Donnerstag, 14. Januar 2010

#3: Fans lol?

Hey DU, lee dee Fotoapparat wech, scheiss Paparazzo do!
Et ass tatsächlech geschitt! Ech poste mei Blog op Facebook an kreien 7 "i like"s, aanerer schreiwen dass ech e beise Stil hun fier ze schreiwen, Aanerer (1 Aaneren eigentlech :P) war emmer nach e treien Lieser, an nach aanerer sin total begeeschtert. Daat freet mech natierlech an ech sin stolz endlech mol "Fans" ze hun.
Also ech weess io net wei et äerch geet, mee wann ech beemol Fan vun eppes gin, oder enger Persoun, da kucken ech mer net nemmen daat un waat nach kennt, mee och daat waat Deejeenegen scho fierdrun scheines geleescht huet!
Dofier hun ech hei eng kleng Lescht vun deene Blogs gema, dei ech fierun dëser Homepage geschriwwen hun, dei menger Meenung no am beschten gelongen sin. Vill Spass beim liesen ;)

- Iwwer Reen, Jüppen, an aal Boomen
- The other side of view
- Let the show begin
- SVJ
- een Mount nix Seisses

Ween dei aaner liese well kann daat gär maan, mee d'Méi mer an d'Guestbook ze schreiwen ass wierklech net neideg, kucken daat souwisou nie :D

so far



1 Kommentar: