Samstag, 16. Januar 2010

Ulmi's World: The Battle

The Battle... Jojo den uraalen Kampf den schon seit Generatiounen augedrooen gett huet alt rem eng nei Spëtzt vun der Peinlechkeet oder Sënnlosegkeet erreecht. Et ass de Kampf wei Gut geint Beis, Werder geint Bayern, Atari geint Amega, Pepsi geint Cola, WoW geint GW, Piraten geint Ninjas.........

...Mac vs PC!

Et ass io allgemeng bekannt dass et dee Grupp vu Leit gett, deen einfach komplett op der Säit vun Microsoft ass, an och wann et nach sou offensichtlech ass, net zougett dass dei "eng oder aaner" Funktioun op engem Mac besser ass. Deen aaneren Grupp ass deen vun de Mac User, dei sech zu 100% secher dass um Mac einfach alles besser ass wei um PC. Leider huet keng vun deenen 2 Gruppen recht, well beid Säiten hier vier an Nodeeler hun. (Wubei eng gewësse Säit manner Nodeeler huet wei dei aaner *hust*). An all dei Leit dei daat erkannt hun, geheiren zum drëtte Grupp.

Daat sin dei Leit, dei säit hierer Kandheet mat Windows opgewuess sin, an fier dei daat einfach nemmen e Computer war. Den ennerscheed tescht Fenster an Apel war do nach guernet bekannt! Enges scheines Daages ass dei Persoun dann mat engem Mac konfornteiert gin, an war nach bëssen skeptesch an huet sech net direkt zurechtfonnt an deem völleg aaneren Design. Mee no enger kuerzer Aliefphase huet dei Persoun et dann awer direkt gecheckt an war iwwerrascht vun der Simpliciteit an der Perfomance. Dei Persoun ass dann heem komm, bei säi Pc, an huet sech geduet "hmh... fierwaat geet dat net sou wei bei M... an fierwaat dauert daat su laang..?" "Mäi nächste gett e Mac, awer secher!" Dei Persoun huet sech also no laangem Spueren en iMac geleescht an war zu deifst zefridden domat. Hmh.. Dei Persoun sin ECH.

Ech well mech lo net als Gott duerstellen, engersäits well ech Atheist sin, aanerersäits well daat, wann ech enger Relioun ugeheire geiff, Blasphemie wier. Mee ech geiff mech schon als relativ "fair" bezeechnen wann et em de Kampf Mac geint Windows geet. Gutt, et ass schon richteg dass ech einfach sou sooen "Kaaf der e Mac" wann een vun engem Problem zielt, vun deem ech weess dass et bei engem Mac net optriede geiff, mee dee Saatz ass dann meechtens am Witz gesoot, obwuel do awer och 30% Serieusiteit drastierchen.

Genuch iwwert mech, lo komme mer mol mei genee op de Kampf ze schwetzen. E ganz geweinleche Fight tescht engem, oder mei, Mac User geint een, oder mei, Windows Fanatiker leeft normalerweis sou oof:

Phase 1:
Ierjendeen Windows User seet eppes, waat an sech net gaaaaanz richteg ass. Doropshin kennt en Mac User ugelatscht an seet: Nee daat ass net ganz richteg, eigentlech ass et sou...

Phase 2:
De Windows User ass ugepisst an beleidegt den Mac User.
De Mac User bleiwt cool an kennt rem sachlkech op d'Thema zreck ze schwetzen.
De Windows User ass sech bewosst dass sein PC net su vill cool Funktioune huet wei de Mac, mee well et net zougin an geheit doweinst mat deenen onmeichlechsten Argumenter duerch d'Geijend, deren Inhalt an Sënn nemmen mat Hëllef vun engem uraalen Gedankeween ze verstooen ass. Oft gin bei deem Viergang och einfach 2 Saachen kombineiert dei guer neicht mat en een zedin hun, an dann dem Mac User viergeworf.

Phase 3:
Der Klügere gibt nach, an de Windows User steet mutterseelen alleng do an blärt engem nach domm Sprech hannendrun, dei genee sou Sënnfräi sin wei eng Banane mat engem Golfschleier ze schielen.

D'Konsequenz vun dem ganzen Theater ass dass dei 2 Menschen sech nemmei kenne gesin an bei all Meijlechkeet een Dizz noom Aaneren rausgeheien.

Eierlech Kanner, oder eischter Kand, an dësem Fall, loosst et einfach an halt äerch Raus. Eng Diskussion tëscht Mac an Windows ass total sënnfräi, well souwisou keen deem Aaaneren Recht gett, an daat wësst der och ganz genee! Et wier op mannst grad sou interlektuel wertvoll eng Diskussion ze starten wei een vun den 2 Polen besser ass, den Südpol oder de Nordpol...

Och op d'Gefohr hin dass vill Leit daat hei lo schiel fonnt hun, et misst raus well ech mengen soss hätt ech an geraumer Zukunft engka ierjendeen missen agresseiren, muss een daat io och ierjendwei rausloosen...



1 Kommentar: