Dienstag, 26. Januar 2010

Ulmi's World: Epic Fail Day

Ladies and Gentlemen,
Zwitter an Transen,
Herzlech wëllkomm zu mengem ganz perseinlechen Epic Dail Daag!
Ugefaang huet et schon domat dass ech wei emmer sou iwwergescheit war an et net fier neideg fonnt hun fierun 00:00 schloofen ze gooen. Sou sin ech dann mat Widdermudd um 1 Auer an d'Bett gaang, wou ech awer nach eng gudd Stonn wakresch loung well ech wei emmer iwwer all Kack nogeduet hun, just net un d'Schloofen...
Um 6:30 schellt dann den leiwen Här Wecker, deen ech awer direkt rem 9 Mintuen schlummern gescheckt hun, wei all Daag also. Um 6:50 war et dann awer wierklech Zeit fier opzestooen, an genee em dei Zeit hun ech eppes erlieft waat an eisem Haus op ganz genee 3/365 Deeg vierkennt: ET WAR ROUEG O.O! Daat misst ech einfach zu 100% ausnotzen, an waat gett et besseres wei mat Aaen dei een nemmen hallew oppkritt, d'Luuten net unzemaan, an a purer Rou ganz gemiddlech sein Zeitplang duerchzezeien?! Jap, absolut neicht^^ Ech hun also mei Schoulsaak gepaak, an just an Hand vun der Bichergreisst gerooden ob ech daat richtegt agepaak hun, mee dozou speider mei^^ Ech gin also an völleger Donkelheet an d'Buedzëmmer an gräifen wei emmer lenks nierft den Lavabo fier d'Zahnpastatube ze huelen. Ech treffen mat menger Hand also en Tube, an drecken den Inhalt op meng Zännbisscht, dei ech dann a mei Mond stierchen. An der ganzer hektik huet sech dei Paste dann och seier a mengem Mond verdeelt, an genee do kennt den nächsten Epic Fail: Et war Nivea! Ierjendeen Aaf huet eng Niveastube dobei gestallt, herrlech! Wesst der weivill Aarbescht et ass, Creme dei mat Waasser vermescht ass, rem ganz aus dem Mond rauszekreien? Oo Daat ass eng Saach vun der Onmeijlechkeet. Et geet also an d'Schoul...

...wou ech um 8:26 gesoot kreien dass ech mei Pullower de Falsche ween un hun (Merci Gilles ;) ), also Banne-Baussen. Dozou muss ech awer sooen dass mei Pullower aus Woll ass, an een wierklech net mierkt dass en emgedreint ass, wann een vu Vier kuckt. En plus, net ze vergiessen, et war baal stackdäischter a mengem Zëmmer, also fannen ech dass zumindest daat eng gudd Ausried ass:D Ca. 10 Minute mi speit mierken ech dass ech dës Bicher agepaak hun: Chimie, Geschicht, Däitsch an Info. Eise Stonneplang: Mathe, Physique, Chimie, Franzeisch... naja, weinstens haat ech Een Treffer! Domat wiere mer lo schon beim Epic Fail Nummer 4...
An et geet weider, yuppi! Mer hun also Chimie, wei ech lo grad opgezielt hun, an well et halt Chimie ass, war et halt rem "Klicker-Time"! Dës Keier iwwert daat Wuert "Gaz", waat en dei leschte Keier relativ oft, am Geijensaatz zu haut! -.-" op ganzer 28 mol sin ech komm, an haat seit laangem mol rem eng keier eng Chimiesstonn dei langweileg war! (Oh nee, lo geet d'Welt enner; d'Schoul war langweileg oO).
Duerno war ENDLECH Zeit fier z'iessen. An vue dass de leschten Dönerstag scho laang hier ass, war haut Dönstag, also den Dënnsten op deem mer Kebab iesse gin! Mer fläissen eis also schein fier dass mer ganz vier an der Rei stinn, fier sou seier wei meijlech eppes an d'Mondhöhl ze schieben. An wei et den Zoufall well, kënnt en Trapp Kamionspnöen an Leit ouni Eer(Achtung Mehrzahl) ran an dreckt sech vier, sou dass mer ganzer 7 Bestellungen mei laang waarde missten, an doduerch ganzer 8 Minuten op der selweschter Plaatz an der schlaang stoungen. Duerno haate mer dann d'Éier eist Iessen bei enger Aussentemperatur vun gefilltenen -273 Grad ziessen!

No der Schoul leeft bis 18:15 alles eenejermoossen normal, wann een als normal bezeechene kann dass een 100 Minuten laang dobausse Filmt an duerno ca. 20 Minute brauch bis een rem Gefill an d'Fanger kritt;)
18:15 -> Simpsons. Dei Wuel schlechst Folleg ever, de Comicverlkäufer huet eng mega lusch Stëmm, an d'Folg selwer war kee Meter witzeg oO Galileo hun ech ierjendwei verpasst, waat och emmer ech do gemaach hun...
20.15. Dei nei Simpsons Folgen... Eng dovun war ganz ok, mee och ent den Hummer, an dei aaner haat ech scho gesin, an dei wass definitiv och NET witzeg...
21:15 Two and a half man -> Aal Folgen, all scho gesin, an ierjendwei rappen dei Witzer nemmen eng eenzej Keier!

An zu allem Iwwerfloss hu mer moa och nach Däitschprüfung LOL!
majo dann, do soll nach een sooen Meindes wier schiel

-.-"



Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen