Freitag, 28. Mai 2010

Et ass offiziell!

Jap, definitiv!
Lo ass et raus, ech haat et scho laang am Verdacht, mee haut ass et endlech bestätegt gin! D'Erd ass eng Kugel! Tja, daat ass e Saatz op deen d'Leit och laang gewaart hun, genee wei deen deen ech haut festgestallt hun ;D

"Dei Leit dei wärend der Net-Schoulzeit an der Schoul sin, sin einfach dei Coolst."

Wei ech drop komm sin? Ganz einfach: d'Basis dovun hun ech am UK opgebaut, well ech do halt als eischt festgestallt haat dass keng "oncool" do sin, fierun allem wann ee kuckt wei frendlech se all kenne sin, an wei gudd se wei der Saach sin. (Iwwersetzung: Uk is awesome ;D).
Duerno hun ech daat selwescht Merkmal beim Melomania bemierkt, och do waren d'Leit trotz Stress an Hektik all deck frëndlech , witzeg an net granzesch.

Haut hun ech dann einfach dei ultimativ bestätegung kritt. Mee fierdrun nach eng kleng Anekdot. Eigentlech wollt ech an den UK gooen, mee do war de Schneidraum zougespaart. Also sin ech bei de Portier gaang fier dass heen mer en opmecht, an fierun allem opleist. Obwuel ech him erklärt hun dass deen EMMER op ass, an d'Botzfraa en nemmen aus versehen zougemaach huet, wollt hee mer en just eng Stonn opmaachn. Hun ech halt geduet "hm, fail an lo". Doropshin soot en mer dass heen mer ganz opmacht wann ech en Accord vun engem Proff ,deen ech lo hei net namentlech nenne well, kreien. Natierlech war deen mat kengem Moyen ze erreechen an sou misst ech nach eng baal eng Stonn waardne bis schliesslech een Held mer d'Dier opmaache geloos huet :D No 2 Stonnen schneiden war mein Intro fier emgn Reportage (deen wierklech mega gäil gin ass :D ) dann färdeg an mech huet et bei de Cabaret gezunn. Wat ech do erlieft hun grenzt un Awesomeness, also fier mech als Aussenstehenden.

Sou vill Leit dei all deck gudd drop sin an Blödsinn maachen, an trotzdem, wann et drop ukennt, seriö an konzentreiert sin. Hu mech dann do sou bëssen incrusteiert, an bëssen un all Eck gehollef, fierwaat och net^^ An no deenen 5 Stonnen dei ech do war, hun ech endlech meng Theorie vervollstännegen kënnen: Dei Leit dei wärend der Net-Schoulzeit an der Schoul sin, sin einfach dei Coolst. Daat ass halt einfach sou, ech weess net fierwaat, mee et ass sou xD.

Falls lo ierjendeen fënnt dass dee Blogpost sech relativ vill widderhëllt an och net wierklech vill Inhalt huet, deen huet absolut Recht! Ech sin zouzesooen "gezwongen" gin eppes iwwert deen beisen Daag haut ze schreiwen, an wei schon sou oft gesoot, gin ech op Wënsch an!;)

Fier dem Post winnstens fier all den aaneren Leit(dei och voll cool sin, mee eben net sou awesome), en Inhalt ze bidden, lo eng Froo op dei der an de Comments Änferern kann! Awer w.e.g mat Begrënnung :D

Huet Krunnewaasser aus engem Jongentoiletten-Krunn Gefiller?
Ja
Nein
Vielleicht

.
Ändö




6 Kommentare:

  1. Allow me to answer this question in the language of ... Kings ( or slightly changed: Krings *irony* ):
    I'd say no, because the water out of a watercock (--> Fr: coq = Hahn / please don't think krum ), especially from a boys watercock ( um ... from a Boytoilet of course ), is, what a big surprise, only water ( pay attention when washing your hands ) which cannot have any feelings because it is flussy (--> De: flüssig = et leeft ronderem ) and everything which is flussy has no feeling ( Our all beloved Germanteacher is overflussy, got it ;) ).
    This answer was one of the most overflussy answers in a long time aswell, but I don't care, as long as I "BLEIW AUF DISTANZ".

    AntwortenLöschen
  2. wat ass dat vir eng fro!? natierlech huet krunnewaasser gefiller! genausou wei waasser aus fläschen,beem,bänken an suguer dee biesem deen am petz senger nuess war huet gefiller.
    dain post ass iwwregens vollkommen zoutreffend an et kann een et roueg nach vill mei oft widderhuelen "dei leit dei ausserhapb vun der schoulzeit an der schoul hänken si WIN" hmmm de geroch vu selbstlob (:
    meric sven.

    AntwortenLöschen
  3. pff heng, wei kannste daat sou einfach behaapten D:

    AntwortenLöschen
  4. Nemme go Ulmischmuli! also ech fannen du brengs et. An natierlech wi d'valerie schon soot, dei di an der vakanz ant schoul gin, sin definitiv WIN!
    An natierlech huet krunnewaasser gefiller ! du traus dech en plus nach di fro ze stellen? daat ass dach evident! Daat ass wi wannste giffs froen: Is Roxanne awesome?
    do keinste nemmen mat YES BITCH entferen.
    also wierklech...

    AntwortenLöschen
  5. Ohhh that's so damn right bitch!

    AntwortenLöschen