Mittwoch, 20. Januar 2010

Interns: Mimimi, wtf and ololol

Read this: Dëst ass warscheinlech deen mësslongensten Post deen ech je gemaach hun, et ass also dovun oofzeriede en ze liesen wann een ganz nei hei ass, oder net enttäuscht well gin. Ween een trotzdem liese wëll kannd aat gär maachen...

An weider geet et!
No der mei oder manner klenger Paus, an där ech iwwrejens 5 mol ugeschimpft gouff dass ech nix neies gepost hun (merci Gerson -.-"), kommen ech dann direkt mol mam Versprachenen Ulmi's World antraag. Un dëser Plaatz gratuleiren ech dem Gerson, dass heen dann och eng keier an engem vu menge Blogs genannt gin ass... waat eng Éier! oO Apropo Eier: Daat ass e ganzt wichteg Liewenmëttel, well do ass vill Eewäiss dran! An mat Eer fängt dann och dei eigentlech Geschicht aus menger Welt un!

Part1: Mi mi and mi

Waar daat net eng oskarreif Iwwerleedung? dei kennt qualitativ schon ganz no un sou geniaaaaal Sendungen wei dei vun den däitschen Noperen offiziell meeschte gekuckten Sendung (Bauer sucht Frau, KEE Witz, eierlech!) run. Ajo, wou mer grad bei asozial sin, ech wollt io eigentlech vun den Eer schwätzen. Natierlech war dei kleng Oofschweifung genaustens geplangt well ech lo gleich iwwert en Deel vun eiser Bevölkerung schwetze wärt, deem sei Gehier souwisou maximal bis heihin gelies kritt, well ab hei ass d'Maximalkapaziteit vun deenen, dei ech an sou munch aaneren Leit (hi Ben :D), ganz liebevoll Kamionspnö oder Eerkapp nennen. Aaaah, do sin se d'Eer ;). Ab hei gett et da schon Interaktiv! Wanns DU, op dëser, oder enger aanerer Welt, IERJENDEEN Kamionspnö (waat ass e Kamionspnö? froo mech!geheiert net heihin :P ) kenns, da froo den wann ech glifft, fierwaat em Gott an der Welt se sech emmer iwwerall musse fierdrecken an hier Boxen bis bei d'Kneien hänken hun, an fierwaat verschiddener nemmen 1 Ee hun! Merci :D (tatzelkiller@hotmail.com)
End of Part 1

Kennt der daat? Der liewt schein wei et soll ärt Liewen fierun ierch hin, an beemol geschitt eppes woumat een einfach GUER net gerechent huet, well et entweder guer net passt oder einfach degulass ass, an zu allem Iwwerfloss heefen sech dei Situatiounen an deem Daag natierlech, oder se zeien sech duerch dei ganz Woch. Geheie mer also e ganz kuerzen an qualitativen Bleck op dat, waat ech sou erlieft hun:

Part2: Woot teh fak?

Day1: Ech gin Donneschtes eppes gewuer, an denken mer: "oha, dann haate mer io awer Recht! hm, ob daat wuel stemmt? Ech hoffen net". Kuerz dorops gin ech dann un Hand vun mengen eejenen Aaen, Aaenzeien wei et geschitt, an 1/2 Sekonn drop war ech frou dass ech scho giess haat... Vu waat hei Ried ass wëssen lo vleit 2-3 Leit, well se sech kennen denken em waat et geet, fier de Recht bleiwt ze hoffen dass se et nach rausfannen wärten!
Geschockt vun deem Moment hun ech mech also kuerz drop erholl an erliewen en extremst random Weekend, deen eischtens 3 Deeg gedauert huet, an mech zweetens rem 2 Nuechten de Schloof kascht huet, mee d'Detailler hun hei neicht verluer (ech sooen just Player...). Ech kommen also Meindes an d'S-Wuert ran, an iwwerliewen den Daag rem doduerch dass ech an der Chimie nei dämlech Sprëch geleiert hun. Dann: Däitsch.! D'Stonn geet un an si schwetzt an schwetzt an an der iwwerweltegender Mehrheet vun de Fäll lauschtert absolut guer keen hier no, ween wonnert et och, bei sou enger verzerrtener an greller Stëmm fällt et engem scho schweier sech konzentreien, an ween versicht d'Konzentratioun ze erlangen andeems een de Proff ukuckt, dee huet sech selwer mat enger decker Portioun "waat ass daat fier een verschrompelt Katzgesiit?" bestrooft. Beemol fällt daat Wuert "Punkten" , waat mein Standby vum Gehier mat enger Mac-verdächteger Geschwindegkeet ausgooe leisst, sou dass ech nogelauschtert hun. Vue dass ech am Daïtsche net do war dei Keier fierdrun, wosst ech natierlech net em waat et geet. Metlerweil weess ech et... mer missten doriwwer eng Dissert schreiwen:

"Der Rückgriff auf das Individuum in einer von Machtkomplexen beherrschten Welt erweist sich als tragisch komödiantischer Anachronismus. Und dort, wo jenes noch zu handeln und zu entscheiden vermag, sind seine Handlungen und Entscheidungen von einer irren Wirklichkeit längst überholt. ... Entscheidend ist allein der Effekt für die Menschheit."

Daat ass einfach bäm riit an d'Gesiit, an daat huet net vill wieder verdingt, dofier bleiwt daat mol nach sou am Raum stooen.
Ps: fier dei wou bëssen mei Uewen nach net nokomm sin:

"They're Stinky and the Brain, yes Stinky and the Brain..."

End of Part 2

An zu guddem Oofschloss lo nach eppes an perseinlecher Ugeleehenheet, oder eischter, perseinlecher Meenung. Keng Angscht, souvill wert et lo net ze liese gin, mee säi Standpunkt klooer ze maan kann io nie falsch sin.

Part 3: L-O-L

Wee kennt se net? Dei wonnerbar Platform mat der een nat aalen Kollegen oder Leit dei een eiweg nemmi gesin huet, rem a Kontakt triede kann, oder e Conveniart organiseiere kann. Ja voila, ech schwetzen vu ganz freier, wou dei Platform dann och winnstens fier sou Saache benotzt gin ass. Haut heescht se Facebook an ass fier e groussdeel vun den klengstpubertären Spasten dobaussen einfach den Ultimativen Battleground, bei deem et drëms geet fier an sou kuerzer Zeit wei meijlech, an sou vill dämlechen Gruppen Member ze gin, wei et geet! Serieux Gruppen gin by the way 27 Minuspunkten. Nodeems et Trends gouff wei "JOIN AN DU KRISS EN IPHONE...", an "wann XXXX Leit joinen dann geschitt bla..." "ech bezuelen net fier Facebook wann een ab dem (hei ierjendeen Datum afügen) eppes kascht!", gett et lo deen allerneitsten: "1Fan=1Euro fier Haiti".
Leiw Leit dobaussen dei dat heite liesen, sollt ech ierch domat beleidegen, dann verzeit mer, mee hudd der iwwerhaapt nogeduet???? Daat ass io wuel dee greisste Schwachsinn deen ech jemols a mengem ganze Liewe gelies hun! Wu mengt der, soll deen Euro hierkommen? WOUU? An wei wësst der dass, wann deen dann en Euro kritt, vu weem och emmer, deen sech net an de McDrive en Cheese fier kaafe geet? Oder mat deem Euro op Treier an de Burger King fiert, oder den Euro verleiert? Souvill zu ololololololol...
Naja, wei dem och ass, ech haalen lo Mond, et gëtt souwisou nemmen ENG richteg Grupp, an dei nennt sech If 65 Million People join, God will bring back the dinosaurs!

End of Part 3

Hm, ierjendwei hun ech daat Gefill dass de Schluss vum Blog net wierklech gelongen ass, do muss ech ierjendeppes ennerhuelen, daat kann ech sou net hei stooe loossen... Ierjendeng Raaaandom Szene wärt mer io wuel afaalen... Dass de Joshua Gummibärecher mat engem Bläistëft schielt ass io wuel keen Geheimnis, ech brauch also eppes waat d'Menschheet verblüfft... hm AH ech weess!

Den Divi rutscht de Stummelbaam roof an hällt sech um Thierry sengem Baart fest well en Angscht huet vum Nobbes ragezunn ze gin.(Nemme Freides awer).

hm...

The End




Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen