Samstag, 23. Januar 2010

Movies: Did you hear about the Morgans?

An et geet weider mat de Movies dei ech mer dëst Jooer undooen...
Dës keier war ech mer dei Unenaanerreiung vun 24 Biller pro Sekonn wärend ganzen 111 Minuten ukucken, mat deem fulminanten Titel "Did you hear about the Morgans?", deen op däitsch den Titel "Habt ihr schon das von den Morgans gehört?"huet, wubei ech mech do frooen wou daat wuert "schon" hierkennt... naja

Filmesch war de Film wei emmer hautdesdaags ganz gudd Mëttelklass, zwar hu mer perseinlech verschidde gros Plans gefeelt, oder dei eng aaner epesch Kameradreiung, oder deen een oder aaneren Effekt, mee bon, et war halt kee Film wou een mat groussen Erwaardungen rageet.
Komme mer also zur Handlung:

Ja genee, ehm, Ha-Haandluung... Ehm, waat war daat scho mei? Uff, H-a-n-d-l-u-n-g... Puh, wann een als Handlung bezeechnen kann dass eng Fraa sech vun hierem Mann getrennt huet, an dass se dann zesummen iessen gin an ab do vun engem Seriekiller verfollegt gin, waat dozou feiert dass se rem zesummen kommen an e Kand adopteiren, dann war an deem Film wirklech eng Handlung. Soss muss ech leider sooen dass een wierklech grosszügeg muss sin fier do ierjendeng relevant Handlung ze fannen...
De Film huet zwar nemmen 111 Minute gedauert, mee et ass mer vierkomm wei wann et ongefeier 3 Stonnen gewiercht wieren, waat dozou gefouert huet dass ech heiansdo do soutz an mer geduet hun "lo keint gleich mol eppes gescheien"; no 111 Minuten hun ech daat nach emmer geduet, mee ech muss och dobei sooen dass et eng gäil Saach am Film gett. An daat ass dat Duerf "Ray" an deem wierklech alles genee sou ass wei een sech en Country Duerf an Texas vierstellt. D'Leit sin reichteg random drop an jiddereen kann mat jidderengem sengrm Auto fueren! En plus haat dei Duerfband en Gitarrist mat GENEE där Guitar op dei ech Spueren whoop whoop...

joa, also ech geiff lo net sooen dass de Film schlecht ass, mee gudd ass en ganz bestemmt och net ;) Ween e wëll kucken gooen, an e Meedchen ass, kann dat gär machen, mee och dann sollt een sech net zevill erwaarden :P



Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen