Donnerstag, 14. Januar 2010

Ulmi's World: OMG Mondays!

Eng brandaktuell Nouvelle huet sech grad hei LIVE an der Info oofgespillt. Neemlech huet den staark parfümeierten Här deen sech Proff nennt, en sensationellen Programm um Delphi geschriwwen, mat deem een nemmen 5656025943 Variablen muss agin, fier dann rauszefannen op wei engem Wochendaag een gebuer ass.
Nodeems mei geselleschen Kolleg nierft mer, den Bobam, alias Eric, den Delphi, also e Windows Programm, 3 mol hannert en een gecrasht huet, konnte mer dann endlech eis Valeuren agin, an daat laang ersehntent Resultat op daat mat eis schon di ganzen Zäite freen (NOT), gewuer gin!

Ech hu mer vun Ufank un net immens vill vun deem immens Spektakulären Programm erwaart, mee d'Resultat huet mech dann awer schon an eng grenzwerteg aushaalbar Hysterie versaat.
Ech sin op engem MEINDEN gebuer! souvill zu: Monday sucks! -.-"

Daat war et dann lo schon LIVE aus der Info am 4ten Stack vum LGE! Bis geschwenn!



Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen