Montag, 14. Februar 2011

Movies: Black Swan

Black Swan - by Darren Aronofsky

Infosite mat Traileren an Biller

Endlech ass en raus! Nodeems ech de Film schon den 2te Februar an der Sneak gesin hun, misst ech nach 10 Deeg waarden mat der Kritik fier dass d'Leit och winnstens kenne matschwetzen! Meng Erwaardunge waren heisch, ganz heisch! Schon am August hun ech den Trailer gesin an do war et klooer: ech MUSS dee Film gesin! Mee ween intresseiert daat, leen mer lass mat der Analys.

Et ass donkel am Salle. Den Titel vum Film gëtt, ënnerluet mat puer doucen Pianostein, presenteiert an direkt herrscht eng gewëssen Spannung: ass et wierklech sou e Meeschterwierk wei en iwwerall beschriwwen gëtt? Sin d'Erwaardunge net ze heisch? Wei geet et aus? Waat wert gescheien?

Am Film geet et kuerz gesoot dorëms dass en Meedchen seng Draamroll an der Opfeirung "Schwanensee" kreie wëll, an dobei erliewt waat Feindseligkeit an de Wëllen Perfektioun ze erreechen aus engem Mensch maachen kënnen, an weieng Konsequenzen daat ganzt huet. Gleichzeiteg gëtt awer och eng batter Realiteit gewissen, waat d'Emgooen vun de Menschen ënnert en een ubelaangt an wei een sech verännere kann duerch en verbattert Kämpfen mat sech selwer, daat Onereechbart ze ereechen, waat dann schlussendlech dramatesch Folgen huet.



Direkt di eischt puer Minuten vum Film hu mech total faszineiert. Do vergeet neemlech net eng eenzej Sekonn ouni dass een am Avant-plan en Detail remfënnt, waat deem ganzen vill mei Raum verschaaft an et zimmlech lieweg gestalt. Dei excellent Auswahl u Pläng a Kamerastellungen zidd sech sou dann duerch de ganze Film: et ass vill Freestyle dran, also Filmen ouni Steady Cam, mee quasi aus der Hand raus gefilmt, waat a Kombinatioun mam liichten wackelen eng Art Beobachter-Perspektiv duerstellt. Intressant ass och d'Faarwgestaltung, dei, wei ze erwaarden war, zimmlech düster beziehungsweis mysteriös gehaalen ass. Greisstendeels ass et e Mix aus wäissen a schwaarzen Elementer. Am Ufank vum Film ass wäiss nach emmer d'Faarw vun der Onschold, mee no an no verwandelt se sech zu enger Faarw dei engem onheemlech vierkënnt, an soumat emmer mei eng Symbios mam Schwaarz ageet. Allgemeng ass de Film immens staark waat d'Bildgestaltung an d'Faarwen ugeet, sou sin och eiskaal Schockszenen am Film dei radikal gewissen gin, an net kuerz fierum "Horror" ausgeblend gin. Och daat dreit zu der Thriller Atmosphär ganz vill bei.

Apropo Atmosphär: Dozou dreit de Piano och ganz vill bei... Genee wei bei Hereafter gëtt d'Musik gezielt agesaat, just vill mei oft. Doduerch dass de Piano io och am Schwanensee eng wichteg Roll spillt, passt et wonnerbar, an dei eenzel Tounsequenzen si perfekt un dei verschiddenen Szenen ugepasst. Sou ass eng roueg Szene wou zB een kräischt mat ganz rouegen an luesen Tein ennerluet, an eng schockeirend mat heftegen Tein, wou een richteg spiert wei op d'Tasten gehummert gëtt, aus voller Leidenschaft. Mee trotzdem nervt den heefegen Asaatz vun der Musik absolut net, well se wierklech emmer passt, an net dauernd present ass, mee dofier oft fier kuerz Sequenzen.

Ech fannen et richteg schweier genee ze beschreiwen waat ech vum Film haalen, well villes just als Bild an Toun a mengem Kapp ass, an et quasi onmeijlech ass mat Wierder remzegin, beziehungsweis ouni Gesiichtsausdreck, Handbewegungen an Betounungen. Trotzdem muss ech mech ierjendwei duerchschlooen, zum Beispill andeems ech mol an de Raum stellen dass d'Natalie Portman einfach KRASS gudd gespillt huet, an et mega natierlech riwwerkënnt, sou wi wann hat einfach sech selwer spille misst. Allgemeng iwwerzeegen d'Schauspiller an hiere Rollen, sou och den Vincent Cassel, den Danzchef vum Steck. Ouni ze Spoileren ass et amfong onmeijlech nach vill mei ze sooen... Black Swan weist eben dass et an der heiteger Zeit och meijlech en richteg gudde Film ze maachen, ouni dei typesch "ooh mei gott ech hu grad mei verschollenen Papp kenne geleiert, an mech um Wee dohinner onstierwlech verleift an muss mech lo tescht deenen 2 decideiren fier herno trotzdem dei 2 ze kreien"-Masche anzebauen! Deen heite Film huet wierklech vun allem: en Saugudd Dreibuch, eng ganz heischwerteg Veraarbeschtung (Schnëtt, Bild&Toun Mix), iwwerzeegend Schauspiller, an en Spannungsbogen, deen enger Racine Functioun gleicht (eng Courve dei emmer nemmen rop geet, an ierjendwann baal riit bleiwt), AN eng Story dei d'Gehier ureescht, an net nëmmen Filmbegeeschtert Leit dozou beweegt iwwert dei eng oder aaner Onklooerheet laang ze diskuteiren, eigentlech alles waat ech vun engem richteg geile Film verlaangen. Et ass zB erstaunlech wei gudd Realiteit an Wahnsinnsvierstellungen vermëscht gin, sou dass een op mei wi engem Punkt net mei weess waat dann lo richteg geschitt ass an waat net...


(man bemerke die roten Augen...)


Black Swan, e Film, ach waat schwetzen, en Konschtwierk aus dem 21ten Joorhonnert daat beweist dass och Filmer en realt Element fier d'Konscht sin, an net nëmmen, sou eis Escher Buergermeeschtech op der Theateraweihung "mei en Element fier d'Ënnerhaalung an de Witz" ass. Ech kann de Film wierklech all Mensch recommandeiren, suguer agefleescht Actionfilm Fans dei ech kennen hun de Film richteg staark fonnt, zurecht! En weideren Film fier a meng DvD Sammlung di ech mer seit neistem Zouleen, an wou wierklech nëmmen TOP Filmer drakommen!


Meng Bewertung:  9.6/10



6 Kommentare:

  1. gleeft him kee wuert: de film ass grotteschlecht ... NOT! ;)

    AntwortenLöschen
  2. I liked the part when he wrote " NOT" ;)

    AntwortenLöschen
  3. hun de film och krassss gudd fonnt, hat jüst bessi angscht dono an de spigel ze kuken :s

    AntwortenLöschen
  4. gudden artikel:)
    ass der och opgefall datt et amfong net sou vill dialogen gin? vill gesten, vill blecker, vill actiounen, vill musek, weineg geschwaat...
    waat och gudd un deem film ass, ass dass een guer net muss fum danzen faszineiert sin oder sou, och wann d'thema lo amfong ballet ass, betrefft deen film jiddereen well et ganz vill daat psycologescht betrefft.
    btw verstin ech just net di leit di maer sooten: "ahjo hun deen film gesin um internet fierun 2 meint, en ass net sou gudd"
    hallo kand, kino-laptop ass net daat nemlecht an du kanns keen meeter daat nemlecht fillen wannste op engem klengen bildschirm sou ee film kucks wi an engem groussen sall wou all d'gefiller einfa op dech sprangen an di ganz musek dech einfa materanzitt.

    "Black Swan, e Film, ach waat schwetzen, en Konschtwierk aus dem 21ten Joorhonnert[...]"
    I agree:)

    AntwortenLöschen
  5. btw, nice hell blo fuarw;)

    AntwortenLöschen
  6. jo eeeeh moien ulmi.
    ech hun den film na net gesin,muss ma den awa engka unkuken well jidfren dofun schwetzt obwuel en ma neicht set.ech hun ema di selwecht entfat krit wan ech d leit gefrot hun wei se den film font hun,nemleg:psycho.^^
    me eigentleg erhoffen ech ma en artikel fun der iwat den film "True Grit",den hun ech schon gesin an ass an mengen aen en mei wei exzellenten film mat schauspiller an bestform.

    in diesem sinne, greeeeeeeeeeeeeeetz änder

    AntwortenLöschen