Mittwoch, 19. Januar 2011

All in one, 2011 here we go!

bei dësem Post biedem ech em Verständnis fier eventuell (zimmlech secher amfong) Rechtschreibfehler, et ass schweier bei sou engem laangen Text ob Anhieb all Fehler ze fannen, merci.


*puff, Schampesstopp*
Vill Gleck am neie Jooer!

Ja, sou kuerz no Sylvester sidd der bestëmmt nach midd an hudd iwwerhaapt kee Bock hei souvill ze liesen, mee daat ass io daat scheint um liesen, et kann een puer Pausen maachen an emmer rem weiderliesen. Ech ka mer denken dass nach vill vun äerch total K.O vun geschter sin, mee pünktlech wi ech sin schreiwen ech um eischten Daag vum neien Jooer direkt eppes ;) Als allereischt, wei sech daat geheiert, fänken ech mam Jooresreckblek vun 2010 un, deen ech NET den 28 oder 29ten Dezember maachen, well den 30 an 31ten schliesslech och nach zum Jooer 2010 geheiren. Wärend also mein eeeenormen Trick, deen doran besteet sou ze maachen wi wann ech net einfa baal e ganze Mount neicht geschriwwen hun, an äerch gleichzeiteg ze hypnotiseiren an domat mengen ze loossen mer wieren den eischte Januar, unhällt, zielen ech mol bessen eppes vum leschte Jooer.
2010 war am groussen a ganze gekackt e mega kack Jooer... Eng Katastroph no der Aanerer, nemmen Gejeimer a Gemeckers, a Skandaler wouhin een och gekuckt huet. Gleewt der mer net? Pff... ech sooen mol fier unzefänken “Aschewolke”. Aschewolke... Aschewolke, waat en dämlecht Wuert! Nodeems de Vulkan mat deem wonnerscheinen Numm “Eyjahwasgehtabichbineinvulkanbecool” ausgebrach ass, war d’Menschheet io mol schein opgeschmass! An der Loft ass iwwerhaapt neicht mei gaangen, an Zeitweis ass vun enger 2ter Explosioun geschwaat gin, dei nach vill mei Schlëmm gewiercht wier! (Btw ass Aschewolke op der Lëscht vum “Wort des Jahres” op der drëtter Plaatz geland!). Dei Stëppswollek huet net nemmen sämtlech Emweltschutzmossnahmen vun de leschten 103 Jooer rem vernicht, mee se huet och 250’000 leit d’Liewen kascht!
Waat haate mer nach sou? Ajo do war sou e Lach (nee net daat grousst Lach op der Brillplaatz), am Golf vu Mexiko, wou pro Daag c.a 8000 Tonnen Ueleg rausgelaaf sin, an daat wärend baal 3 Meint, eenorm muss een schon zougin! Nodeems d’Groussgehierer vun der Welt 3 FAIL-Maschinen (dei fier hier Produktioun och rem Ueleg verbraucht hun) gebaut hun fier daat Lach zou ze maan, ass et dann schlussendlech gott sei dank dach gelongen... kee Bock mei weit dorop anzegooen, mengen mer hun all genuch vun deem Kaabes. Mee eppes sief gesoot, an ech widderhuelen et: huet ee vun äerch de Film 2012 gesin? Fällt eppes op? d’Natur rächt sech, wir werden alle sterbeeeeeen...

Lo haat ech baal vergiess hei an der Crap-Lescht 2010 d’WM ze erwähnen! Mei Gott waat war dei Lame dëst Jooer. Am wärmsten Summer säit laangem, gëtt d’WM natierlech an Afrika oofgehaalen, waat io och voll Sënn mecht, schliesslech haate mer io kee gudd Wierder, an an sech gin et och keng Länner an Europe dei genuch Fussballstadien hun. D’Matcher waren ganz ok, zumindest aus hollänescher Siicht, mee de ganze Recht rondrem war einfach nemmen lamentabel! Hallew ausverkaaften Stadien, vill random Equipen wei net sou de Brenger waren, an fierun allem dei onfassbar nervtötend an suicidundreiwend Vuvuzelas hun deem ganzen bëssen (vill) sei Glanz a Charme geholl, sou dass net wierklech e WM Feiwer opkomm ass, mee eischter en “oh haut ass io en Match dajee da kucken mer deen halt”-Feiwer.
An dann... Chile. WOW do gouffen io tatsächlech 30 Leit aus engem zougeschottenen Biergwierk gerett wei genial ass dei Aktioun w.e.g ech kann et net gleewen ech mengen ech kräische gleich sou glecklech sin ech... NOT. Klengt krass, mee ganz eierlech: an sou Länner geschitt daat baal Daag dass Männer moies aus dem Haus gin, an Owes net mei aus dem Bierg rauskommen well za zesummegefall ass. Metlerweis gëtt schon keng News mei draus gemaach, well et einfach Fakt ass. Et huet also nie ierjend ee Mensch gekëmmert waat do geschitt (ausser d’Famillen vun de Betraffenen), an lo op ee mol, well grad neicht an de Schlagzeile war, hun se sech decideiert mol eng Keier eppes ze maachen. Dass bessen egalwaat dei ganz Aktioun. Schein a Gudd dass se gerett gouffen, mee daat war et och schon.
Hmm geet su lues duer mat 2010, ech maan lo schnell, hei ass dat waat nach op menger Lëscht ass:

-Google Streetview: d’Rentnerthema Nummer 1!  “ohneee! lo kucken za op eist Haus, ohneeee! lo kann en abriecher op Google gooen a mein Haus kucken fier bei mer anzebriechen”. Ehm ja. En Abriecher huet io och net d’Meijlechkeet einfach direkt bei dein Haus ze kommen an sech d’Saachen do mei detailleiert unzekucken. Meng perseinlech Meenung vum Streetview: Who the fuck cares? Ech hun daat lo 2 mol benotzt fier ze kucken wi daat su ausgeseit, an hun et 2 mol zimmlech langweileg fonnt, also ech weess io net ob sech daat sou lount fier sech driwwer opzereejen. Mee daat ass io souwisou Bestanddeel vun all Mensch gin; sech iwwert ierjend en Thema opreejen, an all Mensch seng Meenung ze zielen och wann deen se guer net intresseiert. (tja domm gaang, du lies daat hei io freiwëlleg, zwengt dech keen weiderzeliesen)... (BITTE BITTE lies weider :’(  )
-Griechenland huet keng Suuen mei: Pesch domm Gaang... Vu dass Letzebuerg proportionell eh am meechten gespend huet, fannen ech dass mer lo weinstes free Gyros sollte kreien!
-In der Kirche wirds getrieben, von Pastoren und Kindern. Ja, euhm, daat war och schon fierun 50 Jooer sou, just do huet keen sech getraut eppes geint d’Kierch ze sooen, also en mega lol-Thema. Huet da keen deenen beibruet dass een als eischt freet ier een eppes an eng vun deem Aaneren senge Kierperöffnungen stëcht? Oo Ech kennen do sou e Wierderfresch, deen huet eng Keier net gefroot, do haat en sech schei verkachelt :s

Tiptop, lo ass daat dann och mol erledegt, dämlecht Jooer endlech riwwer!
Soou, waat gëtt dann lo dëst Jooer neies ze berichten froot der äerch bestëmmt. (Falls du grad “nee” zu dengem Bildschirm gesoot hues, stell der bitte vier en geiff der mat “haal de Mond” änferen, merci). Dëst Jooer ass aus menger Siicht nach net souu vill geschitt, war nach neicht am Kino waat bis lo erwähnenswert ass, ausser vleit the Green Hornet, mee sin nach net secher op ech doriwwer eng Review maan.
-The “Lady lays in stairs incident”. Freiden Owend. 1:15. Et ass de Freiden no Sylvester. D’Stroossen sin mat enger Eisschicht bedeckt, dei d’Autofueren erschweiren. Ech parken am Brillparkhaus. Ouni schlecht Gedanken gin ech bei den Automat fier ze bezuelen a well roofgooen. Schock! an den Traapen leit eng bewosstlos Fraa. No der Initiativ den 112 unzeruffen, gin ech roof bei den Nuetswiechter fier ze frooen wei laang den Ticket gudd ass wann e bezuelt ass, well do uewen eng Fraa leit, an ech awer gäer op d’Ambulanz waarde geiff. Seng Änfert war genee dei heiten: “den Ticket ass 15 Minuten gudd, duerno musste rem 1.30 bezuelen”. Ech widderhuelen nach eng Keier meng Aussoh vun der Fraa, wourops heen änfert “ah, ok, mee daat mam Ticket kann ech der an d’Rei maan”. E kuerze Bleck an sei Büro huet villes erklärt. En Monitor mat 35741365 Kameraen (ongefeier), dei alleguer AM Parkhaus sin, an d’Parkplaatzen iwwerwaachen, net een eenzejen deen d’Traapenhaus iwwerwaacht. Noom Verwonneren iwwert seng Antireaktion zum Thema “halbtote Frau” sin ech zimmlech rosen gin well an deem fucking Brillparkhaus einfach ALL scheiss Eck iwwerwaacht ass, mee net een eenzejen llengen Treppleck. An d’Chance an den Traapen op d’Panz ze gooen ass bei weitem mei heisch wei um platten Buedem... Soit; souvill zum Thema “Secherheet” an Esch, abeeee.
An lo nach fier gemiddlech op de Schluss vum Post ze faden, e Puer “Erwähnungen” vun Leit, dei onbedingt a mei Blog wëllen, bzw et och verdingt hun. Ech maachen dann mol meng Pflicht.
-de Marlon Spautz huet mer am English eng Hi5 gin. Gratulatioun Marlon, du bass a mengem Blog. Btw dei Brudder, de JOSHUAAAA SPAUTZ (deen lo ganz genee weess wei ech dat ausschwetzen) ass en Held. Heen huet der mei Blog gewissen, an wert mengen ech nach laang en treien Lieser bleiwen. ;)
-Fierun laanger Zeit, huet d’Laurence, waat grad zu Innsbruck studeiert, bei mer den “What Happens in Luxembourg”  E-Magazine ugefuerdert, en eemolegen Service an deem ech hat iwwert dei recent national Neiegkeeten informeiren. Dobei huet et mer gezielt dass et emmer brav mei Blog liest an awer nach nie dra war... hei de Beweis:

Congratulations, you are finally in my blog! (and a little bit more awesome).
-Zitat Valerie Kemp zum Thema Fuessverkleedungen:

“dei sin einfach all krass kuerz sou mega sexy, et gëtt einfach neicht aanescht ausser et geet een als tipp oder als iejendeen Deier, suguer wannste als Gemeis geess besteet de Kostüm nach emmer zu 90% aus Neicht!”
Wo se Recht hat, hat se Recht ;D
-an hei nach e Bild well ech grad ze faul sin fier oofzetippen:

Ech hoffen der sidd glécklech, ech well io nemmen daat Bescht fier meng Fans. An well daat wierklech stëmmt, hun ech dann och lo dem HoscheitsssBen seng EmfrooIdee endlech emgesaat, an eng nei Emfroo gestart, dei, wei emmer eigentlech, rem eng wichteg Froo vun der Menschheet klärt. Dozou weilt ech awer nach en weisen Mann ziteiren..
“Paangesch soe just dei aalmoudesch Leit di nach a Pangäa geliewt hun”

daat war et dann vu mer haut, mei gëtt et dann lo rem mi oft, enner aanerem als Nächst iwwert eng Geheimtipp waat TV-Serien ubelaangt, stay tuned and feel free to comment.




5 Kommentare:

  1. Du hues puer extrem wichteg Saachen vergiess :O z.B. den entdeckten Planeit wou et Waaser keint gin an mär liewen keinten (natierlech misst een puer Milliounen Joer reesen, mee dat ass keen Problem fier eis Menschen, dei et souguer mettlerweil packen en Lach am Mier noo Meind zouzemaachen :D)

    AntwortenLöschen
  2. "Huet da keen deenen beibruet dass een als eischt freet ier een eppes an eng vun deem Aaneren senge Kierperöffnungen stëcht? Oo Ech kennen do sou e Wierderfresch, deen huet eng Keier net gefroot, do haat en sech schei verkachelt :s"

    Wi krass suguer daitsch comedians mat der zaitmaschin an d'zukunft fleien fir bei dier gedankengut klauen, ;>

    AntwortenLöschen
  3. @ Gerson, stemmt hues Recht, mee haat io och engka en eenzelnen Post doriwwer, deemno nemmen hallew-vergiess ;D

    @ jaak: io an? :P

    AntwortenLöschen
  4. dat bescht, fannen ech nach emmer de nachtwächter vum parking, dee scho naicht ze din huet, a net drop ageet, wann eng fra bewosstlooss a sengem parking läit...

    AntwortenLöschen