Sonntag, 10. Januar 2010

Movies: Zweiohrküken

Eiiiigentlech wollt ech eppes iwwert "The Imaginarium of Dr. Parnassus" op dës Plaatz schreiwen, mee et ass mer definitiv ze speit Owes fier daat lo nach maan. Dofier mech tden Ufank vun der Rubrik "Movies" de Film "Zweiohrküken".

Ok, ech sin eierlech: ween den Titel heiert, deen mengt: oha what the fuck, waat e Schécksefilm. Ech sin en trotzdem kucke gaang, an muss erstaunlecherweis soen: en ass guer net mol sou schlecht! Ganz am Geijendeel zu deem waat vill Leit denken, versteet een de ganze Film och wann een den eischten Deel net gesin huet, sou wei ech zum Beispill. Et ass menger Meenung no keen typechen Däitschen Film, dei oft mol dozou neigen laang an langweileg Passagen ze beinhalten, dei enplus komplett irrelevant sin!
Am Zweiohrküken geet et em den Ludo an seng Fraag d'Anna dei sech fier all klenge Schäiss streiden, an daat op eng relativ realiteitsno Art a Weis. Obwuel... streiden ass net daat richtegt Wuert. Et ass vill mei sou dass d'Anna, also eng Fraa, sech iwwert all klenge Schissi opreejt an de Ludo wärend deems nach schleift, ësst, oder komplett sei Gehier ausgeschalt huet.
Waat och relativ ontypech fier en Däitsche Film ass, ass dass en ob eng witzeg Art a Weis WITZEG ass! Bei enger Komödie brauch een daat io normalerweis net ze sooen, mee eis leiff Noperen die sou gär Mauren oofrappen neigen relativ oft dozou peinlech oder suguer gezwonge witzeg ze sin, waat definitiv net an de Kino geheiert.
Erstaunlecherweis kennt och d'Story net ze kuerz: Et ass net nemmen een riiten Fuedem deen sech duerch dei Knapp 2 Stonnen zidd, mee en huet vill kleng Oofzweigungen, wei meechtens suguer nach eng entscheedend Roll am Film spillen!
Kameratechnesch kann de Film natierlech net an Hollywood mathaalen, mee ech muss sooen dass ech di eng oder aaner keier gesoot hun "hm dat war zwar lo e beisen Iwwergang" oder "ok wei epesch war dee Schärftewiessel?".

Als Fazit kann ech mat rouegem Gewëssen behaapten dass een seng Zäit net verschwend wann een de Film kucke geet, an en ass Definitiv net nemmen eppes fier Meedecher, waat eleng dei eischt 2-3 Minute vu Film weisen ;). Leider huet den Zweiohrküken et net gepackt an d'Hall of Fame vun der "Movies 'n More"-Staffel opgeholl ze gin, mee trotzdem ass et bei wäitem net de schlechtesten Film deen ech bis lo gesin hun.

Ajo, als Leztebuerger huet et mer natierlech extremst imponeiert dass de Film EISEM Thierry gewidmet ass! R.I.P. Thierry




Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen