Donnerstag, 29. August 2013

Da wier daat och gepackt!

Haut war den zweeten an fier de Moment mol leschten Daag vun den Prüfungen fier op der INSAS hei zu Bréissel ugeholl ze gin. Um Programm stoungen en Questionnaire socio-culturel an en Mathe/Science/Logik Test!

Beim éischte Questionnaire ass et drems gaangen eis besser kennen ze léieren, an daat mat gefillten 10'000 Frooen iwwer Gott an d'Welt, an e Puer Filmfrooen. No deenen 3,5 Stonnen riit duerch schreiwen haat ech mer eng Paus verdingt, eng Paus an der ech Physik noogekuckt hun, haaptsächlech Optik well mer daat nie gemaach hun an ech mer en Heft léine misst (Merci nach eng Kéier :D).

2 Stonnen drop stellt sech raus dass daat alles vierneicht war well einfach iwwerhaapt keng Optik-Froo komm ass, mee dofier waren bei de Physikfrooen der 3 Stéck dobei dei op mech net méi Chinesesch hätte kënne wierken... (Et ki komplex Zuelen an der Physik???). Bon, dei aaner 37/40 wosst ech allerguer zimmlech séier ze beänferten an ech hun e gudd Gefill bei der Saach! :D

Mäi Gefill seet mer awer och dass deen Test keng grouss entscheedeng Roll bei der Decisioun op ech ugeholl gin oder net spille wert, mee egal, assuréiert ass assuréiert! Lo heescht et abwarten und Tee trinken.

bis dohin,
stay tuned.




Mittwoch, 28. August 2013

Haut war e gudden Daag

Haut war e gudden Daag, an daat obwuel ech mer gëschter Owend baal an d'Box gepisst hun aus Angscht fierun deem waat haut alles kéint schief gooen! Haut war neemlech den éischten Daag vun Zwee op deem ech 2 Prüfungen fier eng eventuell nei Uni (d'INSAS, eng Filmschoul) maache misst.

Déi éischt Prüfung war haut de Mueren um halwer 10, nee um halwer 9, nee awer um 9!!! Do war schon den éischte Problem: ech kruut 2 eMails, an der enger steet dran dass den Test um halwer 9 ass, an der aanerer steet halwer 10. Doriwwer raus stoung um Internet-Site 9 Auer - Resultat: ech war um halwer 8 do, fier op Nummer sëcher ze gooen! (Ok, ech haat net geduet dass et SOU séier mam Metro geet, Google huet mech ugelunn!). Den Test huet dora bestaan dass mer e (relativ langweilechen) Film gewissen kruuten an duerno en zimmlech grousse Questionnaire iwwert de Film missten ausfëllen, fier eist Film-Wëssen ënner beweis ze stellen - alles an allem hun ech e gudd Gefill, zumindest wosst ech iwwerall direkt eppes ze schreiwen, ausser bei der Froo "soo mat GENEE 10 Wieder waat den Director mam Film ausdrécke wëll, an wéi en daat fäerdeg bréngt", ech mengen déi hun ech eiskaal verfehlt. Ech hun zwar 10 Wieder, mee ierjendwei ass et onméijlech 2 Frooen an engem klengen Saatz ze beänferen, fierun allem wann "n' " als 1 Wuert gëllt :/

Eng Stonn duerno ass et em e prakteschen Test gaangen. Grav resuméiert war et sou: "Hei hueste e schwaarz/weiss-Film mat 400 ISO, lo hueste 3 Stonnen Zäit fier op eng Plaatz ze gooen an 24 Fotoen vun der Plaatz ze maachen, merci eddi". Och daat ass VILL besser verlaaf wéi ech gefaart haat - stellt sech raus dass sou e Fotoapparat mat Péllicule schon ierjendwei cool ass :D Lo bleiwt just nach ze hoffen dass sie meng Fotoen gudd fannen, an mech würdeg haalen an dei nächst Ronn ze kommen!

Moa steht dann den "perséinlech Frooen"-Questionnaire an den "Mathe, Physique, Optique, Electrique, Logique"-Test um Programm (Ja, alles an engem Test) - daat misst normalerweis kee Problem sin :)

bis dohin,
stay tuned.



Sonntag, 25. August 2013

Movies: Kick-Ass 2

Kick-Ass 2 - by Jeff Wadlow

Infosite mat Traileren a Biller

3 Jooër ass et hier dass ech an de Kino gaange sin an mer schon am Parkhaus 2 Dudes entgeint gespronge koumen an ganz enthousiastesch "KICK-ASS" gebläert hun an dobäi wëll rondremgesprongen sin - wéi ech 2 Stonnen duerno festgestallt hun: net fier näicht! Kick-Ass huet sech sou séier wéi keen aaneren Film zu engem vu mengen absoluten Favorite-Filmer entwéckelt. Em sou begeeschtert war ech wou lo endlech den zweeten Deel vun dëser eepescher Saga rauskomm ass... an ech war NET enttäuscht!


Wann een den Trailer kuckt mierkt ee séier: an dësem Film wert et abgooen! Nodeems de Kick-Ass am éischte Film fier vill Opreejung gesuergt huet an sëch vill Fans gemaach huet, hun sech ëmmer méi Leit zesummefonnt fier och e "Superheld" ze gin. Wéi een sech scho baal denke kann spillt de "Chris d'Amico", deem am éischten als "Red Mist" bekannt war, och rem eng Roll, an mëcht et sech zum Ziel de Kick-Ass an all seng Asskicking Kollegen auszelöschen, also emzebrengen.


Kléngt io scho mol net schlecht, fannt der net? Eleng op den éischten Bléck bidd de Film schon eng gudd gefëllten Action-Story; mee halt - do ass méi! Wärend all deem Superhelden-Recruitéieren geet et dem Mindy (d'Hit-Girl) net sou gudd well et verbuede kritt sëch weiderhin als seng Superhelding auszegin - duerch dës Bestroofung vu sengem "Papp" léiert de Kick-Ass an seng Trupp réicht de richtege Wert vun him kennen! Mee genuch zur Story, et gëtt nach genuch daat der musst gesin!

Filmesch gesin ass de Film net grad sou innovativ wéi den éischten Deel - mer hun e Puer vun deenen "wéi gäïl war déi Kameraféirung lo grad?!" an "wéi eepesch ass dei Musik?!"-Momenter, wéi ech se am éischten Deel haat, gefeelt... trotzdem ass de Film ëmmer nach genial ze kucken, an 2-3 nei cool frësch Elementer peppen daat Ganzt och nach op!


Doduerch dass souvill nei Helden (an och Bösewichter) am Film sin gëtt et natierlech vill méi ze kucken an ze bestaunen, sierf et vun de Kostümer oder vun de Waffen an Gadgets déi di eenzel Helden hun, waat daat Ganzt einfach rëm zu engem Freedefest fier d'Aaen mëcht. Entertained ass een also op jiddefall an dësem Film, an och deen een oder aaneren Witz ass gudd platzéiert, genee wéi mer et aus dem éischten Deel kennen.

Wéi ech scho soot feelt mer bëssen d'Innovatioun beim Film - et sin net méi sou vill eenzegarteg Tricker an Shots dran wéi am éischten Deel, mee daat ass absolut net schlëmm! Ech hu mech gudd amüséiert an e kënnt op alle Fall noo un deen éischten Deel run - e würdegen Noofolger also! Ech gin dem Film 7.7/10 op der berühmter Ulmerich-Skala an muss lo mäi Sproch lassloossen deen ech mer dës Kéier ganz eleng ausgeduet hun: Kick-Ass 2 kicks asses too!

bis dohin,
stay tuned.




Samstag, 24. August 2013

Super Secret Photo!

Haut gëtt et eppes "Kleines aber Feines" wéi eis Däitsch Nooperen su schéi sooen! Wann der erkennt ween op deser Foto ass, dann fannt der vläit raus waat deen "Super Secret Tournage" war fier deen ech angagéiert gouff! Wann äer Allgemengbildung iwwert eist Land sou grouss ass wéi meng, da kann et wuel e Strapp daueren bis der et rausfant ;D


bis dohin,
stay tuned.




Freitag, 23. August 2013

Missioun op der Fouer

Wéi? Et ass dach Freiden! Wou bleiwt de Video tschö? Relax, haut gëtt et kee Video, dofier awer eng Video-Missioun, fier dass ech nächst Woch un dëser Plaatz eppes parat hun! Wéi der vläit matkritt hudd geet d'Fouer haut fier d'673st Kéier op, an mat hier och eng nei Achterbunn, wéi ech schon ugekënnegt haat. Vu dass ech io lo eng GoPro hun, hun ech e gewëssenen Drang déi nei Achterbunn testen ze gooen, an dobäi daat ganzt aus mengem Point of View ze filmen.

Wann de Video dann net ze peinlech ass (ech weess io nach net ob se schlëmm ass an ob ech jäize wert wéi e klengt Kand) kritt der deen dann a voller Längt ze gesin, an kënnt en op Fullscreen stellen fier äeren perséinlechen Rollercoaster-Feeling ze kréien ;D Lo geet et dann awer fleich mol op meng alljähreg Traditioun: d'Strooss mat den Saachen dei kee Mënsch brauch, den Airmaxx, en Gyros, an dëst Jooer nei: déi nei Achterbunn :D

bis dohin,
stay tuned.



Donnerstag, 22. August 2013

Luca's Corner: Rammstein @ Rock Werchter 2013

Enn Juni oder Ufank Juli fennt säit den 70er Joëren an engem klengen Duerf mat ronn 3000 Awunner am flämeschen Deel vun der Belsch all Joër en Festival statt, den Rock Werchter.
Dëst Joër woren d’Headliner Green Day, Blur, Editors, Depeche Mode an last but not least Rammstein! Vu dass ech onbedingt nach eng Kéier Rammstein wollt gesin éier sie an eng länger Paus gin, hun ech mer direkt am November en Dagesticket fir den 3ten Dag vum Festival besuergt. No méi wéi engem halwen Joër war et dann endlech sou wäit! Et war Samschdeg, den 06. Juli, an d’Wieder war perfekt: sonneg an Héchsttemperaturen em 27°C. An puncto Organisatioun vum Festival gett et net vill Negatives ze zielen, ausser dass et beim Verloossen vum Festivalpark noom Concert zu engem gréisseren Stau mat 10.000en vun Menschen koum, bedingt duerch alkoholiséiert Leit déi sech einfach mol matzen an d’Strooss gestallt hun fir ze diskutéiren. Soit, kommen mer endlech zum musikaleschen Deel.
Zesummen mat 3 Kollegen hun ech mech géint halwer 9 ca. 10 bis 20 m virun der “Main Stage” positionéiert, an déi Plaz war wieklech quasi perfekt: net ze no an net ze wäit eweg, sou dass een déi ganz Bühn gudd am Bléck hat!

Virun Rammstein huet nach Volbeat, souzesoen als Virband, tëschent 9 an halwer 11 gespillt an d’Leit gutt animéiert (een Circle Pit nom aneren an eisem Eck!). Gerockt hun se op alle Fall, an et war en definitiv en gäilen Warm-Up! Mä dono huet een nach missen 1 laang Stendchen emkréien, mat gehierlosem Duuscht an enger infinitesimaler Ongedold! Während déier Period gouf op der Bühn den Light- an Soundcheck duerchgefouert, wouduerch d’Uspanung nach méi geklommen as. Kleng Randnotiz: déi ganz motoresch an pyrotechnesch Installatiounen goufen schon während der Nuecht op der Bühn duerchgefouert (Rammstein war mat ca. 20 Trucks ennerwee, vollgepaakt mat Bühnenmaterial). 
Um halwer 12 war et dann endlech esou wäit! Mä et huet schon mat engem klengen techneschen Patzer ugefaangen: een Deel vum Rideau gouf ob emol einfach erof geloss, sou dass een elo jhust en schwarzen Virhang gesin huet wou e bessen Damp eraus koum. Sie benotzen nämlech en 2-schichtegen Rideau, deen bei direkter Beliichtung duerchsichteg gett! Bon all ze schlemm war déi Pann net, vu dass et dono direkt mat den éischten Drumbeats lass gaangen as, mat engem synchronen Feierwierk hannert der “Main Stage”.


Den Opener war den SadoMaso-Song “Ich Tu Dir Weh”, den Sänger (Till Lindemann) gett op enger kräizförmeger Plattform mat Fonkereen vum iewegten Deel vun der Bühn erof geloss! Den Optakt vum Concert war schon mol gigantesch! Weider goung et dunn mat enger weiderer Fonkenexplosioun an dem 1ten Lidd vum 1ten veröffentlechten Album “Wollt Ihr das Bett In Flammen Sehen?”, wou et dann zum Schluss nach mat 8 vertikal no uewen geriichteten Flammenwerferen (déi op der Bühn installéiert waren an synchron mat den Musekbeats aktivéiert goufen) schon richteg warem gouf (siehe éischt Bild). Vu dass ech an desem Bericht net op all Effekt kann agoen, wärt ech e puer Highlights opzielen. Beim 6ten Lidd (Feuer Frei!) koumen déi spektakulär Gesiichtsmasken-Flammenwerfer zum Asatz an dono beim kannibalisteschen Song “Mein Teil” gouf den Keyboarder (Flake) zur Ofwiesslung mol nees an engem Kessel fir d’éischt mat engem moderaten Flammenwerfer an dono mat engem richteg fetten Flammenwerfer vum Till (verkleed als Metzler) “gegrillt” (siehe Video)!


Beim éiwegen Klassiker “Du Hast” gouf mat pyrotechneschen Effekter guer net gespuert: 6 grouss Flammenwerfer virun der Bühn an 4 Stéck déi op engem Gerüst iwert der Bühn hungen an no ennen geriicht waren hun sech während dem Lidd öfters ofgewiesselt, zousätzlech goufen nom Gesangssolo vum Publikum an der Mëtt vum Song Rakéiten gestart, déi en Aller-Retour an Richtung Bühnengerüst gemaach hun an zum Schluss dann nach eng Fonkenexplosiozun provozéiren (siehe Video)! Eng kleng Kuriositéit gouf et och: am Ufank vum Lidd wollt dem Lead-Gitarist (Richard) sein Mikro net wieklech funktionéieren, logescherweis koum direkt en Techniker vun der Band op d’Bühn gerannt fir den Problem ze léisen, mä deen gouf vum Till direkt verscheucht an heen huet dono nach eng Wasserfläsch an Richtung Techniker-Crew geschoss :D (keng Angscht, dat as typeschen Rammstein-Humor, sie hun sech dono rem all lieb).


Beim 15ten Lidd “Bück Dich” gouf et mol en zimlech gäilen instrumentalen Intro mat Flammenwerfer-Gitaren, an dono gouf während dem Lidd den Keyboarder Flake vum Sänger Till mat engem Dildo vun “hannen geholl” an huet zum Schluss an Form vun Pastis op den Public an den éischten Reihen ejakuléiert (natierlech eng Inszenéierung mat engem breeden ironeschen Spektrum)! Nom 16ten Lidd “Ich Will” koumen mer dunn an den Genoss vun enger Zugabe. Immnens positiv iwerrascht war ech vun der Piano Versioun vun “Mein Herz Brennt”: den Till an den Flake spillen en wonnerschéint Duett während dem ech eng Hingerhaut haat, zumols wann 60.000 bis 80.000 Leit zesummen “Mein Herz Brennt!” sangen... (siehe Video)
Eent vun den gäilsten Lidder vum Owend war definitiv “Sonne”! Eng Flamen-Orgie par excellence an en brennend Rammstein-Kräiz am Hannergrond vun der Bühn (siehe 2t Bild), einfach göttlech! No circa enger Stonn an 35 Minuten gouf den Concert mam Song “Pussy” ofgeschloss, also stungen insgesamt 18 Lidder um Programm wat fir Rammstein en gutten Duerchschnett as! Als Ofschloss hätt ech mir zwar léiwer “Engel” gewenscht, mä summa summarum war ech voll zefridden mat hirem Optrett.


Den ganzen Concert hat einfacheng gewalteg Intensitéit, d’Jongen war saugutt drop an et huet een richteg gemierkt, dass se nach emmer gehierlos vill Spass un deem hun wat se maachen, obwuel se schon baal 4 Joër op Tour sin!
An puncto Sound gëtt et nix ze meckeren, deen war wieklech top an zumols d’Drums haten richteg Pepp. Et war gutt ze héieren, dass den Drummer (Schneider) an denen leschten Joëren seng Art a Weis wéi en spillt kontinuierlech verbessert huet: intensiv, präzis an awer mat enger gewessener Lässegkeet! 
Alles an allem kann ech behaapten, dass mer dësen Open-Air Concert definitiv besser gefall huet wéi déi 2 Concert’en an der Rockhal am Januar 2010 an am Dezember 2011, wat definitiv duerch déi besser Stemmung um Rock Werchter bedingt war. Vun der Band-Performance hir waren déi 3 Concert’en vun hinnen, déi ech bis elo gesin hun, zimlech op engem nämlechten an immens héichen Niveau!


Ech sin mer op alle Fall bewosst, dass eng Partie vun den Leit mat der Band “Rammstein” net vill kennen ufenken, entweder well hinnen d’Musik net gefällt (instrumentalen an lyreschen Beräich) oder well se duerch d’Meenungen vun den Medien beaflosst goufen, mä dës Band huet definitiv méi ze bidden wéi een dat op den éischten Bléck mengen géif. Et muss een sech mat denen 6 sympatheschen Menschen beschäftegen, mat déier Geschicht déi hannert dëser Museksgrupp stécht wéi och mat der Lyrik. Wann een bis eng Kéier déi herrlech Ironie, den Sarkasmus, den groussartegen Humor an déi enorm Authentizitéit vum Konzept “Rammstein” entdeckt huet, dann kennt een eréicht an den Genoss vun dëser eenzegarteger Band ... 




Mittwoch, 21. August 2013

Movies: The Lone Ranger

The Lone Ranger - by Gore Verbinski

Infosite mat Traileren a Biller

The Lone Ranger gëtt io lo schon eng gudd Zeit iwwerall op der Welt promoted, an endlech leeft en och bei eis. Ier ech en gesin hun, hun ech déi verschiddenst Meenungen iwwert de Film héieren; déi eng hun de de Film gehaasst, déi aaner hun e richteg flott fonnt - allerdéngs hun déi negativ Meenungen d'Iwwerhand gehaat. Dorops hun ech mer geduet dass ech mer daat selwer muss ukucken, an ech muss sooen: ech verstinn déi 2 Parteien!


De Film verleeft e bëssen noom typeschen "gudd géint béis" Schéma an erfëllt deen een oder aanerer Cliché deen dëst Thema mat sech bréngt - daat ass awer net onbedingt en negativen Punkt, daat weist awer just drop hin dass villes am Film vieraus ze gesin ass, waat em e Bëssen u Spannung hëllt. Den Tonto, dem Johnny Depp säi Personnage, dee metlerweil en aale Mann ass, zielt déi ganz Geschicht engem klenge Jong, waat een ab und zu wärend dem Film vergësst, mee genau doran leit e klengen Detail, fannen ech, deen een net vergiessen däerf, mee dorop kommen ech nach zréck.

D'Kulissen vum Film erënneren un déi klassesch Western mam John Wayne; schliesslech gouff en Deel vum Film io och genee do gefilmt wou dës aal Klassiker gefilmt gouffen - am Monument Valley, wou ech fierun knapp engem Mount nach war. Och vum Décor hier ass de Film stëmmeg, de Problem deen ech allerdéngs gesin ass d'Matwierken vun Disney un dëser Produktioun; ze oft am Film mierkt een dass de Film vun Disney ass, an sou kënnt et méi wéi eng Kéier vier dass matten an enger serieuxer Szene oder enger Action-Szene op eemol eppes witzeges geschitt, waat fier mech en totalen Stëmmungskiller ass. (ähnlech wéi bei Iron Man 3 wou um Schluss och nach eppes "schief" geet, matten am Kampf)


Nierft deenen onéidegen an méisseg lustegen Witzer ass nach en aaneren Aspekt am Film dee mech gestéiert huet: verschidden Aktiounen an Szenen wierken einfach total iwwerdriwwen an orealistesch, an daat zu engem Iwwermooss dass een sech denkt "hm, daat war lo blöd" - gleichzeiteg kënnt hei awer den Detail an d'Spill dass den Tonto d'Geschicht erzielt, an sou quasi eppes fräi dobäi erfannen kann, bzw. eppes iwwerdreiwe kann. (ähnlech wéi beim Spill "Telefon" daat mer alleguer kennen).

Alles an Allem ass de Film op kee Fall schlecht, an ze sooen dass en "dee schlechsten Film ever" ass, ass och komplett iwwerdriwwen. Et ass halt en Familien-Film vun Disney am Western-Genre bei deem een heiansdo en Aa zoudrécke muss wann een en mat Rou genéisse wëll. Trotzdem ass et och kee Meeschterwierk daat an d'Filmanallen wert agooen, an sou ass et op der berühmter Ulmerich-Skala fier eng 6.1/10 duergaang! Mee fier wierklech ze wëssen wei de Film sou ass, musst der en wuel selwer kucke gooen!

bis dohin,
stay tuned.



Dienstag, 20. August 2013

Super Secret Tournage!

Haut ass den Daag wou der, meng trei Lieser, ierch glécklech schätze kënnt a wou et sech endlech lount mei Blödsinn hei ze liesen! Ech kruut neemlech fierun net allze laanger Zeit eng Offer als Kameramann bei engem Tournage vun engem Videoclip; d'Band an d'Lidd gouffen mer deemols als "nach geheim" viergestallt! Bon, ech hun d'Offer natierlech ugeholl, schliesslech mecht sech sou eppes extrem gudd um CV! Haut ass den éischten vun zwee Shooting-Deeg an metlerweil ass och bekannt dass ech och fier de Montage, also de Schnëtt, zoustänneg wert sin.

(Ausserdem gouf gesoot dass, wann d'Resultat gudd ass, ech nach des Öfteren fier sou e Projet wert gefroot gin, waat hei am Land natierlech vill wert ass; ouni Connections an eng gewëssen "Renommée" leeft hei neemlech sou gudd wéi guer näicht!)

Ech sin zimmlech gespaant wei daat sou laafe wert an ob ech professionell riwwerkommen, wubei ech denken dass daat mei geréngsten Problem wert sin. Lo sou knapp 2 Stonnen fierdrun mecht sech d'Nervositéit e bëssen bemierkbar, mee et hällt sech a Grenzen. Ween dei Band ass a weiee Lidd et ass kann ech Ierch mengen ech réicht sooen wann den Tournage fäerdeg ass, mee op jiddefall wert ech Ierch um Laafenden haalen an natierlech de Video hei posten wann ech ferdeg sin :D

bis dohin,
stay tuned.



Freitag, 16. August 2013

Stare at this Video!

Haut ass io Freide gell? Daat ass net ëmmer sou einfach wann ee Vakanz huet; am Prinzip ass all Daag Samschden, ausser Sonndes, dee bleiwt. Soit - Freiden heescht et ass Zeit fier e Video, an dës Woch sin ech op een gleichzeiteg wierklech witzege Video, wéi och op en fuerchtbar awkward Video gestouss! Et geet em en Experiment wou se eng Fraa lassschécken mam Ziel op Leit ze starren, a soss näicht... mee kuckt selwer:


bis dohin,
stay tuned.



Mittwoch, 14. August 2013

Eng nei Achterbunn!

Dëst Jooër fënnt déi 673st Editioun vun der alljähreger Schueberfouer statt, an domat zéien fier knapp 3 Wochen eng ganz Rëtsch un Spillstänn, Achterbunnen, Friessbueden an aaner Attraktiounen op de Glacis-Parking! (klengen Pro-Tipp vu mer: verhaalt äerch déi Zuel 673! Meeschtens kann een en Fouer-Carnet gewannen wann een d'Froo, déi wéivillt Fouer et ass, richteg beänfert!) All Jooër rëm héiert een um Radio dass iwwer 200 Stänn do sin, an dass am Duerchschnëtt iwwer 2'000'000 Besicher empfaange gin, net schlecht fier sou e klengt Land wéi mer et sin! Nierft den Séissegkeeten an mengem traditionellen Bummel duerch "d'Strooss mat de ville klenge Stänn", wou een allerhand Saachen ze kaafen kritt déi een net brauch awer onbedingt wëll, zidd mech all Jooër amfong nëmmen nach den "Airmaxx" op d'Fouer, wubäi och deen metlerweil "langweileg" gin ass!


Dëst Jooër soll io dann anscheinend eng nei Achterbunn op d'Fouer kommen, an angeblech sin se schon umgaangen se opzeriiten! Et gëtt vun enger Achterbunn geschwaat, bei der een d'Féiss fräi huet, also quasi wéi d'Black Mamba aus dem Phantasialand. En plus gëtt am Radio vun enger "mobiler Achterbunn" gezielt, waat daat awer genee ze bedeiten huet, kann ech mer schwéier vierstellen. Op alle Fall gouff versëchert dass d'Gondel an der een dra sëtzt mat bis zu 45 km/h fuere wert, waat amfong net sou brilliant ass, mee de Fakt dass déi besoote Gondel och nach dréint mëcht daat Ganzt schon rëm e Stéck méi cool! Eng Affaire à suivre!

Da sin ech mol gespaant waat d'Fouer dëst Jooër ze bidden huet - warscheinlech maachen ech och e klengen Bericht iwwert d'Fouer am Allgemengen, an ech probéieren déi nei Achterbunn mat der GoPro ze filmen :D

bis dohin,
stay tuned.



Dienstag, 13. August 2013

Movies: The Wolverine

The Wolverine - by James Mangold

Infosite mat Traileren a Biller

Marvel ass rëm do a bréngt eis op en Neits een vun hieren beléiwten Superhelden op déi grouss Leinwand; dës Kéier ass et de Wolverine! Fier déi wou et net wëssen: de Wolverine ass amfong e Mënsch mat Schanken aus Adamantium an der Fähegkeet messerschaarf Krallen aus sengen Hänn kommen ze loossen fier domat seng Géijner auszeläschen. An dësem Film geet awer drëm fier him genee dës Eegenschaften ze klauen:


Waat op den éischte Bléck wéi en actiongeluedenen eepeschen Film ausgeseit, entpuppt sech leider zimmlech séier als net grad sou gudd wéi erhofft. Mee lo mol alles der Reih no: de Film huet eng gewëssen düster Atmosphere, wouduerch een schon vun Ufank un (fier de Fall wou een den Trailer net gesin huet) erahne kann dass ierjendeppes net gudd ausgooe wert, beziehungsweis dass ierjendeppes lusch ass. An genee do mëcht de Film eppes waat ech net leide kann, an waat mer och schon beim drëtten Deel vum Nolan senger Batman-Trilogie op d'Nerve gaangen ass: den Haaptpersonnage ass an enger Art Depressioun an huet eng "alles ass Schäiss, ech wëll normal sin, loosst mech a Rou"-Attitude.

Verstidd mech net falsch, dëst ass en gudde Wee fier dem Personnage säi Progrès duerch de Film ze verdeitlechen, mee gleichzeiteg ass et awer och immens ermiddend! Doduerch dass sou Szenen mat der genannter Attitude oft am däischteren Spillen, gëtt een immens séier midd an genervt, an et waard een drop dass dach endlech mol eppes anstänneges soll geschéien.


Ierjendwann kritt de Film awer d'Kéier an bidd dem Zuschauer deen een oder Aaneren spannende Kampf oder Duell, déi dann och zimmlech cool sin. ("Spoiler" : dei Szene um Zuch ass zB gäil). No e puer klengen Momenter fier rëm op ze ootmen geet de finalen Showdown dann endlech lass, an sou sin déi lescht 20 Minuten randvoll mat Spannung an Action, wubai ech fannen dass dëse Kampf mat ee vun den "langweilegsten" war dee Marvel a leschter Zeit bruet huet.



Lo huet daat Ganzt hei natierlech relativ negativ geklongen; sou schlëmm ass de Film dann awer och rëm net! En ass gudd gemaach, wéi mer daat metlerweil vu Marvel gewinnt sin, an den 3D war och ganz anstänneg. Der musst awer op alle Fall bei de Credits 1 Minutt sëtzen bleiwen, do kënnt neemlech nach eng Szene déi engem e bësse Freed bereede kann. Normalerweis kënnt der dei Szene awer net verpassen well de Kino d'Luuten réicht duerno umëcht! Ech gin dem Film 6.4/10 op der berühmter Ulmerich-Skala a géiff sooen dass een mat "Now You See Me" besser drun ass, mee als Marvel Fan kann een e roueg kucke gooen!

bis dohin,
stay tuned.



Montag, 12. August 2013

Film in Sicht!

Yess! Haut hun ech "d'Dréibuch", oder éischter se Script fier dee klenge Sketch deen ech filme wëll fäerdeg gestallt, an sin lo endlech domat zefridden. Ech selwer fannen de Script witzeg, mee daat wëll näicht heeschen, ech hoffen d'Endresultat ass och sou wéi ech mer et vierstellen!

Moa oder de Mëttwoch wert ech warscheinlech domat ufänken mäin neist Meeschterwierk ze dréinen, daat heescht dass der d'nächst Woch warscheinlech e Resultat wert gesin. Daat Ganzt filmen ech mat menger fetter Sony Kamera, an natierlech mat mengen neisten Schatz, der GoPro Hero 3 :D Souvill kann ech verooden: d'Thema "POV" gëtt op alle Fall behandelt; wann och aus enger spezieller Siicht!

bis dohin,
stay tuned.



Sonntag, 11. August 2013

Movies: Despicable Me 2

Despicable Me 2 - by 

Infosite mat Traileren a Biller

Despicable Me 2, de Film mat der wuel gréisster Werbe-Campagne säit 100 Jooër leeft lo schon eng gudd Zäitchen hei am Land, a kënnt bei Jonk an Aal gudd un. Net nëmmen ass den Internet voll mat witzege gifs, Biller an Videos vun de klengen gielen Minions, mee et kënnt suguer souwäit dass an den USA Hydranten ugemoolt gin, an Schëlder mat Dimensiounen vun 15 op 15 Meter Reklamm fier de Film maachen. Mee ass deen Hype et derwert? Menger Meenung no: jo!


Wou den éischten Deel, deen iwwregens och schon immens witzeg war, fierun 3 Jooër rauskomm ass waren sech d'Schaaferen wuel nach net ganz bewosst dass sie mat deene klengen gielen Männercher en neien Favorit fier de Spectateur krééiert hun! An genee dësen Trend hun se ideal an den zweete Film agebaut! De Film weist vill méi vun de Minions wéi den éischten Deel, an sie sin net méi den "heemleche Star" vum Film - se si suguer, als Kollektiv, een vun den Haaptpersonnagen gin! D'Minions zeechent, nierft hierer witzeger Sprooch, en gewëssenen "dommen" Humor aus, dee riitraus ouni vill Schnickschnack de Witz bréngt.

Bon, dësen Humor muss een zwar gäeren hun, mee ech behaapten mol dass et relativ schwiereg gëtt net op mannst 1 mol ze schmunzelen bei all deem Blödsinn deen sie opféieren. Natierlech huet de Film och eng, méi oder manner transparent Story; wëll heeschen dass een sech schon zimmlech fréi denke kann wéi de Film ausgeht, mee ass daat net bei sou zimmlech all Animatiouns-Film sou? Daat stéiert och net weider well eben riit duerch Witzer an Easter-Eggs verstoppt sin.

Och ouni den éischte Film ze kennen, kënnt ee gudd noo, schliesslech ass d'Story net sou dermoosse komplex; trotzdem geiff ech rooden den éischten Deel fierdrun ze kucken, well soss kéinten engem, nierft all deenen onméijlechen Erfindungen an physikaleschen Onméijlechkeeten, verschidden Saachen onlogesch vierkommen. Mee och wann een dee Rood net befollëgt, wert een mat Sëcherheet gudd laachen kënnen!

Wann een d'Wiel tëscht "Monsters University" an "Despicable Me 2" géiff ech eis kleng giel Kollegen recommandéieren. Deen aanere Film ass zwar och witzeg, mee dësen leet nach eng Schëpp drop an mëcht aus de Schmunzeler vun de Monsteren, en hoart Oplaachen! Dofier gin ech dem Film 7.9/10 op der berühmter Ulmerich-Skala!

bis dohin,
stay tuned.



Freitag, 9. August 2013

Teleportéieren um Freiden!

Jo, richteg gelies! Haut ass Freiden an mer teleportéieren eis... ok mer selwer teleportéieren eis net, net well mer et net kënnen, mee well ech Freides e Video posten, an an deem geet et haut em teleportéieren! Ok, amfong teleportéiere mer eis net well mer net kënnen... zumindest nach net! Obwuel... ierjendwann haat ech eng Kéier e Video gesin wou erkläert gouff dass een en Objet deen sech no vier oder hanne bewegt net teleportéiere kann, zumindest net wann en op der neier Plaatz an déi aaner Richtung laafe wëll, mee ech mengen ech schweiffen oof; wou war ech? Ahjo, ech wollt e Video weisen, stëmmt, ma dann hei! (Keng Angscht, en ass fier ze Laachen):


bis dohin,
stay tuned.




Donnerstag, 8. August 2013

Een onfrëndleche Bréiff!

Haut hun ech Post kritt! Ja, den aachten August, an NËMMEN den aachten August, ass deen Daag am Jooër wou ech Post kréien, a soss op kengem aaneren Daag ;). Ënnert deenen honnertdausenden vu Bréiffer an Rechnungen war dann och e Communiqué vun der BGL BNP Paribas, der ech op dëser Plaatz ganz frëndlech wëll matdeelen dass ech mëtlerweil awer eng GoPro hun. An deem besooten Communiqué war meng nei VISA-Kaart, vu dass meng aal dëse Mount oofleeft.

Mee well een sou eng Kaart net einfach sou iwwerreescht kritt, stoungen nach e Puer Sätz um Pabeier fier mer dës nei Kaart feierlech ze iwwerreegen, an daat a ganzen 3 Sproochen, a keng dovun war Portugiesesch - et war Franzéisch, Englesch an Däitsch. Waat daat mam Titel vum Post zedinn huet? Daat kënnt lo:

Op Franzéisch fänkt d'Iwwerreeschungs-Ried sou un:
"Nous avons le plaisir de vous faire parvenir votre nouvelle carte VISA." etc
Op Englesch leeft d'Spillchen ähnlech:
"We are happy to enclose your new VISAcard." etc

Wéi ee mierkt, freet sëch d'Bank richteg a mat vollem Plaiséier mer déi Kaart ze schécken... wier do net déi Däitsch Iwwersetzung:
"Anbei finden sie ihre neue VISA-Karte." etc

Wou em alles an der Welt ass bei der Iwwersetzung déi ganz Freed an Frëndlechkeet higaangen? Dëst huet dozou gefouert dass ech mer daat a mengem Kapp viergelies hun wéi wann et sou do stooe géing: "ANBEI FINDEN SIE IHRE NEUE VISA-KARTE!!", an daat mat enger Stëmm déi un engem Monsieur inspiréiert ass, deen an Däitschland net allze Wëllkomm ass...

Soit, ech hu mer geduet et wier witzeg daat mat Ierch ze deelen... Ech hun iwwregens en neien Sketch-Video a Planung, ech muss just nach e Puer Klengegkeeten ausbesseren an dann filmen ech daat :)

bis dohin,
stay tuned.



Mittwoch, 7. August 2013

LGE Lipdub 2013

Alle Jahre wieder setzt den LGE seng Traditioun fort déi en am Jooer 2010 Ugefaangen huet; et gëtt e Premièresfilm gedréint; e Lipdub fier genee ze sin. Als Kameramann an/oder Organisator vun de leschten 3 Jooër kann ech mer et io baal net verknäiffen ierch dee vun dësem Jooër ze weisen:


Daat Ganzt gouff iwwregens am no-hannen-gooen gefilmt, waat nach e klengen extra-Challenge war, zumools well een, sou de Kameramann, d'Been verdammt wéi kritt ;)

bis dohin,
stay tuned.



Dienstag, 6. August 2013

Movies: Now You See Me

Now You See Me - by Louis Leterrier

Infosite mat Traileren a Biller

Ech sooen et vu vier eran: ech war schon laang net méi sou entertained wéi bei dësem Film... wéi a fierwaat daat de Fall ass, wert der gleich liesen! Fierun 7 Wochen hun ech de Film an der Avant-Première am Utopolis gesin, an ech war absolut begeeschtert. Säit enger Woch leeft en dann lo endlech hei am Land, an zidd nawell vill Leit un, wéi ech bei menger zweeter Kéier gemierkt hun! Daat ass awer och kee Wonner, kuckt äerch mol den Trailer un!


Zimmlech Geil hein? Ech sin deemols an d'Avant-Première gaangen ouni den Trailer gekuckt ze hun, an ech war nawell zimmlech positiv iwwerrascht - vum Titel hier konnt ech mer neemlech iwwerhaapt näicht vierstellen! De Film fänkt extrem dynamesch an lieweg un, mat engem vun den beschten Openings deen ech säit e Puer Jooër am Kino erliewt hun... selten gouff ech sou matgerappt an kruut en Grinsen op d'Gesiit "gezaubert" (badumm tss) wéi bei dësen éischte Puer Minuten! Gleichzeiteg weisen engem dës éischt puer Minuten dei eenzel Haaptpersonnagen an hierem Element, an sou kritt ee schon e klengen Abléck wéi sie sou ticken!


No den ufänglechen Stëmmungskanounen geet d'Haaptgeschicht un, an dei richteg Zauberei hëllt hiere Laaf! Wéi een am Trailer gesäit rauben sie vu Las Vegas aus d'Paräiser Bank aus, mat Hëllef vun Zauberei! Dëst ass natierlech völleg onmeijlech ze verstooen, an sou zeien sie d'Opmierksamkeet vun der ganzer Welt op sech! (daat nennen ech dach mol eng PR-Campagne! ;) ) Doropshin hëllt de Film säi Laaf an de Spannungsbogen (deen iwwregens schon zimmlech fréi gespaant gëtt) bleiwt riit duerch uerdentlech gespaant, an erreescht heiansdo nach e puer Spëtzen!

Daat ass iwwregens en aaneren Aspekt dee mer immens gudd gefall huet: de Film huet sou gudd wei keng "Hänger", also Szenen wou d'Spannung e bësse fällt, weinst ierjend engem langweilege Gespréich; a wann, dann nëmmen ganz klenger déi net weider stéieren.  Bis quasi déi lescht 5 Minuten vum Film ass ee gefesselt an et freet een sech, nierft "wéi hun se daat lo gema??", wéi der Däiwel et nëmmen kann ausgooen! Obwuel vill Frooen opgekläert gin (haaptsächlech "wéi hun se daat gemaach?"), kënnt een aus dem Film an huet trotzdem nach e Puer Frooen am Kapp déi ierjendwei kee Sënn gin am Film. Nodeems ech de Film dei zweet Kéier kucke war hun ech awer sou gudd wéi keng wichteg Froo méi iwwreg, well ech de ganze Film domat verbruet hun déi Detailler déi mech beschäftegt hun ze analyséieren.


Alles an allem géiff ech sooen dass "Now You See Me" an MUST-WATCH vum Summer ass! Spannung, Humor, Action an en selten sou gudd behandelt Thema maachen dëse Film zu enger Entertain-Kanoun fier jiddfereen! Ajo, hun ech erwähnt dass de Morgan Freeman matspillt? Wann net: de Morgen Freeman spillt mat -  eleng daat ass schon e Grond e kucken ze gooen ;). Ech gin dem Film 7.5/10 op der berühmter Ulmerich-Skala!

bis dohin,
stay tuned.



Freitag, 2. August 2013

Video Freiden an Time-Out!

Yuppi et ass Freiden, all Mënsch ass frou um "wärmsten Daag vum Jooër" AN d'Wieder bleiwt enplus nach gudd - waat wëll ee méi? Amfong näicht, mee ech hu mer geduet dass d'Video-Freiden Traditioun muss beibehaale gin, an dofier présentéieren ech haut dësen , vläit bëssen ze wäit zur Fënster rausgelehnten, Video:


Dann wollt ech nach Bescheed sooen dass ech lo 2-3 Deeg net doheem sin, an d'Méijlechkeet op Internetaccess net allzegrouss werte sin... Ech probéieren natierlech déi eng oder aaner Movie-Review ze liwweren, mee ech versprieche näicht!

bis dohin,
stay tuned.