Sonntag, 10. Januar 2010

#1: I AM BACK!

GENEE,
ech sin rem do, a kann ab haut rem offiziell die ganz Welt mat mengen Theorien an sënnfräien Posts nerven, dei ab haut dann och rem relativ heefeg ze bestaune wärte sin! Aanescht wei freier wärt ech an deem heite Blog vill mei aktiv an schnell ageieren - waat mat aanere Wierder bedeit dass ech net all Woch 1 Post, mee duerchaus och mol 2-3 am Daag, deemno weieng illuster Gedanke mer rem grad duerch de Kapp schéissen...

Wanns DU duerch ierjendeen koomeschen Zoufall op mei Blog hei gestouss bass, dann deet et mer leed mee ech gin mer net fier d'100st d'Méi mech an allen Detailler ze beschreiwen. Wanns DU awer wärend Stonnen, Deeg, Wochen an Meinte vu mer zougespammt gouffs, dann basste hei genee richteg, neemlech um Sven Ulmerich sengem Blog! Gratulatioun Dozou.

Zum Oofschloss nach eng kleng Iwwersiicht wei et mat deem wonnerschein geformten, an guer net viergefärdegte Blog weider gooen wärt. Ech hu mer geduet dass ech meng "good old" Blogs beibehaalen; wëll heeschen dass meng grouss, deelweis mat 8-Zeile-Sätz, gefëllten Blogs emmer nach wärten hiere Ween aus menger Fanger op d'Tastatur fannen. Mee well sech meng Hobbien bësse vill verdeift hun, wärt ech dann och lo mol mei Oft eppes iwwer Musik, Spiller, an natierlech Filmer berichten. Mei sooen ech lo nach net, wann ech net zevill verspriechen, ass herno och keen enttäuscht wann et net kennt ;)

so far



1 Kommentar: