Montag, 31. Mai 2010

Wann deen Awesomeguy lo vum Failer geownd gëtt wier daat zimmlech epic win!

Zimmlechen chaud deen Titel nee?
Uuuh an rem hun ech et gemaach, I like! Mee lo maan ech et nemmei, nemme go ;D. FAIL lo ass et mer schon rem geschitt, freck daat war zwar lo guer net win!
Ok freck lo geet et duer, mer gin d'Ideen aus... Aaaalso, wei een vleit gemierkt huet hun ech lo an meijlechst weineg Zeilen, meijlechst vill "sou Wierder" benotzt. Schein a Gudd, mee wou ass de Sënn? Maja doranner war lo ganz secherlech keen Sënn ze fannen a wann dach, war en net geplangt.

"Waat der Joomer huet en sech dann dës rem ausgeduet, daat do versteet dach keng Sau..!"

Keng Angscht, Opklärung kënnt direkt!
Waat geiffe mer, dei ach sou schrecklech Generatioun nëmmen ouni dei Wierder maachen dei besonnëg an de leschte Jooren an d'Moud komm sin, maachen? Wann ee bedengt, dass et am Ufank just "cool" an "mega" war, an deen domat schon koomesch vun de Boopen an Boomerscher ugekuckt gin ass, sou freet een sech waat mer haut, wou dei 2 Wierder io schon quasi "normal" sin, ouni dei vill nei, frësch aus dem engleschen Sprachgebrauch importeiert, sensationell Sprëch maache geiffen. Oder eischter: Weess nach ierjendeen waat mer freier amplaatz vun "fail" an engem Saatz benotzt hun? Also mer fällt net direkt e Wuert an daat perfekt "fail" an engem Saatz ersetze kann, mee vleit blocken ech och grad nemmen xD.

Ugefaang huet et menger Meenung no sou ca. fierun 3 Jooer wou mer op 4ieme waren. Daat eischt Wuert war mengen ech "epic" daat mer sou an eist Gehier ageprägt hun. Natierlech gin et rondrem d'Hierkunft vill geschichten, mee ech mengen dass et sou richteg rem doduerch adapteiert gin ass, dass an de Videospiller, besonneg gudd Geijestänn den Spëtznumm "epic" haaten, an duerno sin dann halt besonneg cool Saachen no an no epic genannt gin. Schei Geschicht hein? ;D
Duerno ass et relativ seier gaangen. Nëmmen e Bëssen zeitversaat sin als eischt "fail" an dann "win", also de Geijendeel dovun, komm. Vu wou genee dei komm sin, weess ech net, mee se waren einfach beemol do. De Gebrauch war och erstaunlech ze kucken. Bei mer war et sou dass mer et zu Puer ,4-5 Leit, benotzt hun wann eben eppes schiefgaang ass. Beemol huet een awer heiren dass och aus aaneren Klassen daat Wuert ze heieren war, an kuerz duerno war et an der ganzer Schoul relativ krass verbreed, an mer hun do, naiv wei mer waren, geduet mer hätten d'Wuert an Emlaaf bruet, haha.

An lo ass dann och deen Deel riwwer (zumindest fier dei nächst 2 Abschnitter) vu Sprëch dei echperseinlech gutt fannen, an och benotzen; wei mer all wëssen ass Facebook och su eng schein Massensäuche dei metlerweil baal jiddereen benotzt, an mengt all klenge Scheiss a sei Status ze schreiwen. Vue dass et souvill Statuser (oder ass et Stati an der Mehrzahl??) gin, gin et och genuch leit dei op deen "gefällt mir" button drecken kennen. Aus deem Verfahren dat ech och ganz gär "ech liesen lo d'Profil vun all menge Kollegen an drecken bei su ville Leit wi nemmen meijlech "gefällt mir" fier dann deeeeck cool ze sin" nennen, huet sech dann dei English Versioun rausgefiltert, neemlech den " I like!". Ech HAASSEN et wann een daat seet, froot mech net fierwaat, mee ech fannen daat iwwedriwwen FAIL!.

Zum "nëmme go" sooen ech lo neicht, et ass net würdeg O.O, daat ass genee sou mega wei all Saatz mat "haaptsaach" unzefänken fier dass och all dëmmste an kierzten Saatz e bëssen Opmierksamkeet an Längt gewënnt, top daat...
(OK ech sooen dach eppes zu "nemme go". Ech sooen daat io och heiansdo, baal nie, mee eben net komplett NIE; also fier dass daat klooer ass an net nach mei wi 6 Leit lo rosen sin: nemme go ass ok, sulaang een et do benotzt wou et ze benotzen ass, an net bei "ech wäschen lo meng zeit nemme go" oder derarteges. <- PUNKT.<-haha an nach een.)

An lo zu deem Wuert, daat wuel all Mensch op dëser, oder enger aanerer, Welt kennt, an bestëmmt schon benotzt huet. Et kënnt vun, keng Ahnung, mee et kann een relativ sëcher sooen dass et seng Beleiftheet och aus der Serie "How I met you mother" kritt huet, wou een an all Follëg vum coolste Mensch op der Welt "awesome." heiert. Dofier ass och daat lescht Wuert daat bescht, oder eischter, daat awesomest ;D

Joa, also waat ech sooen wollt: Scho koomesch wei sech de Slang sou verännert huet. Bei deenen engen ass et "motherfucker yo bitch yeah fuck checker magic stick *mat den hänn fuchtel*", an bei deenen aaneren, ass et halt "fail win ownage awesome epic", wärend et fierun 50 Jooer "mega, super, toll, hervorragend an ausgezeichnet" war..!
Daat witzegst ass jo dass dei meeshct Wierder dei mer hei fier sou cool empfannen, an Amerika an England einfach normal Wierder wei "Baum" oder "Ente" sin, an dei se scho seit Johrhonnerten ganz normal benotzen.

Fier den Oofschloss gëtt et haut dann mol rem eng Keier e flott Bild, passend zum Thema:



An lo fier den entgültegen Oofschloss:
Ween mer logesch erklären kann, an soumat de Blog ergänzen, dee soll w.e.g. e Comment hannerloossen wouhier "chaud" kënnt, also fierwaat daat all Mensch seet an waat dorun sou extra ass. merci

PS: Der kennt och e Comment loossen wann der d'Änfert net wësst mee einfach äre Pefferkär bäileen wëllt ;D



15 Kommentare:

  1. den Chaud am Pitcher as epic! :D

    AntwortenLöschen
  2. chaud ass di franseich form vun heisser :D

    AntwortenLöschen
  3. d'haaptsaach dai post failed haut ulmi...

    AntwortenLöschen
  4. Ulmi-schmuli... "nemmen go" ass e kini wuert, ok?

    AntwortenLöschen
  5. misst dem kempi daat lo schon erklären. nemme go ass ok, mee ech kennen leider zevill leit dei daat bei all scheiss sooen, an dofier rutscht daat weit no ennen an menger wuert-skala.. D:

    AntwortenLöschen
  6. du werds gesin schmuli, an puer meint werd kini daat neit eepesch wuert sin, gleef mer!

    AntwortenLöschen
  7. definitiv, kini wert alles toppen. et ass sou vielsäiteg. kann een iwwerall benotzen!

    AntwortenLöschen
  8. du hues de punkt hannert kiniiii vergiess!! schumm dech :O

    AntwortenLöschen
  9. "Waat geiffe mer, dei ach sou schrecklech Generatioun nëmmen ouni dei Wierder maachen dei besonnëg an de leschte Jooren an d'Moud komm sin, maachen?"

    Jo. (<- e punkt!)
    Mei wollt ech net soen, dee satz as bessi falsch nee? Oder eischter bessen fail ;)
    Mee sven... due hues definitif WTF vergiess. Vlait wall et kee Wuert as?

    AntwortenLöschen
  10. hm merde, do ass een "maachen" zevill, merci^^
    jap wtf ass mei wi e wuert, mee ech hun daat net dra gemaach well et eiigentlech net a realiteit gesoot gëtt, obwuel io eigentlech deck vill Leit et sooen. soss hätt ech och ftw an lol an rofl etc missen huelen ;D

    AntwortenLöschen
  11. WTF!!!! Soen daat mindestens 10 mol an enger Schoulstonn, mee daat ass normal wann sou froen gestallt gin wei: Waat ass en Atheist? Waat ass en Zwitter? Wei schreiwt een Designer? an sicht doropshin am Dictionnaire op der Sait mat "Di"

    Kanns vlait engkeier doriwwer schreiwen wei Schüler mat engem IQ vun enger Nudel an eiser Schoul sin AN hiert Joer souguer mat gudde Noten packen! O:

    AntwortenLöschen
  12. neitsten wtf moment: Nelson mandela was a famous singer

    AntwortenLöschen