Dienstag, 26. Januar 2010

#6: Waat nei Emfrooen ugeet

Howdy!

Ech kommen direkt op de Punkt:
An menger leschter Emfroo huet de Südpol mat enger iwwerweltegender Mehrheet mat un Secherheet grenzender Warscheinlechkeet geint de Nordpol gewonnen, an daat mat engem Viersprong vun 13 Stemmen! Doduerch koum daat sensationellt Resultat raus dass de Südpol 72% kruut, an de Nordpol 27%! Relativ Domm eigentlech, well dat gett zeusmmen 99, mee bon, et ass awer trotzdem bestemmt en Zeechen dass grad op MENGEM Blog, en "27er" Resultat rauskomm ass ;) Och ech haat by the way fier de Kolleg am Süden gestëmmt.

Waat meng nächst Emfroo(en) ubelaangt, sou hun ech mech dann decideiert "Mellechmann vs, Pissblumm" ze huelen, an daat fier en relativ klengen Zeitraum.
Fierwaat sou kuerz? Ganz einfach:
Am Uk fënnt grad eng kleng "Revolutioun" statt, an fier dass mer eis Sendung besser gestalten kennen, frooen ech dann lo emmer dei eischt 10 Deeg vum Mount wei der d'UK Sendung fannt, fier doraus dann zeien ze kennen, waat schlecht ass. Dier sidd also meng Versuchskaninchen muahahahahahaha! Ech bieden en plus drëm, eierlech ze sin, merci :D
Da maan ech mech lo mol u mei neie Blog deen haut nach kënnt^^

cya



Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen