Samstag, 30. Januar 2010

Movies: Sherlock Holmes

Sherlock Holmes

Trailer an HD

Voilaaa, dei 5t Editioun vun "Movies" ass do!
Geschter war et dann souweit, ENDLECH ass Sherlock Holmes rauskomm, een Film op deen ech mech schon säit November gefreet hun! Deementspriechend heisch waren meng Erwaardungen natierlech och. Ech kommen einfach mol direkt bei d'Analyse, et huet io kee wärt laang rondrem ze schwetzen.

De Film fängt un, an bitt direkt eng sensationell Ufanksszene. Et gett een quasi an d'kaalt Waasser geheit an et muss een kucken dass een eenz gett. Aanescht wei dei meescht Regisseuren huet den Guy Ritchie dei 128 Minuten pur Epicness mat enger Aktionszene ufänken gelooss. Ween den Trailer kennt, dee weess dass den Sherlock Holmes seng Geijner net einfach sou bekämpft, mee dass heen de Mensch anatomesch analyseiert an sou genee d'Schwaachpunkte kennt an wei en se ausser Gefecht setzt. Daat gett een dann och schon direkt am Ufank gewuer; wei de Kampf dann ausgeseit, dozou mei speit mei.

D'Story bidd engem vill fier wärend dem Film nozedenken, well et dorems geet dass een grousst Rätsel, bestooend aus 5-6 klengen Rätselen, geleisst muss gin!Mee keng Angscht, fier Leit denen hieren Cerebrum net ganz sou entweckelt ass, gëtt zum Schluss dann och alles schein opgeleist ;). Bon, ech mengen dass sech jiddereen kuerz fierum Schluss domm fillt, well dei eenzel Opklärungen wierklech ganz deifgrënneg sin, an een sou niemols dropkomm wier. An grad daat mecht en zu engem richteg gelongene Film deen net am 08/15 -Style riwwerkennt. Mee zereck bei d'Story. Wärend et bei villen aaneren Produktiounen nemmen een riiten Rouden Fuedem gett deen sech duerch d'Story zidd, kann een daat bei dësen hei wierklech guer net behaapten. Ech geiff eischter sooen dass et am Ufank mat engem Fuedem ufänkt, an dann zimmlech exakt no 15 Minuten emmer een dobäi kennt, sou dass et herno 5 - 6 grouss Fiedem sin, dei sech dann zu engem decken Schluss vereenejen. Kuerz: d'Geschiht ass wierklech ganz gutt detailleiert an net sou liicht ze duerchkucken.

Op Inhaltlechem Niveau ass de Film also scho mol Top, zumindest waat d'Story ugeet. Vun der Idee hier war et eppes ganz neies, de Sherlock Holmes, deen fier mech bis lo einfach nemmen en langweilege Boop war deen mat der Päiff an der Maul Mysterien opdeckt, ass zu engem Kampfbock "muteiert". Natierlech kämpft heen net am ganze Film, mee et ass eng gutt Mëschung tescht Detektiv an Kämpfer; emmer bëssen oofgewiesselt. Et gouffen awer och puer Momenter wu ech mech gefroot hun "hm, lo keint et awer soulues rem mat opspüren weidergooen". En plus hun dei vereenzelt Witzer, därer et genuch gouffen, heiansdo souguer gesteiert, zum Beispill dann wann et grad wierklech spannend war an et alles total serieux hëllt; op aaneren Plaatzen hun se einfach genial gepasst. An ech hun et des keier färdeg bruet mol ENG KEIER daat Zitat aus dem Trailer tel quel opzesooen an matzeschwetzen, ouni mein Asaatz ze verpassen :D

"Get that out of my face! It's not in your face, it's in my hand! Then get what's in your hand, out of my face!"


Mee och dei eenzel Personnagen souwei d'Emgebung sin genial inszeneiert. Daat ganzt spillt an der Zeit wou d'Tower Bridge gradg gebaut gett, waat engem en genialt Bild gett, wann een schon zu London war. D'Verhaalen vun all eenzelnen Statist ass perfekt op dei Zeit oofgestemmt, an natierlech sin den Sherlock Holmes an den Watson net ze toppen. Zum Holmes kann een nemmen sooen: Respekt un den Robert Downey deen daat Verrecktent an daat Duerchgeknalltent vum Holms wierklech meschterhaft riwwerbruet huet. Och dem Jude Law keeft deen seng Roll gudd oof; a wei ech perseinlech fannen, war daat eng vu senge beschte Rollen bis lo!

Kamertechnesch war de Film einfach op der Spëtz vum Skill iwwerhaapt! Mei Noper de Gilles huet mer am nachhinein leedgedooen well ech op mannst 100 mol gesoot hun "Whoa wi geil war DEEN Move" oder "wei eeeepesch war daat lo?" Sorry dofier^^ Freck, waat en kuerzen Abschnitt iwwert d'Kamera, mee bei deme hei Film gett et wierklech do net vill ze meckeren!

Fazit:

Sherlock Holmes ass eng wierklech gelongen Produktioun, dei trotz gudder Idee an beiser Emsetzung meng Erwaardungen net ganz erfëllt huet, well, wei scho gesoot, verschidden Elementer zum falsche Moment agesaat gi sin! Op enger Skala vun 1-20, wubei 20 TOP ass, geiff ech dem Film eng 17 gin! (Oder eng 8,5 op enger Skala vun 1-10 , mee ech wollt eng ganz Zuel gin :P ). Ech kann de Film wierklech nëmmen weiderempfehlen, well et ass wierklech vun allem dran, an dovun kënnt fierun allem näicht ze kuerz!



Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen