Sonntag, 24. Januar 2010

Ulmi's World: Wochereckbleck

War et net eng wonnerbar Woch?
Selten huet eng Woch sou genee op engem Meinden ugefaang an op engem Sonnden opgehaalen wei dës! Dozou misst een vleit umierken dass ech see Saatz an sech nemme geschriwwen hun fier eng absolut sënnfräi an zugleich inhaltlech grenzwerteg eidel Einleitung ze schreiwen. Jojo, daat Wuert "grenzwerteg" gefällt mer emmer mei... an ween en treien Lieser ass, dee weess dass ech dat vun eisem leiwen Här Chimiesproff hun, deen ganz gären mol komplett illuster Wuertkombinatioune baut. Apropro Chimie...

Monday:

Booa, staark Iwwerleidung he? Tjaaa, ech hun daat geübt, Meindes huet een schliesslech genuch Zäit an der Schoul fier sech sou Saachen afaalen ze loossen. Wei also gesoot, huet d'Woch wei emmer mat Chimie ugefaang... klengt onspektakulär, ass et och, mee trotzdem huet daat Fach et schon fier dei zweete Keier a mäi Blog geschafft well et gin direkt mei Saachen ze berichten. Neemlech huet mei Kolleg, Bänknoper an treie Lieser de Ben, sou en extremst gäile Klickapparat, mat deem een Saachen zielen kann. D'Rechnung geet also ganz einfach op: (B+Sv)*en + Klickapparat= Fun. An eisem Fall war et sou dass mer daat Wuert "Solution" gezielt hun... Ehm, loosst mech et a ganz kuerzer Form ausdrecken:
Stand no 50 Minuten: 46 mol
Stand no 100 Minuten: 200 mol
Daat seet alles^^Natierlech hat daat ganzt Geklicks nach en praktechen Nierweneffekt, neemlech dass een deck gutt oppasst, an sou hun dann och rem nei Sprëch opgeraaf dei ech DER natierlech net vierenthaalen:
- ganz kuerz qualitativ ukucken
- an der iwwerweltegender Mehrheet vun de Fäll
- wuel kaum, mee meechtens schon
- usus
- ganz faarwesch Rout
Sensationell waat dee Mann vun sech gett. Zum Recht vum Schouldaag kann een net vill Zielen, waat ech iwwert daat Däitscht ze meckeren haat gett et io schon bëssen mei ënnen ze liesen ;)

Tuesday-Thursday:

Daat waren vleit mol 3 Horrordeeg wei se am Buch stin! Meindes an Dënnestes Owes Fahrschoul, oder wei ech et genannt hun "boa dei houer Däitschproff dei dem Elephant Man seng Schwester keint sin huet eis io tatsächlech eng onmeijlech Aufgab gin dei ech an 2 Deeg schreiwe muss an wou ech Punkten dropkreien mee woufier ech keng Zäit fannen well ech io lo 3 Stonnen hei setze muss an Schelder richteg zouuernden leiren" Dei zwee net onustrengend Deeg gefollegt vun der "hm ech gin um 1 Auer pennen"-Mentaliteit hun et dann tatsächlech färdeg bruet dass ECH och mol eng keier total Midd war anKappwei ouni Enn haat, waat natierlech dei bescht Fieraussetzungen sin fier Donneschtes Moies eng EngleshPrüfung ze schreiwen...
Naja, et ass dann halt dach gaang (Drauwenzocker ftw whoop), an mat bëssen Chance gëtt et suguer iwwer 45 oO, waat ech nie am Liewen geduet hätt. Doheem hun ech mech dann domat beschäftegt mei schlechteste Blog ever ze schreiwen, souwei deen extremst onpackbare Guitar Solo zu üben deen ech moa muss kënnen, waat ech an der Tat wierklech färdeg bruet hun :D (stolz an sou...)


Friday:


Howdy! Endlech Freiden, waat e sensationellen Daag! Deen Daag, deen engem Woch fier Woch rem Mut mecht opzestooen well en bedeit dass de Weekend fierun der Dier steet, war endlech rem do, yippie! Boff, en hätt kënne besser Ufänken wei Moies frei um 8 Auer eng Franzeisch Dissert missen ze schreiwen, mee Gott sei Dank gouff daat duerch eis sensationel LGE-Organisatioun ennerbrach, well dei et io tatsächlech färdeg bruet huet de Feieralarm matzen wärend der Prüfung lasszeloossen, amplaatz wei soss och emmer, wärend der Paus. Sou gescheit wei mer B-Schüler da sin, hu mer NATIERLECH net d'Feiertraap geholl fier aus dem Festsall rauszekommen :P Bon, ka gescheien. Nemme puer Stonnen mei speit war et endlech souwäit: Daat op waat ech mech schon de ganzen Daag gefreet hun geet lass: 2 Stonnen UK!

Aus Freed kann io bekanntlech ganz seier Enttäuschung gin, an daat misst ech do spieren, oder eischter, ech kruut et ze spieren... Nodeems mer meng Wieder wëll am Mond emgredreint gouffen, sin ech als "GENIE vum Zolwerbierg" betitelt gin, an daat an engem äusserst sarkastechen Toun, deen vun engem Proff kënnt, deem säi Numm aus 2 Buchstaben besteet... Ech nennen dee leiwen Här lo einfach mol Brëlleschlaang vun Leideleng! mee bon, daat hei soll io keen mimimi-Blog gin, dofier kommen dann awer zun den mi coolen Deeler vum UK ;) Zesummen mam HoscheitsssssBen (ween hätt et aanescht erwaard?) hun ech d'Moderatioun fier dei nächst Movies 'n More opgeholl, an dozou kann ech nemmen eppes sooen: EEPESCH! Souvill kann een varrooden: et gesäit een mol bëssen hannert d'Kulissen vum UK..!
No enger klenger Diskussioun iwwert puer Projets dei mer nach hun, sin mer op de Schülerkomité ze schwetzen komm, an doriwwer dass mer en Portrait vun hinnen am Uelzechtkanal weise wollten. Leider hun dei leif Kënnercher sech DEI Geelehenheet berühmt an entdeckt ze gin hausheisch vermasselt, well een vun hinnen "keen Interet huet sech iwwert d'Pauseverlängerung ze äusseren". No deem Saatz sin ech an engem ënnerlechen Laachanfall zesummengebrach an haat dei spontan Idee eng Foto vum Schülerkomitee op Facebook ze maan mat der Ënnerschreft "Epic fail".

Waat dann noom UK komm ass, ass klooer, siehe hier -> Kliggst du hia man sonst hau ich dich alt man, bass uf ich veis wo dain Haus fohnt

Weekend:

Samschdes war einfach en absoluten Win-Daag! Moies schei laang gepennt, gefollegt vun enger gudder Stonn Guitarsschoul wou ech "Cryin' " gespillt hun, waat och guuuueeer net schweier ass, an engem uschleissenden Besuch am Restaurant, an deem ech mer wei emmer eng kugelrund Panz zougeluet hun. Mëttes nach bëssen prepareiert fier d'Schoul, an Owes ab riwwer bei e Kolleg fier de ganzen Owend duerchzezocken. Daat mam duerchzocken ass awer leider neicht gin, well den Honger eis zwengend zum ophaalen bruet huet, fier eng Pizza ze bestellen. Un dëser Plaatz zwou kleng Frooen:

1. Wei laang telefoneiert een fier eng Pizza ze bestellen?
2. Wei oft muss een uruffen fier eng Pizza ze bestelllen?

An der regel sin d'Änferten: 2 Minuten an : 1 mol. Hhmhm, haat ech bis geschter och geduet, mee ech misst tatsächlech 8 mol uruffen an am ganzen 11 Minuten schwetzen! Daat sensationellt war dass aus hierem Telefon keen Toun mi komm ass, mer si awer heiren hun! Nodeems sie also gemierkt hun dass dei selwescht Nummer 6 mol ugeruff huet, heiere mer beemol sou en Tippchen ruffen: "ey Carlo, ça marche pas le téléphone là! vraiment? beh, change les batteries". Eng Laachkriis war d'Konsequenz dovun :D Soss war den Owend wei gesoot epic.

Waat ech allerdings guer net vum Sonnde behaapten kann. Ehm, wei soll ech et sooen... Ech schätzen dass ech vun de Moien 10:30 bis lo, also 18:58, ca. 364 Meter Kichen-, Toiletten- an Nuesschnappeschpapbeier verbraucht hun; oder kuerz gesoot: ech hun de Schnapp. Ech well guer net wëssen weivill Litter ech schon rausgeschnäitzt hun oO). Mei Sonnden hun ech also domat verbruet lauter Saachen unzefänken, mee keng eng richteg färdeg ze maan well ech dauernd duerch neitzen an schnäitzen ennerbrach gouff, daat eenzekt waat bis lo nach net ennerbrach gouff ass de Kappwei, mee daat sin ech io lo scho gewinnt... Mee hey! Moa ass Meinden,da geet rem alles vu vier lass, an ierjendwei freen ech mech rem op Chimie, ech hun sou e Gefill wei wann et rem Sprëch reene wärt! (ech hätt io lo gesoot dass ech richen dass et Sprëch reene wärt, mee ech hu meng Nues vill ze vll zou, sorry dofier :P)

Sou daat war et dann och "schon", ech wënschen nach e scheine Recht-Weekend, an loossen dech mat enger leschter Froo hei zereck:

"Fierwaat steet um Toilettepabeier dei Opschrëft "extra soft", a wann een sech domat d'Nues botzt huet een no 3 mol sou eng Rout nues wei de Rudolph? Oo"

'^.^




Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen