Montag, 11. Januar 2010

Ulmis' World: Monday

Tatatataaaaa!
Dei allereischt Episod vun "Ulmi's World" fier 2010 ass eraus! Fier meng fläisseg Lieser wärt Ulmi's World daat sin waat se bis lo einfach ennert dem grenzwerteg langweilege Numm "Blog" verstaan hun. Fier dei nei Lieser, an vleit och Fans?, lo net am Stach ze loossen: Meng Blogs befaassen sech selten bis eigentlech nie mat Politik, Wirtschaft oder soss engem Thema daat seit Meint an Joorhonnerten an den Nochrichten breedgeklappt gett, mee eischter mat Alldaagsthemen, Saachen dei ech erliewen, Theorien dei ech opstellen, an lusteg Begeignungen mat nach vill mei lustege Leit. ZACK, Einleitung färdeg! (hu keng Loscht mei nach vill mei ze erklären :D )

Sou, d'Thema fier des Keier ass also Monday... daat heescht Meinden op Englesch! Meindes ass deen wuel am meeschten gehaassten Daag op der ganzer Welt, zumindest bei Leit dei sech net Thierry Zigrand oder Joshua Spautz schimpfen. Abeee, ech kann deem nemmen zoustemmen.
Meindes ass einfach sou en Daag, dee verfeckt weit vum Freiden fort ass, obwuel de Freiden io mega no beim Meinden ass; an genee aus deem Grond ass de Meinden total verhaasst, fierun allem well en sou ongënsteg noom Weekend positioneiert ass! Mee wann et eppes gett waat ech mer fest fier 2010 viergeholl hun, dann ass et mech nemmei iwwer d'Wochendeeg ze beschweiren well een dach all Daag eppes witzeges/cooles materlieft. An fier daat ze beweisen, kriss DU lo en offiziellen Abléck an MEIN Meinden, also haut.

Ugefaang huet den Daag am Bett. Et ass 0:23, ech gi schloofen. PAHAHAHA mega witzeg, natierlech net... Am Ulmineschen Universum (kuerz UU xD)heescht schloofe gooen neicht aanescht wei 2 Stonnen Drop 7 um iPhone ze spillen an dobei Musik ze lauschtren an dann ierjendwann anzepennen, wann meijlech nach beim hoartsten Lidd. Mee daat ass nemmen eng Nierwesaach. Dann geet et um 6:30 weider mat opstooen, gefolgt vum sou laang leie bleiwen dass ech de Bus nemmen nach ganz knapp kreien. Eran an d'Schoul an weidergepennt.

Blockstonn Chimie:
Haut huet d'Jooer fier mech an der Chimie rem richteg ugefaang. Wärend menger ganzer Zeit an der ech inaktik am Blogwiesen war, hun ech zwar dei witzeg an skuril Sprech vun de Proffen matkritt, mee mat Hëllef vun mengem iwwerdriwwen klengen Kuerzzeitgedächtnis direkt rem vergiess! Haut: GANZ aanescht. Ech war rem voll do, an wosst dass eisen leiwen Här Chimiesproff oft mol ganz droleg Wieder benotzt, sou wi ech mer se an mengem Sammelsurium vun koneschen Wieder vierstelle kann. Wärend ech d'lescht Jooer an der Bio sou sentationel Wieder wei "alphanumereschen Display op der Stier" an "molekularstrukturell Gewëssenbreck" ageprägt hun, sin haut direkt 3 sensationel sënnfräi Sprëch dobei komm, an dei wieren:
-- heischgradeg Legal
-- Deckungsgleich
-- grenzpolitesch Korrekt
Also an Zukunft net erfeiren wann der derarteg Begreffer rem hei op dëser Säit ze liese kritt! :D

Blockstonn Mathe:
Et war mol rem eng keier sensationel ze gesin, waat mat eisem genial Schoulsystem alles meijlech ass. Op enger 2ieme B kommen leit un d'Tafel deenen et zevill 3 eenstellech Zuelen mat en een ze multiplizeiren, an dobei nach maan! Guer net ze schwetzen vun Deenen dei net wëssen dass "ma mer huelen, ehm also, ja, mee, den x-1 do raus, an maan daat mol eng klammer" och factoriseiren genannt gett! Den Highlight vun der Stonn war natierlech dass ECH schon rem un d'Tafel komm sin, an dei wuel greissten Rechnung vun der ganzer Stonn misst maan, ouni Feeler awer, waat een vun der fuerchtbar motiveierter Kreatur fieru mer net behaapten konnt.

Civic:
Ohja, dei schein Instruction Civique. Nodeems ech gemierkt hun dass et mei schweier ass heen di ganz Stonn unzekucken, wei dei ganz Stonn mam iPhone ze spillen amplaatz nozelauschtren, hun ech dann lo beschloss et dobei ze belossen, an daat scheint Buch weiderhin als Tarnung ze benotzen. Civic ass halt langweileg, do gett et mol net vill ze schreiwen.

Fräistonn:

WOOOOHOOOO MER SIN ENG B AN HAATEN ENG STONN FREIIIIIIII JAAAHAAA!

*hust* daat seet alles!

Duerno haat ech nach Guitarcours an konnt bis halwer 6 entspaanen. Bis dohin war de Meinden guer net mol sou schlecht, wann een bedenkt dass et e Meinden ass.
Dann, wei gesoot, halwer 6, et geet ab an meng allereischt Theoriesstonn iwwerhaapt fier de Führerschein. Gudd gelaunt sin ech dohi gaang an hu ma geduet "ei, lo klengt den Daag richteg gemiddlech aus, du lauschters deem lo 3 Stonne no bei eppes daatste nach laang gebrauche kanns, an daat war et dann".
Ech kommen also do ran, an dat eischt waat de Proff seet "Sou, mer fänken dann mat deem langweilegsten Deel un, dee braucht der och net wierklech, mee et ass obligatoresch et eng Keier duerch ze huelen!" D'Resultat aus deem Saatz an den doraus resulteirenden Schallwellen dei aus sengem Mond direkt an mein Ouer geflu sin, war dass mei Gehier dei Wellen nemmen ganz schweier verschaffen konnt, waat zu engem direkten Crash gefouert huet, waat widderrum zu enger total Entluedung vu menger ganzer Loscht gefouert huet.

Wei een awer gesäit, Liewen ech nach, je nodeem wei een "liewen" defineiert. Zu allem iwwerfloss ass fierun 20 Minuten och nach de Stroum ausgefall wärend ech umgaang war dee Blog hei ze schreiwen, waat also bedeit dass ech meng ganz Aarbescht vun 70 Minuten rem an 20 Minuten getippt hun, an mer lo d'Froo stellen :

Fierwaat em alles an der Welt fällt MEINDES Owes, um 22:45 dee verfecketene Stroum grad dann aus wann ech umgaang sin eppes opzehuelen, eppes upzeloaden an e riesegrousse Blog ze schreiwen?? FIERWAAAAAT? :(

naja, als Oofschlusssaatz bleiwt nemmen eppes ze sooen:

MONDAY SUCKS! (Meindes lutscht)



Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen