Beem verstoppt. Déi 5 jonk Männer, eng Band aus dem Minett, wollten elo, wou d' Festival-Saison ugeet, e puer leschteg Camping-Fotoen hun fier hiert Titelbild vun hierer Facebook Fanpage, souwéi aner Fotoen déi mat typeschen Elementer vun Musikfestivals ze din hun. Gesot gemaach, d' Fotoe si ferdeg, d' Band fennt se gudd, an se zieren elo schon de ganze Facebook. Alles an der Reih, mir hun dat ausgemaach, ech hun als Typ den d' Fotoe mécht (an ech weigere mech, mech selwer Fotograf ze nennen) mäi Service erfellt an hat e flotte 4-stündege Shooting. 
Wat ass hei elo e Grond fir en Guest-Post ze maachen frot dir ierch vläit elo alleguerten, ma hei liwweren ech ierch no enger laanger Introductioun de Grond. 
Virun e puer Deeg huet de Sven an engem Post d' Fro opgeworf an gefrot, op letzebuergesch almoudesch wier. Zu dem Zäitpunkt hat ech e ganz anere Guest-Post, bis ech mech e bessen opgrond vum Sven sengen Comentairen ronderem informéiere war. Just war ech a mäi ganz egenen Milieu kucken, der Fotografie, an do muss ech feststellen: Nee. Letzebuerg weess wat en Internet ass, mee verstan huet d' Land en nach net wierklech. 

Wen moies eng Dageszeitung opschléit, dem sprangen emmer méi derer sougenannter Nightlife-Snapshots an d' An, Fotoen vun der jonker Party- a Clubszen a Letzebuerg, souwéi am Summer vill Fotoe vun Festivals an ähnlechen Evenementer. D' Reaktiounen zu dese Fotoen sin menger Erfahrung no meeschtens teschend "Ouh Alen, kuck, du bass krass an der Zeitung, High Five!" an "Oh nee, wéi gesin ech dann do aus?!" unzesiedelen. Elo hun ech awer e bessen a mengen Archiver gewullt, engersäits der Pabeiersammlung, anerersäits den puer Fotoen déi ech selwer gehal hun aus der Zeitung a muss eppes feststellen. Besonneg während der Festival-Saison gesäit een eng Hundertschar un Fotoen mat gudd gelaunten, schéine jonke Menschen. Hei hun se eng Béchs Béier an der Hand, hei hun se en Longebréitchen oder eng laut hinnen "bessen méi laang selwer gedréinten Zigrett" an der Hand, a poséire virun der Kamera. Dat ass vollkomme legitim, schliesslech stemmen si, wann se aktiv de Bléckkontakt mam Fotograf an der Kamera sichen an ken Zeeschen maachen, net wellen fotograféiert ze gin, zou, dass déi Foto gemaach kann gin. 3 Stonnen drop steet d' Foto vum X., 24 Joer, läscht Semester Erziehungswissenschaften fir Schoulmeeschter ze gin, mat enger Fläsch Béier an der Hand, enger Zigrett am Mond an e puer Meedecher, déi vill méi jonk ausgesi wéi hen um Internet, vläit souguer scho geshared vun engem Kolleg den d' Foto vum X. entdeckt huet an enger vun den akribesch genauen Online-Gallerien vu Radiosenderen an Zeitungen. Den X. weess näicht vun der Foto, seet heen, jo, dat stemmt och, hen ass nämlech den, den am Hannergrond riets steet, net Deel vum Grupp ass dee Fotoe mécht an trotzdem drop ass. 








Mir als gewessenhafte Mensch stellt sech elo eng Fro: Kucken all déi Nightlife- an Eventfotografen hier Fotoen emol duerch, ier se se veröffentlechen? Ech selwer muss bei menge Fotoen emmer dorobber oppassen, keng Persoun am Bild ze hun, déi net drawell, ech als Privatpersoun kréien esouguer wann ech an der Staadt Architekturfotoe maachen vun Passante gesot ech sollt "verdammt namol oppassen dass se net am Bild sin". Subal eng namentlech bekannten Instanz awer optrett mat hierem Fotografon-Schwadron trett d' Umkehrwirkung an. D' Hülle falen, et gett poséiert mat Béier an "Peace-Zeeschen" an emmer brav gegrinst. De Mensch ass hautesdags, an eisem 21. Jorhonnert esou fixéiert, säin egent Optrieden en scéne ze setzen, dass en komplett moralesch Aspekter vun enger Foto ignoréiert. Wou soll een hautesdaags nach d' Grenzen zéihen? Ech perséinlech fannen et schon eng Grauzone, alkoholiséiert oder drogéiert Menschen ze fotograféiren, déi enner Emstänn, an dat kann ken vu wäitem soen, guer ken Aschätzungsvermögen hun, a vläicht Saache maachen, déi se guer net wollten virun enger Kamera maachen. Kann een, wann en esou an d' Privatsphäre vun de Leit agräift, och Fotoen op den Toiletten maachen, oder bäim Oftaaschte vum Security-Personal, beim Festgehollgin wéinst "Erregen öffentlichen Ärgernisses"? Wann ech elo konsequent giff denken giff ech soen: "Jo, firwat eigentlech net?" Als humant Wiesen soen ech dann natierlech: "Nee, do sin Ennerscheeder an Grenzen!". Mee gesin dat Fotografen och esou? Ass et wierklec legal respektiv moralesch vertriedbar, allméiglech Fotoen (ganz beleéift ware läscht Joer iwwregens Fotoe vu Leit déi widdert den Drot urinéiren) kennen suwuel online als och a Printmedien ze publizéiren? Firwat traut sech ken, dess Fro a Letzebuerg emol ze stellen?   Wéi aus der Flent geschoss setzen eis Presseorganer hier Snapshots op Internetsäiten an drécken se suguer an Daageszeitungen, ganz egal op niichtern oder bedronk, 14 oder 27 Joer aal, fräizügeg ugedoen oder elegant. An mir all kucken déi Fotoen a soen "Wow, dat wua bestemmt e flotten Owend!". 

Huet e Fotograf hautesdaags nach eng moralesch Integritéit oder net? Muss een sech rechtferdegen, déi Fotoen ze maachen, déi d' Leit wellen, wuelwessend dass en sech an enger Grauzone befennt? Des Froen wäerten an Zukunft emmer méi oft opkommen. An an dem Punkt gin ech dem Sven dann erem Recht, Letzebuerg huet den Internet nach net ganz verstan, well den Internet 1. näicht vergesst, an 2. sech heiernsdo och ganz gudd wiere kann. 

Hudd dir ierch och schon emol déi Fro gestallt op wivill Fotoen dier onbewosst am Hannergrond sidd? Schreiwt an d'Kommentarer ob der schon gudd, respektiv schlecht Erfahrungen gemaacht hudd, oder kommentéiert waat äerch soss nach an de Kapp kënnt no dësem Post!

-Sam Flammang, 2013

Ech hoffen dëse Guest Post huet ierch gefall! Wanns du selwer och eppes schreiwe wells an der grousser wäiter Welt weise wells, kontaktéier mech ganz einfach a so mer iwwert waat dass du schreiwe wëlls! An vergiesst net fläisseg ze sharen, speidsdens wann dein Post hei steht géiffste der genee daat wënschen ;) (sämtlech informatiounen wéi een mech Kontaktéiert fënnt een uewen enner "Kontakt" oder op dësem LINK)

bis dohin,
stay tuned.






4 Kommentare:

  1. Äusserst intressante Bäitrag. Ech hat selwer nach net vill Erfahrungen, weder negativer nach positiver, mam Optauchen op Fotoen, haaptsächlech wall ech äusserst selten op Partien an allgemeng am Night-Life ze fanne sin ;)

    Mee et as sëcher dass vill, haaptsächlech jonk Leit, nach net wirklech verstanen hun, wat et fir Auswirkunge kann hun, an egal wéienger Situatioun fotograféiert ze gin. Vir dFotografen as dat eng relativ schwireg Situatioun, wall et op der enger Säit immens schwéier as, zum Beispill op enger Party nëmmen di Leit um Bild ze hun, déi och effektif wëllen drop sin (zumindest dee Moment). Anerersaits sin déi Fotoen awer immens flott, a weisen der öffentlechkeet dass awer eppes leeft, an net "Luxembourg-City, very pretty, very dout, dout."

    Eng Léisung waer et, all déi di am Hannergrond sin, onkenntlech ze machen. Mee dat léist och nach laang net all Problem deen vum Sam erwäht gouf.

    Mee definitiv liesenwert!

    AntwortenLöschen
  2. Merci fir de Feedback. Ech denken dass alles, wat ech am Artikel erwähnt hun, beedsäiteg ausgeluecht kann gin. Eng perfekt Léisung gett et net, mee et muss Opklärungsarbescht geleescht gin. Leider befanne mer eis do an enger Grozone, souwäit ech weess an informéiert sin (sollt do een mi genau Gesetzeslagen kennen wir ech frou, déi gewuer ze gin no Méiglechkeet). Dee Punkt, dee mech am meeschten "pickt", ass d' Fro, inwiefern et moralesch an der Reih ass, en alkoholiséierte Mensch ze fotograféiren. Ass dee Mensch nach "zourechnungsfäheg" (e schéinen Ausdrock) a kann wierklech fräi decidéiren op en op enger Foto well sin oder net? Ech perséinlech kucken dat alles elo net wierklech op enger reeller an materieller Ebene, mee e bessen méi philosophesch, och wann ech real Beispiller gin hun :)

    AntwortenLöschen
  3. Hues natierlech komplett Recht mat allem wats de schreiws, et as en Problem dass vill Leit op Fotoen sin vun denen se net wessen an dass dat keint Konsequenzen hun, me ech denken net dass dat villen Leit eppes ausmecht.

    Ech denken net dass iergendeen dat ging schlemm fannen bis den Moment wu en duerch esou eng Foto rechtlech oder perseinlech Problemer krit, an sin mer mol éierlech, dat geschitt io awer bestemmt net oft oder? En plus wann een dann nach kuckt wat d'Leit deelweis selwer fier Fotoen vun sech eroplueden, op Saiten wei Facebook haaptsächlech, dann mierkt een wi onseriö dat Thema Fotoen behandelt gett. (ech mengen domat natierlech Sachen wi 15 Jähreg Meedecher mat 897 "friends" wu Fotoen eroplueden dass een schon un Softporno denken muss, oder eben och wann et em d'Thema Drogen an Alkohol geet).

    Wat ech domat also soen well as dass et menger Meenung no net zu groussen Debatten iwert dat Thema wärt kommen, fierun allem den Fotografen op d'Fangeren ze kucken an hier Fotoen ze kontrolleieren as onmeiglech, den Fotografen d'Verantowortung ze gin all hier Fotoen genau ze kontrolleieren an ze zenseieren as och keng Leisung wi den Jerry och schon sot, an aus denen Grenn wärt do och wuel net vill ennerholl gin.

    Hoffen mer einfach dass ech nach genuch Fotografen an Fotografeierter mat genuch gesondem Menschenverstand gin dann dierften relativ weineg Prblemer optrieden ;)

    Bob

    AntwortenLöschen